Luc Frieden au sujet du dépôt du projet de budget 2006

Francine Closener: Här Frieden, wann een Iech de Moien héieren huet, Ären Opruff zu Reformen, Är Spuermoossnahmen, Äert Hiweisen op déi allzehéich Sozialausgaben, op déi verschidden Automatismen, da kënnt een zur Conclusioun, elo ass et awer definitiv eriwwer mat der Freed.

Luc Frieden: Ech mengen, mir hunn e puer strukturell Problemer, déi matenee kommen. Eis Steiere wuesse manner schnell wéi eis Ausgaben. Mir hunn eng exceptionell héich an eemoleg héich Fiscalisatioun vun de Sozialversécherungen zu Lëtzebuerg. Mir bezuelen also iwwert de Budget Krankekeesen, Pensiounskeesen, Assurance dépendance, an déi Suen déi mer op d’Säit gluet hunn an de leschte Joren fir d’Investitiounen ze finanzéieren, déi gi lues a lues op en Enn, déi wäerten 2008 fort sinn, an dofir hätte mer gären zwou Saachen: ech hätt gären, datt mer mëttel- a laangfristeg eise Sozialmodell Lëtzebuerg kënnen erhalen, an ech hätt gären, datt mer gesond Staatsfinanzen bäibehale kënnen. Wa mer einfach alles esou weiderlafe loossen, geet dat net, an duerfir hunn ech de Moien, och opgrond vun deem, wat de Staatsminister d’lescht Woch gesot huet, gesot wou ee kann am Budget déi Reforme maachen. Doriwwer musse mer schwätzen.

Francine Closener: Mä et ass jo awer och net esou, wéi wann d’Regierung elo beemol iwwerrascht gi wier vum Fait, zum Beispill, datt d’Contributioune vum Staat un d’Pensiounskeesen, d’Krankekeesen oder d’Fleegeversécherung klammen a klammen. Firwat hutt Dir dann eigentlech net éischter reagéiert, respektiv wier et dann net sënnvoll an néideg fir elo direkt déi Bäiträg ze kierze vum Staat?

Luc Frieden: Ech mengen, datt d’Sozialversécherung een Element ass vun der Sozialpartnerschaft, d’Pensiounskeesen an d’Krankekeese gi vun de Sozialpartner geréiert, a ginn och vun deenen dräi, Salariéen, Arbeitgeber an dem Staat finanzéiert an duerfir muss all Ännerung och vun deene Sozialpartner diskutéiert ginn. Et kann net sinn, datt alleng d’Contributiounen, d’Subventiounen, d’Krankekeesen an d’Assurance dépendance am nächste Budget ëm 11,7% klammen an d’Steier­einnahme vum Staat klamme strukturell d’nächst Joer nëmmen eppes 3%. Do ass eng Schéier, déi ëmmer méi grouss opgeet, an dat kann een net esou virufueren, wann ee wëllt de Sozialmodell erhalen. Duerfir ass d’Solutioun net de Sozialstaat ofzeschafen, mä ze kucken, datt mer en do halen, wou mer e wierklech brauchen, fir och an Zukunft eng sozial gerecht Politik hei zu Lëtzebuerg kënnen ze maachen, mä dat geet net, datt mer einfach d’Saachen esou weiderlafe loossen. Ech soe par ailleurs, datt mer an de leschten zwee Joren heiropper higewisen hunn, an datt mer duerfir och d’lescht Woche e klore Katalog virgeluet hunn, wou ee kënnt Reforme maachen, wou ee muss Reforme maachen.

Francine Closener: Trotzdem nach eng Kéier meng Fro, et kann een awer domat rechnen, datt spéitstens an engem Joer déi Bäiträg da gekierzt ginn, da kéint ee sech natierlech och op ee Sozialkonflikt astellen. Wollt Dir dat elo nach net riskéieren?

Luc Frieden: Ech ginn dovun aus, datt jiddweree responsabel ass, grad esou responsabel wéi d’Regierung. Mä et ass ganz kloer, wann d’Leit mat verschidde Saachen net d’accord sinn, da mussen déi, déi d’politesch Verantwortung hunn, dat ass d’Regierung, dat ass d’politesch Majoritéit, da mussen déi et awer maachen, mä tëschent dem Kierzen an dem Ëmschichten, wat ech schonn d’lescht Joer a menger Budgetsried gesot hunn, ginn et jo och nach Weeër.

Muss een an déi nämlecht Sozialversécherungen deen nämlechte Montant bezuelen? Mir wëssen zum Beispill, datt d’Gesondheet an den nächste Joren wäert nach ëmmer méi deier ginn. Kann een net Emschichtunge maachen? Muss een net e bëssche méi Eegebäiträg vun de Leit, zum Beispill bei der Fleegeversécherung, där hire Präis wiisst, wou een och muss kucken iwwert déi Depense eng Kéier, ob déi efficace ugewandt gëtt. Iwwert all dat muss een diskutéieren, dat kann een net, dat kann een am Hauruckverfahre maachen, mä ech mengen, mir sollen dat a Gespréicher maachen, an der Tripartite, mat de Parteien a bis spéitstens zur Erklärung zur Lag vun der Natioun, héchstwahrscheinlech am Mee d’nächst Joer, muss dee Pak hei stoen an dann, le cas échant, muss ee souguer de Budget adaptéieren.

Francine Closener: Zumols bei de Bauprojete gëtt jo elo ganz ferm op d’Brems getrëppelt. Just nach dat wat ugefaang ass, respektiv wat absolut néideg ass, gëtt gebaut, Sport- a Kulturzentren kann ee bis op Weideres vergiessen. Och do d’Fro: kënnt déi Spuermoossnahm net e wéineg spéit?

Luc Frieden: Op kee Fall, an et ass och net esou, datt elo do op eng Brems getrëppelt gëtt, déi d’Konjunktur géing bremsen, well d’Investitiounsausgaben d’nächst Joer bleiwen op 2,3% vum Bruttoinlandprodukt, wat eng ganz héich Investitiouns­quote an Europa ass. Se belafe sech op 770 Milliounen Euro. Dat ass also méi wéi d’lescht Joer. Et ass also kee Betrib, deen an deem Secteur ass, dee manner Sue kritt, mä mir bezuelen dat fir de Moment zum Deel aus de Reserven, déi mer an de gudde Joren ugeluet hunn. Duerfir soen ech, an den nächste Jore mussen d’Investitiounsausgaben héichbleiwen, well se wichteg si fir d’Zukunft vum Land, mä si kënnen net weider esou explodéieren, an duerfir hu mer gesot, datt mer am [inaudible] do wou de Staat zoustänneg ass, Projeten, déi net ugefaange sinn an der Regel elo mol zwee, dräi Joer op d’Äis leeën, mä dat gëlt och fir déi Projeten, déi mer indirekt matfinanzéieren. Et muss net all Uertschaft an den nächste Joren ee Sport- a Kulturzentrum kréien. Ech weess, datt dat flott wier, datt jiddwereen dat gären hätt, mä ech mengen och, datt d’Lëtzebuerger verstinn, datt mer nëmmen ee Choix hunn, entweder d’Steiere massiv ze héigen, dat wier schlecht fir d’Leit, dat wier schlecht fir d’Betriber, da setze mer d’Aarbechtsplazen op d’Spill oder mir kierzen an den Depensen, mir diskutéieren de Sozialbudget, a mir bremsen op engem héigen Niveau d’Investitiounsausgaben.

Zesummen ass dat do méiglech an duerfir mengen ech och, datt een déi Reforme positiv muss ugesinn. Reformen ass net ëmmer nëmmen Ofbau, Reformen ass ëm­schichten, responsabel mat de Staatssuen eens ginn, datt mer och an Zukunft ee moderne Staat hunn, wou d’Staatsfinanze gesond sinn. Dat ass eist Zil an ech soen Iech, mir wäerte ganz pinglech un deem Zil festhalen.

Francine Closener: A puncto Recetten ass et jo net zulescht een Abroch bei der TVA, dee ganz béis zu Buch schléit. De Konsum ass zréckgaang. Wouropper féiert Dir dat dann zréck, datt de Konsum virun allem zréckgaangen ass?

Luc Frieden: Fir mech bleift dat erstaunlech a schwiereg ze verstoen. Dat kann zum Deel sinn, datt een Deel vum Konsum an d’Ausland gaangen ass a verschiddene Secteuren. Den Nettoakommes vun de Leit ass jo zu Lëtzebuerg net erofgaangen, an duerfir mengen ech, datt een dat nach am Detail méi muss kucken.

Bei der TVA spillt awer och mat, datt eng Rei ganz grouss Remboursementer gemaach gi sinn un e puer Betriber, an datt et héchstwahrscheinlech och een Element vun internationaler Steierfraude do gëtt, an dat musse mer am Detail mat deenen zoustännege Verwaltunge kucken.

Francine Closener: Dir hutt och nach aner Punkten ugedeit, wou Dir wëllt spueren, déi d’Leit direkt ze spiere kréien, zum Besipill ee méi héige Waasserpräis, Bus an Zuch kéinte méi deier ginn, well de Staat manner bäileet, dat gëlt och bei der Kannerbetreiung. Bréngt dat da wierklech esouvill?

Luc Frieden: Ech menge schonn, well am Staatsbudget si ganz vill Ausgaben, wou mir d’Bierger extrem verwinnen. Ass et normal, datt iergendwou an enger Kannerbetreiungsstruktur an der Mëttesstonn zwee Euro d’Stonn bezuelt gëtt, wann de reelle Käschtepunkt vill méi héich ass an och doheem, wann d’Leit iessen, méi deier ass? Ass et normal, datt de Waasserpräis zu Diddenuewe vill méi héich ass wéi zu Lëtzebuerg an datt dat alles zu Lëtzebuerg iwwert de Staatsbudget bezuelt gëtt? Ech menge schonn, datt ee muss den Eegebäitrag vun de Leit, insoufern dat sozial bei de Leit méiglech ass, méi grouss ginn do wou de Staat en Déngschtleeschtungs­anbieter ass, an do gëtt et eng ganz Rei Méiglechkeete fir dat ze maachen, an do féiert kee Wee dolaanscht.

Francine Closener: Nach ganz zum Schluss eng Fro: d’Reformen, déi de Premier d’lescht Woch schonn annoncéiert huet an déi Dir jo och haut erëm gefuerdert hutt, déi sollen, wéi Dir elo grad gesot hutt, am léifsten am Mee d’nächst Joer beim Etat de la nation ëmgesat sinn. Wann net, wa beim Dialog a bei de Verhandlunge mat de Sozialpartner da blockéiert gëtt, wat mécht d’Regierung dann?

Luc Frieden: Ech hoffe fir d’Éischt, datt an dësem Land keen onnëtz blockéiert, datt emol fir d’Éischt ee sech mat un den Dësch sëtzt an déi Chiffren do kuckt, duerfir ass dee Budget hei d’Grondlag zu där Reformdebatt, déi mer gären hätten, mä mir sinn déi, déi an der Verantwortung an dëse 5 Joer sinn an dann iwwerhuele mir eis Verantwortung.

Francine Closener: Luc Frieden, merci fir d’Explicatiounen.

Dernière mise à jour