Le ministre des Affaires étrangères, Jean Asselborn, sur l´ouverture des négociations d´adhésion avec la Turquie

Frank Kuffer: Et war also eng kuerz Nuecht fir d’Ausseministeren, an dofir si mir duebel frou, datt de Lëtzebuerger Chef vun der Diplomatie, de Jean Asselborn, de Moie live bei äis an de Studio komm ass, fir iwwer déi aktuell Problemer an der Unioun ze schwätzen. Gudde Moien, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Moien, Här Kuffer.

Frank Kuffer: D’EU huet am Dezember de Kader vun de Bäitrëttsverhandlungen festgehalen, an elo wou et soll richteg lassgoen, schalt Éisterräich op stur. Wéi sinn d’Gespréicher hënt da verlaf? Ass ee sech guer net méi no komm?

Jean Asselborn: Also, ech muss emol fir d’Éischt soen, et ass ganz, ganz ziviliséiert, bis elo op jidde Fall, erofgaangen. D’Discussioun war op engem ganz gudden Niveau, hunn ech fonnt. Et muss een och soen, datt et jo keng Schan ass an der EU, datt 24 géint 1 heiansdo an der Discussioun zum Virschäin kënnt. Dat ass keng Schan, weder fir déi 24 nach fir deen een. Dat muss ee gesinn. Mä mir mussen awer wëssen, datt mir elo net 24 Hurra-Tierken op där enger Säit hunn, an op där anerer Säit Leit hunn, déi aus éisträichescher Siicht da ganz virsiichteg sinn. Ech hoffen, datt mir haut net ouni Conclusioun ausernaner lafen.

Wann dir mech frot, ëm wat datt et eigentlech geet, da muss ee fréi opstoen, fir dat iwwerhaapt ze verstoen. Dir hutt et ugedeit. Mir hunn en Engagement geholl an der Europäescher Unioun, an do waren och d’Éisträicher 2002, am Dezember 2004 an och elo nach eng Kéier am Juni 2005 domat d’accord, an dat Engagement dat beinhalt eigentlech all dat, wat d’Éisträicher och fuerderen. Et steet dran, éischtens emol, datt d’Zil e Bäitrëtt ass. Bon. Zweetens steet dran, datt et eng Verhandlung ass mat engem offenen Enn. Dat ass et nach ni ginn an der Europäescher Unioun. Dat heescht, datt een net ka soen, wéi déi Verhandlunge géifen ausgoen. Dat drëtt, wat dran ass, an dir hutt et ugeschnidden, och d’Alternativ ass schonn an deem Text vum Dezember 2004 dran, well et steet kloer dran, wa mir net zu enger Conclusioun kommen, dat heescht, wann d’Tierken net prett sinn, oder wann d’Europäesch Unioun net prett ass fir kënnen d’Tierken opzehuelen, datt dee Moment eng staark Bindung tëscht de Strukture vun der Europäescher Unioun an der Tierkei soll opgebaut ginn. Also, alleguer déi Critèren, plus d’Critèrë vu Kopenhagen ebenfalls, dat heescht, d’Capacité d’absorption, wéi dat op franséisch heescht, ass d’EU à même fir d’Tierkei opzehuelen? - alles ass mat dran, wat d’Éisträicher froen. Esou datt ech zur Conclusioun kommen, datt et net nëmmen elo e Spill ass ëm Wierder, et geet ëm d’Substanz an et geet em d’Credibilitéit, a mengen Aen, vun der Europäescher Unioun.

Frank Kuffer: Mä firwat mécht d’Unioun sech dann ëmmer d’Liewen selwer esou schwéier? D’Tierkei waart 42 Joer op déi Gespréicher. Elo kéinte se ufänken, ganz laang daueren, an Dir hutt gesot, den Ausgang ass ongewëss. Kritt Dir net heiansdo d’Flemm - Dir sidd elo en déckt Joer dobäi -, wann Dir gesitt, datt dat net viru geet?

Jean Asselborn: Also, d’Flemm, ech mengen, d’Aussepolitik, och d’Europapolitik, ass eppes Komplexes. Mir sinn elo zu 25, mir si muer zu vill méi wéi 25 nach héchstwahrscheinlech, d’Welt ass globaliséiert, an et duerf kee sech virstellen, wat geschitt, wa mir elo d’Brems géifen zéien an net mat der Tierkei ufänken ze verhandelen. Ech mengen, et muss ee jo nach eng Kéier erëm widderhuelen: mir fänken un den 3. Oktober, also haut, mat den Tierken ze verhandelen, iwwert e méigleche Bäitrëtt, deen an 10, 15, 20 Joer stattfënnt. An dann ass d’Fro hannendrun, déi ee sech muss stellen, ass Europa intresséiert un enger europäescher Tierkei oder ass Europa éischter intresséiert un enger Tierkei, déi sech géint Europa dréint? Mat alle geo-strategeschen Iwwerleeungen déi ee ka féieren, mat allen Iwwerleeungen déi ee ka féieren um Plang vun de Mënscherechter, vun der Wirtschaft an esou weider. Also, géif ech mengen, nodeem mir e wéineg geschlof hunn, an d’Éisträicher jo och en Text proposéiert hunn, datt deen Text op deem elo geschafft ginn ass an der Nuecht, an datt een haut kloer agesäit, datt wierklech d’Credibilitéit vun der Europäescher Unioun an och den Intérêt vun der Europäescher Unioun muss am meeschten an d’Woschuel falen, wann elo d’Conclusioun geholl gëtt. Dat Schlechtst, dat wier, wa mir den Owend géifen ausernaner lafen a mir hätte keng Conclusioun. Dat wier terribel schlecht. No dem Fiasko bei de Finanzperspektiven, nodeem wat geschitt ass, och a verschiddene Länner bei der Verfassung, wier dat hei en drëtte Coup bas fir Europa, an dofir schlecht.

Frank Kuffer: Et gëtt ëmmer gesot, de Bäitrëtt vun der Tierkei, dee wier immens wichteg fir d’Stabilitéit, fir de Fridden. Mä wann déi Verhandlungen elo net ufänken, riskéiert et da wierklech zum Broch ze kommen? Déi Leit wäerten esou lues ongedëlleg a rose ginn. Ass dat geféierlech, wat d’EU elo amgaangen ass ze maachen?

Jean Asselborn: Nee, also, d’EU muss säi Wee trëppele kënnen, an och säi Wee fannen. Ech mengen, d’Tierkei wëll jo zu der Unioun bäitrieden, d’Unioun trëtt net zur Tierkei bäi. Ech mengen, do muss een och e wéineg oppassen, datt mir do och la juste part des choses maachen. Mir mussen eis Aufgab maachen. Mir hunn den Tierken ugebueden, 2004, nodeem mir, wéi ech dat gesot hunn, 2002 an och scho virdrun, wéi Dir sot, 1963 ass et ugaangen, Hoffnung gemaach hunn, datt mir enges Daags d’Verhandlungen ufänken, ob e Bäitrëtt méiglech ass. Do dierf een d’Flemm net kréien. Och d’Tierken, mengen ech, si Leit, déi extrem gutt Diplomaten hunn an déi wëssen och, wéi se solle reagéieren. Si sollen net iwwerdreiwen, a mir sollen awer och eis Aarbecht hei maachen, fir datt mir an der internationaler Politik wéi e verlässleche Partner do stinn.

Frank Kuffer: Vläicht nach kuerz. Éisterräich, hu si Conditioune gestallt? Ass et vläicht och wéi et op den Agencë geheescht huet, datt si fuerderen, datt emol déi Gespréicher mat Kroatien méi konkret viru ginn?

Jean Asselborn: Jo, mir sollte jo gëschter an haut eigentlech zwou Saache maachen. D’Tierkei, de Cadre de négociations unhuelen. A mir sollten och selbstverständlech nach eng Kéier schwätzen iwwert de Problem vu Kroatien. Mir sollten de Moien elo um halwer zéng eng Task force hunn, dat heescht, do ass Éisterräich dobäi, England, Finnland a Lëtzebuerg, fir ze kucken, wéi wäit steet et mat der Zesummenaarbecht tëschent Kroatien an dem Tribunal vun Den Haag? D’Madame Del Ponte ass invitéiert, mä déi huet scho gesot kritt, si bräicht de Moien net ze kommen, si géif de Moien héchstwahrscheinlech net drukommen. De Premierminister vu Kroatien ass hei am Hotel, dee waart drop. Ech hoffen, datt mir a Saachen Tierkei de Moien zu enger Conclusioun kommen, an datt mir de Mëtteg och kënnen iwwer Kroatien schwätzen. Et wier ideal a mengen Aen, ideal, wierklech, wann een déi zwee Problemer kéint positiv haut op déi Schinne setzen, déi äis géifen an Europa viru bréngen.

Frank Kuffer: Jean Asselborn, bonne chance da fir haut, a villmools Merci, datt dir trotz deem chargéierte Programm de Moien an de Studio komm sidd.

Jean Asselborn: Merci.

Dernière mise à jour