Jean-Claude Juncker au sujet du rapport sur les relations entre le Conseil de l'Europe et l'Union européenne

Monique Kater: Här Staatsminister, gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Monique Kater: Et huet missen e Rapport gemaach ginn iwwer d’Relatiounen tëschent der Europäescher Unioun an dem Conseil de l’Europe. Firwat war dat néideg? Goufen et grouss Lacunen, goufen et eventuell Rivalitéiten?

Jean-Claude Juncker: Et gouf Rivalitéiten an et gëtt der och nach, well d’Europäesch Unioun hei zu Stroossbuerg an der Struktur vum Europarot ganz oft den Androck gëtt, mir wiere méi wäit an déi aner géifen net zielen. Wat dozou féiert, datt déi Staaten, mir hunn 46 Staaten am Europarot, déi net an der Europäescher Unioun sinn, do hu mir der 25 bis 27, extrem benodeelegt sech spieren. An et ass drëm gaangen déi zwou europäesch Organisatiounen an déi zwou europäesch Integratiounsmaschinne méi no beieneen ze bréngen.

Monique Kater: Dat wollt Dir maachen an ärem perséinlechen Numm, Dir haut och nach eng Kéier insistéiert am Plenum, dat war meng perséinlech Aarbecht. Firwat ass Iech dat esou wichteg?

Jean-Claude Juncker: Oh, dat ass net meng Idee, dat ass d’Idee vun deenen 46 oder vun deenen 45 aner Staats- a Regierungschefen, déi mech gefrot hunn am Mee d’lescht Joer zu Warschau beim Sommet vum Europarot ee Bericht iwwer d’Mateneen an d’Nieftenee vun Europarot a vun Europäescher Unioun virzeleeën, an dat am perséinlechen Numm ze maachen. Well wann ech jiddereen em seng Meenung froen, da steet herno näischt méi an deem Rapport. An et ass mir scho wichteg gewiescht, däitlech ze maachen, datt ech dat sinn, an net ee vun deenen 25 europäesche Premiere vun der Europäescher Unioun.

Monique Kater: Dat heescht Dir sidd och elo eventuell, a konnt och eventuell méi wäit goe wéi vläicht en anere gaange wier?

Jean-Claude Juncker: Ech si méi wäit gaange wéi d’Europäesch Unioun als solch hätt wëlle goen, well ech eng Rei vu Propositioune maachen, déi den Afloss vun der Europäescher Unioun am Europarot eigentlech kanaliséiert a limitéiert. Europa ass net nëmmen d’Europäesch Unioun, Europa ass ee vaste Kontinent, 800 Millioune Leit, an déi 25 Memberstaaten ass een Deel dovun. An déi 25, mir déi mir an der Europäescher Unioun sinn, kënnen net fir se alleguer schwätzen. Mir kënnen net fir d’Ukrainer schwätzen, net fir d’Georgier, net fir d’Russen, net fir d’Moldawen, fir vill anerer net. An dofir brauch d’Europäesch Unioun, wat hir iwwerhaapt géif gutt doen, eng gewësse Modestie an der Expressioun, an eng gewëssen Zeréckhaltung an der kontinentaler Ambitioun, déi mir mat anere mussen deelen, déi net an der Europäescher Unioun sinn.

Monique Kater: An trotzdem seet do net elo eng EU-Kommissioun oder en europäesche Ministerrot do vläicht Veto, Nee, Dir sidd eis ze wäit gaangen, mir ënnerstëtzen dat do net?

Jean-Claude Juncker: D’europäesch Kommissioun an den europäesche Ministerrot sinn net em hir Meenung gefrot ginn, obschonn ech déi zwee consultéiert hunn, vill Regierungen, och déi russesch Regierung an anerer. An ech mengen net, datt d’europäesch Kommissioun mat allem averstanen ass, oder datt all europäesch Regierung y compris meng eegen eigentlech mat allem averstane si wat ech do soen. Wann ech zum Beispill virschloen, datt d’Europäesch Unioun - Verfassung oder net Verfassung - der europäescher Mënscherechtskonventioun soll direkt bäitrieden, da mengen ech net, datt dat op eng ongedeelten Zoustëmmung trëfft. Wann ech soen, datt déi ze schafend europäesch Mënscherechtsagentur sech just soll em dat bekëmmere wat EU-internt Recht ass, a sech net an déi Saache soll amëschen déi den Europarot vill besser mécht zënter laange Jorzéngten, da mengen ech net, datt dat eng spontan Zoustëmmung fënnt.

Monique Kater: Et sinn eng Partie éierlech Remarquen dran, och e bësse selbstkritesch Remarquë wat elo d’Europäesch Unioun ugeet. Zum Beispill d’europäesch Ausseminister hätte sech am Fong geholl net genuch abruecht an d’Aarbecht vum Europarot. Dat heescht, dat war eis egal, mir hunn net genuch gemaach, mir hunn e bëssen Europarot vergiess oder wéi?

Jean-Claude Juncker: Fir d’lëtzebuergesch Regierung zielt dat net. Esouwuel den Ausseminister Poos, wéi d’Madame Polfer wéi se Ausseminister war, wéi elo den Här Asselborn, huele regelméisseg un den Aarbechte vum Europarot Deel. Mä et gëtt aner Regierungen déi net hire Minister an déi Sitzunge schécken, an dat muss sech änneren.

Wa mir net begräifen datt et, wéi ech scho gesot hunn, net nëmmen d’Europäesch Unioun gëtt, mä och den Europarot, also ee wiesentlech méi breede kontinentalen Ensembel em deen ee sech muss bekëmmeren, da verléiert den Europarot lues a lues u Bedeitung. En dierf awer net u Bedeitung verléieren, well den Europarot ass déi Organisatioun um europäesche Kontinent dee sech vun Ufank u ganz staark fir Mënscherechter beispillsweis agesat huet. Fir d’Rechter vun de Minoritéiten, fir Kulturelles, fir alles dat wat mat der Jugend ze dinn huet, fir alles dat wat mat interkulturellen an interreliéisen Dimensiounen ze dinn huet.

An den Europarot ass eng schéin Organisatioun an deem Sënn, wou se um Ufank vun der europäescher Konstruktioun steet, wat mir déi mir an der Europäescher Unioun sinn, ganz dacks vergiessen.

1947 bei dem éischte Kongress vun der pan- Europa Beweegung zu Den Haag huet de Winston Churchill, um Héichpunkt vu senger moralescher Autoritéit ukomm, gesot, wéinst der Weigerung vun der Sowjetunioun déi aner mëttel- an osteuropäesch Staten um Marshall Plang sech bedeelegen ze loossen, a se net an den Europarot ze loossen, datt mir elo - 1947 - géifen am Westen dat ufänke wat mir enges Daags am Oste vun Europa op een Enn bréngen. Do si mir elo. 1947 sinn déi, déi deemools al waren, an déi zwee Weltkricher mat gemaach hunn, Leit gewiescht, déi wiesentlech méi wäit gesinn hu wéi mir déi nach näischt erlieft hunn.

Monique Kater: A fir datt dat do net vergiess gëtt, brauche mir vläicht e Gesiicht. Kann ech dat esou verstoen, datt de Generalsekretär, sot Dir, soll vläicht eng bekannte Perséinlechkeet sinn, dee vläicht schonn Erfahrung huet als Staats- oder Regierungschef? Ass dat de Problem vum Europarot, datt e vergiess gëtt, datt en net genuch am Rampeliicht steet, kee Gesiicht huet?

Jean-Claude Juncker: Et ass ee vun de Problemer vum Europarot. An der Aussenduerstellung wahrscheinlech dee wichtegsten, mä bei wäitem net deen eenzegen. Mir hunn an der Europäescher Unioun d’Regel, datt ee Mënsch aus dem Krees vun de Staats- a Regierungschefe Kommissiounspresident gëtt. Net jidderee wëll dat jo ginn. Mä et gëtt awer ëmmer ee vun deenen et.

An de Generalsekretär vum Europarot ass ganz oft ee Mann oder eng Fra, déi net esou bekannt sinn, an déi Schwieregkeeten hunn, sech an der internationaler Diplomatie duerchzesetzen, duerch d’Kraaft vun hirer Persoun, duerch d’Kraaft vun deem wat se an Europa beweegt hunn, an dohier meng Suggestioun datt dat soll éischter ee Mënsch aus deem Krees ginn, dee bekannt ass bei deenen anere Staats- a Regierungschefen an Ausseministeren, an deen och een Numm an Europa huet.

Monique Kater: A respektéiert gëtt vläicht, oder, fir datt do en Dialog entsteet dee vläicht méi [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech sinn der Meenung, datt wann en Europarot wëll richteg zolitt iwwerliewen, da muss e, fir et op däitsch ze soen, auf gleicher Augenhöhe mat der Europäescher Unioun kënne fonktionnéieren. A fir op déi selwecht Héicht vun den Aen ze komme muss een op deene selwechte feste Bee stoen, an op de Bee vun engem fréieren Staats- a Regierungschef steet ee méi zolitt wéi op anere wackelege Krätschen.

Monique Kater: Mir haten et virdru gesot, är Recommandatiounen déi wëllen Zesummenaarbecht verbesseren tëscht béiden Instanzen. Firwat, a wéi eng Richtung gi mir, wat ass d’Zil, wat ass dann d’Visioun déi dohannert stécht?

Jean-Claude Juncker: Den Europarot historesch, an der Retroperspektiv, wann ech kann esou soen, well d’Perspektiv jo och nach eppes Zukünfteges huet, an d’Europäesch Unioun leien op deem selwechte feste Fëllement, et ass déi selwecht Idee iwwer Europa, dee selwechten ongebremste kontinentale Friddenswëllen deen een ëmmer erëm muss nei reaniméieren, an deen och bedroht ass, och wa mir dat haut net méi esou spieren. Et ass déi selwecht Ambitioun fir datt dee Kontinent sech selwer fënnt. Et ass d’Zesummewuesse vu senger Geographie a vu senger Geschicht wat en déi lescht 15 Joer erlieft huet, zu enger neier Geschicht vu villfältegen europäesche Réussite gëtt.

An dofir kann et net sinn, datt tëscht der Europäescher Unioun an dem Europarot bei aller Ënnerschiddlechkeet déi déi zwee auszeechent, stupid Rivalitéite stattfannen, wou deen ee probéiert deen aneren auszestiechen. Den Europarot dat ass net de Wartesall fir an d’Europäesch Unioun, well am Europarot si Staate wéi Russland, wéi Georgien, wéi anerer, déi ni wäerte kënne Member vun der Europäescher Unioun ginn.

An d’Europäesch Unioun huet dofir och keng Vocatioun den Europarot iwwerflësseg ze maachen. Dat bleift eng schéin europäesch Demokratiefabrik, wou déi déi d’Demokratie eréischt zënter kuerzem kenne geléiert hunn, lues a lues léieren och am parlamentaresche Raum, dee jo essentiell zum Europarot gehéiert, duerch d’parlamentaresch Vollversammlung, fir lues a lues sech demokratesch Reflexer unzeleeën.

Géifen d’Russen, d’Tierken, zum Deel d’Ukrainer, d’Georgier, d’Armenier, alleguer déi déi elo an deem Europarot do sinn, net duerch dës Schoul vun der Demokratie goen, wat een net dierf verwiessele mat der Tatsaach datt mir deene solle Lektioune ginn, da géif d’Demokratie an deene Länner méi lues Fortschrëtter maachen. Déi mécht awer Fortschrëtter, déi ginn a mengen Aen net duer, mä d’Demokratiebewegung an Europa ass eng breet ginn, eng déi vu kengem méi contestéiert gëtt. Dozou bäigedroen huet den Europarot wiesentlech méi wéi d’Europäesch Unioun, déi sech ganz dacks nëmmen em sech selwer bekëmmert, em hire Budget, wéi wann dee virun der Geschicht iergendwann eng Kéier jeemools géif eng Roll spillen. An den Europarot ass vum kontinentale Standpunkt aus gekuckt déi europäesch Referenz gewiescht a muss se och bleiwen.

Monique Kater: A wäert se bleiwen. Här Staatsminister, villmools Merci fir dëst Gespréich.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour