Claude Wiseler au sujet du bilan de la Présidence luxembourgeoise et de la réunion informelle des ministres de la Fonction publique

Maurice Molitor:  Datt déi europäesch Finanzministere sech begéinen, dat ass europäeschen Alldag, mä datt déi fir d’Fonction publique zoustänneg Ministere sech begéinen, zesumme­kommen, Reuniounen hunn, dat ass schonn e bëssche méi ongewéinlech. Mä genee dat war awer dës Woch de Fall, an zwar zu Mondorf. Op där informeller Reunioun vun deene Ministere goung Rieds vun der Zesummenaarbecht vun den ëffentleche Verwaltungen aus de verschiddenen europäesche Memberlänner. An dat ënner dem Virsëtz vum Lëtzebuerger Ressortminister Claude Wiseler, deen op déi Manéier also och d’Geleeënheet krut am Kader vun där Presidence richteg an Aktioun ze trieden. Här Minister, ech hunn aneren Ärer Kollegen déi Fro och alt emol scho gestallt, ob et net e bëssche frustrant ass, wann een e Ressort betreit, deen einfach net esou déi europäesch Nues huet wéi vill anerer, ob een net e bëssche jalous gëtt op déi aner Regierungskollegen, grad wéi an esou enger Presidence?

Claude Wiseler: Ech weess net ob ee jalous gëtt, Aarbecht huet een esouvill an huet ee genuch, datt ee keng Zäit och zur Jalousie huet. Mä et ass natierlech, muss ech soen, intressant, awer och mat de Kollege vun deemselwechte Ressort aus deenen aneren europäesche Länner zesummenzekommen, einfach fir och d’Froen, d’Problemer, déi sech bei hinne stellen, déi Léisungen, déi si fannen op déi Froen a Problemer, déi do sinn, fir ze kucken, wat do als Solutioune bruecht gëtt, a wéi si déi Problemer uginn. Et ass schonn a sech ganz, ganz intressant. Mä frustrant ass et en fin de compte net.

Maurice Molitor: Wéi verschidde sinn eigentlech déi verschidden ëffentlech Verwaltunge queesch uechter Europa, wat hir Organisatioun ubelaangt, wat hir Prozeduren ubelaangt?

Claude Wiseler: Et muss ee soen, datt dat ganz ënnerschiddlech ass. Ech mengen, et gi jo Länner wéi Frankräich oder wéi d’Belsch, déi awer eng ähnlech Traditioun an der Administratioun hu wéi mir dat hunn, déi eng ähnlech Geschicht kannt hunn, wou d’Administratioune sech an deene leschte Jore parallel beweegt hunn. Dann hutt dir natierlech eng ganz Rei Länner, haaptsächlech bei deene neie Länner, déi natierlech aus ganz aneren Traditiounen erauskommen, an déi elo kucken, eng Rei Saachen, déi se anescht haten oder guer net hate wéi mir, dat frësch opzebauen, an dat gëtt natierlech e ganz aneren Hannergrond. An do den Equiliber fannen ass net ëmmer evident.

Maurice Molitor: Doraus ergëtt sech jo d’Fro, wéi komplizéiert oder onkomplizéiert et ass, déi Verwaltunge matenee schaffen ze loossen?

Claude Wiseler: Jo, dat ass richteg. Mä et ass evident, datt awer muss matenee geschafft ginn. Dofir mengen ech, dat, wat mir hei maachen, obwuel mir just am Beräich vum Informelle sinn, dat heescht, net kënnen direkt Decisiounen huelen, par contre awer Zesummenaarbecht, fir ze kucken, wéi mir eis Administratiounen op Problemer, déi gemeinsam si bei deenen engen an deenen aneren, wat fir eng Léisunge mir do fannen, dat ass awer sënnvoll.

An ech mengen haaptsächlech, datt et deenen engen an deenen aneren hëlleft. Et hëlleft deenen neie Länner, well se kënnen op d’Erfahrung, op jorzéngtelaang Erfahrung vu Länner zréckgräifen, déi verschidden Experienze scho gemaach hunn, op där enger Säit. Mä ech muss awer grad esou kloer soen, fir mech ass et awer grad esou intressant ze kucken, wéi Administratiounen och u verschidde Problema­tiken eruginn, déi eng aner Geschicht hunn. Well si dat mat ganz aneren Ae kucken, mat neien Ae kucken, an am Fong deelweis méi frei vun enger historescher Traditioun kënnen drun erugoen, an dee Moment ass et intressant ze kucken, wat fir eng Léisunge si fannen.

Maurice Molitor: Et gëtt en Netzwierk vun deenen europäesche Verwaltunge mam Numm EPAN. Wat geschitt da konkret um Niveau vun deem Reseau?

Claude Wiseler: Jo, also et ass a sech esou opgebaut ginn, datt mir en Netzwierk hunn, wat hierarchesch opgebaut ass. Mir hu fir d’Éischt eng Reunioun, eng informell Reunioun vun de Ministeren, déi net regelméisseg, also net all Presidence, och net all Joer, mä all 18 Méint, all 2 Joer zesummekommen, an déi maachen, schaffen dann e Programm aus. Dee Programm, dee stelle se d’Generaldirektere vun den Admi­nistratiounen un ëmzesetzen, ze surveilléieren. An déi hunn dann erëm 4 Aar­bechts­gruppen an dem sougenanntenen EPAN-Reseau zesummen, déi regel­méisseg 1 oder 2 Mol all 6 Méint zesummekommen, fir da praktesch Aarbechten um Terrain ze maachen, an am Fong déi Aarbechten ze realiséieren, déi d’Fonction-publique-Ministeren gefrot hunn. An do handelt et sech da wierklech em Dossiere wou gesot gëtt, wéi zum Beispill, elo ee Beispill, wéi zum Beispill de Recrutement vun neie Beamten, mat deene Formatiounen, déi elo an der leschter Zäit komm sinn, wéi maache mir dat, wéi pake mir dat un? An do stelle sech eng ganz Rei Froen. An et gëtt einfach dann dee Reseau gefrot, mä kënnt dir äis emol kucken, wéi dat an deenen 25 Länner geléist gëtt, wat déi verschidden Approche sinn, wat sinn d’Gemeinsamkeeten, wat sinn d’Differenzen a wat sinn eventuell d’Solutiounen, déi sech ubidden, déi ee kënnt op gemeinsamem Wee leeden.

Maurice Molitor: Wee vun deenen Aarbechtsgruppen, oder war et en zousätz­lechen, dat weess ech elo net, huet sech an de leschte Woche mat der Strategie vu Lissabon befaasst, och mat dem Apport deen d’Verwaltung ka bréngen, beim Versuch déi Ziler vu Lissabon ze realiséieren? Bon, d’Stéchwierder sinn ëmmer déi­selwecht. Vereinfachung vun de Charges administratives, jee, dat Üblecht. Sinn d’Léisungen och iwwerall déiselwecht?

Claude Wiseler: Also, fir d’Éischt wëll ech soen, datt dat do en extrem wichtegen Aspekt fir mech ass. Et ass keen neien Aarbechtsgrupp, dee geschafe ginn ass, mä et ass am Fong gesot ginn, am Kader vun deem Aarbechtsprogramm, dee mir äis elo fir 2006 an 2007 schafen, wëlle mir net an all Richtungen einfach driften, a wëlle mir kucken, elo wierklech eng Strategie äis ze ginn. Wou riichte mir eis Aarbechten hin? An ee vun den Haaptpunkten op dee mir wëlle goen, dat ass fir ze soen, datt am Fong mir d’Administratioun mussen an d’Richtung vun de Lissabon-Ziler mat sech beweege loossen, well mir einfach der Meenung sinn, datt déi Ziler, déi Lissabon sech do gesat huet, wéi d’Competitivitéit an esou, déi Ziler, datt dat Ziler sinn, wou d’Administratiounen am Fong wierklech e Levier, en Hiewel dru sinn, fir se besser erunzegoen. An datt se Moyenen hunn, fir ze hëllefen, déi Ziler do ze erreechen. An et ass genau déi Strategie, déi mir äis wollte ginn, wéi maache mir dat.

Maurice Molitor: Wann d’Ministere vun der Fonction publique zesummekommen ass et ëmmer informell. Dat heescht, et kënnen ni formell Decisioune geholl ginn?

Claude Wiseler: Et kënnen ni formell Decisioune geholl ginn, déi zum Beispill un Directiven oder anescht géingen aboutisséieren, dat ass richteg. Par contre kënnen awer Decisioune geholl ginn, wat fir eng Etude mir maachen, wat fir eng Sujete mir uginn, a wat fir ee Wee mir wëlle goen, fir Clarificatioun op verschiddenen Dossieren ze kréien. Dat kënne mir natierlech decidéieren, decidéiere mir och. Mir ginn eisen Aarbechten, deem Reseau do eng Richtung, mir soe ganz genau wat mir gären hätten, wat mir brauchen als Studien fir déi nächst Joren. An natierlech kënnen dann, wa Resultater vun deene Studien do sinn, kënnen net Decisioune geholl ginn, déi fir 25 Länner bindend sinn. Mä et ass awer ganz kloer, datt mir wëllen aus deene Studien och et esou maachen, datt mir eis Conclusiounen doraus zéien. Jiddwereen zwar da fir sech, mä trotzdem Conclusiounen doraus zéien.

Maurice Molitor: Dir hutt gesot, et ass net all Presidence esou eng informell Reu­nioun. Bon, elo war eng. War et einfach erëm un der Zäit, oder hat d’Lëtzebuerger Presidence awer drop gehal fir dat ze maachen?

Claude Wiseler: Et war un der Zäit, an d’Lëtzebuerger Presidence hat drop gehalen, fir et ze maachen.

Maurice Molitor: Dat huet jo da gutt getraff.

Claude Wiseler: Jo, et war un der Zäit, well mir einfach en Aarbechtsprogramm haten, dee fir d’Joer 2004 an 2005 gelaf ass, dee leeft elo aus Enn des Joers. An et war esou, datt mir mat der Presidence duerno, der englescher Presidence of­ge­maach hunn, datt mir ënner eiser Presidence schonn den 2006-2007-Programm elo scho géingen ausschaffen, fäerdeg maachen, an ofseenen. Mir wollten et och maachen, well et äis awer d’Geleeënheet ginn huet, am Kader vun der Presidence och déi wichteg Lissabon-Ausriichtung, déi mir gären an dee Programm gehat hätten, mat dranzesetzen.

Maurice Molitor: OK, Merci villmools, Här Minister, fir déi Explicatiounen.

Dernière mise à jour