Jean Asselborn au sujet de l'actualité nationale et européenne

Marc Linster: Invité de Mëtteg am Background am Gespréich ass wéi gesot de Vizepremier an Ausseminister. Här Asselborn, gudde Mëtteg.

Jean Asselborn: Gudde Mëtteg.

Marc Linster: Här Asselborn, wee Cabaret kucke geet, dee weess, datt Dir e passionéierten Telefonist sidd. Hutt Dir Ären Handy aus oder waart Dir eventuell op ee wichtegen Uruff vum Condi Rice?

Jean Asselborn: Alles an der Rei.

Marc Linster: Ok. Här Asselborn, mä schwieft een net trotzdem als Ausseminister net e bësselchen iwwert däer nationaler Politik?

Jean Asselborn: Nee, guer net, dat wier ee grousse Feeler. Ech si jo och Vizepresident vun der Regierung, ech si vu menger Partei an ech hunn däer et och ze verdanken, datt ech an der Regierung sinn an ech hu mech do anzesetzen, selbstverständlech un éischter Plaz fir d’Aussepolitik, mä et ass mer näischt egal wat hei am Land geschitt.

Marc Linster: Ier mer elo un déi politesch Kapitele komme vun eiser Emissioun, kuerz nach eng éischt Reaktioun vun Iech, Dir hutt et elo an den Neiegkeeten héiere vum Dani Rasqué, de Jean-Claude Juncker, eise Premier, kritt de renomméierte Karlspräis. Wat sot Dir dozou?

Jean Asselborn: Jo, dee Präis ass jo ee vun deene wichtegsten deen et an Europa ze verdeele gëtt, dofir huet de Jean-Claude Juncker haut Ursaach fir frou ze sinn a fir och houfreg ze sinn. An ech géif och am Numm vu senge Kollegen alleguerten aus der Regierung him ganz häerzlech dofir félicitéieren. De Premier ass een Aushängeschëld, een immenst gutt Aushängeschëld fir Lëtzebuerg an Europa. Ech mengen dee Präis do dee kritt e virun allem jo och fir säin Asaz fir Europa an der Vergaangenheet, fir dat ze wierdegen, awer och, fir datt en de Bëss behält fir an Zukunft weiderzefueren. Ech mengen et ass ee gudden Dag fir heen awer och ee gudden Dag fir Lëtzebuerg.

Marc Linster: Kritt en déi Präisser an déi Unerkennungen zu Recht oder ass en iwwerschat am Ausland?

Jean Asselborn: Dat do ass eng typesch Lëtzebuerger Fro. Ech menge mir solle frou si wa mer ee Premier hunn, deen esou dichteg Präisser kritt.

Marc Linster: Dir äntwert bal well wéi de Premier selwer kënnt äntwerten.

Jean Asselborn: Ech kommen awer aus engem anere Lach wéi heen.

Marc Linster: Ok. Dann elo méi sérieux, bei d’Innepolitik, iwwert déi mer am Ufank vun eiser Emissioun schwätzen. Et ass gewosst, och zu Lëtzebuerg ginn et Problemer mat de Staatsfinanzen. Mir gi vun der Regierung drop preparéiert, datt mer méi kuerz trëppele mussen an datt mer net laanscht Reforme komme, wann eist Land och an Zukunft fit bleiwe soll. Dozou ee Commentaire vum Guy Kayser.

(...)

Marc Linster: Jean Asselborn, de Guy Kayser huet a sengem Commentaire elo e puer Pisten opgezeechent. Wou muss dann dem Vizepremier no den Hiewel ugesat ginn, prioritaire a fir datt eist Land fit fir d’Zukunft gëtt?

Jean Asselborn: Jo, also ech mengen, an deem Commentaire, do war villes ganz, ganz richteg dran. Mir hunn am Joer 2006, wa mer elo mol d’Maastricht Critèrë kucken, een Defizit vun 1,1 Milliarden Euroen, dat sinn der vill wa mer nach virun 2002 wieren. A wann deen Defizit consolidéiert ass, si mer nach op enger halwer Milliard, dat sinn nach ëmmer 20 Milliarden Defizit. Dat heescht, mir mussen eng Politik maachen hei am Land, wou mer erëm d’Recetten an d’Dépensë mussen an den Équiliber kréien. Dat ass eng Obligatioun, déi ass wichteg fir d’Lëtzebuerger Politik, fir déi zukünfteg Generatiounen.

Et ass awer och eng Obligatioun um europäesche Plang. Duefir, mir hunn eng Croissance vun iwwer 4%, mä awer och een Defizit, ee calculéierten Defizit vu minus 4,1% wat Maastricht ugeet. Dat musse mer an de Grëff kréien. Dir wësst, datt nëmmen erlaabt ass minus 3% a wann deen Defizit vu 4,1 consolidéiert ass, si mer nach ëmmer bei Minus 1,8 fir dëst Joer. Mir hunn eng Inflatioun hei am Land déi héich ass, déi praktesch bei 3% läit. Mir mussen och attraktiv bleiwen, an ech mengen do schwätzen ech am Numm vum Jeannot Krecké als Wirtschaftsminister, fir datt Investisseuren an d’Land kommen. Dat heescht d’Recetten eropsetzen, dat alleng geet net duer. Mir mussen eis also ëm d’Ausgabe bekëmmeren.

Marc Linster: Wou soll dann do den Hiewel ugesat ginn?

Jean Asselborn: Jo, ech mengen, dat ass ganz kloer, Här Linster, mir sinn als LSAP, wann ech mol esou däerf dat soe fir eise Veräin, net an d’Regierung gaange fir Sozialofbau ze maachen, soen ech Iech ganz direkt. Mir sinn awer och net gaange fir Angscht ze schüren. Mir wëllen net, datt dee Phenomen deen an Däitschland jo vill Welle mécht an och nach ëmmer, mengen ech, Welle weider mécht, dat hei och ass, datt mer beemol esou an enger Weltënnergangstëmung do eis erëmfannen. D’Lag ass eescht, mir mussen dat an de Grapp kréien. Mir wëllen upaken an der Regierung, do si mer alleguerte solidaresch dran, ob CSV oder LSAP, wou ugepaakt muss gi fir ze moderniséieren. Mir hunn immens vill ze di mam Schoulsystem, wou mer musse reforméieren, wou mer um gudde Wee sinn, Gesondheetswiesen, d’Zesummeliewen och an eiser Gesellschaft, Wirtschaft, Chômage wat ugedeit ginn ass. An ech soen Iech, dës Regierung déi packt dat.

Reforme, wëll ech nach soen, zum Schluss, dat gëtt jo ëmmer gesot, datt dat Ofbau wier. An deem Wuert Reforme musse mer Notiounen drakréien, wéi Selectivitéit an och wéi Verantwortung. Wann een zum Beispill kuckt, d’Aarbecht vum Gesondheetsminister, deen dat jo elo mécht, wann een de Leit kloermécht, datt och d’Sozialkeesen, jiddereen deen doranner bezuelt, och eng Verantwortung huet selbstverständlech. Wat doraus erauskënnt, ob en Dokter ass oder ob en Assuré ass a gleeft mer, eis Aufgab an der Regierung ass et, tëscht dem Näischt maachen an dem Falsche maachen, eben dat Richtegt maachen. An Dir wäert gesinn, duefir ass jo och déi Diskussioun an der Tripartite net einfach esou ewech ze geheien. Dat ass kee Gefasels. Mir hunn eis een Ziel ginn - fir net direkt vun uewen erof mam Schloper ze soen, dat do an dat do an dat do ass et elo - mä fir wierklech déi Diskussioun an der Tripartite an och selbstverständlech mat der Chamber, déi jo herno d’lescht Wuert huet, ze féieren. An da fir de Mee 2006 wëll d’Regierung déi Pistë fir ze reforméieren dann uginn.

Marc Linster: Dir hutt d’Tripartite ugeschwat. Déi noutwenneg Reforme sollen am Dialog mat de Sozialpartner décidéiert ginn, de Jean-Claude Juncker huet dat a senger Ried iwwert d’Déclaratioun vun der Natioun, déi lo zwar anescht heescht, op mannst 80 mol zitéiert. Gleeft Dir dann, wann ee verschidde Reaktiounen notamment vu Gewerkschaftssäit kuckt, gleeft Dir do un ee Konsens?

Jean Asselborn: Also, ech mengen d’Gewerkschaften hunn hir Aufgab ze maachen. Si hunn, mengen ech, an der Gesellschaft d’Leit ze sensibiliséieren, datt net déi ganz Reforme kënnen op Grond vu Sozialofbau gemaach ginn. Op däer anerer Säit huet een d’Patronat, wat jo e wéineg eng aner Klack laut. Mir als Regierung hunn dat ze maache wat am Intérêt vum ganze Land ass, vun alle Schichten am Land. An ech mengen, datt dat hei keng Regierung ass, souwuel d’CSV wéi d’LSAP, déi net vill iwwreg hu fir dat Sozialt, oder déi wëlle Sozialofbau maachen. Dat ass et net, bei eis ass Reform an dëser Regierung net Sozialofbau.

Marc Linster: Mä géift Dir dann eng Streikwell akzeptéieren, déi eventuell kënnt?

Jean Asselborn: Also, wësst Dir, ech sinn elo jo wéineg an der Aussepolitik doheem. Wann een do ëmmer Hypothesen opstellt wat géif komme wann - ech menge mer sollten elo schaffen an der Tripartite. An d’Tripartite muss jo och weisen, datt se selwer à même ass fir Propositiounen ze maachen. D’Regierung huet déi lescht Verantwortung dann z’iwwerhuelen et puis on verra.

Marc Linster: Et ben, zitt d’Regierung da wierklech an deem Fall déi an hiren Aën noutwenneg Reformen duerch, wann et an der Tripartite kee Konsens gëtt?

Jean Asselborn: Doudsécher.

Marc Linster: A riskéiert Är Partei dann net mat deene Reforme Problemer ze kréien, zum Beispill mam Gewerkschaftsflillek? Riskéiert d’LSAP zolitten interne Sträit méiglecherweis wéinst deene Reformen?

Jean Asselborn: Här Linster, ech hunn Iech elo gesot wat d’Aufgab ass vun dëser Regierung an och d’Aufgab vun eiser Partei. An et ass mir guer net Angscht fir eis Partei, déi weess, datt näischt maachen, nokucken, wéi den Defizit géif eropschnellen. Mir kënne jo net zwee Joer hanerteneen ee Budget presentéieren wéi mer elo ee presentéiert hunn an datt mer do musse wierklech an eis eragoen a kucken, datt mer, wéi ech gesot hunn, och an der Sozialpolitik Notioune vu Verantwortunge an d’Notioun vu Sélectivitéit besser erakréien. Dat ass Ëmbau an et ass net Ofbau.

Marc Linster: Fir vill Diskussiounen a politesche Kreesser huet déi leschten Deeg d’Initiative vun der CSV Fraktioun mat un der Spëtzt hirem Chef Michel Wolter gesuergt, dee fir weider finanziell Aspuerungen am Budget plädéiert huet. Gouf d’LSAP do net vum Koalitiounspartner ganz einfach iwwerdubbert?

Jean Asselborn: Iwwerhaapt net, et ass ee Fait, Här Linster, datt d’CSV, an ech soen dat elo net als Commentaire, mä et ass ee Fait, zanter Jore sech jo selwer den Image ginn huet, datt si eigentlech de Monopol hätt vun enger gudder Gestioun, enger gudder Finanzgestioun vum Land, datt se elo den absolute Lead dran hunn an dofir ass et net verwonnerlech, datt an der Fraktioun vun der CSV, deenen beemol d’Aën opgaange si wéi Ginzescheken, wéi se gesinn hunn, datt dat doten an eng Richtung géif goen, déi net méi déi ass wéi se an de leschte Joren eigentlech ëmmer virprogramméiert war.

Mir an der LSAP, wann ech esou däerf soen, sinn do manner iwwerrascht ginn. Mir hu schonn 2003 an 2004 ganz kloer gesot a mir hunn dat och widderholl, datt et enk géif ginn an de Joren 2005 an 2006. An der Regierung selbstverständlech muss dat och, géif ech mengen, esouguer als positiv ugesi ginn, wa mer ee Parlament hunn, wat eng dreiwend Kraaft ass bei der Sich no Equilibren, bei der Sich no Weeër fir een Équiliber erëm ze fannen. Esou datt ech géif mengen, datt een deen Aneren hei un der Léngt féiert - vergiesst esou Saachen, well hei geet et nëmmen tëscht CSV an LSAP. Wa mer déi schwiereg Aufgab, déi virun eis ass, wa mer do wierklech versichen esouvill wéi méiglech solidaresch ze sinn - an et huet keen deen aneren un der Léngt. Dir hutt gesi wat de Budgetsrapporter Roger Negri sot, wat och eise Fraktiounspresident d’nächst Woch wäert an der Chamber soen, do si mer am Wortklang, am Wortlaut si mer do ähnlech, datt mer musse schaffen, fir eben, wéi ech gesot hunn, déi richteg Weeër ze fannen, fir den Équiliber erëm hirzestellen.

Marc Linster: Dir géift also soen, d’Initiative vum Michel Wolter, dat wier net um Lack vum Premier gekratzt gewiercht, mä dat wier éischter dem Premier zupaass komm?

Jean Asselborn: Also, ech sinn net esou kënneg do an der CSV. Et ass méiglech, datt do vläicht bannenan vläit deen een oder anere wëllt deem engen oder deem aneren um Lack kraatzen, mä ech mengen dat ass jo awer net am Intérêt vum Land. Dat wat am Intérêt vum Land ass, dat ass dat wat ech Iech gesot hunn, datt déi zwou Fraktiounen an däer Koalitioun mat der Regierung versiche Léisungen ze fannen. Dat ass eis Responsabilitéit. All dat anert, do si mer um Glacis vum Wiesentlechen.

Marc Linster: Vum 1. Januar 2006 u sollen och d’Lëtzebuerger eng Quellesteier bezuelen, dat heescht eng Steier vun 10% op verschiddenen Zënserträg, paralell gëtt d’Verméigenssteier ofgeschaaft. Dee Gesetzprojet, Här Asselborn, ass jo de Moment um Instanzewee a biswell gouf ëmmer drop gepocht, datt d’Klengspuerer net ënnert d’Quellesteier falen, mä dat ass zanter dëser Woch anescht. D’Finanzkommissioun vun der Chamber huet nämlech de Fräibetrag vu 1500 Euro aus dem Gesetzprojet erausgeholl. Elo soll, sou gouf gëschter gewuer, no anere Méiglechkeete gesicht ginn fir de Klengspuerer entgéint ze kommen. Mä goufen d’Leit an dësem Kontext awer net ganz einfach vun der Regierung ugeschmiert?

Jean Asselborn: Nee, et ass esou, de Premier huet eng ganz kloer Ausso gemaach an der Regierungserklärung an och do duerno [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Säi Minister Frieden hat op anere Plazen och schonn aner Aussoe gemaach.

Jean Asselborn: Jo, ben ech hale mech elo mol un deen, dee fir d’Regierung schwätzt, deen huet gesot, de Premier, datt mer géife kucken, fir d’Klengspuerer, datt mer déi net géifen domat an de Pak kréien. De Minister Frieden ass ee Moment, dee wollt dat jo och maachen a mir sinn an déi Situatioun komm, datt beemol festgestalt ginn ass, hei do brauch ee 40 oder 50 Leit fir dat doten ze maachen an do huet d’Chamber jo och, mat déi 4 Parteien, net nëmmen d’Majoritéitsparteien, och déi zwou Oppositiounsparteien, déi Gréng an och d’DP huet gesinn, datt een net op dee Wee ka goen. Dat musst Dir awer och soen, de Conseil d’État huet eng Piste opgewisen. Mir hunn an der Regierung e Freideg och driwwer geschwat, de Premier hat dat jo och ugedeit a sengem Briefing an Dir wäert gesinn, datt e Méindeg scho wäert d’Ëffentlechkeet informéiert ginn op wat fir ee Wee datt mer géife goen. Also, ech kéint mer virstellen, datt d’Leit déi Zënse kréien, bis zu 500000 Frang, datt déi Zënsen net brauche besteiert ze ginn an do gëtt ee Wee gesicht fir dohinner ze kommen, ouni den administrativen Opwand elo do mussen z’iwwerdreiwen.

Marc Linster: Mir halen dann eis Nolauschterer do e Méindeg um Lafenden.

Jean Asselborn: Selbstverständlech.

Marc Linster: Fir Opregung, oder e bësselchen Opregung an der Lëtzebuerger Aktualitéit hunn och muscléiert Aussoe vun Ärem Ministeschkolleg, Jeannot Krecké am Kéisecker gesuergt, dat notamment wat d’Relatiounen tëscht Économie an Écologie ugeet. Global resuméiert kann ee soen den Här Krecké hätt gesot, an dësen Zäite kënnte mer eis ekologesche Luxus net méi leeschten.

De Premier wëllt elo mam Här Krecké schwätzen. Wat sot Dir dozou? A firwat schwätzt Dir net mam Här Krecké?

Jean Asselborn: Ech hunn elo grad mat ëm geschwat. Mä ech wollt Iech just soen, wat de Fong ugeet, den Här Krecké huet effektiv, an deeës ass e sech och bewosst, do eng Ausso gemaach, déi kann, fir et mol diplomatesch auszedrécken, zu engem Malentendu féieren. Mir hunn, an ech hunn him dat och widderholl, an en ass och domadder d’accord, Kyoto hu mer an eise Parteiprogramm elo ageschriwwe gehat, mir hunn en am Koalitiounsprogramm ageschriwwen, mir hunn an der Chamber Engagementer geholl. Et gëtt kee Wee do derlaanscht. Dat ass evident.

Den Här Krecké wollt eigentlech ausdrécken, datt et kéint sinn, datt duerch Kyoto géif eis wirtschafltech Compétitivitéit belaascht ginn, mä ech mengen, datt en do an deem ganzen Äiffer deen en un den Dag leet fir wierklech sech voll anzesetzen, fir datt mer nei Betriber och hei op Lëtzebuerg kréien an déi Betriber déi mer hei hunn och behalen, datt en do vläicht awer menger Meenung no ee Schratt an déi falsch Richtung gaangen ass, well d’Wirtschaft, dat ass jo net de Problem dee mer hu mat dem CO2. De Problem dee mer hunn, an dee musse mer an d’A kucken, dat ass den Tanktourismus. Do kënne mer eis dréinen a kéiere wéi mer wëllen. Deen huet net d’Belsch, net déi Däitsch, d’Fransousen hunn deen net, mä mir hunn deen. A wa mer do versichen eigentlech d’EU z’iwwerdribbeleln oder eis selwer unzeschmieren, ech mengen da kënne mer mol ganz schlëmm ausrutschen.

Duefir géing ech och mengen, datt deen Débat hei eigentlech dem Ëmweltminister Lucien Lux zu paass kënnt, fir vläit elo an aller Rou an an aller Sérénitéit iwwert de Sujet nach eng Kéier an der Ëffentlechkeet ze schwätzen, eigentlech d’Enjeuen dohinner ze leeën an och no Montreal, wou mer jo och duerch mäi Kolleg Nicolas Schmit vertruede waren, kucke wéi ka Lëtzebuerg sech an deem schwieregen Domaine do placéieren. Ech mengen, et däerf een dat elo net zevill héichspillen, dat wier schlecht. Ech mengen Aussoen déi widdersprëchlecher Natur sinn, déi déngen der Cohésioun näischt an duefir setzen ech mech och an, fir datt op eiser Säit op jiddwerfall dat doten an der Ëffentlechkeet kloergestalt gëtt. Mir stinn als Regierung an och mir stinn, wann ech esou däerf soen, als sozialistesch Partei, selbstverständlech zu deem wat mer ofgemaach hu bei Kyoto.

Marc Linster: Um 19 Minutten op 12 komme mer da bei déi international Politik an do, Dani, huet den iranesche President Mahmud Ahmadinejad déi international Communautéit dës Woch nees eng Kéier mat israelfeindleche Sprëch schockéiert.

(...)

Marc Linster: Am Kontext vun dësen onméiglechen Aussoe vum iranesche President, notamment wat d’Schoa ubelaangt, huet d’DP Iech opgefuerdert, Här Asselborn, den iraneschen Ambassadeur bei Iech ze zitéieren. Gedenkt Dir dat ze maachen oder wëllt Dir iwwerhaapt net protestéieren?

Jean Asselborn: D’DP huet vollkomme recht, datt mer do musse protestéieren. Dir wësst vläicht, virun e puer Wochen huet dee Mënsch do am Iran schonn eng Kéier eng ähnlech Ausso gemaach, wou en Israel wollt vun der Landkaart carrément ausradéieren. Ech hunn do am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung ganz schaarf protestéiert. Mir hunn och merci do gesot kritt vun den Israelien. Hei hu mer gëschter Owend och direkt ugefaangen eis ze concertéieren. Et ass elo esou, datt mer ofgmeaach hunn, e Méindeg gesinn d’Ausseminister sech zu Bréissel an ech sinn iwwerzeegt, datt mer do och ee Wuertlaut fannen, fir dat doten ze condamnéieren, zesummen. An datt den iraneschen Ambassadeur op Lëtzebuerg zitéiert gëtt, dat schléissen ech iwwerhaapt net aus. Ech mengen, wann dat géif de concert an allen europäesche Länner geschéien, hätt dat nach méi eng grouss Portée.

Mä ech ka mech haut nëmmen uschléissen un dat wat de Kofi Annan gesot huet. Dir wësst den Iran ass Member vun der UNO, vun der Weltgemeinschaft an de Kofi Annan huet jo schäerfstens dogéint protestéiert. Ech kann nëmme just soen, datt dat dote Wierder sinn, wou ee geduecht hat, datt se mam Faschismus a mam Hitler eigentlech net méi op der Tagesordnung wieren. Also, dat do ass grave, extrem grave wat do geschitt an dofir, d’autant plus, musse mer all Efforte maachen an der internationaler Communautéit, net nëmmen an Europa, fir datt esou Leit wéi déi do, déi elo un der Spëtzt sinn, net iwwert eng Atombomm verfügen. Do gesidd Dir, wat fir een explosivt Kapital géif an esou eppes leien. Ech wëll awer och hei soen, datt den Ahmadinejad do, dat ass wuel ee gewieltene Représentant vum Vollek, mä dee gëtt net d’Mentalitéit an och net d’Stellung an och net d’Approche zu der internationaler Politik vum iranesche Vollek erëm. Dat ass ee jonkt Vollek, wierklech een dynamescht Vollek an ech hoffen, datt et eng Kéier esouwäit kënnt, datt déi Leit och vun anere vertruede ginn, fir datt se hiert ganz Potential wat an deem Vollek läit, datt dat och kann ausgespillt ginn.

Jean Asselborn: Mä ass et den iraneschen Autoritéiten net komplett egal wat déi international Communautéit seet a virun allem wat Lëtzebuerg do seet?

Marc Linster: Jo, esou kann een alles huelen, bei all Fall, selbstverständlech. Mir hunn an eiser Présidence, Här Linster, immens Efforte gemaach, mir waren och do als Troika am Iran um Niveau vun den Diplomaten, fir den Dialog iwwert d’Mënscherechter am Iran weider ze bréngen. Dir wësst datt mam Iran, leschten November zu Paräis hate mer, Däitschland, Frankräich an England och een Ofokommes, fir ze kucke wéi ee kënnt mat hinnen handelen a Saachen Enrichissement vum Uran. All dat huet näischt bruecht, mä deemols war nach eng Regierung do wou awer nach Espoir war, datt ee kéint mat deene Leit schwätzen. Bon ech hoffen net, ech hoffe wierklech net, datt dat doten op ee Punkt ausaart, wou herno erëm Force muss oder soll oder wëll applizéiert ginn. Menger Meenung no, ass dat eng Géigend vun der Welt wou een absolut muss oppassen an alles, alles, alles maachen, och vu Lëtzebuerger Säit aus, wa mer kënnen hëllefen, fir datt dat do am Dialog an op dem Wee vun der Diplomatie geléist gëtt, well alles anescht wier fir déi ganz Regioun an och fir eis Stabilitéit eng Katastrof.

(...)

Marc Linster: Jean Asselborn, wat bedeit d’Ausliwwerung vum kroatesche Krichsverbriecher Gotovina un Den Haag? Ass dat méi wéi just ee symbolesche Schrëtt?

Jean Asselborn: Oh jo, dat ass ganz vill. Dir wësst, datt esouguer an eiser Présidence wou mir sollten ufänke mat de Kroaten ze négociéieren iwwert d’Adhésioun schonn de 17. Mäerz, datt dat zréckversat ginn ass op den 3. Oktober, duerch eben dee Fall vum Gotovina. Dat ass ee Krichsverbriecher. Mä Dir wësst, Dir gesidd dat och haut nach elo an de Protestmanifestatiounen a Kroatien, datt verschidde Leit do nach ëmmer deen als Krichsheld considéréieren. Mä et ass immens gutt datt e capturéiert ginn ass an datt en op Den Haag kënnt fir jugéiert ze ginn. Dat spijelt sech, mengen ech, och erëm a Serbien an och a Bosnien. Mladic a Karadzic, dat si bonesch Serben, déi och ganz grave Krichsverbriecher sinn. Och déi zwee Länner mussen elo Efforte maachen, wann ee Rapprochement eng Kéier mat der EU soll méiglech sinn. An dofir sinn ech frou fir d’kroatescht Vollek, datt déi doten Hürd ausgeraumt ass an datt elo ka wierklech an aller Sérénitéit fir dat wichtegt Land an dat Land wat och menger Meenung no um wirtschaftleche Plang, awer och um kulturelle Plang ganz vill Europa ka bréngen, datt déi Négociatiounen elo kënne gutt virukommen.

(...)

Marc Linster: Jean Asselborn, wësst Dir ob CIA-Vole Lëtzebuerg passéiert hunn

Jean Asselborn: Lëtzebuerg si keng passéiert ginn. Et ass näischt do bekannt hei zu Lëtzebuerg, mä ech wëll Iech awer zum ganze Komplex eppes soen, well mir jo déi Reunioun hate mat der Madame Rice [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Ech wollt elo grad doropper kommen.

Jean Asselborn: Entschëllegt.

Marc Linster: Sot Dir.

Jean Asselborn: D’Madame Rice huet, ech widderhuelen dat nach eng Kéier, sech ganz kloer virun alle Ministere vun der Europäescher Unioun ausgeschwat, datt d’Tortur vun Amerikaner an Amerika an och ausserhalb vun Amerika, dat ass immens wichteg, net géif toleréiert ginn, datt si international Konventioune respektéieren an datt och all Land informéiert ass iwwert dat wat do geschitt.

Marc Linster: Gëtt et dann och keng geheim Prisongen?

Jean Asselborn: Ech soen elo dat wat si gesot huet. Mir hunn als Europäesch Unioun ëmmer gesot, datt am Kampf géint den Terrosimus d’Mënscherechter musse respektéiert ginn, soss gi mer an den Arbitraire. Wou de Problem och ass am Bild, dat ass an Amerika kann de President oder huet de President politesch op jiiddwer Fall eng Méiglechkeet fir Konventiounen z’interprétéieren, zum Beispill d’Konventioun iwwert d’Krichsgefaangener, déi sech net komplett op Leit vun Al Qaida zum Beispill soll applizéieren. Da wat nach ee Bild mécht, wou ee kann Douten hunn, dat ass den John McCain, wat jo net een Demokrat ass, mä ee Republikaner ass, deen och am Vietnam war, deen eng Gesetzesinitiative erabruecht huet am Senat an Amerika, déi jo mat 90 géint 9 Stëmme guttgeheescht ginn ass an do steet dran, datt all grausam, all onmënschlech, all erniddregend Behandlungen oder Bestrofungnen, datt déi verbuede sinn. Dat heescht, de President wëllt dobäi säi Veto aleeën an dat ka wierklech geféierlech sinn.

Mä ech hunn awer vläicht ee lescht Wuert, d’Demokraten hunn eigentlech d’Madame Rice wéi se an Europa war, ënnerstëtzt. Dat ass een Zeeche wat mech awer iergendwéi positiv stëmmt well domadder huet d’Madame Rice héchstwahrscheinlech, Justizministère an de Pentagon an Amerika d’Hänn gebonnen, fir datt endlech och um Niveau vun der Definitioun vun der Tortur e Fortschrëtt kënnt. Dat wier schonn eppes, all dat anert, wat wouer ass a wat net wouer ass, ech hoffen datt mer iwwert de Conseil de l’Europe, vläit awer och iwwert aner Institutiounen hei an Europa, datt mer d’Wouerecht do erausfannen. Wat Lëtzebuerg ugeet, Dir hutt mech gefrot, also mir sinn a Kenntnis vun näischt, weder vu Volen, selbstverständlech nach vu Leit déi hei ënner Lëtzebuerger Kenntnis géifen a Prisonge gesat ginn.

Marc Linster: Esouwäit fir den Abléck.

(...)

Marc Linster: Mir hu virum Noorichteflash iwwer Aussepolitik geschwat. An dësem Kontext, Här Asselborn, wëll ech Iech nach zwou Froe stellen, déi méi perséinlecher Natur sinn. Wéi ass dat, wann een esou als fréiere Stengeforter Buergermeeschter an déi grouss wäit Welt kënnt? Gëtt een do sérieux geholl, ass een impressionéiert? Wat waren do är Andréck?

Jean Asselborn: Ob ee sérieux geholl gëtt, dat hänkt natierlech net dovunner of, ob ee vu Stengefort kënnt, ob een do Buergermeeschter war oder net. Mä, ech wëll Iech awer soen, datt ech selbstverständlech Stengeforter sinn, a Stengeforter bleiwen, dat ass och eng Passioun. Dann, ech hat dat ugedeit, wat ech ni duerf vergiessen, och ni wëll vergiessen, datt ech och menger Partei déngen, datt ech menger Partei, alles wat ech hunn, eigentlech an der Politik, ze verdanken hunn. Vum Buergermeeschter u bis dann Deputéierten, Fraktiounspresident, Parteipresident an elo ebe Member vun der Regierung.

Wann een also eng Verantwortung huet, och fir seng Partei, a wann een och vum Wieler en Optrag kritt huet, fir sech fir säi Land anzesetzen, ech mengen, da vergësst een alleguer déi Schikanen, et vergësst een alleguer och déi, et ass jo net ëmmer esou filtréiert, och an däer Aussepolitik, dat ass heiansdo e ganzt haart Geschäft, an och et muss e physesch an der Rei sinn, fir dat heiansdo ze meeschteren. Mä et ass jo schonn eng Éier, wann een dat dierf maache fir säi Land, dat ass kloe. Mä am Eifer vum Gefecht, gleeft mir dat, an ech si jo do direkt an déi Présidence geheit ginn, an dat wat mir immens gehollef huet, dat ass eigentlech, datt jiddereen, well mir eben, well jidderee vu Lëtzebuerg villes erwaart a jidderee seet, Lëtzebuerg mécht dat schonn, sinn ech eigentlech direkt akzeptéiert ginn. Ech konnt natierlech net do optriede wéi een, dee schonn alles wéisst, an een deen näischt méi brauch ze léieren. Ech hu missen alles léieren, ech hunn dat jo guer net kannt, de Milieu do, an och d’diplomatesch Sprooch wéi een déi richteg da muss meesselen, fir datt een do net uneckt ëmmer. Awer ëmmer och, datt meng Meenung déi ech hunn, datt ech déi och ganz fein an awer ganz präzis zur Geltung bruecht hunn. An dat ass mir och zum Schluss vun eiser Présidence, hunn, op jiddefall d’Kollegen Ausseministeren net fonnt, datt dat elo eng Katastrof war wat ech do gemaach hätt, an da kritt een eng gewëssen Assurance mat der Zäit.

An et ass een natierlech ëmmer frou, wann der vu Stengefort ufänkt, wann een op Stengefort dann zeréck kënnt. Mä ech si jo elo net eigentlech an d’Regierung gaangen, fir kënne mam Joschka Fischer oder mam Jack Straw, oder mam Condi Rice wéi Dir sot, elo iessen ze goen, dat ass et jo net. Dat sinn Aspecten, déi do dozou gehéieren. Mä eigentlech vertrëtt een do säi Land, an et huet een do dat ze maache mengen ech, fir am beschten eigentlech d’Positioune vu sengem Land eriwwerzebréngen, a säi Land och gutt ze verkafen. Dorëms geet et jo. Ouni, selbstverständlech, soen ech nach eng Kéier, do opzetriede wéi wann een alles wéisst, awer och mat der Assurance, datt dat wat ee wëll eriwwer bréngen, datt een dat och dann ze maachen huet. An dat geet, also ech mengen, dat ass keng Konscht, dat géifen och anerer fäerdeg brénge wéi ech, do sinn ech dovun iwwerzeegt. Mä et ass schonn interessant, fir dat kënnen an dierfen ze maachen, an ech ginn do mäi bescht eigentlech.

Marc Linster: Huet Äert Liewe sech radikal geännert, zënter datt Dir Ausseminister sidd?

Jean Asselborn: Neen, dat géif ech och net soen. Also, ech weess nach ëmmer wou ech hi gehéieren, an ech weess nach ëmmer, wiem ech dat alles ze verdanken hunn. Ech muss jo och doheem kucken, mir hunn zwee Meedercher, mat menger Fra kucken, fir datt mir dat eenegermoossen [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Do den Equiliber ze halen.

Jean Asselborn: Den Equiliber och do ze behalen, mä dat geet awer alles. D’Kanner sinn elo grouss, bon, a meng Fra déi ass jo och elo am Gemengerot an der Stad an zu Stengefort gewielt ginn, an ech mengen, déi ass och net ënnerbeschäftegt, doudsécher net. Awer, nee, d’Liewen ass net changéiert, et ass e wéineg eng aner Aarbecht elo ze maachen, wéi wann ee Buergermeeschter ass vu Stengefort. A wann een, mä gleeft mir, dat war och heiansdo vill, Buergermeeschter an d’Partei, an dann Deputéierten, hei kann ee sech awer trotzdem méi concentréieren op seng Aarbecht, obschonn datt een net ganz vill doheem ass. Ech mengen, et ass elo deen fënnefte Sonndeg, wou ech scho Sonndes Mëttes muss fort fueren, an dann ee ganzen Deel vun der Woch net do sinn. Awer ech mengen, et mécht mir Freed, an ech maachen dat och gären, an ech setze mech esou vill an, wéi ech dat ka maachen.

Marc Linster: Et sinn 19 Minutte bis eng. Et huet sech fir dës Émissioun héije Besuch ugekënnegt. Ech gesinn, elo ass et souwäit, d’Studiosdier ass opgaangen, a lauschtere mir emol, wat eise Visiteur eis ze soen huet.

(...)

Marc Linster: Jean Asselborn, Dir hutt elo intensiv nogelauschtert. Wat äntwert Dir eisem Invité?

Jean Asselborn: Ja, also dat ass jo och net alles falsch, wat den Invité gesot huet, esouguer villes ass richteg. Allerdéngs, bon, d’Politik ass e ganzt knëppelhaart Geschäft. Ech mengen, dat do ass jo elo virun allem gewisen, datt mir an Europa musse wierklech all Kraaft asetzen, fir datt mir déi nächst Woch, e Samschdeg, wann dann hei déi nämlecht Sendung leeft, datt Dir da kënnt soen, endlech ass dee Budget do ënner Dach und Fach. Bei der Budgetsdiscussioun, an do huet de Geescht do ganz Recht, geet et och em d’Mentalitéit, em d’Approche déi mir an Europa eigentlech hunn, zu deem Projet Europa. Et geet net ëm Suen do alleng, et geet virun allem drëm, wéi sti mir zu der Solidaritéit an Europa? Wëlle mir wierklech, datt dat wat mir an alle Riede soen, datt déi Länner aus dem Osten, déi nei Länner, datt déi eng Chance kréien, fir kënnen op eng ähnlech Stuf ze kommen, wou mir drop sinn? Maache mir et mat deene Länner am Osten d’selwecht, wéi mir et gemaach hu mat Spuenien, mat Portugal, mat Griecheland, wéi mir zu 15 waren? Gi mir hinne vun eis mat, fir datt si sech kënnen entwéckelen, hir Infrastrukturen, hir Sozialsystemer, hir Wirtschaft, dovun hu si net alleng Profit, mä mir och, well doduerch gëtt jo d’Échangen um ekonomesche Plang gi besser, an déi Distortiounen um soziale Plang verschwannen.

Marc Linster: Et hat een awer d’Impressioun, wéi wann dacks nach Épiciersgeescht virherrscht.

Jean Asselborn: Jo, England ass ugetruede fir d’EU ze reforméieren. Mä mir hunn et net fäerdeg bruecht an der EU, fir d’englesch Mentalitéit ze reforméiere bis elo, mä ech ginn net op. Et ass nach e Strapp, ech hu muer den Owend eng Réunioun och nach mat Kollegen Ausseministeren, ech weess, datt och de Premier alles nach versicht, an ech wäert och nach e Méindeg ënnert den Ausseministeren alles versichen, fir den Englänner wierklech an d’Gewëssen eranzerieden, datt déi Responsabilitéit déi si do hunn, datt déi net ka mat 500 Milliounen Euro, wat fir England net d’Welt ass, zum Beispill, fir eng Léisung beim Scheck ze fannen, datt se deen Effort musse maachen. Well wa se deen Effort net maachen, geet et net nëmmen op d’Käschte vun der englescher Crédibilitéit, et geet op d’Käschte vun der europäescher Crédibilitéit. An ech behalen also gutt Hoffnung, ech wëll Iech vläicht am Detail och nach eng Kéier soen, datt mir jo net riseg wäit ewech si virun engem Accord.

Mir haten eigentlech vun der Commissioun jo den Optrag kritt als Lëtzebuerger Présidence, fir den europäesche Budget mat 999 Milliounen unzesetzen. Dat ass en astronomesche Chiffer. Mä ech hunn et wéini gesot, an ech widderhuelen et och vläicht hei, d’Amerikaner gi méi wéi 400 Milliounen am Joer aus fir d’Militärpolitik ze ënnerstëtzen. An hei ass e Budget vun 999 Milliarde gewiescht, fir 7 Joer Politik ze maachen, do si mir hu mir erof geschrauft op 876, op 871. Elo si mir op 846, dat sinn astronomesch Chifferen nach ëmmer. Mä wat hannendru stécht hannert deene Chifferen, dat ass, datt mir jiddereen an der EU dat nämmlecht muss bäidroen, wat d’Erweiderung kascht. Dat ass wat mir froe beim sougenannte britesche Scheck, datt do net 2/3 iwwerholl ginn, mä 3/3 iwwerholl ginn, an datt dee britesche Scheck, deen aus enger Zäit staamt, wou d’Englänner ganz vill TVA hu misse bezuelen, a wéineg kritt hu vun der EU fir, well se eng schwaach Agrarpolitik hunn, datt dee verschwënnt, definitiv verschwënnt. Dat sinn déi zwee Punkten.

An da kënnt dat drëtt dobäi, dat ass fir mech eigentlech dat allerschwéierst. Mir si wéi ech gesot hu vun 876 Milliarden op 846 gaangen, a mir hu vun deenen 25 Milliarden, 12 Milliarden deenen Aarmen ewech geholl, fir deene méi Räichen ze ginn. Dat ass eigentlech net eng Kohäsiounspolitik wéi mir se bis elo kannt hunn, mä dat ass eng Anti-Kohäsiounspolitik. Dat ass e wéineg wat geschitt ass um Sommet, also um Sommet wou Lëtzebuerg d’Présidence hat, am Juni, wou eigentlech déi nei Länner gesot hunn, ma huelt eis 10% ewech, mä gitt iech eens, komm mir fannen en Accord. Elo gëtt dat do kalbliddeg ausgenotzt, mir huelen elo 10% ewech vun hirer Kohäsiounspolitik, fir kënnen eventuell zu engem Accord ze kommen.

An da kënnt dat lescht. Dat ass an der Agrarpolitik, do ass den éischte Pilier gekäppt gi vun 2 Milliarden, mä ech mengen, dat ass nach ze managen. Mä wat och do falsch ass, an der englescher Propositioun, dat ass, datt den Développement rural eigentlech wat eng modern Agrarpolitik soll sinn, eng déi zukunftsorientéiert ass, méi ekologesch, manner op d’Produktivitéit, datt déi och drastesch gekierzt gëtt, em 8,5 Milliarden. Dat heescht, mir si wat d’Chifferen ugeet, mengen ech, net wäit ewech, well dat eent, dat ass 1,03, wat d’Englänner proposéiere vun dem PIB, vum RMB an Europa, an dat anert ass 1,06. Et ass also eng ganz kleng Differenz, mä an der Mentalitéit ass et ee rise Schrëtt, an dee musse mir nach méi no bréngen. Do ginn ech d’Hoffnung net op. Mä, wann et net klappt, ech ka mir net virstellen, datt dann d’éisterräichesch Présidence oder d’finnesch Présidence duerno en Accord fënnt.

An dann hu mir, wat de Geescht elo hei gesot huet, hu mir, dat wat mir net sollen hunn an Europa, och ouni Verfassung - ech soen dat elo net, well mir keng Verfassung brauchen - mä Europa leeft virun. Wa mir eng Kéier op e Punkt kommen, wou déi nei Länner sech kee Programm méi kënne leeschten, well da géifen d’Dépense vu Joer zu Joer fixéiert ginn, an datt keng Investitioun ka gemaach ginn, keng Reforme kënne gemaach ginn an deene Länner, dann hu mir wierklech dat gemaach, wat mir net dierfe maachen, nämlech d’Kohäsiounspolitik, Solidaritéitspolitik an Europa hu mir da futti geschloen.

Marc Linster: Zu Europa nach ee Wuert. Am Beitrag vum Kolleg Marco Goetz huet et och geheescht, oder et ass ugeklongen, datt ee misst am Dialog mam Bierger bleiwen, gouf nom Referendum gesot. Et huet een awer d’Impressioun, datt d’Politiker dee Message net verstanen hunn, oder?

Jean Asselborn: Dat géif ech awer net soen. Ech hunn, also, ech weess elo net ween Dir mengt mat Politiker. Hei am Land schaffe mir jo immens vill, zum Beispill op deem Punkt do, datt mir bei de Perspektiven zu enger Conclusioun kommen. Mir hunn och gesot, mir kënnen elo net eng nei Campagne maachen.

Marc Linster: Ech hunn elo gemengt, den Dialog mam Bierger.

Jean Asselborn: Jo, ech mengen, den Dialog geet jo net duer, mir musse weisen, datt Europa fonctionnéiert, datt Europa sech kann e Budget ginn. Dat ass en onheemlechen Effort dee mir do musse bréngen. Well wa mir dat net fäerdeg bréngen, da wat schwätze mir da mam Bierger iwwer Europa? Da seet de Bierger zu eis, ma dir bréngt et emol net fäerdeg, fir datt dir iech op 7 Joer eng Finanzperspektive gitt, e Budget gitt, wat wëll dir nach mat eis schwätzen? Firwat musse mir dann Europa ënnerstëtzen, wann dir net à même sidd, fir dat do ze maachen? Do geet et jo un, ech mengen dat ass deen allerwichtegste Punkt. An da gëtt et, menger Meenung no, wat d’Verfassung ugeet, soll een elo kucken, datt een e gewëssene Calme behält, ouni awer selbstverständlech dat politescht Europa, dat mir mussen hunn, ze vergiessen. Ech hoffen och, an ech sinn och iwwerzeegt, dat hunn ech jo och an der Chamber gesot, datt ënner éisterräichescher Présidence do Initiativë kommen, an datt mir um Enn vun däer Présidence wëssen, wou mir dru sinn, an een neien Élan, da kann och do gestart ginn.

Marc Linster: Et ass 10 vir 1. Mir kommen ewech vun der Politik, ginn eriwwer bei de Sport. Am Alter vun net grad 73 Joer ass jo en Dënschdeg de grousse lëtzebuerger Veloscrack de Charly Gaul gestuerwen. Kaum een aneren huet mat sengen Exploiten, besonnesch an de 50ger an an de 60ger Joeren dozou bäigedroen, datt de Grand-Duché och iwwer d’Grenzen eraus bekannt gouf. Onvergiess beim Cycliste seng legendär Succèsen am Giro d’Italia, grad wéi den Tour de France, Henri Eippers.

(...)

Marc Linster: De Mëtteg ass jo eng Gedenkzeremonie fir de Charly Gaul am Kapuziner Theater. Déi fänkt awer elo eréischt um halwer sechs un, an net scho wéi ugekënnegt um véirel op fënnef. RTL Radio Lëtzebuerg iwwerdréit déi Zeremonie iwweregens en direct. Jean Asselborn, Dir selwer sidd wéi allgemeng gewosst ass, e passionéierte Cycliste. Wat huet de Charly Gaul fir Iech bedeit?

Jean Asselborn: Also, de Charly Gaul war menger Meenung no eppes wat wäit iwwer de Vëlo a mech erausgaangen ass. Ech ka mech zum Beispill erënneren, Ufanks de 70ger Joeren hat ech den éischten Auto, ech sinn a Südfrankräich gefuer, an dann hate mir den "L" hannen um Auto, an do ass e klenge Jong mat sengem Papp komm, e sot, wat ass dat do den "L" do? Mais c’est le pays de Charly Gaul. Ech mengen dat huet alles gesot. Duerch de Charly Gaul huet ee Lëtzebuerg am Ausland kannt, an däer Zäit.

Wa mir, ech si jo vill och mam Vëlo elo an Italien gefuer, an do gëtt et speziell eng Géigend, dat ass bei Rimini, bei Predaccio wou de Mussolini op d’Welt komm ass. Do hannendru si Bierger, dat nennt sech d’Nove colli. An do ass all Joer eng Course, dat ass zimlech eng schwéier, mat 160-170 Kilometer, wou 9 ganz stramm Bierger dra sinn, an ech sinn och do gefuer. Do ass ee Bierg dran, deen heescht, Barbotto, an ech kommen do uewen op de Bierg, an do war kee Mënsch wäit a breet, an et stoung een eelere Mann do, en Italiener, an ech sinn du mat him e wéineg an d’Gespréich komm, well ech hu misse raschten do uewen. An do huet hie mir direkt scho wéi ech him gesot hu Lëtzebuerg, direkt ugefaange mam Charly Gaul, an hien hätt hei op dëser Plaz gestanen, wou de Charly Gaul am Tour d’Italie 1956, an deem Bierg hei attackéiert hätt. Dat heescht, mir sinn, wa mir Lëtzebuerg gesot hunn, konnt vläicht kee sech vill drënner virstellen, mä dee Lien de gemaach ginn ass mam Charly Gaul.

Dann dat zweet, dat ass och, dat ass engem als Bouf net esou bewosst ginn, mä vläicht haut méi. De Charly Gaul ass jo - kuck den Encini huet och den Tour d’Italie gewonnen, mä dat war laang kee Mythos ginn. Mä de Gaul war jo een, dee konnt onheemlech Performancë maachen, an dann der op den Hutt kréien, an trotzdem huet hien et fäerdeg bruecht, fir 1958 ënnert schwieregste Conditiounen dat ze maachen. An do, 1958, äre Kolleg huet dat elo ugedeit, am Ventoux, dat ass ëmmer gesot ginn, de Ventoux, wien dee wënnt, deen huet den Tour de France gewonnen, do war en immens gutt, en ass mat iwwer 20 Kilometer à l’heure, dat ass haut nach praktesch Rekord, dat muss ee sech virstellen, net vu Balancène erop, an och net vu Saules erop, wou et vill méi einfach ass, mä vu Bédelin erop. Dat ass wann ee Vëlo fiert, an huet een dat eng Kéier gemaach, da weess een, wat dat kascht, mat iwwer 20 Kilometer à l’heure eropgefuer.

An dunn hat hien dann och am Generalklassement, war e bis op 3 Minutten 40 erukomm, an du kënnt dann eng Etapp wou en eigentlech hätt missten ausbriechen, déi Etapp erop op Gappes, an do huet hien eng onheemlech erwëscht. Do hat hien am Generalklassement owes dunn 15 Minutte Retard. 15 Minutte Retard, an et war nach eng Etapp, eng Biergetapp, dat ass dann déi berühmten Etapp wou et gereent huet, op Aix-les-Bains, an en huet dann do wierklech de Leit praktesch 15 Minutten an der Moyenne ofgeholl, tëscht 7, an esouguer den Anquetil mengen ech, hat 25 Minutte verluer. Dat war de Gaul, dat war eppes wat keen anere Coureur fäerdeg bruecht huet, déi Héichten an déi Déiften. An ech mengen haut, wann Dir wëllt, ech hunn en ale Miroir des Sports matbruecht, an do ass e wéineg säi Charakter beschriwwen, a wat de Gaul och deemools duergestallt huet. Et ass vun 1958, kann ech Iech vläicht zitéieren, wann Dir mir dat erlaabt. Also, si hunn de Charly Gaul beschriwwen:

"Il est bicolore comme tous les coureurs cyclistes. Son corps est couleur d’aspirine, son visage et ses membres couleurs de caramel. Ses jambes sont fines, belles, étonnamment lisses et unies, ses bras frêles, minces, et son torse étroit. A son cou franchement maigre, pend une petite châine d’or qui disparaît dans l’échancrure du maillot de corps. Ainsi posé, vouté, les pieds blancs dans les sandales avec un modeste short gris, il a l’air fragile et triste d’un étudiant sous-alimenté qui se ferait couper les cheveux par un copain, parce qu’il n’a pas de quoi s’offrir le coiffeur."

Dat war a sengem Zëmmer, wou e souz mam Dokter Bürger a mam Marcel Ernzer, dee leider jo och, allen zwee si se och net méi ënnert eis. An do ass dann de Jacques Crelot, dat war e ganz bekannte Journaliste déi Zäit, deen den Tour geschriwwen hunn, also am Miroir des Sports, deen dann de Charel esou beschriwwen huet.

Mir hu leider d’Zäit net, mä am Ventoux och, wéi en am Ventoux laanscht de Bobet gaangen ass, dat war jo säin Intimfeind, dat huet e mir herno och nach erzielt, deen en och ugeschmiert hat, säi Brudder huet sech jo eng Kéier entschëllegt da fir de Louison, de Jean Bobet. Awer och do, wéi hien do laanscht gaangen ass, wéi en dem Baramontes eng hallef Minutt ofgeholl huet, an anere Leit wéi den Anquetil wierklech iwwer 4, bal 5 Minutten. Dat ass eppes, wann ee selwer eng Kéier op engem Velo souz an esou engem Bierg, an däer Leit gëtt et jo vill, an da mengt een de Charel war een, deen hat ëmmer zwee Zänn hanne manner drop wéi déi aner, en huet also vill méi séier gedréckt, well hien en Häerz hat, wat onheemlech staark war. Wann een da bedenkt och wat fir eng Energie, wat fir eng Kraaft, awer och, wéi déi Leit gelidden hunn, och de Charel huet schrecklech vill gelidden um Velo. Deen huet alles missen aus sech eraushuelen, an dat ass eppes, mengen ech, wou mir kënnen als Lëtzebuerger houfreg sinn op esou e Mann, mä awer och wëssen, datt dat wat hie geleescht huet, eppes Groussaarteges war.

Marc Linster: Eisen Invité am Background am Gespréich ka sech jo och ëmmer e Musikstitel wënschen. Deen hei Titel vum Jean Asselborn huet och eppes mam Tour de France ze dinn.

(...)

Marc Linster: Här Asselborn, wéisou hutt Dir Iech grad eng Valse musette vum Yvette Horner gewënscht?

Jean Asselborn: Dat ass, wéi ech den Tour de France fir d’éischt gesinn hunn, ass d’Yvette Horner, dat souz dann op engem décapotabelen Auto, an et huet mat senger Harmonika huet et da gespillt. Haut gëtt dat eenegermoossen och nogemaach. Awer d’Harmonika an da vläicht Paräis oder d’Alpen a Frankräich, dann huet een de Flair vum Tour de France, an dat ass eppes wat ech och an enger Zäit wou den Tour de France net fiert, ëmmer immens gären héieren.

Marc Linster: Et ass bekannt, datt Dir passionéierte Cycliste sidd, manner bekannt ass vläicht, datt een Iech och heiansdo am Theater gesäit. An Dir sidd jo am Fong och de Papp vum Stengeforter Theaterfestival. Politik an Theater dat si jo zwou verschidde Welten, oder vläicht och net, eng ganz kuerz Äntwert op meng Fro. Wéi gesäit e Politiker d’Kënschtler?

Jean Asselborn: Also, wann ech de Papp si vum Stengeforter Theater, da sidd Dir de Pätter. Well Dir sidd dohinner komm mam Jean-Paul Maes, fir datt mir dat sollten - wat eng immens flott Saach ass, ech mengen et sinn elo scho bal 15 Joer, wou mir dat gemaach hunn. Wéi gesäit ee Politiker e Kënschtler?

Marc Linster: Eng kuerz Äntwert wann ech gelieft.

Jean Asselborn: Ech mengen d’Politiker sinn och Kënschtler.

Marc Linster: Voilà, domat si mir um Enn vun dësem Background ukomm. Merci, Här Asselborn, fir Äre Besuch am Studio.

Dernière mise à jour