Luc Frieden au sujet de l'actualité nationale

Jean-Claude Franck: 1,2 Milliarde solle bis 2009 am Staatsbudget gespuert ginn. Dëst Joer wäerten 300 Millioune feelen, d’Ausgabe sinn ze héich, plädéiert d’Regierung. Dofir muss gespuert ginn, dat ass de Message. Iwwert d’Gesondheet vun de lëtzebuerger Staatsfinanzen wëlle mir eis déi nächst Stonn ënnerhale mam Budget- a Justizminister Luc Frieden. Gudde Mëtteg.

Luc Frieden: Gudde Mëtteg.

Jean-Claude Franck: Luc Frieden, déi Zäit déi Lëtzebuerg am Moment duerchmécht, wéi mengt Dir datt déi Zäit an 20 oder 50 Joer an engem Geschichtsbuch wäert rapportéiert ginn?

Luc Frieden: Et ass eng Zäit vu groussen Ëmännerungen, an eng Zäit, wou ech hoffen, datt herno an de Geschichtsbicher steet, datt déi déi an der Verantwortung waren, déi richteg Weiche gestallt hunn fir d’Land fit ze maachen. Datt et e Land bleift wou eng gutt Liewensqualitéit besteet, e Land ass, wou mir eis esou behuelen, datt déi an 20 Joer kënne stolz dorop sinn. Mä datt mir awer och dem Land déi Ännerunge matginn hunn, déi noutwenneg sinn an enger Welt déi dauernd ännert.

Mir liewen an engem Europa wat méi grouss ginn ass, wat méi grouss ginn ass als Element vu Fridden a Stabilitéit, an engem Europa wou d’Economie globaliséiert ass, wou also och Leit sech fir Lëtzebuerg interesséieren, déi virdru vläicht näischt vu Lëtzebuerg kannt hunn. An datt een do muss kucken, datt mir eis Eegestännegkeet an engem europäeschen an internationale Kontext behalen, an dat verlaangt eng Rei Ännerungen, a ganz ville Gebidder y compris an deene wou ech eng direkt Aufgab an der Regierung hunn.

Jean-Claude Franck: Gleeft Dir dann drun, datt déi Weiche kënne richteg gestallt ginn? Ass et net ze spéit?

Luc Frieden: Op kee Fall. Ech mengen datt déi Weiche musse richteg gestallt ginn, an datt mir eis Dag a Nuecht domat ofginn. Et ass net ze spéit, well ech mengen, datt mir bis elo keng Feeler gemaach hunn. Mir hu versicht datt mir keng gréisser Feeler gemaach hunn, mir hu versicht, eis als e Wirtschaftsstanduert dohinner ze positionéieren, an deem Aarbechtsplaze kënne geschafe ginn. Eng wirtschaftlech Kraaft also ze hunn, déi och eis Betriber konkurrenzfäheg hält an zougläich hu mir dat wat speziell ass zu Lëtzebuerg, de soziale Volet ni vernoléissegt.

Et geet elo drëm ze kucken, datt eis Economie an eise Sozialstaat och ugepasst fir déi nächst Jore bleift. Mir wëssen, datt mir eng Rei Finanzschwieregkeeten hunn, Dir hutt se virdru genannt. Obschonns datt Äer Chifferen och do aus enger europäescher Perspektiv net ganz richteg waren. Et feelen dem Staatsbudget dëst Joer 300 Milliounen, mä an enger europäescher Perspektiv wou een all d’Einnahme vum Joer kuckt, mat all den Ausgaben vum Joer, do wou de Staat zoustänneg ass, feelen eis schonn an dësem Joer 1,2 Milliarden. Dat ass awer och well mir ganz vill bauen. Mir komme vläicht herno am Gespréich dorop zréck.

Et ass also eng gewollte Politik déi mir bis elo gemaach hunn, déi mir och konnte finanzéieren op Grond vun der Finanzpolitik déi mir an de leschte Joere gemaach hunn. Dat heescht, ech hunn all Joer dofir gesuergt, datt mir géinge Mehreinnahmen a Reserven op d’Säit leeën, op e Spuerbuch leeën, an domat kënne mir eng Rei vun deene Projeten finanzéieren. An dofir soen ech, hu mir keng gréisser Feeler gemaach. Mir mussen elo déi nächst 10 Joer preparéieren, an ech menge wierklech, datt mir dat packen, wa jiddwereen e bësse gudde Wëllen huet. Mir mussen de Wee uginn, dofir si mir gewielt ginn, dofir si mir ernannt ginn an d’Regierung. Mir wäerten de Wee uginn, a mir wäerte kämpfe fir eng Majoritéit, net nëmmen am Parlament, mä och an der Opinion publique ze kréien, fir eist Land, als en Top-Land an Europa ze halen. Mir kënne stolz sinn op dat, wat mir zu Lëtzebuerg erreecht hunn, an ech wëll och datt an 20 Joer an de Geschichtsbicher, datt d’Leit soen, déi deemools um Rudder waren déi hunn dat gutt gemaach.

Jean-Claude Franck: Wier et dann awer elo net méi liicht gewiescht viru schonn 2-3 Joer, wou et besser war, fir do schonn déi néideg Reformen ze huelen, wéi d’Chambre des Métiers dat viru kuerzem gesot huet, datt dunn de Moment gewiescht wier fir am Fong schonn unzefänken?

Luc Frieden: Ech mengen, datt d’Noutwennegkeet vun de Reformen an der Zäitachs muss gesi gi fir d’Zukunft. Mir hunn zënter 2001, no Maastricht gerechent, en Defizit bei de Staatsfinanzen. A mir hunn dunn eng Rei Moossname scho geholl, fir ze kucken, datt mir op d’Zukunft preparéiert wieren. Ech hunn zum Beispill dowéinst an deene leschte Joren ni Staatsschold opgeholl, obschonns datt d’Chamber d’Regierung dozou autoriséiert hat. Ech hunn dat net gemaach, an dat war am Fong eng éischt Moossnam, fir kënnen a schwieregen Zäiten eis Scholdungskapazitéit integral ze halen.

Mir missten och net dëst Joer eng Rei Moossname maachen, well mir kënnen deen Defizit dee mir hunn, mat de Reserve bezuelen. Mir mussen elo déi Saache maachen fir a 5 Joer fit och nach dann ze sinn, wann déi Reserven net méi do sinn, awer nei Erausfuerderungen op eis zoukommen, nei Beräicher wou mir bis elo net esou täteg waren, wéi zum Beispill am Beräich vun der Fuerschung, well mir do musse kucken, datt eis Betriber kompetitiv bleiwen, am Beräich vu Kannerbetreiungsstrukturen, well d’Gesellschaft sech geännert huet, a well dat haut méi verlaangt gëtt wéi virun 30 Joer. Also brauche mir och Sue fir nei Aufgaben ze tätegen. An ech mengen den Zäitpunkt ass dee richtegen. Mä et muss awer och elo gemaach ginn. Mir kënnen och net nach 5 Joer waarden.

Jean-Claude Franck: Ass déi aktuell Situatioun dann eigentlech net och en Défi fir Är Partei, d’CSV? Äre Slogan ass de séchere Wee. Wäert Dir dee séchere Wee no uewen dann elo fannen?

Luc Frieden: Ech mengen, datt d’Aufgab vun eiser Politik muss sinn, an esou gesinn ech ganz sécher meng, fir datt mir op engem séchere Wee ginn. Op engem Wee dee sécher ass, dat heescht, datt een net brauch Angscht ze hunn virun der Zukunft. Dee séchere Wee heescht och net e Wee wou ni eppes dierf geännert ginn. Mä mir ännere net brutal vun haut op muer, datt e puer Leit vun deem Wee do eroffléien. Et geet also drëm ze kucken, a mir sinn do e bëssen de Scout dee virgeet, fir ze kucken. Mir breeden dee Wee vir, datt et e séchere Wee ass an deem eist Land och an Zukunft en attraktive Wirtschaftsstanduert bleift.

Ech soen dat ëmmer erëm, well wa mir keng Aarbechtsplaze schafen a keng Aarbechtsplazen erhalen, da kënne mir déi Liewensqualitéit och net halen. An dofir op deem Wee dierf och de Sozialstaat net esou ëmgestaltet ginn, datt en herno kee Schutz méi fir d’Leit ass. Ech menge schonn, datt zum séchere Wee och gehéiert, datt mir de Leit eng gewëssen Sozialversécherung musse ginn. Dat ass en Element, wat vill Länner an der Welt net hunn, soziale Schutz fir bei Krankheet, fir Alter, fir Fleeg, alles dat muss natierlech och finanzéierbar bleiwen. An dofir musse mir awer eng Rei Moossname vläicht iwwerkucken, ob déi nach wierklech noutwenneg sinn, oder ob déi ëmmer mussen esou wuessen.

Well ee vun eise Problemer ass net onbedéngt d’Ausgaben déi mir maachen, mä dat ze schnellt an automatescht Uwuesse vun enger Rei Ausgaben. Dofir hu mir zum Beispill gesot, datt ee sech muss iwwerleeën, ob een zum Beispill all Joer d’Sozialausgaben indexéiert. Wann ee weess, datt mir schonn e ganz héijen Niveau hunn. Ech hat d’Beispill gi vun dem Kannergeld. Mir hunn e Kannergeld dat ass duebel esou héich wéi am Frankräich. Ech mengen dat ass ganz gutt, well et soll ee grad fir déi Famillen, déi Kanner hunn, eppes maachen. Wann eist Kannergeld awer duebel esou héich ass, muss een et dann och nach all Joer automatesch upassen, oder kann een net och emol soen, mir loossen et elo emol 2 Joer op dësem Niveau an da kucke mir. Dat selwecht gëlt beim Ajustement vun de Pensiounen, dat selwecht gëlt bei X aneren Elementer, wou et op d’mannst muss eng Diskussioun derwäert sinn, ob een dat muss maachen.

Mech frappéiert trotzdem, datt mir zu Lëtzebuerg et fäerdeg bruecht hunn, dat bis elo ze finanzéieren, an datt mir awer mierken, datt mir et à la longue net kënne finanzéieren. Datt da Leit soen, do brauche mir näischt ze änneren. Ech mengen, dat wier kuerzfristegt Denken, dat wier och vläicht elektoral ganz interessant, mä dann hätte mir eis Aufgab net gemaach. An dofir musse mir och eng Rei Moossnamen huelen, déi de Leit net gefalen, wou och vläicht deen een oder anere rose gëtt. Mä ech hoffen, datt d’Leit, wa se de Pak gesinn vun de Moossnamen, datt se da Versteesdemech dofir hunn, well et geet schlussendlech ëm hir Zukunft.

Jean-Claude Franck: Dir hutt de Wirtschaftsstanduert ugeschwat, an do koum gëschter eng frappant Nouvelle, mat der feindlecher Offer vu Mittal Steel fir d’Arcelor z’iwwerhuelen. De Christian Welter mat engem Iwwerbléck iwwer d’Nouvelle déi zënter elo 24 Stonne fir vill Opreegung suergt.

(...) Reportage sur Arcelor et Mittal Steel

Jean-Claude Franck: Just virun der Emissioun, Luc Frieden, hat Dir rieds mam Premier, deen am Moment op Staatsvisite ass an Afrika. Ass de Jean-Claude Juncker besuergt?

Luc Frieden: Besuergt, mengen ech, ass net dat richtegt Wuert. Mä mir maachen eis schonn eng ganz Rei Gedanken, fir sécher ze stellen, wat d’Aufgab vun der lëtzebuerger Regierung ass, fir d’Intérête vun dem Stolstanduert Lëtzebuerg ze schützen. Fir eis Suergen ze maachen ëm déi Leit, déi op där Gesellschaft schaffen, an dann subsidiaresch als Actionnaire, mir hu 5,6% vun där Firma Arcelor, fir do ze kucken, wat dat richtegt ass. Mä ech mengen, et muss een dat an engem Kontext gesinn.

D’Arcelor ass eng Firma déi op der Bourse cotéiert ass. An dofir sinn ech iwwerrascht, datt eng ganz Rei Leit iwwerrascht sinn, datt op eemol ee sech fir Arcelor interesséiert. Mir mellen, Dir mellt, datt d’Arbed, d’Arcelor och dës an déi Firma an der Welt kaf huet, nach virun e puer Deeg am Kanada, an do hutt Dir ni mat grousser Opreegung doriwwer bericht. D’Arcelor ass op den internationale Boursë cotéiert, méi wéi 80% sinn op der Bourse. Do sinn och eng ganz Rei Leit dran, déi reng an der Arbed sinn, als e finanziellt Investissement, an déi kréien eng Offer vun engem aneren, vun engem Konkurrent deen och wëll sech do dra kafen. D’Nouvelle ass spektakulär, ganz sécher. Ech soe just, an enger cotéierter Gesellschaft ass eng Iwwernamoffer, wou ee seet, hei ech offréieren iech esou vill Euro, fir datt dir mir är Aktie verkaaft, am Fong näischt exceptionelles.

Zweet Remarque, déi Iwwernam - soll se da geléngen, woubäi ech eng ganz Rei Zweiwelen doriwwer hunn - heescht dat net automatesch, an ech mengen dat ass wichteg fir d’Lëtzebuerger fir dat ze wëssen, datt domat géingen d’Schmelzen am lëtzebuerger Land zougemaach ginn. Wann een am Aktionariat liest, an all Dag wiesselen d’Actionnairen vun Arcelor op der Bourse, dann huet dat net direkt zur Konsequenz datt een eng Firma zoumécht.

Hei ass sécherlech een Aspekt deen anescht ass wéi wann iergend en Investisseur Aktie keeft. Hei hu mir ze doen mat enger Weltfirma déi och Konkurrent ass vun Arcelor, déi sech heimat nei Marchéë wëll sichen, vläicht och aner Ziler huet. An dofir muss ee ganz kloer de Projet industriel an och de Projet social vu Mittal kucken, dee se huet, wann se géing Arcelor kafen. Dat si mir am gaangen ze maachen, och en vue vun dem Verwaltungsrot dee muer de Mëtteg stattfënnt. Ech gesi mech mam Wirtschaftsminister nach eng Kéier muer de Mëtteg virun där Sitzung, well an där Sitzung vum Verwaltungsrot huet Lëtzebuerg e Vertrieder als Actionnaire.

Ech mengen, datt mir frou gewiescht wieren, wann déi Nouvelle do net komm wier, mä et muss ee se mat kloerem Kapp kucken. Ech soen och hei ganz kloer, de lëtzebuerger Staat denkt net drun seng Aktien, seng Parten an der Arcelor un den Här Mittal ze verkafen. Mä et muss een dee Projet gesinn am Kontext vun den internationale Fusiounen, an ech mengen et muss een ofwaarden, och d’Analyse déi d’Arcelor selwer an dëse Minutte mécht, vun deem Projet deen do ass. Well d’Arcelor adresséiert sech herno net nëmmen un de lëtzebuerger Staat. D’Arcelor adresséiert sech herno un dausende vun Actionnairen, déi Actionnaire si vun Arcelor, an déi mussen iwwerzeegt ginn, datt den industrielle Projet vun Arcelor sou wéi en elo ass, besser ass, wéi dee vum Här Mittal.

Wann dat dann hir Iwwerzeegung ass, oder ëmgedréit, ech mengen et wier éischter dat éischt - aus reng lëtzebuerger Siicht kënnt awer dobäi, an dat hu mir och gëschter gesot no eiser Entrevue mat de Responsable vun der Arcelor, datt mir hei net als Actionnaire an éischter Linn handelen. Mir sinn eng Regierung, a mir hunn dofir ze kucken, datt de Leit hei am Land hier Intérête préservéiert ginn. An dofir muss ee kucken, egal wie muer Actionnaire ass an der Arcelor, datt mir kënne sécher stellen, datt de Sëtz vun där Entreprise hei zu Lëtzebuerg ass, datt mir kënne sécher stellen, datt déi Investissementer déi hei gemaach gi sinn, déi versprach gi sinn, oder déi nach solle kommen, datt déi gemaach gi sinn, datt d’Aarbechtsplazen erhale bleiwen. Als Regierung hu mir déi Aufgab, an datt mir do besser vläicht fuere mat deenen Actionnairen an deem Management dat mir haut kennen, wéi mat engem, dee mir virun allem aus den Zeitunge kennen, läit op der Hand. Mä nach muss een dee Projet am Detail kucken, a mir maachen dat bis muer de Mëtteg, a bis zu där Sitzung vum Verwaltungsrot. An dann ass och nach net d’Iwwernam geholl. Well dann adresséiert sech jo d’Arcelor och un d’Actionnairen. Den Här Mittal huet dat schonn op enger Pressekonferenz gëschter gemaach, an dann ass et un den Actionnairë fir ze jugéieren.

Mä mir hunn en Element mat ze spillen als Sëtzland vun där Gesellschaft. Mä d’Arcelor ass haut och schonn net eng lëtzebuerger Gesellschaft. Ech liesen heiansdo, do kënnt en Auslänner dee keeft d’Arcelor. Neen, also och haut gehéiert d’Arcelor enger Ribambelle vun auslänneschen Investisseuren. Mir sinn dee gréissten individuellen Investisseur, individuellen Actionnaire als Staat, aus bekannten historesche Grënn, a mir wëllen dat och mat all deene Rechter déi domat zesummen hänken, och an der Zukunft verteidegen. Mir bekëmmeren eis Minutt fir Minutt em deen Dossier.

Jean-Claude Franck: Der Regierung hir Finanzsuerge wieren awer geléist elo emol fir e puer Joer, wann d’Aktie géife verkaaft ginn. Do kéim jo bal déi Zomm eran, déi an dëser Legislaturperiod nach soll gespuert ginn.

Luc Frieden: Mä dat ass den Ënnerscheed tëschent enger Regierung an engem normale kapitalisteschen Actionnaire. Dee kuckt entweder säi kuerzfristege Rendement, oder och säi laangfristege Rendement. Mir kucken als Actionnaire vun der Arcelor net de Rendement. Mir sinn Actionnaire an der Arcelor, net well mir gären Suen aus der Arcelor erauszéien, mir sinn Actionnaire an der Arcelor, well eist Land mat der Arbed an der Arcelor enk verbonnen ass. Datt mir duerch d’Tatsaach datt mir Actionnaire waren, konnten der Arcelor a kruziale Momenter hëllefen, a konnten och sécherstellen, datt hei zu Lëtzebuerg Investissementer gemaach gi sinn, och an deene leschte Joren, an déi och nach komme wäerten déi vläicht net gemaach gi wieren zu Lëtzebuerg wann eng reng ekonomesch Logik gespillt huet. An dofir waren och eis Relatioune mat dem Conseil an dem Management vun der Arcelor ëmmer exzellent. Och dee sozialen Dialog dee mir ëmmer konnte féieren am Kader vun Tripartite mat der Arcelor, ass en Element wat een net soll ënnerschätzen. An dat ass och eppes wat mir elo hunn, wou mir net wëssen ob mir dat kréien.

Nach, wéi gesot, ass dat hei eng Bourseoperatioun, an dofir mengen ech, ass et och normal, datt mir och grad wéinst deene mëttelfristegen Intérêten mir och e klärend Gespréich mat deem, deen déi Offer gemaach huet, dem Här Mittal - et ass jo e Familljebetrib, Firma Mittal - datt mir och mat deem e Gespréich féieren. Dat ass en Inder deen zu London lieft, deen eng Firma an Holland huet. Dat ass also een deen och déi Marchéë sech ganz genee ugekuckt huet, a mir wäerten deem eng ganz Rei präzis Froe stellen, wéi da säi Projet ausgesäit.

Jean-Claude Franck: Wéivill Pouvoir huet d’lëtzebuerger Regierung dann iwwerhaapt nach? Wéivill Stëmmrechter huet een da mat deene 5,6% Aktien?

Luc Frieden: Mir hunn e limitéierte Pouvoir an deem Sënn, datt mir keng Influenz hunn op d’Komportement vun deenen 80% Actionnairen déi am Ausland sinn. Wou, wéi gesot verschiddener sinn Investitiounsfongen, déi hunn aner Logiken wéi eng Regierung. Mir hunn awer méi Influenz wéi déi 5,6% an deem Sënn, datt mir d’Gaaschtland sinn vun där Arcelor, an datt ganz villes wat och mat der Zukunft, a mat der Géigewaart vun der Arcelor zesummenhänkt, vun der Regierung ka gestaltet ginn.

Ech hunn och festgestallt zum Beispill, datt den Här Mittal a senger Pressekonferenz gëschter och iwwer d’Sëtzfro vun der Arcelor geschwat huet, a gesot huet, hie géing och d’Arcelor wëllen zu Lëtzebuerg halen, an e misst do Bedéngunge mat der Regierung diskutéieren. An do gesitt Dir, wou d’Roll vun enger Regierung läit. Deen Actionnaire, wann et en da géing ginn, wëll och mat der Regierung schwätzen. Eise Pouvoir ass dee vun engem souveraine Staat, deen d’Rahmebedingunge vun enger Entreprise schaft, deen dat ka méi schwiereg oder manner schwiereg maachen.

Mä eng OPA als solch kann eng Regierung net verhënnere wann d’Actionnairen alleguer fannen, déi Offer wier ganz gutt, well eng Rei Actionnaire reng nom finanziellen Aspekt kucken. Mä mir wäerten all déi Mëttele spille loossen, an och de Staatsminister huet Kontakt geholl mat anere Regierungscheffen an Europa, déi och Entreprisë vum Groupe Arcelor op hirem Territoire hunn, fir ze kucken, wat bei hinne kënnten Auswierkunge vun esou enger Décisioun sinn. Mir hunn hei also och eng europäesch Schlësselroll ze spillen, och als Politik.

Jean-Claude Franck: Mä datt de Sëtz zu Lëtzebuerg bleift, dat ass jo am Fong fir d’Regierung immens wichteg, wéinst de Steierrecetten och, oder net?

Luc Frieden: Ech mengen datt iwwer de Steierrecetten hei Symbolik an d’Kontrollorgan besteet. Mir hunn och an der Fusioun Arcelor misse kämpfen dofir, datt de Sëtz zu Lëtzebuerg géing bleiwen, an net nëmmen e fiktive Sëtz, net nëmmen e chice Büro vun engem President, mä eng richteg Substanz. A mir hunn dat deemools schrëftlech mat der Arcelor festgehalen, fir festzehalen, datt hei wierklech eng ganz Rei Management-Fonctiounen mat alle Leit déi dozou gehéieren, géing bleiwen. Well mir gesot hunn, dat ass och wichteg fir de Stolstanduert Lëtzebuerg, a mir hunn och deemools festgehalen, datt eng Rei Investitioune missten hei gemaach ginn. An ech kéint mir virstellen, datt ee mat engem, wien och ëmmer Actionnaire gëtt, géing kucken, fir déi nämmlecht Konditiounen ze kréien. Dat ass eis Roll, déi net als Actionnaire ass, mä als Staat.

Jean-Claude Franck: Anere Sujet dann dës Woch an der Aktualitéit dat waren d’Perquisitioune bei RTL, Christian Welter.

(...) Reportage sur la perquisition chez BCE (Broadcasting Centre Europe)

Jean-Claude Franck: Luc Frieden, den Xavier Bettel seet, hie misst laachen iwwer Är Äntwert. Wéi réagéiert Dir op déi Ausso?

Luc Frieden: Ech fannen an där Affaire ass näischt ze laachen, weder un der Äntwert nach um Inhalt vun deem wat geschitt ass, mä erlaabt mir do e puer Präzisiounen ze ginn. Éischtens de Fait, datt ech geäntwert hunn, och op Ärer Antenne huet de Commentaire gesot, ech hätt iwwerraschend schnell geäntwert. Ech hätt gären de Commentaire héieren, wann ech laang gewaart hätt. Dat war eng Question urgente déi am Parlament gestallt ginn ass. A fir mech ass et nach ëmmer an der Demokratie esou, wann d’Parlament eppes freet, dann äntwerten ech. Dat emol zum éischten.

Zum zweeten. Et ass am Fong speziell, datt ech déi Froe gestallt kréien. Well et muss een ëmmer erëm drun erënneren, datt eng Perquisitioun, eng Hausduerchsuchung vun engem Untersuchungsriichter gemaach gëtt. Den Untersuchungsriichter ass e Riichter deen ass onofhängeg, dee freet weder de Minister nach seng Beamten, deen décidéiert op Grond vun engem Dossier ob hien déi eng oder aner Moossnam ënnerhëlt. Hei huet den Untersuchungsriichter décidéiert fir ze kucken, wien eng Fraude informatique gemaach huet. Wat ass eng Fraude informatique? Mä do huet een an eng E-Mail-Leitung vun der Police agebrach, fir ze kucken, wat fir eng Informatiounen d’Police kritt huet. Dat ass fir mech, contrairement zu deem wat och elo grad den Här Bettel gesot huet, keng kleng Affaire. Abriechen an Internet-Leitunge vun der Police ass eng grave Affaire.

Contrairement zu deem wat zënter enger Woch gesot ginn ass, ass net eng Perquisitioun gemaach ginn bei engem Medienhaus oder bei engem Radio, enger Televisioun, mä bei 3 Internet-Serviceprovider. Bei der Lëtzebuerger Post, bei Luxembourg Online, a bei der Firma Broadcasting Centre Europe, déi och Internetaktivitéiten huet fir aner Leit, wéi just déi Leit, déi bei RTL schaffen. Et kann also net sou sinn, datt een iwwerhaapt net méi bei esou Firmae kucke geet, just well och eng Redaktioun dorunner uschléisst. Dat géing jo och heeschen, datt ee bei der Post iwwerhaapt keng Perquisitioun kënnt maachen, well ech huelen un, datt Dir en Telefon hutt deen iwwer d’Post geet.

D’Justizautoritéite soe mir, déi eleng dofir zoustänneg sinn, ech ënnersträichen dat, soe mir, datt absolut keng Leitung vun engem Journalist gekuckt ginn ass. An dofir mengen ech och, datt de Quelleschutz eppes wichteges ass, dee steet am Gesetz. An do steet souguer dran, datt wann esou eppes matgesi gi wier, datt dat net kënnt duerno gebraucht ginn. Hei ass dat emol guer net gekuckt ginn. Et ass gekuckt ginn, wien ass deen Hacker do? Wien huet agebrach an eng E-Mail-Leitung? An dofir ass dat hei keen Débat iwwer d’Pressefräiheet, déi ass geschützt an engem Gesetz, déi ass Gott sei Dank geschützt an engem Gesetz, dat ass e rezent Gesetz. Ech sinn Deel vun där Regierung, déi dat Gesetz op den Instanzewee bruecht huet, an ech mengen datt d’Justiz hei hir Aarbecht no de Gesetzer gemaach huet.

An dann eng lescht Remarque. Ech fannen et och echt, wéi hei jidderee seet, wat legal a wat illegal ass. En Untersuchungsriichter, dat ass keen deen kenger Kontroll ënnerworf ass. Den Untersuchungsriichter décidéiert dat ganz eleng. Wann ee mengt, datt dat wat hie gemaach hätt, dat wier illegal, da muss een e Recours dogéint maachen. An dee Recours gëtt da vun engem Geriicht, dat heescht Chambre du Conseil, tranchéiert. An ech mengen, et ass un deene fir ze kucken, ob hei dat richteg gemaach ginn ass, a wann dat net richteg gemaach ginn ass, da gëtt déi Perquisitioun annuléiert, am anere Fall bleift se mat hire Resultater bestoen. An dofir mengen ech soll een der Justiz déi Aufgab loossen déi hir ass, an net dauernd eng paralell Justiz an d’Wee leeden. Hei sinn Prinzipen déi ganz kloer sinn. Mä den Untersuchungsriichter deen huet a sengen Aen, en âme et conscience a ganz eleng décidéiert, wat hei ze maache wier. An et ass à priori net un eis ze jugéieren, ob dat richteg ass oder net, mä eleng un der Chambre du Conseil. Wann dann deen, wou d’Perquisitioun stattfonnt huet, Recours dogéint mécht, ech weess net ob dat geschitt ass, mä dat ass deen eenzege Moyen deen een dogéint huet. Mä dat ass e ganz staarke Moyen, well esou fonctionnéiert e Rechtsstaat.

An an engem Rechtsstaat, an do halen ech och drop, ech si Justizminister an dësem Land, ass d’Onofhängegkeet vun der Justiz e wesentlechen Deel, an do soll d’Politik sech net amëschen. An dofir fannen ech datt mir och deen Débat erëm eng Kéier musse féieren, an och en Dënschdeg musse féieren, wat dann iwwerhaapt d’Roll vun der Politik an deem do Beräich ka sinn. Ech hätt gären, datt och an Zukunft d’Untersuchungsriichter onofhängeg wieren, an datt et Kontrollmechanisme ginn, mä déi mussen am Beräich vun der Justiz leien, an net am Beräich vun der Politik.

Jean-Claude Franck: Et gëtt jo an dësem Fall awer och elo Kritik wéinst där Hotmailadress, datt do ebe keng geséchert Adress installéiert gouf. Gitt Dir als Minister dann do awer net rosen, wann d’Police esou eng Hotmailadress benotzt, am Plaz eng geséchert Adress?

Luc Frieden: Ech sinn net Informatiker genuch, ech sinn iwwerhaapt net Informatiker, ech ka mam Computer ëmgoen mä als Utilisateur, fir erauszefannen, wat fir eng Qualitéit déi Leit do haten. Dofir erlaaben ech mir doriwwer net e Jugement ze maachen. Wann een net iwwer Internet fiert, da rifft een un, ech weess och net ob all déi Leitungen extra Sécherheeten hunn. Oft ass et jo och just da fir e Kontakt hierzestellen, deen derno eréischt inhaltlech an engem Gespréich festgehale gëtt. Mä fir doriwwer en Urteel mir ze maachen ass schwiereg.

Ech weess och net ob dat engem Hacker an eng aner Situtatioun gestallt huet. Hei geet et jo drëm, datt d’Justiz kuckt wien ass deen deen agebrach huet an eng Leitung. An ech fanne schonn, datt et derwäert ass, datt mir och d’Leitunge schützen, ob dat elo extra gesécherter sinn, oder net gesécherter. Woubäi et kloer ass, datt ech scho gären hätt, an dat muss een och kucke loosse vun Experten, datt déi gesécherste Leitunge vun der Police gebraucht ginn. An dat wäert ech als Polizeiminister selbstverständlech vun der Police kucke loossen, firwat ass déi Leitung geholl ginn an net eng aner. Do ginn et vläicht technesch Erklärungen, dat ass am gaange gekuckt ze ginn.

Jean-Claude Franck: Ass do eng Enquête déi dann do gemaach gëtt?

Luc Frieden: Ech nennen dat net eng Enquête. Ech hunn eng Rei Froe gestallt, an ech waarden do op d’Äntwert.

Jean-Claude Franck: D’Bommeleeër allgemeng, ech mengen den Dossier ass 20 Joer al. Gouf eigentlech ni do Hëllef aus dem Ausland gefrot, während där Enquête a firwat?

Luc Frieden: Ech sinn net Untersuchungsriichter hunn ech Iech elo grad erkläert. Ech weess also net wat an deenen 20 Joer do alles gemaach ginn ass. Et schéngt mir awer logesch, datt do alles gemaach ginn ass, fir zu engem Resultat ze kommen. Kuckt, et gëtt oft, déi eng soen do gëtt iergendeppes zougedeckt, do soll näischt erauskommen. Déi aner soen, do ass d’Aarbecht net sérieux gemaach ginn. An deenen 20 Joer sinn et esouvill verschidde Riichter ginn, esouvill verschidde Procureuren, esouvill verschidde Ministeren, datt déi Théorie, datt do iergend eppes géing zougedeckt ginn, iwwerhaapt net ka fonctionnéieren.

Ech kann Iech just eent soen. D’Regierung hätt gären, datt Kloerheet an deen Dossier kënnt. Mir ech wëll Iech awer och soen, d’Justiz hätt dat och gären. Ech hu mat dem Procureur doriwwer geschwat, an deen huet mir confirméiert, datt hien, mä och d’Untersuchungsriichter, awer wierklech e staarke Wëllen hunn do eppes erauszefannen. Dat heescht net, datt net vläicht an deenen 20 Joer deen een oder deen anere Feeler gemaach gi wier. Mä ech mengen, datt wierklech e staarke Wëllen do ass, alles erauszefannen.

Woubäi een awer och muss soen, datt een och verschidden Affairen eben einfach net kann opklären. A Schweden ass den deemoolege Premierminister Olof Palme ermord ginn. Et ass ni erausfonnt ginn, wien deen Auteur war vun deem schrecklechen Attentat. An Dir kënnt Iech jo virstellen, wann e Premierminister ermord gëtt, datt dann d’Police all Moyenen en oeuvre setzt, fir erauszefanne wien dat ass. Dofir et muss een och heiansdo akzeptéieren, datt een an enger Affaire näischt erausfënnt. Mä d’Justiz op jidder Fall schafft do drun, d’Police schafft do drun. An et wier gutt, wann een eng Kéier do kéint zu där enger oder anerer Schlussfolgerung kommen, mä dat leit an hiren Hänn.

Jean-Claude Franck: Huet Lëtzebuerg dann iwwerhaapt - d’Police an d’Justiz - och déi néideg Moyenë fir esou komplizéiert Dossieren opzeléisen? Oder hate se déi virun 20 Joer? Si hate jo schliesslech net déi Erfahrung vläicht mat esou Dossieren.

Luc Frieden: Ech kann d’Fro net beäntwerte vu virun 20 Joer, well du war ech Student. Ech kann d’Fro awer beäntwerten haut. Mir hunn der Justiz an der Police an deene leschte Joren, an ech ka schwätzen fir déi 7 Joer wou ech do sinn, enorm vill zousätzlech Moyene ginn. Mir hunn zum Beispill d’Zuel vun den Untersuchungsriichter verduebelt. Mir hunn all Joer enorm vill zousätzlech Polizisten agestallt, a mir hunn och domat Resultater. Ee vun de Problemer deen ech hunn, an deen och dës Woch an der Chamber diskutéiert gëtt iwwer d’Iwwerpopulatioun zu Schraasseg, kënnt jo ebe just dohier, datt mir eng strikt Politik gemaach hunn, an datt mir och der Justiz an der Police Moyene ginn hunn. D’Zuel vun den Détenuen huet zu Schraasseg am Ufank wéi ech Minister war, war ongeféier 350, déi loung de Moie bei 670. Dat ass d’Resultat vun och vun deene ville Leit an där gudder Aarbecht vun der Police an der Justiz gemaach hunn. Soss géingen déi Leit jo guer net fonnt ginn.

An dofir mengen ech, d’Fro kënnen ze beäntwerten. Jo, mir hu genuch Moyenen, et kann een der natierlech nach ëmmer nach vill Moyene dobäi setzen, mä ech mengen, et erlaabt der Justiz an der Police eng sérieux Aarbecht ze maachen, an déi ass och, fannen ech, remarkabel. Da gesitt Dir och an Ärer Berichterstattung, wéivill Affairen awer och zu engem Enn kommen. Mir schwätzen iwwer déi Affaire déi nach net zu Enn ass. Mä Dir hutt all Dag esou vill Stoff um Geriicht wou Dir gesitt datt och gréisser a komplizéiert Affairen op en Enn kommen, Gott sei Dank.

Jean-Claude Franck: Dir hutt et gesot, Dir wart Student während dar Zäit wou d’Bommenattentater waren. Wéi hutt Dir déi Zäit eigentlech perséinlech erlieft?

Luc Frieden: Also, ech ka mech ganz wéineg dorunner erënneren aus där ganz einfacher Ursaach well ech net am Land gewunnt hunn. Ech war Student zu Paräis an da kritt een dat als manner dramatesch mat héchstwahrscheinlech wéi déi Leit, déi hei zu Lëtzebuerg gewunnt hunn. Also ass meng Erënnerung dorunner net enorm grouss. Sauf an de Vakanze selbstverständlech wou ech dat och méi genee gekuckt hunn, souwuel als Student wéi och duerch d’Vakanzjoben déi ech deemools hat.

Jean-Claude Franck: An domat eriwwer bei de Prozess vum Jos Nickts wou dës Woch d’Urteel gesprach gouf.

(...) Reportage sur l'affaire Jos Nickts

Jean-Claude Franck: Luc Frieden, kënnt Dir als Jurist verstoen, datt de Jean-Paul Noesen no 20 Joer am Beruff seng Illusioune verluer huet?

Luc Frieden: Ech sinn Justizminister, an dat sinn ech och samschdes mëttes wann ech bei Iech op de Radio kommen. An als Justizminister hunn ech keen Urteel ze kommentéieren. Ech hu vun engem Urteel Kenntnis ze huelen, an ech fannen et net gutt, wann een Urteeler, ganz sécher net als Justizminister, kommentéiert. Wat den Affekot aus der Siicht vu sengem Klient kommentéiert, ass eppes aneschtes. Dat gehéiert zu de Rechter vun engem Affekot. Mä ech mengen, datt een hei net kann de Système judiciaire en tant que tel a Fro stellen, wann een dat net méi konkret mécht. Och hei ginn et erëm eng Kéier Kontrollorganer bei der Justiz. An d’Kontrollorgan, wann ee mat engem Uerteel net d’accord ass, dat ass d’Appelinstanz. Mä d’Urteel en tant que tel wäert ech, an dat gëlt och fir d’Zukunft, wäert ech net kommentéieren. Dëst net an och aner Urteeler net.

Jean-Claude Franck: Mä wann Dir als Justizminister héiert, eng Kritik, datt d’lëtzebuerger Justiz net neutral wier, dodriwwer sidd Dir awer wahrscheinlech net frou?

Luc Frieden: Jo, ech mengen, datt dat falsch ass, an datt ech dat och net einfach esou stoe loosse kann. Ech mengen, datt déi, déi d’Aufgab hu Recht ze spriechen, dat sinn d’Riichteren, datt déi dat zu hirem beschte Wëssen a Gewëssen maachen. Et gëtt eng Instructioun, duerno gëtt dat bei aner Riichtere geschéckt, an et si jo aner Riichter déi och herno sëtzen iwwer enger Affaire. Et gëtt e Parquet deen eng Uklo mécht, et gëtt eng Verteidegung déi kann hir Argumenter virbréngen. Dir sëtzt am Sall fir dat och z’observéieren, mir hu jo dofir och eng oppe Justiz, dat ass net hanner zouenen Dieren, an do kënnt dann herno en Urteel eraus, an dat Urteel muss och motivéiert sinn. Et ass jo net datt do einfach e Riichter seet, deen do ass schëlleg, dee muss dat och nach motivéieren. An et gi Méiglechkeete fir dat ze bekämpfen.

Ech mengen, datt och wann d’Leit heiansdo enttäuscht sinn mat engem Resultat vun engem Uerteel, och wann et heiansdo och a mengen Aen, ze laang dauert, dat huet awer ganz oft och eng Ursaach, well et ginn Expertisë gefrot, et gëtt Saachen déi gi versat, well d’Affekoten net prett sinn, et ginn honnertdausend Ursaachen, et ass net ëmmer d’Schold vun de Riichteren. Da mengen ech grondsätzlech, datt eis Justiz gutt an objektiv fonctionnéiert. An ech wäert och alles maachen, datt dat och esou bleift. Well dat ass e fundamentalt Element vun dem Fonctionnement vun eisem Staat. Mir sollen also net liichtfankeg iwwer d’Institutiounen hierfalen. Dat heescht net, datt och emol net eng Kéier kann e Feeler geschéien. Mä dofir mussen et ëmmer erëm Kontrollméiglechkeete ginn, fir Feeler z’évitéieren.

Jean-Claude Franck: Wat fir eng Kontrollméiglechkeete kann ee sech dann do nach vläicht ginn, fir esou Feeler wéi dat do nach méi z’évitéieren? Ech mengen, et ass elo am Fall vun der AIL erëm virkomm, datt eng Persoun Geld och gemaach huet mat Suen déi him net gehéiert hunn.

Luc Frieden: Jo, ech mengen, datt um Niveau vun der Justiz d’Aufgab am reparative Beräich ass, datt also d’Justiz nëmme kann intervenéieren, wann e Feeler geschitt ass. Um präventive Plang muss een och eng ganz Rei Saache maachen. An déi hu mir gemaach. Bon, dat hänkt elo vun den eenzelnen Elementer of. Mir hunn zum Beispill dofir gesuergt, datt mir eng Gesetzgebung hunn, wou Finanzaktivitéiten nëmme kënnen an engem kloere rechtleche Raum ofspillen, an datt net ee Private ka quasi Banquier spillen. Esou Elementer kann ee maachen. Et muss een um präventive Plang eng Rei Saache maachen. Ech géing awer soen, datt am Finanzberäich déi meescht gemaach wieren. Mä et ginn esou vill verschidde Méiglechkeete wou Leit wëlle schnell oder anescht u Sue kommen wéi dee legale Wee, datt een do net kann déi Fro mat enger Äntwert beäntwerten. Dat hänkt ebe vum Secteur of.

Jean-Claude Franck: Dir selwer sidd spezialiséiert am Droits d’affaires - den Droit pénal, huet dat Iech net esouvill interesséiert?

Luc Frieden: Ech sinn ni schrecklech gären op d’Geriicht gaangen, well déi Streidereien déi d’Klienten um Geriicht haten, an déi sech domat iwwersat hunn op d’Affekoten, dat war net menges. Ech hu vill léiwer Gesellschaftsrecht gemaach, a Verfassungsrecht, an da Recherchë gemaach, an dat dann an Avisen niddergeschriwwen. Dat ass eng Saach vu Charakter. Ech argumentéiere gäre mat Sätz, manner mat Streidereien déi heiansdo Show-Aspekter hunn, déi mir net gefalen. D’Strofrecht hunn ech am Fong dofir hannert dem Gesellschaftsrecht behandelt.

Jean-Claude Franck: Eriwwer bei eppes anescht. Wat gëtt et neies iwwer d’Nordstrooss, Christian?

(...) Reportage sur le chantier "Nordstrooss"

Jean-Claude Franck: De Chantier Nordstrooss gëtt, mir hunn elo héieren, méi spéit fäerdeg ewéi geplangt. Doduerch entsti jo och méi Käschten wéi ufanks geplangt. Deet dat Iech als Budgetsminister net heiansdo verzweiwelen?

Luc Frieden: Dach.

Jean-Claude Franck: A wat kann een dogéint ënnerhuelen?

Luc Frieden: Ech mengen, datt de Bauteminister Claude Wiseler, villes ënnerholl huet, fir datt dat esouwäit wéi méiglech ka verhënnert ginn an Zukunft. Mir sinn natierlech och ëmmer op Prozeduren ugewisen, an dat ass och gutt an engem Rechtsstaat. Déi Prozeduren kann een iwwerkucken, dofir huet de Bauteminister eng Rei Propositioune gemaach, datt ee méi präzis scho weess, wat e Projet ka stéieren herno, gestëmmt gëtt, well haut gëtt en op engem relativ graffe Plang gëtt de Montant drop gesat, a wann dann herno d’Detailer gemaach ginn, fënnt een eraus, datt et awer méi deier oder méi komplizéiert ass als Bau.

An da kënnt natierlech och bei komplizéierte Projeten dobäi, à la Nordstrooss, mat Tunnellen, datt och Sécherheetselementer emol kënnen änneren, oder datt an engem Bierg Komplikatiounen zousätzlech fonnt ginn. An dofir hoffen ech och als Budgetsminister, datt mir an deene Joren déi elo kommen, wéineg gréisser Projete géifen ufänken. Dat ass eist Zil. D’Investitiounsausgab op engem héijen Niveau ze halen, mä net méi all Joer nach eropzeschrauwen. An dofir muss och jiddweree Versteesdemech hunn, datt déi eng oder déi aner Bauprojeten elo emol e bëssen zréckgestallt ginn. Där ganz grousser kënne mir an deenen nächste Joren keng maachen.

Jean-Claude Franck: Muss de Bauteminister da mat Iech streiden, wann e Sue brauch fir déi néideg Projeten? Oder sidd Dir allgemeng vun der Bautepolitik awer iwwerzeegt perséinlech?

Luc Frieden: All Minister muss mam Budgetsminister streiden, dat ass an der Natur vun der Fonctioun vum Budgetsminister. Ech muss awer och soen, datt ech d’Impressioun hunn, datt all Minister mat um selwechte Strang zitt, an datt och jiddweree kompromëssbereet ass, fir op dat eent oder dat anert ze verzichten, à condition, datt mir alleguer verzichten. An ech muss soen, déi Ambiance och, déi mir haten an eiser Klausurtagung zu Sennéng, huet bewisen, datt jidderee bereet ass, Elementer an dee Pak ze leeën, fir datt et e gemeinsame Pak gëtt, esouwuel bei den Investitioune wéi am Sozialbudget, wéi an de couranten, normalen Ausgabe vum Staat.

Jean-Claude Franck: De Premier huet och ugekënnegt, datt méi mat Private-public-Partnership soll gebaut ginn. Wéi konkret sinn déi Pläng, a no wat fir engem Modell wëll d’Regierung sech do orientéieren?

Luc Frieden: Zesumme mam Bauteminister schaffen ech ganz vill dorunner. Mir gesinn, datt am Ausland e ganze groussen Deel gebaut gëtt iwwer de Privatsecteur, do ginn et och verschidde Modeller. Et ass och net, datt elo de Private-public-partnership d’Recette ass fir all Problemer ze léisen. Mä et gëtt een am Fong engem Privaten d’Méiglechkeet op eng vläicht méi kommerziell Aart a Weis, fir e fixe Präis a fix Délaien ze bauen. Et gëtt een deem d’Responsabilitéit deen am Fong am meeschten dovunner kennt.

Ech ka mir dat fir verschidde Projeten virstellen. Am Frankräich gëtt et dat schonn éiweg bei den Autobunnen, mä do bezillt een och e Péage. Mir hunn dat Element hei net vun de Concessiounen, dat wëlle mir och net aféieren. Mä et kann ee sech awer virstellen, datt ee seet, hei mir hätte gären eng Schoul fir esouvill Klassesäll an esouvill Kanner, a mir ginn dann deen Optrag, bekëmmeren eis awer guer net méi em de Rescht. Dat ass e Modell dee mir am gaange sinn ze studéieren, woubäi sécher muss gestallt ginn - an dat ass eng Komplikatioun awer, mä där Suerg droe mir Rechnung - datt och déi Kleng- a Mëttelbetriber, déi zu Lëtzebuerg sinn, och un deene Marchée kënne bedeelegt ginn, an datt net nëmmen e puer grouss auslännesch Firmaen kënnten do esou eng Schoul, oder en anere Projet bauen. D’Ziel ass also fir zu engem fixe Präis, an domat méi bëlleg, ze bauen, fir an den Délaien ze bauen, a fir d’Kompetenz dohinner ze ginn, wou se ass, dat heescht am Bausecteur, dee muss ëmmer ënner der Kontroll vum Staat natierlech bleiwen.

Jean-Claude Franck: An domat si mir bei der Finanzpolitik am allgemengen. Haut ass Kongress vun deene Gréngen. Am Virfeld seet de François Bausch an engem Wort-Interview de Moien, déi Gréng wéisste guer net Bescheed, wat d’Regierung wëlles hätt. Huet d’Regierung da scho konkret Pläng, konkret Ideeën?

Luc Frieden: Selbstverständlech, well d’Regierung huet duerch de Mond vum Staatsminister den 12. Oktober eng Ried an der Chamber gehalen. An an där Ried ass, relativ am zweeten Deel, eng Lëscht vu Pistë wéi ee kënnt eisen Defizit reduzéieren – en Defizit, soen ech nach eng Kéier, dee besteet wann een d’Reservë vergësst, eis Spuerbicher vergësst, wann ee kuckt wat kréie mir pro Joer eran, a wat gi mir pro Joer aus? Mir stelle fest, datt eis Recettë relativ stabel bleiwen, datt d’TVA- Recette erofgaangen ass, an datt eis Ausgaben an deene leschte Joren substantiell geklomme sinn, duerch eng Rei Automatismen.

An dofir hu mir gesot, da musse mir eng Rei Spuermoossname maachen. Spuermoossnamen awer och, well mir nei Aktivitéite wëllen tätegen. Déi Pistë sinn vun der Regierung gezeechent ginn, déi sinn an där Ried vum 12. Oktober. Firwat hu mir dat nach net méi konkret gemaach? Aus där ganz einfacher Ursaach well mir wëllen am Dialog zu engem Resultat kommen. Wa mir mat 3 Moossname kommen, a soen, c’est à prendre ou à laisser, dann hu mir net dat gemaach, wat d’Traditioun ass vum lëtzebuerger Land, fir ze versichen fir d’éischt, ob een net ka mat de Sozialpartner a mat der Chamber en Accord fannen. Mir hunn eis eng Marschroute ginn, mir ginn elo eng Rei Pisten testen. Dat sinn déi, déi an där Ried vum 12. Oktober stinn, déi hu mir an Tëschenzäit e bësse verfeinert, mir hu gekuckt, wat ass technesch machbar, wat ass politesch méi einfach vläicht ze maachen.

Eng Rei Rechnunge muss ech nach maachen, an da komme mir zu deem Ziel wat ass, datt mir 2009 géingen erëm bal op en equilibréierte Budget kommen. Ech kann Iech soen, an ech muss mech och dofir organisatoresch esou ëmstrukturéieren, datt d’Haaptzil vu menger Aufgab an deenen nächste Wochen a Méint d’lëtzebuerger Finanzpolitik ass, fir déi gutt Finanzsituatioun déi mir haten och ze halen. An dat bréngt einfach Ännerunge mat sech, an d’Leit mussen akzeptéieren, datt wa mir wëllen net a 5 Joer Steieren erhéijen, da musse mir haut eng Rei Ännerunge maachen, wat net Sozialofbau muss genannt ginn. Eng Reform ass net onbedéngt eppes Negatives. Ech hunn Iech gesot, zum Beispill verschidde Saachen déi net weider uklammen, dann huet nach kee manner, mä dann hu mir dem Staat scho ganz vill Sue gespuert.

Jean-Claude Franck: Eben d’Indexéierung vun de Sozialleeschtungen. Dir hutt dat am Dezember an der Tripartite de Gewerkschafte proposéiert. Dorops hinn hunn d’Gewerkschaften Iech gefrot, wat dovun alles betraff wier, wat dat géing kaschten? Leien déi Zuelen an Tëschenzäit vir? Huet d’Regierung déi Rechnung gemaach?

Luc Frieden: Ech sinn am gaangen eng ganz Rei Rechnungen ze maachen, fir ze kucken, wat bréngt wat. An déi Rechnunge wäerte mir an der Tripartite mat op den Dësch leeën.

Jean-Claude Franck: Do wier zum Beispill d’Indexéierung vum Kannergeld dann dobäi.

Luc Frieden: Dat ass eng vu ville Pisten, jo.

Jean-Claude Franck: A Mammerent, wéi ass et mam Thema Mammerent? Dat ass eng Moossnam déi relativ vill kascht, wann ee kuckt, 300 Milliounen Euro feelen am Budget. D’Mammerent sinn, wann ech richteg informéiert sinn, 80 Milliounen. Ass dat net eng Moossnam wou och Spillraum ass?

Luc Frieden: Dat ass genau de Punkt. Et muss een iwwer all Moossname kënnen diskutéieren. An dofir hu mir och net gären eng Debatt, déi elo iwwer eng Moossnam nëmme géing geféiert ginn. Dir wësst, datt mir ganz laang just déi Mammerent-Debatt do haten, wat mengen ech eng politesch richteg Moossnam war, déi mir och wollten, fir d’Unerkennung vun enger Erzéiungsleeschtung vu Mammen ze maachen, quitte, datt se herno méi ausgewäit ginn ass. Mä och doriwwer muss ee kënnen an engem offenen Dialog schwätzen.

Iwwer d’Héicht, iwwer d’Modalitéiten, d’Idee selwer mengen ech, ass a bleift eng richteg. Ech soen dat selwecht jo zum Kannergeld. An ech hätt och gären, an d’Regierung hätt gären, datt mir eis net focaliséieren op eng Idee - déi kann een ëmmer zerrieden - mä datt mir e ganze Pak vu Moossname kucken, an datt och domat all Bierger an der Gesellschaft säi Beitrag op eng sozial gerecht Aart a Weis zu deem Effort soll bréngen, dee mir elo maachen, fir datt eis Budgetssituatioun eng uerdentlech bleift. An ech mengen, datt mir esou e Pak fäerdeg bréngen.

Ech soen och nach eng Kéier, wat ech bei menger Budgetsried gesot hunn. Wa mir feststellen, datt aus wat fir enge Grënn och ëmmer, d’Sozialpartner oder d’parlamentaresch Oppositioun seet, mir maachen do net mat, da muss eng Regierung, da muss eng Majoritéit seng Verantwortung iwwerhuelen, an dat längerfristegt Zil um Intérêt vum Land kucken, an net dat kuerzfristegt vun der Roserei vun deem engen oder deem aneren, oder déi an déi Stëmm déi ee ka verléieren. Mir wëllen e sozial gerechte Pak fir e moderne Wirtschafts- a Sozialstanduert Lëtzebuerg op den Dësch leeën.

Jean-Claude Franck: Kann et sinn, datt déi Haaptphilosophie vun deem Pak ongeféier an d’Richtung geet, datt déi, déi méi Suen hunn, datt déi eben, et ass jo och schonn Deelweis ugekënnegt ginn, datt déi manner vu verschiddene Leeschtunge profitéieren, an datt déi, déi an den ënneschte Gehälterkategorië sinn, datt déi d’Selwecht wéi bis elo, oder esouguer vläicht méi staark dovu profitéieren? Dat heescht datt déi méi Räich manner ënnerstëtzt ginn, an déi méi Aarm, datt déi awer d’Selwecht ënnerstëtzt ginn?

Luc Frieden: Ech mengen, datt dat an enger schneller Beschreiwung zum Deel richteg ass, well mir dat och haut hunn. An dofir muss een ëmmer de Sozialéquiliber genee kucken. Déi, déi haut méi verdéngen, bezuele jo och dofir vill méi Steiere schonn, participéieren also schonn eng Kéier méi un der Redistributioun vun den Avoiren. Mir hunn zu Lëtzebuerg d’Situatioun, datt ganz vill Leit keng Steiere bezuelen. Déi, déi awer vill verdéngen bezuele scho méi, participéieren also och dodrunner. Et muss een awer och kucken, wéi een d’Sozialversécherungen an der Zukunft finanzéiert. Muss dat alles iwwer de Staatsbudget lafen, also iwwer de Wee vun de Steieren?

Jean-Claude Franck: Wat fir eng aner Méiglechkeete géif et dann do ginn?

Luc Frieden: Et kéinten Elementer ginn, déi vun der Sozialversécherung misse bezuelt ginn, an iwwer Cotisatiounen opgehuewe ginn, déi haut net esou finanzéiert ginn. Mir mierken, datt d’Pflegeversécherung, wat erëm eng Kéier wéi d’Mammerent, eng gutt politesch Saach war, well et vill Leit ebe ginn, déi Fleeg brauchen. De Staat bezillt déi zu engem ganz héijen Prozentsaz. Ass dat richteg, datt de Staat déi zu esou engem héije Prozentsaz bezillt, oder kann et net och sinn, datt d’Leit do méi eng grouss Kontributioun musse maachen, well se jo och dovunner profitéieren? Den Eegebeitrag vun de Leit muss och iwwerkuckt ginn, an deem do Kontext wéi an anere Kontexter, an do muss natierlech och de Schlëssel vun der sozialer Gerechtegkeet spillen. An ech mengen, dat seet alles aus, mä dat kann een ëmmer, muss een, awer och an engem Pak kucken, well wéi gesot, do gi scho méi Steiere bezuelt. Mä et ass ganz kloer, datt d’Sozialleeschtungen fir Leit déi wéineg hunn net dierfen ofgeschaft ginn, well soss hir Haaptwierkung verfeelt wier. An do wäerte mir dat och net zouloossen. Mir wäerte schonn eng sozial responsabel Politik maachen.

Jean-Claude Franck: Et ass awer normal, datt d’Leit an d’Press och, an d’Gewerkschaften, an d’Patronen virwelzech sinn, wat d’Regierung konkret wëlles huet. Eng vun de Pisten, déi zum Beispill ugekënnegt gouf, an den 12. Oktober an der Chamber war, eng Ännerung vun der Tâche vun de Proffen, oder vum Schoulpersonal vläicht am allgemengen. Gouf dann do zum Beispill eng Rechnung gemaach, wat eng Augmentatioun vun der Tâche vun de Proffen zum Beispill kéint budgetsméisseg änneren? Wat do kéint gespuert ginn?

Luc Frieden: Dat ass genau déi Zort vun Diskussiounen déi mir zu Sennéng haten, an déi Hausaufgaben, déi de jeeweilege Fachminister an ech als Budgetsminister hunn. Och iwwer deen do Punkt, wat och an där Erklärung vum 12. Oktober steet, hu mir diskutéiert, a mir sinn am gaangen déi Aarbechten ze maachen. An da mengen ech och do, an deem wéi an anere Beräicher, muss ee Gespréicher mat deene relevante Vertriedunge féieren. Ech mengen, et ass wichteg datt ee matenee schwätzt, an datt een dat net vun uewen erof décrétéiert. Dat wier zwar méi einfach fir Iech a fir eis vläicht, wann de Staatsminister géing soen, elo maache mir dat do, an engem Mount muss dat duerch d’Chamber sinn, dann ass et fäerdeg. Dat ass net d’Methode déi mir gewielt hunn, mir sichen e Gespréich fir Léisungen ze fannen, well aus engem Gespréich kënnen och emol nei Ideeën entstoen. Wa mir soen eventuell, mir kënnten d’Fleegeversécherung esou finanzéieren, da kënnt vläicht en anere mat enger anerer Propositioun. Mir musse jo och diskutéieren, wéi mir Kyoto finanzéieren. Also kann een net soen, elo melle mir do eng Steier, wa mir vläicht déi Steier brauche fir eppes aneschtes.

An dofir soll een dat am Gespréich féieren, well och am Gespréich gutt Ideeën erauskommen, dat hu mir och zu Sennéng gemierkt, dofir soutze mir esou laang zesummen. Mä et ass effektiv e bësse frustrant wann een dann net konkret duerno weess, wat erauskomm ass. Mä hutt e bësse Gedold, no deene Gespréicher, an dat ass och net den 20. Februar eriwwer, no deene Berechnungen nach déi mir maachen, mengen ech gesi mir méi kloer. Mir wësse wou d’Zilrichtung ass, a mir halen eis un deem Zil fest. An dat ass, wéi gesot, eng Reductioun vun eisem Budgetsdefizit pro Joer vun 0,5% vum PIB dee mir haut hunn.

Jean-Claude Franck: Wat fir eng Gespréicher stinn dann elo nach konkret alles un? Den 20. Februar ass emol nach eng Tripartite, virdru wëllt Dir Iech getrennt mat de Gewerkschaften a mat de Patronen ënnerhalen. Mä et sinn och, et ass bekannt, datt d’CGFP Discussiounen ulafen, mat de Schoulgewerkschaften dann nach. Sinn der do nach déi elo feelen?

Luc Frieden: Fir d’éischt emol huet d’Regierung, an insbesondere de Budgetsminister, also ech, an deenen nächste Woche ganz haart Woche viru sech, wou d’absolut Konzentratioun dorop muss sinn. Da mussen déi Gespréicher Tripartite stattfannen, do virdrun hat de Staatsminister gesot, datt en deen een oder deen aneren Interlocuteur aus der Tripartite och a getrennte Gespréicher wëll gesinn. Fir de Gros vun deene Verhandlungen, y compris déi, déi Dir ugeschnidden hutt, déi musse net virum 20. Februar stattfannen. Et wier awer gutt, wa mir déi Gesetzer, déi hei eventuell noutwenneg sinn fir verschidden Dépensen anzegrenzen, wa mir déi kéinten esou schnell wéi méiglech an d’politesch Debatt am Parlament eraféieren. An dat misst am Fong alles geschéien, éier mir de Budget 2007 maachen, well ech hätt gären, datt am Budget 2007 eng Rei Moossname finanzieller Natur hire Nidderschlag fannen.

Jean-Claude Franck: Saachen, déi also an der Tripartite dann décidéiert ginn.

Luc Frieden: An der Chamber. Tripartite ass Diskussioun mat de Sozialpartner. Mä do wou d’Gesetzer noutwenneg sinn, huet d’Chamber eng eminent wichteg Roll ze spillen, an ech mengen och, datt ee muss mat de Fraktiounen, paralell zu deenen Tripartite-Sitzunge,schwätzen, well d’Parlament ass nach ëmmer den éischte Pouvoir am Land. Deen ass gewielt, dofir war och bei deene Sitzungen zu Sennéng, dat jo informell Sitzunge waren, keng Regierungsréit waren, d’Fraktiounscheffe vun der Majoritéit och mat agebonnen, well fir politesch Ideeë brauch een och nach ëmmer eng parlamentaresch Majoritéit.

Jean-Claude Franck: Schwiereg gëtt et wahrscheinlech och fir dann, well do si Moossnamen dobäi, Dir hutt et ganz am Ufank vun der Emissioun gesot, déi awer vläicht bei deenen enge manner beléift sinn, wéi bei deenen aneren, fir dat no baussen ze verkafen. Dat läit der Regierung wahrscheinlech och immens um Häerz, fir datt dat ganzt positiv no bausse verkaaft gëtt.

Luc Frieden: Mir si keng Leit, déi ëmmer nëmme positiv Nouvellen ze verkafen hunn. Ech mengen esouguer, datt ech ganz oft muss mech mat Dossieren ofginn, déi net extrem positiv onbedéngt sinn. Ech mengen dat positivt hei ass net déi eenzel Moossnam, well déi wäerte verschidde Leit als negativ ëmfannen. Mä ech hoffen, datt d’Leit gesinn, datt dat positivt ass, dat laangfristegt Zil, fir gesond Staatsfinanzen ze hunn, an domat kënnen e modernt Land ze bleiwen, wou nach eng Entreprise wëll kommen, fir Aarbechtsplazen ze schafen.

Mir diskutéieren an der Tripartite jo och iwwer d’Kompetitivitéit vun de Betriber, dat soll een net vergiessen. An datt et e Land ass, wou eng gewësse sozial Gerechtegkeet besteet, dat heescht, datt mir eis och em déi Schwächsten an der Gesellschaft, sief dat duerch Chômage, sief dat duerch Krankheet, sief dat wegen Handycap, datt mir eis em déi Leit och bekëmmeren. An dat ass dee Wee, dee mir wëlle goen. An dat ass och mengen ech dat positivt. Dofir begéinen ech och ganz vill Leit, déi soen, ech mengen Dir musst dat do maachen, och wa se iwwer déi eenzel Moossnamen net frou sinn. Wat si gären hätten, datt mir net an déi Kategorie vu Länner ofrutschen, wou riseg Staatsschold ass, wou décken Defizit ass, wou d’Steieren dauernd déck eropgesat gi sinn, dat wëlle mir net, an dofir brauche mir dës Reformen.

Jean-Claude Franck: Nach e puer perséinlech Froen zum Schluss. Luc Frieden, Dir hutt et gesot, Dir hutt net ëmmer nëmmen op positiven Dossieren ze schaffen. Huet een als Justizminister do dacks de schwaarze Péiter?

Luc Frieden: Wann et net richteg duergestallt gëtt, datt d’Justiz onofhängeg ass, an datt ech de Garant sinn, net vun deenen eenzelnen Dossiere vun der Justiz, mä vun der Institutioun Justiz, datt déi hir Plaz am Staat fënnt, dann ass dat effektiv esou, datt een heiansdo do de schwaarze Péiter kritt. Mä ech si stolz Justizminster ze sinn, ech muss och soe vu menger Formatioun hier, ass dat eppes wat ech ganz gäre maachen, dat si spannend Dossieren. Dat ass jo net nëmme Stroofrecht, dat ass och Zivilrecht. Et ass e faszinanten Dossier, well och domat zesummen hänkt, d’Froen déi wierklech d’Leit betreffen, Froe vun der Sécherheet. Mir hu villes fäerdeg bruecht, als Justiz- a Polizeiautoritéit fir ze kucken op dat Land hei e séchert Land och bleift. An dofir ass dat am Fong eng faszinant Aarbecht, an déi maachen ech schrecklech gären.

Jean-Claude Franck: Dir sidd vun 1998 u fir Budget a fir Justiz responsabel, elo ass och nach d’Défense bäikomm. Wat fir e Ressort ass do deen, deen Iech am meeschte Spaass mécht?

Luc Frieden: Spaass ka situéieren. Ech muss soen, datt ech an deenen 3 Beräicher ganz flott Dossieren hunn, an datt et och interessant ass, datt een a ganz verschiddene Beräicher kann aktiv ginn. Et ass ganz kloer, datt elo d’Finanzen e spannenden Dossier ass, wou een och ganz breet d’Panoplie vun alle Politikberäicher gesäit. An och an deem Sënn gefalen d’Finanze mir ganz gutt, well een am Fong enorm vill léiert, och vun den Dossiere vun anere Kollegen, well d’Finanzpolitik dat ass d’Grondlag vu bal all Politik. Dat ass also mengen ech deen interessanteste Portefeuille vun deenen 3 déi ech hunn, mä déi aner fannen ech och ganz flott.

Jean-Claude Franck: Wat fir eng aner Ressorte géifen Iech dann nach vläicht eppes soen?

Luc Frieden: Esou fonctionnéiert eng Regierungsbildung net, dat décidéiert de Staatsminister wann hien d’Regierung bilt. Ech muss soen, ech sinn an deene Jore wou ech an der Regierung war, ëmmer mat Ressorte bedéngt ginn, déi mir wierklech enorm gutt gefall hunn an ech hoffen, datt dat och esou bleift.

Jean-Claude Franck: Géif et Iech eppes soen, perséinlech, fir eng Kéier Premier ze ginn?

Luc Frieden: Ech mengen, datt déi Fro sech an där do Formulatioun net stellt, datt dat kee Job ass , wou ee sech mellt an eisem System, mä datt een en Fonctioun vun der Situatioun ab engem gewëssene Moment dofir gefrot gëtt, oder och net. An dofir brauch ech déi Fro och net ze beäntwerten.

Jean-Claude Franck: Et huet een awer ëmmer Ziler.

Luc Frieden: Et kann een ëmmer Ziler hunn, mä déi soen ech net um 100,7 Mëttes um 1 Auer.

Jean-Claude Franck: Wéi ass eigentlech Äre Choix deemools op d’CSV gefall?

Luc Frieden: Well et eng Partei war, déi mir deemools wéi haut am beschte geschéngt huet gesamt gesellschaftlech Problemer ze ëmfaassen, andeem et eng Partei ass, déi net no enger Kategorie vu Leit nëmme kuckt, mä wou wierklech all Couche vun der Bevëlkerung am beschten dra vertruede sinn, an dat op eng relativ mënschlech Aart a Weis ugeet, fir ze kucken, wat ee wirtschaftlech a sozial staarkt Land soll dévelopéieren. An dofir war dee Choix een, deen ech ni bereit hunn, well wéi gesot och do eng Konfrontatioun vu villen Ideeën ass, déi sech an enger gemässegter Politik erëmfënnt.

Jean-Claude Franck: Gëtt et elo nieft der Politik eppes anescht wat Dir nach eng Kéier gäre géift maachen an ärem Liewen? Dir wart schonn Affekot, gëtt et do nach eppes anescht wat Dir gären nach eng Kéier géift maachen?

Luc Frieden: Ech stelle mir déi Fro am Fong fir de Moment seelen, mä ech si mir bewosst, datt wann ee mat 34 Joer Minister gëtt, datt een dat net säi ganzt Liewe mécht. An datt ech mir ganz gutt kéint virstellen, och nach aner Aufgaben heiheem an am Ausland ze maachen. Ech hunn dee Beruff virdru ganz gäre gemaach, ech hunn doduerch och ganz vill Dossiere kennegeléiert, an ech kënnt mir ganz gutt virstellen, och nach eng Kéier sou Saachen ze maachen. Mä fir de Moment hunn ech sou vill Aarbecht, an sou vill Loscht och un der Politik, datt ech mengen an deenen nächste Jore géing sech déi do Fro net stellen.

Jean-Claude Franck: An et ass genau 1 Auer. Mir sinn um Enn ukomm vun eiser Emissioun. Invité am Studio war de Justiz- a Budgetsminister Luc Frieden. Merci Här Frieden, datt Dir bei eis wart.

Luc Frieden: Merci och.

Dernière mise à jour