Le ministre de l'Économie, Jeannot Krecké, au sujet de l'étude sur l'interconnexion des réseaux électriques et au sujet de l'énergie atomique

Tom Graas: Jeannot Krecké, gudden Owend.

Jeannot Krecké: Gudden Owend.

Tom Graas: Greenpeace huet de Moie während der Pressekonferenz virun ärem Ministère manifestéiert, wéinst, Zitat, der Intentioun vum Wirtschaftsminister fir déi lëtzebuerger Industrie mat Atomstroum ze alimentéieren. Ass dat dann tatsächlech äre Wëllen?

Jeannot Krecké: Nee, ech hunn de Moien eng Étude virgestallt, wou ech en Optrag vun der Regierung krut, ech soll kucken, wéi d’Versuergungssécherheet hei zu Lëtzebuerg am elektreschen, nom Black-out vun eppes méi wéi engem Joer, wéi déi kéint erëm hirgestallt ginn, dat heescht, datt dat eis net passéiert. An dofir hunn ech eng Étude virgeluegt, zousätzlech an däer Étude hu mir allerdéngs gekuckt, wat bréngt déi Sotels-Leitung déi gefrot gi war, direkten Uschloss un d’EDF-Netz. Wat bréngt dat dem Lëtzebuerger Land oder wat muss gemaach ginn, fir datt dat dem lëtzebuerger Land och eppes bréngt, an net nëmmen der Sotel, beziehungsweis Arcelor.

Tom Graas: Gutt, déi Opreegung kënnt da vläicht hier wéinst engem Interview mat Iech am Kéiseckerter Zäitschrëft, also vum Mouvement écologique. Ech ginn Iech do ee gréngt Zitat, Här Krecké, déi Kéier vun Iech selwer: Wann ech virun der Décisioun stinn, datt d’Betriber mir soen, si géingen hei ophalen, wa si net de korrekte Stroumpräis kréien, da sinn ech fir Atomkraaft, an dat kënnt. Enn vum Zitat. Den Ëmweltminister Lucien Lux sot, dat do wier just e Coup de gueule vun Iech gewiercht.

Jeannot Krecké: Et ass richteg, dat ass eng Äntwert op eppes wat Greenpeace de Moien och erëm eng Kéier widderholl huet, an da loossen ech jidderee jugéieren. Si hunn de Moie gesot, Arcelor misst sech engagéieren, kee Stroum méi ze huele vun Atomkraaftwierker, vu Kuelekraaftwierker a vu Gaskraaftwierker - jo da bleift nach just erneierbar Energien, dat heescht, Solarzellen a Wandkraaaft. Also, wann dat sérieux ass, da soen ech einfach, wann dorops hin dann Arcelor géing soen, mir ginn, da mengen ech, da wier ech net a menger Aufgab, wann ech net géing soen, an neen, dann huele mir Stroum do wou en hier kënnt, an da kucke mir wat fir e Mix datt et ass. Et ass e Coup de gueule, mä et ass eng Äntwert op eng Ausso vun Greenpeace, déi awer och déif blécke léisst. Also wa mir Arcelor hei wëlle mat Solarzelle bedreiwen, dat muss ech Iech soen, da si mir awer wäit erofkomm. Well hier Ausso ass nozeliesen am Communiqué, dat ass einfach onméiglech, datt mir kënnen hei d’Liewe bedreiwen op déi do Aart a Weis. An da soen ech, wann dat de Präis ass, dann ass fir mech den Uschloss un EDF, ass dat dann och méiglech.

Tom Graas: Gutt, dat ass also ganz einfach pragmatesch, Cattenom ass de toute façon do, da kënne mir och an deem Sënn vum bëllege Stroum profitéieren.

Jeannot Krecké: Mir schléisse jo net u Cattenom un, mir schléissen un d’EDF Netz un. Iwweregens kann een haut schonn am Frankräich bei EDF akafen. De Problem ass just, et kascht e bësse méi deier, wéi dat wat dir géingt maachen, wann dir direkt bei EDF kaaft. Esou musst dir iwwer Däitschland fueren, oder iwwer d’Belsch, an an der Belsch do ginn et Enkpäss, an dat ass ee vun deenen Haaptproblemer.

Tom Graas: Mä, et huet een heiansdo d’Impressioun, wann een Iech kennt, da mengt ee bal, Dir wiert e bësse fatalistesch ginn, Här Krecké. Zënter datt Dir Wirtschaftsminister sidd, esou nom Motto, d’Économie denkt net mëttelfristeg, si ass just interesséiert un direktem Bénéfice.

Jeannot Krecké: Nee, ech sinn awer net esou däer Meenung. Ech gesinn eng Entwécklung op eis zoukommen, bedéngt duerch d’Mondialisatioun, wat mir alles net gespuert hunn, elo all déi Joeren, spiere mir voll. Ech gesinn eng Entwécklung op eis zoukommen, déi mir Suerge mécht, a wou d’Industrie déi éischt ass, déi muss leiden, an ech sinn e bësse rosen.

Wësst Dir, wann ee mech zitéiert, wéi dat hei geschitt ass, déi wirtschaftlech Entwécklung an d’Aarbechtsplaze si meng gréisste Suerg, net Kyoto, dann ass et éischtens falsch zitéiert. Kee Mënsch huet also den Text eigentlech gelies, well do steet dran, Kyoto ass fir mech net Haaptthema am Moment. Doraus kann ee liesen, datt et schonn en Thema fir mech ass, mä net mäin Haaptthema am Moment. An am selwechten Interview soen ech virdrun: Kyoto ass eng Riiseverantwortung fir jiddereen hei op der Welt. Domat hunn ech, mengen ech, ënnerstrach, datt ech deem och genuch Bedeitung zoumoossen, an datt ech mir hei net muss gefale loossen, datt d’ganzt Land elo op emol mengt, ech wëllt Kyoto net anhalen. Ech wëll et wuel anhalen, mä ech hu meng Suergen, datt mir kapabel sinn, dat do ze maachen.

Ech mengen, et kommen eng Rei Erausfuerderungen op eis zou, wou ech mengen och Äntwerten ze hunn. Mä da musse mir awer och de Courage hunn, a mir mussen och soen, datt mir wëllen, datt weider industriell Betriber hei sinn, an ech hunn d’Impressioun, datt dat net de Fall ass. Mir probéieren iwwerall mat gudde Grënn, déi bescht ze sinn. Mä d’Somme vum Ganzen, mir kënnen net bei Reach déi strengst sinn, mir kënnen net bei den Oplagen déi strengst sinn, mir kënnen net bei de Steieren déi manner Guddste sinn, mir kënnen net déi deiersten Terrainen hunn, mir kënnen net déi héchste Léin hunn, an da soen, kommt bei eis, well mir sinn awer fäi Jongen. Dat zesummen, dat geet net méi op, an doriwwer maachen ech mir reell Suergen. Ech sinn net fatalistesch, ech hoffen nach ëmmer, datt mir en anere Wee ginn, an datt mir e Bekenntnis dann awer och dozou ofleeën, mä net e Lückebekenntnis, datt mir dat dann och wierklech maachen. Well d’Servicer alleng halen eis net iwwer Waasser. Déi Servicer schaffen och ganz vill der Industrie zou, dat heescht, vill Servicer hänken dovun of, op et hei industriell Betriber gëtt oder net.

Tom Graas: Gutt. Wou ass de Problem da geschitt mat Kyoto? Huet d’Regierung 1997 sech do iwwerholl, war se dee Moment naiv? Wou kënnt de Problem hier?

Jeannot Krecké: Mir hunn eis Zieler esou gesat, datt et onméiglech ass se anzehalen. Et ass ganz einfach. Si sinn net méiglech anzehalen. Ech brauch et net ze soen, net ech, dat seet deen Expert, dee fir den Ëmweltminister an och fir d’Regierung schafft, de Professer Evringmann, dee seet, et ass inexplicabel. Mir kënnen et net anhalen.

Tom Graas: Also gëtt et eis deier.

Jeannot Krecké: An net nëmmen dat, esouguer, behaapt hien, datt et net méiglech ass, sech ganz fräi ze kafen, mat deem wat mir alles missen opkafen, well d’Commissioun seet, dir musst zumindest weisen, datt dir op der Halschent vun deem, wat feelt en Effort gemaach hutt. Or, seet hien, dat eenzegt wou dir et kënnt maachen, dat ass am Transportsecteur. Or Transportsecteur heescht ganz einfach Bensinn an Diesel staark eropzehuelen, fir d’Lëtzebuerger wéi fir d’Auslänner. Domat geet de Verbrauch erof, an domat gëtt eis Kyoto-Bilanz besser.

Wësst Dir, wann ech esou e Coup de gueule, wéi ech dat genannt hunn, gemaach hunn, dann ass et well ech e puer Beispiller hunn, wou ee seet, majo, wat soll dat do? E Betrib dee wëll heihinner kommen, seet zu mir, hei ech kommen, e ganz zukunftsträchtegen, mä ech wëll meng Energie selwer maachen, brauch ganz vill Elektresch. Da muss ech deem soen, et deet mir Leed, dat kanns du hei net, well mir hunn eis einfach d’Limit ze vill stramm gesat, mir hu kee Sputt méi. Mä dat ass awer de wichtege Punkt.

Tom Graas: Mä wat sinn dann Är Conclusiounen doraus? Dir sot, mir kënne Kyoto net anhalen, et gëtt eis deier, also wéi eng Conclusiounen? Wat muss dann do geschéien? Kënne mir nach iergendwéi nobesseren, oder, nach eng Kéier d’Wuert fatalistesch, et ass eben esou, mir mussen dat do eben esou a Kaf huelen?

Jeannot Krecké: Ech mengen, et ass net a menger Kompetenz ze soen, wéi dat do onbedéngt soll weider goen. Mä mat Sécherheet sinn eenzel Berechnungsmechanismen déi mat sech bréngen, datt ech fannen, datt et net zu deem Ziel féiert. Dee Betrib dee geet dann entzwousch anescht, a bléist et do an d’Loft. Ech misst de Lëtzebuerger am Fong geholl soen, si sollen ophale mat Gas- an Dieselheizungen , a si sollen elektresch hëtzen. D’Elektresch, wat da par ailleurs och aus Atomstroum kënnt, zu engem gudden Deel, dat gëtt eis net ugerechent. Da misst ech de Leit esou eng absurd Geschicht soen, well et ass déi schlechst Méiglechkeet fir ze hëtzen, misst ech hinnen dat soen. Dat géing eis Kyoto-Bilanz verbesseren. A wësst Dir, wann een net méi kritesch dierf eng Rei Froe stellen, iwwer Mechanismen, an de Prinzip net noutgedrongen a Fro stellen, mä awer de Berechnungsmethodik, mä dann huelt mir d’Gehir ewech. Ech stelle mir heiansdo Froen, an ech soen och wat fir eng Froen ech mir stellen.

Tom Graas: Mä ech mengen, et ass jo dat, wat eis interesséiert Här Krecké. Mä nach eng Kéier. Kann een dann do sech virstellen, datt kéint nogebessert ginn, datt do Saache kéinte geännert ginn? Dir hutt dat elo ugeschwat, dee Paradox, datt Stroum deen een importéiert, kritt een net ugerechent, Bensinn dee mir exportéiere via Tanktouristen, dee kréie mir ugerechent. Also sinn e puer Saachen dran, déi vläicht awer kéinten nach eng Kéier ëmgeännert ginn, oder?

Jeannot Krecké: Ech krut gesot, dat wier net dran, mä ech weess net, ob mir jee richteg probéiert hunn, wat nach dran ass. Mä et ass sécher, datt do eng Rei Inkohärenzen dra sinn. An ech hu gespuert, datt et am Fong geholl net gefrot, oder net méiglech ass, dat ze änneren. Dann, wann een et net kann änneren, dierf een awer eenzel Froen heiansdo stellen.

Tom Graas: Interesséiert et d’Leit dann, déi do Fro? Ass dat wichteg fir si, Kyoto? Dir hutt an deem zitéierten Interview am Kéisécker gemengt, en héije Wirtschaftswuesstem fir héich sozial Leeschtungen, dat wier dat wat d’Leit an der Haaptsaach géing hei zu Lëtzebuerg interesséieren.

Jeannot Krecké: Ech sinn emol dovun ausgaangen. Mir hunn um Rentendësch eis verschriwwen, engem Wuesstem vun 4%. Dee Wuesstem vun 4% ass net dran, ouni datt den Energieverbrauch an d’Luucht geet, deen ass net dran, ouni datt et e bëssen op d’Käschte vun der Liewensqualitéit geet, an deen ass awer noutwenneg, fir datt mir am Sozialen eng ganz Rei Saache weiderhi bedreiwe kënnen. An, wësst Dir, et ass grad selwecht wéi mam Atomstroum wéi gesot gëtt. Ech sinn e Géigner vum Atomstroum gewiercht, ech sinn et och haut nach. E stelle just fest, datt en do ass. Ech selwer hunn Nova Naturstroum. Dat, do ass also keen Atomstroum dran, dee kascht e bësse méi deier. Wësst Dir, wéivill Leit hei zu Lëtzebuerg déi Stroumqualitéit hunn, 800 Stéck, et kënnen der elo vläicht 900 sinn, méi sinn et der net. Dat heescht, da mussen awer och déi Leit, mir hu jo awer Akommes déi sech nach weise loossen, eppes klengs méi bezuelen, an da kritt een och Stroum, dee propper ass. Dofir et soll ee mir net eppes unhänken, wou ech probéieren, konsequent mat mir selwer ze sinn.

Tom Graas: Mä et ass awer d’Gefor do, datt deen, deen de Leit d’Realitéit seet, dat, wéi et tatsächlech ass, datt dee politesch geféierlech lieft.

Jeannot Krecké: Dat ass am Moment de Fall. Ech si wierklech e bësse sauer, iwwer d’Aart a Weis, wéi eenzel Saachen duergestallt ginn. Ech bedaueren, datt een hei zu Lëtzebuerg schwiereg iwwer sensibel Themaën net méi kann a Rou a lassgeléisst vun allméigleche Gefillsausbréch kann diskutéieren, sief dat iwwer Index, sief dat iwwer Renten, sief dat iwwer en Uschloss un e franséischt Netz, sief dat iwwer Kyoto. Direkt gëtt een un de Pranger gehaangen, wéi wann een dee leschte Mënsch wier.

Ech bedaueren dat e bëssen. En plus ass déi ganz Polemik vum Stapel gelooss ginn, wou ech eng Woch am Ausland war, dat war gewosst iwwer e Communiqué deen an der Zeitung war, ech war a Korea. Wéi ech erëm komm sinn, war ech erschoss. Et huet jo kee Wäert méi, datt ech dann nach eppes erzielen, fir mech ze rechtfertegen, et ass een erschoss dann. Ech fannen dat net fair, ech fannen dat net flott, an et hëlleft dem lëtzebuerger Land net, wa mir esou Ausbréch maachen. Mir hätte besser, mir géifen eis wierklech mat de Realitéiten ausenaner setzen, déi si sauer genuch.

Tom Graas: Gutt, dat wäerte mir an den nächste Wochen a Méint nach méi wéi eng Kéier maachen. Jeannot Krecké, elo emol Merci fir de Besuch am Studio.

Jeannot Krecké: Merci och.

Dernière mise à jour