Le ministre de la Santé, Mars Di Bartolomeo, au sujet de la grippe aviaire

Mariette Zenners: Bei mir am Studio ass elo de Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo. Gudden Owend.

Mars Di Bartolomeo: Gudden Owend.

Mariette Zenners: Dir hutt gëschter Mëtteg nach Poulet giess, sot Dir gëschter Owend an engem Radiosinterview. Och haut nach ouni Bedenken?

Mars Di Bartolomeo: Ech hunn haut zwar nach kee Poulet giess, mä de Moien hunn ech lues gekachten Eeër giess an ouni Angscht an ouni schlecht Gewëssen, well déi Produkter, an dat ass ganz kloer, net eng Gefor fir de Mënsch duerstellen. Wann ee ganz op Nummer sécher wëllt goen, soll een se kachen, soll een se broden, dann ass keng Gefor do.

Mariette Zenners: Dir hat gëschter eng Krisereunioun - d'EU-Gesondheetsministere zu Wien. Et ass jo trotzdem Angscht elo ënnert de Leit. Wéi grouss gëtt d'Gefor dann awer ageschat, datt och Leit an Europa kënne krank ginn?

Mars Di Bartolomeo: Also ech mengen, et war keng Krisereunioun. Et war éischter eng Reunioun wou d'Ministeren ee Meenungsaustausch haten, wéi se korrekt sollen informéieren. Well dat geféierlechst ass, wann elo widderspréchlech Informatioune kommen aus deem enge Land esou, hott an hier. Et soll een de Leit dat soe wat wierklech ass an et soll ee virun allem de Leit dobausse soen, datt et keng Fatalitéit ass, mä datt een eppes ka géint déi verschidde Stadie maachen.

Mariette Zenners: Wat sot Dir dann de Lëtzebuerger déi eventuell Angscht hunn?

Mars Di Bartolomeo: Majo, ganz einfach, datt et de Moment eng Vullepescht ass. Bei eis ass kee Fall festgestallt. A Frankräich ass et lo am Stall ukomm. Am Stall an do kann een eppes dogéint maachen doduerch, datt dee Stall propper gemaach gëtt, doduerch, datt d'Déiere leider musse geschluecht ginn.

Mä et ass eng Vullepescht déi nëmmen an extreme Konditioune bis elo an enger Rei selte Fäll vun de Vullen, also vun den Hénger op de Mënsch iwwergesprongen ass. An ech ënnersträichen an extreme Fäll, da wann d'Mënsche quasi an deem selwechten Zëmmer mat den Hénger gelieft hunn, wa mat doudegen Hénger gespillt ginn ass wéi dat Kanner zum Beispill gemaach hunn, a wann déi Exkrementer oder de Fluide, de Spaut vun den Hénger vun de Mënschen opgeholl ginn ass.

Mariette Zenners: An am Fall wou ee krank gëtt, gëtt et jo nach ëmmer eng medezinesch Behandlung. Wéi steet et dann do mat eisem Stock elo vun deem Tamiflu? Ass en elo gutt opgestockt?

Mars Di Bartolomeo: Also ier ech op den Tamiflu kommen, wann Dir erlaabt, géif ech soen, datt et hei zu Lëtzebuerg ganz einfach Spillregele gëtt, fir datt keng Gefor do ass fir de Mënsch. An dat sinn déi di widderholl gi sinn elo an deene leschten Deeg.

Dat heescht, keen doudege Vull upaken. De Kanner soen, datt se wann se esou eppes begéinen, datt s'et net sollen upaken. Richteg reagéiere wann een esou eppes gesäit, dat heescht den 112 an da kënne mir reagéieren. Et gëtt elo ëmmer gesot: wann dat da passéiert wann dat da passéiert! Prioriéit ass am Moment, datt mir alles maachen a mir hu vill Méiglechkeete fir dat ze verhënneren, datt et esou wäit kënnt. An ech wëll soen, déi Fäll wou Mënschen ugestach gi sinn am Ausland, an Asien déi mir gesinn hunn, déi wieren ze verhënnere gewiescht wa just déi elementar Spillregelen applizéiert gi wieren, déi mir hei elo zu Lëtzebuerg hunn.

Mariette Zenners: Trotzdem, wann et zu enger Pandemie kënnt, wat d'Leit vläicht verwiesselen, dat heescht dee Virus géif mutéieren, zu engem Grippevirus kéim, deen dann och vu Mënsch zu Mënsch iwwerdrobar wier. Si mir gutt ofgeséchert?

Mars Di Bartolomeo: Dat ass jo eng Hypothese, déi eréischt da géif antriede wann eppes géif antriede wat bis elo nach net geschitt ass. Datt de Virus vu Mënsch zu Mënsch géif iwwerdro ginn, dat ass et weltwäit nach net ginn. Mir hoffen, datt dat och net kënnt. Mä et soll een hoffen an awer esou handelen, datt wann et senger Liewe géif kommen - et sinn esou Pandemien am leschte Jorhonnert gi gewiescht déi haart ware fir de Mënsch - et muss ee virsuergen an dat maache mir.

Mir maachen alles wat mir kënnen doduerch, datt mir déi antiviral Mëttelen an der Tëschenzäit, dat heescht 25%, - d’Stocken bei eis si voll. Mir hunn all dat wat mir brauchen, datt mir déi uleeën an, datt mir eis preparéieren an anstännege Pläng, mir, de Staat, all d'Administratiounen, d'Spidäler, d'Dokteren maachen alles fir de Fall wou net wahrscheinlech ass, datt et mutéiert, mä et kann awer geschéien, datt mir da prett sinn an, datt mir dann dat richtegt maachen

An ech mengen zu deem dote Punkt, dat wat am Moment dat geféierlechst wier, dat wier wa mir falsch géife reagéieren. Dat heescht, an enger Zäit wou keng Panik noutwenneg ass, wou d'Leit keng Angscht brauchen ze hu wa se richteg reagéieren, datt mir géifen iwwerreagéiere, wéi zum Beispill elo Tamiflu verlaangen oder schlécke, wat onsënneg wär. Ech muss Iech soen ech sinn e puer mol gefrot ginn: hues du Tamiflu doheem? Ma ech denken am Dram net dru fir Tamiflu doheem ze hunn.

Mariette Zenners: Dir kritt es awer wahrscheinlech séier. D'Leit dobausse fäerte vläicht, mir sinn net déi éischt dobäi wann et esou wäit kënnt.

Mars Di Bartolomeo: Ma och dat wëll ech Iech soen, bei där schlëmmster Pandemie déi et bis elo ginn ass, zënter Mënschegedenken [interrompu] ma mir hu genuch Medikamenter fir wann et déi allerschlëmmst géif ginn, wou mir eis kënnte virstelle fir jiddwereen dee krank ass kënnen ze traitéieren. Also et brauch guer keen elo ze horten, well dat bréngt iwwerhaapt näischt. Dat ass ewech geworfent Geld.

Dernière mise à jour