Le ministre du Trésor et du Budget, Luc Frieden, au sujet de la situation budgétaire

Francine Closener: Am Studio ass elo de Budgetsminister Luc Frieden. Gudde Mëtteg.

Luc Frieden: Gudde Mëtteg.

Francine Closener: Här Frieden, een Defizit vun der ëffentlecher Hand vun 0,6% d'lescht Joer a vun eventuell 2,5% dëst Joer. Do kënnt Lëtzebuerg dach awer geféierlech no erun un d'Limit vun 3%, déi d'Maastrichter Critèren jo virschreiwen. Gëtt dat Iech dann net awer lues a lues zimlech ze bedenken?

Luc Frieden: Ech mengen, datt mir nach e gutt Stéck dovunner ewech sinn. An ech sinn och e bësschen iwwerrascht, datt Dir iwwerrascht sidd. Well Är Nolauschterer, déi intensiv d'Aktualitéit verfollegen, wëssen, datt schonn am Hierscht 2003 wéi mir de Budget 2004 presentéiert hunn, de Staatsminister gesot huet, déi nächst Joere gi ganz schwiereg. A mir hunn duerno, souwuel de Staats- a Finanzminister wéi ech, an deenen Notificatiounen, déi mir op Bréissel maachen am Kader vum Stabilitéitsprogramm, hu mir gesot, déi nächst Joren kommen Defiziter, an de Lëtzebuerger Staat als Staat huet een Defizit no europäesche Berechnungen zanter 2002. Et ass also net gëschter Owend wou op eemol iergend eppes an der Welt geschitt wär, wou en neie Chiffer op den Dësch komm ass. Ech hunn och am Mee dëst Joer op enger Pressekonferenz iwwert d'Konte vun 2004 gesot, datt de Budgetsdefizit fir dëst Joer, fir d'Joer 2004, deen ech demools kommentéiert hunn, bei eppes 0,6, 0,7% géing leien.

Dir frot: Gëtt dat Iech ze bedenken? Jo. Mir hunn eng ganz schwiereg Finanzsituatioun. Déi hu mir viru Jore gesi kommen, déi hu mir annoncéiert an déi kënnt aus zwee Haaptelementer. Dat ass, datt mir héich Investitiounsausgaben hunn an en, am Verglach mam Ausland, iwwergrousst héicht Finanzement vun de Pensiounskeesen a vun de Krankekeesen iwwert de Staatsbudget. Déi Investissementer, déi bezuele mir zum Deel iwwer Suen, déi mir an deene leschte Joren op d'Säit gesat hunn, op eist Spuerbuch gesat hunn. Déi ginn an der europäescher Berechnung, wéi Dir wësst, net berücksichtegt. Dofir hu mir ëmmer an der nationaler Presentatioun besser Chiffren wéi an der europäescher, well, wéi gesot, Europa déi Reserven net berücksichtegt. Déi hu mir awer nach. Dat sinn ongeféier 2 Milliarden Euro. Mä déi brauche mir och fir déi Bauten, déi amgaange sinn, kënnen ze finanzéieren.

D'Situatioun ass extrem schwiereg a bleift och déi nächst Jore ganz schwiereg. A mir wäerten och an engem Defizit bleiwen. Wéi grouss deen dëst Joer gëtt, datt ass e bësschen ze fréi ze soen, well et kann een nach net gesinn, wéivill Steieren bis Enn des Joers erakommen. An Europa, kuckt déi Steieren déi pro Joer erakommen, par rapport zu denen Depensen, all den Depensen, déi an dem Joer gemaach ginn.

Francine Closener: Gitt Dir dann net dovunner aus, datt déi 3% iwwerschratt ginn?

Luc Frieden: Déi 3% gi ganz sécher net iwwerschratt. A meng Aufgab, d'Aufgab vun der Regierung, ass et och ze kucken, datt mir den Defizit esou kleng wéi méiglech behalen a ganz sécher wäerte mir ni zouloossen, datt deen iwwer 3% kënnt.

Francine Closener: Et héiert ee bei der TVA, bei der Kierperschaftssteier, géif et ee regelrechten Abroch ginn. Kënnt Dir dat confirméieren?

Luc Frieden: Ech confirméieren dat. Mir haten Enn August manner wéi d'Halschent vun der Kierperschaftssteier eran, déi mir virgesinn haten. An d'TVA gesäit e bëssche besser aus, mä do sinn och eng ganz Rei Remboursementer gemaach ginn. Et muss een also kucken souwuel wat duerch de Konsum manner erakënnt wéi dat, wat mir rembourséiert hunn, mir buchen en Netto, wat och normal ass. Aner Steieren awer si besser geklommen wéi zum Beispill d'Gehältersteier, well awer zu Lëtzebuerg och um Aarbechtsmaart Leit agestallt gi sinn a well d'Leit och zum Deel a verschiddene Secteurë méi verdéngt hunn.

Francine Closener: Bei den Dépenses grandes soll jo gespuert ginn, fuerdert ënner anerem de President vun der Zentralbank. Wou gesitt Dir da Sputt? D'Mammerent géif ee jo och net retten, wann een déi erëm géif ofschafen.

Luc Frieden: D'Dépenses courantes, mengen d'Leit heiansdo, dat wären d'Bicen an d'Autoen. D'Dépenses courantes sinn am Lëtzebuerger Budget zu engem ganz groussen Deel d'Sozialausgaben. Awer ronn 25% vun eise Budgetsdepensen sinn d'Contributioun vum Staat an d'Krankekeess an d'Pensiounskeesen. Dat erkläert iwwregens zum Deel firwat d'Sécurité sociale an europäeschen Tableauen esou gutt do steet. De Staat mat de Steiergelder finanzéiert déi Sécurité sociale.

Francine Closener: Wëllt Dir dann elo kierzen do?

Luc Frieden: Ech mengen, datt dat eng falsch Politik wär elo kuerzfristeg de Sozialstaat op d'Kopp ze geheien, dann hätten d'Leit jo nach manner Suen fir auszeginn. Mä ech hätt gär, an dat hunn ech zanter Jore gesot, anerer och, eng generell Debatt wéi mir och mëttelfristeg dee Sozialstaat kënnen erhalen. Deen Defizit, dee mir hunn, deen ass ongesond. Well mir wëllen och net mëttelfristeg mussen d'Steieren erhéijen. An dofir muss ee kucken, wéi kann ee vläicht verschidde Saachen ëmschichten. Ass et um Staat fir dat alles ze finanzéieren? Muss een net vun engem Secteur méi op deen anere goen, wëssend datt d'Gesondheetsausgaben och an deenen nächste Jore wäerten héich sinn? All déi Debatte musse geféiert ginn. Dat mécht een net vun haut op muer, mä et muss een op d’mannst driwwer diskutéieren a mir si schonn eng Zäitchen amgaangen driwwer ze diskutéieren. Mä et gëtt net muer.

An et ass och net esou, datt elo, wa mir de Budget den 19. Oktober deposéieren, op eemol all Sozialdepensë gestrach sinn. Mä dat sinn d'Dépenses courantes an dofir hätt ech och gär, datt jiddwereen sech géing do par rapport positionéieren. Ech hu bis elo an Äre Reportagen nëmme Leit héieren, déi soen wou een net däerf spueren. Ech mengen, et wär gutt wann och an engem groussen Debat d'Leit géinge soen, wat se dann bei den Dépenses courantes géinge wëlle sträichen, wat och eppes géing bréngen.

Francine Closener: Den Accord salarial fir d'Fonction publique war jo och neess eng zousätzlech Belaaschtung fir de Budget. Steet d'Regierung dann nach ëmmer awer hannert deem Accord?

Luc Frieden: Selbstverständlech, deen ass ënnerschriwwen. Dat ass och ee ganz klengen Ausgabeposten. Dat wäert eng 0,3% vun alle Budgetsausgabe vum Staat sinn. Dat ass also net dat, wat äis de Budget géing retten.

Francine Closener: Steiererliichterunge si jo elo net méi dran, fir de Bannekonsum unzekuerbelen. Wéi wëllt Dir dat da soss maachen?

Luc Frieden: Mir musse kucken op der Ausgabesäit d'Äntwert ze fannen. Op der Steiersäit wär et falsch, fir elo d'Steieren an d'Luucht ze setzen. Wann ee gesäit, datt am Ausland d’Betribssteieren a verschiddene Länner extrem erofgesat gi sinn. Da musse mir kucken, datt mir net an eng Situatioun verfalen, wou mir net méi konkurrenzfäheg sinn. Mir si konkurrenzfäheg. Mir mussen ëmmer erëm d'Ausland am Bléck halen. Dofir hu mir jo och déi Steierreduktioun viru Joren zum Deel dowéinst gemaach. A bei de Privatleit muss et och esou sinn, datt d'Leit Loscht hunn ze schaffen an datt een dofir muss versichen, d'Steiren op deem Niveau ze halen wou mir se virun e puer Joer higesat hunn.

Francine Closener: Luc Frieden, villmools Merci fir d'Explicatiounen a spéitstens den 19. Oktober, wann de Budget fir 2006 presentéiert gëtt, komme mir nach eng Kéier drop zréck.

Dernière mise à jour