Jean-Louis Schiltz au sujet de l'inventaire des actions entreprises par l'UE et les Nations unies après le raz-de-marée dans l´océan Indien

Jean-Louis Schiltz: Wat d’Phase humanitaire ubelaangt, sinn d’Besoinen adequat couvréiert. D’Europäesch Unioun huet vun deenen 517 Milliounen Euro, déi programméiert sinn, an de Joeren 2004-2005, der 434 débourséiert, dat sinn 85 Prozent. Da gëllt elo nëmmen d’Phase humanitaire, de globalen Effort vun der Unioun dëst Joer an iwwer déi nächst Joere beleeft sech op 2,3 Milliarden Euro.

En anere wichtege Punkt ass, datt d’Koordinatioun fonctionnéiert huet, a wat och, nodeems an deenen éischten Deeg e bësse Gewackels do war, d’international Communautéit awer unerkannt huet, datt d’UNO do de Lead hätt an dat ass eis och wichteg, als europäesch Unioun, fir dat ervir ze sträichen.

Francine Closener: Alles an allem sinn iwwer déi nächst Joeren 585 Milliounen Euro am humanitäre Beräich virgesinn, an 1,7 Milliarde fir den Nees-opbau, dat mécht en Total vu ronn 2,3 Milliarden Euro. Wat d’Phase vun der Rekonstruktioun ugeet, esou geet et méi lues, wéi am humanitäre Beräich, sou de Jean-Louis Schiltz.

Jean-Louis Schiltz: D’Vitesse ass och verschidde selon de Länner déi betraff sinn. Déi Regierungen déi do responsabel sinn, an et sinn haaptsächlech d’Regierungen, déi do mussen de Lead huele vun deene betraffene Länner. Ech géif mir wënschen, datt déi Efficacitéit, déi mir an der humanitärer Phase hunn, datt mir déi och elo an d’Rekonstructiounsphase transposéiert kréien. Et geet net séier genuch, et geet net efficace genuch, do sinn nach zolitt Efforten an deenen nächste Méint ze maachen.

Wann ech d’Beispill vu Sri Lanka huelen, wou de Moment virgesinn ass, datt 8000 Haiser pro Joer sollen opgebaut ginn, an d’Besoine sinn 120000 Haiser pro Joer, da gesitt Dir, datt do nach vill ze maachen ass. Ënnert anerem, wat d’Kapazitéit sur place vun der Regierung ubelaangen, fir méi vast Projeten an Ugrëff ze huelen.

Francine Closener: Loosse mir drun erënneren, datt de lëtzebuerger Undeel fir Tsunami-Hëllef bei 17 Milliounen Euro läit, dovunner 8 Milliounë vun der Regierung. Déi Sue si fir Projeten an Indien, Thailand, Sri Lanka an Aceh geduecht.

Dernière mise à jour