Le ministre Luc Frieden invité de l'émission Background sur RTL Radio

Francine Closener: De Budgets- a Justizminister Luc Frieden ass haut also eisen Invité. Gudde Mëtteg, Här Frieden.

Luc Frieden: Gudde Mëtteg.

Francine Closener: Wann Dir esou un déi nächst Méint denkt, wat do alles op Iech zoukënnt, zum Beispill an den Dossiere Reformpläng vum Staat, Arcelor contra Mittal, Chômage, an, an, an, hutt Dir dann net awer heiandsdo e bëssen d’Flemm mat Ärem Job?

Luc Frieden: Nee, guer net. Ech fannen et ass vill, et ass schwéier, et ass extrem interessant dofir. Nee, d’Flemm hunn ech am Fong net, hat ech net an hunn ech net.

Francine Closener: Da bleiwe mer mol bei engem Dossier, deen zanter Méint wéi ee Schied iwwer Lëtzebuerg läit, d’OPA vu Mittal op Arcelor. Mir hunn et elo an den Neiegkeeten nees héieren, an der Opinion publique hei am Land dominéiert Skepsis vis-à-vis vu Mittal. Mä spillt dat iwwerhaapt eng Roll, wat d’Leit hei am Land denken?

Luc Frieden: Et spillt schonn eng Roll, well ech mengen aus historeschen a Gefillsgrënn gehéiert d’Arbed, Arcelor zum lëtzebuergesche Geschichtsdeel an ass ee wichtege Wirtschaftssymbol no baussen. Ech mengen et muss een awer och lassgeléisst vun Emotiounen an der Geschicht deen Dossier kucken. Fir eis, fir mech an der Regierung, mengen ech muss een dräi Saache vuneneen ënnerscheeden an ech mengen, datt déi dräi oft matenee vermëscht ginn.

Dat éischt ass d’Attitude vun der Regierung als Actionnaire, déi huet de Staatsminister an der Chamber gesot. Mir wësse wat mer hu mat der Arcelor, mir wëssen net wat mer mat engem anere kréien.

Da kënnt dat Zweet, do wou ech ganz implizéiert war als Justizminister, als Tresorsminister, dat ass d’OPA-Gesetzgebung. Ech mengen, datt wann een ee Gesetz mécht, da muss een net nëmme kucke wat an dësem Moment lass ass, mä och déi nächst 20 Joer. A mir wëllen also a mir wollten, an ech mengen dat gëtt an dësem Gesetz respektéiert, datt Lëtzebuerg och an Zukunft een attraktive Standuert bleift fir international Firmen a datt déi net soen, mä wann’s du op Lëtzebuerg kënns, do weess de ni wat mat denge Projete geschitt, well an engem gewëssene Moment kann einfach ee Gesetz kommen dat ännert dir dat alles. An dofir huet ee missen ee Gesetz maachen, wat eis net isoléiert vun anere Gesetzgebungen am Ausland. Ech mengen dat ass net geschitt, obschonns, datt deen een an deen anere kritiséiert wat mer dodra geschriwwen hunn, dat beweist, datt d’Gesetz relativ an der Mëtt e getraff huet.

An da gëtt et déi drëtt Attitude, dat ass déi, datt ee muss gesinn, datt hei en fin de compte, onofhängeg vun eiser Gefillslag, de Maart décidéiert, well mir hunn hei mat enger cotéierter Gesellschaft ze dinn, déi op der Bourse cotéiert gëtt an op der Bourse cotéiert, da weess een, datt och ee kann déi Gesellschaft kafen. Dat entscheeden net Sondagen an iergendenger Zeitung, dat entscheeden d’Actionnairen op Grond vun engem Projet deen do läit an déi Actionnairë kucken oft, leider vläicht, just no der finanzieller Offer. An do muss et da sinn un der Regierung, déi den Intérêt général vum Land ze vertrieden huet, datt se, egal ween Actionnaire vun der Gesellschaft ass, dofir suergt an ee Maximum mécht, fir datt den effektive Siège vun där Gesellschaft zu Lëtzebuerg ass a bleift an datt déi Aarbechtsplazen an déi modern Schmelzen, déi mat staatlecher Ënnerstëtzung opgebaut gi sinn, datt déi och zu Lëtzebuerg bleiwen. A bei enger Gesellschaft déi cotéiert ass, kënnen d’Actionnairen all Dag wiesselen, iwwregens och am aktuellen Szenario an zanter dem 27. Januar hu ganz vill Actionnairen aus finanzielle Grënn verkaf, net un den Här Mittal, mä un anerer, well de Präis eropgaangen ass. Mir hunn also ze doe mat enger Boursegesellschaft an dofir dierf een och bei enger OPA net erstaunt sinn. Datt ee se dann nach net muss gär hunn, ass eppes aneschters.

Francine Closener: Ech wollt nach eng Kéier zréckkommen op d’OPA-Gesetz. Et ass jo am Fong dat wou et am meeschten Afloss gëtt vun der Regierung, do gouf et de Mëttwoch an der Chamberkommissioun ee Kompromëss iwwert dee Gesetzprojet deen Dir ausgeschaft huett. Den Avis vun der Chambre de Commerce zu deem Projet huet jo fir vill Opreegung gesuergt. Grad déi Organisatioun wou den Arcelor Mann, Michel Wurth, President ass, hat nämlech proposéiert fir eng OPA just dann zouzeloossen, wann op manst ee Véierel vum Ubidder sengem Kapital fräi op der Bourse cotéiert ass. Op enger Pressekonferenz lëschten Dënschden zu Victoria a Brasilien, huet de Michel Wurth aussergewéinlech cru op d’Virwërf reagéiert, Lëtzebuerg wéillt een anti-Mittal Gesetz maachen.

(...)

Francine Closener: Här Frieden, et stëmmt jo awer, datt d’Propose vun der Chambre de Commerce dem Wirtschaftssite Lëtzebuerg, an zumols dem Finanzzentrum, keng gutt Reklamm gemaach huet, dat seet esouguer och Äre Parteikolleg de Lucien Thiel.

Luc Frieden: Ech mengen, datt et am normale Roll ass vun de Chambres professionelles fir Avisen zu de Projets de loi ze maachen, dofir huet dat mech net gestéiert. Problem war, datt dësen Avis natierlech net gelies ginn ass wéi een Avis zu iergendengem Projet de loi, mä datt e gelies ginn ass um Moment wou eng Offer vun enger Firma, an dësem Fall, vu Mittal op Arcelor, um Dësch louch. An dofir ass deen Avis a besonnesch an der Fro vun der Liquiditéitsklausel gelies ginn, am Liicht vun där Offer déi um Dësch louch. Mir wollten net, datt mer géingen eng Definitioun huelen, déi zu Lëtzebuerg anescht wär wéi an all deenen anere Länner, an dat war esou eng Propositioun déi d’Chambre de Commerce gemach huet an dofir hu mir fonnt, datt déi net gutt wär.

Ech mengen, datt een ee Gesetz brauch wat den Actionnaire schützt an enger gewëssener Situatioun, dofir ass den Haaptpunkt, datt d’Actionnairen, déi minoritär Actionnairen, d’selwecht behandelt ginn. D’Liquiditéitsklausel kann net anescht si wéi an den Nopeschlänner, well soss géinge mer eis effektiv als Wirtschaftsstanduert, och fir d’Zukunft, schützen, quitte datt mer vläicht als Helde kuerzfristeg an d’Geschicht agaange wären, mä meng Fassong, eis Fassong fir ze regéieren ass ze kucke wat an deenen nächsten 10 Joer utile ass an do wär esou eng Derogatioun vun allen anere Regelen sécher net utile gewiescht. Et ass elo eng Definitioun fonnt ginn, déi och an der aktueller OPA net kann interpretéiert gi wéi eng am ale sowjetesche Stil Agräife vun der Politik an eng lafend Operatioun.

Francine Closener: Een anert Thema dann, d’Bierger brauchen nees méi Vertrauen an eis Justiz, dat war ee vun den Haaptmessagen dës Woch vum Médiateur Marc Fischbach. Dofir plädéiert hee fir een neit Kontrollorgan ze schafen, ee sougenannte Conseil supérieur de la Justice. Dee Conseil, Corinne Folscheid, géif eng extern Kontroll vum Justizapparat assuréieren.

[Reportage vum Corinne Folscheid iwwert d’Propositioun vum Marc Fischbach]

Francine Closener: Luc Frieden, ass dat de Médiateur alleng oder hunn de fréieren an den aktuelle Justizminister hei zesummegeschafft?

Luc Frieden: Dat ass de Médiateur alleng, well ech menge wann ech eng Iddi hunn, da brauch ech déi net anere fir d’éischt ze suggéréieren, datt déi se proposéieren, esou kennt Dir mech. Ech mengen dat hei ass eng Iddi, déi derwert ass, datt een driwwer diskutéiert, ech gesi Positives, ech gesinn awer och Negatives oder Problemer an där Propositioun. An dofir mengen ech ass dat eng Iddi, déi ee muss diskutéieren, zesumme mat enger Rei vun anere Moossnahmen déi ee mécht a vun der Problematik ausgoend. Ech mengen, datt ech an deene leschte Joren enorm vill gemaach hunn, datt d’Justiz besser ginn ass. Ech wëll hei ervirsträichen, datt mer zum Beispill an deene Jore wou ech Justizminister sinn, duerch eng Rei Personalopstockungen, d’Personal vun de Riichteren ëm 30% gehéicht hunn. Enn dëser Legislaturperiod wäerte mer 218 Riichteren hunn, wéi ech ugefaangen hunn, do hate mer der 166. Mir hunn d’Prozedure verbessert. Mir hunn och dofir Resultater. Zum Beispill am Zivilberäich an am kommerzielle Beräich ginn haut d’Affäre vill méi séier.

De Constat, mengen ech, deen den Ombudsmann mécht, dat ass een, dee muss diskutéiert ginn an dat ass dee wou d’Leit gäre wëssen, virun allem a strofrechtlechen Dossieren, wou ass meng Affär drun an et ass an deem Kontext wou Leit sech un de Médiateur gewandt hunn. Ech fannen iwwregens déi Zuel déi do genannt ginn ass, iwwert d’Durée vum Mandat vum Ombudsmann, net enorm grouss, wann ee weess wéivill potentiell Clienten d’Justiz huet. Dat si jo net nëmme Lëtzebuerger déi hei wunnen, mä och ganz vill auslännesch Leit a Firmaen.

Francine Closener: Déi wësse vläicht och nach net all, datt se sech kënnen un de Médiateur wenden?

Luc Frieden: Jo, de Médiateur ass da konfrontéiert op jiddwer Fall. Egal vun der Zuel hier, ech mengen datt et der net vill sinn, de Médiateur ass da konfrontéiert gewiescht mat enger Äntwert vun der Justiz déi seet, mir kënnen Iech net äntwerten am strofrechtleche Beräich, well mir hunn de Secret de l’instruction.

Iwwregens eng Fro, déi och d’Press jo ganz oft opwerft, wa se eng Fro stellt an da kritt si dat geäntwert, da seet se, do wëllt een näischt soen. An dofir ass dat eng fundamental Fro iwwert déi mer mussen diskutéieren, woubäi ech awer och drop halen, datt an eisem Rechtssystem et ëmmer esou bleift, datt d’Riichtere onofhängeg sinn. An dofir ass dat Kontrollorgan an engem klenge Land natierlech och méi schwiereg ze maache wéi an engem grousse Land.

Déi Iddi, déi de Médiateur op den Dësch leet an déi ech och gären hätt, datt déi géing vun alle Leit ouni Klischee, ouni Préjugé diskutéiert ginn, zesumme wéi gesot mat aneren Iddien, déi gëtt et jo am Ausland. Vill Länner hunn esou ee Conseil, mä zu Lëtzebuerg muss een dat ëmmer kucken an engem klenge Kader. Wee séiz dann herno do dran? Ween nennt déi Leit? Dat si Froen déi ee muss opwerfen. Fir mech ass et wichteg, datt mer iwwert déi Saache schwätzen. D’Durée vun de Prozeduren - woubäi et ni schnell Prozedure kënnen an engem komplizéierte Justizverfahre ginn, wou och d’Rechter vun der Verteidegung, also d’Rechter vun de Bierger wichteg sinn. Ech hätt gären, datt d’Riichteren onofhängeg leiwen, mä onofhängeg heescht net, irresponsabel, datt si se och net. Ech hunn dat och schonn erkläert wann Untersuchungsriichter eppes maachen, do gëtt et Rekursméiglechkeeten, si dierfen net irresponsabel sinn a si musse sech och virun engem kënne veräntwerten, wann dann ee mengt e wier ongerecht behandelt ginn.

Francine Closener: Wou ass dann Äre Spillraum fir z’intervenéieren als Justizminister, wann zum Beispill ee Riichter net méi tragbar ass, wa Gaffe geschéien, wann een Untersuchungsriichter mat esou Methode schafft wéi zum Beispill an der Affär Dutroux a Frankräich? Wou kënnt Dir dann do intervenéieren?

Luc Frieden: De Justizminister kann do net intervenéieren. Eise System ass esou opgebaut fir d’Onofhängegkeet vun der Justiz ze garantéieren, datt et just intern Geriichter, wann Dir wëllt, gëtt, déi an esou engem Fall vun Disziplinarverfahre géint ee Riichter eppes kënnte maachen. Ech kënnt dem Procureur général ee Comportement matdeelen, mä et ass un der Justiz selwer fir dat dann ze tranchéieren. Mä ech mengen déi Propositioun vum Médiateur geet méi wäit. Wéi gesot, ech wëll se net diskutéieren alleng, ech géing se gär diskutéiere mat anere Problematiken, wou de Secret de l’instruction eng Fro ass. Ech géing och gären iwwert d’Aarbechtsmethod vun de Geriichter an iwwert d’Prozeduren diskutéieren. Fir mech ass déi Ligne déi een net dierf iwwerschreiden, d’Garantie vun der Onofhängegkeet vun der Magistratur, och wann d’Leit dat dobaussen net ëmmer an all Situatioune verstinn. Mä ee breeden Débat iwwert d’Justiz hat ech mer souwisou gewënscht an dat hei fléisst doran an.

Francine Closener: D’Justiz huet ouni Zweifel Imageproblemer, dat ass jo besonnesch zanter der Affaire Bommeleeër manifeste. Haut op den Dag sinn et iwwregens genee 20 Joer hir, datt déi lescht Bomm explodéiert ass an zwar um Belair, virun der Hausdier vum pensionnéierte Gendarmeriescolonel Jean-Pierre Wagner. Här Frieden, geet Iech déi ganz Affär nach just op den Nerv oder wëllt Dir och, wéi de Gros vun de Leit hei am Land, datt se opgeklärt gëtt?

Luc Frieden: Ech sinn net mat Ärem Agangssaz d’accord, datt d’Justiz Imageproblemer huet.

Francine Closener: Mengt Dir net?

Luc Frieden: Et si sécherlech Leit, déi heiandsdo zu Recht oder heiandsdo och zu Onrecht fannen, datt dat net schnell genuch geet an do ass et meng Pflicht ze kucken, mat der Magistratur, wéi mer dat kënne verbesseren. Ech wëll awer och déi extrem gutt Aarbecht ervirhiewen, déi ganz oft gemaach gëtt. Kuckt emol wéivill Prozesser iwwert d’Bühn ginn, y compris duerch eng ganz gutt Kooperatioun Police-Justiz, grouss kriminell Banden, déi mer konnten a leschter Zäit virun d’Geriicht bréngen, déi do condamnéiert gi sinn. Déi Aarbecht muss een och ervirsträichen. Ech soen net, datt alles do perfekt ass, mech maachen och ganz vill Saache rosen, och wann d’Saachen ze laang daueren.

D’Bommeleeëraffär, schwätzt Dir un, dat ass esou eng. Sécher hätt ech gären, datt dat géing opgeklärt ginn. Mä ech soen och, et ass vläicht net korrekt dat ze soen, et muss een och vläicht eng Kéier kënnen een Dossier zoumaache wou een näischt fënnt. D’Attentat op de schwedesche Premier Olof Palme ass och viru kuerzem 20 Joer verjährt, do ass den Täter ni fonnt ginn. Da muss sech och eng Kéier d’Fro gestalt ginn, déi kann awer net de Justizminister beäntwerten, well en huet do keng Instruktioun ze ginn, ob een net seet, wann ee jorelaang recherchéiert huet, do musse mer deen Dossier do eng Kéier zoumaachen. D’Zoumaache vun engem Dossier muss och an engem Rechtssystem méiglech sinn. En ass jo och méiglech, mä dat läit alleng an den Hänn vun der Justiz. Ech mengen, datt no 20 Joer ee sech esou Froen och ka stellen, well ech jo och gären hätt, datt all déi aner Affaire sérieux gemaach ginn an et ass dofir och eng Opdeelung vun der Aarbecht déi ee sech heiandsdo muss an deem Kontext stellen.

Francine Closener: An Dir sidd och iwwerzeegt, datt näischt vertuscht gouf a gëtt?

Luc Frieden: Oh, déi Fro kann ech net beäntwerten. Ech ka se fir elo beäntwerten. An deene Jore wou ech mam Procureur a mat dem Justizapparat ze doen hat, hunn ech keng Elementer fir ze soen, datt do eppes vertuscht ginn ass. Ech gesi jo och net, ween een Intérêt hätt. Wësst Dir, do ware souvill Polizisten, souvill RIichteren iwwer 20 Joer, datt et iwwerhaapt net géing goen, datt do een eppes géing vertuschen. Kuckt mol wéivill Riichteren a Procureuren iwwer 20 Joer un deem Dossier geschafft hunn, wéivill Polizisten dorunner geschafft hunn. Ech kann net soen, wat virun 20 Joer alles do gemaach ginn ass an enquêtéiert ginn ass, ech hu jo och keen Accès zu deem Dossier, dofir kann ech Iech déi Fro och net beäntwerten. Ech weess just, datt an deenen 8 Joer wou ech do war, ni iergendeng Instruktioun mir bekannt gewiescht wär, datt do net soll uerdentlech dra geschafft ginn.

Francine Closener: Komme mer da bei een anert Kapitel, net dat mannst. D’Sanéierung vun de Staatsfinanzen, och wann eenzel Punkten duerchsickeren déi d’Regierung a Betruecht zitt fir ze maachen, bleift d’Spannung awer grouss, grad wéi d’Bedenke vun de Gewerkschaften. An d’Tageblatt schreift haut, ausserdeem, de Budgetsdefizit vun 2005 wier guer net esou schlëmm wéi dat ugekënnegt gouf. Also, huet d’Reigerung dann awer iwwerdriwwen?

Luc Frieden: Dat do si vill Froe mateneen. Loosse mer et mol op 2 Froen resuméieren: de Problem ass sérieux, well mir stelle fest, datt iwwert déi lescht Joren d’Dépensen par rapport zum Bruttoinlandprodukt, , datt déi zu Lëtzebuerg vun 38% op 46% geklomme sinn wärend se an der Eurozon relativ stabill bliwwe sinn - Par contre op der Recettesäit, also op der Steiersäit, dat wat de Staat aus der Économie erauhëlt, ass zu Lëtzebuerg dee Ratio Recettë par rapport zu PIB bliwwen. Do gesäit een also, datt obschonns d’Steieren en chiffres absolus eropgaange sinn, an der Proportioun zum nationalen Akommes si se net geklommen an d’Dépensë si geklommen. Duerch eng Rei Automatismen un déi mer dofir, an dat hunn ech a menger Budgetsried gesot, mussen drugoen an déi diskutéieren, fir datt mer dee Problem an de Grëff kréien.

Dann Är zweet Fro, dat ass d’Joer 2005. Et kann een ëmmer eréischt nodeem ee Joer eriwwer ass, besonnesch no deenen neien europäesche Rechnungen, genee soen, wéivill mer ausginn hu par rapport zu deem wat mer annoncéiert haten a wéivill erakomm ass. Well Maastricht kuckt am Fong, wat kënnt an engem Joer eran a wat geet an engem Joer eraus. Mir stellen elo fest, an och dat hat ech bei menger Budgetsried am Dezember ugedeit, datt d’Resultat besser ass, wéi dat wat mer am November op Bréissel geschéckt hunn. Mir hunn deemols gemengt, datt eis an deem Joer Einnahmen, minus Dépensen ongeféier géingen 1,2 Milliarde feelen. Et feelen elo nach ëmmer 950 Milliounen. Doriwwer sinn ech frou, datt manner feelt, mä dat heescht net, datt mer kee Problem hunn.

An dofir kann een och net soen, dat ass jo kee Problem. Mir hunn um Niveau vum Zentralstaat, an dofir och un der ganzer ëffentlecher Hand, méi Ausgabe wéi Einnahme pro Joer. Mir hunn also do ee strukturelle Problem, och wann ech ganz frou sinn, datt mer ee bessert Resultat hunn. Ech soen Iech och firwat datt mer 2005 e bessert Resultat hunn, dat wäert bei ongeféier, fir d’gesamt ëffentlech Hand bei engem Defizit vu Minus 1,5-1,6% vum PIB leien. Dat weess ech ugangs Abrëll. Engersäits huet de Statec virun e puer Deeg eng nei Evaluatioun vum PIB gerechent, dee läit 1,5 Milliarde méi héich wéi déi, déi mer am November als Basis haten. Déi gëtt all 5 Joer im Nachhinein berechent.

An zweetens sinn eng Rei Ausgaben, Investitiounsausgaben net esou séier getätegt ginn, Beispill um Flughafen, Aarbechten déi vu Luxairport bezuelt ginn, si 65 Millioune manner ausgi ginn 2005 wéi dat virgesi war. Déi Sue ginn awer ausginn, mä dann dat Joer duerno. Dofir bleift de strukturelle Problem an dee pake mer un, deen hu mer annoncéiert. An ech muss soen, dee strukturelle Problem, dee konnte mer, dank eiser gudder Finanzpolitik an deene leschte Jore matschleefen, well mer Reserven opgebaut hunn. Mir hunn och elo nach 1,4 Milliarde Reserven, mä ech mengen d’Aufgab vun der Politik ass et, op mannst esou verstinn ech se als Budgetsminister, ass ze soen, elo kënne mer kucken, datt mer, och wann déi Reserven net méi do sinn, een ausgeglachene Budget hunn, wa mer eng Rei Minikorrekture maachen. Wa mer dat elo net maachen, kann ech mech zwar zréckleeën an der Fotell an da soen, oh souwisou bis 2009 geet dat nach mat de Reserven an duerno ass dat mir egal. Ech géing fannen, datt dat irresponsabel wär an dat fënnt d’Regierung, datt dat irresponsabel ass an dofir musse mer dee strukturelle Problem, datt d’Dépensë par rapport zum PIB méi schnell wuesse wéi d’Recetten, dee kréie mer an de Grëff, wa mer un eng Rei automatesch Dépenseaugmenatioune ginn, ouni domat eppes ofzebauen un dat d’Leit sech hei zu Lëtzebuerg vläicht staark gewinnt hunn.

Francine Closener: D’Bedenke vun de Gewerkschafte bleiwen awer wéi gesot bestoen, an de Jean-Claude Reding, President vum OGB-L huet dës Woch a senger Qualitéit als President vun der Privatbeamtekammer d’Diskussioun esou beschriwwen.

(...)

Francine Closener: Här Frieden, wat maacht Dir dann elo fir déi kleng Leit net am meeschten ze treffen? Wat maacht Dir mam Index, aussetzen? A wat kënnt aus dem Wuerekuerf Index eraus? Alkohol an Tubak?

Luc Frieden: Ech verstinn déi Aussoe vum President vum OGB-L guer net, well et war ni d’Ziel vun der Regierung fir deene klenge Leit eppes vun dem Solidaritéitsgedanken, dee mer zu Lëtzebuerg, Gott sei dank, hunn, eppes ewechzehuelen. Dee Problem, dee mer hunn, dee musse mer an engem kollektiven Effort léisen an op allen Ausgabegebidder. Mir hu grouss Ausgaben am Investitiounsberäich. Déi géing ech gären zréckféieren op een Niveau vu virun 1, 2 Joer, dee war nach ganz héich dunn, mä deen ass dëst Joer nach eng Kéier geklommen. Mir musse kucken, datt mer deen op engem héijen Niveau halen, mä net méi all Joers steige loossen. De Plafonnement vun den Investitiounsausgaben hunn ech am Dezember annoncéiert. Souwisou ass et gutt, wann een d’Ried vum Premier vum Oktober a meng Budgetsried mol noliest, déi hutt Dir an Ären Archiven, da fannt Dir schon [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Do steet zum Beispill dran, datt am Indexwuerekuerf kéint eppes geschéien, datt een Alkohol an Tubak géif eraushuelen.

Luc Frieden: Mir mussen déi Investitiounsausgaben e bëssen zréckféieren. Mir mussen am courante Budget vum Staat kucke wou mer kënnen do eng 50 bis 100 Millioune fannen. Dat ass een Exercice deen dauert 1, 2 Joer, dat heescht an de Budgeten 2007, 2008. Ganz vill kleng Saachen zesumme bréngen och vill Suen. An da musse mer de Sozialbudget iwwerkucken, woubäi eis Iddi net déi ass fir de Sozialbudget ze kierzen. Mä och do hunn ech gesot, dee musse mer plafonnéieren an dofir mengen ech, musse mer villes doranner kucken, och de budgetären Impakt vun enger Indextranche. Eng Indextranche kascht de Staat 125 Milliounen Euro, dat sinn net nëmmen d’Peien déi mer bezuelen, dat si ganz vill Kontrakter déi indexgebonne sinn. Dofir musse mer ee Mechanismus fannen, fir datt net all Augmentatioun, déi mer maachen an déi hutt Dir ugeschwat, zum Beispill Augmenatioune vun Tubak oder Bensinn aus Ëmwelt- oder Gesondheetsgrënn, datt déi am Index een Impakt hunn, an zweetens, datt eng Indextranche manner Répercussiounen op de Budget huet. Huet se dat nämlech net, loosse mer dat esou si wéi mer dat hunn, da behale mer eisen Defizit a mussen d’Steieren héijen an dat strooft herno d’ganz Économie, Privatleit wéi d’Betriber.

An dofir musse mer och kucken, datt mer am Sozialbudget - wann ech soen plafonnéieren, musse mer dee Plafonnement hikréien duerch eng Reflexioun iwwert den Index andeem mer den Indexmechanismus bäibehalen. Mir kucken, datt e sech anescht oder méi spéit op de Budget répercutéiert. Et muss ee kucken ob ee verschidden Ausgaben déi dauernd klammen, net, wat de Staat ubelaangt, ka plafonnéieren. Ech denken zum Beispill un d’Pfleegeversécherung wat eng ganz gutt Iddi war, well se ganz vill Leit hëlleft a mir kënnen all mar dovunner profitéieren, datt ee kuckt, datt de Staat seng Participatioun ka plafonnéieren. Déi ass haut eppes 140 Milliounen. Well d’Leit all dovu profitéiren, muss een d’Participatioun vun de Leit do aus budgetäre Grënn héijen.

Et muss ee kucken, wa mer wëllen eng gesond Ëmwelt hunn, ob een net um Bensinn muss eng Taxe maachen, mat där ee kann de Kiotoobligatiounen entgéinttrieden, et muss ee kucken, datt een déi Saachen déi all Joers automatesch an d’Luucht klammen, dat ass zum Beispill d’Indexatioun vu ganz ville Sozial- oder Familjenzoulagen, datt ee seet, mä déi mussen net all Joers indexgebonne sinn. Domadder spuere mer schrecklech vill Suen. Dann huet keen u sech [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: De Rentenajustement och?

Luc Frieden: Et muss een Effort si vu jiddwerengem an dat fannen ech ee ganz wichtege Punkt. Mir wëllen net, datt just déi Aktiv oder just déi Pensionnéiert hei hiren Effort maachen, et geet nëmme wa mer alleguerten een Effort maachen an domadder kritt jo keen eppes ewechgeholl. Wann ech haut X als Sozialleeschtung vum Staat kréien an déi behalen ech mar X, wa mir wëllen, datt dat net X plus plus plus gëtt, da kréie mer de Budget net an de Grëff. A wa mer all déi do Saachen zesumme maachen, déi ech Iech elo gesot hunn, wat Pistë sinn, wou mer ganz wäit virukomm sinn an hannert deene mer aus budgetäre Grënn stinn, dann hu mer am Fong eng Modernisatioun vum Staat gemaach, well mer och nei Margë kréie fir nei Politiken ze bezuelen.

Domadder krut keen eppes ewechgeholl, mä jiddwereen huet ee Bäitrag geleescht, fir datt mer net d’Baach erofginn an 3, 4 Joer andeem mer irresponsabel Dépensë maachen an déi dann net méi finanzéiert kréien. Wësst Dir, mir mussen och kucken, datt mer an 10 Joer nach zu Lëtzebuerg eis Sozialausgabe kënne finanzéieren. Mir kënne se elo nach 2, 3 Joer finanzéieren. Ech hätt och gären, datt eis Kanner ee Recht hunn op sozial Zoulage vum Staat an datt mer och nei Obligatiounen déi eis Gesellschaft huet, kënne finanziell bedingen. An dat ass dat wat mer am gaange sinn ze maachen an dat ass dat wat mer fäerdeg bréngen, dat ginn ech Iech hei schrëftlech op enger Salztut.

Francine Closener: Luc Frieden, merci mol fir elo, mir diskutéiere gläich weider.

[Noriichten]

Francine Closener: Här Frieden, ech wollt nach ee Moment bei de Staatsfinanze bleiwen. D’Regierung wëll jo och nei Akzenter setzen, nei Politik maachen, domat ass se ugetrueden, mä dat kascht jo awer och vill Geld, zum Beispill méi Recherche, Uni Lëtzebuerg oder den Tram duerch d’Stad. Ass dat dann iwwerhaapt nach ze finanzéieren, och wann elo e bësse gespuert gëtt, oder e bësse méi?

Luc Frieden:Also, éischtens emol eise Spuereffort huet zum Zil, datt mir en ausgeglachene Budget bis 2009 kréien, an d’Politik déi mir wëlle maachen ass fir ze kucken, datt d’Dépensen net méi schnell wuessen, wéi dat wat mir pro Joer par rapport zum Bruttoinlandprodukt erakréien.

Ech wëll dat nach eng Kéier ganz kloer maachen, eis Idee ass net alles ewechzehuelen, well de Solidaritéitsgedanken ass wichteg, e soziale Schutz ass wichteg, mä ze kucken, datt mir net duerch Automatismen, déi net onbedéngt justifizéiert sinn, alles automatesch an d’Luucht wuesse loossen. A wa mir déi Automatisme gebremst kréien op der Dépensesäit, dann hu mir och Sue fir aner Politiken ze maachen.

Dir hutt der ugeschnidden wéi d’Fuerschung, d’Universitéit, wat Zukunftspolitike sinn, wéi nei Aufgabe vum Staat am Beräich vun der Kannerbetreiung wou eng Demande ass, Schoulen déi mir brauchen wat enorm wichteg ass fir d’Zukunft vun engem Land. Ech mengen, datt dat alles net duergeet, mä dat muss een iwwer vill Joere kucken. Dir hutt och e Projet ugeschwat wéi den Tram, och bei esou Saachen, esou wéi bei de Schoulbaute kucke mir jo och fir a Partnerschafte mat der Privatwirtschaft ze kommen. Och do muss een un Alternativen denken, an dofir soen ech och, dee Prozess dee mir am gaange sinn ze maachen, déi Aarbecht déi vun der Regierung a virun allem vum Budgetsminister ass net eng déi elo am Abrëll ophält. Dat ass eng wou eng ganz Rei Pisten iwwer déi Reform, déi mir elo maachen, mussen an deenen nächste Joeren ëmgesat ginn. An eng ganz Rei vun deene Projeten do komme jo och net vun haut op muer, also kann een déi och strecken iwwer eng gewëssen Zäit, an Alternativfinanzéierungsmodeller och studéieren. D’Aufgab vun der Politik ass ëmmer d’Land op déi nächst 10 Joer virzebereeden an net an enger Woch alles ze maachen. Mä d’Zilsetzung ass fir eis kloer.

Francine Closener: Net zu Lescht d’CSV-Fraktioun an der Chamber an hire Chef Michel Wolter si fervennt Verfechter vum strenge Spueren. Arrangéiert dat Iech am Fong geholl, oder gesitt Dir dat als eng CSV-intern Oppositioun, wann Dir esou op d’Fangere gekuckt kritt?

Luc Frieden: De Staatsbudget ass net mäi Budget, et ass de Budget vun alle lëtzebuerger Steierzueler. An dofir mengen ech ass et gutt, datt mir eis allgemeng an der Politik, an de Gewerkschaften, mä och d’Lëtzebuerger dobausse sech déi Chifferen ukucken, driwwer iwwerleeën, an eis begleeden op deem Wee wou jiddweree soll säin Effort maachen, datt mir och an Zukunft eng attraktive Plaz bleiwe fir ze liewen a fir ze schaffen, wou och nei Aarbechtsplaze geschafe ginn, dofir dierfe mir och net d’Debatt iwwer d’Kompetitivitéit an d’Inflatioun vergiessen, déi hänkt och enk mat däer zesumme vun de Staatsfinanzen. An dofir jiddereen deen eis op deem Wee begleet, ass wëllkomm. Ech hätt gären, datt d’Lëtzebuerger och an Zukunft stolz kënne sinn, datt mir gesond Staatsfinanzen hunn, déi mir hunn, mä déi am gaange sinn eis net méi deem Critère ze entsprieche wa mir net déi Reforme maachen. An datt meng Fraktioun eis do ënnerstëtzt dat fannen ech positiv. Mä wéi gesot et ass net eng Partei-intern Saach, dat hei ass eng Saach, déi d’ganzt Land eppes ugeet.

Francine Closener: Här Frieden, Dir sidd als Budgets-, Justiz- an Arméiminister ugetrueden. D’Arméi hutt Dir elo ofginn, firwat dann ausgerechent d’Arméi? Hätt Dir net besser gehat ee vun deene méi décke Ressorte sinn ze loossen, wou et och vill méi Problemer ginn?

Luc Frieden: Also de Staatsminister ass zoustänneg fir d’Regierungsbildung.

Francine Closener: Dir hutt jo awer e bëssen eppes mat ze schwätzen.

Luc Frieden: De Staatsminister huet selbstverständlech mat mir, grad ewéi mam Aarbechtsminister, laang doriwwer diskutéiert. D’Idee war déi, fir eis zwee nach méi Verantwortung ze ginn an der Regierung, a virun allem och déi awer fir eis prioritär Aufgaben, Aarbechtsmaart a Finanzpolitik, mat enger nach verduebelter Energie unzegoen. Dobäi hu mir elo schonn Aarbechtsdeeg vun 10 Stonnen, et ass also net manner Aarbecht ginn, mä et ass einfach fir Aarbecht op méi Schëlleren ze verdeelen.

Ech muss soen, datt ech och un deem Justizministère hänken, well de Justizministère ass jo net nëmmen d’Fonktionnement vun der Justiz. Dat interesséiert mech virun allem well et och do ass wou d’Regele vum Zesummeliewen an der Gesellschaft gemaach ginn engersäits, an anerersäits wou et em d’Froe vun der banneschter Sécherheet geet. A wann ech kucken, datt ech an deenen 8 Joer 60 Gesetzer konnt maachen als Justizminister, méi wéi a ville Legislaturperioden virdrun, dat ass d’Nationalitéit, d’Partenariat, Froe vum Registre de Commerce, vun der Mediatioun am Strofrecht, vun dem Kampf géint d’sexuell Exploitatioun vun de Kanner, an ech kéint Iech déi 60 opzielen, da gesäit ee, firwat ech dat am Fong vum Häerz aus ganz gäre maachen. An dofir war ech frou, datt ech d’Justiz konnt behalen, och wann dat ganz vill Problemer sinn, schrecklech vill Aarbecht.

An da muss ech soen, d’Froe vun der Sécherheet, wat och ganz oft haut europäesch Froe sinn, fannen ech extrem wichteg, ech verbrénge vill Zäit mat europäesche Justiz- an Innen- oder Polizeiministeren ze diskutéiere, wéi mir kënne méi efficace am Kampf géint d’Kriminalitéit, déi grenziwwerschreidend ass ginn. Och do hu mir positiv Resultater opzezeechnen, an dofir sinn ech am Fong frou, datt trotz däer enormer Aarbecht als Budgetsminister, ech och déi Justizaarbecht ka maachen.

D’Arméi muss ech soe war och interessant, mä et kann een net alles maachen. Ech si frou, datt ech konnt d’Présidence als Arméiminister maachen, wat net einfach war, well ech hunn do missen an eng nei Matière mech eraschaffen, datt ech konnt d’Arméi als en Instrument vun der Aussepolitik op hir Reforme virbereeden, déi weider ginn. Dir gesitt, datt elo den Ausseminister gesot huet, nom leschte Conseil vun den Ausseministeren, datt Lëtzebuerg soll sech och bedeelegen un enger Missioun am Kongo. D’Froe vun der bausseschter an der banneschter Sécherheet hänken enk zesummen, an do muss Lëtzebuerg och e Beitrag maachen, ouni datt mir do elo eng rise Roll kënne spillen. Mä einfach nëmmen ze soen, dat ass d’Aufgab vun deenen aneren, an net eis, dat geet net. An dofir sinn ech frou datt ech während 2 Joer och konnt do e substantiellt Stéck bäileeën, wéi gesot virun allem an der Présidence, mä och an deem schwieregen transatlanteschen Dialog zum Ufank vun eiser Présidence do. Am Fong déi 18 Méint waren eng Beräicherung fir mech.

Francine Closener: Schonn zanter Joere gëtt de Luc Frieden als Successeur vum Jean-Claude Juncker als Premier gehandelt. De François Benoît huet dës Woch emol d’Leit op der Strooss fir eis gefrot, op si da mengen, datt mir emol ee Staatsminister Luc Frieden kréien, a wat si dovunner halen.

[Reportage micro-trottoir]

Françine Closener: Luc Frieden, dat héiert sech un, wéi wann Dir effektiv géingt polariséieren. Gefällt deen Image Iech fir koservativ a rigide ze sinn, an awer och technesch „saukompetent“ wéi elo ee gesot huet?

Luc Frieden:Also, ech muss soen, ech fannen datt Dir de Leit ganz komesch Froe stellt, well mir hunn e Staatsminister deen seng Saach ganz gutt mécht, dee jo och vun de Lëtzebuerger massiv bei de Wale gestäerkt ginn ass, an dofir mengen ech [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: E bleift awer net éiweg.

Luc Frieden:datt Dir do Froe stellt, déi d’Leit am Fong e bëssen iwwerraschen.

Francine Closener: Mengt Dir? Reng theoretesch géif et Iech dann awer reizen, fir Regierungschef ze ginn, enges Daags, wann de Jean-Claude Juncker da keng Loscht méi hätt, oder keng Zäit?

Luc Frieden:Also, ech mengen datt dat eng ganz interessant Fonktioun ass, mä ech ka mir och aner interessant Fonctiounen hei heem an am Ausland virstellen. Wat mech interesséiert ass d’Saach, dofir sinn ech och frou an der Regierung ze sinn. An d’Saach, dat ass déi am Fong d’Zukunft vum Land ze preparéieren, d’Regel vum Zesummeliewe vun de Mënschen ze organiséieren, esou datt net jiddereen no sech selwer kuckt, mä datt ee kuckt wéi kënne mir dat, wat mir erschaffen an eisem Land, uerdentlech verdeelen, wéi kënne mir kucken datt och eist Land e Land ass wat international och an deenen nächste Joere respektéiert gëtt. An dofir mengen ech, datt et eng Rei interessant Fonktioune ginn, och déi do, déi am Intérêt général ass. An dat ass eppes, wat mech am Fong interesséiert.

Ech hu virdrun e flotte Beruff gehat als Affekot, do schafft ee fir ee Client, eng Persoun, deem seng Rechter. Hei kuckt ee wéi d’Zesummeliewen an enger Gesellschaft kann organiséiert ginn. An dofir mengen ech, datt dat op eng determinant Aart a Weis matzegestalte bleift ee vu mengen Haaptobjektiver, an ech si frou dat elo scho kënnen op eng responsabel Aart a Weis kënne mat auszeféieren.

Datt do net jiddweree mat engem d’accord ass, ech mengen dat gehéiert och dozou. Ech hätt scho gären, datt ee kloer Meenungen huet. An datt do deen een oder deen aneren déi Meenung net gutt fënnt, gehéiert éischtens zur Demokratie, an zweetens och mengen ech muss een och vun engem politesche Responsabelen erwaarde kënne, datt en eng Meenung huet a fir déi kämpft mat Argumenter, och nolauschtert, och emol eng Kéier seng Meenung ännert. Mä och alles dat gehéiert zu deene Fonktiounen déi Regierungsmember an och selbstverständlech e Regierungschef huet.

Francine Closener: D’Immigratiounspolitik gouf ugeschwat am Micro-trottoir. Domat hutt Dir Iech net nëmme Frënn gemaach, déi hutt Dir mëttlerweil ofginn. Mä d’Auslännerpolitik bleift Iech jo awer och als Justizminister nach erhalen, zum Beispill am Kontext vun der duebeler Nationalitéit. De Premier hat am Oktober ugekënnegt, datt Dir am Fréijoer mat engem Gesetzprojet iwwer d’duebel Nationalitéit géift kommen. Wéi ass et dann elo domat?

Luc Frieden: Dat Gesetz dat kënnt, well mir mengen, datt et e wichtege Facteur vun Integratioun wier. Dat Gesetz schreiwen ass schwiereg, obschonn datt ech ganz wäit fort sinn. Fir mech gëllen do e puer ganz wichteg Prinzipien.

Ech wëll net, datt een esou e puer Joer zu Lëtzebuerg ass, an nach esou dobäi kann déi lëtzebuerger Nationalitéit kréien. Dofir wëll ech, datt déi, déi Lëtzebuerger ginn an hir Ursprongsnationalitéit wëllen halen, datt déi ganz laang am Land sinn. Ech mengen 10 Joer wier e richtegen Délai, well dat sinn dann net déi, déi esou eng Kéier hei e puer Joer op enger Bank geschafft hunn, an da soen elo wëll ech och nach Lëtzebuerger ginn, a se bleiwe Belsch oder Fransous. Mä et geet eis virun allem och em déi, déi Kanner oder Enkelkanner vu portugieseschen Immigrante sinn, déi scho laang hei sinn, déi hei an d’Schoul gaange sinn, déi erfëllen och déi Konditiounen, datt déi kënne Lëtzebuerger ginn, well se och hei wëllen hiert Liewe verbréngen, ouni datt si musse soen, alles wat vu mengen Elteren ass, a menge Grousselteren, dat wäerfen ech elo iwwer Bord. Dofir mengen ech, wa mir eng laang Durée de résidence hunn, dann hu mir deen Integratiounsfacteur assuréiert.

An dann dat zweet, dat ass d’Sprooch. Ech sinn deen éischte Justizminister deen an däer grousser Nationalitéitereform vun 2001, mengen ech, d’Sproochecritère an d’Gesetz ageféiert huet. Ech hätt gären, datt d’Leit déi zu Lëtzebuerg eng Nationalitéit kréien, op d’mannst kënne eng normal Conversatioun op lëtzebuergesch maachen. Et brauch keen hei de Rénert auswenneg opzesoen, mä datt een an engem Geschäft kann eppes kafen, datt een also geschwate lëtzebuergesch kann, an datt een och kuckt, wien ass deen am beschten Outiléierte fir dat ze testen, datt een also e klengen Test vu lëtzebuergesch mécht.

Francine Closener: Wie géif deen dann zum Beispill maachen esou en Test?

Luc Frieden: Ech mengen doriwwer muss een diskutéieren. Mä d’Ideeën déi ech Iech hei ginn, sinn déi un deenen ech schaffen, well ech mengen, datt dat dann en Integratiounsfacteur ka sinn. Et ass also net e bradéiere vun der Nationalitéit, et ass en Eraliewen an d’lëtzebuerger Gesellschaft no engem richtegen Integratiounsprozess, dee largement iwwer d’Schoul geet, oder iwwer d’Berufsliewen. An déi Leit déi laang hei sinn, déi kënne och ganz oft d’Sprooch an déi wëllen och déi Sprooch kënnen, well et ass jo och da vill méi einfach wa se an der Gesellschaft sinn.

An ech mengen et muss ee sech och iwwerleeën, wéi ee ka verschidde Grondwäerter vun eisem Zesummeliewen och deene Leit vermëttelen. Ech denken net drun, an ech mengen net datt dee richtege Wee ass wéi a verschidden Nopeschlänner, datt elo do op emol wéi an Däitschland Fragebogen ausgeschafft ginn. Mä wann een awer vläicht e puer Stonnen iwwer d’Grondwäerter vun eiser Gesellschaft, d’Grondrechter vun eiser Gesellschaft, d’Gläichheet vu Mann a Fra, eng Rei Grondrechter déi mir an der Verfassung hunn, wann een doriwwer géing deene Leit och e klenge Cours maachen, kéint utile sinn, besonnesch wann ee mat net EU-Bierger ze doen huet. Mä et muss ee wëssen, datt mir och ganz vill EU-Bierger hunn, déi scho laang am Land sinn, an déi gären déi duebel Nationalitéit hätten. Mir maachen also e Gesetz wat d’lëtzebuerger Nationalitéit renforcéiert, verbessert, an eng Méiglechkeet gëtt, net alles vun der Vergaangenheet iwwer Bord ze geheien, zugläich awer sécher ze stellen, datt et Lëtzebuerger ginn, déi net anescht si wéi déi aner Lëtzebuerger, mä déi mat deenen anere sech verschmëlzen.

Francine Closener: D’Zäit ass bal eriwwer vun der Émissioun. Ech wollt awer nach zum Schluss op den Dauerbrenner vum Justizminister agoen, de Prisong. Här Frieden wat ass eigentlech Ärt Konzept, Är Approche vum Prisong, vum Strofvollzuch am grousse ganzen? Ass dat Bestrofen, d’Ewechspäeren, oder awer och d’Chance ginn op en neien, op e propperen Ufank an der Gesellschaft, also dat berühmtent Resozialiséieren?

Luc Frieden:Éischtens mengen ech, datt et méi Ären Dauerbrenner ass, wéi dee vun anere Leit. Ech mengen [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Et komme jo awer ëmmer erëm Tëschefäll vir am Prisong.

Luc Frieden: Jo, jo, an déi kommen och an Zukunft vir, well de Prisong e ganzt komplizéiert Instrument bleift, wou mir dobäi hunn, datt mir ganz vill Leit, eng Iwwerpopulatioun vu ganz villen Nationalitéiten zesummen hunn.

Fir mech ass de Prisong eppes wat zur Gesellschaft gehéiert, dofir hoffen ech och, datt mir geschwënn en Terrain fannen, wou mir kënnen en zweete Prisong bauen. An dozou gehéiert sécher d’Element vu Strof, vu Schutz vun der Gesellschaft vis-à-vis vun deene Leit déi dann eng schlëmm Infractioun gemaach hunn. D’Gesellschaft définéiert wat d’Strofrecht ass.

An da gëtt et och e Volet dee vun der Resozialiséierung. Ech mengen datt mir do net genuch bis elo gemaach hunn. Mir hunn zwar grouss Efforte gemaach, notamment duerch sozial schaffend Leit, déi am Prisong sinn a ronderëm de Prisong sinn, duerch Enseignanten déi mir am Prisong hunn. Mä de Problem ass och, datt mir contrairement zu anere Länner ganz vill net-Residenten am Prisong hunn, an datt do natierlech d’Resozialisierungsaarbecht vill méi schwiereg ass, well mir oft net kënne schaffe mat Leit - wou déi herno erëm higinn. D’Transitioun vum Prison op d’fräi Welt ass bei net-Résidenten vill méi schwiereg, wat awer zu Lëtzebuerg d’Halschent vun de Prisonéier ausmécht.

Mä mäin Zil ass et an deenen nächste Joeren am Prisong eng ganz Rei Reformen nach ze maachen, zesumme mat deene Leit, déi do schaffen. An zu deene Reforme gehéiert och, datt mir eis méi kënne preparéieren, datt mir déi Leit kënne besser preparéieren op hiert Liewen duerno, well si si jo net alleguer fir éiweg agespaart, si ginn eng gewëssen Zäit vum Geriicht dohinner gesat - net vum Justizminister mä vum Geriicht. An datt wa se do eraus kommen, wa méiglech hir Plaz an der Gesellschaft erëmfannen, well dat ass net nëmmen am Intérêt vun deene Leit, mä vun der ganzer Gesellschaft.

Francine Closener: Dat heescht Dir géift méi Wäert leeën op d’Ausbildung, och datt se vläicht eng Léier kënne maachen?

Luc Frieden:Selbstverständlech. Grad esou wéi op d’Schaff déi se kënnen am Prisong maachen, well am normale Liewe muss ee fir kënnen ze iwwerliewen, muss een enger geregelter Aarbecht nogoen, dofir hunn ech jo och gekuckt, datt mir méi Schaffplazen am Prisong kréien. Datt se eng Schoulausbildung kréien, wou dat och erëm ganz schwiereg ass, well se hunn alleguer en anere schoulesche Background, a se hunn eng aner Nationalitéit, eng aner Sprooch. Et ass also net, datt een do kann eng klassesch Schoul maache wéi am Lycée, oder an der Primärschoul an engem lëtzebuerger Duerf, et muss een also schonn déi Ënnerscheeder berücksichtegen. Mä ech mengen, do misse mir nach méi kënne maachen, an ech wäert mech op jidder Fall mat däer Fro weider intensiv ofginn.

Mä ech soen Iech haut schonn, Dir kënnt nach vill Reportagen iwwer de Prisong maachen, well de Prisong bleift e permanente Chantier. E Prisong ass eppes, wou de Justizminister sech muss permanent drëm bekëmmeren, mä Incidentë sinn ni ausgeschloss, well et eben ass wou een haut 660 Leit do aspäert, dat féiert automatesch zu Konflikter, besonnesch wéi gesot, wa se op enkem Raum esou vill Leit vu verschiddenen Nationalitéiten zesumme musse liewen.

Francine Closener: Dir hutt scho virdru vum Site geschwat. Kann een also dovun ausgoen, datt Dir nach keen neie Sit fonnt hutt fir en neie Prisong?

Luc Frieden: Mir sinn am gaangen ze kucken, wat fir eng Terrainen de Staat huet, dat wier nämlech méi einfach wa mir kéinten en Terrain huelen deen de Staat schonn hätt, an datt mir dann do kéinten esou schnell wéi méiglech Gespréicher féiere mat deene Gemenge fir dat ze maachen. Mir sinn am gaangen eng Rei Terrainen ze identifizéieren.

Francine Closener: Luc Frieden, mir sinn um Enn vun der Émissioun ukomm. Elo kënnt awer nach äre Musekswonsch. Dir hutt „Les Corons“ vum Pierre Bachlet erausgesicht. Firwat grad dat Lidd?

Luc Frieden: Ma ech mengen, datt dat Lidd éischtens mech u meng Studentenzäit erënnert. Dat war e Lidd wat an den 80ger Joere wéi ech am Frankräich op der Schoul war, ganz oft gespillt ginn ass. Zweetens, ass et e Lidd wat am Fong ganz flott an eis lëtzebuerger Landschaft passt, well et iwwer Mineure schwätzt. Ech hu 16 Joer zu Esch gewunnt, als Kand zu Esch gewunnt, quitte datt et hei em Minière geet, déi an de Kuele sinn, a mir haten däer am Eisenerz, sou fannen ech ass et e Lidd wat an d’lëtzebuerger Landschaft passt. Einfach och e flott Lidd dat ech lauschteren, wat am Fong de Lieblingsgenre vu Musek ass déi ech hunn, dat ass franséisch Lidder, franséisch Chansonen. An dat hei ass eent, wat mir einfach gutt gefält iwwer den Text an d’Symbolik eraus.

Francine Closener: Luc Frieden, villmools Merci fir Är Visite hei am Studio.

Dernière mise à jour