Le ministre délégué aux Affaires étrangères et à l'Immigration, Nicolas Schmit, au sujet de la nouvelle loi sur la procédure d'asile

Frank Goetz: Vläicht fir kuerz unzefänken, zanter 1999 hunn 9.197 Leit eng Asyl Demande gemaach, dovu kruten der 393 de Flüchtlingsstatut zouerkannt, 2182 si bis haut fräiwëlleg oder forcéiert ginn, fir an hier Heemecht zeréckzegoen, bleiwen also 6604 Leit. Wéivill vun deene sinn dann elo nach illegal hei am Land?

Nicolas Schmit: Ech mengen, Dir hutt eppes Wichteges vergiess, an zwar hate mir eng grouss Regularisatioun Enn der 90ger Joeren, 1997-1998, wou eng 1500 Leit regulariséiert goufen. Déi muss Dir also aus ärem Chiffer vun 6000 ewech zéien.

Den zweeten Aspect ass, datt mir vun deene Leit, déi weder de Statut kruten, nach zeréck gefouert gi sinn, datt do Leit nach an der Prozedur sinn, well mir ebe laang Prozeduren hunn. A mir hunn nach ëmmer Retarden, mir hunn nach ëmmer Leit déi schonn een, annerhallef esouguer zwee Joer an enger Prozedur sinn. Dofir geet et jo drëm, déi Prozedur ze kierzen.

Sécher gëtt et Leit déi illegal sinn, et sinn och Leit déi einfach fort gaange sinn, verschwonne sinn, wou een net ka genau retracéiere wou se sinn. Ech géif also net soen, datt déi do, dee Chiffer vun 6000 illegal Leit sinn, mä wéi an all Land, gëtt et och hei zu Lëtzebuerg Illegaler, et gëtt och Leit, déi déboutéiert sinn, déi bis ewell eigentlech et fäerdeg bruecht hunn, net zeréck gefouert ze ginn.

Frank Goetz: Wéivill vun deene falen dann elo eventuell ënner deen neit Toleranzstatut wat am neie Gesetz virgesinn ass?

Nicolas Schmit: En Toleranzstatut, dat gesäit vir, Leit, déi zwar déboutéiert sinn, déi awer aus iergendwellech materielle Grënn net kënnen zeréckgefouert ginn, well zum Beispill hiere Pays d’origine se net zeréck hëlt. Déi Leit kann ee jo net dofir bestrofen, déi kënne jo net dofir, datt hiert Land se eventuell net zeréck hëlt, datt déi eben deen Toleranzregime kréien, esou laang bis effektiv een eng Eenegung mat deem Land kritt huet, a se da kënnen zeréckféieren. Ech hunn elo kee genaue Chiffer am Kapp, dat sinn e puer honnert Leit, déi effektiv, wou mir Schwieregkeeten hunn, fir déi zeréckzeféieren. Mir sinn am gaangen un Accords de réadmission ze schaffen, den Här Asselborn war am Nigeria, et sinn aner Visiten an afrikanesche Länner virprogramméiert. Mir hoffen och datt d’Europäesch Unioun méi aktiv gëtt, fir Accords de réadmission ze verhandelen, wou dann natierlech och Lëtzebuerg kéint dovu profitéieren.

Frank Goetz: Vill vun deene Leit déi jo hei zu Lëtzebuerg sinn, dierfen net schaffen, dierfe keng Aarbecht unhuelen. Mat deem neie Gesetz gëtt jo och eng Aarbechtserlaabnis drageschriwwen. Wie fält dann elo ënnert déi?

Nicolas Schmit: Ma do fale ganz vill Leit drënner. Bis elo huet een, deen an enger Prozedur war, net dierfe schaffen, ganz einfach, keen huet dierfe schaffen. Elo ass jo festgeluegt, datt een no 9 Méint, wann een an enger Prozedur ass, oder an engem Régime de tolérance, oder an engem anere Régime de protection, datt een dann dierf froen, schaffen ze kënnen. Dat heescht net, datt een automatesch en Job fënnt. Mir sinn an enger Situatioun, wou vill Leit keen Job hunn, déi eventuell gäre géife schaffen. Et ka jo net esou sinn, datt den Demandeur d’asile automatesch en Job fënnt. Mä zumindest d’Méiglechkeet fir kënne schaffen ze goen, legal kënne schaffen ze goen. Well do stellt sech effektiv och de Problem vun der illegaler Aarbecht, vun der Schwaarzaarbecht, dee mir wëllen iwwer deen do Wee besser bekämpfen. Do sinn also eng Rei honnerte Leit, déi eventuell kéinten op den Aarbechtsmaart ënnert deene Bedéngungen déi am Gesetz virgesi si kommen.

Frank Goetz: Hei gëtt jo grad kritiséiert, datt déi 9 Méint ze laang wieren, et gëtt vun enger virtueller Saach geschwat, well vläicht duerch d’Verkierzungen iwwerhaapt kee méi dru kënnt, fir vläicht schaffen ze goen.

Nicolas Schmit: Dat ass net ganz richteg. Éischtens soll et jo net esou sinn, datt een dem Demandeur d’asile eigentlech e Pretext gëtt, fir op den Aarbechtsmaart ze kommen. Entweder ass een Demandeur d’asile, well een e Problem hat a sengem Land, well ee verfollegt ginn ass, an da soll een deene Leit no enger Zäit d’Méiglechkeet ginn, esou laang wéi d’Prozedur fonctionnéiert, fir op den Aarbechtsmaart ze kommen. Et dierf net esou sinn, datt d’Leit mir soen, ech sinn Demandeur d’asile, an iwwer dee Wee kommen ech op de lëtzebuerger Aarbechtsmaart. Dat muss een also évitéieren, dofir déi 9 Méint.

Dat zweet ass, datt et nach ëmmer wäert Prozedure ginn, déi méi wéi 9 Méint daueren, besonnesch déi, déi an däer normaler Prozedur sinn, an dann zweetens déi Leit déi an der Toleranz sinn, oder an engem Régime subsidiaire, déi kënnen no 9 Méint och op den Aarbechtsmaart goen.

Frank Goetz: Eng grouss Ännerung vum Gesetz ass jo, datt d’Prozedure verkierzt ginn. Firwat gëtt dann elo de Recours ofgeschaaft. Ass dat net en elementart Recht, wat egal wéi ëmmer misst bestoe bleiwen?

Nicolas Schmit: Neen, also ech sinn e bësse verwonnert, datt déi, déi soen, mir sinn natierlech dofir, datt d’Prozedure verkierzt ginn, mä et muss alles esou bleiwe wéi et war. Dat ka jo net sinn. D’Prozedur bleift absolut conforme zu dem Rechtsstaat. Dat eenzegt wat geschitt, dat ass datt mir bei engem Typ vu Prozedur, dat wat mir Procédure accélérée nennen, an déi ass kloer am Gesetz définéiert, an trëfft haaptsächlech op Leit zou, déi manifestement oder vraisemblablement net d’Recht hunn op e Statut vu Flüchtling, op déi, datt déi nëmmen ee Recours hunn. Mä dee Recours ass e wichtege Recours, well iwwer dee Recours kann eigentlech den Tribunal reforméieren, dat heescht, e kann net nëmme soen, mir sinn d’accord mat der Décisioun, déi d’Administratioun geholl huet, mä e kann an d’Plaz vun däer Décisioun eng aner Décisioun huelen.

Frank Goetz: Här Schmit, Dir sidd verwonnert, trotzdem mécht de Staatsrot grad hei eng Oppositioun formelle.

Nicolas Schmit: Jo, ech sinn e bësse verwonnert driwwer. De Staatsrot raisonnéiert eigentlech net esou datt d’Asylproblematik net eng einfach Problematik ass, wéi een der an anere Situatioun am Droit administratif huet. D’Asylproblematik ass an alle Länner eng spezifesch Problematik, e spezifeschen Domaine fir déi een och muss heiansdo aner Solutiounen hunn, aner Weeër fir gewëssen Abusen, well hei geet et haaptsächlech em Abusen. Déi Leit, déi Abus maache vun der Prozedur, déi Abus maache vum Statut, fir déi esou schnell wéi méiglech aus der Prozedur ze kréien.

Fränk Goetz: Eng lescht Fro. Mir schwätzen de ganzen Zäit iwwer d’Asylpolitik, vill Leit déi awer bei eis kommen, hunn näischt mat Asyl ze dinn, et sinn Immigranten, déi eng Chance bei eis sichen, well et och fir eis eng Chance ass, datt déi Leit hei kënne schaffen. Wéini gëtt hei sech konkret sérieux Gedanken driwwer gemaach?

Nicolas Schmit: Ech sinn och do drop an der Chamber ugeschwat ginn. Ech mengen, den Här Glesener, den Deputéierten, hat e Rapport iwwer d’Immigratiounsproblematik gemaach. Et soll een Immigratiounspolitik an Asylpolitik ganz kloer auserneen halen. Déi zwee hunn näischt mateneen ze dinn. Mir wëssen, datt natierlech Leit de Statut vum Asylant probéieren ze utiliséieren, fir eigentlech Immigrant ze ginn. Dat ass net akzeptabel, dat kënne mir och net akzeptéieren, well dat géif eigentlech de Statut vum Asylant schwächen, an dat wëlle mir jo net. Mir ginn de Problem vun der Immigratioun hei zu Lëtzebuerg un, mat all senge Facetten. Mir hunn elo schonn eng éischt Etapp, mir hunn de Conseil économique et social saiséiert, fir e globalen Avis ze maachen. Ech gesi vir, iergendwann am Fréijoer eng grouss Conférence nationale iwwer Immigratioun an Integratioun ze organiséieren, wou all Gewerkschaften, Patronen, d’Société civile dru soll bedeelegt ginn. Mir brauchen en Débat iwwer Immigratioun. Mir brauchen och eng zolitt Immigratiounspolitik hei zu Lëtzebuerg, an ech hoffen, datt mir bis op jiddefall d’Enn vun dëser Legislatur, en neit Immigratiounsgesetz hunn, dat heescht, eng Reform a méi wéi esouguer eng Reform, vum Gesetz vun 1972.

Frank Goetz: Nicolas Schmit, villmools merci fir dës Explikatiounen.

Nicolas Schmit: Merci och.

Dernière mise à jour