Mars Di Bartolomeo au sujet de la grippe aviaire en Turquie

Frank Goetz: Dës Biller schwätze fir sech. Geschützt an zougepaakt bis iwwert de Kapp gi Männer a wäiss zu Wierk a just niewendrun, sech kenger Gefor bewosst, spille Kanner mat Hinger, awer och mat hirem Liewen.

Mars Di Bartolomeo: Et muss een ënnersträichen, datt och an der Tierkei déi selwecht Situatioun ass wéi am asiatesche Beräich, wou Fäll opgetaucht sinn oder wou d’Ustiechunge vun Déier zu Mënsch entstane sinn, duerch déi direkt Proximitéit am deegleche Liewe vun deene Famille mat den Hinger. Déi liewe quasi an der Famill an do ass d’Ustiechungsgefor vill méi grouss.

(...)

Frank Goetz: Wéi schlëmm ass den Ament d’Situatioun fir d’Touristen? D’Tierkei ass eng beléifte Vakanzendestinatioun an och d’Verhandlungen iwwert ee méiglechen EU-Bäitrëtt bréngt vill Leit op Istanbul an Ankara, dofir stellt sech natierlech d’Fro vum Oppassen.

Mars Di Bartolomeo: Selbstverständlech op déi normal Hygiene-konditiounen, Hänn wäschen, awer virun allem de Kontakt mat Gefligel meiden a virun allem och ewechbleiwe virun deene Gefligelmäert. Et soll ee sech jiddefalls näischt siche goen.

Dr Pierrette Huberty: Et ass och gutt wann ee géint d’Grippe saisonnière geimpft ass, net datt déi ee schützt virun der Vullegripp, mä datt se dem Virus keng Chance gëtt ze mutéieren.

Frank Goetz: Sollt et awer zu enger Kräizung, enger Mutatioun vum Vullegrippvirus kommen, muss ee preparéiert sinn, eng Aufgab déi all EU-Land kritt huet, och Lëtzebuerg.

Mars Di Bartolomeo: Mir hunn eng ganz Rei vun Aarbechtsgruppen, déi elo riicht iwwert déi leschte Méint fonctionnéiert hunn, iwwert de Spidolsberäich, de Schoulberäich, d’Generalisten, alleguer d’Réseauen an enker Zesummenaarbecht mat der Protection civile, mam Haut Commissariat. Also ech mengen, datt een, onofhängeg vun deem wat elo an deem engen oder anere Land geschitt, soll dorop hischaffen, datt ee prett ass, wann et senger Liewe géif optauchen.

Frank Goetz: An der Tëschenzäit ginn iwwerall an Europa verstäerkt Kontrolle gemaach. Den Noutfallkoffer steet op alle Fall prett, well d’Bieden eleng geet sécher net duer.

Dernière mise à jour