Jean Asselborn au sujet de la déclaration de politique étrangère

Frank Goetz: De Mëtte stoung d’Chamber also ganz am Zeeche vun der Lëtze­buerger Aussen- an Europapolitik, mat natierlech och den Intressie vun der Euro­päescher Unioun an der Welt. Am Studio begréissen ech dann elo de Lëtze­buerger Ausseminister. Här Asselborn, gudden Owend.

Jean Asselborn: Gudden Owend.

Frank Goetz: Et geet ëm d’Sécherheet op der Welt. Europa ass fir eng multilateral Approche mat der UNO am Zentrum, dat hutt Dir de Mëtteg an der Chamber gesot. Ass dat dann elo ze gesinn als ee Géigepol zu der unilateraler Approche vun den USA?

Jean Asselborn: Multilateral an unilateral, dat sinn zwee entgéintgesate Wierder. Nom Krich, wéi d’Weltgemeinschaft gegrënnt ginn ass, ass jo festgehal ginn, datt op deem Ball, deen de Planéit duerstellt, et net en Deel, e Punkt däerf ginn, vun deem aus gutt Wieder a schlecht Wieder gemaach gëtt, mä datt all Land [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: Dir schwätzt vum Zweete Weltkrich elo?

Jean Asselborn: Nom Zweete Weltkrich, mä datt all Land, datt all Land wierklech eng Responsabilitéit huet an all Land muss implizéiert ginn an d’Erhale vum Fridden, an d’Verhënnere vum Krich, an all Land muss dann eng Responsabilitéit hunn. Ech mengen, dat ass dee Multilateralismus, deen am Ufank vun dësem 21. Joerhonnert och nei muss definéiert ginn, mat grousse Responsabilitéite fir jiddwereen.

Frank Goetz: Wou sinn dann haut d’Rivalitéiten tëscht Europäer an Amerikaner drun?

Jean Asselborn: Also, ech mengen, den Irakkrich, deen huet gewise wéi schlëmm datt et ass, wann Divisiounen duerch Europa ginn, an och wann an Amerika wierklech d’Stëmmung net esou war, datt jiddweree wollt dee Krich do hunn, a wann dann d’Zesummenaarbecht tëscht Amerika an Europa net méi fonctionnéiert – net wéinst den Amerikaner, net wéinst den Europäer –, mä et gëtt vill vill Plazen op der Welt, wou déi zwou Kräfte mussen zesummeschaffen. Ech denken un den Noen Osten, ech denken un Afrika, ech denken un de Balkan zum Beispill a vill aner Plazen. An dat war eigentlech déi grouss Erausfuerderung, déi mir als Presidence haten, fir ze kucken erëm ze kitten an Europa, an da fir mat Amerika erëm an den Dialog ze kommen, fir datt d’Amerikaner äis och gesinn als ee Partner, net een, deem se soe sollen, wat se musse maachen.

Frank Goetz: Komm mer denke mol konkret un den Iran, Irak ass jo geschitt. Wat garantéiert Iech dann, datt d’Amerikaner net datselwecht am Iran maache wéi am Irak – a wa se dat maachen, wat géif Europa haut da maachen?

Jean Asselborn: Also, déi Garantie kënnt ee bal ginn, wann ee weess, wéi an Amerika d’Reaktioune sinn an och wéi trotzdem een Ëmdenken an Amerika statt­fonnt huet fir sech net méi einfach iwwert de Multilateralismus, d’UNO ewech­zesetzen. Ech mengen, datt Amerika och weder d’Suen nach d’Moyenen hätt, fir elo ze soen, de Problem am Iran léise mer elo mat der Force. Dofir huet jo Amerika am Ufank wierklech gezéckt, ech ka mech dat erënneren, virun engem Joer, wou se soten, dat do gëtt ni eppes mat iech, dir bréngt et net fäerdeg als Europäer mam Iran eens ze ginn. Vläit hu se Recht, mä et muss een awer probéieren, och mat engem Land wéi dem Iran, wat extrem schwiereg ass – och no deene Walen, déi elo stattfonnt hunn –, mä et muss een awer däitlech maachen op diplomateschem Wee, a kucken, wéi kann een deem Land entgéintkommen a wéi kann een dat Land dozou bréngen, datt et och déi Exzesser an dem Wuertlaut, fir zum Beispill ze soen, Israel gehéiert eigentlech net méi op d’Landkaart, datt een dat ka contrecarréieren mat engem Dialog. Iran ass een immenst dynamescht Land mat 65% vun de Leit ënnert 30 Joer. An ech mengen, et ass schonn ee Potenzial, wou mir als Europäer musse probéieren um diplomatesche Wee fir mat hinnen a Kontakt ze bleiwen.

Frank Goetz: Här Asselborn, et gëtt jo ëmmer gesot, Europa wier wirtschaftlech e Ris, europapolitesch en Zwerg. Wa mer elo d’Verfassung hätten, géife mer dann anescht do stoen, och vis-à-vis vun den USA?

Jean Asselborn: Nee, also dat ass jo wierklech och den Zoufall vun der Geschicht gewiescht. Mir hunn de Conseil européen am Juni gehat, wou mer jo festgestallt hunn, datt mer mussen eng Denkphase aleeën, well mer net méi virukomm sinn zu deem Moment mat der Verfassung. Deen Dag drop du si mer, den Här Juncker an ech, an Amerika gaangen a mir hunn do gesot, Europa geet virun, Europa ass net blockéiert elo.

Mä ech well Iech awer och op déi aner Manéier soen, mir däerfen äis elo näischt virmaachen. Wa mer wëlle Strukturen an Europa hunn, fir datt mer wëlle fonctionnéieren an der Aussepolitik, awer och an de Strukture vun der Presidence fonctionnéieren, ween Europa féiert – an Dir gesidd jo, datt et Ënnerscheeder gëtt tëscht de Presidencen. Wann Dir eng Presidence kuckt vun engem klenge Land wéi eisem, och vun Holland, an Dir kuckt elo vun engem grousse Land, wéi komplex a wéi ënnerschiddlech datt do d’Approche ass, géif ech also scho mengen, datt mer net däerfen higoen an einfach soen, mir ginn och eens ouni Verfassung. Mir mussen offensiv hei zu Lëtzebuerg, an an anere Länner an Europa gëtt dat och gemaach, musse mer offensiv un dat politescht Europa gleewen. Et ass een Europa, wat sech duerch een Traité Strukture gëtt, datt et besser fonctionnéiert wéi bis elo.

Frank Goetz: Et ginn och Ënnerscheeder an de Presidencen, wat elo intern d’EU ubelaangt. Domat wiere mer da bei deenen interne Problemer an Europa, virop de Finanzsträit. Dir hutt haut gesot an der Chamber, datt den englesche Scheck de Problem war an och nach ëmmer ass. De britesche Premier huet haut awer nach emol widderholl, datt Changementer beim Rabatt nëmme géifen akzeptéiert ginn, wann och d’PAC, also d’Agrarpolitik an Europa, géif iwwerduecht ginn. Ech mengen, zu Paräis wäerte se doriwwer net esou ganz frou sinn.

Jean Asselborn: Dat Ganzt ass komplex an awer einfach. D’Englänner waren aus dräi Ursaachen net d’accord. Si hu fir d’Éischt gesot, d’Enveloppe ass ze grouss, si si jo elo amgaang d’Enveloppe erofzesetzen. Si hätte gären eng Revisiounsklausel fir ze kucken – do hu se och recht –, datt ee muss iwwert d’Ausgaben an d’Einnahme vum Budget européen kënne schwätzen, do hu mir äis jo och net verspaart. Mir hate schonn déi Klausel, se war an eiser Propositioun virgesinn an do ass d’PAC mat dran. Et kann een net d’PAC alleng eraushuelen.

An dann drëttens, ech soen Iech ganz éierlech, ech gleewen net drun, wierklech net drun, datt de Chèque britannique, wéi d’Englänner elo soen, mir wëllen op deem Chiffer bleiwen, dee mer elo hunn a mir wëllen och, datt dee Scheck esou weider­wiisst, an datt d’Englänner et fäerdeg bréngen, déi nei Länner z’iwwerzeegen, fir wierklech manner fir d’Cohesioun ze kréien. Europa ass jo opgebaut op d’Solidaritéit. Déi méi Räich ginn deene méi Aarmen oder deene manner Räichen, ënnerstëtzen se. Kuckt, dat hunn déi 15 gemaach mat Griechenland, si hunn et gemaach mat Spuenien a mat Portugal a si hunn déi Länner aus der Diktatur erauskritt. A wann haut Länner wéi déi baltesch Länner, wéi Ungarn, wéi Tschechien an esou weider, wann déi Ënnerstëtzung kréien, gi se jo economesch méi staark. Et héiert op mat deenen Distorsiounen, déi um sozialen an um economesche Plang geschéien an et ass och zum Avantage vun eiser Wirtschaft. Dofir géif ech soen, d’Englänner, den Tony Blair ass jo ee Staatsmann an England, mä e muss och weisen elo, datt en een europäesche Staatsmann ass a kuckt, déi richteg Schrëtt do ze maachen.

Frank Goetz: Déi Revisiounsklausel, déi Dir ugeschwat huet, fir also de Budget komplett ëmzekrempelen, schéngt jo effektiv eng Piste ze sinn, och am Dezember fir een Accord ze fannen. Trotzdeem géifen déi Mesuren, déi do geholl ginn, eréischt vun 2014 u gräifen. Mä wat geschitt da bis dohinner? Bleift et da bis dohinner esou wéi et ass oder wéi kréie mer deen Zäitplang do iwwerbréckt?

Jean Asselborn: Also, ech menge ganz kloer déi nei Länner waarden drop, datt mer am Dezember eng Conclusioun huelen. D’Credibilitéit vun Europa steet um Spill, well wann Europa net à même ass, sech ee Budget ze gi fir déi nächst Joren, wou kann dann nach ee Mënsch dru gleewen, datt dat Europa wierklech och Gewiicht huet fir um internationale Plang ze spillen, wann et seng eegen Hausaufgaben net bewältegt. Dat ass also wichteg an dat wëssen d’Englänner. An dofir, géif ech mengen, si probéieren elo, si maache Propositiounen, si leeë Saachen op den Dësch wou se elo ausloten, wat kënne mer maachen, mä si hunn och de Wëllen. Menger Meenung no hu se de Wëllen. Dofir si mer zu 25, dofir hunn ech dat och gesot, fir am Dezember eng Léisung ze fannen, an ech mengen, mir hu jo ganz kloer eng Propositioun op den Dësch geluecht an Dir wäert gesinn, datt wann et zu engem Accord kënnt, dann ass dat Ganzt opgebaut op eiser Propositioun. An ech mengen, dat ass jo och déi Aufgab, déi mir ze maachen haten. Mir haten net den Optrag kritt fir eng Revisiounsklausel ze definéieren, dat stoung 2004, wéi mir d’Mandat kritt hu fir eng Léisung ze fanne bis de Juli 2005, stoung dat net um Ordre du jour.

Frank Goetz: Här Asselborn, Dir waart de Mëtteg an der Chamber an do ass et jo elo esou, och wa mer d’Verfassung net hunn, steet déi Iddi am Raum, fir datt wann d’Commissioun eng Directive mécht, datt een Drëttel vun de Parlamenter, wa se elo dogéint sinn, d’Commissioun hir Directive misst nei iwwerkucken. Wéini ass esou eppes méiglech, och ouni Verfassung?

Jean Asselborn: Dat ass jo eng Iddi, déi de Premier an enger Ried zu Berlin gesot huet, opgebaut op eben dat wat an der Verfassung virgesi war. Ech fannen, datt dat intressant ass, fir ze weisen och, datt zu Bréissel net nëmmen déi europäesch Technokratie weiderbruecht gëtt, mä datt wann do Saachen entstinn, Reglementer an d’Wee geleet ginn, déi géint d’Intressie si vun de Memberstaaten, datt dann d’Memberstaaten, zum Beispill een Drëttel vun de Parlamenter, wann déi dat soen, datt dann d’Kommissioun hir Aarbecht muss nei maachen. Ech mengen, dat wier och eppes fir ze weisen, datt ee ka reagéieren an datt een och national Intressie kann an déi europäesch Politik erabréngen an net nëmmen déi grouss Länner, well déi maachen dat souwisou, mä och déi aner Länner. An ech mengen, dat ass eng Iddi, déi ee kéint wierklech verdéiwen, ouni da mussen eng Verfassung ze hunn, wann do een Accord ass tëscht dem Conseil, der Commissioun an den nationale Parlamenter.

Frank Goetz: Um Enn, Här Asselborn, nach eng Fro un Iech als Vizepresident vun der Regierung. Eis Kollege vum Radio sinn nämlech haut gewuer ginn, datt zu Lëtzebuerg weider 150 Millioune sollen agespuert ginn, zousätzlech zu den Aspuerungen, déi jo schonn am Budget gemaach ginn. Sidd Dir doriwwer informéiert a wa jo, wéi soll dat dann iwwerhaapt technesch goen?

Jean Asselborn: Also, iwwert d’Zuele sinn ech net informéiert, mä ech war jo de Mëtteg an der Chamber. Ech hunn d’Kollege vun der CSV gesinn an héieren. Ech hunn och kënne mat eisem Parteipresident a mat eisem Fraktiounspresident schwätzen. Ech hunn och mam Premier geschwat doropshin.

Fait ass, éischtens emol, de Budget, deen deposéiert ginn ass vum Minister Frieden, dat ass ee Budget, deen am Numm vun der Regierung deposéiert ginn ass an d’Chamber stëmmt doriwwer of mat Jo oder mat Nee. Dat ass esou, ech mengen, dat ass d’Regel vum Spill. Zweetens, verstinn ech awer ganz kloer, datt et Leit gëtt, wann se dee Budget gesinn, Deputéierte vun alle Borden, och vun der Majoritéit, datt se sech Gedanke maachen. Mir hunn ee substanziellen Defizit an dësem Budget. Deen Defizit wäert sech op 1,2 Milliarde chiffréieren. Wa mer virun 2002 wieren, da si mer do bei 48 Milliarden. Dat ass also eng Risensomme a wa mer elo d’Sécurité sociale, wa mer kompenséieren, da bleift nach ëmmer en Defizit vu 530 Milliounen.

Bon, et ass also ee substanziellen, strukturellen Defizit am Budget a mir hunn äis als Regierung jo ee Wee do ginn. De Premier huet eng Ried gehalen am Numm vun der Regierung, den 12. Oktober, an en huet gesot, op deenen an deene Chantiere musse mer Suen aspueren. Elo ass gesot ginn, mir ginn awer net mam Schloper vir. Mir kucke schéin am Dialog mat der Tripartite Léisungen ze fannen. D’Deadline ass Mee 2006 beim Etat de la nation. Fir dat ze bewältege gëtt et elo eescht an der Tripartite, doudsécher. Ech mengen, et muss een elo der Wouerecht an d’A kucken. Fir dat ze bewältege brauch een eng grouss Solidaritéit an enger Koalitioun an et brauch een awer och wierklech eng Vista, et brauch een eng Force, net fir de Leit wéizedinn, net fir Panik ze maachen, net fir ofzebauen, mä fir ëmzebauen, fir datt mer een Defizit zu Lëtzebuerg, dee mer an eisem Budget hunn, vill manner grouss wéi deen heitegen [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: Dir hutt mir elo laang geäntwäert, mä ech hunn nach ëmmer net verstan.

Jean Asselborn: Ech hunn awer richteg geäntwäert.

Frank Goetz: Kann et dann awer elo zu weidere Spuermoossname kommen, jo oder nee?

Jean Asselborn: Majo, dat ass jo just dat, wat ech Iech gesot hunn. Mir hunn an der Tripartite jo een Dialog, dee mir amgaang ze féiere sinn, fir ze kucken, wou kënne mer aspueren, wou liicht et an, datt mussen d’Depensë kënne gedréckt ginn. Dat ass jo ee Prozess dee leeft, deen net vun uewen erof decidéiert gëtt, mä dee leeft an dat muss een awer eescht huelen, datt Aspuerunge musse gemaach ginn. Ech soen nach eng Kéier, net fir Panik ze maachen, net fir de Leit wéizedinn, mä wëll mer ee substanziellen Defizit an dësem Budget hunn. Mir sinn elo 15 Méint an dëser Regierung, ech mengen, ech fille mech awer och responsabel dofir, wat am Staat virgeet. A wann déi Situatioun elo do entstanen ass, da muss dorop reagéiert ginn.

Frank Goetz: Jean Asselborn, villmools Merci fir d’Explicatiounen.

Jean Asselborn: Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour