Jean-Claude Juncker au sujet du budget 2006

Jean-Claude Juncker: A mir kucke bei der Executioun vum Budget 2006, vun deem mer gären hätten, datt en an där Form wéi en abruecht ginn ass vum Parlament géif gestëmmt ginn, zu weidere Reductiounen vun den Ausgaben ze kommen. D’Regierung gëtt jo autoriséiert, bestëmmten Ausgaben ze maachen. Si gëtt net obligéiert se ze maachen. Si ass obligéiert, déi Ausgabe virzehuelen, déi duerch Gesetzer festgeluecht sinn. Déi, déi net duerch Gesetzer festgeluecht sinn, déi kann een am Laf vum Joer ausgabeméisseg kierzen, soudatt mer manner Sue kënnen ausginn wéi déi zu deene mer eigentlech autoriséiert sinn. Mä dat sinn awer schwiereg Detailgespréicher.

Frank Kuffer: Wat elo déi grouss Aspuerungen, déi grouss Reformen ugeet, soll et dobäi bleiwen, datt déi mat de Sozialpartner diskutéiert a verhandelt ginn, esou de Premier. Mä wou ass dann um Enn nach Sputt fir zousätzlech ze spueren?

Jean-Claude Juncker: Dat musse mer am Detail kucken, wéi mer dat iwwregens all Joer maachen, wa mer de Budget executéieren. Ni gi mer op alle Punkten déi Suen aus, déi d’Chamber äis autoriséiert huet, ënner anerem och well mer heiansdo, esou war et an der Vergaangenheet mol, aner Depensen op eemol aus Grënn vun der Drénglechkeet musse virhuelen. Dat gesäit ee bei der Executioun vum Budget, mä Zil vun der Politik war et, an ass et, a wäert et verstäerkt fir d’Joer 2006 ginn, fir esou wéineg wéi méiglech auszeginn.

Frank Kuffer: Bei der CSV-Fraktioun war vun 150 Milliounen Euro Riets, déi sollen zousätzlech agespuert ginn. Kann dat sinn?

Jean-Claude Juncker: Et wier wënschenswäert, wann een esouvill wéi méiglech kéint aspueren, mä dat kann net a bestehende Gesetzer geschéien. Mir diskutéieren an der Tripartite iwwert méi breet Aspuerungen. Fir déi kënne virzehuelen, muss een d’Gesetzer änneren. Wann et méiglech ass, wa mer an der Tripartite eens ginn oder wann net, dann eben duerch Regierungsbeschloss, déi Gesetzer z’änneren a se rechtzäiteg vun der Chamber gestëmmt ze kréien, da kann ee fir déi lescht Méint vum Joer weider Aspuerunge virhuelen. Mä dat kann ech haut net soen, well mir befannen äis an enger Verhandlung an ech wëll net einfach heihinner kommen a soen, elo geet et esou an esou. Dat ass net meng Fassong fir ze regéieren, och wann dat heiansdo esou ausgesäit.

Frank Kuffer: Beim Etat de la nation an no de Verhandlunge mat de Sozialpartner solle weider Aspuerungen annoncéiert ginn, seet de Jean-Claude Juncker.

Jean-Claude Juncker: Et kann een och Aspuerunge maachen, ouni ee Budget rectifié ze maachen, falls een déi Montante fënnt, asoufern et ëm d’gesetzlech Ofännerunge geet, kënnt an déi gesetzlech Ofännerungen och stoen, inwéifern datt dat dann de Rescht vum Budget 2006 betrëfft. Dofir brauch ee kee gesonderte Budget rectifié, dat kann een och an deenen eenzelne Gesetzer maachen, déi een dann am Parlament stëmmt.

Frank Kuffer: Steiererhéijunge wieren den Ament awer keng gutt Iddi, seet de Staatsminister. De Problem wieren net d’Recetten, mä d’Ausgaben, déi staark klammen. Haut de Moien ass nach emol Regierungsrot, do geet et eisen Informatiounen no och quasi exklusiv ëm d’Staatsfinanzen.

Dernière mise à jour