Le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet de l'actualité européenne

Frank Goetz: An am Studio begréissen ech elo de Staatsminister. Här Juncker, gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Frank Goetz: Här Juncker, firwat wëll d’Europäesch Zentralbank d’Zënsen erop­setzen, wann et d’Noutwennegkeet vun esou engem Schrëtt anscheinend net géif?

Jean-Claude Juncker: Ech si President vun der Eurogroupe, vun deenen 12 Euro-Finanzministeren. Ech sinn net President vun der Europäescher Zentralbank an och net de Spriecher vun [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: Liese si dann d’Inflatioun anescht wéi Dir?

Jean-Claude Juncker: Jo, si maachen dat an der Zentralbank op eng ganz däitlech Manéier. Den Här Trichet an d’Gouverneure vun der Zentralbank sinn der Op­faassung, datt sech eng Inflatiounsbewegung an d’Breet mécht, a si wëllen där Inflatiounsgefor begéinen doduerch, datt se d’Zënsen héijen. Während d’Finanzministeren an der Eurozone der Opfaassung sinn, datt et déi Inflatiounsperspektiv an deem breede Sënn net gëtt, datt mir keng sougenannten zweet Ronneneffekter kënnen erkennen, dat heescht, datt d’Gehälter net un déi rezent Hausse vun de Pëtrolspräisser iwwert d’Eurozone verdeelt ugepasst gi sinn. Mir stelle fest, datt et bei enger relativ adequater Lounmässegung bliwwen ass an deene leschte Méint an der Eurozone, a mir mengen dofir, datt deen Zënsschrëtt, deen d’Europäesch Zentral­bank sech fir den nächsten Donneschden virgeholl huet an hirer Sitzung, un där ech Deel huelen, een ass, dee sech net regelrecht imposéiert.

A mir froen, datt d’Europäesch Zentralbank och muss en A hunn op d’Konsequenze vun esou engem eventuellen Zënsschrëtt op d’Wuesstemsperspektiv an der Europäescher Unioun, dee mir nach fir relativ fragile halen. Wann d’Bank allerdéngs mengt, déi Reprise wier net méi fragile, d’Wirtschaftsgebaren an d’Wirtschaftspolitik wier entretemps esou gefestegt, datt e klengen Zënsschrëtt der Wuesstems­erhuelung zouzemudde wier, dann huelen ech dat zur Kenntnis.

Frank Goetz: Wann dat méiglech wier. Trotzdem géife jo awer d’Krediter vun de Leit an d’Luucht goe mat esou enger Zënshausse.

Jean-Claude Juncker: D’Zënse sinn historesch niddreg, a wann et zu enger Zënshausse kënnt – mä ech hunn déi Decisioun net z’erklären, well ech muss se net huelen –, da féiert dat zu enger liichter Verdeierung vun de Krediter, mä awer och zu enger besserer Remuneratioun vun den Erspuernisser. Dat spillt also an déi zwou Richtungen.

Frank Goetz: Ass dann d’Europäesch Zentralbank zevill technesch orientéiert? Kuckt se zevill op d’Präisstabilitéit, zevill alleng op d’Inflatioun amplaz méi gesamt d’europäesch Wirtschaft ze kucken?

Jean-Claude Juncker: D’Europäesch Zentralbank ass am Prinzip gutt beroden, wa se op d’Präisstabilitéit uecht a sech géint d’Inflatioun wiert. D’Inflatioun ass de Feind vum klenge Mann géint déi dee sech net ka wieren. Datt d’Europäesch Zentralbank also eng Politik mécht fir d’Inflatioun anzedämmen, halen ech prinzipiell fir eng gutt Saach. Ech menge just, datt déi Ängschten, déi se elo mengt kënnen objektiv ze beweisen, sech an der Realitéit net erëmfannen, obschonn eenzel Währungsagregater, wéi M1 an M3 – ech loossen op der Säit, wat dat ass – eng expansiv Tendenz an deene leschte Méint hunn. Mä et muss een et checken. Ass d’Inflatiounsgefor do, da muss een en Zënsschrëtt huelen, ech hoffen datt dee minimal ausfält, an datt deen net eng Rei vun Zënsschrëtt elo alaut. A wéi ass d’Repercussioun dovun op de Wirtschaftswuesstem? Meng Kontakter mat der Zentralbank weise mir, datt gemengt gëtt, datt dee geplangte kuerzen Zënsschrëtt keng negativ Auswierkung op de Wirtschaftswuesstem hätt.

Frank Goetz: Wier dann elo d’Situatioun ëm d’Fro vun enger Zënshausse eng anescht, wa mir d’EU-Verfassung hätten?

Jean-Claude Juncker: Nee.

Frank Goetz: Géif d’Zentralbank net anescht reagéieren, net anescht dat ganzt kucken, mat enger Verfassung?

Jean-Claude Juncker: An enger Verfassung kann een net schreiwen, wéi héich datt d’Inflatioun dierf sinn, an eng Verfassung kann een net schreiwen wéi een Inflatiounserwaardunge kann aschätzen. Déi gi vun der Politik a vun der Zentralbank ënnerschiddlech bewäert fir de Moment. Mä wéi gesot, wann deen Zënsschrëtt moderat bleift, huet e wahrscheinlech keng gréisser Repercussioun op de Wirtschaftswuesstem an der Eurozone, an da kann een dat acceptéieren. Ech halen et trotzdem fir verfréit an an der Saach net fir gerechtfäerdegt. Mä d’Zentralbank ass onofhängeg an ech hu meng Meenung, an dat ass net déiselwecht.

Frank Goetz: Här Staatsminister, Dir gitt de Moment net nëmme wéinst den Zënsen iwwerall an Europa zitéiert an interviewt, mä och a virun allem wéinst Ärer par Moment zimlech haarder Kritik un der britescher Presidence. Firwat kënnt den Ament déi schaarf Attack um Tony Blair, d’Englänner kéinten emol net d’EU féieren den Ament?

Jean-Claude Juncker: Also, Dir hutt eng Fassong fir frëndlech Sätz, déi ech iwwer d’englesch Presidentschaft gesot hunn, militäresch zesummenzefaassen. Ech hu gesot, op d’Fro hin ob d’englesch Presidentschaft äis géif aus der europäescher Kris erausféieren, ech géif dat net mengen, well déi englesch Presidentschaft géif eigentlech net richteg féieren. Dat ass eng Kritik, déi net nëmme meng ass, déi ass laudenhaart geäussert ginn, vun allen Ausseministeren, déi d’lescht Woch zu Bréissel a Saache finanziell Perspektiven an europäesche Budget zesumme waren. Dat ass fir meng Verhältnisser, wéi ech fannen, eng exzessiv moderat Kritik gewiescht.

Frank Goetz: Ass et da vläicht e bësschen zevill verlaangt vun engem Land wéi Groussbritannien, wat emol net den Euro huet?

Jean-Claude Juncker: Ech weess net op dat mat dem Euro elo vill ze dinn huet. Ech mengen, et huet eppes mat der Opfaassung ze dinn, deen een iwwert d’Presidentschaft an der Europäescher Unioun huet. Wa mir kleng Jongen dat maachen an der Presidence, da probéiere mir deen europäesche Won esou virun ze kréien, datt jidderengem seng Rieder erëm gläichméisseg dréinen, an doduerch datt jidderengem seng Rieder dréinen, den europäesche Wagon un d’Goen ze kréien. Mir waren ni der Meenung, datt nëmmen dräi vu véier Rieder, well se méi grouss si wéi déi aner, bräichten ze dréinen.

Ech mengen a Saache Budget, do wou mir äis net konnten duerchsetzen, wier d’englesch Presidentschaft an der Pflicht fir déi Situatioun ze behiewen, si wäert dat och maachen. Si wäert dat wahrscheinlech net op eng Aart a Weis maachen, déi mir gefält, well ech hunn den Androck, datt elo probéiert gëtt méiglechst wéineg Suen an déi nei, wiesentlech méi aarm Länner wéi mir, vun der Europäescher Unioun fléissen ze loossen, an doduerch de Schued, tëscht Gänseféissercher, fir England esou kleng wéi méiglech ze halen. Dat ass net déi Fassong, wéi mir et gemaach hätten, well mir der Opfaassung sinn, datt déi, déi méi aarm sinn an Europa, deenen hire lues a lues sech astellende Wuelstand awer esou ass, datt mir mat dovu profitéieren, datt déi supplementar Gelder aus der europäescher Keess brauchen, ouni datt d’Finanz­efforte vun deenen aneren iwwerustrengt géife ginn. Dat ass dee Kompromëss, dee mir gemaach hunn.

Ech muss iwwregens soen, datt ech nach ni a mengem Liewe mat enger Propositioun esou vill Succès hat, wéi mat där, déi ech am Juni gemaach hunn. 22 Länner soen elo, esoubal wéi d’Englänner dodru ginn, dir dierft net dodru goen. Ech hu mech nach ni mat eppes esou gutt duerchgesat kritt wéi mat enger Saach, mat där ech mech iwwerhaapt net duerchgesat kritt hunn.

Frank Goetz: An trotzdem, Här Juncker, gesäit et elo esou aus, wéi wann d’Eng­länner wéilten higoen an den EU-Budget extrem kierzen. Dir hutt et ugekënnegt bei de Strukturfongen, et sinn ëmmerhin 30 Milliarden Ënnerscheed zu der Lëtzebuerger Propose. Dat ka jo dann Ärer Meenung no net d’Léisung sinn.

Jean-Claude Juncker: 30 Milliarden iwwer siwe Joer, vläicht och nëmmen 20 Milliar­den, dat muss ee gesinn. Wësst Dir, wann dat, wat elo an der Zeitung steet – well d’englesch Presidentschaft huet nach kengem Premier gesot, wat se proposéiert hunn, dat hunn ech och bei Aneren iwwerpréift, et ass net nëmmen esou, datt ech dat net gewuer gi sinn. Wann dat géif proposéiert ginn, da géif dat u sech heeschen, datt all Europäer de Mount 50 Cents, also 20 Lëtzebuerger Frang géif manner an d’europäesch Keess abezuelen, wéi bei där Propositioun, déi d’Lëtzebuerger President­schaft gemaach huet, mä datt England géif 6 Milliarden Euro spueren.

Esou stellen ech mir Europa net vir, mä wa jiddwereen domat d’accord ass, si mir och domat d’accord. Da bezuele mir manner an, mä esou hat ech mir Europa net virgestallt. Europa bleift fir mech eng grouss kontinental Organisatioun, och vu gutt verstaner Solidaritéit an déi zwou Richtungen. Solidaritéit mat deenen, déi manner hu wéi mir, Solidaritéit och mat äis, well mir hu keen Intressi drun, datt déi Länner wirtschaftlech staark hannert äis bleiwen. Déi nächst Woche wäerten äis weisen, wéi et geet. Entweder et geet gutt, a jiddwereen ass d’accord, da si mir och d’accord. Wann der e puer sech drop besënnen, datt Europa méi ass wéi 20 Frang de Mount, da sinn ech bei deenen, déi dat soen.

Frank Goetz: Dir hutt elo schonn déi éisträichesch Presidence, déi de Januar ufänkt, an d’Spill bruecht, dat heescht fir den Dezember, dofir sidd Dir net ganz optimistesch, wat elo de Sommet am Dezember ugeet.

Jean-Claude Juncker: Enfin, ech kann dat net soen. Ech mengen, wann déi englesch Propositiounen, esou wéi se sech elo erausschielen, genau kennt een déi jo nach net, duerchginn, dann ass et gutt, wa mir op där Base en Accord kréien. Mä deen Accord ass net ganz gutt fir dat mëttelfristegt Gedeie vun der Europäescher Unioun. Europa ass e bëssche méi wéi dat. Mä déi nei Länner hu jo een Dilemma. Entweder kréie se déi Suen, déi se elo offréiert kréien, oder si kréie näischt. Wann Dir 100 kéint kréien, Dir kritt 80 proposéiert, oder Dir kritt 0, wat huelt Dir dann? Dann huelt Dir 80, mä Dir sidd rosen, siwe Joer laang béis rosen. Dat ass keng gutt Atmosphère fir an Europa eng Stëmmung entstoen ze loossen, déi gutt ass fir d’Mënschen an Europa, och fir d’Mënschen heiheem.

Frank Goetz: Här Staatsminister, villmools Merci fir d’Explicatiounen.

Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech och Merci.

Dernière mise à jour