Jean-Louis Schiltz fait le bilan de la Présidence luxembourgeoise du Conseil de l'Union européenne

Jean-Louis Schiltz: Déi Présidence huet eigentlech virum 1. Januar ugefaangen, och wann ech keng Kompetenz do hat, well ech scho virum 1. Januar déi éischt Kontakter mat der UNO opgeholl hunn. Och aner Regierungskollegen hunn deen Ament schonn dru geschafft, an net méi spéit wéi den 1. Januar sinn ech, wéi gesot, an d’Regioun geflunn, fir mir do e Bild ze maachen. E Bild ze maache, vun der Situatioun sur Place, wéi d’Europäesch Unioun kann hëllefen. Mä awer och fir politesch Akzenter ze setzen, fir ze kucken, wat déi politesch Responsabel, wéi déi d’Situatioun gesinn, a virun allem wéi déi den erëm Opbau gesinn, well et ass jo schliisslech drëm gaangen, fir an däer éischter Phase Aide humanitaire ze leeschten. Dat huet ongeféier 6 Méint gedauert, et ass elo um Auslafen. An dann an der zweeter Phase erëm weider opzebauen. Mir hunn och duerno direkt de 7. Januar dem europäesche Ministerrot en éischte Bilan virgeluecht, e Rapport virgeluecht, wou da schonn éischt Zielrichtungen vun engem Aktiounsplang, dee finalement den 31. Januar adoptéiert ginn ass, virgeluegt gi sinn. D’Europäesch Unioun huet also, dat gëtt allgemeng unerkannt, gutt reagéiert a séier reagéiert.

Maurice Molitor: Déi Rees op d’Plaz war jo sécher awer och e ganz beandrockende Moment, net elo fir de Politiker, mä vun engem mënschleche Standpunkt, oder net?

Jean-Louis Schiltz: Wann Der zu Aceh beim Mier stidd, da kuckt Der no riets, no lénks, no hannen, no vir, an et ass einfach näischt méi do. Et ass alles dem Buedem gläich gemaach, a wann Dir da probéiert Iech virzestellen, op deene Fondatiounen, déi nach e bëssen do sinn, datt do Leit gelieft hunn, dat ass schonn e Gefill, wat kaum ze beschreiwen ass. Ech mengen d’Télésbiller ware scho krass, mä dat hei ass, géif ech soen, nach eng Etapp méi krass.

Maurice Molitor: Sinn d’Engagementer eigentlech déi, am éischte Moment, an däer immens grousser Solidaritéitsbewegung jo gemaach gi sinn, vu Privatleit mä och vun, dovu schwätze mir, vu Staaten, sinn déi all agehale ginn?

Jean-Louis Schiltz: Et ass effektiv eng Solidaritéitswell gewiescht, wéi se nach ni do war. Et ass och eng Kris, wéi se nach ni do war. Mir hunn direkt op dem Niveau vun der Europäescher Unioun, Mechanismen agesat, fir de Suivi ze maachen. A mir gesinn haut, Enn Juni, datt 85 Prozent vun deene Gelder, déi versprach gi sinn vun de Regierungen, wat d’Phase humanitaire ubelaangt, dat heescht, éischt Urgencen, Waasser, propper Plaze fir ze schlofen, Zelter, Campen an esou weider, datt do 85 Prozent vun deene Gelder, déi versprach gi sinn, effektiv débourséiert ginn. Dat heescht also, datt d’Europäesch Unioun an d’Memberstaten, wann se eppes verspriechen, et och maachen.

Maurice Molitor: D’UNO huet jo coordinéiert, déi ganz Hëllefsaktiounen. Well d’EU net wollt, oder nach net kann, esou Saache maachen?

Jean-Louis Schiltz: Neen, ech mengen, et war ëmmer kloer fir d’Europäesch Unioun, vun Ufank un, datt d’UNO sollt do coordinéieren. Dat war net fir all déi aner Länner, och nécessairement den éischten Dag kloer, mä no 3-4 Deeg huet dat sech awer en Place gesat, datt d’UNO do de Lead huet. Et kann net sinn, datt mir als Europäesch Unioun do soen, mir hätte gären de Lead, well da soen d’Amerikaner och, mir hätte gären de Lead, d’Japaner soen, mir hätte gären de Lead, d’Australier. An dann hu mir de groussen Duercherneen. E vun deenen Enseignementer, deen ech zéien, aus däer Kris, dat ass, datt fir d’Phase humanitaire, wann dann - mir hoffen dat jo all net - nach eng Kéier esou eppes geschitt, oder bei anere groussen, natierleche Katastrofen, muss et kloer sinn, datt vun Ufank un d’UNO de Lead huet, an ech mengen, dat wier och eng Lektioun, déi d’international Communautéit sécher geléiert huet.

Maurice Molitor: Elo fänkt déi zweet Phase un, wa se net schonn am gaangen ass, d’Phase vum Nees-opbau. Wéi gestallt d’Situatioun sech do?

Jean-Louis Schiltz: Ech mengen, d’Phase humanitaire huet gutt fonctionnéiert, global gesinn, och wa kleng Detailer do woren, déi vläicht net esou fonctionnéiert hunn. Et ass vill Material dohinner geschéckt ginn, wat net adaptéiert ass a wat elo nach an den Häfe läit. Do musse mir vläicht dru schaffen, datt dat net méi geschitt.

Dee positive Bilan, deen ech vun der Phase humanitaire maachen, kann ech net maache fir d’Phase vun der Rekonstruktioun, do bleift nach ganz vill ze maachen. D’Pläng lafe ganz lues un. Dat huet och domat ze dinn, an ech mengen, dat ass awer wichteg, datt déi lokal Regierung, dat heescht, déi Regierung vun deene betraffene Länner d’Haaptresponsabilitéit hunn, well mir kënne jo net soen, wéi opgebaut gëtt, wou opgebaut gëtt. Dofir huet dat méi laang gedauert. Mä an Indonesien hunn ONGen schonn ugefaangen, éischt Haiser opzebauen. Der Regierung hiren offizielle Plang leeft den 1. Juli un, do sinn also d’Signaler positiv.

Sri Lanka ass vläicht net esou positiv, well do och politesch Schwieregkeeten domat verbonne sinn. Dir wësst, datt, do am Norde vun der Insel Tamile Rebelle ginn, an d’Regierung huet an engem groussen Effort probéiert, déi mat an e Boot ze kréien, esou datt déi mat an deem Plang englobéiert war. Mä dunn ass awer der Partei vun der Presidentin eng Partei aus der Koalitioun eraus gebrach, soudatt dee Plang elo op der Kipp steet.

Vläicht nach e leschte Punkt. An Indonesien stellt sech och eng Fro vu Kapazitéit. D’Pläng de Moment gesi vir, 8000 Haiser pro Joer ze bauen, an d’Besoine sinn awer 120.000 Haiser pro Joer, déi erëm mussen opgebaut ginn. D’Europäesch Unioun wäert do gefuerdert sinn an deenen nächste Joeren, déi nächst Présidencen, fir och do ze kucken, datt dat fonctionnéiert.

Maurice Molitor: Mä d’Gelder fléissen awer och do wéi versprach?

Jean-Louis Schiltz: D’Gelder fléissen och do. Ech hu gesot, datt an der Phase humanitaire 85 Prozent débourséiert sinn. De globalen Engagement vun der Europäescher Unioun, dat ass d’Regierunge plus d’Kommissioun, dat ass 2,3 Milliarden Euro. Wat d’Rekonstructiounsphase ubelaangt, geet et aus deene Grënn, déi ech elo zitéiert hunn, natierlech och méi lues, do sinn 9-10 Prozent de Moment débourséiert, an do muss nach eng Schëpp nogeluecht ginn, wat d’Organisatioun ubelaangt, wat d’Koordinatioun ubelaangt, an och wat de Suivi ubelaangt. Well et geet schliisslech virun allem drëm, fir ze kucken, elo an der Rekonstructiounsphase, datt d’Gelder do ukommen, wou se sollen ukommen, nämlech bei deenen Ärmste vun deenen Aarmen, déi et am meeschte brauchen.

Maurice Molitor: Wann äer Présidence och staark vum Tsunami markéiert gouf, sou wäert se an de Réckblécker awer virun allem verbonne bleiwen, mat enger anerer Décisioun. Dir hutt et fäerdeg bruecht, äer Ministeschkollegen dozou ze bréngen, datt se sech festgeluegt hunn, bis 2015 op e Prozentsatz vun 0,7 vum PIB ze kommen, fir an d’Entwécklungshëllef ze stiechen, mat enger Zwëschenetapp 2010, op 0,56. D’Fro déi ee sech an deem Kontext natierlech ëmmer stellt, wat sinn déi feierlech Déclaratiounen, wat sinn se wäert?

Jean-Louis Schiltz: Ech mengen, fir d’éischt ass et emol drëm gaangen, deen Accord ze realiséieren. An deen huet missen ënner lëtzebuerger Présidence realiséiert ginn, well mir am September de Sommet vun der UNO hunn, a well et do drëm geet, datt d’Europäesch Unioun mat enger staarker Positioun optrëtt, wat se elo ka maachen, mat deenen neien Engagementer. Et ass fir d’éischt, wou mir déi 0,7, déi an de 70er Joere fir d’éischt dovu geschwat ginn ass, datt mir do e genauen Timetable hunn, a soen, mir erreechen dat 2015. Et ass also eng Avancée majeure. Et sinn der déi gesot hunn, et wier en historeschen Accord, e spektakulären Accord.

Wat sinn déi Engagementer wäert? Wann Dir wësst, datt d’Europäesch Unioun sech am Joer 2002 engagéiert huet bis 2006 op 0,39 ze goen, a wa mir gesinn, datt mir d’nächst Joer wäerten op 0,41 sinn, dann heescht dat, datt d’Europäesch Unioun net nëmmen Versprieche mécht, mä se och hält. An deen Engagement deen elo geholl ginn ass, ass nach méi staark, wéi deen, deen am Joer 2002 geholl ginn ass, well deemools hunn d’Länner gesot, mir ginn eis all bescht Méi fir dohinner ze kommen. Si hunn et fäerdeg bruecht, an dës Kéier hu se sech formell engagéiert, et ass also kee Grond, fir datt mir net och dës Kéier et fäerdeg bréngen. Mä och do muss e genaue Suivi all Joer gemaach ginn.

Maurice Molitor: Mä gëtt et och als dat staarkt Signal an der Welt ëmfonnt?

Jean-Louis Schiltz: Ech war virlescht Woch zu Doha, beim G77. Hunn do am Numm vun der Europäescher Unioun d’Wuert ergraff an der Cérémonie d’ouverture. Ech war deen eenzege vun engem net G77-Stat, deen do d’Wuert ergraff huet. Ech mengen, dat ass en Zeechen, datt deen Accord net nëmmen zur Kenntnis geholl gëtt, mä begréisst gëtt. Ech muss vläicht dobäi soen, datt dat jo net en Accord ass, dee mir wéint eis maachen, mir maachen deen net, fir eis e gutt Gewëssen ze ginn. Mä mir maachen en, well et einfach inakzeptabel ass, datt am Joer 2005 an der Welt nach Leit un Honger stierwen, Mënschen, Kanner an esou weider.

Maurice Molitor: Mir hunn iech elo eraus geholl, aus enger Signatures-Zeremonie.

Et gëtt en neien Accord mat den 78 Länner vun der ACP - aus dem afrikaneschen, karibeschen a pazifesche Raum - ënnerschriwwen, an dësem Moment, e reviséierten Accord, an deen och politesch Dispositiounen opgeholl ginn, déi anscheinend net esou liicht duerchzesetze waren bei deene Länner.

Jean-Louis Schiltz: Et ass richteg, wat dir sot, datt do eng politesch Dimensioun, datt déi verstäerkt gëtt. Deen  Accord ass am Joer 2000 ofgeschloss ginn, deen Accord de Cotonou, dat ass en Accord, deen à la fois Développementssäit ofdeckt, awer och déi politesch Säit, de politeschen Dialog. Am Text vun 2000 stoung zum Beispill de Prinzip vun der Demokratie dran, vun de Mënscherechter. Mir hunn et elo fäerdeg bruecht, am Kader vun deenen Négociatiounen, déi mir am Februar ofgeschloss hunn, a wou mir haut ënnerschreiwen, fir och, zum Beispill, d’Lutte géint den Terrorismus an deen Accord anzeschreiwen, als e gemeinsamt Objektiv. Dat ass wichteg.

Zweetens hu mir eng Referenz dran, op d’Cour pénale internationale, an e kloert Bekenntnis och vun alle Staten, datt d’Crimes contre l’humanité, also d’Crimes géint d’Mënschheet, net kënnen onbestrooft bleiwen. An et kënnt nach dobäi, datt mir niewent deenen Dispositiounen, och iwwer d’Enveloppe financière diskutéiert hunn, an eis och do eens gi sinn, wéi déi Enveloppe soll fir déi nächst Joeren ausgesinn.

En anere Punkt vläicht vun der Politik, deen nach wichteg ass, dat ass, datt mir och als gemeinsamt Zil de Kampf géint d’Prolifératioun vun de Massevernichtungswaffen, e komplizéiert Wuert, als essentiell Konditioun an den Accord ageschriwwen hunn. Och dat ass e Qualitéitssprong no uewen, wat den politeschen Dialog ubelaangt.

Maurice Molitor: An an déi Zeremonie loosse mir Iech elo zeréck goen, eng Zeremonie déi laang dauert bei esouville Länner.

Jean-Louis Schiltz: Iwwer zwou Stonnen.

Maurice Molitor: Iwwer zwou Stonnen, iwwer honnert Länner.

Jean-Louis Schiltz: Mä de lëtzebuerger Protokoll huet gutt geschafft, an d’Organisatioun vun der Présidence war och hei à la Hauteur.

Maurice Molitor: Merci villmools.

Jean-Louis Schiltz: Merci och.

Dernière mise à jour