Le ministre de l'Économie et du Commerce extérieur, Jeannot Krecké, invité de l'émission "riicht eraus"

Jay Schiltz: Gudde Mëtteg an eiser Emissioun „riicht eraus“ an et ass keen Abrëllsgeck, en ass tatsächlech bei eis am Studio, trotz chargéiertem Terminkalenner, de Wirtschafts- an Aussenhandelsminister Jeannot Krecké. Gudde Mëtteg, a merci fir de Besuch am Studio.

Jeannot Krecké: Gudde Mëtteg.

Jay Schiltz: Gleeft een dat wat d’Regierung dem Land elo schonn zanter Wochen a Méint versicht ze verkafen, da sinn déi fett Joren eriwwer, d’Keese sinn eidel, virun allem bei den Dépensë vum Staat geet et net méi op, et muss gespuert ginn an esou weider an esou fort. Do bléist, schéngt et, een anere Wand durech d’Land. Als passionéierte Seegler sidd Dir gewinnt Iech déi Kraaft zu Notzen ze maachen, Här Minister, fir Iech virunzebréngen. Lëtzebuerg awer, esou huet een den Androck, steet op der Plaz oder gëtt vum Wand esouguer hannerzeg geblosen. A wéi enge Gewässer segele mer dann elo rondrëm?

Jeannot Krecké: Se fänke lues a lues u méi stiermesch ze ginn an ech hunn zu engem gewëssen Zäitpunkt, vrun anerhalwem Joer gesot, e gudde Seegler dee preparéiert seng Segelen am Viraus, wann de Stuerm kënnt, well wann de Stuerm bis do ass, dann ass et ganz oft ze spéit.

Jay Schiltz: Wéi gutt sinn dann eis Segele préparéiert?

Jeannot Krecké: Si sinn net optimal préparéiert.

Jay Schiltz: Dat heescht?

Jeannot Krecké: Mir hätte villes kënnten nach an d’Wee leede virdrun. Mir hunn et jo awer gesi kommen. Budgetär hate mer eng Situatioun, déi ëmmer gesond war, an deem leschte Jorzéngt. Bis an d’Joer 2000 eran hate mer nach 6% Iwwerschoss gehat, laut Maastrichtkriteren. Duerno ass et awer wierklech graduell erofgaangen.

Ech ka mech erënneren, a menger Zäit an der Oppositioun, datt ech och dorop higewisen hunn. An ech hunn awer d'Impressioun, datt mer et och net fäerdeg bréngen déi richteg Medezin erbäizeféieren, well mer eis net eens sinn iwwert d’Diagnos. Ech héieren nach ëmmer ganz vill Leit déi soen, dat wier alles net esou schlëmm. Ech fannen et scho schlëmm, wann ee bedenkt, ech weess net bei wéivill datt mer elo landen, wat den Defizit vum Zentralstaat, dat heescht den eigentleche Staatsdefizit fir d’Joer 2005 gëtt, déi Chifferen déi sinn nach net disponibel, mä am Ufank ware mer bei 1200 Milliounen Euro. Also et muss ee wëssen, do hu mer vun 48 Milliarden aler Frang geschwat an elo d’leschte Kéier si jo Zuelen avancéiert gi vum Budgetsminister, Estimatiounen, do si mer nach ëmmer an de Parragë vun 36 an 38 Milliarden Defizit.

Ech weess awer net wéivill datt mer nach musse beweisen, fir kloer ze maachen, datt um Niveau vun de Staatsfinanzen do ee reelle Problem ass. Ech weess och net wéivill Aarbechtsloser mer nach mussen hunn, fir datt mer erwächen a soen, et ass awer eng Situatioun wéi mer se awer net kannt hunn nach 5 Joer virdrun. Mir hunn duebel esouvill wéi deemools. Mir hu Leit, wou een haut och net méi ka soen, déi hu keng Loscht fir schaffen ze goen. Mir hu Leit, déi hu Loscht fir schaffen ze goen, déi hunn esouguer eng Ausbildung an déi fanne keng Plaz a mir hunn e Kompetitivitéitsverloscht, Europa als solches a Lëtzebuerg och notamment. Bon, bei deem Constat froen ech mech, ob een dann nach ëmmer ka soen, et ass jo awer alles an der Rei, firwat maache mer eis Suergen?

Jay Schiltz: Bis eng Auer hu mer Zäit op alleguerten déi Froen am Detail anzegoen. Fir d’éischt awer den Iwwerbléck vun der Aktualitéit heiheem an dobaussen.

[...]

Jay Schiltz: Domat wësse mer dat och dann elo. Fir awer zréck bei eisen Invité ze kommen, Jean-Claude, de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké war awer och an Indien.

[...]

Jay Schiltz: Dat war eng Rees, Här Minister, déi eigentlech net geplangt war. War se néideg?

Jeannot Krecké: Si war déck néideg an ech muss soen, d’Ausmooss vun der Meenung déi d’indesch Medien an och d’indesch Politiker sech gemaach haten iwwer Lëtzebuerg, war vill méi erschreckend wéi dat wat ech geduecht hunn. Et war wierklech eng grouss Aggressivitéit géint Lëtzebuerg, baséiert op Elementer déi awer och eppes domat ze dinn hu wat a Frankräich geschitt, wat a Spuenien geschitt, allgemeng protektionistesch Moossnamen, déi a Länner geschéie wou esou Iwwernahmeangeboter kommen. Si observéieren dat.

Ech muss zwar soen, si hu selwer och ee ganze Koup Moossname bei sech, wou se Protektionismus bedreiwen, mä bon si sinn awer ganz sensibel dorop. An dat wat gutt un där Rees war, war datt ech an deenen zwee Deeg awer konnt esouwuel mat Politiker wéi mat der Press - ech hunn nach ni esouvill Succès gehat op menge Missioune wat d’Press ubelaangt. Dës Kéier hunn ech mech misste wieren, esou ware se begeeschtert fir eppes ze héieren, ech konnt awer mol éischtens iwwert Lëtzebuerg schwätzen, dovun hunn ech nämlech och natierlech amplement Gebrauch gemaach fir Lëtzebuerg mol e bëssen duerzestellen, fir de Background z’erkläre firwat datt mir ee speziellt Verhältnis zu Arcelor hunn, datt dat awer bei eis e bëssen anescht ass wéi an anere Länner an datt och doduerch eenzel Politiker selbstverständlech och de Relais e bësse gemaach hu vun deene Meenungen, mä datt mer awer och, ech hunn hinnen dat verséchert, net géingen an d’Gesetz eng Dispositioun aschreiwen, déi et einfach onméiglech mécht fir Mittal Steel muer Arcelor z’iwwerhuelen.

Ech mengen déi Assurance - well et war och total Onverständnis firwat datt mir elo ee Gesetz machen. Si wëssen net wat eng Directive noutgedrongen ass, si wëssen och net, datt déi een Datum huet wou se muss transposéiert sinn an all dat Onwëssen huet mat sech bruecht, datt si wierklech gemengt hunn, mir hätten do aus heiterem Himmel décidéiert ee Gesetz ze maachen a mir géingen dann och nach ee Saz draschreiwen. An de Rôle vun der Chambre de Commerce hu se och souwisou net verstanen, wou sollen se och wësse wéi mir fonktionnéieren an eise Prozeduren, wann heiandsdo hei am Land d’Leit net richteg wësse wéi mer fonktionnéieren an do huet sech einfach gewisen, vill Onwëssenheet, vill falscht Verständnis vun der Situatioun an ech mengen dat hu mer redresséiert.

Jay Schiltz: Mä ech mengen dat koum jo awer och iergendwéi net vu Muttwëll, de Premier sot jo awer an der Chamber och, mir wëlle Mittal net. Et gouf mat Eau de Cologne a mat Parfum verglach. Krut Dir d’Verhältnis tëscht dann Lëtzebuerg an Indien dann awer elo nees iergendwéi redresséiert ?

Jeannot Krecké: Jo, dach. Ech hunn och explizéiert, datt een déi Emotiounen déi hei beemol opkomm sinn, besonnesch am Ufank, datt een déi muss verstoen. Ech hunn och gesot, datt déi Haltung vun der Regierung déi e bësse méi hefteg war am Ufank, och ze verstoen ass, well mir vu Mittal Steel iwwerhaapt net informéiert waren. Mir hunn et duerch d’Press matgedeelt krut. Dat ass keng Aart a Weis fir ze schaffen. Den Här Mittal huet eis jo deemols explizéiert, dat wier well eng Fuite an der Press wier, datt en hätt missten e puer Wochen éischter, einfach vun engem Dag op deen aneren décidéieren erauszegoen. Mir hunn Acte geholl vun där Deklaratioun, mä dat erkläert awer och e bëssen eis hefteg Reaktiounen, esou hunn ech hinnen dat alle Fall duergestalt. An ech mengen, datt elo dat Verhältnis erëm an der Rei ass an doduerch och dann dat Duebelbesteierungsofkommes wat fir vill Firmen hei zu Lëtzebuerg, déi do exportéieren, mä déi awer och mëttlerweil een Outsourcing vu Servicer hunn, dat heescht déi Servicer do maache loossen, ob een dat elo gutt oder schlecht fënnt. Mä et erlaabt awer och hei am Land eng ganz Rei Aarbechtsplazen ofzesécheren, fir deem awer och ee Fundament ze ginn, datt déi Firme d’selwecht gelagert si wéi all déi aner, net datt se zweemol besteiert ginn, wat déi aner Gesellschaften déi an anere Länner ugesiedelt sinn, net als Nodeel hunn. Ech menge schonn, datt et noutwenneg war - si war net virgesinn d’Rees, mä si war noutwenneg.

Jay Schiltz: Wéi konnt et dann awer zum Beispill sinn, datt eng Arcelor esou konnt iwwerrascht gi vun engem? Si musse jo awer och kënne mat esou Saache rechnen.

Jeannot Krecké: Also ganz iwwerrascht kënne se net soen, datt se gi wieren, well esouguer a Kreeser wéi mir, déi net am enke Krees vun Arcelor sinn, war ëmmer gewosst, datt se ënnerageschätzt wier wat hir Valeur ubelaangt. Mir hunn heiandsdo de Geck gemaach, wa mer e bësse Suen hätte, géinge mer Arcelor kafe well si ass bëlleg. Dat hu mer heiandsdo esou ënnertenaner gesot, mat eenzelne vu menge Collaborateuren an et ass och ganz kloer, datt si net total iwwerrascht waren. Ech mengen den iwwerraschende Moment war éischter deen, datt et Mittal Steel war. Et hätt ee vläicht anerer sech kënne virstelle wéi Mittal Steel. Mä deen Numm ass awer och virun engem Joer schonn zirkuléiert, also ganz kloer Indikatiounen, datt deen Numm als Méiglechkeet an als méiglech OPA och schonn zirkuléiert ass. Ech kann net aschätzen, wat de Management an där Zwëschenzäit vu Moossname geholl huet fir deem virzegräifen.

Eent steet fest, datt mir eng Situatioun hunn déi gewollt war. Mir hunn an all deene Jore lues a lues deen Actionnaire de référence, deen nach bei der Arbed de Staat war, awer erausgedrängt. Et ass deemols gesot ginn, et ass net gutt, wann esouvill Staatsundeeler an enger Firma sinn, déi op der Bourse ass an et ass keen aneren Actionnaire de référence, och bei der Fusioun Arcelor komm. Am domat huet de Management natierlech vill Fräiheet fir ze agéieren, awer et gesäit een awer och, datt et heiandsdo noutwenneg ass, datt een esou een Actionnaire de référence oder vläicht zwee huet, well een dann eng ganz Rei Saache kann ofblocken. Elo wësse mir, bon hei bei 85, 88, 90% vun den Aktien iwwerhaapt net a weem senger Hand si se. Iwwer 60% hu schonn iergendwéi gewiesselt. Waren et ëmmer déi selwecht, waren et all Kéiers anerer? Et huet ee wuel ee Gefill e bësse wat dobausse lass ass, mä wann ee kee groussen Actionnaire de Référence huet, ass dat do natierlech een Nodeel.

Jay Schiltz: Wéi een Afloss kann d’Politik dann nach op déi doten Entwécklungen huelen? Et gëtt een Interview vun Iech an der Zeitung vun der Handwierkerfederatioun, deen ass esou ënnerschriwwen, Dir sot, mir wëllen do Afloss huele wou mer nach kënnen. Ass esou eng Affär wéi Arcelor net awer de Beweis dofir wéi machtlos eigentlech d’Politik dann awer géintiwwer der Wirtschaft ass?

Jeannot Krecké: Ech mengen an där Welt vun haut ass et ganz kloer, wann eng OPA kënnt huet d’Politik net ganz vill Méiglechkeete wa se bis ee Gesetz gemaach huet. Et geet ee jo net do permanent Gesetzer ännere fir déi eng oder déi aner Aktioun do ze verhënneren. Mir maachen ee Gesetz, fir datt dat a proppere Regele fir jiddweree kloer an transparent ofgewéckelt gëtt, datt och d’Actionnaires minoritaires do ofgeséchert sinn, esou wéi dat awer virdrun net de Fall war. Mir hunn nach Aflossméiglechkeeten, esouwäit mir den Appui Arcelor kënne ginn, déi mer jo awer kënnen, wou mer wësse wou mer dru sinn, dat ass de groussen Avantage mat där Firma, och wa mer heiandsdo Sträit mat hinnen hunn, wësse mer awer wou mer dru sinn. Si kennen eise Modell, si wëssen eis Aart a Weis ze fonctionnéieren. Esou kënne mer hinnen awer och politeschen Appui gi bei enger ganzer Rei Démarchen déi se amgaang sinn ze maachen. Ech mengen dat hëlleft, mä mir kënnen awer net einfach iwwert d’Gesetz do iergendeppes onméiglech maachen.

Jay Schiltz: Dir hutt mir elo am Virgespréich gesot, datt am Ausland relativ genee elo op Lëtzebuerg gekuckt gëtt wat passéiert mat deem OPA-Gesetz. War dat net onglécklech dat grad elo an dëser Zäit dann och anzeféieren?

Jeannot Krecké: Sécherlech wier et besser gewiescht mir hätten et virdru gehat, da wiere mer manner verdächteg gewiescht. Dat hei mécht eis e bësse verdächteg, dat muss een esou gesinnn, mä et muss een och dauernd erëm deene Leit, wou ech heiandsdo net weess ob et reng Onwëssenheet ass oder och heiandsdo e bësse schlechte Wëllen ass, dat mierkt ee besonnesch an der angelsächsescher Press. Et huet een d’Impressioun, datt déi awer bal misste wëssen, datt mer do forcéiert sinn dat Gesetz ëmzesetzen, quitte datt een och hei zu Lëtzebuerg weess, datt mer a villen Directivë wäit hannendra sinn. Ech weess eppes dovunner.

Hei ass gemengt ginn, mir sollen awer de Kader esou schnell wéi méiglech schafen, mä et ass sécher, datt jiddweree kuckt, ob dat zu New York ass, ob dat an Indien ass, ob dat a Brasilien ass, wat mir elo do maachen. An et ass eng Fro vun Image. Et ass net direkt eng Implikatioun op deen an dee Betrib oder déi an déi Transaktioun déi méiglech ass. Et ass eng Imagefro, dat heescht, si mir nach ëmmer businessfriendly oder si mer ee Land, wat wann iergendeng Operatioun gestart gëtt, da schnell ee Gesetz mécht fir dat ze verhënneren. Deen Image kënne mer einfach eis net leeschten, well da si ganz vill Betriber, déi definitv soen, jo elo wësse mer wierklech net wou mer dru sinn, ech mengen d’Stabilitéit, d’politesch Stabilitéit, datt net zevill Wiessele sinn, datt mer aschätzbar sinn. Een Investisseur deen iwwert d’Zäitachs gäre wéisst wou en drun ass, dat sinn d’Stäerkte vun eis gewiescht an dat mussen se och muer nach bleiwen. Dat heescht d’Prévisibilitéit vum politeschen Handelen hei zu Lëtzebuerg ass ganz grouss an dat hu mer och ëmmer ënnerstrach an dat dierfe mer elo net verléieren..

Jay Schiltz: Wéi geet et elo weider? Huet Arcelor iwwerhaapt eng Aussiicht där OPA aus de Féiss ze goen? Wësst Dir eppes weider do?

Jeannot Krecké: Si hu selbstverständlech eng Rei Méiglechkeeten dat ze maachen. Mir probéieren jo elo dat Gesetz esou wéi et dann elo virgesinn ass, nodeem datt de Conseil d’État säin Avis ginn huet, wäert et dann Ufank Mee sinn, wou dat Gesetz do ass. Ech weess net wéini d’CSSF, eise Régulateur, wéini datt deen décidéiert erauszekomme mat deem wat Mittal ëm soumettéiert huet, wat se ëm ginn hunn. Dofir do hänke mer e bëssen, do weess een net richteg wéini geet et un a wéi klappt dat iwwertenaner mam Gesetz. Mä sécherlech huet Arcelor eng Rei Méiglechkeeten.

Am Gesetz ass jo och virgesinn, datt net noutgedrongen d’Aktionäre musse gefrot gi fir déi Operatiounen déi se elo amgaange sinn ze preparéieren, ze maachen, ob se do all Kéiers mussen den Accord vun den Aktionären hunn. Dat ass net de Fall. Dat heescht de Management huet e bëssen [inaudible] Fräiheet fir do ze schaffen. Sécherlech si se am gaangen ze kucken, wou se eventuell Hëllef kéinte kréien, duerch anerer déi eventuell Participatioune bei der Arcelor géingen huelen a, bon, dat ass hir Aarbecht. Et muss een elo kucken, déi Saachen do déi geschéien natierlech net per Communiqué an der Press. Déi lafe schonn an de Kulissen an dat muss een dann och esou lafe loossen.

Jay Schiltz: Fir wéi wahrscheinlech halt Dir dann d’Réussite vun Arcelor, respektiv Mittal? Wee gewënnt Ärer Meenung no de Match?

Jeannot Krecké: Ech mengen dat do ass am Moment 50-50. Et weess een zu dësem Zäitpunkt wierklech net wou een drun ass, wou een net weess wéini elo wierklech déi formell Offer op den Dësch kënnt a well een och net anzeschätze weess wéi disponibel sinn aner Betriber fir mat Arcelor zesummen ze schaffen. Et muss ee jo och wëssen, datt déi am Moment sech iwwerleeën, wann ech elo eng Siderurgie sinn an ech géing mäi ganzen Outil do erabréngen an d’Mittalstory géing awer riicht opgoen, jo dann hätt ech herno mäi ganzen Outil do erabruecht an ech géing jo do sëtze mat engem deen do 51% hätt, dat heescht ech hätt iwwert mäin eegene Betrib näischt méi ze soen. Dofir sinn der eng ganz Rei, déi sécherlech doriwwer nodenken an och nodenklech ginn.

Jay Schiltz: En anere grousse Sujet dee mer wéilte beliichten ass d’Tripartite. Mat de Sozialpartner soll gekuckt gi wéi et an Zukunft virugeet, Jean-Claude.

[...]

Jay Schiltz: Wat steet dann elo an d’Haus, Här Minister? Op wat musse mer eis astellen?

Jeannot Krecké: Ma ech menge mir hunn de Sozialpartner eng ganz Rei Moossnamen ënnerbreet, déi op där enger Säit a Richtung Reduzéierung vum Defizit ginn, op där anerer Säit och sollen den Emploi hei zu Lëtzebuerg vläicht mat neie Moossname bestécken oder anere Moossnamen. Et muss net ëmmer zousätzlecher sinn, mä et kënnen der och mol, menger Meenung no, ersat ginn an et si Moossnamen déi reng d’Konkurrenzfähegkeet ubelaangen. Heiandsdo hu mer hinnen e puer Méiglechkeete ginn, esou datt se kënnen driwwer nodenken, well mer hinnen dat jo net einfach esou wëllen imposéieren. An dofir ass et scho richteg wat de Robert Weber seet, et kann een net behaapten si wéissten net ëm wat datt et géing goen.

Mir hunn hinnen effektiv kloer an däitlech gesot op wat fir enge Pisten datt d’Regierung amgaange wier nozedenken a mir hunn hinnen och gesot, si sollen driwwer nodenken a mir géingen eis erëmgesi fir dann ze kucken ob mer eis do op deene Pisten oder op eenzelne vun deene Pistë kënnten eens ginn. An datt den 2. Mee doudsécher net iwwert d’Wieder geried gëtt, do huet en och recht, well ech mengen et sinn eng Rei Moossnahmen, déi sinn absolut noutwendeg. Wat fir eng datt dat elo sinn, do wësst Dir jo, datt mir dee System hunn, datt mer probéiere mat hinnen eens ze ginn. D’Regierung huet jo gesot, mir probéiere mordicus wierklech den Accord mat de Sozialpartner ze kréien. Wann dat iwwerhaapt net méiglech wier, jo da muss d’Regierung seng Responsabilitéiten huelen.

Jay Schiltz: Am Oktober huet de Staatsminister eng Ried zur Lag vun der Natioun gehale wou e Spuermoossnamen ugekënnegt goufen. Bei der Budgetspresentatioun huet dat sech konkretiséiert. Elo si mer Abrëll, den 2. Mee wëllt de Premier seng nei Deklaratioun zur Lag vun der Natioun halen. Wann dann alles esou schlëmm ass, firwat léisst d’Reigerung méi wéi 5 Méint an d’Land goen, ier se reagéiert oder zumindest erzielt wat se wëlles huet? Feelt et dann do un Iddien oder u Visiounen? Gëtt ee sech net eens?

Jeannot Krecké: Also mir koumen aus enger Présidence, wéi mer jo och wëssen hu mer dunn direkt ugefaangen. Mir hate jo dunn e puer Tripartitë schonn, déi dat virbereet hunn iwwert d’Konkurrenzfähegkeet. Mir hunn awer do keng Accorde fonnt, hunn du misste schnell iwwert de Summer an den Hierscht dee Plang vu Lissabon eraginn, dee jo och schonn eng ganz Rei Pisten awer beinhalt. Mir hu jo probéiert déi Saachen déi net kontrovers waren, wou mer eis eens waren, fir déi an dee Plang anzebauen an anerer vläicht just uzedeiten, well mer eis gesot hunn, mir huelen eis Zäit fir doriwwer ze diskutéieren. Elo kann ee soen, firwat huelt Dir Iech esouvill Zäit? Dat ass nun eben esou wéi mer fonktionnéieren. Mir hunn net d’Gewunnecht vun uewen erof ze diktéieren an dofir huele mer eis déi Zäit déi noutwenneg ass.

Ech mengen am Mee ass et ëmmer esou, datt d’Regierung sech nei Richtlinie gëtt fir dee Budget deen dann ausgeschafft gëtt. An esou ass et evident, datt et an där Ried spéitstens muss si wou dat op den Dësch kënnt. Elo muss een och soen, datt mer net an enger Krisesituaitoun sinn, mä mir sinn an enger kritescher Situatioun, esou datt ee sech effektiv nach e puer Méint, déi ee sech elo geholl huet, konnt huelen, mä doriwwer eraus, mengen ech, kann een awer elo net nach een, zwee Joer weiderdiskutéieren. Et muss wierklech Schluss sinn. Souwisou mengen ech, wësse mer alleguerten d’Situatioun elo anzeschätzen. Gleewe mer un eenzel Zuelen oder gleewe mer elo net drun a gleewe mer un eenzel Moossnahmen oder gleewe mer net drun? Ech mengen do muss jiddweree seng Responsabilitéiten huelen an den nächste Wochen.

Jay Schiltz: Lügen haben kurze Beine, titelt Haut d’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek op hirer Une a rechent vir, datt alles guer net esou schlëmm ass. 2005 sinn all wichteg Steierrecetten ëm 6% gekomm, vu 6,353 op 6,727 Milliarden Euro. D’Zeitung referéiert sech dobäi op Zuelen déi vun der CGFP hirer Zeitung Fonction publique publizéiert goufen. Huet sech dann elo do nees ee verrechent oder wéi muss ee sech dat dann awer elo erklären?

Jeannot Krecké: Also et muss ee wëssen, datt mir jo eng Prévisioun eraginn hunn - eng Prévisioun ass eng Prévisioun - vun 2,3% Defizit gesamt gesinn. Dat ass also d’Gemengen, d’Sécurité sociale an de Staat an déi Chifferen, déi gi jo elo mol konkret. Mir hunn d’Joer 2005 wuel hannerun eis, mä et ginn nach ëmmer Operatioune gemaach elo, an Enn Abrëll, et weess ee wierklech wou een drun ass an et ass jo keng exakt Wëssenschaft, d’Aschätzung vun de Steieren. Et weess ee jo ni wéi geet d’Bankeplaz, wéi ginn eenzel Betriber, maachen se ee gutt Joer, maachen se ee schlecht Joer?

Ech hu festgestalt, datt dëst Joer d’Bankeplaz e ganz gutt Joer mécht, well d’Bourse exzellent Resultater huet. Mä wee wousst dann am Ufank vun 2005, datt d’Bourse gutt Resultater géing maachen? An da kënnt nach dobäi, da muss een nach wëssen, dat ass een exzellent Joer, mä bréngt dat och ëmmer an deem Mooss grad esouvill Zouwuess un de Steieren? An dat hu mer festgestalt, ass net méi esou wéi virun 10 Joer. An dofir mengen ech, ass awer net noutgedroonge schlechte Wëllen dobäi an et ass och net een dee sech verrechent, mä do sinn Aschätzungen, do sinn Szenarioen an do muss een heiandsdo soen, ech huelen dee favorabeln, ech huelen deen defavorabelen, ech huelen ee mëttleren Szenario. Et weess ee jo beispillsweis net wéi de Präis vum Pëtrol evoluéiert, et weess een net wéi d’Paritéit zwëschen dem Dollar an dem Euro variéiert. Do sinn esouvill Parameteren déi kënnen änneren a mir hu Modeller entwéckelt, zesummen och mat Eurostat, wou mir déi Prévisioune berechnen, notamment am Statec gëtt dat alles gemaach an do kann een awer net soen, datt déi Leit net wéisste vu wat datt se géinge schwätzen.

Mä wat elo erauskënnt - scheinbar gëtt d’Joer besser wéi mer geduecht hunn, dat heescht et muss een dovun ausgoen, datt et net wahrscheinlech 2,3% sinn. Mä wat elo wierklech ass, weess een net a wann dat de Fall ass, ech weess net wéi d’Schéier ass, déi eng soen 1,2 déi aner soen 2. Mä da schwätze mer awer nach ëmmer vun engem, wann een elo den Zentralstaat hëlt, da schwätze mer nach ëmmer vun 30, 35, 40 Milliarden Defizit. Dat ass jo awer nach eppes wou mir net dru gewinnt waren hei zu Lëtzebuerg, well mir ëmmer Iwwerschoss gefuer sinn. Mir hunn eis gestridde wat mer mat deem Iwwerschoss géinge maachen an elo hu mer natierlech eng nei Situatioun.

Mir mussen eis awer domat ofginn an et deet mer leed, et kann een awer net dovun ausgoen, datt mir hei an Europa, och mat där kritescher wirtschafltecher Situatioun an Europa a bei eis selwer, datt mir et awer fäerdeg bréngen 8, 9% nei Recetten all Joer eranzeféieren. Also dat ass jo awer illusoresch. Op esou eppes kann ee jo awer net opbauen. Dat wier op Sand gebaut. Mir hunn awer an den Dépensen déi do Steigerung elo all déi Zäit gehat an dofir ass et richteg ze soen, mir musse wuel kucken - Dir wësst datt ech do ëmmer ee grousse Verfechter war, wéi besonnesch déi Leit, ech schwätzen haaptsächlech och vun de Betriber, déi Steierbedrug maachen - datt mer déi mol zur Keess bieden, datt jiddweree säin Obolus leescht hei zu Lëtzeberg gemäss deem wat en och fäerdeg bréngt. Ech hu mech ëmmer dofir geschloen. Ech hu mech ëmmer geschloen, datt mer eng besser Aschätzung dovunner misste maachen, datt mer eis besser Instrumenter misste ginn. An där Meenung bleiwen ech och haut nach. A wann een déi huet, da kann een effektiv nach eng kleng Steigerung an de Prozenter kréie wat d’Recetten ubelaangt, mä wann een awer vergläicht vis-à-vis vum Bruttoinlandprodukt wat mir vun Ausgaben haten an et kuckt ee wéi huet dat eent sech entwéckelt, wéi huet dat anert sech entwéckelt, datt den Undeel vun eisen Ausgaben ausgedréckt a Prozenter um PIB einfach esouvill an d’Luucht gaangen ass. Dat ass awer net normal. Dat heescht d’Ausgabe vum Staat si vill méi gewuess wéi de PIB sech entwéckelt huet. A mir hu jo e puer Saache schonn zréckgeschrauft.

Et muss een einfach agestoen, mir hunn e puer Joer awer gelieft wou Ausgabe getätegt sinn, wou ech haut behaapten, an ech hunn ee gutt Beispill elo dës Woch nach krut, datt een dat kann anescht maachen. Ech hunn héieren, datt Kollegen am Syrdall, Gemengepolitiker, net frou iwwert de Sportsminister sinn, well dee gesot huet, ech hunn am Moment keng Sue fir Iech ënnert d’Äerm ze gräifen. Da liesen ech awer an der Press, datt se décidéiert hunn, datt de Projet eben zesummegeschrumpft gëtt zu engem méi klenge Mooss. Voilà. Mä dat ass genau dat wat mer musse maachen. Mir mussen dat méi einfach maachen a virun allem, wa mer baue, vläicht mol drun denken, datt mer de Frang zweemol ëmdréien an dat war weess Gott an allen Departementer net méi de Fall elo all déi Joren. Et ass eng aner Zäit déi agelaut ass. Dofir et ass net nëmmen eng Saach wou mer elo higinn an de Leit wëlle Suen ewechhuelen. Dorëms geet et jo net. Mir mussen ofbremsen, déi Progressioun déi awer ze staark war. Ofbremsen heescht net engem eppes ewechhuelen. Ofbremsen heescht, datt et net méi esou schnell uwiisst wéi et ugewuess ass an dann an den Investissmeenter Prioritéiten définéieren, verstänneg Geschichte maachen, och an der Ausféierung verstänneg sinn an da selbstverständlech och nach op der Recettesäit schaffen. An da packe mir dat do och. Mä wa mer awer elo menge mir bräichten näischt ze maachen, also da geet et weider, well d’Tendenz ass ganz kloer. Ech menge wann een eng Tendenz huet, plus 1,2, plus 0,6 an da geet et beemol an de Minus 0,6 an esou weider, jo da weess ee jo awer wéi de Strëch gezu gëtt. Dee gëtt no ënnen an da muss ee reagéieren, soss ass een net verstänneg an eng Regierung déi dat net géing maachen, egal wéi se zesummegestalt ass, dat wier net ze vertrieden.

Jay Schiltz: Mä wat ass dann do eigentlech schief gelaf? Dir hutt et elo an der Introduktioun och selwer gesot, et war déi lescht Jorzéngte alles an der Rei, mit hate jo genuch Geld, d’Keese ware voll a beemol. Dat stoung jo awer net beemol vun engem Dag op deem anere virun der Dier, eng Kris déi gesot huet, pardon, Jongen esou geet et net méi weider. Dann muss dach awer iergendwou eppes passéiert sinn. Ass dann iwwer all déi Joren zevill héich gelieft ginn? Ass falsch Politik gemaach ginn? Ass eng falsch Finanzpolitik gemaach ginn? Eng falsch Budgetspolitik? Ech mengen et sti jo och wéi Steierpolitik oder esou, steet jo awer och um Pranger vun de Kritiker vun der Situatioun?

Jeannot Krecké: Ech menge mir hunn hei zu Lëtzebuerg eng gënschteg Situatioun beemol krut an ech mengen déi meescht Leit hunn awer net richteg de Mechanismus verstane gehat, wéisou et dozou komm ass. Ech behaapten ëmmer, wann et beemol engem ganz gutt geet an et weess een awer am Fong geholl net genau firwat an et ass och net genau drop zréckzeféieren, datt mir besser si wéi d’Noperen einfach esou, well mir besser schaffen, well mir méi schaffen, méi efficace schaffen a mir awer esouvill méi Geld eranzéien, dann ass ee Problem, well een dann natierlech och net esou schnell ka reagéieren an do war eng schläichend, loosse mer soen Entwécklung, déi ee gesinn huet kommen, nämlech déi vun der Globaliséierung, vun der Liberaliséierung. Mir schwätze scho Joren dovunner. Déi richteg, wéi soll ech soen, de richtege Misère dee mer elo an dëse Woche spieren, dee konnt ee säit engem gudden ee bis zwee Joer mengen ech virausgesinn, datt do Rieseproblemer op eis zoukommen.

Ech mengen, ech gehéieren zu deenen déi scho laang soen, mir hunn ee Problem. An och soe wat fir ee Problem et ass, mä ech kréien dann ëmmer erëm Zuelen dohinnergeluecht déi soen, mat ass jo alles an der Rei. Jo mir hu 4% Wuesstum, mä mat 4% Wuesstum brénge mir et net fäerdeg eise Staatsbudget am Équiliber ze hunn. Dat geet einfach net. Dat ass och am Eurogrupp einfach gesot ginn, Jongen dat do geet net. An do hu se recht a wann ee weess, datt dann och ee gudden Deel vun deem Wuesstum d’Bankeplaz ass, ee gudden Deel vun deem wat d’Bankeplaz mécht, reng Bourse ass. Jo mä mir kënne jo awer net op d’Bourse setze wéi déi sech entwéckelt, well da setze mer op Sand an dofir sinn ech der Meenung, datt mer méi virsichteg musse ginn. Mir hunn net ageschätzt wat do op eis zoukoum vu Liberaliséierungswell, dat heescht, do si jo an den Enn 90er an och am Ufank 2000, sinn eng ganz Rei Décisioune geholl ginn, ob dat am postale Beräich ass, ob dat am Transportberäich ass, ob dat am Beräich vun der Energie ass, do si jo all déi Moossnahmen déi sinn do geholl ginn. An do ass, menger Meenung no, hei ënenrschätzt ginn oder wollt een net der Wouerecht an d’Gesiicht kucken, do ass ënnerschätzt gi wat dat do géing heeschen, déi Konkurrenz déi beemol géing opkommen.

Wann ee seet, mir wëlle weiderhin héich Léin hei zu Lëtzebuerg hunn, jo mä da muss een och nach kapabel sinn se ze bezuelen. A wa mer awer gesinn, datt mëttlerweil iwwert d’Grenzen eraus Betriber wéi d’Post elo awer eng ganz ganz stramm Konkurrenz kréien, do muss ee wëssen, datt do ee Problem op eis zoukënnt an da muss déi Post sech och fit maache fir déi Situatioun. Wa mer dat erëm ofbremsen, da klaakt et just eng Kéier, anstatt datt een higeet an et preparéiert een dat. Dofir hunn ech léiwer dee Projet deen d’Post sech virgeholl huet, esou wéi och d’Eisebunn am gaangen ass ze reagéieren, och anerer. Ech si jo och am gaangen am Energieberäich do eng ganz Rei Modificatiounen an d’A ze faassen, fir dat alles virzebereeden, fir datt et net eng Kéier just klaakt, datt ee mam Réck zur Mauer steet. An ech hat awer d’Impressioun, datt de Wëllen net esou richteg do war fir dat hei zu Lëtzebuerg anzegesinn an datt eenzel Situatiounen am Verglach mam Ausland, datt mir dat als normal fannen, mir awer net esouvill besser sinn an esouvill méi gescheit an esouvill méi wëssenschaftlech Basis hunn an esouvill méi, ech weess net, Recherche gemaach hunn. Eise Wuelstand war nun net op eist Wëssen opgebaut an dat muss een einfach sech esou agestoen. Mir hu mat Nischen, niches de souveraineté, geschafft. Där ginn et der net méi esouvill, se sinn och geféierlech, well wa se wechfalen, da mierkt een datt de Soubassement net gutt genuch ass. An an där Situaitoun si mer elo.

Mir hunn natierlech de Pech gehat elo, datt mer puer Saache, déi sech entwéckelt hunn, wat een och gesinn huet kommen, mä beienaner och komm sinn. Dat heescht an e puer Wochen ass eis wierklech den Himmel op de Kapp gefall an dat huet natierlech e bësse Misère gemaach. Dat hätt sech och kënnen erausschieben, da wier et net grad esou dramatesch ginn.

Jay Schiltz: Wien huet dann do esou eppes net agestanen, oder d’Zeechen net erkannt? War dat d’Regierung, dës Regierung, déi virëscht Regierung, war dat d’Patronat, waren dat d’Gewerkschaften? Wien huet dann do sech geweigert anzegesinn, datt d’Beem opgehalen hunn ze wuessen?

Jeannot Krecké: Ech wëll kengem eng Scholdzouweisung maachen, mä et ass sécher, datt op alle Fall ech aus menger Siicht, wéi ech nach Fraktiounspresident war elo déi lescht Joeren, awer X-mol drop higewisen hunn, datt do e Problem awer am Budget sech géing ofzeechnen. An erënnert Iech och vun Ufank un, wou ech Wirtschaftsminister war, wéi ech bis gesinn hunn hanner d’Kulissen, hunn ech des ëfteren iwwer Saache geschwat, wou ech muss soen, datt ech hei op totalen Onverständnis gestouss sinn.

Ech ka mech nach erënneren, wéi de Geck mat mir gemaach ginn ass, wéi ech aus Indien erëmkomm sinn an ech bericht hunn, wat ech do gesinn hunn. Mä ech soen Iech, dat geet monter esou virun. An och a China geet dat esou virun. A wann een emol dobausse sech ëmkuckt, da gesäit een dat alles.

Dat hunn ech och probéiert den Deputéierten elo an däer Kommissioun, wou si mech invitéiert haten, ze ënnerbreeden. An da gëtt direkt gesot, jo dee moolt en däischtert Bild. Jo, ech kann och dohinner kommen a soen, lauschtert Jongen, et ass alles an der Rei, kee Land ronderëm eis schaaft méi wéi 3% Aarbechtsplazen all Joer, 8800, also an annerhallwem Joer hu mir kee Problem méi mam Chômage. Ech kann och esou schwätzen. Wann d’Leit dat gären héieren, da musse si sech just en anere Wirtschaftsminister sichen. Mä dat kéint ech och, deen Discours kéint ech och féieren. Ech kéint soen, mä et ass jo alles an der Rei. De Wirtschaftsminister, firwat soll deen dann do vu Schwieregekeete schwätzen? Majo mir schafen Aarbecht, mir schafen tatsächlech och Aarbechtsplazen, mir schafen der esouguer vill méi wéi dat wat mir ee Moment geduecht hunn, nach kapabel sinn, mir schafe se op anere Plazen. Si se sécher genuch? Si si mat Sécherheet net méi esou wéi se virdru waren. Dat huet alles geännert.

An elo muss lues a lues an de Käpp vun de Leit kommen, datt een net alleguer muer als Lëtzebuerger bei der Gemeng ka schaffen, an och net beim Stat, an och net am Secteur deen awer e bësse méi protégéiert ass wat den Emploi ubelaangt. Mä datt mir eis och erëm eng Kéier mussen entscheeden, an erëm méi verstäerkt och an der Privatbranche aktiv sinn. Well de Staat kann net permanent Aarbechtsplaze schafen, mir mussen der an der Privatbranche kënne schafen, mir mussen de Betriber d’Méiglechkeet ginn, dat ze maachen.

An da musse mir fäerdeg bréngen, datt déi déi eng Aarbecht sichen, och dohinner kommen. Do muss och Pressioun op d’Betriber gemaach ginn. Et geet och net, datt si sech ëmmer deen einfachste Wee wielen. Mä natierlech muss dat vun zwou Säite sinn. Mir mussen Drock op d’Betriber maachen, datt se op der Lëscht vun der ADEM sech déi Leit huelen, do hu mir jo awer net lauter nëmmen Nickien do lafen, do hu mir Leit, déi hunn eng Ausbildung. Mir mussen dann och d’Betriber kréien esou wäit, datt se déi Leit och huelen, a mir mussen natierlech de Leit och soen, passt op, déi Zäit wou mir en Job geholl hunn, eng Aarbecht, a mir sinn do pensionéiert ginn an deem Betrib, dat ass leider eriwwer. An dir musst iech doduerch dann och drop astellen, net nëmmen emol ze wiesselen, mä och iech ganz ëmstellen, ausbilde loossen, Weiderbildung, do hu mir net déi noutwenneg Kultur nach géing ech mengen.

Dofir, et ass villes nach méiglech. Mir hunn hei enormt Potential. D’Fro ass just, wann ee sech eens wier, datt mir eng kritesch Situatioun hunn, da kéint ee méi positiv och emol schwätzen, a mat de Moossname kommen. Mä hei si mir nach ëmmer an der Phas vun der Bewusstseinsbildung, dat heescht nach ëmmer kloe mir. Jo, ech kann awer net mat gudden Nouvellen de Leit kloer maachen, datt d’Situatioun awer eng aner ass.

An ech mengen, säit annerhallwem Joer priedegen ech, datt Problemer an eenzelne Beräicher op eis zoukommen, si sinn elo op ee Coup beienee komm, dat deet mir wierklech schrecklech Leed, mä bon ech hunn dat net gesteiert. Ech hunn et awer gesinn.

Kuckt, wann Dir wësst, datt a Betriber op emol esou vill Perte gefuer ginn, da kann dat Iech egal sinn. Mä dat heescht awer, datt iergendwann dee Betrib reagéiert, an datt da gesot gëtt, elo musse mir reduzéieren, mir mussen eventuell op aner Plaze goen.

Dir hutt Annoncen déi heiansdo weltwäit gemaach si vun engem grousse Betrib, an da gëtt gesot, okay elo musse mir, ech weess net, d’Hallschent ofbauen. An dann, Lëtzebuerg huet och e Site, jo da steet deen a Konkurrenz mat englesch, mat franséisch, mat italienesch, mat spuenesche Siten, an da gëtt herno tranchéiert. An da muss ee wëssen, do ass Konkurrenz, och tëschent deene Siten am Ënnere vun engem eegene grousse Betrib. An däer Situatioune hate mir schonn, an däer wäerte mir och nach kréien.

Jay Schiltz: Dir hutt elo e Wuert gebraucht wou ech wéilt drop zeréck kommen, Bewusstseinsbildung. Et schéngt mir jo dann esouwuel an der Politik wéi och bei de Leit do baussen, wéi beim Patronat, wéi bei de Gewerkschaften, hutt Dir dann iergendwéi d’Gefill, datt sech déi Bewusstseinsbildung zumindest an déi Direktioun mécht, wéi Dir Iech se virstellt, datt endlech eng Réceptioun do besteet fir déi Warnungen déi Dir profiléiert?

Jeannot Krecké: Ech hoffen datt dat kënnt. Ech mierken och un eenzelne Reaktiounen, mengen ech, datt d’Gewerkschaften responsabel réagéieren, mä dat huet awer Méint a Méint war dat net de Fall. Mir hu Kommunikatiounskrich quasi gehat, eng Situatioun déi auslännesch Regierungen jo am Fong geholl fir geckeg halen. Also am Ausland probéiert d’Regierung ëmmer duerzestellen, datt et besser ass, wéi et a Wierklechkeet ass. An hei ass et just ëmgedréint, mir probéieren de Leit ze soen, datt et méi eescht ass wéi si et aschätzen. Dat ass total d’Welt op d’Kopp gestallt. An et ass jo net aus Blödsinn, ech sti jo awer och net, an anerer an der Regierung och net, moies op a kucke wou mat kann ech d’Leit am beschte rose maachen, oder wat kann ech elo erëm vu schlecht Nouvelle hannerloossen. Ech mengen, d’Gespréich wier och schonn anescht, wann ee géing wierklech spieren, datt massiv gesot gëtt, okay do ass e Problem, komm mir setzen eis zesummen, mir hunn nach Zäit fir eppes ze maachen. Mä ech héieren ëmmer erëm, datt a Fro gestallt gëtt, datt iwwerhaapt Problemer zu Lëtzebuerg sinn. An dat verstinn ech einfach net.

Jay Schiltz: Déi 4,5% Wuesstem déi de Statec fir 2005 dann aktéiert huet, Dir sot virdrun, mir bréngen et net fäerdeg domat Ausgaben an Dépensen ze équilibréieren. Firwat?

Jeannot Krecké: Well eis Ausgaben ze grouss sinn. Wann dir 8% elo während Joeren, 8% Ausgabesteigerung hutt, dann ass dat ze vill. Dat ass net eranzekréien, iwwer egal welleche Wuesstem. Da muss een och feststellen, dat hunn ech virdrun ugedäit, bei de Banken an den 90ger Joeren, wann e ganz gutt Bankejoer war, da konnt ee bal soen, datt dementspriechend och d’Steieren an d’Luucht gaange sinn. Dat ass net méi esou de Fall.

Duerch Verschachtelungen déi se maachen, wou se Perten aus anere Länner heiansdo iwwer Lëtzebuerg huelen - do kann ee soen, dat do ass jo net an der Rei wat déi do maachen, mä et muss een awer och wëssen, datt vill Gewënner esou iwwer Lëtzebuerg eriwwer kommen.

Also et ass jo awer erstaunlech, datt mir den éischten Investisseur a Russland sinn, dee 4. a China. Et muss ee sech awer vläicht e puer Gedanke maachen. Dat heescht iwwer Lëtzebuerg, iwwer d’lëtzebuerger Plaz gi Saachen kanaliséiert, wann een esou wëll. An dovun hu mir jo och eppes. Dann ass et och evident, datt een net ka soen, jo mir huelen déi Schlagsahn do huele mir, mä awer wa Perten hei iwwer eis och gefouert ginn, dat wëlle mir net. Jo, dat geet net. A mir hu laang Zäit geduecht, wann een d’Alternativ hätt, dat do oder dat do, dann hu mir gesot mir huelen déi zwou Saachen, déi zwou Saache si méiglech. An dat ass elo net méi de Fall, an dofir déi Aschätzung vun de Steieren, datt net datt déi falsch gemaach ginn, mä déi sinn ganz anere Mechanismen ewell ausgesat. Dat heescht, d’Imaginatioun ass ëmmer méi grouss ginn, an déi Verflechtunge mat deene groussen, internationale Konzerner déi ass schwéier ze duerchkucken. Hu mir eis do genuch Moyenen ginn, dat ass déi Fro déi ee sech ka stellen.

Jay Schiltz: Kee soll um Reformwëlle vun eiser Regierung a vun dëser Majoritéit zweiwelen, dat sot den LSAP-President Alex Bodry de leschte Weekend um Kongress vun ärer Partei, Här Krecké. Et ass och schwéier ze zweiwelen, well jo emol de Guckuck nach keng Ahnung huet mat wéi enge Reformen d’Regierung eis beglécke wëll. Reforme sollen awer fir d’Sozialisten, esou den Alex Bodry weider, net gläichgestallt si mat Sozialofbau, Budgetaschnëtter, Leeschtungskierzungen. Grad dat awer fäerten a soen och däitlech d’Gewerkschaften, datt hei den Terrain fir sozialen Ofbau soll preparéiert ginn. Kënnt Dir de Gewerkschaften dann déi Angscht huelen, datt et net em den Ofbau vu sozialen Acquise geet?

Jeannot Krecké: Also wa mir eis emol eens wieren, datt eng Progressioun déi mir an eisen Ausgaben hunn, an an eenzelnen och sozialen Hëllefstellungen, Progressioun, dat heescht, wéi schnell datt se wuessen, wa mir eis emol eens sinn, datt mir dat ofschwächen, datt mir dat kucken, wéi wuesse mir do vis-à-vis vum Ausland, dann hu mir jo nach kengem eppes ewech geholl.

Dofir wëll ech soen, datt éischtens emol, wa mir mussen aspueren, kann een och op déi do Aart a Weis virgoen, dat heescht net direkt datt een eppes manner kritt, mä soen, hei lauschter emol, du kriss elo net méi grad esou schnell esou vill bäi. Dat misst dach awer méiglech sinn hei zu Lëtzebuerg. Et misst een dach kënnen eng Moderatioun op de Lounronne froen, et misst een esou Saache kënne froen. Wann een dat ka beleeën, an do brauch en dach nëmmen an d’Ausland ze goen, et brauch een dach nëmme wann een an der Vakanz ass mat engem Däitsche, mat engem Belsch oder mat engem Fransous ze schwätzen, et brauch ee jo net bis an Tscheschei oder an Indien ze goen fir mat engem ze schwätzen an ze vergläiche wéi d’Peie sinn, wéi d’Pensioune sinn, wéi eis Leeschtungen am Sozialwiese sinn, wéivill Kannergeld datt mir hunn, wéi eise Krankekeese fonktionnéieren a wat mir dozou bäidroen. Da gesäit ee jo awer, datt mir do wierklech e formidabelt Netz gemaach hunn, an dat soll och esou bleiwen.

Ech mengen, et ass wierklech vill Sputt fir eng Moderniséierung vun deem Land erbäizeféieren. De Problem ass deen, wa mir soen, oh do kënnt elo eppes op eis zou, dat do ass eppes wat mir net richteg aschätzen, a mir blockéieren direkt emol of. Dat ass de grousse Misère. Déi Reformen déi do ugekënnegt sinn, sinn also eng Ofschwächung vun enger Progressioun.

Et sinn och einfach emol ganz nei Weeër ze goen, Weeër déi mir vläicht net esou gewinnt waren. Mir mussen an der Éducatioun villes änneren, mir mussen an der Aart a Weis wéi flexibel mir ausbilden, musse mir eppes änneren. Laang Zäit ass gesot ginn, d’Schoul bereet op d’Liewe vir, an net, et ass net elo de Patron ze soen wéi d’Schoul soll ausgesinn. Nee, et deet mir Leed, dat geet net méi elo. Also wa mir dat wëlle maachen, da soen d’Schoulkanner herno, an e loftleere Raum mécht déi hir Programmer, an déi enwéckelt sech esou, da geet dat net méi.

Dofir et si vill Hiewele wou mir kënnen dru schaffen. De Problem ass, dat sinn e lauter Hiewelen déi net vun haut op muer wierken. Et si Saachen déi direkt wierken, mä et sinn der wéi am Schoulwiesen, do dauert et Joeren bis ee mierkt wat do. Et kann een och net einfach décrétéieren, elo si mir e Forschungszenter hei. Mir kënnen och net décrétéieren datt mir elo héich qualifizéiert, eng héich qualifizéiert Universitéit hunn. Also dat muss ee beweisen, an do muss een dru schaffen. An dofir dat Land muss moderniséiert ginn, et muss en neie Schub kommen.

An et ass richteg awer wat d’Gewerkschaften an notamment och mäi Parteipresident seet, nämlech datt d’Leit net dierfen d’Gefill hunn, elo gëtt ageschnidden, elo gëtt hinne Saachen ewech geholl. Nee, et gëtt hinnen näischt ewech geholl, an et ginn nei Perspektive geholl. Et gëtt awer och gefrot, datt si méi flexibel sinn. Mir mussen eise Leit och soen, lauschter wa Plazen do sinn, da musst dir och emol eppes kënnen akzeptéieren, dat vläicht net ärem Ideal entsprécht vun Job. An dann emol erëm eng Kéier wiesselen, wann e besseren Job kënnt.

Well et ass jo awer fraglech, datt mir esou vill, an do kann een de Patrone Virwërf maachen, mä awer net nëmmen, datt mir 75% vun deenen Aarbechtsplazen déi hei geschaf ginn vu Frontaliere besat ginn. Do ass dach awer wierklech e Problem. Bei eis geet dat dauernd an d’Luucht. Et ass richteg, mir sinn en Aarbechtsmaart dee sech an der Groussregioun am Fong geholl organiséiert huet. An do läit jo ee vun de Problemer. Mä eis Leit mussen och gesot kréien, hei komm probéiert, a probéiert net just beim Staat. Et gëtt ëmmer erëm probéiert beim Staat, nee, mir mussen an der Privatbranche.

Ech sinn amgaangen eng Wärmeschutzveruerdnung virzebereeden. Wat heescht dat? Ma do ginn d’Standarde fir d’Gebaier méi streng well mir Energie aspuere wëllen, mä dat heescht datt bei neie Gebaier méi Aarbechten am Beräich Isolatioun ustinn. A mir maachen och e Programm fir Renovéierungen ze maachen. Dat heescht, datt Handwierk, an do ass jo d’Konkurrenz just an der Groussregioun, net an Indien an net a China, wierklech regional eng Konkurrenz ass. An do wier et elo scho gutt, wann d’Handwierk sech géif drop virbereeden, an da wier et och gutt, wann d’ADEM et géing fäerdeg bréngen Lëtzebuerger ze iwwerzeegen do an deem Prozess matzemaachen. Do si mir net deene Saachen ausgesat wéi mir dat bei TDK gesinn hunn. Hei si mir an eiser Géigend, an hei musse mir just kucken, wéi Däitschland, Frankräich, Belgien sech entwéckelt.

An esou Elementer mengen ech musse mir hunn. Dofir, et ass Mueneches do ze maachen. Mir probéieren eben den Hiewel elo op e puer Plazen unzesetzen, an Aarbechtsplazen ze schafen déi vläicht méi a besser ofgeséchert sinn, well dat ass jo och ee vun de Punkten. Mir kënnen net méi verspriechen eng Sécherheet wat den Job ubelaangt, wat d’Aarbechtsplaz ubelaangt. Mä mir kënnen awer vläicht verspriechen, datt et eng Sécherheet gëtt fir eng Aarbecht, mä net d’Aarbechtsplaz. Mä eng Aarbecht heescht, op enger anerer Plaz eventuell musse schaffen. An dat kënnt ëmmer méi op.

Dat heescht, hin ze goen an ze soen, sidd méi flexibel fir eng aner Aarbecht unzehuelen, an awer eng staark sozial Ofsécherung déi Zäit wou een dozwëschent ass, dat heescht datt een net an e Lach fält, sozial gesinn. An dat gëtt jo an eenzelne Länner notamment an Dänemark gemaach. Do kann ee méi schnell een entloossen. Si stelle fest, si hu mengen ech bis 90% gi si vun däer Pei déi een hat, gi si engem, a si stelle fest, datt d’Leit méi schnell erëm eng Plaz och doduerch fannen. Bon, ass dat elo e gudde Modell, e schlechte Modell, et feelen nach e puer Donnéë fir dat richteg anzeschätzen. Mä dat beweist einfach, mir sollen de Leit eng Ofsécherung ginn, datt dat wat do zwëschent geschitt, datt se do net asacken, sozial gesinn, mä mir musse si awer virbereeden, datt si emol d’Aarbechtsplaz changéieren.

Jay Schiltz: Wou gëtt et eigentlech méi helleg Kéi, Här Krecké, an Indien oder hei zu Lëtzebuerg?

Jeannot Krecké: D’Inder hunn helleg Kéi, mä wësst Dir wat déi och entwéckelt hunn, dat ass de ganze Beräich vun der Software. An esou musse mir och sinn. Mir hunn och helleg Kéi, mä doniewent musse mir e puer Saachen entwéckelen, wou mir ganz gutt sinn.

Jay Schiltz: Musse mir och un d’helleg Kéi goen?

Jeannot Krecké: D’Inder hunn et net gemaach, mir mussen et vläicht och net maachen. Et hängt och dovun of. Et kann ee jo och d’helleg Kéi op eng aner Wiss féieren.

Jay Schiltz: Wat geschitt wa sech d’Sozialpartner an der Tripartite net eens ginn? Dir hutt scho virdru gesot, dann hëlt d’Regierung hir Responsabilitéit, wat géif dat heeschen?

Jeannot Krecké: Bon, ech mengen de Premier huet eng Rei Moossname jo ugekënnegt a senger Ried vum 12. Oktober. Mir sinn amgaangen iwwer déi méi konkret mat de Partner ze schwätzen, dat heescht, do sinn d’Virbereedungen déi sinn do. Da misst d’Regierung décidéieren wann d’Partner net mat op dee Wee ginn, datt mir eng Rei Saachen einfach den 2. Mee da géingen ukënnegen, a soen, hei mir ginn elo an déi do Richtung. Ech mengen ze soen, datt mir wa mir net eens ginn - näischt maachen, dat ass franchement net méi dran, dat wier onverantwortlech.

Jay Schiltz: Quitte datt et sech schonn ugekënnegt huet oder datt et sech zum Deel thematesch iwwerschnidden huet, den nächste groussen Dossier wier den Aarbechtsmaart an de Standuert Lëtzebuerg, Jean-Claude.

[...]

Jay Schiltz: Wat soll dann um WSA-Site geschéien, Här Krecké? Wann een de Vizepremier héiert, hutt Dir jo do Virstellungen?

Jeannot Krecké: Jo, ech hu ganz kloer Virstellungen doriwwer. A bon, d’Kollegen hunn natierlech och alleguer Wënsch geäussert. Ech wëll just ze bedenke ginn, an ech hunn hinnen dat och gesot, datt dat ee vun deenen eenzege groussen zesummenhängenden Arealen ass, deen eng industriell Notzung bis elo hat, wou also dee Problem net besteet, wou also weiderhin eng wirtschaftlech Notzung kéint gemaach ginn, an déi esou e gudden Uschloss un d’Eisebunn huet.

Wa mir soen, datt mir nei Optiounen hei zu Lëtzebuerg musse an d’A faassen, dann ass de gesamten Deel vun der Logistik een. Mir hunn eng Étude driwwer ufäerdege gelooss, wou mir d’Opportunitéiten an d’Méiglechkeeten hei zu Lëtzebuerg do ganz genau an d’A gefaasst hunn. D’Eisebunn war och - mengen ech d’lescht Joer kucken an d’Ausland esou e Logistikzenter, a gëschter huet hire President mir nach gesot, do muss ee wierklech 50 Hektar hunn, eppes zesummenhängendes. Dofir wann ech och frou sinn, datt ganz vill Betriber elo sech interesséiere fir de WSA-Site, mir hu jo nach aner Méiglechkeeten. Mir sollen dat geuerdnet maachen.

Wann do Kleng- a Mëttelbetriber sinn, da si mir am gaangen 10 Hektar am Süde vun Diddeleng, déi 30 Hektar déi mir do vun der Arcelor iwwerhuelen, do sinn 10 Hektar virgesi fir Kleng- a Mëttelbetriber. Do gi mir jo keng grouss Industrie méi hi maachen, do gi mir och näischt hi maachen wou vill Camionen eventuell fueren. Do ass en ideale Site fir beispillsweis Kleng- a Mëttelbetriber dohinner ze setzen.

Ech si frou, datt sech der esou vill gemellt hunn. Ech wëll awer just drop hiweisen, datt ech nach zwee grouss zesummenhängend Site gesinn, dat ass de Crassier Éilereng, an dat ass deen do. An datt ee sech dann awer d’Strategie muss ginn, ze soen, wat sinn dann elo déi Secteuren déi mir musse méi dévelopéieren, an datt mir déi och an engem Ganzen dohinner maachen, an net do alles zerstéckelen. Datt mir do op emol allméiglech Saachen hunn. Ech weess, datt schonn ee gefrot huet fir e Stand de tir do ze maachen. Ech mengen do kommen elo allméiglech gutt Ideeën op den Dësch. Ech sinn och frou wann d’Leit esou vill Imaginatioun hunn.

Mä mir mussen awer och elo kucken, dat do soll haaptsächlech wirtschaftlech genotzt ginn. Dee ganzen Eck deen ass jo awer béis gebeidelt ginn déi lescht Zäit, a mir sinn also och verdammt, verflicht do Aarbechtsplazen ze schafen. A virun allem ze kucken, datt mir déi Kombinatioun Autobunn, groussen Areal an Eisebunn esou notzen, datt e ganze Secteur sech do entwéckelt, an net Gepiddels maachen. Ech mengen dat wier de falsche Wee.

Jay Schiltz: Déi 3 Hiobsbotschaften, WSA, TDK, Villeroy, wéi schätzt Dir déi dann an? Ass dat en Zeeche fir déi schlecht Situatioun an däer mir sinn, oder akzeptéiert Dir datt ee seet WSA oder TDK zum Beispill ware jo awer Betriber wou ee mat esou enger Entwécklung konnt rechnen? D’TDK stoung scho virun enger Zäit wéinst Produktiounsschwieregkeeten an der Aktualitéit an och d’WSA, dat war ofzegesinn. Sinn dat elo Musterbeispiller fir déi schlecht Situatioun oder wéi kommentéiert Dir dat?

Jeannot Krecké: Nee, well si sinn, wann ech déi 3 huelen, si se total anescht ee wéi deen aneren.

D’WSA ass enger Décision politique quasi ausgesat, déi ebe mat sech bréngt, datt d’Amerikaner do zeréckschrauwen. Mir woussten dat, et ass e Suergekand scho laang gewiescht. Et war eng Perspektiv déi schon - bon wann ee vu Perspektiv ka schwätzen, mä dat war scho gewosst, datt do eppes kéint op eis zoukommen an nächster Zukunft. Do ass eng politesch Décisioun hannendrun.

D’TDK, dat ass wierklech eng Kompetitivitéitsfro, awer net vu Lëtzebuerg, mä vun Europa. Wann ee weess, datt d’TDK esou eng renomméiert Firma net méi kapabel ass ze produzéieren zu Präisser déi kompetitiv sinn, an datt déi sech dann einfach décidéieren fir akafen ze goen bei déi, déi zur Halschent vun deem wat si als Präis hei zu Lëtzebuerg haten, produzéieren, da weess een datt Europa do einfach, wann ee weess datt deen een an Indien ass, déi aner zwee sinn an Taiwan, dann huet Europa e Problem fir esou, loosse mir soen, net héichwäerteg Produkter wat awer DVDen effektiv och net sinn, déi ka bal jiddereen hierstellen. Mä déi ginn elo do vill méi bëlleg hiergestallt, zur Halschent vum Präis, an et ass richteg wat ee Moment gesot ginn ass, hei war et net d’Fro vum Salaire, well wann hei d’Leit keng Pei méi kritt hätten, da wier et awer net duergaangen. Hei ass et wierklech d’Kompetitivitéit Europa vis-à-vis vun Asien.

An do kënnt jo och déi Idee elo just. Kuckt mir wäerten awer nach weider DVDen hei gebrauchen. Dat heescht, et wäerten eng ganz Rei Produkter muer op anere Plazen hiergestallt ginn, mä mir wäerte se awer nach consomméieren. Elo kann ee soen, dat ass net gutt, well firwat muss een dat hin an hier féieren, firwat kann een et net hei. Bon, et muss een eben ee fannen, deen zu deem Präis dat bereet ass ze maachen. Wann dat net de Fall ass, da muss een et aféieren. An dofir soen ech wa mir et aféieren, am Moment hu mir eng Situatioun - Cargolux gëtt eng grouss Crédibilitéit, et ass eng Gesellschaft déi ass weltwäit bekannt, an 98% vun deene Produkter déi ginn einfach erëm fortgeschéckt ouni datt eppes domat geschitt.

Do komme jo awer elo nei Modes d’emploi, do musse Indikatiounen drop gepecht ginn, et ass ganzen Handling méiglech, dat muss anescht verpak ginn, méi kleng Päck gemaach ginn an esou weider. Dat heescht, wa mir flexibel elo sinn, dat heescht, datt mir schnell reagéieren bei esou Saachen, well wa mir elo eng Woch brauche fir do eng Palette ëmzestockéieren, also dann ass och keen interesséiert. Mä wa mir bereet si schnell do eppes ze maachen, da kënne mir e ganze Logistikdeel do opbauen. Wann ee kuckt, hu mir probéiert dat mat hinnen ze maachen, mir hu probéiert den Headquarter hei ze maachen, wat mir oft probéieren, datt mir de Sëtz wéinstens hei hunn, a mir hunn e Fuerschungsprojekt mat hinnen ausgehandelt. Dat sinn esou déi Saachen déi een da mat esou Gesellschaften nach ka maachen.

Wann ech awer da Villeroy huelen, dat ass erëm eng ganz aner Saach. Si hunn e Problem mat Propriété intellectuelle-Rechter, dat heescht mat Breveten a mat Leit a Länner déi, oder Gesellschaften, déi dat net anhalen. Si hu mir dat scho laang gesot, ech hunn och a China schonn e puer mol virgesprach, mä bon dat schéngt sech net wesentlech geännert ze hunn.

Mä et muss een dobäi awer och soen, do gëtt net a China elo noutgedrongen délocaliséiert. Hei gëtt an d’Nopeschland, op Mettlach délocaliséiert. An elo kann een doriwwer esou vill schwätzen an esou vill gutt Grënn huet wéi een huet. Well déi Fro déi ech mir awer stellen, wéisou dohinner? Du krut ech gesot, jo mä do sinn esou vill Investissementer déi lescht Zäit gemaach ginn, do hu mir e gudden Outil, dofir kënne mir dat do maachen. Ech sot, mä firwat si se dann net hei gemaach ginn? Dorop krut ech keng Äntwert. Mä ech ka mir awer e bëssen denken, well se net méi un en Deel vun eisem Site geduecht hunn, Villeroy. An dat ass erëm eng total aner Situatioun.

An dunn hunn ech drop opmierksam gemaach, datt ech gesot hunn, mir mussen net ëmmer kucke wat a China geschitt, mir musse kucke wat an Däitschland, Frankräich, Belgien ronderëm eis geschitt. An do dierft d’Gefäll vun de Käschte bei eis an d’Käschte bei hinne, sief dat an der Energie, sief dat op de Léin, sief dat op all méigleche Plazen, dat dierf net ze grouss ginn. Well soss freet ee sech wierklech, wéisou huelen déi déi do Décisioun. Elo si mir eis anscheinend doriwwer net eens. Mä déi Fro stellen ech awer ganz kloer, déi ass jo awer op Grond vu Berechnunge gemaach ginn. Soss hätte se se hei zu Lëtzebuerg gemaach, an déi Aarbechtsplaze wieren nach hei.

Jay Schiltz: Ech zitéieren nach emol den LSAP-President Alex Bodry um Kongress vun der LSAP de leschte Sonndeg: Et wäert keen Ofschafe vum Index kommen, wéi och d’gesetzlech Upassung vum Mindestloun net zur Diskussioun steet. An engem Communiqué huet den LCGB dës Ausso hannerfrot. Ech ginn dat gäre virun, Här Minister. Wéi steet d’LSAP dann zur maximaler Indextranche, zum Indexwuerekuerf, zum Erfall vun der Indextranche?

Jeannot Krecké: Also, den Alex Bodry huet gesot den Index gëtt net ofgeschaaft. D’Regierung huet ni dru geduecht den Index ofzeschafen, esouguer d’Patronat ass net méi op däer Pist. Mä mir sinn amgaangen e puer Szenarioen ze analyséieren. Dat hu mir och de Sozialpartner ënnerbruecht, do ass d’maximal Indextranche dran, do ass eng Verschiibung vun der Indextranche, do ass d’Méiglechkeet fir vläicht eng raisonnabel Consommatioun an dee Wuerekuerf ze kréien, anstatt datt do Saachen déi a mengen Aen net dozou solle féieren, datt ee méi an der Pei kritt wann d’Zigaretten an d’Luucht ginn, gesinn ech net firwat datt ech éischter eng Augmentatioun an der Pei muss kréien. Dat liicht mir einfach net an. Dat selwecht beim Alkohol, an däer Produkter ginn et nach. Et kann een also och e raisonabele Wuerekuerf hunn.

Et kann een also op enger ganzer Rei Punkten, ouni eppes ofzeschafen, kann een awer moderniséieren. Also e Land wat näischt méi wëll un iergendengem Instrument änneren, dat ass à Terme och net méi flexibel genuch dann, fir Aarbechtsplazen ze schafen. An dofir soen ech, datt den Index mat Sécherheet net ofgeschaaft gëtt, de soziale Mindestloun gëtt net ofgeschaaft, d’Entwécklung vum soziale Mindestloun gëtt net ofgeschaaft. Dat steet jo guer net zur Diskussioun, dat ass jo ni vun engem vun eis gesot ginn. Also, wannechgelift, dofir et huet och kee Wäert den Deiwel un d’Wand ze molen.

Jay Schiltz: Mir komme lues awer sécher zum Enn vun dëser Émissioun, Här Krecké. Hätt de Wirtschaftsminister net méi Méiglechkeeten wann en och Aarbechtsminister wier, respektiv ëmgedréint den Aarbechtsminister wann e Wirtschaftsminister wier?

Jeannot Krecké: Ech mengen net. Dat ass an Däitschland probéiert ginn, ech weess net op dat méi bruecht hätt.

Ech mengen, et sinn aner Saachen, Collaboratioun mat der Recherche hätt ech léiwer gehat, datt dat méi no un emgem Wirtschaftsministère wier, d’Classes moyennes gehéiert méi no un e Wirtschaftsministère erun. Well mir verbrénge vill Zäit, dat muss ech Iech soen, mat Koordinatioun, well do verschidde Leit eben an och verschidde Beamten op deenen Dossiere schaffen. Do verléiert ee vill Zäit fir dat alles ze koordonéieren. Do si vill Friktiounspunkte méiglech, an dat wier méi einfach wann dat ënnert engem Hutt wier.

D’Aarbecht, mengen ech, do kann ech mech net bekloen, déi Zesummenaarbecht mam François Biltgen ass gutt, an déi géing menger Meenung no näischt méi brénge wann ech alles hätt, oder wann hien et hätt, dat géing näischt bréngen.

Mä ech mengen, et wier besser wann eenzel Départementer oder Deeler vu Ministèrë méi no un der Wirtschaft wieren. Bon, ech hat dat deemools gefrot an de Gespréicher déi mir hate bei der Regierungsbildung, et ass net dozou komm. Mä ech mengen do ass méi, wéi se haut soen, Synergiepotential.

Jay Schiltz: Dir kritiséiert jo och alt emol den Décisiounsmechanismus zu Lëtzebuerg, datt dee méi lues wier. Ass d’Regierung da vläicht, misst déi sech vläicht anescht organiséieren, d’Kompetenz op oder ëm oder verdeelen?

Jeannot Krecké: Also mat Sécherheet wann et eng Eeparteieregierung wier, da géing wahrscheinlech déi Regierungsbildung och anescht ausgesinn. Hei muss ee jo och wëssen, datt bei Koalitiounsbildungen natierlech och do Kräfte wierke fir eng équitabel Opdeelung vun den Departementer, an dat bréngt mat sech, datt dat ganzt op alle Fall net méi einfach gëtt.

A wann et eppes gëtt wou mir Konkurrenzfäegkeet zu Lëtzebuerg kéinten dramatesch steigeren, dann ass et wa mir géife wierklech dat wat ech do baussen erzielen, mä wat hei net de Fall ass, kuerz Weeër hunn, wa mir wierklech flexibel wieren, wa mir wierklech op d’Leit géifen zougoen, op d’Betriber géifen zougoen, an net dauernd hinne vu Problemer schwätzen, mä hinne Léisungen suggéréieren, wann d’Koordinatioun ënner eisen Administratioune besser wier. Mir sinn amgaange jo dorunner ze schaffen. Ech hoffen datt mir do och Resultater kréien.

Mä dat géing kee Mënsch eppes méi kaschten, et géing de Budget net méi kaschten, et géing d’Leit net méi kaschten. An ech soen Iech, dat kréich en immensen Effet op en Investisseur, wann deen heihinner kënnt, an e gesäit hei fonktionnéiert et, hei geet et schnell, dat hunn ech nach néierens gesinn, wéi dat hei zu Lëtzebuerg ass. Wann en dat emol géing ufänken ze soen, ech mengen da si mir erëm eng Kéier ganz staark. A bis dohinner mengen ech ass et nach e Wee. Mä ech hoffen, datt mir eis bewosst sinn, datt dat dee Punkt ass, dee kengem eppes ewech hëlt, näischt kascht an d’Efficacitéit géing wiesentlech vun eise Standuertbestëmmungen a Bestriewunge géing ënnerstëtzen.

Jay Schiltz: Mat ärem Hobby hate mir ugefaangen, Här Krecké, da wëlle mir och domat ophalen. Kritt Dir iwwerhaapt nach Zäit sech am Plaz vum raue politesche Wand, dee vun dem offene Mier em d’Nues blosen ze loossen? De Jean Asselborn kann alt nach um Büro Velo fueren, mam Segelen ass dat net esou einfach.

Jeannot Krecké: Neen, ech hunn am Fong geholl nach just 2 Woche pro Joer wou ech dat ka maachen. D’lescht Joer war ech op Vancouver Island e bësse segelen, an dëst Joer wäert ech am Mëttelmier segelen. Mä ech dreemen awer nach ëmmer dovun, an heiansdo bei Krëschtdag oder Ouschtere ginn ech alt emol 2-3 Deeg op mäi Segelboot fir ze schaffen, da sinn ech an enger anerer Welt. An déi Welt huet och fir mech nach eng Kéier eng Zukunft. Dofir ech bereeden och dat wat no der Politik kënnt och nach gutt vir.

Jay Schiltz: An domat ass et op d’Sekonn 1 Minutt op eng Auer. Dës Émissioun ass eriwwer. Merci dem Wirtschaftsminister Jeannot Krecké fir de Besuch am Studio.

Dernière mise à jour