Nicolas Schmit au sujet de l'actualité européenne

Maurice Molitor: A während de Premier iwwert den Atlantik geflunn ass fir de Kanadier an den Amerikaner z'erklären, sou sot en net ouni Sarkasmus, wéi staark, datt Europa ass, ass den delegéierten Ausseminister Nicolas Schmit zréck op Lëtzebuerg komm. Här Schmit, elo den Dag nom Sommet, wat iwwerweit: d'Middegkeet oder d'Enttäuschung an de Frust?

Nicolas Schmit: D'Middegkeet géif ech soen, d'Enttäuschung e bësschen. Mä ech mengen, datt aus der Enttäuschung ëmmer erëm muss eng nei Hoffnung entstoen. An och en neie Wëlle fir weiderzefueren.

Maurice Molitor: De Jean-Claude Juncker sot, seng Europabegeeschterung hätt ee klenge Knacks kritt. Är och?

Nicolas Schmit: Nee, ech si vläicht méi Realist, méi pragmatesch. Si huet kee Knacks kritt. Wann een zréckkuckt op d'Geschicht vun der Entwécklung vun der Europäescher Unioun oder Integratioun, dann hate mir oft Enttäuschungen a mir haten oft Krisen. An am Endeffekt hu mir et awer fäerdeg bruecht, dee Projet wäit ze bréngen. Sécher ass déi Kris hei e bëssche vun enger anerer Natur. Dat wëll awer net heeschen, datt domat de Projet, den europäesche Projet, den europäesche Gedanken elo esou ee Knacks kritt, datt ee muss fäerten, datt en iergendwéi ofstierft oder an eng Richtung geet, wou mir dat net wëllen.

Maurice Molitor: Beschreift äis emol a wéi enger Ambiance sech déi Verhandlungen ofgespillt hunn. Sinn Är diplomatesch Oueren do heiansdo schockéiert gewiescht?

Nicolas Schmit: Nee, ech géif net soen, datt si schockéiert sinn. Déi sinn och munches gewinnt, well och d’Diplomate kënnen heiansdo ganz brutal sinn. Esou eng Negociatioun ass eng schwiereg Negociatioun, well si fënnt eigentlech méi ausserhalb vum grousse Sall statt wéi am grousse Sall. Am grousse Sall hëlt jiddwereen seng Positiounen, explizéiert wat e brauch, wat e wëll. An da muss gekuckt ginn, individuell, mat deene verschiddenen Delegatioune wat dran ass. Mir haten also schonn no deene Gespréicher, deene 24 Gespréicher hei zu Lëtzebuerg, weider bilateral Gespréicher mat deenen, déi natierlech déi gréisste Problemer haten. An dat huet sech och als richteg erwisen, dat heescht, d'Briten an och d'Hollänner. An dat huet sech awer ëmmer an enger relativer frëndlecher Atmosphär gemaach, och wann déi och heiansdo relativ kill war. 

Maurice Molitor: Bon, et wier gutt gewiescht, wann elo een Accord zustan komm wier. Et ass nach net onbedéngt ze spéit, fir datt awer 2007 all déi Programmer kënnen ulafen. Op där anerer Säit freet ee sech jo awer, wéi d'Briten et solle fäerdeg bréngen, ënnert hirer Presidence elo een Accord ze kréien.

Nicolas Schmit: Dat mussen d'Briten elo beweisen, well si wollten net op där hei Basis zu engem Accord kommen. Den Tony Blair huet grouss Declaratioune gemaach, hie wär natierlech bereet, de Scheck op den Dësch ze leeën, à condition datt dann alles misst op den Dësch geluecht ginn, dat heescht all europäesch Politik. A wann den Tony Blair all europäesch Politik seet, dann denkt en natierlech haapt­sächlech un d'Agrarpolitik. Dat ass net realistesch. A wann den Tony Blair natierlech bei där Positioun bleift, da wäert hee 6 Méint ouni Resultat bleiwen. Mä ech ginn d'Hoffnung net op, datt och iergendwann den Tony Blair muss gesinn, datt eng Positioun, besonnesch an der Presidence, déi just dodra besteet ze blockéieren, och wann dat schéin habilléiert ass, mä déi awer am Endeffekt eng Positioun ass, déi blockéiert, datt een do och seng eege Positioun an Europa net stäerkt. Ech mengen, dat war eng vun deene groussen Erkenntnisser, besonnesch vun deenen neie Länner. Dat war, datt dem Tony Blair seng Attitude, seng Positioun bei deenen op kee Verständnis gefall ass. An et däerf een net vergiessen, datt d'Englänner sech ëmmer als Protagoniste vum Elargissement gesinn hunn an elo besonnesch fir déi Länner dee gréisste Problem creeéieren.

Maurice Molitor: Et muss jo ee relativ emouvante Moment gewiescht sinn, wéi all déi Länner ugebueden hunn, selwer nach Zougeständnesser ze maache fir de Kompromëss z’erméiglechen?

Nicolas Schmit: Dat war scho bal ee pathetesche Moment, wou een och gesinn huet, datt déi Länner net ausserhalb vun där aler Unioun stinn. Déi hu sech elo schonn, och wat hir Attitude ubelaangt, an déi Unioun an enger kuerzer Zäit gutt integréiert. An deen Appel war pathetesch, dee war natierlech och e bëssche geduecht fir d'Absurditéit vun deenen Attituden ze weisen, wou besonnesch zwee Länner gewisen hunn.

Maurice Molitor: De Jean-Claude Juncker huet kuerz virun deem Sommet eng Kéier gesot, wa mir elo keen Accord kréien, da kréie mir een Accord ganz geschwënn zu quasi deene selwechte Conditiounen. Ass dat méi improbabel ginn, datt e Recht behält?

Nicolas Schmit: Nee, ech mengen, dat ass ganz probabel. D'Parametere vun där Negociatioun, déi sinn extrem, géif ech soen, fäi geschlaff ginn, mat der Kommissioun, mä haaptsächlech och e puer Kollegen aus dem Ministère, déi do eng formidabel Aarbecht gemaach hunn, dat muss ech hei soen. An déi Parameteren, dat ass vu jiddwerengem unerkannt ginn, déi determinéieren déi Negociatiounen haut oder gëschter an och an der Zukunft. Et ass nëmme wann den Tony Blair seet, mir mussen alles op de Koup geheien, da fänkt ee vu vir un. Mä ech mengen, dat war ni d'Manéier, wéi Europa eigentlech fonctionnéiert huet. An dat kann och net esou fonctionnéieren. Mir liewen ëmmer an engem Kompromëss. An e Kompromëss tëschent verschiddene Positiounen, tëschent verschidden Intérêten. An dat ass probéiert ginn an deem Lëtzebuerger Dokument ze maachen. An de Beweis, datt och eng ganz grouss Majoritéit vu Länner dee konnten huelen, esouguer déi, déi herno gesot hunn, si hätten hir Problemer domat, weist, datt een Accord an der Zukunft net wäit dovun ewech läit.

Maurice Molitor: An datt d'Hollänner stur bliwwe sinn, ass dat eng direkt Konse­quenz vum Nee beim Referendum gewiescht?

Nicolas Schmit: Sécher ass dat eng direkt, ech géif soen, eng onglécklech Konsequenz an eng geféierlech Konsequenz vun deem Referendum, fir op esou eng Positioun ze goen. An ech wënschen den hollännesche Kollegen, der hollännescher Regierung eng déif Reflexioun ze maachen, wat fir eng Léiere si aus deem Referendum zéien. Sécher musse si Léieren zéien, mä elo nach méi wäit ze goen wéi dat, wat si mengen an deem Referendum do gelies ze hunn, dat ass net gutt fir Europa, sécher. Mä ech froe mech, ob dat wierklech gutt fir Holland ass.

Maurice Molitor: Et geet engersäits jo wuel ëm d'Finanzéierung. Ëm Problemer, déi elo eventuell entstinn fir Programmer kënnen duerchzezéien. Mä et geet jo och ëm ee Signal, wat ausgeet duerch dee ganzen Echec do. Op där enger Säit, grad an der Diskussioun elo am Virfeld vun de Referenden oder de Ratificatiounen, gëtt ëmmer erëm betount, vu politescher Säit, d'EU ass eng Solidargemeinschaft, mir hunn een Interêt drun, déi aner Länner eropzezéien, laangfristeg wäerte mir dovu profitéieren. Voilà. An op där anerer Säit gëtt de Krunn zougedréit. Dat ass ee Beispill. Dat ass fatal oder net?

Nicolas Schmit: Dat, wat fatal ass, ech sinn ëmmer ganz virsiichteg mat esou Wierder, mä dat, wat geféierlech ass, dat ass, datt mir an enger institutioneller Kris stiechen. An enger Aart vu Legitimatiounskris vum europäesche Projet duerch déi Nee-Voten an iwwerhaapt duerch dat allgemengt Gefill a ville Länner vun Europa. An dodrop kënnt elo d'Incapacitéit fir sech op engem relativ minimalistesche Finanz­paquet z’eenegen, well gewësse Länner refuséieren eng Realitéit an d'Aen ze faassen, datt mir vu 15 op 25 gaange sinn. Mir hu jo den Englänner hire Scheck net ewechgeholl, wat Verschiddener jo gefrot hunn. Mir hu just gesot, dir kënnt net dovun ausgoen, datt wa mir äre Scheck berechnen, mir net en compte huelen, datt et een Elargissement gouf. Also muss d'Basis vun där Berechnung eng aner si wéi virdrun. Dat wollten d'Englänner net wëssen. Dat nämlecht trëfft e bëssche fir d'Hollänner zou. An do weist sech e Repli op Positiounen, déi eigentlech mam Solidaritéits­gedanken, deen Europa brauch fir efficace ze ginn, net nëmmen no bannen, mä och no baussen, do leit eigentlech déi gréisste Gefor fir déi Kris.

Maurice Molitor: Déi negativ Signalwierkung spillt och op engem anere Terrain, zum Beispill d’Relance vun der Strategie vu Lissabon, déi am Mäerz feierlech declaréiert gëtt an am Juni stellt sech eraus, datt awer net jiddweree bereet ass, d'Suen dofir zur Verfügung ze stellen, déi ee bräicht.

Nicolas Schmit: Jo, a wéi empfënnt de Bierger dat? De Bierger seet, bon, si maache grouss Declaratiounen, mä si sinn net kapabel sech duerno z’eenegen. Mä et muss een elo oppassen, wat fir eng Conclusiounen een dodraus zitt. Ech mengen, elo kann ee soen, Europa fonctionnéiert net méi, Europa ass an enger Kris, u sech ass dat alles schonn iergendwéi depasséiert. Do muss een oppassen, well ech mengen, et dierf een elo net iwwerreagéieren. Mir sinn enttäuscht, mä Europa bleift, an Europa dierf elo net an eng Paralysie falen. An Europa brauch elo wierklech een neien Dialog och mat eise Bierger. Mir hunn e Referendum vläicht hei zu Lëtzebuerg, mir wäerten dat gesinn, do musse mir also de richtege Message ginn. Mir, Lëtzebuerger, brauchen Europa. Mir brauchen net een Europa ouni Regelen. Mir brauchen een Europa wat fonctionnéiert, wat och Regelen huet, wat politesch organiséiert ass. An dat ass eigentlech elo méi wéi jee noutwenneg. An dat muss och d'Leçon sinn, déi een aus dëser Kris zitt.

Maurice Molitor: Mir verdéiwen d'Thema Referendum, d'Diskussioun do ronderëm gläich. […]

Gehéiere mir Lëtzebuerger zu deenen, déi e bëssche méi Zäit brauchen? Bon, et ass kloer, d'Decisioun läit bei der Chamber. Mä wat ass d'Positioun vun der Regierung? Referendum verréckelen oder net?

Nicolas Schmit: D'Regierung huet, à ce stade, keng definitiv Positioun. Ech mengen, och hei muss een dat am Gespréich, am Dialog decidéieren. Et gëllt elo net, datt d'Regierung kënnt a seet, mir wëllen de Referendum verréckelen, oder mir wëllen e bäibehalen. Déi Decisioun iwwert de Referendum ass eng Decisioun, déi net d'Regierung, Oppositioun, Majoritéit Oppositioun stellt. Dat ass eng Decisioun, déi d'ganz Lëtzebuerger Vollek ugeet. An dofir muss ee kucken, dat an engem grousse Konsens ze maachen, an ze kucken, wat ass eigentlech elo d'Attente vun dem Lëtzebuerger Vollek. An dofir huet sech d'Regierung elo zréckgehalen, mir hunn natierlech eis Iddien wat vläicht méi opportun wier oder manner opportun wier. Mä dat kënnt am Dialog zustan. E Méinden hu mir Gespréicher, mir haten der haut schonn an de Fraktiounen. E Méinden mat der Chamber an en Dënschden wäert dann och eng Positioun festgeluecht ginn. Mä ech wëll net elo hei soen, d'Regierung ass fir déi do Optioun, éischter fir déi doen. Et muss ee wëssen, datt déi eng Optioun, wéi déi aner, huet hir Avantagen an hir Risquen, mä et muss ee probéieren, do eng Decisioun am Konsens ze fannen, déi dem Lëtzebuerger Vollek presentéiert gëtt, well d'Lëtzebuerger Vollek muss decidéieren an engem Referendum. Et ass also e bësschen eng spezifesch Prozedur an där mir hei sinn.

Maurice Molitor: U sech wär et jo schued, wann dee Referendum géif ofgesot ginn, well een am Moment awer esou eng Dynamik huet an enger ëffentlecher Debatt wéi mir se seele kannt hunn, hei am Land, grad iwwer Europa, iwwerhaapt ginn et net vill Themen, zu deenen esou ee largen Debat stattfonnt huet. Deen Elan ze brieche wär schued.

Nicolas Schmit: Absolut. Ech mengen, wat och elo ëmmer decidéiert gëtt, et muss ee kucken, fir deen Debat, deen Interêt, deen d'Leit weisen eigentlech fir déi Verfassung, mä ech géif soen, doriwwer eraus, fir dat wat an Europa elo geschitt. Si sinn amgaang eigentlech méi wéi jee z’entdecken, datt dat, wat an Europa geschitt, si direkt ugeet. An dat ass en éischte Schrack och an eng méi eng staark europäesch Demokratie. An deen Elan, wéi Dir richteg sot, deen dierf een net briechen. Wann dat de Punkt ass, da muss een duerch de Referendum elo goen. Dat wëll awer net heeschen, datt wann een de Referendum reportéiert, well et kënnt jo net drop un, datt een elo deen net stattfanne léisst. Da muss een op jiddefall kucken, datt deen Debat weider geet, an net elo einfach klasséiert gëtt an no X Méint, oder no engem Joer erëm opgeholl gëtt. Ech mengen, dat wier ee falscht Signal.

Maurice Molitor: Ech mengen, et gëtt egal wéi hei zu Lëtzebuerg iwwert de Wee vum Referendum ratifizéiert.

Nicolas Schmit: Absolut, do gëtt net méi driwwer diskutéiert.

Maurice Molitor: Bon, de Sommet huet am Zesummenhang mat där Diskussioun net all d'Froe beäntwert. Zum Beispill, wat deen Text, wat mat deem Text geschitt. Et sinn ëmmer nach zwee Länner, déi schonn Nee gesot hunn, oder ass déi Verlängerung vun der Frist och geduecht, fir hinnen eng zweet Méiglechkeet ze ginn an d'Vollek nach eng Kéier ze froen.

Nicolas Schmit: Dat ass onméiglech haut ze decidéiere genau wat mat deem Text geschitt. Wat awer kloer gestallt ginn ass, dat ass, datt et deen doen Text ass. Et gëtt elo keen aneren, an et wäert och keen anere ginn. Et geet net esou wéi verschidden Nee-Soer gesot hunn: sot elo Nee an da sëtze mir äis séier zesummen an da maache mir een neien Text an dann ass alles perfekt. Esou geet et net. Ech mengen, et hunn 10 Länner – 10 – deen Text elo schonn approuvéiert. Dorënner ee Land, Spuenien, duerch ee Referendum mat vläicht net enger ganz héijer Participatioun, mä mat zumindest iwwer 70% Jo. Déi Länner wëllen net elo virun e Fait gestallt ginn, datt si eppes ratifizéiert hunn, wat keng Valeur méi huet. Dat huet seng Valeur, dat behält seng Valeur, an all Vollek muss sech op deem Text ausdrécken. Wann dat geschitt ass, da si mir an engem Zenario, wou déi, déi et net reusséiert hunn, musse soen, wat si wëllen a gehollef kréien, fir aus där Situatioun eraus­zekommen. Dat hate mir schonn. Dat ass näischt Neits. Mä dat ass net méiglech haut ze soen, de Prozess gëtt jo elo e bëssche verlängert, dat wäerte mir gesinn dee Moment.

Maurice Molitor: Herno ass een ëmmer méi schlau. Mä et wär Villes méi einfach gewiescht, wann een de Referendum iwwerall an Europa op deemselwechten Datum gemaach hätt.

Nicolas Schmit: Absolut, jo.

Maurice Molitor: Oder ass d'Eventualitéit vum Nee ni richteg a Betruecht gezu ginn?

Nicolas Schmit: Sécher ass déi Eventualitéit a Betruecht gezu ginn. Mä wat Dir virdru gesot hutt, de Referendum op deemnämlechten Dag maachen, dat ass eng Erkenntnis, déi ass et awer och scho ginn. Ech war an der Konventioun, do ware Leit, déi Pabeieren ënnerschriwwen hunn fir ze soen, mir musse vläicht net dee selwechten Dag, mä a puer Deeg esou wéi mir d'Europawalen och net deeselwechten Dag, mä a puer Deeg ofzéien.

Wat ee feststellt, dat ass, datt iwwert déi Constitutioun, iwwert deen Debat, dee sech do kristalliséiert huet, Europa op eemol eng ëffentlech Meenung kritt. Datt dat, wat a Frankräich geschitt een Impakt huet op dat, wat d'Leit an Dänemark denken, dat wat d'Leit a Polen denken, an emgedréint. A wann et eng europäesch ëffentlech Meenung gëtt, dat ass emol éischtens ee positivt Zeechen, och wann déi net grad esou denkt wéi mir dat elo direkt hoffen, datt déi elo éischter negativ agestallt ass oder méi skeptesch agestallt ass. Mä zumindest, datt iwwerhaapt eng ëffentlech Meenung an Europa gëtt ass positiv. Mä wann et déi gëtt, da muss een natierlech och de politesche Fonctionnement op dat opbauen an net maachen, wéi wa jiddwereen op senger klenger Insel fir sech alleng kéint dat entscheeden. Sécher muss all Vollek dat fir sech alleng entscheeden. Mä dat muss koordinéiert ginn an dofir an der Zukunft kann een net méi esou iwwer zwee Joer laang esou Prozesser duerchzéien. Dat muss anescht organiséiert ginn.

Maurice Molitor: Merci villmools fir all déi Explicatiounen.

Dernière mise à jour