Mars Di Barolomeo au sujet de la Quadripartite des Caisses de maladie

Sascha Georges: A fir weider Explikatiounen ass de Gesondheetsminister elo bei eis am Studio. Mars Di Bartolomeo, gudden Owend.

Mars Di Bartolomeo: Gudden Owend.

Sascha Georges: Déi gemeinsam Akafszentral gëtt also allgemeng begréisst. De Konzept ass jo awer net ganz nei, wat kënnt dann elo méi? Wat bréngt se dann elo méi?

Mars Di Bartolomeo: Ma de Konzept ass net nei, mä de Konzept muss elo mol eppes bréngen. Wann een zesummen akeeft, all d’Spideeler, a si hu sech alleguer dozou verflicht, da gëtt et méi grouss Massen. Wann ee méi grouss Masse bestellt a keeft, kritt ee besser Präisser. A wann een déi besser Präisser kritt, da kann een dat gespuertent Geld fir de Fortschrëtt an dem medezinesche Beräich investéieren. Dat heescht, wat op den éischte Bléck als relativ einfach sech ugesäit, huet grouss Konsequenzen. Déi Suen déi mer zevill ausginn, déi feelen op enger anerer Plaz, also musse mer alles maache fir d’Geld richteg auszeginn.

Sascha Georges: Dofir gitt Dir jo och méi wäit. Dir wëllt jo een Aktiounsprogramm fir d’Spideeler alleguerten ausschaffen.

Mars Di Bartolomeo: Also ech mengen d’Spideeler stelle wäit iwwert d’Halschent vun den Ausgaben an de Krankekeesen duer, dofir geet et net duer mat enger Akafszentral. Dat ass dee richtege Schrëtt, mä hannendru muss net nëmme méi bëlleg kaaft ginn, et muss och richteg agesat ginn, dat heescht net méi Medikamenter agesat gi wéi der noutwenneg sinn. Et muss endlech fäerdeg bruecht ginn, datt mer d’Spidolsdokteren an de Fonktionnement vun de Spideeler besser agebonne kréien, datt se net kleng Betriber an engem grousse Betrib sinn, mä datt se sech un deenen Haaptrichtlinien interesséieren an och matwierken. D’Informatioun an de Spideeler muss verbessert ginn.

Sascha Georges: Do gëtt jo och sécherlech ganz vill mat deem Conseil scientifique zesummegeschafft, deen zanter September zejoert schafft?

Mars Di Bartolomeo: Majo, dat sinn zwou verschidde Saachen. Am Spidolsberäich mussen all Rieder anenee gräifen, net fir elo ze spuere fir ze spueren, mä fir ze verhënneren, datt eng Explosioun, zweestelleg Wuesstumsraten, d’Krankekeesen an de Spillraum dobäi futti maachen an dat Geld feelt.

De Conseil scientifique, dat ass eng ganz wichteg Initiative déi och elo fonktionnéiert. Den Internetsite dee geet virun Ouschteren op a wou Experten zesummesëtze fir d’Dokteren ze beroden. Wat ass noutwenneg un Therapien? Wat ass ubruet? Wat ass utile et nécessaire? Wat sinn déi bescht Praxissen am Beräich vun der Pfleeg. An de Conseil scientifique dee gëtt Richtlinien, dee gëtt [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Dat heescht och de Krankeschäinautomat, fir Är Wieder ze benotzen, deen ass passé vläicht?

Mars Di Bartolomeo: Op de Krankeschäinsautomat do kommen ech direkt. Mä de Conseil scientifique huet eng berodend Fonktioun, fir dem Patient dee beschtméigleche Choix, mat als Konsequenz och engem raisonnabele Präis, also net double, triple emploi ze sécheren.

Wann Dir mäi Begrëff vun de Krankeschäinsautomate gebraucht, effektiv hu mir festgestalt, datt eng Minoritéit vun Doktere quasi nëmmen nach krankschreiwen. Dat heescht hir Haaptaktivitéit ass Krankeschäiner schreiwen an do gëtt een den Androck net lass, datt Gefällegkeetskrankeschäiner dobäi sinn. Mir sinn der Meenung, dat muss ee ganz kloer soen, datt een dee krank ass ee Krankeschäi verdéngt an och soll verschriwwe kréien, mä een deen net krank ass, kee Krankeschäi soll kréien

Sascha Georges: Dat heescht, do gräift Dir elo an?

Mars Di Bartolomeo: An do bleiwe mer elo hannendrun a mir sinn eis eens gi mat den Dokteren, wat een Duerchbroch ass, datt mer eng Norm festleeën, wat also normal ass vun Zuel vu Krankeschäiner oder vu Prozentsaz vu Krankeschäiner, déi vun engem Dokter verschriwwe ginn. Wann déi Normalitéit sensibel iwwerschratt gëtt, da komme Kontrollen. Dat heescht, ech hat mech eng Kéier esou ausgedréckt an ech widderhuelen dat, da gëtt kontrolléiert a wann ee gesäit, datt et wierklech ee Krankeschäinsautomat ass, do wou een 30 Euro eragehäit an ee Krankreschäin erauskënnt, da gëtt de Stecker erausgezunn.

Sascha Georges: Dat heescht eng positiv Quadripartite an deem Sënn?

Mars Di Bartolomeo: Also, et ass eng ganz positiv Quadripatite, mä et muss ee soen, mir sinn ni um Enn vun eiser Aarbecht. Eis Krankekeesen hunn een zebriechlechen Equiliber. Mir wäerten och ni an eng Situatioun komme wou mer elo soen, et si grouss Benefisser do. Mir musse Fouss beim Mol halen, all Dossier suivéieren, fir dee Spillraum ze behalen, fir kënnen de medezinesche Fortschrëtt ze garantéieren a jiddwerengem eng éischtklasseg Medezin an net eng zweeklasseg Medezin ze bidden.

Sascha Georges: Mars Di Bartolomeo, merci fir dëst Gespréich.

Mars Di Bartolomeo: Merci och.

Dernière mise à jour