Jeannot Krecké au sujet de l'actualité politique

Marc Linster: Gudde Mëtteg am Background, haut am Gespréich mam Jeannot Krecké. De 55 Joer alen LSAP-Politiker ass zanter zejoert Minister fir Economie a Sport. Eisen Invité huet op der Université libre de Bruxelles studéiert a war Sports­proff a verschiddene Lycéeën uechter d’Land. Dertëschent huet hee kuerz Zäit am Sportsministère geschafft. De Jeannot Krecké ass scho ganz laang an der Politik. Fir d’LSAP souz hien um Krautmaart an der Chamber a war och do Fraktiounschef. Erfahrungen huet eise Gaascht awer och an de Gemengeréit vu Koplescht an an der Stad Lëtzebuerg gemaach. De Jeannot Krecké huet och Experienz am Privatsecteur als Consultant bei enger Partie grousse Fiduciairen an en ass Auteur vun zwee Bicher, engem iwwert d’Steieren an engem iwwert de Fonctionnement vun der Chamber. A last but not least, ass de Minister keen Onbekannten a Sportskreeser. A senger Jugend huet hien nämlech Futtball gespillt a war duerno Spillertrainer. Mat him schwätze mer haut iwwert d’Aktualitéit vun der Woch, iwwert seng Aufgaben als Wirtschaftsminister, iwwer Sport an och iwwer seng Privatsäit.

Noriichtentitelen

Marc Linster: Invité am Background am Gespréich ass haut de Mëtteg de Wirtschafts- a Sportminister, Jeannot Krecké. Gudde Mëtteg.

Jeannot Krecké: Gudde Mëtteg.

Marc Linster: Dës Woch gouf d’Aktualitéit heiheem net nëmme vun de Koalitiouns­verhandlungen an eise Gemengen, mä och virun allem vum Staatsminister senger Declaratioun iwwert d’Prioritéite vun der Regierungspolitik dominéiert an an där Ried huet de Jean-Claude Juncker ganz kloer annoncéiert, datt et zu Lëtzebuerg net esou viru kënnt goe wéi bis elo, mä datt eist Land Reformen an Adaptatioune brauch. Et steet och fest, datt de Staat zolitt spuere muss. Diane, du resuméiers äis nach emol d’Schwéierpunkter aus dem Staatsminister senger Declaratioun.

Resumé vun dem Staatsminister senger Déclaration de politique générale.

Marc Linster: Jeannot Krecké, verschidden Aussoe vum Staatsminister mussen Iech jo Satisfactioun ginn hunn. Dat hutt Dir och de Mueren an Ärer Ried op der Foire net verstoppt, well an de leschte Méint hat een éischter d’Impressioun, datt Dir, wat déi economesch Situatioun vu Lëtzebuerg ubelaangt, einsame Rufer an der Wüst waart, oder?

Jeannot Krecké: Jo, ech hu gemengt, et wier meng Pflicht op eng Rei Saachen hin­ze­weisen. Ech hu festgestallt, datt eenzelne vu mengen Aussoen zu deem Zäitpunkt net salonfäheg waren. Et sinn eng Rei Leit, déi ganz schlëmm Kritiken u mir geübt hunn, ech géing alles schwaarz molen an ech hätt kee Sënn fir Realitéiten. Ech iwwerloossen elo de Leit ze jugéieren, ob meng Proposen, ob meng Wierder, déi ech gebraucht hunn, ob déi net awer vläicht richteg waren, well et ass evident, an de Staatsminister huet dat jo ugedeit, datt opgrond alleng vun der budgetärer Situatioun, mä och vun der Entwécklung wat d’Wirtschaft ubelaangt, mir eng ganz Rei Saache mussen ënnerhuelen. Et ass jo net, datt mir kee Potenzial hätten, dat hunn ech de Moien och kloer ënnerstrach, mä mir mussen dat awer emol ausnotzen.

Marc Linster: Dir fäert also net, Dir géift riskéieren, datt et Iech geet wéi dem Kassandra, dat jo um Enn net méi do war?

Jeannot Krecké: Ben, ech hoffen net. Ech weess net, ob schonn d’Zäit komm ass fir mech ofzeléisen, dat mussen d’Bierger entscheeden, mä ech mengen, fir de Moment hunn ech nach Aufgabë viru mer an ech hunn och wëlles, nach eng Zäit do ze bleiwen.

Marc Linster: Och a Saachen Index hutt Dir Iech an der Regierung anscheinend duerchgesat, well virun e puer Wochen huet de Premier jo nach eppes ganz anescht gesot an en huet Iech quasi am Ree stoe gelooss?

Jeannot Krecké: Et war esou, datt op de Petrolsprodukter an der Regierung mer een anere Wee gaange sinn a gesot hunn, déi ginn net ausgeschloss, mä ech mengen awer op deenen zwee anere Punkte sinn dat Elementer, déi ech awer esou ënnerstrach hunn a wou hien och net elo onbedingt gesot huet, e wier do dogéint. Mä ech mengen, jiddweree vun äis huet elo gemierkt, datt mer eng héich Inflatioun hunn an datt et net méi duergeet, datt mer soen, mir mussen d’Inflatioun erofkréien. Mir mussen dann och déi Instrumenter an déi Hiewelen usetze fir dat ze maachen. Et ass net esou wéi eenzel Leit mengen, datt mir muer kënnten hei e Preisamt erëm aféieren. Dat gëtt et net, dat kënne mer éischtens net maachen, an zweetens géing et och näischt bréngen. Et bréngt een et net fäerdeg à terme, dat mierkt een, ech denken un d’Taxispräisser déi mer hei hunn, déi si wuel reglementéiert, mä à terme bréngt een et fäerdeg iwwert dee Wee hinzegoen an déi Präisser erofzekréien. Et ass d’Konkurrenz, déi effektiv dat ka bréngen, an da muss een awer och een Appel maachen un eng ganz Rei Acteuren. Ech fannen et net normal, datt jiddwereen deen elo iwwert seng Präisser kuckt, ëm 2,5% déi an de Servicer an an de Produkter an d’Lut setzt, et ass jo awer net 2,5% Lounkäschten, déi an deene Fraisë leien. Dat fannen ech einfach net normal an do läit eng vun den Ursaachen. Wann elo eng Indextranche ass, huet jiddwereen esou zimlech seng Servicer a seng Produkter ëm 2,5% an d’Lut gesat an dat ass absolut onsënneg.

Marc Linster: Opgefall ass och, datt wéi Dir verschidde Saache kloer mam Numm genannt hutt virun e puer Wochen, datt ee grousse Gewerkschaftsboss, fir en net mam Numm ze nennen, de Robert Weber vum LCGB, Iech schaarf kritiséiert huet. Elo op eemol, no der Ried vum Här Juncker an der Chamber, huet den LCGB e Communiqué erausgi wou de Premier félicitéiert gouf. Wat sot Dir dozou?

Jeannot Krecké: Ech hunn dat mat Satisfactioun festgestallt. Mäin Erstaunen ass natierlech grouss, vu datt ech genau déiselwecht Proposen, exakt déiselwecht hat, nämlech, ech hunn och gesot, datt den Index fir mech een Instrument ass, wou de soziale Fridden hei zu Lëtzebuerg garantéiert ginn ass, an datt mer dat Instrument mussen oprecht erhalen. Ech hu just gesot, datt mer eng Rei Elementer, déi schwéier verständlech sinn, fir Leit déi hei wëllen investéieren, datt mer dat mussen iwwer­denken. Méi hunn ech net gesot wéi dat wat de Premier gesot huet, mä d’Kritik vis-à-vis vu mir war eng aner wéi vis-à-vis vum Premier, mä dat musst Dir den Här Weber selwer froen.

Marc Linster: Wann een dem Premier seng Declaratioun ënnert d’Lupp hëlt, gëtt kloer, datt d’Regierung zwar substanziell Reformen duerchzéie wëllt, mä datt et awer net zu engem soziale Kalschlag komme soll. Mä ass dann Ärer Meenung no dee Spagat an der Praxis awer ze maachen?

Jeannot Krecké: Ech menge schonn, mir hunn ee ganze Sputt nach vu Méiglech­keeten, wou mer einfach op eng verstänneg Aart a Weis, doduerch datt mer mat de Leit schwätzen, hinnen och erkläre wat d’Situation ass, ech mengen de Budgets­minister wäert och d’nächst Woch domadder ufänken, de Leit erklären, wéi d’Situa­tioun ass an da ginn ech dovun aus, datt mer genuch Verstand hei zu Lëtze­buerg hunn, fir dann och op Solutiounen ze kommen.

Mir hu Sputt fir et ze maachen, mä et muss kloer sinn, dat wat mer elo mussen ënnerhuelen ass meeschtendeels eppes, wou mer och musse gesetzgeberesch virgoen, dat heescht et ass net einfach, datt am Budget dat nach ka gestrach ginn, mä do mussen d’Gesetzer ëmgeännert ginn, well soss packe mer et net, an déi Entwécklung, déi mer elo am Budget kennen, déi ass einfach kloer. Ech mengen, mir hu vis-à-vis vun de Maastricht-Critèren, wou et maximum minus 3% ka sinn a wou een awer muss minus 1 ustriewen, dat ass dat wat d’Vorgabe ass, si mir fortgaange bei plus 6,1 am Joer 2001 a graduell erofgaangen an hunn elo misste minus 2,3 gegebenefalls fir 2005, d’Chiffre sinn nach net kloer, mä et ass eng Fourchette op alle Fall ugedeit an d’Kommissioun huet déi Zuelen, an huet Lëtze­buerg natierlech och gefrot, wéi mer gedenken do weiderzefueren. Duerfir musse mer eppes ënnerhuelen. Mir stinn an der Pflicht dat ze maachen. Laang Zäit ass gegleeft ginn, et kéim iergendwéi e Changement, dee géing mat sech bréngen, datt mer erëm esouvill Plusvaluë géinge fueren, dat heescht, datt mer esouvill méi géingen erakréie wéi mer geduecht hunn, dat ass net de Fall an dat wäert och muer net de Fall sinn.

Marc Linster: Sinn déi noutwenneg Reformen éischter mat enger grousser Koa­litioun duerchzezéien? Ass dat méi einfach wéi fir eng aner Regierung, well Dir hutt jo awer trotzdeem, wann et wierklech drop ukënnt, och déi zwou grouss Gewerk­schaften hannerun Iech?

Jeannot Krecké: Dat muss sech eréischt erausstellen, well déi Gespréicher gi jo eréischt un. Ech mengen, et muss een eng breet Majoritéit hunn op alle Fall fir dat do unzegoen.

Marc Linster: Vum Patronat krut Dir jo och Applaus.

Jeannot Krecké: Jo, ben, ech mengen och, si musse mer u Bord hunn a mir musse virun allem, mengen ech och, déi, déi esouguer an der Oppositioun sinn, kënnen iwwer­zeege vun der Noutwendegkeet vun deem, wat mer elo maachen. Ech mengen, hei geet et net drëm, datt am Hauruck d’Regierung mat senger Majoritéit eppes probéiert duerchzesetzen. Mir musse probéieren d’Leit iwwerzeegt ze kréien, datt wierklech Handlungssbedarf ass a mir musse virun allem ënnersträichen, wat mer alles kënne maachen. Mir kënne Villes maachen, mä mir mussen et wëllen, endlech.

Marc Linster: Nach kuerz zur Method, mir mussen nodenken, Dialog, Verhandlung a Moderatioun, verhandelen, verhandelen, mir musse schwätzen, mir mussen a rouege Gespréicher diskutéieren. 86 mol huet de Premier a senger Interventioun Termë wéi Dialog, Verhandlungen a Moderatioun gebraucht. Wat ass da wann et awer net zu Léisungen am Konsens kënnt? Wéi laang gëtt d’Regierung sech Zäit ier se hir Responsabilitéit iwwerhëlt an Neel mat Käpp mécht? Wéini ass d’Deadline?

Jeannot Krecké: Jo, d’Deadline ass am Laf vum nächste Joer, well mir kënnen net nach eng Kéier Budgetsdiskussiounen ugoen, wéi dat dëst Joer de Fall war an duerfir ass am Prinzip jo no eisem Schema et esou, datt mer am Mee grouss Indika­tioune gi wéi de Budget vum Joer duerno ausgesäit. Dat heescht, am Mee 2006 soe mer in etwa wéi mer gedenke virunzegoen am Joer 2007, esou datt d’Deadline bal op der Hand läit, datt bei der Declaratioun zur Lag vun der Natioun u sech déi Gespréicher bis dohinner mussen esou kloer verlaf sinn, datt ee weess, wou een higeet.

Marc Linster: Den nächste Mëttwoch gëtt de Budget fir 2006 presentéiert, ech weess de Budgetsminister ass nach amgaangen un deem Projet ze dokteren an ze ficeléieren. Dir kennt wahrscheinlech nach net de leschten Detail, mä et kann een awer wuel dovunner ausgoen, an dat huet de Premier jo och schonn ugekënnegt, datt et ganz ganz enk gëtt.

Jeannot Krecké: Jo, et ass ganz enk, ech mengen, et gesäit een et an der Ent­wéck­lung an alleng dat, wat de Budgetsminister erausfonnt huet, mengen ech, geet duer fir dem Land kloerzemaachen, datt op alle Fall de Status quo keng Alternative méi ass.

Marc Linster: Mir hunn et scho gesot, haut fänkt d’Hierschtfoire un. 435 Entreprisen aus 9 Länner stellen do bis e Sonndeg aus. Et ass och eng Traditioun, datt de Wirtschaftsminister op der Foire ëmmer de Point a Saache Letzebuerger Economie mécht an dat war och de Moien esou. Nei war awer dëst Joer, datt de Premier seng Declaratioun iwwert d’Prioritéite vun der Regierung an derselwechter Woch ge­maach huet wéi de Wirtschaftsminister seng Iwwerleeungen op der Foire an opgefall dobäi ass, datt de Staatsminister éischter méi ee schwaarzt Bild gemolt huet. De Wirt­schaftsminister dee, wéi gesot, déi lescht Méint méi wéi eemol d’Land gewarnt a gerëselt huet, huet fir säin Deel de Moie méi optimistesch Téin ugeschloen. De Jeannot Krecké sot ënnert anerem, datt Lëtzebuerg enorm Chancen a Potenzial fir d’Zukunft huet. Zwee Stëchwierder hunn am Minister senger Ried ervirgestach.

Reportage iwwert dem Wirtschaftsminister seng Ried bei der Ouverture vun der Foire an ee Commentaire vum Guy Kayser zur Wirtschaftspolitik

Marc Linster: Ech wëll elo mol hei direkt de Sujet vun dem Guy Kayser sengem Commentaire opgräifen, dat heescht d’administrativ Schikanen. Dir hutt de Moien eng seriös administrativ Reform an Ärer Ried gefuerdert. Datt do eppes geschéie muss, ass awer zanter Jore gewosst a mir haten esouguer mol ee Staatssekretär, deen duerfir zoustänneg war. Wéisou ass da biswell ënnert der virrechter, mä och ënnert der aktueller Regierung nach näischt Konkretes geschitt?

Jeannot Krecké: Et ass ganz schwiereg, Saachen do ze bewegen. Ech muss soen, datt och ech hu misste Léiergeld bezuelen, datt ech mierken, datt Villes wat ech mer virstellen einfach schwiereg ass. Do si Leit, déi si scho laang en place an et ass schwiereg, déi ze bewegen. Déi hu jo och net d’Impressioun, si hätten elo hiert Liewe laang alles falsch an alles schlecht gemaach, si hunn och heiansdo einfach Gesetzes­­texter déi se applizéieren, duerfir soen ech, am Ausland sécherlech, soen ech, hätte mer kuerz Weeër an et wier immens praktesch hei zu Lëtzebuerg, mä ech weess awer an der Realitéit, datt dat net esou de Fall ass, mä ech ginn d’Hoffnung net op, datt mer awer dohinner kommen. Firwat hunn ech gesot, déi Ried, déi ech haut gehalen hunn, géing sech haaptsächlech konzentérieren op déi Punkte wou mer wierklech Handlung selwer nach kënne bestëmmen? Mir hunn d’leschte Kéier, bei der Fréijors­ried hunn ech e bësschen erzielt, wat d’economescht Ëmfeld ass, wat mer net vill beaflossen, mä mir hunn e puer Punkten, déi mir wierklech kënne beaflossen. Dat war laang Zäit vläicht net esou wichteg, duerfir ass och menger Meenung no net vill geschitt, mä dat gëtt elo existenziell.

Wa mer dat net ronn bréngen, da froen ech mech, wat ech dobaussen nach erzielen? Wa mir et net fäerdeg bréngen, datt mir gutt Connectivitéiten am Energie­beräich hunn, wa mir et net fäerdeg bréngen, datt mir kënnen Zones industrielles ubidden, wou d’Leit sech kënnen etabléieren a wou se net jorelaang amgaange si Pro­ze­duren ze duerchlafen, wa mir net kënnen higoen an hinnen effektiv déi Proze­dure méi kleng maachen, da muss ech soen, da weess ech net méi, wat mer kënnen ubidden, well an de Steiere si mer scho längst net méi esou staark wéi déi aner, mir hunn net vill direkt Staatshëllefen, déi mer kënnen ubidden, dat gëtt well verbueden, et bleiwen net vill Atouten, awer déi musse mer vill méi konsequent ausnotzen. Do läit jo eben dat Potenzial, sot ech. Ech fannen, datt mer Villes an deene Jore virdrun net gemaach hunn. Wa mer dat alles elo géingen opschaffen, dat gi mer op eemol schrecklech efficace. Mä mir mussen et maachen.

Marc Linster: Jo, mä ganz konkret, wee muss dann eppes maachen? Et kann een et jo awer net nëmmen op d’Beamten aus der Administratioun schieben. Et muss jo och ee politesche Wëllen do sinn.

Jeannot Krecké: Majo, dat gëlt fir se alleguerten, dat geet vun de Ministeren erof bis bei d’Beamten, dat geet bis an d’Chamber, wou och jiddweree sech muss bewosst sinn, datt all Kéiers wann eng Directive kënnt, all Kéiers wa mer eppes maachen, musse se sech d’Fro stellen: ass dat do an deem Mooss, wéi ech elo amgaang sinn dat nach eropzeschrauwen, ass dat noutwendeg, musse mer dat do esou maachen, kënne mer näischt méi einfach maachen, mat wat kënne mer ophalen? Also, ech muss soen, et leien eng ganz Rei Saachen um Dësch, mir musse se maachen. Mä mir hunn de Courage am Moment net, an ech mengen, d’Erkenntnis war net do, datt dat ee vun deenen eenzegen Atouten, eng vun deenen eenzegen Nischen nach de Souveraineté, wou mer selwer decidéieren, d’Prozeduren déi leien an eiser Hand, wou mer selwer décidéieren, wéi mer virginn an dat Potenzial ass risegrouss. Wa mer dat net notzen, dann ass äis net ze hëllefen.

Marc Linster: Apropos Courage, wär et an dësem Kontext net méi einfach, wann d’Economie an de Mëttelstand an der Hand vun engem an deemselwechte Minister, dem Economiesminister wieren?

Jeannot Krecké: A mengem fréiere Liewen hat ech selbstverständlech déi do Meenung, ech bleiwen och bei där, mä an der Reigerung hu mer anescht decidéiert. Mir hunn an der Reigerung anescht decidéiert an ech stinn dozou, mä dat ännert näischt u menger Meenung.

Marc Linster: De Premier an och Dir selwer hutt elo de Moie gesot, eng wichteg Prioritéit wier et, Spëtzebetriber a puncto nei Technologien op Lëtzebuerg ze brén­gen. Esou Betriber, dat hutt Dir, mengen ech, och emol an der Vergaangenheet gesot, schafen awer net vill Aarbechtsplazen. Wär et do net ubruecht, emol erëm Entre­prisen an d’Land ze lackelen, déi och méi Personal brauchen, oder kommen där iere keng méi? Ass et vill méi schwiereg gi fir nach esou Betriber an d’Land ze huelen?

Jeannot Krecké: Mir sinn ee Land, wat relativ héich Léin huet, duerfir sinn eng ganz Rei industriell Betriber einfach net méi intresséiert op Lëtzebuerg ze kommen.

Marc Linster: Brauche mer da méi niddreg Léin?

Jeannot Krecké: Nee, mir mussen einfach kucke Saachen unzezéien, déi méi eng grouss Wäertschöpfung beinhalten, da kann een och mat relativ méi héige Léin fueren. Ech mengen, et wier sënnlos elo eng Konkurrenz opzebaue vis-à-vis vun der Slowakei, Polen, Ungarn an esou weider. Ech mengen, dat gëtt einfach kee Sënn. Mir mussen aner Secteure beackeren. Mir mussen awer och da manner glott ginn. Mir mussen eenzel Saachen [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Wat heescht dat?

Jeannot Krecké: Majo, ech mengen, mir hu laang Zäit eng ganz Rei Saachen hei zu Lëtzebuerg net gewollt.

Marc Linster: Zum Beispill?

Jeannot Krecké: Mir hu beispillsweis an der Logistik näischt developpéiert, well déi meescht Leit mengen, dat wier eppes wat si an hirem dagdeegleche Liewe géing stéieren, mä mir hunn, ech hunn dat anert Beispill elo scho ginn, mir hunn am Energieberäich eng ganz Rei Saachen net gemaach, et war och vläicht net den Drock esou do fir et ze maachen. Mä elo ass den Drock do, mir hunn eng Etude gemaach an d’Potenzial vun der Logistik ass risegrouss. Logistik heescht jo net, datt duerfir muss noutgedrongen ee Camion méi fueren, mä datt mer mol endlech mat Saachen, déi mer hei op Lëtzebuerg bréngen, eppes méi maachen, wéi se just auspaken an erëm fortschécken.

Mir kënnte mat der Cargolux, als ee vun de grousse Partner, mä Dir wësst, laang war d’Fracht kee wëllkommene Wirtschaftszweig, mä do kënnte mer Munches maachen. Dir wësst, 98% vun deem wat erakënnt, dat geet esou eraus, ouni datt iergendeppes geschitt. Et kéint ee sech virstellen, datt ee mat engem Deel dovunner een neien Handling mécht. Wann eppes aus China kënnt, datt mer eis Modes d’emploi hei an Europa dohinner maachen, datt Certificatiounen drop gemaach ginn, datt se frësch agepaakt ginn, datt se anescht agepaakt ginn. Do sinn zum Deel ganz héichwerteg, héichqualifizéiert Leit erfuerdert, zum Deel och manner qualifizéiert Leit erfuerdert. Duerfir, dat wat mer a klasseschen industrielle Betriber net méi esou fannen, musse mer an anere Wirtschaftszweiger erëmfannen. Well mir musse jiddwerengem d’Méiglech­­keet ginn, dem Ingenieur, dem Handwierker an deem, dee leider vläicht d’Chance net genotzt huet, fir eng Formatioun ze hunn, och deem musse mer eng Aarbecht kënne bidden.

Marc Linster: Wéi eng Virstellung huet dann de Wirtschaftsminister, en huet jo op der Foire elo de Moien nach ee Chiffer genannt an zwar dee vum Chômagetaux, wat wëllt en da maache fir dee Chômage ze reduzéieren, wat sinn dann do d’Méiglech­keeten? Oder ass et net esou, datt mer mëttlerweil ee Sockel vun Aarbechtsloser hunn, déi einfach net méi ze vermëttle sinn an datt mer ganz einfach d’Frontalieren an aner Auslänner brauchen?

Jeannot Krecké: D’Konkurrenz um Aarbechtsmaart ass ganz grouss a virun allem stinn eis Leit a Konkurrenz, déi keng Aarbecht hunn, stinn a Konkurrenz mat Leit, déi ganz oft eng Aarbecht hunn an ebe just op Lëtzebuerg wëlle schaffe kommen, fir ee bessere Loun ze hunn. Duerfir si si mat Héichqualifizéierte ganz oft a Konkurrenz. Ech hunn een zweete Chiffer genannt, nämlech dee vun iwwer 8 700 nei Aarbechtsplazen, déi trotzdem hei zu Lëtzebuerg entstane sinn. Ech si mer bewosst, datt der do eng Rei drënner sinn, wou, loosse mer soen, net een heihinner komm ass a gesot huet, ech schafen elo 200 Aarbechtsplazen, mä en huet der vläicht ee guden Deel scho matbruecht, mä et bleift awer dobei, datt am Moment eng ganz Rei Aarbechtsplaze vu Leit, déi hei zu Lëtzebuerg wunnen, net besat ginn. Dat bréngt mat sech, datt mer weiderhin op Grenzgänger musse bauen, dat bréngt mat sech, datt mer weiderhin de Problem kréien, datt déi Leit ebe grouss Weeër musse maachen, datt dat vill Traffic generéiert an datt et besser wier, wa mir eisen Taux d’emploi, dat heescht déi Leit, déi hei zu Lëtzebuerg sinn, wa mer dee kënnen an d’Lut dreiwen, wa mer kënnte méi Leit an déi do Plaze brénge wou Aarbechtsplaze sinn.

Marc Linster: Wat misst dann do geschéien?

Jeannot Krecké: Also, ech mengen, et dierft net méi esou sinn, datt d’Lëtzebuerger nach just a Richtung ëffentlech Fonctioun sech orientéieren, just nach wëlle bei de Gemenge schaffen. Mir hunn Aarbechtspalzen, och am industrielle Beräich. Sécher­lech, dat geet net ouni Schichte schaffen. Dat geet net ouni Samsdes a Sonndes schaffen. Mä wa mir net méi wëlle Samsdes, Sonndes schaffen, keng Schichte méi schaffen, majo, da komm mir soen direkt, mir wëlle keng Industrie méi. Well wa mer déi Plazen net wëllen och mat Lëtzebuerger besetzen, da feelt awer eppes hei zu Lëtzebuerg an der Mentalitéit, an ech mengen, d’Zäite si komm, wou dat méi schwie­reg gëtt an duerfir musse mer manner glott sinn, dat heescht, mir mussen och emol Saachen unhuelen, mir mussen och emol eng Kéier zwee Kilometer méi wäit fuere fir op eng Aarbechtsplaz ze kommen, an dat sinn alles Elementer, mengen ech, iwwer déi mer an der nächster Zäit net nëmmen dierfen diskutéieren, mä och mussen handelen.

Marc Linster: Dir maacht vu muer un nees eng gréisser Prospektiounsrees an Amerika, hutt Dir do schonn deen een oder anere Fësch un der Angel oder ass dat wierklech reng Prospektioun?

Jeannot Krecké: Et ass zum Deel reng Prospektioun, et ass zum Deel awer och bei Leit goen, déi schonn zum Deel hei zu Lëtzebuerg sinn. Wësst Dir wann DuPont decidéiert huet, datt se elo e Wierk, wat an der Belsch, mir schwätzen ëmmer vun Delocalisatioun, mä mir praktizéieren se och massiv zu eise Gonschten, wann DuPont do decidéiert fir bei äis op Lëtzebuerg dat Wierk ze huelen, dann ass dat well mer a leschter Zäit mat DuPont Gespréicher haten a gewisen hunn, datt mir si wëllkomm hei heeschen an hinne wëllen entgéintkommen. Duerfir, et heescht och déi Betriber, mir gi bei Husky, mir gi bei Goodyear, bei déi Betriber goen, déi schonn  hei zu Lëtzebuerg sinn, fir deenen och all Kéiers erëm an Erënnerung ze ruffen, wat Lëtzebuerg ka bidden an ëmmer erëm seng Visitekaart do ze loossen. Et dierf een och net vergiessen, do changéiert de Management och permanent an do si Leit, déi op eemol Lëtzebuerg net méi op hirer Kaart hunn an duerfir muss een dat ëmmer erëm an Erënnerung bréngen, duerfir wäerten et nei Betriber sinn, duerfir wäerten et Betriber sinn, déi mer scho kennen, dobäi sinn der, wou mer méi konkret scho virgoe kënnen an dobäi sinn der awer eng Rei wou mer just reng prospektiv sinn, notamment am ganze Beräich vun der Pharmaindustrie.

Marc Linster: Ee lescht Wuert nach ier d’Neiegkeete kommen, kann ee Wirtschafts­minister hautdesdaags dann iwwerhaapt nach vill bewierken? Ass heen net einfach, Dir hutt et schonn e bësschen ugedeit, à la merci vun den auslänneschen Deci­siouns­zentrale vu grousse Boiten?

Jeannot Krecké: Et sinn eng ganz Rei wirtschaftlech Secteuren, wou d’Decisiounen net zu Lëtzebuerg geholl gin, mä duerfir geet et jo och net duer, datt een d’Betriber hei zu Lëtzebuerg, am Fong geholl mat deenen a gudde Relatiounen ass, mä et muss een och mat deenen Zentralen a gudde Relatioune sinn, an duerfir probéiere mer jo och ëmmer op déi eenzel Plazen ze goen, ëmmer erëm deen allerieweschte Chef vun der Entreprise, vun enger grousser Multi ze gesinn, a fir deem nach eng Kéier z’erklären, firwat datt Lëtzebuerg en intressanten Terrain kënnt sinn.

Marc Linster: No enger kuerzer Paus an dem Noriichteflash schwätze mer mat eisem Invité Jeannot Krecké ënnert anerem iwwert d’Gemengepolitik, Sport an och e bëssen iwwert seng Hobbyen.

Nooriichten

Marc Linster: Invité am Studio ass haut de Sports- a Wirtschaftsminister Jeannot Krecké. Mam Jeannot Krecké kommentéiere mer elo an den nächste Minutten d’Gemengepolitik, de Sport an och schwätze mer nach iwwert seng Hobbyen. Nieft der Declaratioun iwwert d’Prioritéite vun der Regierung huet nämlech een anere Sujet d’Aktualitéit hei zu Lëtzebuerg dës Woch dominéiert, d’Gemengewahlen an den Intressi un deene Gemengewahlen,a ganz besonnesch deenen an der Stad,war immens grouss. Um Enn huet d’DP ronderëm de Paul Helminger däitlech d’Nues virbehalen. Grouss Gewënner waren awer déi Gréng, déi am Verglach mat 99, dräi Sëtz dobäi gewonnen hunn. D’CSV war ugetruede fir den neie Buergermeeschter ze stellen. Dorauser gouf näischt, am Géigendeel, d’Partei sëtzt, obwuel si prozentual keng Stëmme verluer huet, deemnächst op der Oppositiounsbänk.

Reportage vum Henri Eippers iwwert d’CSV an der Oppositioun an der Staater Gemeng.

Marc Linster: Jeannot Krecké, DP-Gréng, ass dat eng Koalitioun contre-nature, wéi de Laurent Mosar dat behaapt huet?

Jeannot Krecké: Nee, ech mengen op lokalem Plang an an de Gemengen, mä och esouguer op nationalem Plang gëtt et net vill contre-nature. Et si Saachen, déi de Wieler gär hätt, déi e weist iwwert de Wee, wéi e säi Vote expriméiert an ech mengen, datt dat, wat de Paul Helminger proposéiert huet, mengen ech, säi Sënn gëtt. Déi Gréng hu vill zougeluecht hei an der Stad an ech fannen et richteg, datt se dann och een anere Wee ginn.

Marc Linster: An der Stad huet Är Partei ouni Grosses têtes Krecké, Delvaux a Goebbels bei de Gemengewahlen absolut keng Roll gespillt. D’Staater LSAP läit zimlech um Buedem. Wéisou hutt Dir nom Regierungswiessel hei de Renouveau verpasst?

Jeannot Krecké: Et ass net ëmmer esou einfach, e Renouveau ze kréien. Ech mengen, mir aner ware laang op där Plaz do.

Marc Linster: Ze laang?

Jeannot Krecké: Jo, mä kuckt, wéi de Robert Goebbels sech zréckgezunn huet, huet ee jo gehofft, et géingen nei Leit sech och opbauen an an een neie Rôle erawuessen. Et geet net duer, datt een heiansdo sech zréckhält, et muss een och op eemol Chance hunn, datt Leit sech profiléieren. Ech menge schonn, datt mir eng Lëscht hunn, déi qualitiativ wierklech ganz gutt war. D’Leit sinn net genuch bekannt fir hir Qualitéiten an da muss ech soen, wat natierlech ëmmer erëm festzestellen ass, also wann ech Buergermeeschter sinn, wann ech an der Majoritéit sinn an ech maachen net just déck Feeler, dann ass et bal net méiglech fir een aus den Hiewelen ze huelen. Déi Gréng hunn an eenzelne Gemenge vill zougeluecht, mä et muss een awer och soen, an deene Gemengen, besonnesch a grousse Gemenge wou se an der Responsabilitéit sinn, mierkt een, datt se net zougeluecht hunn, duerfir, et ass esou, datt wann een eng nei, eng jonk, eng modern Partei wëllt si wéi déi Gréng, datt een natierlech de Wieler mat Momenter kann drop uschwätzen, mä datt wann ee bis an der Responsabilitéit ass, muss een natierlech och Decisiounen huelen, déi heian­sdo desagreabel sinn, well ee jo och Kompromisser muss agoen an dat ass, menger Meenung no, den A und O. Mir hunn als Sozialisten a ville Gemenge ganz oft eng Vergaangenheet, wou mer Decisioune geholl hunn, déi de Leit net ëmmer gefall hunn, déi vläicht awer richteg waren an doduerch, muss ech awer soen, datt iwwert d’Land mir awer wierklech déi sinn, déi am meeschten zougeluecht hunn. Mir hunn natierlech e bësschen ee Schwaachpunkt an eenzelne [gëtt ënner­brach]  

Marc Linster: Am Zentrum?

Jeannot Krecké: An eenzelne Regiounen. Dir hutt et ugeschwat, am Zentrum. Ech mengen, ech si frou, datt zu Stroossen an zu Hesper mer elo ee méi am Gemengerot hunn. Ech si manner frou, datt mer ee verluer hunn zu Nidderanven an och zu Bartreng. Mir hunn äis consolidéiert, mengen ech, zu Walfer, dat ass scho gutt, mä et ass richteg, datt mer net deeselwechten Erfolleg hu wéi op anere Plazen. Mä den Nodeel ass, datt mer an all deene Gemengen am Fong geholl, an all deene Joren, ni méi de Buergermeeschter gestallt hunn, an et ass de Buergermeeschter dee wierk­lech zitt. Deen huet d’Méiglechkeeten, a wann deen och wierklech eppes mécht, dann ass et ganz schwéier aus der Oppositioun eppes ze maachen. An duerfir, hei hu mir déi Traditioun net, datt mir d’Buergermeeschtere gestallt hunn am Zentrum, an duerfir hu mer esouvill Schwieregkeeten. Kuckt, de Jempy Klein, dee mécht dat gutt zu Steesel, deen ass a Majoritéit a firwat geet dat wat zu Steesel, geet zu Lëntgen net a firwat geet et gegebenenfalls zu Bartreng net? Et ass vill eng Saach vu Persounen an hee mécht eng exzellent Aarbecht a beweist, datt et och am Zentrum, wann een an der Majoritéit ass an een eng gutt Aarbecht mécht, datt een dann och Resultater huet.

Marc Linster: Riskéiert Är Partei net awer vläicht, e bësselche vill iwwerspëtzt formuléiert, eng Regionalpartei fir de Süden ze ginn?

Jeannot Krecké:  Ech mengen dat zwar net, mä sécherlech musse mer dru schaffen an de Problem ass e bësschen dee vun der Attraktivitéit vun eiser Partei hei am Zentrum. Dat wëll ech net verkennen. Ech mengen, mir hunn dat och an den Nationalwahle gesinn, datt mer net dee Schub kruten, dee mer äis hei am Zentrum erhofft hunn. Ech hoffen alt, datt mer vläicht awer lues a lues duerch eis Regierungs­bedeelegung elo hei de Leit awer kënne weisen, datt mer och wierklech eng Partei sinn, déi Iddien huet an net fäert fir emol d’Wouerechten ze soen, déi och nei Weeër wëllt goen an déi deem Land hei wierklech wëllt déi Dynamik ginn, déi noutwenneg ass fir erauszekommen aus där schwiereger Situatioun, wou mer elo sinn.

Marc Linster: Véierzeng Minutte bis eng, Invité am Studio ass de Wirtschafts- a Sportsminister. An, Jeannot Krecké, an der Sportswelt gëtt sech an deene leschten dräi Wochen dacks d’Fro gestallt, ob et eppes gëtt aus den neie Projeten aus der Kockel­arena asbl oder net. Och no de Gemengewahle sinn d’Meenunge kloer, d’Staater Gemeng seet nee, d’Kockelarena asbl fir hiren Deel ass awer iwwerzeegt, datt d’Iddi vun engem gedeckte Futtballstadion, kombinéiert mat engem Velodrome an enger Liichtathletikpist op der Kockelscheier, verstänneg ass.

Reportage vum Tanja Smagnotto iwwert d’Kockelarena

Marc Linster: Jeannot Krecké, Kockelarena, ass dat ee Projet deen Iech gefällt, deem Dir eng Chance gitt oder ass et just eng farfelu Iddi vun Ärem fréieren Akolit René Kollwelter, mat deem zesummen Dir um Ufank vun Ärer politescher Carrière méi wéi eng Biergerinitiative gegrënnt hutt?

Jeannot Krecké: Also, mäin Häerz wier jo frou wann esou eppes géing entstoen, mäi Verstand seet mer awer, datt dat vläicht am Moment net dran ass. Ech mengen, déi ugespaante Situatioun um Niveau vun de Staatsfinanze bréngt mat sech, datt mer eng Rei Prioritéite musse setzen.

Marc Linster: An do gehéiert d’Kockelarena net dozou?

Jeannot Krecké: D’Prioritéite wäerte sinn, Infrastrukturen déi et net ginn an déi absolut noutwenneg sinn, d’Prioritéite sinn déi, déi renovéierungsbedürfteg sinn, an ech mengen, dann eréischt komme vläicht déi Elementer, déi éischter mäin Häerz kënnten zefriddestellen an duerfir, ouni d’Gemeng leeft souwisou näischt, a beim Staat ass am Moment op alle Fall net drun ze denken, datt mir wesentlech kënnten ee Beitrag leeschte bei esou enger Operatioun. Dat do misst scho wierklech d’Gemeng duerchzéien. Mir hunn d’Moyens financiers am Moment net fir dat ze maachen. Ech si frou wann ech eng Rei wierklech elementar Bedierfnesser an eng Rei Gemenge mat ënnerstëtzen. Wann ech eenzel Aktivitéiten, wéi notamment de Cyclissem, och kann ënnerstëtzen, mä da mat [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Velodrome?

Jeannot Krecké: Dat mat Sécherheet net iwwert ee Velodrome, dat hunn ech hinne gesot. Dat gëtt héchstens eppes wou een eng Hal opriicht, eppes ganz Einfaches, wou een eng Pist drasetzt, wou wuel Cyclisten op héijem Niveau kënnen trainéieren, mä virun allem och aner Leit mussen et och kënne gebrauchen, soss huet dat absolut kee Sënn. Dat hei muss eppes si wat och fir de breede Sport am grousse Mooss ka gebraucht ginn an et muss ganz einfach sinn, well soss packe mer dat do net, mir hunn am Moment d’Moyenen net duerfir.

Marc Linster: Dir sot, et muss do investéiert ginn, oder et kann nach just inverséiert gi wou et noutwenneg ass. Wou ass et dann noutwenneg?

Jeannot Krecké: Ma ech hunn elo esou ee Beispill ginn, mir sinn och amgaangen eng Etude ze lancéiere fir ze kucken, wéi d’Situatioun um Terrain ass. Et ass komesch, datt et och esou eppes net gëtt, nämlech datt ee mol genau e Plang huet, wat gëtt et dorëmer, esou datt een net brauch Decisiounen an d’Blant ze huelen, mä datt ee kuckt opgrond vun den Elementer vum Aménagement du territoire, vun ele­men­tare Bedierfnesser vun de Gemengen, datt een do hëlleft an net do wou et net noutwenneg ass, wou d’Gemeng räich genuch ass fir et selwer ze maachen oder beziehungsweis well se amgaangen ass Saachen opzeriichten, déi net den elemen­tare Bedierfnessen entspriechen an datt dann anerer mol fir d’Éischt musse menger Meenung no eng Ënnerstëtzung kréien, déi déi op nach engem ganz aneren Niveau an de sportlechen Infrastrukture sinn. Well mir mussen dran investéieren, et ass och een Invest an d’Zukunft, een Invest an d’Gesondheet an et ass een Invest muer an d’Sécurité sociale. Deeës musse mer äis einfach bewosst sinn. Et geet net duer, datt mer soen, de Sport ass elo net méi wichteg, elo wou net méi genuch Suen do sinn. De Sport ass u sech wichteg, en huet eng enorm sozial Fonctioun, dat vergiesse vill Leit. Kuckt emol wéivill Leit do eng Beschäftegung hunn, eng sënnvoll Beschäfte­gung hunn, wéivill Leit do am Benevolat ronderëm sinn. Déi musse mer ënner­stëtzen. Mir dierfen déi net decouragéieren, well soss froen ech mech wou eis Jugendlech, eis Kanner muer de Wee fannen. Wat maache se dann? Dann trëlle se op der Strooss. Hei hu se eng sënnvoll Beschäftegung an déi sozial Fonctioun vum Sport dierf net vergiess sinn. Niewent där gesondheetlecher, mir sinn amgaangen eranzerëtschen a mir wäerten dat beweisen unhand vun enger Etude, an eng Gesell­schaft, déi d’Obesitéit wierklech bal zum Prinzip erhuewen huet an deem musse mer entgéintwierken. Dat kënne mer nëmmen duerch eng gesond Ernährung, dat kënne mer awer och duerch vill Aktivitéiten. Mir mussen de Leit Spaass ginn, fir datt se och, net nëmme wa se jonk sinn, mä och wa se méi al sinn, Aktivitéite maachen an déi Infrastrukturen, déi an déi Richtung ginn, musse mer erëm vill méi förderen.

Marc Linster: Eriwwer bei de Futtball, Äre fréiere Studiekolleg aus Bréisseler Zäiten, de Paul Philipp, huet jo d’Direktioun vun der Federatioun iwwerholl, hien huet um Poste vum Trainer den Alan Simonsen duerch de Guy Hellers ersat, mä resultats­méisseg kann een awer bei eiser Nationalequipe absolut kee Fortschrëtt feststellen. Sidd Dir der Meenung, datt déi finanziell Ënnerstëtzung, déi eis Futtballiste vum Staat kréien, an dësen economesch ugespaanten Zäiten nach ubruecht ass?

Jeannot Krecké: Et muss ee sech einfach d’Fro stellen, an Zäite wou mer besser Resultater gemaach hunn, war et ganz einfach esou, datt mer méi Profispiller aus dem Ausland haten, do huet een net vill bräichten ze hëllefen. Hei hëllefe mer. Et ass zum Deel eng Bouwenequipe, déi do ugetrueden ass elo de leschte Mëttwoch. Ech muss awer soen, datt se duerchwegs iwwer d’laang Zäit [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Si kréien awer vill Suen als Bouf.

Jeannot Krecké: Jo, mä déi Leit hunn awer iwwer laang Zäit och menger Meenung no proppere Futtball gespillt, an deem Match géint Estland, an ech muss soen, datt een hinnen eng Chance muss ginn, datt et esou Jonker sinn, mengen ech, ass der Wäert z’ënnerstëtzen. Ech gesinn de Sënn net an, mir gi jo och net direkt Suen deenen Eenzelnen, mir probéieren hinnen ze hëllefen iwwert de Congé sportif, mä mir probéieren haaptsächlech d’Ëmfeld och ze verbesseren, dat heescht, datt se an anstännege Conditioune kënnen trainéieren. Et muss een ofwaarden, wéi se sech entwéckelen, mä ech mengen, et soll een hinnen eng Chance ginn, an dat anert ass och e bësschen einfach. Mir hunn do gelieft vu Friichten, déi enzwousch anescht awer u sech hiren Ursprung haten, nämlech am Ausland.

Marc Linster: Wat muss da méi generell passéieren, fir datt de Futtball hei zu Lëtzebuerg sech erkritt an neess op d’Bee kënnt?

Jeannot Krecké: Mir mussen erëm Leit hunn, déi an d’Ausland spille ginn, déi gutt genuch si fir an d’Ausland spillen ze goen. Déi Futtballschoul, déi ass jo elo eréischt amgaange Resultater ze weisen. Et sinn der jo eng ganz Rei an der Nationalequipe elo dran, ech hu gesot, et si quasi nach Bouwen, esou jonk si se. An ech mengen, wann déi elo mol räif gi fir an d’Ausland an déi och wirklech do erëm an enger éischter Equipe an enger Profiliga spillen, da wäert Dir gesinn, da geet et hei ërem schnell biergop an dat ass dann déi Viraarbecht, déi mer geleescht hunn, déi mécht sech da bezuelt. Ech menge schonn, datt mer nach eng Méiglechkeet hunn, mä et gëtt vill méi schwéier wéi dat soss war.

Marc Linster: Zu eiser neier Formule vum Background gehéiert et, datt mer eisen Invité no sengem Lieblingsmusékstitel froen. Dem Jeannot Krecké säi Lieblingslidd ass “We are the champions�? vu Queen. Jeannot Krecké, wéisou "We are the champions"? Et ass ee Lidd, wat éischter aktuell war, wéi mir zwee nach op deemselwechten Terrain waren, Dir zwar um Terrain selwer op dem Wues an ech op der Tribün. Wat verbannt Dir domadder?

Jeannot Krecké: Et ass e bësschen Nostalgie. Ech verbanne Championstitelen do­madder, besonnesch dee leschten, dee wou ech am Fong geholl meng Carrière och opgehalen hunn, dat muss 81 gewiescht sinn oder 82, elo weess ech dat schonn erëm net méi. Do gesidd Dir, wéi d’Zäit vergeet an dat war einfach en immenst Gefill, wann een déi Musik do gespillt krut huet, an ech wënsche mer selbstverständlech, datt ech nach eng Kéier d’Geleeënheet kréien, dann net méi am Sport vläicht, op alle Fall net am Futtball, nach eng Kéier Geleeënheet kréien, dat do ze spillen an ech wënsche mer, datt eenzel Wierder, déi do dra sinn “we keep on fighting�?, datt mer dat hei zu Lëtzebuerg als Lëtzebuerger Land fäerdeg bréngen an datt mer iergendwann erëm kënne soen "we are the champions". Mir waren un der Spëtzt, mir mussen erëm dohinner kommen. Mä fir dohinner ze kommen, geet et net doduerch, datt mer mengen, mir kënnten dat alles esou lafe loosse wéi dat bis elo gelaf ass. Dat heescht, "keep on fighting" an et ass genau dat, wat ech gär hätt an da géing et Freed maachen, wann een dat Lidd do erëm géing héieren. Mä bei mir verbënnt sech ganz vill Nostalgie domat.

Marc Linster: Apropos Nostalgie, Dir stoungt effektiv dräi-, véiermol d’Woch an Ärer Jugend, a jonke Joren, um Terrain. Haut gesäit een Iech éier seelen do. Wéisou?

Jeannot Krecké: Ech hat ee Problem mat menger Hëft. Ech sinn och mat der Hëft elo operéiert ginn am Joer 2003, sinn ech operéiert ginn, an ech hunn eng Hëft­prothese krut, eppes wat mëttlerweil vill Leit an elo och de Paul Philipp erlieft huet, an ech hunn deemols missten ophale mat menger Sportscarrière, an ech hu mech dann orientéiert no enger anerer, wéi ech  gemengt hu sënnvoller Beschäftegung an ech muss soen, d’Segele bitt mir eng ganz Rei Saachen, déi een exzellenten Ausgläich sinn.

Marc Linster: Wat ass dann de Reiz do um Segelen?

Jeannot Krecké: Ma éischtens sinn ech een Aventurier gewiescht an ech bleiwen een. Ech hunn eng ganz Rei Saachen och am Segele gemaach, déi geféierlech waren. Ech brauch de Reiz dovun, ech brauch den Adrenalin [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: De Kick?

Jeannot Krecké: Jo, ech brauch dat, an duerfir, dat ass flott. Ech si gären an enger Equipe. Ëmmer eben an enger Equipesportaart. Hei als Skipper sinn ech de Chef vun enger Equipe, do huet een och wierklech eppes ze soen, vill méi wéi een als Minister ze soen huet, dat stellen ech ëmmer erëm fest, well do gëtt net ofgestëmmt, an ech muss soen, ech beschäftege mech mat héichwäertegen Apparater, Instru­men­ter. Ech si responsabel fir eng Equipe wou och Geforen, grouss Geforen heiansdo op äis laueren, an ech sinn esou beschäftegt mental mat där ganzer Affaire, esou datt ech total ofschalte bei deem wat ech hei maachen, an enger anerer Welt liewen, an enger Welt déi flott ass, Natur, mol erëm bedenken och, datt Waasser ee Gutt ass, wat ee fir d’Éischt muss iergendwou hierhunn, fir datt een et kann drénken, um Mier, datt een d’Elektresch, wat een do verbraucht, iergendwou muss produzéieren, wann een et mecht, an datt den Offall, deen een do produzéiert, do mierkt een eréischt wat een an Zäit vun zwee, dräi Deeg, wou een ënnerwee ass, an net eng Dreckskëscht hat fir den Dréck ofzeliwweren, wat een alles produzéiert vun Offall. Et ass eng ganz gutt Schoul, ech wënsche mer, datt vill Jugendlecher dat géinge maachen. Et ass iwwre­gens ee Sport, dee ganz bëlleg och ass fir déi Leit, déi et maachen. Esou bël­leg wéi ee segele geet, wann een net just grouss Ambitiounen huet, mä esou bëlleg wéi ee segele geet, kann ee keng Woch verbréngen an iergendenger Vakanz. Natierlech muss ee selwer spullen, selwer kachen, all Dreck selwer wechmaachen, mä dat ass och ganz gutt.

Marc Linster: Nach e lescht Wuert, Dir sidd och ganz engagéiert an der Alzheimer-Associatioun, Dir waart do an der Vergaangenheet esouguer op internationalem Plang aktiv. Deen Engagement huet bei Iech perséinlech Grënn?

Jeannot Krecké: Jo, mäi Papp an och aner Elementer bei äis an der Famill, aner Familljenangehöreg haten déi Krankheet, an ech hunn deemols déi Associatioun maassgeblech, mengen ech, mat beaflosst. Déi ass 87 gegrënnt ginn an ech war laang Zäit President. Et ass eppes wat mer um Häerz läit, et läit mer haut nach um Häerz an ech ginn och nach regelméisseg, ginn ech a Sitzunge wou doriwwer Rieds ass, well ech och mengen, datt dat, wat Familljen heiansdo vu Besoinen hunn, datt dat, mir hunn äis professionaliséiert, et huet misste sinn, mä dat deen Echo och nach ëmmer do ass an duerfir, ech hat zwee grouss Betätegungsfelder an deene leschten 10, 15 Joer, ech sinn net an 20 Clibb gewiescht, ech war an 2, ech war President vun engem Segelclub an ech war President vun der Alzheimer-Associatioun.

Marc Linster: A vun e puer Biergerinitiativen.

Jeannot Krecké: Dat ass scho ganz ganz laang hier an do war ech och ni President.

Marc Linster: Merci, Jeannot Krecké, fir Äre Besuch am Studio. Merci, datt Dir Iech haut Zäit geholl hutt, um Dag vun der Ouverture vun der Foire. Dat war et dann och fir de Background vun haut. Mir hu vill iwwert d’Zukunft vu Lëtzebuerg geschwat an dat Thema dominéiert och mar eise Presseclub.

Dernière mise à jour