Le Premier ministre Jean-Claude Juncker invité de l'émission "Impuls Flashback": interview au sujet de la politique nationale

Monique Kater: E ganz schéinen Owend bei Impuls Flashback, eis Themen haut:

  • am Mee solle wichteg Reforme fir d’Land um Dësch leien, ma d’Tripartite huet nach net ugefaangen. Wäerten d’Décisiounen ouni d’Sozialpartner geholl ginn?
  • Massiv Entloossunge bei TDK a Villeroy, d’Gewerkschafte versichen ze rette wat nach ze retten ass. Wéi steeet et ëm de Standuert Lëtzebuerg?
  • Am Kader vun der feindlecher Iwwernahm vun der Arcelor huet Mittal Steel elo säin industrielle Plang virgestalt. Ännert dat eppes um Nee vun der Lëtzebuerger Regierung?
  • A bei eis am Studio ass haut de Staatsminister Jean-Claude Juncker. Gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Monique Kater: A wéi ëmmer kënnt Dir eis Är Froen a Remarken eraginn. Fir Iech an der Redaktioun ass de Sascha Georges. Gudden Owend, Sascha.

Sascha Georges: Schéine gudden Owend. Dir hutt wéi gewinnt 3 Méiglechkeete fir Är Froen a Remarquen eranzeschécken […].

Wéi gewinnt hu mer haut och eng Publikumsfro an dës Kéier wëlle mer wëssen ob d’Équipe Juncker Ärer Meenung no déi aktuell Problemer nach an de Grëff kritt. Gemengt sinn natierlech d’Staatsfinanzen an d’Problemer mam Standuert Lëtzebuerg. Voilà, Monique, d’Redaktioun ass prett. Fuer duer.

Monique Kater: Merci, Sascha, bis gläich.

Den zweete Mee soll d’Virwëtztut opgoen, da wäert de Staatsminister a senger Deklaratioun zur Lag vum Land endlech de Reformpak bekannt ginn deen eis Staatsfinanze soll sanéieren. Just d’Zäit gëtt ëmmer méi knapps. Et bleiwen nach genee 6 Woche fir e Kompromëss ze fannen. Nach ëmmer steet keen Datum fest fir eng Tripartite anzeberuffen an och déi bilateral Gespréicher schéngen net de gewënschten Driff ze hunn. Mir hu probéiert erauszefanne wou d’Diskussiounen dru sinn an dobäi huet sech gewisen, datt och dat guer net esou einfach ass.

[Reportage vum Joëlle Hengen iwwert d’Sanéierung vun de Staatsfinanzen]

Monique Kater: Wat ass dann elo mat deem zweete Mee, zwanzechste Mee, wat mengt de Robert Weber do?

Jean-Claude Juncker: Ech verstinn net richteg wat de Robert Weber domat mengt. Den 2. Mee wäert ech am Numm vun der Regierung soe wat mer menge wat misst geschéien. Datt dann duerno nach Teilnoverhandlunge sinn iwwer Deelaspekter ass dran, mä den Haaptdatum ass den 2. Mee.

Monique Kater: Dat heescht et wäert esou ausgesinn, datt Dir elo mol Är Saache proposéiert, well Dir gitt jo net mat jiddwerengem gutt eens elo awer, an deenen bilaterale Gespréicher vläicht jo, mä net an der Tripartite?

Jean-Claude Juncker: An der Tripartite ass et net esou, datt d’Regierung alleng net géif eens gi mat deenen aneren, et ass och esou, datt déi aner ënnerteneen iwwert eenzel Saache, sech net kënne verstännegen, dofir maache mer elo eng Hellewull vu bilaterale Gespréicher. Ech hat e Freideg den Här Weber, ech hu mar de Mueren den Här Reding vum OGB-L. Mir fuere virun domat, nodeem ech d’CGFP gesinn hunn an da kënnt et zur Convocatioun vun enger Tripartite.

Monique Kater: Se soen awer trotzdem, dat wier net immens konstruktiv déi Gespréicher. Kënnt Dir dat da confirméieren? Dat seet den Här Reckinger.

Jean-Claude Juncker: Den Här Reckinger seet se wieren net konstruktiv, well keen eppes wëllt hirginn. Ech zitéieren dat wat e gesot huet. Ech hunn awer ee wuessend Gefill, datt mer an deene bilaterale Gespréicher eis besser verständlech kënne maachen an datt mer driwwer eens si, wat eise Problem ass. Lues a lues reift déi Erkenntnis.

Monique Kater: Gitt Dir awer dovunner aus, datt Dir wäert missten Drock maachen, vill Drock vläicht?

Jean-Claude Juncker: Bis elo gëtt jo och haaptsächlech Drock op d’Regierung gemaach. Déi eng soen, et wier alles wonnerbar, et bräicht iwwerhaapt näischt ze geschéien, mir sollen eise Kapp a Rou leeën, et wier eis nach ni esou gutt gaange wéi bis elo an et géif nëmme besser goen. Déi léien natierlech. Si wëssen dat och. Déi aner probéieren de Problem duerzestellen. Mä wat ass eise Problem? Eise Problem ass, datt eis Wirtschaft 4% d’Joer wiisst an datt mer trotzdem een Defizit hunn. Nach ni hate mer een Defizit wann eis Wirtschaft 4, 5 Prozent gewuess ass. Elo hu mer een Defizit. Firwat? Well eis Ausgabe méi séier wuesse wéi de Wirtschaftswuesstum geet an dat muss een erëm mateneen an Aklang bréngen.

Monique Kater: Wéi wäit sidd Dir da mat Ärem techneschen Ultimatum, deen Dir de Gewerkschafte gesat hutt?

Jean-Claude Juncker: Mir hu jo elo eng Rei vu bilaterale Gespréicher an do erkläert d’Regierung hir Positioun, wat de Befund ubelaangt a lues a lues och wat mer wëlle maachen. Dat ass och fir keen eng enorm grouss Iwwerraschung. Et mengt ee grad ech hätt den 12. Oktober d’lescht Joer keng Ried an der Chamber gehal. Do sinn 11 bis 12 Pisten opgezeechent gi, ronderëm déi diskutéiere mer.

Monique Kater: Mir hunn d’Oppositioun gefrot, firwat si da mengen, datt et net esou gutt virugeet an enger Tripartite. D’Äntwerte loosse sech esou resuméieren: d’Regierung hätt vill zevill vague Ukënnegunge gemaach an d’Zielsetzunge wieren net kloer genuch definéiert ginn.

[Aussoe vun der Oppositioun ]

Monique Kater: War dat naiv? Waart Dir naiv?

Jean-Claude Juncker: Et ass virun allem falsch.

Monique Kater: Wéi dann?

Jean-Claude Juncker: Well mer net gesot hunn d’Sozialpartner sollen eis Propositioune maachen, mä well mer eng Rei vun Iddien a vun allgemenge Prinzipien op den Dësch geluecht hunn, ronderëm déi mer diskutéieren. Ech hu mech ni der Illusioun higinn, datt een aneren der Regierung géif soe wat soll gemaach ginn. Mä déi Propositiounen, déi Elementer déi d’Regierung huet, déi diskutéiere mer mat de Sozialpartner. Dat ass de lëtzebuerger Modell op deen zurecht ee grousse Wert geluecht gëtt. Dat si mer elo am gaang ze maachen.

An ech wonnere mech e bëssen iwwert eenzel Kritiken. Wann ech an d’Chamber gaange wier an ech hätt gesot, hei ass dat wat muss gemaach ginn. Zack. An zwar fänkt dat elo, mir sinn haut den 12. Oktober, den 1. Januar un. Wat mengt Dir da wat mer hei fir ee Gespréich hei am Land gehat hätten. Ech hale mech un eng gewësse Gespréichskultur, well mat Leit déi och Verantwortung, grad esou wéi d’Reigerung am Land droen, Gewerkschaften a Patronatsorganisatiounen, dat duerchschwätzen, well mer zu Lëtzebuerg sinn a sollen, well mer net zu dacks sinn, probéieren eis Kräften, eis Energien ze sammelen an da packe mer dat, wa jiddwereen dat mécht wat dezenterweis da vun em verlaangt gëtt.

Monique Kater: Dat heescht, Dir géift och soen, et ass falsch wa behaapt gëtt, mir wëssen net wou mer hiwëllen, a wéi eng Richtung datt mer wëllen?

Jean-Claude Juncker: Mä mir sinn am gaang doriwwer ze diskutéieren. Wann ech Iech elo den Owend soe wat mir alles esou duerch de Kapp geet an 10, 12 oder 15 Punkten an da si mer nach net fäerdeg, da géif gesot ginn, jo wat ass dat doten da fir eng Aart a Weis. Deen diskutéiert mat kengem, dee schwätzt mat kengem, dee lauschtert net no. Mir sinn am gaang nozelauschteren, mir sinn am gaang z’explizéieren an dofir soen ech elo scho 5 Minutten dat selwecht. Déi Gespréicher sinn nach am gaang a mir probéieren déi och fristgerecht, termingerecht, esou ofzeschléissen, datt sech doraus eng Politik aus engem Goss ergëtt.

Monique Kater: Aus engem Goss, déi och laangfristeg dann eis ofséchert?

Jean-Claude Juncker: Dat ass dat, dat hunn déi, déi Är Reportagen hei esou flénk maachen, scheinbar net richteg realiséiert. De séchere Wee, dat heescht jo net ee Wee ouni Problemer. E séchere Wee ass, kloer gesi wat de Problem ass, deen ass iwwregens virun de Wale kloer genannt ginn am September 2003, vum Staatsminister selwer, wann ech vu mir an der drëtter Persoun däerf schwätzen, an der Chamber an och duerno. An deene Stabilitéitsprogrammen déi mer ëffentlech virgeluecht hunn hu mer gesot, déi grouss Problemer kommen an de Joren 5 an 6. Mir sinn an de Joren 5 a 6, do sinn déi grouss Problemer a mir mussen se elo léisen.

Séchere Wee heescht, wësse wou mer stinn, wësse firwat, datt mer do stinn a mir stinn do, well eis Ausgabe méi séier wuesse wéi eist Wirtschaftswuesstum a wësse wéi een dat erëm esou mat an Aklang bréngt, fir datt een och politikfäheg bleift. Well mir hu jo grouss Problemer hei am Land. Mir musse méi Suen ausgi fir Recherche, dat kascht honnerte Milliounen. Déi hätt ech gär. Mir musse méi Suen ausgi fir Famill a Beruff mateneen an Aklang ze bréngen. Mir musse wiesentlech méi Suen ausginn am Beräich vun eise Schoulen. D’Schülerzuel klëmmt, et si vill programmatesch Ëmännerungen déi kommen, déi musse finanzéiert ginn. Wann een dat alles wëllt maachen, da muss ee probéieren dofir ze suergen, datt op deene sougenannten ale Politiken net massiv Krediterweiterunge kommen, mä datt et do zu engem quasi Kreditstillstand kënnt, soss kréie mer déi grouss Problemer vun eisem Land net an de Grëff.

Monique Kater: Wat hutt Dir dann elo am Kapp? Dir sot, et gëtt iwwer villes geschwat. Wat sinn dann elo déi Haaptpisten, wou Dir elo kënnt soen, ok an déi do Richtung gi mer? Kënnt Dir eis do scho Saache verroden, vläicht d’Leit berouegen?

Jean-Claude Juncker: Ma ech weess net, ech reegen d’Leit net op.

Monique Kater: D’Leit wëssen näischt, also d’Leit sinn nervös a si fäerte vläicht. Dat ass jo awer normal, he?

Jean-Claude Juncker: Ech verstinn, besonnesch wa se dauernd nervös gemaach ginn, ass dat ganz normal, datt d’Leit nervös ginn. Mir hunn hei ee Problem. De Problem ass, datt mer ee Budgetsdefizit hunn, obscho mer staark wuessen. Mir mussen dofir suergen, datt dee Wuesstum virugeet a mir musse Verständnis dofir erwächen, datt wann ee staark wiisst ee muss Boni maachen, fir datt een nei Reservë kann uleeën, fir déi Zäit wou et erëm méi lues geet. Esou wéi an de Joren 2001, 2002, 2003, mer dat konnte maachen, well mer virdru Suen ugespuert haten. An dofir muss et esou sinn, datt mer konsequent musse spueren ouni drastesch ze kierzen. Dat wat der Regierung virschwieft, dat si keng drastesch Aschnëtter am Sozialen.

Monique Kater: Wat schwieft hir dann elo vir? Indexméisseg zum Beispill?

Jean-Claude Juncker: Der Regierung schwieft vir, datt déi automatesch Krediterweiterungen, déi ouni datt nei Politike gemaach ginn an de Budget eraschloen an nei Politiken iwwerhaapt net méi zouloossen, datt mer déi ofgebremst oder ofgestalt kréien, datt een also eng Rei vun automateschen Upassungen net méi mécht. A wat d’Indexéierung ugeet, wat eng Fro ass, déi sech am Beräich vun der Budgetskonsolidéierung an am Beräich vun der Verbesserung vun der Wettbewerbsfähegkeet vun eiser Wirtschaft stellt, si mer a Gespréicher. Et ass d’Maximalindextranche genannt ginn, als ee Wee deen ee kënnt goen, deen ee kënnt manifestement [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Deen elo soll hifälleg sinn.

Jean-Claude Juncker: Manifestement, sinn d’Sozialpartner, d’Gewerkschaftssäit domat net averstanen. Da gi mer net mam Kapp duerch d’Mauer. Mä mir mussen et fäerdeg bréngen deen Deel Selbstentzündung, auto-allumage deen d’Präisser dreift an deen am Index draläit an deen zanter e puer Joer zu eisem Net-Benefiss méi spillt, datt mer deen eliminéiert kréien. Dat gëtt och keng dramatesch Geschichten, mä mir kënnen net méi nokucken, datt eise Budget automatesch all Joer ëm méi Prozenter explodéiert wéi eist Wirtschaftswuessen et zouléisst, well mer domat strukturell eis an eng Situatioun erabeginn, wou mer haut probéieren gutt ze liewen, mä wou mer eigentlech esou liewen, datt déi, déi no eis komme mussen d’Rechnung dofir bezuelen. Dat sinn ech net d’accord ze maachen.

Monique Kater: Ech wollt Iech nach froen iwwert d’Steieren. Et ass ëmmer gesot ginn et gëtt keng Hausse vun de Steieren. De Fraktiounschef vun der CSV huet elo de Contraire gesot. Et wäert wahrscheinlech net anescht goen. Affirméiert Dir dat ?

Jean-Claude Juncker: Jo, et hänkt dovun of wat een ënner Hausse vun de Steiere versteet. Et kënnt zu kenger allgemenger Unhiewung vun dem Steierniveau. Mir behalen déi niddregsten TVA, déi et iergendwou an Europa gëtt, mir behalen och eng Akommenssteier, d’politesch Profilgebung vun eisem Tariff, deen zu de gënschtegste gehéiert deen an der Europäescher Unioun besteet, mä et muss een op eenzelnen Aspekter [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: D’Solidaritéitssteier?

Jean-Claude Juncker: D’Solidaritéitssteier ass eng Steier, déi zur Verfügung steet fir ugepasst ze ginn, falls et zu engem staarken Uklamme vum Chômage kënnt an dozou ass et komm, an déi Leit musse jo indemniséiert ginn. Mir denken net dru fir d’Indemniséierung vum Chômage wiesentlech an am Prinzip ze kierzen, mä se iwwerhaapt net ze kierzen am Prinzip. Da musse mer kucken, datt mer dat finanziell bedingt kréien an doriwwer mécht sech lues a lues ee Konsens, mä och doriwwer ass nach keng definitiv Léisung getraff.

Monique Kater: Also ganz Geneeës wësse mer dann och haut nach net. Et schéngt awer elo mol sécher, datt een Thema biswell net ugeschwat ginn ass an de bilaterale Gespréicher, an dat ass d’Mammerent. Doriwwer kann ee sech awer wonneren, well ëmmerhi kascht se de Staatsbudget haut ronn 80 Milliounen Euro d’Joer.

[Reportage vum Joëlle Hengen iwwert d’Mammerent]

Monique Kater: Wat wäert da fir Iech deen Auswee sinn? Eng Reform oder Ofschafen, awer?

Jean-Claude Juncker: Ech wëll fir d’éischt mol soen, datt ech een Dram ëmmer hat an deen Dram war, datt déi Fraen, ganz selte Männer, déi ee Liewe laang Kannererzéiungsaarbecht gemaach hunn, dat ass richteg Aarbecht an déi dofir ni eppes kritt hunn, ni, datt déi och vun engem gewëssen Alter un dofir eppes kréien.

Monique Kater: Dat heescht ofschafe kënnt fir Iech net a Fro?

Jean-Claude Juncker: Dat kënnt iwwerhaapt net fir mech a Fro. Mä wann déi Mammerent erëm géif an deen Zoustand zréckverwandelt ginn an dee Sënn erëm géif erëmfannen, deen ech proposéiert hat, da sinn ech d’accord fir dat ze maachen. Da muss jiddweree sech erklären, deen op déi Mammerent an op déi Iddi nach ëmmer dropgeluecht an dropgeluecht an dropgeluecht huet bis mer do ware wou mer elo sinn. Mä wéi den Här Castegnaro seet, mir kréien dee Knuet do lass, keng Angscht.

Monique Kater: Et gëtt jo eng Persoun, déi ass manifestement net ganz frou mat Iech an dat ass de Paul Bleser. An der Emissioun Background gëschter Mëtteg um Radio, huet de fréiere Direkter vum Enregistrement, de Premier matresponsabel gemaach fir déi schlecht Situatioun vun de Staatsfinanzen.

[Aussoe vum Paul Bleser aus der Emissioun Background vum 19.03.2006]

Monique Kater: Sidd Dir mat Schold drun?

Jean-Claude Juncker: Den Här Bleser deen huet scheinbar gëschter 20 Minutte Sendezäit zur Verfügung gestalt kritt fir do mam Dreckskiwwel iwwert mech ze fueren. Mir hunn elo leider keng 20 Minutten an ech géif och net mam Dreckskiwwel iwwert e fueren.

Monique Kater: Dat heescht, do maacht Dir kloer kee Mea culpa?

Jean-Claude Juncker: Lauschtert mol, wat heescht hei kee Mea culpa. Ech ënnerhale mech dach net op der Televisioun mat engem Direkter, mat deem ech an deene leschte Joren net gutt eens gi sinn. Esou eppes gëtt et am Liewen, dat huet Ursaaachen. Ech kann Iech déi och eng Kéier erklären. Ech huelen och un, datt Dir elo eng nei Serie vun Emissiounen ugefaangen hutt. All Kéier wann een Direkter pensionéiert gëtt, kënnt deen op de Radio an da kann deen e bëssen erzielen iwwert seng Schwieregkeete mat de Ministeren. Dat ass eng gutt Iddi fir esou bëssen Transparenz [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Ass et awer wouer wat hee seet, datt do ee Problem ass beim Enregistrement?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn Iech elo grad erkläert, probéiert, versicht z’erklären, datt eise Problem guer net d’Einnahme sinn, datt eisen Haaptproblem d’Explosioun [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Dat heescht dee litt elo oder wéi?

Jean-Claude Juncker: Ech drécke mech esou net aus. Wann ee seet eisen Haaptproblem am Budget ass d’Excroissance, dat ze séiert Uklamme vun den Ausgaben, huet ee jo gläichzäiteg gesot, datt de Problem net haaptsächlech op der Säit vun de Recettë läit. Am Joer 2004 an 2005 zéie mer aus dem nationale Räichtum ënner Form vu Steieren exakt dee selwechte Prozentsaz eraus, wéi dat am Joer 2000 an an deene Jore virdrun de Fall war.

Mir hunn et also net mat engem regelrechten Abroch, mat Ausnahm vun der TVA, at eng speziell Situatioun ass, vun de Recetten ze dinn. Mir ginn zevill Suen aus. Et ass net, datt mer net genuch Suen erakréien. Mä mir musse fir een Équiliber ze fannen an och fir d’Lenkungsfunktioun am Steierwiesen ze behalen, eenzel Adaptatiounen, och bei de Steiere maachen. Dat gëtt awer keng dramatesch. De Problem vu Kioto, wat jo ee wichtege Problem ass, dee musse mer jo finanzéieren. Dee kënne mer net einfach aus de lafende Mëttelen huelen, do muss een also kucke wat een am Beräich vun der Besinnsbesteierng ka maachen. Dat mécht keng Freed, mä dat muss awer sinn.

Monique Kater: Ëm Sue geet et och an eisem nächsten Extrait. Déi Kéier sinn et Schüler, Proffen an Elteren aus dem Lycée technique vun Ettelbréck, déi zanter Joren op eng Ënnerstëtzung waarden a Saachen Ausbau a Sanéierung vun de Schoulgebeier. D’lescht Woch si si an d’Ëffentlechkeet gaangen.

[Reportage iwwert de Lycée technique vun Ettelbréck]

Monique Kater: Ech ka mer virstellen, datt esou eppes Iech vläicht e bësselche méi trefft wéi wann de Paul Bleser esou eppes seet.

Jean-Claude Juncker: Also, Dir beschäftegt Iech méi mam Här Bleser wéi ech, dat ass mol dat éischt. Dat Zweet, déi Leit vum Lycée technique vun Ettelbréck hu Recht a wann Dir Iech gutt erënnert, hunn ech virun 3 Joer schonn eng Kéier, wéi dat heiandsdo virkënnt, aus der Këscht geprongen a gesot wann dat géif esou virugoen, datt mer keen Terrain géife fanne fir alleguer déi Schoulen am Ettelbrécker Raum ze bauen, da géife mer se geschwënn an d’Ausland baue goen. Dat heescht, datt ech séier alertéiert sinn duerch déi Situatioun. Ech weess och, datt d’Edukatiounsministesch an datt de Bauteminister wierklech aktiv domat beschäftegt sinn do esou séier wéi méiglech eng Léisung ze fannen, well ech och net gleewe wëll, datt et net méi soll méiglech sinn zu Lëtzebuerg eng Plaz ze fanne fir eng Schoul ze bauen.

Monique Kater: Sou, mir ginn elo mol séier kucke wat d’Leit zu eisem Thema ze soen hunn. Sascha wat huet du erakritt u Froen?

Sascha Georges: Majo, d’Leit schénge sech ganz besonnesch fir d’Sanéiere vun de Staatsfinanzen z’interesséieren a ginn dem Premier gläich e puer Piste mat op de Wee. Zum Beispill, d’Trennung vu Kierch a Staat, Ëmdenke bei de Finanze vum Haff oder manner Suen a Prestigebaute stiechen. Do donieft gëtt et Kritik, datt a moren Zäiten en Tramm soll gebaut ginn, deen d’Verkéiersproblemer awer nëmme minimal géif léisen, a firwat nach am Mee zejoert an engem neie Gehälteraccord decidéiert gouf de Staatsbeamte méi an der Pei ze ginn. Och dat géif d’Staatskees belaaschten. An dann nach eng Fro, déi dem Här Juncker als President vum Eurogroupe sécherlech entgéint kënnt, en Här vun Déifferdeng freet sech, firwat d’europäesch Zentralbank d’Leetzënsen eropsetzt, dat wier schliesslech schlecht fir de Konsum, also och fir d’Economie.

Monique Kater: Merci, Sascha. Fänke mer domadder un. Dir hutt dach ëmmer gesot, d’Leetzënse sollen net eropgoen. Ass dat just fir d’Inflatioun ze berouegen?

Jean-Claude Juncker: Ech hu gesot, éischtens hu mer virun allem zu Lëtzebuerg eng Inflatioun déi vill zevill héich ass a mir musse grouss Ustrengunge maache, fir déi Inflatioun erofzekréien. Dofir féiere mer elo sektoriell Gespréicher mat deene verschiddene Segmenter vun eiser Economie, fir dat an de Grëff ze kréien. Ech hu virun e puer Méint gesot, déi Leetzënse sollen net esou eropgesat ginn, datt déi wirtschaftlech Erhuelung déi do ass, datt déi géif riskéiere Gefor ze lafen. Doduerch datt d’Zentralbank mengt, déi Wirtschaftserhuelung déi wier stabill, déi géif sech rafferméieren, consolidéieren an an ëmmer méi Beräicher vun der Wirtschaft eragoen, fillt se sech autoriséiert fir zukünfteg Inflatioun ze verhënneren, fir den Zënssaz unzepassen. Dee läit elo bei 2,50%, wat deen historesch niddregsten Zënssaz ass, dee mer zanter dem zweete Weltkrich an Europa haten.

Monique Kater: Do war eng Fro vun de Staatsbeamten, do ass am Mee d’lescht Joer dee Gehälteraccord ënnerschriwwe ginn. Dir hutt gesot d’lescht Joer am Oktober, mir musse vun 2007 un, muss dat Ganzt méi moderat ginn, déi Lounpolitik. Firwat hinnen dann awer elo nach trotzdem duerch deen Accord nach méi Pei zougestoen, d’lescht Joer an dëst Joer?

Jean-Claude Juncker: Also ech mengen net, datt déi 0,8% déi d’Staatsbeamten an hirer Pei bäikritt hunn op den 1. Januar 2006, fundamental eis Staatsfinanzen aus dem Equiliber bruecht hätt. Dat ass eng Louverhandlung gewiescht déi gefouert ginn ass fir eng kontinuierlech Lounpolitik am ëffentleche Secteur erbäizeféieren. Datt et do selbstverständlech wiesentlech méi lues muss goen an de Jore 7 an 8, ass ee vun deenen Diskussiounselementer wat mer am gaange sinn, besonnesch mat der CGFP, wat eng responsabel Gewerkschaft am Regelfall ass, ze féieren an do fanne mer och eng Léisung.

Monique Kater: A Punkto Trammfinanzement, do géif Iech nawell gär froe wéi dat mat engem PPP wier. Wier dat eng Méiglechkeet, datt de Staat an d’Stad net esouvill misste bezuele fir esou ee PPP ze probéieren och?

Jean-Claude Juncker: D’Stad Lëtzebuerg selwer muss vill bezuelen [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Si hätt jo awer och gären eppes vum Staat.

Jean-Claude Juncker: Bei der Léisung Tramm, fir déi ech sinn, gëtt jo haaptsächlech een interurbane Problem probéiert ze léisen. Also musss d’Stad Lëtzebuerg relativ zolitt cofinanzéieren an ouni dat drëtt Element, een ëffentlech-private Partenariat geet dat Ganzt net.

Monique Kater: Mir komme bei eist nächst Thema an dat ass Arcelor-Mittal. 7 Woche laang ass de Krich mëttlerweil am gaangen tëscht der Arcelor a Mittal-Steel. Déi zwee gréisste Stolproduzenten op der Welt solle jo fusionnéieren, op Initiative vu Mittal hin, wat d’Arcelor als feindlech Iwwernahm gesäit. Wéi et heescht, ass et ee Kommunikatiounskrich an deem all Woch béid Konkurrenten hir Argumenter via Medien austauschen. Laang gouf een industrielle Plang vu Mittal gefuedert an dës Woch war et dann esouwäit.

[Reportage vum Guy Weber iwwert Arcelor-Mittal]

Monique Kater: Den Här Mittal schéngt jo grousst Vertrauen an Iech ze hunn. Wou kënnt dat dann hir?

Jean-Claude Juncker: Dat ass ee méi breet festzestellend Gefill, wéi Dir heiandsdo mengt, datt d’Leit heiandsdo Vertrauen hunn. Mä an där Saach do, trotz allem Charme deen den Här Mittal do déployéiert, bleift et dobäi, datt mir mengen, datt d’Arcelor eng gutt opgestalten europäesch Gesellschaft, een europäesche Champion wier an där Form wéi et se gëtt an dat hu mer e puermol zum Ausdrock bruecht. Elo studéiere mer, wéi de Kolleg Krecké dat gesot huet, deen industrielle Konzept vu Mittal.

Monique Kater: Hutt Dir dat scho gesinn? Hutt Dir do schonn Detailler kritt?

Jean-Claude Juncker: Do hu mer eng honnert Säite kritt. Dat si mer am gaang ze studéieren. Dofir brauch een eng gewëssen Zäit.

Monique Kater: Mä Är éischt Impressioun, ass et besser wéi Dir geduecht hat oder geet et Iech awer nach ëmmer net wäit genuch, fir elo ze soen, ok, mir gi vläicht net méi grad esou staark an eisem Nee soen?

Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech meng Impressioun wann ech dat alles verstanen hunn. Ech hu bis elo nach net alles verstan.

Monique Kater: Wat ass dann de Kalenner? Wéi get et elo virun an där ganzer Saach? Dir sot, Dir kuckt elo, mir waarden.

Jean-Claude Juncker: Déi Operatioun, déi leeft hiren normale Wee an d’Actionnairen, ënnert deenen och de Lëtzebuerger Staat an d’Lëtzebuerger Reigerung, musse sech an engem bestëmmte Moment decidéieren a mir schaffen do un alle relevanten Hypothesen.

Monique Kater: D’Finanzkommissioun vun der Chamber huet gesot, efficacë Schutz jo, mä keen anti-Mittal Gesetz. Ënnerschreift Dir dat mat?

Jean-Claude Juncker: Jo.

Monique Kater: Wier dat schlecht fir eis Zukunft, fir eis Kompetitivitéit?

Jean-Claude Juncker: Dat géif ee Bild vun eisem Land no bausse reflétéieren, wat der Wierklechkeet net entsprëcht. Mir hunn ëmmer, och zu Lëtzebuerg, an engem staarke Mooss, a bal jiddwereen, vun der Fräizügegkeet vum Kapital profitéiert. Un déi generell Prinzipie muss ee sech halen. An dat wat aus der Finanzkommissioun no bausse gemellt ginn ass, dat huet meng absolut Approbatioun

Monique Kater: Wat haalt Dir da vun där Fuerderung vun de Beruffskummeren?

Jean-Claude Juncker: Déi ass net kompatibel mat deem wat an der Finanzkommissioun gesot ginn ass.

Monique Kater: Esou, d’Nouvelle déi hat ageschloe wéi eng Bomm. Iwwer 500 Aarbechtsplaze ginn hei am Land quasi op ee Coup verluer. D’TDK mécht Enn Mee d’Wierk zu Nidderkäerjéng zou, well d’Produktioun vun DVDen an CDe gestoppt gëtt. Domat sinn elo 344 Mataarbechter vun engem Sozialplang betraff, deen zweete scho bannent engem gudde Joer. Präisverfall an deier Produktiounskäschte ginn als Ursaach genannt. Villeroy wëllt 180 Plazen ofbauen. Déi selwecht Zuel Leit waren 2003 entlooss ginn. Grond wieren elo d’Bëllegimporter aus China. Och hei versichen d’Sozialpartner ze rette wat nach ze retten ass. Déi eng schwätze vun enger Pechsträhn, well grad elo alles zesummekéim, déi aner schloen Alarm a froe sech ween als nächst wäert concernéiert sinn. D’Gewerkschafte sensibiliséieren an annoncéiere Petitiounsaktiounen.

D’Globaliséierung ass schold, sot Dir, manner elo d’Kompetitivitéit vum Standuert Lëtzebuerg. D’Politik kann net méi vill maachen, déi national Politik. Ween dann?

Jean-Claude Juncker: Ech soen net, datt d’Globaliséierung schold ass, well vun der Globaliséierung profitéiert ee meeschtens. Dat hu mir gemaach, schonn ier déi aner iwwerhaapt wossten, datt et Globaliséierung géif ginn. RTL zum Beispill, send an d’ganz Welt, zu engem Moment wou iwwerall an Europa nach keng Privatsenderen zougelooss waren. Mir hunn eng Finanzplaz opgebaut, déi lieft essentiell vun der Globaliséierung. Mir si ganz oft déi grouss Gewënner vun der Globaliséierung. An da gëtt et Phenomener an der Economie, do gesäit et esou aus, wéi wann een duerch d’Globaliséierung géif verléieren. Dat si Restrukturéierungen am Welthandel, déi sech maachen an déi schlëmm Fäll déi mer elo haten d’Faiencerie an d’TDK oder och d’WSA, dat huet jo näischt mat der Kompetitivitéit a mat der Wettbewerbsfähegkeet vun eiser Industrie zu Lëtzebuerg ze dinn. Wann d’Chinese méi an Europa liwweren a wann TDK bestëmmte Produkter weltwäit net méi hirstellt, da kënne mir esou kompetitiv si wéi mer wëllen, da behale mer déi Anlagen net zu Lëtzebuerg. Mir hunn ee ganz sérieuxen Kompetitivitéitsproblem, mä dee Wettbewerbsproblem dee mer hunn, deen erklärt d’TDK net an deen erkläert Villeroy & Boch net.

An dofir sinn ech och dogéint, datt eenzel Kräften esou maachen, wéi wann dat elo déi zwee Beispiller wieren, déi géife beweisen, datt mer hei den Index missten ofschafen, de Kënnegungsschutz misste staark iwwerpréifen. Dat fënnt net statt. D’Aarbechtsrecht steet net zur Dispositioun an dëser Tripartiteronn, trotz alle Fuerderungen déi do kommen. Doduerch, datt een d’Mindestléin ofschaaft, doduerch datt een den Index ofschaaft, doduerch datt een d’Leit net méi am Fall vu Kënnegung schützt, doduerch datt jiddwereen een Zäitvertrag kritt, doduerch datt jiddwereen a fragile, prekär Aarbechtsverhältnisser agewise gëtt, rett ee kee Standuert. Dat ass eng Politik, déi ass op anere Plaze probéiert ginn an déi huet keng Resultater bruecht a si gëtt zu Lëtzebuerg och net probéiert.

Monique Kater: Wéi gesäit et aus bei der Luxair? Den Transportminister sot viru kuerzem hei op der Antenn, déi brauchen ee komplett neit Konzept, déi musse vill méi aggressiv schaffen. Wäert et do als nächst rabbelen?

Jean-Claude Juncker: Ech hale mech un dat wat den Transportminister Iech gesot huet an ech ginn net dovun aus, datt et bei der Luxair zu Entloossunge kënnt. Dat ass net mäin Informatiounsstand.

Monique Kater: OK. Mir komme bei d’lescht Kapitel vun eiser Emissioun, dat heescht Datz oder Bonnenote. Dir gesidd elo virun Iech e puer Dossieren. Deen éischte misst elo kommen. Do geet et ëm den ADR. Deen huet een neien Numm. Wat halt Dir dovunner? Gitt Dir Är Punkte wann Dir wëllt.

Jean-Claude Juncker: Eent vun zing, dat heescht, datt dat mer egal ass.

Monique Kater: Dat heescht, déi seet Iech nach ëmmer näischt? Déi klëmmt elo net an Ärer Estime déi Partei?

Jean-Claude Juncker: ADR ass ADR.

Monique Kater: Nei Iddien?

Jean-Claude Juncker: Si soen dat jo selwer. ADR ass ADR.

Monique Kater: Do ass awer ee schéine Fändelchen esou drop an esou, et gesäit jo awer

Jean-Claude Juncker: Kee Mënsch soll de Lëtzebuerger Fändel mëssbrauchen a kee soll och menge wann een e gebraucht, e géif mëssbraucht ginn. Dat ass net meng Haaptkritik um ADR:

Monique Kater: Wat ass se dann?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn der Meenung, datt den ADR eng politesch Kultur huet, déi net bei eis Aart a Weis passt wéi mer zesumme wëlle liewen.

Monique Kater: Zweeten Dossier misst Dir elo virun Iech gesinn. 85% fuerderen Opklärung an der Affär Bommeleeër. Dat misst jo an Ärem Sënn sinn. Dat war eng representativ Ëmfro zesumme mat der ILRES. Gitt Är Punkten.

Jean-Claude Juncker: Eng grouss Majoritéit vu Leit wënscht, datt dat gemaach gëtt, do kann ech en nëmmen honnert Prozent Recht ginn.

Monique Kater: A wéi geet et weider do? Kënnt Dir eis do e bëssen [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Lauschtert mol, ech si Staatsminister.

Monique Kater: Dir hutt Iech awer ageschalt als Staatsminister.

Jean-Claude Juncker: Ech hätt och mol gär gesinn, wa kee sech ageschalt hätt oder wann ech mech net ageschalt hätt. Et ass gesot ginn, hei gëtt alles ënnert den Tapis gekéiert, also froen ech déi Leit déi eppes gesinn hunn, si solle mer dat soen. An ech froen déi, déi zoustänneg si fir dat opzeklären, si sollen där Spuer nogoen. Dat ass jo elo geschitt.

Monique Kater: Drëtten Dossier, do gesi mer de Milosevic. Echec fir d’UN Krichsverbriechertribunal, jo oder neen ? Wat mengt Dir?

Jean-Claude Juncker: Ech weess et nach net.

Monique Kater: Huet et Iech erstaunt, datt esouvill Leit awer trotzdem mat elo nach op deem Begriefnis, déi Zeremonie alles, esou dobäi waren? Hätt misste vläicht awer méi kloer gesot ginn, hei en ass Schold?

Jean-Claude Juncker: Jo, mä et war jo ee Prozess deen am gaang war an ee Prozess, dee kann ee jo eréischt endgülteg beuerteele wann en eriwwer ass, dofir gëtt en elo duerch den Dout vum Här Milosevic ënnerbrach. Dee gehéiert net zu deenen, déi ech an der Politik bewonnert hätt, well en ass Schold um Misère vun extrem ville Leit. Mä en ass dout an dann ass et eigentlech bëlleg fir iwwert den Här Milosevic alles ze soen, mä ech hat en ni gär.

Monique Kater: E leschten Dossier hunn ech nach, ech menge mir kéinten deen nach bréngen. Do geet et ëm de Vaclav Klaus. An ier Dir elo Är Punkte gitt, héiert Dir mol een Extrait.

[Aussoen vum Vaclav Klaus iwwer d’europäesch Verfassung ]

Monique Kater: Heen nennt sech selwer een Eurorealist. Wat haalt Dir da vun däer Ausso, d’Verfassung déi wäert eis guer näischt bréngen, grad am Contraire.

Jean-Claude Juncker: Mam Här Klaus streiden ech zanter dem 28. August 1991 a mir ginn eis einfach net eens. Et ass ee Mann deen ech respektéiere fir dat wat e gemaach huet, och fir dat wat e matgemaach huet ënnert de Kommunisten, mä seng Meenung déi deelen ech nëmmen an engem ganz bescheidene Mooss.

Monique Kater: Dofir 2 vun 10.

Jean-Claude Juncker: Dat ass awer keng Note fir heen, mä fir déi Iddien. Ech géif do deen Ënnerscheed gäre maachen, well de Personnage, d’Personalitéit u sech appréciéieren ech.

Monique Kater: Mir haten eng Fro gestalt am Ufank vun der Sendung a mir schalten elo nach eng Kéier an d’Redaktioun bei de Sascha. Sascha, wat ass dann erauskomm?

Sascha Georges: Mir wollte jo haut vun de Leit wëssen, ob d’Équipe Juncker déi aktuell Problemer zu Lëtzebuerg nach an de Grëff kritt. Kucke mer eis d’Resultat un. Dat ass ganz kloer. Nëmmen 18% soe Jo, 82% soen Nee. Net grad een Zeeche vu Vertrauen un d’Regierung Monique.

Monique Kater: Wat sot Dir dann dozou? Et ass net representativ dat doten.

Jean-Claude Juncker: Ech wéisst mol gäre wéivill Leit, datt dann do geSMSt hunn.

Monique Kater: 112.

Jean-Claude Juncker: Voilà. Dat war meng Äntwert.

Monique Kater: Et ass net representativ. Mä trotzdem.

Jean-Claude Juncker: Da probéiere mer déi 82% vun deene 112 z’iwwerzeegen, datt se sech ieren. Ech versti jo, datt d’Leit e bëssen duerchernee sinn, well se net gewinnt sinn, datt zu Lëtzebuerg gesot gëtt, vun der Regierung dee Problem, well si si gewinnt, datt am Ausland all Regierung seet, mir hu kee Problem, et ass alles an der Rei. Zu Lëtzebuerg liewe mer an där gelungener Situatioun, datt d’Regierung seet, et ass net alles an der Rei, mir mussen eppes maachen an datt d’Leit soen, et ass iwwerhaapt net wouer, et ass alles an der Rei. Et ass net alles an der Rei. Mir mussen et erëm an d’Rei kréien. Dat wäerte mer och fäerdeg bréngen, och wann et schwéier gëtt.

Monique Kater: Jean-Claude Juncker, merci, datt Dir bei eis waart.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Monique Kater: Dat wat et schonn erëm fir de Flashback vun haut

Dernière mise à jour