Luc Frieden se prononce sur la décision de créer un nouveau établissement pénitentiaire

Luc Frieden: Fakt ass, datt mir virum Joer 2000 en moyenne 350 Gefaangener haten zu Schraasseg an datt mir elo eppes 600 bis 650 Gefaangener hunn. Dat ass also bal eng Verduebelung iwwer 5 Joer duerch eng ganz Rei vun Ursaachen. An d'Fro stellt sech wéi mir domat emginn.

Ech hunn dem Conseil eng ganz Rei Saache proposéiert, déi de Conseil och ennerstëtzt huet an et muss een déi och zesumme gesinn fir der Problematik do Här a Meeschter ze ginn, déi em esou méi komplizéiert ass wou 50% vun de Gefaangenen Net-résident sinn, a 75% vun de Gefaangenen Net-Lëtzebuerger, matt all deenen domat zesummenhänkende Sproocheproblemer déi schwiereg ze geréiere sinn an enger Struktur. Dofir ass eng vun de Moossnahmen déi ech am Conseil proposéiert hunn, an déi d'Regierung och viru kuerzem zeréckbehalen huet, dat ass en zweete Prisong ze bauen. Esou wéi de Staatsminister dat anoncéiert huet, gëtt dee bestehende Prisong net ausgebaut well mir mengen, datt mat 650 Leit dat genuch Leit wären déi ee muss geréieren. Do schaffe jo dann och esou vill Leit déi och musse matt do geréiert ginn. Dofir wëlle mir op de Wee goe vun engem zweete Prisong, dee virun allem geduecht wär fir Untersuchungshäftlingen. Untersuchungshäftlingen déi also nach net condamnéiert sinn, déi aus engem anere Regime sinn. Mir kënnten och domat eng besser Trennung tëscht verschidde Catégorië vu Leit maachen déi am Prisong sinn. Dee Prisong fir Untersuchungshäftlinge, dat wat déi franséisch eng Maison d'arrêt nennen, dee soll fir 400 Leit gebaut ginn.

Dat muss een dann zesumme gesinn mat deenen anere Moossnahmen déi mir am gaange sinn ze maachen. Dir hutt der zwou genannt, dat eent dat ass dee Bau fir Jugendlecher dee soll zu Dräibur hikommen, dee scho relativ laang an der Planung ass a wou mir nach ëmmer un déi leschten Autorisatioun vun de Gemengenautoritéite waarden. Dann wëlle mir jo an der Géigend vum Flughafen e sougenannte Centre de Rétention fir illegal Immigrante bauen. Dat zesumme bréngt eng 60 Leit eraus vu Schraasseg ,wa mir dann esou wäit sinn. Da wäerte mir am Laf vum Wanter ee vun deenen ale Bléck zu Schraasseg, déi jo emgebaut gi sinn, erëm a Betrib huelen. Dee Block dee gëtt eis och eng zousätzlech 40 Plazen wann dee fäerdeg ass, wéi gesot dat wäert an 2, 3 Méint de Fall sinn.

Dann hunn ech der Chamber an engem Projet de Loi proposéiert de sougenanntene Contrôle judiciaire anzeféieren. Contrôle judiciaire dat heescht, datt während der Untersuchungshaft bei enger Rei vun Détenuën déi net brauchen am Prisong sëtzen, mä doheem kënne sinn ënnert gewëssenen Oploen - dofir och Contrôle judiciaire, d'Justiz kontrolléiert op se sech un déi Oploen halen. Dat geet natierlech nëmme fir ganz kleng Delinquenten. Dofir denken ech och, datt d'Zuel net ganz grouss wäert sinn, mä ëmmerhin villäicht awer eng 20 Leit déi dorënner kënnte falen.

Eng aner Moossnahm ass dann d'Aféieren vun dem sougenanntene Bracelet électronique, och déi contrairement zu dem wat d'Leit oft mengen, dat ass net déi Solutioun déi all eis Problemer léist, well ech hu mir e bëssen ugekuckt wien kënnt dorënner falen, och dat wäerten héchstens eng 20 Leit sinn. Mir sinn am gangen déi Apparater ze kafen, duerch d'Ausschreiwung déi mir mussen do maachen, huet dat méi laang gedauert wéi ech dat gär gehat hätt. Mä och dat wäert an e puer Méint do sinn.

An da schliesslech drängen ech drop, op europäeschem Plang, datt mir eng Conventioun kréien no där mir EU-Bierger, déi net hei zu Lëtzebuerg wunnen, kënne méi schnell an hirt Heemechtsland schécken, fir datt se do hir Strof ofsëtzen. Haut verlaangt dat den Accord vum Gefaangenen. Dat ass eppes wat mech enorm stéiert. Éisterräich, déi elo d'Présidence kréien, stéiert dat och, déi hunn eng ähnlech Situatioun wéi mir an de Prisongen. An ech hunn am Summer ofgemaach matt der éisterräichescher Justizministerin, datt dat ee vun de Punkte wär, déi si prioritär während hirer Présidence géinge behandelen. Nodeem ech dat op eisem informelle Conseil am Januar dëst Joer zu Lëtzebuerg schonn eng Kéier mat de Ministeren diskutéiert hunn. Et wäert e wäite Wee sinn allerdéngs bis mir do eng Eestëmmegkeet fannen. Mä ech schléissen net aus, datt eng Rei Länner an der Unioun dat da musse maache, wa mir d'Eestëmmegkeet net fannen.

Francine Closener: Dat sinn elo wierklech eng ganz Rei vu Moossnahmen. Komme mir mol zeréck op deen neie Prisong. Wësst Dir da schonn wou dee soll hikommen? Ass dat scho konkret?

Luc Frieden: Ech mengen, fir d'éischt huet ee missten déi politesch Décisioun huele wat keng einfach Décisioun war, wou ech och wollt eng ganz Rei Leit héieren ier ech déi Décisioun der Regierung virgeschloen hunn. D'Regierung huet déi, wéi gesot, elo am Hierscht geholl. Elo musse mir, wéi bei esou engem Bau üblech, den Terrain fannen, wou Der wësst, datt dat net einfach ass, et ass scho bei engem Lycée net einfach. Et wäert bei engem Prisong nach méi schwiereg ginn. Mir sinn am gaangen ze kucken wou mir Terrainen vum Staat hunn, wou dat méi einfach ze realiséiere wär. An dann ziele mir drop, datt déi Gemengenautoritéiten déi och do eng Responsabilitéit hunn, eis dann och déi noutwenneg Autorisatioun wäerte ginn.

Mir versichen dat natierlech net direkt niewent enger Wunngemeinschaft ze maache. Mä mir mussen eng Plaz fannen, well och an enger Gesellschaft gehéiert ee Prisong, an zu enger Sécherheetspolitik gehéiert och ee Prisong, an dofir zielen ech och drop, datt jiddweree seng Verantwortung mat iwwerhëllt. Dobäi kënnt, datt dee Prisong net ze wäit dierf ewech sinn, natierlech vun dem Geriicht, well mir jo och een Transport vun de Gefaangene mussen op d'Geriicht maachen an och muss noch praktesche Considératioune kucken. Ech hoffen, datt mir do virukommen an da gi Pläng ausgeschafft an da gëtt dat gebaut. Dat dauert also nach e bëssen, mä et huet een elo mol missten d'politesch Décisioun huelen, an déi ass elo geholl.

Francine Closener: Mat de Staatsfinanzen ass et jo bekanntlech net méi esou déck. Wat kascht esou een neie Prisong dann ongeféier? Hutt Dir do iergend eng Ahnung? Kann de Staat sech dat iwwerhaapt leeschten?

Luc Frieden: E Prisong ass näischt bëlleges, well ee Prisong muss engem ganz héijen Sécherheetsstandard entspriechen. D'Gebai selwer ass net esou deier, well et am Fong einfach Zëmmere musse sinn. Ech hu kee präzise Präis, well den Architekt muss jo mol fir d'éischt säi Gebai molen, dat muss selbstverständlech eng vun de Prioritéite sinn. Mä dee Bau dee fängt jo net un virun 2-3 Joer, dat heescht mir mussen dat och am Kader vun all deene Prioritéite kucken. Mä ech hunn och gesot als Budgetsminister, datt d'Grondaufgabe vum Staat d’Prioritéit mussen hunn. An zu de Grondaufgabe vum Staat gehéiert d'Schoul, gehéiert d'Gesondheet a gehéiert d'Sécherheet. An dofir ginn och Saache wéi Centre de Rétention, Dräibuer an och deen zousätzleche Prisong wäerten an deenen nächste 5 Joer musse gebaut ginn.

Francine Closener: Virun dräi Joer gong deen neien Deel vum Prisong zu Schraasseg op, haut ass e schonn erëm ze kleng. Fäert Dir dann net, wann elo fir 400 Leit gebaut gëtt, datt wann en erëm op geet, deen neie Prisong, datt deen dann och schonn erëm ze kleng ass?

Luc Frieden: Wann ech mat esou engem permanente Pessimismus géng regéieren, da géing een iwwerhaapt näischt maachen. Ech mengen, datt dat falsch ass. Et muss ee gesinn, datt effektiv durch déi Politik déi mir konsequent an deene leschte Jore gemaach hun, souwuel am Beräich vun der Kriminalitéit wéi vun der Immigratioun mir eis natierlech zousätzlech Gefaangener quasi geschafen hunn. Ech mengen awer, datt wa mir 600-700 Plazen zu Schraasseg. 100 Plazen zu Givenich an eng 400 Plazen an engem neie Prisong hätten, da misste mir awer fir déi nächst Joren en fonction vun der Gréisst vun eisem Territoire genuch Plaz hunn.

Francine Closener: En neie Prisong, dat bedeit jo och zousätzlecht Personal. Wou huelt Dir dann d'Gardienen, d'Giichtercher hier? Eng Iddi, déi jo an deem Kontext jo scho méi laang zirkuléiert, ass déi fir och Net-Lëtzebuerger als Giichtercher ze rekrutéieren. Kënnt Dir Iech dat virstellen, sidd Dir do dofir?

Luc Frieden: Prinzipiell mengen ech, datt d’Souveränitéitsaufgabe vu Lëtzebuerger musse gemaach ginn. Mä d'Regierung huet gesot, datt op deene Plaze wou mir keng Lëtzebuerger fannen, datt een do och muss op Net-Lëtzebuerger zeréckgräifen. Mir maachen dat jo schonn haut indirekt am Prisong, well mir festgestallt hunn, datt mir keng Infirmièren oder Infirmieren méi géinge kréien. Haut hu mir do eng Conventioun, déi iwwregens gutt fonctionnéiert, mam Centre Hospitalier. An do kommen och Leit aus den Nopeschlänner dohinner schaffen, esou laang een eng Rei Sécherheetsconditiounen erfëllt, mengen ech misst een op dee Wee kënne goen. Dat ass awer net meng éischt Prioritéit. Mir wëlle fir d'éischt kucken nach eng Kéier am Recrutement, notamment am Recrutement via den Härebierg, datt mir genuch Lëtzebuerger fannen. Stelle mir fest, datt dat net de Fall ass, och duerch d'Zivilrecrutement, da mengen ech musse mir deen dote Wee goen an doriwwer wäerte mir Gespréicher mat der Staatsbeamtegewerkschaft féieren.

Francine Closener: De Prisong zu Schraasseg huet jo scho ganz dacks negativ Schlagzeile gemaach wéinst zum Beispill Suiciden, Drogen, Streikmenacë vun de Prisonéier, Problemer mat der fréierer Sous-directrice, an net zu lescht och wéinst der Onzefriddenheet vum Personal. Huelt Dir dat dann alles och a Kaf am neie Gebai?

Luc Frieden: E Prisong ass a bleift eng ganz komplizéiert Plaz, well d'Zesummeliewe vu Leit déi am Fong geholl net wëllen zesumme liewen ëmmer schwiereg ass. Grondsätzlech hu mir exzellent Personal, an alle Kategorien, déi do schaffen. An et gëtt ëmmer wéi an all Betrib emol deen een oder deen aneren deen aus der Rei danzt. Och déi Leit, déi do sëtze, sinn vun alle Kategorien. A wann Dir e bësse kuckt wéi d'Situatioun an den auslännesche Prisongen ass, da gesitt der, datt dat einfach inherent ass zu engem Prisongsbetrib.

Ech sinn der Meenung, datt vill gudde Wëllen do ass an, datt mir och déi meescht vun deene Problemer dach awer méi oder wéineger geregelt kritt hunn. Et bleiwen der ëmmer. Et wär also falsch ze soen de Prisong deen huet keng Problemer. En huet der ganz vill. Mä et ass eis Aufgab, an der Direktioun hir Aufgab, an d'Aufgab vum Procureur général, fir sech ëm déi Problemer ze bekëmmeren. Also ech wäert esou laang wéi ech Justizminister sinn, wäert et och do Problemer ginn an et wäert och ëmmer liicht sinn fir an dem politeschen Débat an och vläicht fir d'Medien op déi Problemer hinzeweisen. Mä et muss een ëmmer kucken, wou sinn d'Léisungen? An ech hunn eng Rei Léisunge proposéiert, eng Rei Léisunge sinn ëmgesat ginn an op deem Wee fuere mir weider.

Francine Closener: Da vläicht eng leschte Fro. Dir hutt selwer virdrun deen héijen Taux vun Auslänner ugeschwat déi am Prisong sëtzen. Fäert Dir, datt dowéinst villäicht och d'Friemefeindlechkeet ëmmer méi klëmmt, dobannen an och dobaussen?

Luc Frieden: Ech mengen net, wa mir mat enger strikter Politik viru fueren. Wa mir all déi Net-Lëtzebuerger oder Net-Résidenten, déi kriminell Doten gemaach hunn oder illegal agereest wäre, gewäerde gelooss hätten, ech mengen dann hätte mir der Friemefeindlechkeet e Stouss ginn. Well mir awer gesot hunn, dir dierft heihinner wunne kommen ënner gewëssene Bedingungen, wann dir iech net un déi Bedingungen halt, da gräife mir duerch. Polizei a Justiz maachen eng extrem serieux Aarbecht an deem Kontext. Kuckt emol eng Kéier wéivill Leit mir am Drogemilieu an deene leschte Méint festgeholl hunn, dofir iwwregens och déi Inflatioun vu Leit zu Schraasseg, ech mengen da gesinn d'Leit, datt d'Immigratioun net de Problem ass, mä den Abus vun illegaler Immigratioun oder vun Immigratioun déi liéiert gëtt mat Kriminalitéit, datt déi zu esou Situatioune féiert. Mir wëllen hei keng Situatioun wéi an Holland oder soss anzuerch kréien an dofir wäerte mir mat där strikter Politik viru fueren.

Dernière mise à jour