Jean Asselborn au sujet des perspectives financières de l'UE pour la période 2007-2013

Frank Kuffer: Déi Propose déi den Tony Blair, respektiv Äre Kolleg Jack Straw uganks der Woch gemaach hunn, déi schéngt jo dout ze sinn. Ass dat och Är Impressioun no de Gespréicher vu gëschter oder hunn d’Briten elo zousätzlecht Waasser an hire Wäi geschott?

Jean Asselborn: Also, wichteg war gëschter, datt mer eng Reunioun haten, wou mer den Englänner nach eng Kéier praktesch alleguerten gesot hunn, datt mer eigentlech eng Tiefemassage gemaach hunn a mir hinne gesot hunn, dat doten, déi Propose déi do läit, déi kënne mer net akzeptéieren. Do war eng quasi Unanimitéit do dofir, ausser Malta, déi héchstwahrscheinlech Commonwealth-Solidaritéit spille gelooss hunn, an nach een oder zwee Länner, déi net esou kloer waren, hunn déi aner alleguerte gesot, dat dote kéint net esou rëtschen. Et sinn dräi ganz einfach Ursaachen: den englesche Scheck, déi Reform muss definitiv sinn. D’Erweiderung ass definitiv, also muss och d’Reform an der Method definitiv sinn. An dann England muss, wéi all déi aner Länner, net zwee Drëttel, mä dräi Drëttel vun de Cohésiounshëllefen op den Dësch leeën, déi déi nei Länner zegutt hunn. An dann drëttens, dat ass fir mech dat allerwichtegst an ech weess, datt ech domadder net alleng stinn, wierklech mir sinn an enger Logik vun enger Anticohésioun. Mir sinn net méi op engem Wee wou déi Räich deenen Aarme gehollef hunn an der EU, mä praktesch elo ëmgedréint. 50% vun deene 25 Milliarden déi agespuert ginn, ginn op Käschte vun deenen neie Länner.

Frank Kuffer: Mä d’Briten déi wëlle jo eng nei Propose bis nom Weekend maachen. Si rudderen also zréck. Wéi schätzt Dir dann d’Chancen, datt et dann elo iwwerhaapt ënner britescher Présidence nach zu enger Eenegung do kënnt, oder gleeft Dir elo schonn éischter un d’Éisterräicher, déi den 1. Januar d’Présidence iwwerhuelen?

Jean Asselborn: Nee, also dat wat mer gëschter gemaach hunn, ech mengen d’Englänner hu verstanen, datt wa se bei däer do Positioun bleiwen, datt dat zu guer näischt féiert. An dat war wichteg, datt mer hinnen dat gewisen hunn. Hei war net Endstatioun a mengen An. Si wäerten elo ugangs der Woch eng nei Copie presentéieren an déi Copie wäert nach eng Kéier da verbessert ginn am Conseil européen. De Problem dee sech wierklech stellt, dat ass - Dir wësst an England selwer hunn d’Tory sech nei opgestalt. Do ass een heftegen Débat elo am gaangen an England selwer an dat ass net hëllefräich fir zu enger méi positiver Conclusioun ze kommen. Mä ech bleiwen awer gudder Hoffunug, datt dat do nach méiglech ass.

Frank Kuffer: Anere Sujet dann, haut ass eng Réunioun vun der NATO, wou d’Ausseministere Rendez-Vous mat hirer amerikanescher Homologin, Condoleezza Rice hunn. Do war awer gëschter och schonn eng informell Entrevue. Här Asselborn, ass et do och ëm déi ganz vill diskutéiert a kritiséiert CIA-Flich gaangen, wou jo présuméiert Terroriste sollen och duerch Europa transportéiert, eventuell gefoltert gi sinn? Hut Dir do elo méi Kloerheet kritt schonn?

Jean Asselborn: Jo, also zwee Drëttel vun däer Reunioun mat der Madame Rice, déi huet sech selbstverständlech ëm dat Thema do gedréit. Also d’USA soen, si géifen international Konventioune respektéieren. Kengem vun den US-Bierger wier et erlaabt an den USA an och ausserhalb vun den USA Tortur unzewenden a wa Violatioune gemaach ginn, da ginn déi extrem schaarf sanktionnéiert, mä datt d’USA eben am Krich si géint den Terrorismus. Bon, mir vun eiser Säit, an do war och eng grouss Unanimitéit festzestellen op der Säit vun den EU-Ministeren, hu gesot, datt d’Regele vum internationale Recht ëmmer ze respktéiere sinn, datt konform zur Genfer Konventioun keng Persounen ouni Recht sinn, och net an der Lutte géint den Terrorismus an datt Aussoen, déi vun amerikanescher Säit gemaach ginn, wéi d’CIA déi foltert net, wou dat kontraproduktiv ass. Dat ass u sech eng Ausso, déi jo schonn extrem kontraproduktiv ass. Also an deen Débat hunn ech mer erlaabt gëschter ze soen, datt de Respekt vun de Mënscherechter an de Kampf géint den Terrorismus an all Demokratie, dës Säit dem Pull an déi Säit dem Pull, zwee Aspekter sinn, déi musse complémentaire sinn, déi sech also net an der Essenz däerfen opposéieren, soss ass een am Arbitraire.

Frank Kuffer: Jean Asselborn, en décke Merci dann op Bréissel.

Jean Asselborn: Merci.

Dernière mise à jour