Le ministre de la Justice, Luc Frieden, au sujet de la construction d'un Centre de rétention pour demandeurs d'asile, des perquisitions auprès de la BCE et du dossier Arcelor / Mittal Steel

Francine Closener: Gefuerdert war an ass besonnesch an deenen zwee leschten Dossieren de Justiz- a Budgetsminister. An de Luc Frieden ass elo eisen Invité. Gudde Mëtteg, Här Frieden.

Luc Frieden: Gudde Mëtteg.

Francine Closener: Wat sinn dann Är Conclusiounen aus den Debatte vu gëschter aus der Chamber?

Luc Frieden: Ech mengen, datt ech net vill Neies bei deenen Debatten héieren hunn. Et ass liicht, esou wéi och den DP-Deputéierte Bettel dat gemaach huet, fir ze kritizéieren. Ech hu geduecht do kéimen och Propositiounen op den Dësch. Dat war weider net de Fall.

Et ass a bleift, datt de Prisong e Polverfaass ass, datt et méi eent ginn ass an deene leschte Joren op Grond vun der Tatsaach, datt mir vill méi Gefaangener hu wéi viru Joren. Mir hate gëschter, hunn ech och an der Chamber gesot, 661 Gefaangener, dovunner 500 Auslänner vu ganz verschiddene Nationalitéiten, wou also och enorm Sproocheproblemer sinn.

Mir hunn an deene Joren, an dat ass och e bëssen d’Resultat datt mir esou vill Leit hunn, well mir eng relativ strikt Sécherheetspolitik gemaach hunn, méi Polizisten agestallt, hu méi Riichteren. Domat hu mir och elo d’Konsequenz, an déi hu mir begleet innerhalb vun där bestehender Infrastruktur. Ech ka kee Prisong erbäizauberen, ech muss mat deem Prisong liewen deen ech hunn, do hunn ech dofir gesuergt, datt mir zum Beispill e bessere sozialen Encadrement vun de Gefaangen hätten, datt mir eis em déi Drogéiert kënnen anescht bekëmmeren, déi am Prisong sinn. Mir hunn d’Zuel vun de Gardienen ëm méi wéi 100 Leit an deenen 8 Joer eropgesat. Ech hu gekuckt, datt Schoulcourse géingen organiséiert ginn. An ech muss soen, datt ech beandrockt sinn am Fong, wéi dat Personal wat do schafft mat där enormer Zuel vun ënnerschiddleche Gefaangenen eens gëtt.

Do kann een nach villes méi maachen, an dat si mir och am gaangen ze maachen, mä et gi keng Wonnerrezepter. Am Prisong, an deem Prisong dee mir hunn, mat där Zuel vu Gefaangenen kann all Dag eppes geschéien. An dofir fannen ech, datt mir an deene Joren, leider hu mir net oft genuch Zäit fir am Detail driwwer ze schwätzen, villes gemaach wat awer scho ganz wesentlech dozou bäigedroen huet, datt net méi schlëmm Saachen am Prisong geschitt sinn. An ech wäert dat do mat Determinatioun weider féieren, ech wëll net dee liichte Wee goen, an dat wier dee fir einfach ze soen, komm mir poursuivéiere manner streng, da wiere manner Leit do, dann hätt ech vläicht manner Suergen, ech géing manner oft op Ärer Antenn zitéiert ginn. Mä da wier ech menger Verantwortung net gerecht, an déi iwwerhuelen ech gären an dësem Dossier.

Francine Closener: Datt Problemer vum Prisong net einfach ze léise sinn, dat läit op der Hand. Mä trotzdem iwwert ee Centre de rétention fir d’Demandeurs d’asyl, déi sollen ausgewise ginn, geet jo scho Joere laang awer riets. De Jeannot Schmitz vun der Asbl Info Prison sot gëschter bei de Kollege vun der Tëlee dat hei.

(reportage)

Francine Closener: Gëtt dann elo reagéiert? Fir wat dauert et dann effektiv esou laang? 1998 gouf jo schonn deemools vum Procureur déi Idee lancéiert fir e Centre ze bauen.

Luc Frieden: Jo, éischtens emol muss een dofir e Konzept hunn, an eng Plaz fir esou eppes fannen. Dir wësst, datt den Aussen- an Immigratiounsminister fir dee Centre de rétention zoustänneg ass, an ech kann Iech just soen, datt hien zesumme mam delegéierten Ausseminister sech intensiv em déi Fro bekëmmeren. An ech ginn dovun aus, datt si et och fäerdeg brénge geschwënn esou e Centre de rétention ze hunn.

En attendant, op Grond vun deenen Décisiounen déi si huele géint illegal Immigranten, besteet keng aner Méiglechkeet, an dofir iwwerweise si déi op Schraasseg. A mir musse mat deenen do ëmgoen esou gutt wéi mir dat kënnen. Ech mengen, dat excuséiert op kee Fall dee Brand deen do geluecht ginn ass.

Zueleméisseg wëll ech Iech awer och soen, datt op deenen 660 Leit déi zu Schraasseg sinn, eng 30 op esou enger Moossnam sëtzen, wat illegal Immigrante sinn. Dat muss net onbedéngt, wéi dir och an deene leschten Deeg ëmmer gemellt hutt, ofgewisen Asylbewerber sinn, et kënnen och Leit sinn, déi eng Strof ofgesat hunn an op hir Ausweisung waarden, esou wéi am Fall vun deem, dee bei dësem Brand leie bliwwen ass. Mä wéi gesot nach eng Kéier, den Ausseministère schafft zesumme mam Bauteministère un deem Projet.

Francine Closener: Dir weist ëmmer erëm drop hin, datt dat eng kriminell Dot war, mä interesséieren Iech d’Ursaachen, d’Motiver vun de Leit fir dat ze maachen? Interesséiert dat Iech eigentlech, oder interesséiert Dir Iech virun allem fir d’Konsequenzen?

Luc Frieden: Selbstverständlech interesséiere mech déi zwee Voleten. Mä ech sinn als Justizminister mat de Konsequenzen, dat heescht mat dem Aspäre vun deene Leit duerch meng Fonctioun befaasst. Déi aner Froe beschäftege mech natierlech, d’Froen déi een am Kader vun der genereller Politik muss begleeden. Firwat kucke mir datt et net zur illegaler Immigratioun kënnt? Dat huet eppes ze doe mat Entwécklungspolitik, dat huet eppes ze doe wéi een an der Welt verschidde Problemer léist, wéi een d’Fro vun der illegaler Immigratioun op europäeschem Plang ugeet.

Ech verstinn och, datt vläicht Leit zu enger Verzweiwelungsdot ab engem gewëssene Moment kommen, well se mengen, hei sëtzen ech fir éiweg, an hei kommen ech net eraus. Nach mengen ech gëtt et keng Excuse fir e Brand ze leeën, wou vill Onschëlleger, hir Kollegen, mat an eng geféierlech Situatioun komm sinn. Hätt net d’Personal vum Prisong, d’Police an d’Pompjeeën esou schnell intervenéiert, da wier dat nach vill méi schlëmm ginn, an dofir muss ech och nach eng Kéier soen, ech si beandrockt vun deem effikassen Asaz vun all deenen Hëllefs- a Sécherheetskräften, well soss hätt kéinten eng vill méi grouss Katastrof geschéien, verursaacht duerch eng inakzeptabel Dot vun e puer, déi op deem Stack dat Feier geluecht hunn.

Francine Closener: An trotzdem mussen déi Leit jo awer zimlech verzweiwelt sinn, fir dat iwwerhaapt ze maachen, fir a Kaf ze huelen, datt se vläicht selwer stierwen.

Luc Frieden: Dat ass vläicht richteg. Et gëtt trotzdem fir mech do keng Excuse. Et gi vill Mëttele fir sech bemierkbar ze maachen, fir iwwer Problemer ze diskutéieren. Dat do ass net de Wee, wéi een esou Problemer ka léisen. Iwwregens Brand, Matratzebränn, dat liest een och am Ausland a Prisongen, dat ass eppes wat regelméisseg gemaach gëtt. Hei ass bewise ginn, datt déi Leit domat ausser sech selwer, enorme Schued gemaach hunn, näischt erreecht hunn, an dofir ass dat net de Wee wou ee ka fueren, an dofir gëtt et keng Excuse.

Francine Closener: Firwat héiert een eigentlech vun offizieller Säit a punkto Prisong ëmmer nëmmen Är Stëmm? D’Direktioun vum Prisong oder och d’Delegéiert vum Procureur fir de Strofvollzuch hu jo awer och hier Responsabilitéit. Dierfe se näischt soen, oder wëlle se net? A wou ass zum Beispill d’Familljeministesch, déi jo awer och zoustänneg ass fir déi Mannerjäreg am Prisong? An, Dir hutt et virdru selwer ugeschwat, den Imigratiounsminister deen ass zoustänneg fir de Centre de rétention. Mä am Fong ass et awer ëmmer nëmmen de Justizminister ze gesinn an ze héieren.

Luc Frieden: Dir musst Iech vläicht selwer déi Fro stellen, fir wat Dir mech ëmmer wëllt.

Francine Closener: Mir probéieren dat schonn, mir probéieren dat, mä dat geet net ëmmer. Mir kréien do keng Äntwerten.

Luc Frieden: Et ass kloer, datt hei eng gemeinsam Responsabilitéit ass. Et gëtt zum Beispill gesot, fir wat sinn déi Mineuren zu Schraasseg? Éischtens sinn dat der och ganz wéineg, eng Dosen ongeféier. Déi gi vum Jugendgeriicht dohinner gesat, also net de Frieden, deen déi dohinner setzt. An déi Unité fermée déi zu Dräibur zënter Joren an der Planung ass, déi fält ënner d’Responsabilitéit vum Familljeministère a vum Bauteministère, och ënner d’Responsabilitéit vun där Gemeng déi do muss hir Autorisatioun ginn. Och do kann ech soen, datt déi ganz äifreg dorunner schaffen. Mä et ass richteg, de Justizminister ass net fir alles zoustänneg, mä et arrangéiert vläicht verschidde Leit, wa se engem dat kënnen an d’Schong schëdden.

Ech mengen, datt all Kollegen an der Regierung dëse Problem gemeinsam mat upaken. An en ass och nëmme gemeinsam ze léisen, och um präventive Plang. Ech mengen, dofir maache mir jo och do villes, mä do wou Sécherheetsfroen en cause sinn, um repressive Plang, an do wou et em d’Aspären zu Schraasseg geet, ass eben de Justizminister zoustänneg. Wien och ëmmer Auteur ass vun där Décisioun déi d’Leit op Schraasseg bréngen, an dofir - ech hat ni Angscht virun der Responsabilitéit.

Wann ee Justizminister genannt gëtt, da mécht een dat vun A bis Z, an da muss een och mat enger Rei Kritike liewen. Fir mech ass net d’Kritik wichteg, fir mech ass wichteg, dat wat ech maachen, ob ech dat no beschtem Wëssen a Gewësse maachen, a mech all Dag mat deene Problemer vu moies bis owes ofginn, fir datt ënner deenen Ëmstänn eng bescht méiglech Situatioun geschafe gëtt, mat dem prioritären Zil ze kucken, datt d’Gesetzer zu Lëtzebuerg respektéiert ginn. An dat ass och e fundamentalt Mënscherecht datt d’Leit déi hei am Land wunnen, wëssen, datt d’Onsécherheet bekämpft gëtt, an datt d’Strofgesetzer respektéiert ginn.

Francine Closener: Den Xavier Bettel mengt Dir hätt besser den Dossier Prisong ofzeginn. D’Tageblatt geet ee Schratt méi wäit, hei quasi eng Frontalattack haut géint Iech perséinlech, a fuerdert och ganz kloer Är Démissioun. Gitt Dir Är Démissioun?

Luc Frieden: Ech mengen, datt et weder um Här Bettel nach um Tageblatt ass, ze soen wat mat mir geschitt. Ech muss soen, datt ech stolz sinn, Justizminister ze sinn. Datt ech och net weess, op ee Kolleg an der Regierung onbedéngt Kandidat wier fir Prisongsminister ze ginn. Ech mengen ech maachen déi Aufgab, dat ass fir mech eng ganz responsabel Aufgab, an ech maachen déi gären. An dofir stellen ech mir am Fong déi Froen, déi aner Leit sech do stellen, iwwerhaapt net.

Francine Closener: En anert Thema nach ugeschwat, d’Perquisitiounen hei um Site vun RTL. Gëschter gouf an der Chamber gesot an der lescht géife Journaliste systematesch bei den Untersuchungsriichter geruff ginn, wou se ëmmer all no hiren Informante gefrot ginn, wat jo géint de Quelleschutz am neie Pressegesetz verstéisst. Wat sot Dir dann dozou?

Luc Frieden: Jo, et ass net de Justizminister deen Untersuchungsriichter ass. Den Untersuchungsriichter dat ass, Gott sei Dank an eisem Land, en onofhängege Magistrat. Ech sinn als Justizminister de Garant vun der Onofhängegkeet vun der Justiz, an dofir muss ech och dorop halen, datt den Untersuchungsriichter a sengen Doten net ka vun engem vu baussen erageschwat kréien. De Quelleschutz ass och e wichtege Prinzip. D’Meenungsfräiheet ass e wichtege Prinzip. Deen een an deen anere Prinzip ass ze respektéieren.

A wësst Dir, den Untersuchungsriichter deen ass onofhängeg, mä deen ass net irresponsabel. Wat heescht dat? Den Untersuchungsriichter muss sech un d’Gesetzer halen. A wann ee mengt, datt hie sech net un d’Gesetzer gehalen huet, da muss een e Recours maache bei anere Riichteren, déi dofir zoustänneg sinn.

Ech sinn an deene leschten Deeg oft gefrot ginn, ob ech déi Perquisitioune beim Broadcasting Center Europe a bei der Post géing richteg fannen. Mä Dir kënnt dozou Är Meenung hunn, ech dierf als Justizminister meng Meenung dozou net soen. Ech wëll se och net soen. Well ech fannen, datt et eleng un de Riichteren ass, an dësem Fall un der Chambre du Conseil vun dem Tribunal, fir dat ze décidéieren. Mir mussen stolz sinn op d’Onofhängegkeet vun der Justiz. E Riichter ass och Kontrollorganer ënnerworf, an dofir deen dee fënnt, datt et illegal ass, dat gëlt och fir de Broadcasting Center Europe oder anerer, wann déi fannen datt et illegal ass, wéi och Äert Haus sech ausgedréckt huet, dann hu se e Mëttel fir dat kontrolléiere ze loossen, an dat ass e Recours ze maachen, bei anere Riichter. An eleng un deenen ass et ze soen, ob et legal war oder net.

Francine Closener: Mä verstitt Dir awer, datt d’Meenung esou lues awer sécher opkënnt, d’Justiz géif sech méi drëm beméien den Hacker ze fannen, wéi de Bommeleeër?

Luc Frieden: Ech hätt gären, datt d’Justiz alles mécht, fir de Bommeleeër ze fannen, an dat ass eng prioritär Aufgab. Mä et ass un deenen, déi fir d’Justiz zoustänneg sinn, net um Minister, un deenen déi den Dossier hunn, ze décidéieren, wat si am richtege Moment maachen. Mä et ass richteg, datt déi wichteg Opklärung vu schlëmmen Attentater vu virun 20 Joer, datt een hinnen nëmme ka bonne Chance wënschen, datt se do op deem Wee eppes Konkretes erausfannen, wann dat da méiglech ass.

Francine Closener: Nach eng Fro un Iech an Ärer Qualitéit als Budgetsminister. D’Regierung an och d’Chamber sti jo komplett hanner der Arcelor, dat heescht jo awer beileiwen net, datt d’Saach elo giess ass, datt Mittal d’Arcelor elo net schlécke wäert.

Luc Frieden: Nee, dat heescht dat effektiv net. Ech mengen, datt een net dierf vergiessen, datt mir hei mat enger cotéierter Gesellschaft ze doen hunn. An et muss een ëmmer erëm zu Lëtzebuerg och wëssen, datt wann eng Gesellschaft op der Bourse ass, da kann och ee se wëlle kafen.

D’Positioun vun der Regierung ass déi, fir ze soen, éischtens mir fannen d’Method vum Här Mittal net ganz gutt. Firwat versicht net den Här Mittal mat de Responsabele vun der Arcelor e gemeinsamt Konzept eis virzeleeën, an da kënne mir dat eventuell begleeden. Mir sinn net bereet à ce stade, einfach esou positiv op déi OPA, wat eng feindlech OPA ass, ze reagéieren, an deem mir als Aktionär wou mir 5,6% hunn, eis Aktie verkafen. Grad esou kloer ass et awer, mir sinn eng Regierung, déi muss kucken, d’Wuel vum Land am A ze behalen, an allen Hypothesen. An dofir ass et och kloer, datt egal wat geschitt, an dat décidéiert leschten Enns d’Bourse, wa mir wäerten an deene Konditiounen, wiem och ëmmer d’Arcelor gehéiert, kucken datt mir sécher stellen, datt den effektive Siège vun där Gesellschaft mat all deene Leit déi do schaffen, hei zu Lëtzebuerg bleift, datt déi Investissementer déi geplangt sinn, och gemaach ginn, datt d’Aarbechtsplazen hei erhale bleiwen, an datt dee vun eis gewinntene Sozialdialog Deel bleift vun där Arcelor, wéi och ëmmer dat Spill hei um Enn ausgeet.

Francine Closener: Krut dir da scho Garantien an deem Sënn?

Luc Frieden: Mir hunn eis an dee Scénario elo nach net gesat. Mä et ass kloer fir eis, datt den Här Mittal gëschter verstanen huet, wat d’Arcelor an dësem Land heescht, an datt dat net iergendee Betrib ass, dee mir esou unter ferner liefen behandelen. Dat ass e Stéck vun der lëtzebuerger Geschicht, e Stéck vun der lëtzebuerger Séil, e Stéck vu ville lëtzebuerger Famillen. A mir bekëmmeren eis Dag an Nuecht dodrëm, trotz allen Dossieren déi mir an anere Ministèren hunn, gëtt dësen intensiv zesumme mam Staatsminister a mam Wirtschaftsminister behandelt.

Francine Closener: Här Frieden, villmools Merci fir Äre Besuch am Studio.

Luc Frieden: Merci och.

Dernière mise à jour