Jean-Louis Schiltz au sujet des aides humanitaires du gouvernement luxembourgeois

Frank Kuffer: Bei der grousser Donateurskonferenz zu Genève huet d'Weltgemeinschaft nach emol zousätzlech 580 Milliounen Dollar zougesot fir den Affer vum Äerdbiewen am Pakistan ze hëllefen. D'Situatioun do op der Plaz ass katastrophal. Eng 55 000 Mënsche wäerten net iwwerlieft hunn. Dräi Millioune Leit hunn hir Haiser verluer an 800 000 Mënschen hunn den Ament mol keen Zelt als klengen Iwwerdaach virum Wanter. Ënnert de 65 Länner, déi gëschter an der Schwäiz op der Konferenz dobäi waren, war och Lëtzebuerg. De Kooperatiounsminister Jean-Louis Schiltz huet do annoncéiert, datt d'Hëllef vum Grand-Duché op elo zwee Milliounen Euro verduebelt gëtt. Déi Suen, déi hei deblockéiert ginn, solle virun allem der Logistik zegutt kommen, dat heescht, den Helikopter oder soss Transportmoyenë sollen zur Verfügung gestallt ginn. Gëschter Owend nach zu Genève, an elo live bei äis am Studio, de Kooperatiounsminister Jean-Louis Schiltz. Gudde Moien.

Jean-Louis Schiltz: Gudde Moien.

Frank Kuffer: Wéi ass dat dann, datt déi Suen net esou séier erbäikommen. Zejoert beim Tsunami hunn d'Privatleit an d'Regierung sech quasi iwwerschlo fir ze spenden. Verschidden Organisatiounen hunn esouguer op eemol misste soen, et geet duer, mir hunn elo genuch Geld. Wat ass hei anescht? Ass et well et nëmmen de Pakistan ass?

Jean-Louis Schiltz: Et ass eng gewësse Middegkeet vun der internationaler Gemeinschaft sécherlech zum Schluss vum Joer net ze verkennen. Mir haten e schreck­lecht Joer, wat d'Catastrophes humanitaires ubelaangt. Ech erënneren nëmmen un den Tsunami oder d'Kris am Niger. Ech kënnt nach anerer hei nennen. Et geet awer hei ëm Mënscheliewen, a wann an deenen nächste Wochen a Méint näischt geschitt, virun allem an den nächste Wochen, da wäerte mir eng Katastrof an der Katastrof nach kréien. Et dierft fir mech keen Ënnerscheed ginn tëschent enger Victime vum Tsunami an enger Famill, déi de Moment an de Bierger vum Pakistan op Hëllef waart.

Ech erhoffe mir, datt elo nodeem wierklech bekannt ass, datt d'Moyenen net duer ginn, awer nach ee Ruck duerch déi international Gemeinschaft geet. Well spéitstens haut de Moien misst dee Leschte verstan hunn, datt mir net kënnen esou weider fueren, wa mir do Mënschliewe wëlle retten. Dir hutt Pakistan ugeschwat. Richteg ass, datt déi Kris hei net esou mediatiséiert ass, och wéi den Tsunami, an ech fäerten, datt dat leider och matspillt.

Frank Kuffer: Huet et eppes domat ze dinn, well mir d'Plagen an Thailand besser kennen wéi d'Bierger am Pakistan vläicht?

Jean-Louis Schiltz: Ech hunn ëmmer refuséiert an déi Logik eranzegoen beim Tsunami an ech hu gesot, et kann net sinn, datt déi Solidaritéit hei sech doduercher erkläert, datt och Europäer, Amerikaner an Australier betraff sinn an datt et ëm Plagë geet, wou mir an d'Vakanz ginn. Ech fäerten leider, datt dat vläicht awer trotzdem eppes domat ze dinn huet, datt d'Leit eben anescht reagéieren wa se méi direkt sech betraff fillen oder wéinstens potenziell sech méi direkt betraff fillen. Mä do ass et dann un der Politik fir onermiddlech drop hinzeweisen, an d'Europäer maachen dat och, d'Lëtzebuerger maachen dat och onermiddlech, ëmmer erëm ze soen, datt et keen Ënnerscheed dierft ginn tëschent dem Pakistan an anere Krisen. Mä, wéi gesot, et war ee Joer wou Katastrofen vun engem Ausmooss woren, déi ni do waren.

Frank Kuffer: Dir hutt gëschter an Ärer Ried nach emol gefuerdert, datt bei de Vereenten Natiounen e richtege Fonds humanitaire séier soll geschaf ginn. U wat hängt dat elo fir dat séier ëmzesetzen?

Jean-Louis Schiltz: Déi Iddi vun deem Fonds humanitaire gëtt net vun all Mënsch gedeelt. Et si siwe europäesch Länner, déi de Moment gesot hunn, si géifen an dee Fong eppes ginn, den éischte Januar d'nächst Joer. Do ass Lëtzebuerg dobäi. D'Euro­päesch Kommissioun ass méi skeptesch. Dat ass awer kee Grond, fir datt mir opginn. Mir Lëtzebuerger, zesumme mat de Schweden, mat den Englänner, wäerte weider drécken. Ech erwaarde mir, datt d'Assemblée générale vun der UNO am November decidéiert, datt dee Fong en place gesat gëtt. Et bestinn op jidde Fall gutt Chancen dofir. A mir wäerte weider drécken, datt dee Fong operationell gëtt, zwar esou, datt d'UNO kann direkt op Suen zréckgräifen, déi virgepacht sinn oder awer a Krise vun deene guer net geschwat gëtt a wou se chronesch net genuch Suen huet, wéi zum Beispill d'Kris am Norden vun Uganda direkt kann op déi Suen zréckgräifen. Et ass een zousätzleche Moyen fir déi Krisen besser z’apprehendéieren. Et ass eng zousätzlech Garantie, et ass keen Allheelmëttel natierlech.

Frank Kuffer: Lëtzebuerg ass an der EU an och weltwäit jo e bësschen e Muster­schüler wat d'Entwécklungshëllef ugeet. Elo muss am Budget 2006 iwwerall gespuert ginn. Ech froen elo e bëssche provokativ, firwat schrauwe mir d'Entwécklungshëllef net zréck am Budget oder stoppe se ganz, da sinn d'Problemer am Budget geléist?

Jean-Louis Schiltz: D'Entwécklungshëllef ass eng vun de Prioritéite vun der Re­gie­rung, d'nämmlecht wéi d'Recherche. An der Recherche gi mir op 3%. D'Ent­wéck­lungspolitik gëtt vun alle Parteie gedroen. An der Chamber ass d'lescht Joer nach eng Kéier eng Resolutioun gestëmmt ginn, datt mir weider sollen op 1% goen.

Wourëm geet et hei? Et geet eigentlech ëm d’Deele vum Räichtum. A wa mir 100 Frang erwirtschaften, 100 Frang Räichtum hei zu Lëtzebuerg hunn, da soe mir, mir si bereet bis zu 1 Frang deenen ze ginn, déi näischt ze räissen an näischt ze bäissen hunn. Et soll mol ee mir erklären, wat do ze vill ass. Ech sinn op jidde Fall gär bereet, mat deenen ze diskutéieren, déi mengen, dat wier ze vill. Ech mengen, datt déi Kris vun den Afrikaner déi an de spueneschen Enclaven elo iwwert den Zonk probéieren ze goen, datt déi nach eng Kéier d'Wichtegkeet vun der Politik ënnermauert, well dans le long terme ass et nëmmen d'Entwécklungspolitik déi esou ee Problem ka begéinen. Mir wäerten et net fäerdeg bréngen, eng Mauer an d'Mëttelmier ze bauen, an déi Mauer wäert, wa mir se da sollte bauen, grad esou falen wéi d'Mauer tëschent Ost- a Westeuropa. Et kann net sinn, datt d'Leit esou wéineg Hoffnung nach hunn, datt se sech an d’Mier stierzen souzesoen. Dat ass eppes, wat äis net ka kal loossen. An dat ass, mengen ech, och eng vun de Justificatiounen vun der Entwécklungspolitik fir déi Leit, déi net a priori dovun esou iwwerzeegt sinn.

Frank Kuffer: Jean-Louis Schiltz, villmools Merci fir de Besuch de Moien am Studio.

Jean-Louis Schiltz: Merci och.

Dernière mise à jour