Le ministre de l'Économie, Jeannot Krecké, au sujet de la compétitivité de l'économie luxembourgeoise

Francine Closener: Jeannot Krecké, wann Dir haut elo op der Hannover-Messe Reklamm fir Lëtzebuerg maacht, muss Dir da vill iwwerdreiwen an tricksen ? Oder anescht gefrot, huet d’Tripartite d’lescht Woch eppes bruecht, mat deem een elo am Ausland gutt ukënnt?

Jeannot Krecké: Ech mengen, Lëtzebuerg huet eng ganz Rei Avantagen déi ee kann duerstellen. An d’Tripartite huet eng Rei Décisiounen awer geholl, wou éischtens Ënnerstëtzung komm ass fir dat, wat mir am gaange sinn ze maachen, an och eenzel Mesuren auszebauen.

Francine Closener: Am Virfeld gouf ëmmer nees betount, och vun Iech, datt et an der Tripartite net nëmmen em d’Staatsfinanze géif goen, mä grad esou vill em d’Kompetitivitéit an em de Chômage. Et huet een awer elo d’Impressioun, datt virun allem gekuckt gouf, wéi de Staat kéint spueren. Ass dat dann eng falsch Impressioun?

Jeannot Krecké: Mir hunn haaptsächlech och dat gekuckt. Bei deenen 10 Punkten déi ech als wichteg Elementer vun der Kompetitivitéit eraginn hunn, war deen éischten Deel vum Budget. Wann nämlech e Budget an der Rei ass, dat heescht am Equiliber ass, dann huet den auslänneschen an och den inlänneschen Investor éischter d’Impressioun datt hien an engem Land ass, wou e kann dovun ausgoen, datt muer an iwwermuer d’Steieren net wäerte gehéicht ginn. Dat ass fir hien eppes ganz wichteges, datt en e bësse säin Investissement kann an der Zäit plangen.

Francine Closener: Mä dat ass jo elo awer nëmmen ee Punkt gewiescht vun deenen 10. Wou sinn dann déi aner 9?

Jeannot Krecké: Déi aner 9 dréine ronderëm d’steierlecht Ëmfeld, em d’Energiepräisser, em alles wat de Loun an d’Lounniewekäschten ubetruechten. Si dréinen haaptsächlech awer och iwwer d’Aart a Weis wéi eis Verwaltunge mat de Betriber ëmginn. Si dréinen em d’Hëllefen déi mir dem Export ginn, si dréinen em alles wat Fuerschung an Innovatioun ubelaangt, awer och d’Infrastrukturen, d’Wichtegkeet vun den Infrastrukturen. An dann och eng ganz Rei méi kleng Elementer, déi dozou solle féieren datt méi Betriber geschaaft ginn, datt hei zu Lëtzebuerg d’Leit sech méi lancéieren fir Betriber ze förderen. Dat sinn déi haapt Punkte gewiescht vun deem Projet deen ech eragereecht hunn am Kader vun der Tripartite.

Francine Closener: An do krut Dir och gréissten deels da Satisfactioun?

Jeannot Krecké: An de groussen Zich ass ugeholl ginn, dat wat de Wirtschaftsminister virgeschloen hat.

Francine Closener: Mä eng richteg strukturell Reform ass et jo awer net ginn. Huet et der Regierung dann u Courage gefeelt, oder ass awer alles nëmmen hallef esou schlëmm wéi d’Patronat an och Dir et duerstellt?

Jeannot Krecké: Et ass net, datt et hallef esou schlëmm ass. Ech mengen d’Situatioun hunn ech gesot, ass, mir sinn net an enger Kris, mä mir sinn an enger kritescher Phase. An enger kritescher Phase, wou ronderëm eis, besonnesch awer an deene Regioune méi wäit, villes lass ass, do entwéckele sech Saachen, déi en direkten Impakt op eis kréien, an dorop musse mir eis astellen. Ech menge mir haten och eng Phase wou mir probéiert hunn op déi Problemer hinzeweisen.

Mat deenen Décisiounen déi mir elo geholl hunn um Niveau vun der Tripartite, awer och anerer, déi an der Hall geholl ginn, Elementer déi mir permanent am gaange sinn ze beschaffen, musse mir elo kucken, datt eng nei Dynamik hei zu Lëtzebuerg an eist ganzt Wierke kënnt, an datt mir eis op déi nei Gegebenheeten astellen, an datt mir elo mat der Gewëssheet, datt mir Accorden hu mat de Sozialpartner, kënne vläicht e bësse méi a Rou schaffen.

Francine Closener: Dir schwätzt vun Dynamik. Virun engem Joer hutt Dir nach ëmmer gesot, d’Lëtzebuerger wieren ze bequem, an Däitschland sote se et misst ee Ruck duerch d’Land goen. Da bräichte mir jo also och esou ee Ruck, mä wou bleift deen dann? Et geet jo awer och net duer fir ëmmer dovun ze schwätzen, et gesäit ee jo awer eigentlech nach näischt vun esou engem Ruck.

Jeannot Krecké: Eh bein, ech muss awer soen, an deenen Diskussiounen déi mir elo hate mat de Sozialpartner huet ee gemierkt, datt déi sech awer och der Situatioun bewosst waren. Ech mengen, soss wier et jo net zu engem Accord komm, wa mir net eis iwwer eng ganz Rei Saachen eens gi wieren, och an der Diagnos. Och an der Diagnos , well dat war jo de Problem. Déi meescht hunn d’Situatioun esou wéi se sech duerstellt, jo net wëllen unerkennen. An dat ass awer mengen ech an der Tripartite hei erauskomm, datt déi eenzel Acteure sech der Gravitéit trotzdem bewosst waren. An ech ginn dovun aus, datt dat awer och duerch déi vill Diskussiounen déi elo gefouert gi sinn, och mëttlerweil hei am Land deenen eenzelne Leit aus der Bevëlkerung kloer ginn ass. An dofir mengen ech, datt elo d’Zäit komm ass vum neie Wierken, neie Schaffen, elo vun engem neien Ufank, elo wou mir wéi gesot, e bësse méi Rou hunn.

Francine Closener: Wéi geet Iech dann zum Beispill den Accord a punkto Index duer? Do hutt Dir jo awer fir aner Moossname plädéiert, déi méi wäit goungen. Firwat gouf zum Beispill näischt aus dem Wuerekuerf erausgeholl?

Jeannot Krecké: Et muss een awer wëssen, datt mir am Wuerekuerf elo emol all déi Taxen neutraliséieren, déi eppes mat der sougenannter ekologescher Besteierung ze dinn hunn. Dat heescht, et war ganz schwéier de Leit kloer ze maachen, wa mir d’Taxen op dem Bensinn, do hätte mir et, mä op Tubak héijen, wa mir et um Alkohol héijen, wa mir d’Taxen um Waasser héijen, wa mir emol deen een oder aner Tax am Energieberäich agefouert hunn, datt dat ëmmer direkt eng Auswierkung hat, datt d’Betriber hu missen hire Loun éischter héijen. Ech mengen dat kritt ee meeschtens de Betriber méi liicht erkläert, wann een elo seet dat do huele mir eraus. An ech mengen et kann een de Leit och soen, wann ee wëllt eppes steieren, dat heescht doduerch datt een e Präis an d’Luucht setzt, fir datt eng Wuer déi ee vläicht am Iwwerfloss huet am Moment, e bësse méi mat Opmierksamkeet konsuméiert gëtt, datt dat net direkt een iwwer d’Pai erëm kritt, mä datt een et muss spieren, datt ee säi Behuele muss änneren. Ech mengen, datt dat scho wichteg ass.

Wat vill méi wichteg fir mech ass, dat ass, datt mir en Accord iwwerhaapt krut hunn. Ech mengen, wat Lëtzebuerg am mannste gebraucht hätt elo, dat wier nach weider Diskussiounen, dat wiere sozial Konflikter gewiescht, dat wier weiderhin Dréine ronderëm d’Problematik, an net endlech ufänken elo mat neiem Schaffen. An ech mengen deen Accord, wann en eppes Guddes u sech huet, dat ass, datt jiddereen also d’accord ass mat enger Analys vun der Situatioun, a mat enger Rei Léisungen. Datt déi Léisungen eenzelne Leit a vläicht och deem eenzelne Minister net wäit genuch ginn, esou wéi e seng Virstellungen huet, ass méiglech. Mä ech hoffen datt elo vläicht e bësse Rou an d’Land kënnt, an datt mir endlech emol erëm kënne schaffen, an datt déi Diskussioun iwwer déi Onsécherheet, déi awer ee Moment am Raum an an der Loft war, datt déi eriwwer ass.

Francine Closener: Virun e puer Wochen hutt Dir am Kontext mat den Entloossunge bei Villeroy&Boch fir méi Flexibilitéit bei der Aarbechtszäit plädéiert. Och do ass een awer no der Tripartite net méi schlau wéi virdrun, oder?

Jeannot Krecké: Wéi gesot, et handelt sech em en Accord, an en Accord dee beinhalt net alles, wat ee sech virstellt.

Francine Closener: Mä dat ass jo awer e wichtege Punkt fir Iech gewiescht.

Jeannot Krecké: Et ass weiderhin e wichtege Punkt, mä ech mengen, et muss een d’Leit och elo rassuréieren. Mir hu virun allem eppes elo fäerdeg bruecht, mir hunn dee Stage d’insertion verbessert, deen awer mat sech bréngt, datt ee vun den Elementer déi fir mech wichteg waren, nämlech Jonker déi a Konkurrenz sinn, déi hei zu Lëtzebuerg wunnen, a Konkurrenz si mat, loosse mir soen, méi erfueren an och vläicht besser ausgebilde Grenzgänger aus Tréier, aus Metz, datt déi elo awer e klengen Avantage och hunn, wa si iwwer d’Adem kënnen an esou Stage kommen, wou se da quasi e Joer kënne schaffen, wou de Patron eng staark Hëllef vum Staat kritt, a wou, wann deen eenzelne Salarié sech, oder Stagiäre an deem Moment, sech bewäert, datt en dann awer och, loosse mir soen, eng Chance huet, do agestallt ze ginn. Also déi Leit, besonnesch déi Jugendlech, déi wierklech op der Sich no enger Aarbecht sinn, kréien hei eng nei Chance. An ech menge schonn, datt mir dann iwwer d’Ronne kommen. Et muss ee kucken, no 2-3 Joer, wéi dat ganzt sech entwéckelt, wéi mir op dat ganzt reagéieren. Et geet jo net duer, datt mir do an der Tripartite e puer Saachen décidéieren. Duerno muss jo geschafft ginn. Mir hu gesot, mir géinge probéieren d’Inflatioun erofzedrécken. Mir hu gesot, mir wéilte méi Flexibilitéit, och an der Astellung. Wann ee seet, d’Leit musse sech drop astellen, datt een e Beruff, deen een hëlt net noutgedrongen dee Beruff ass, aus deem een dann och an d’Pensioun geet, mä datt een dotëschent e puer mol muss eventuell d’Aktivitéit wiesselen. Dat si Saachen déi seet een, déi wënscht ee sech och erbäi, mä déi kann ee jo net per Gesetz festschreiwen.

Francine Closener: Dir hutt och ëmmer drop higewisen op déi Konkurrenz aus der Groussregioun, net nëmme wat elo d’Aarbechtsplazen ugeet, mä och wat eben de Commerce ugeet. 15% vum Ëmsaz zu Tréier zum Beispill gëtt vu Lëtzebuerger gemaach, dat huet de Premier no der Tripartite och nach eng Kéier gesot. Wéi gesäit dann elo déi Campagne aus vun där de Premier geschwat huet, fir déi auslännesch Clientèle op Lëtzebuerg ze lackelen?

Jeannot Krecké: Also, mir wëllen éischtens esou eng Campagne lancéieren, zweetens wëlle mir och iwwer e Präisindex hei an der Groussregioun emol Kloerheet an de Präisser bréngen. Da wëlle mir mam Commerce Gespréicher féieren, fir deen och drop opmierksam ze maachen - wa mir Inflatioun wëllen drécken, datt et op allen Niveauen ass wou mir dat musse maachen. Mir sinn o eng Obligatioun vis-à-vis vun de Sozialpartner agaangen. Ech mengen, et ass nëmme wa mir d’Inflatioun erëm op e Mooss erofbréngen, wéi et, en dehors selbstverständlech vun den Uelegprodukter, mä op e Mooss erofbrénge vun der Groussregioun, datt mir och erëm eng Chance hunn. A wa mir da méi niddereg TVA-Sätz hunn, da muss dat sech och iergendwann dann erëm spigelen, an da kann et net sinn, datt mir hei vill méi héich Präisser hunn, wou mir méi niddereg Steieren hunn.

Francine Closener: Jeannot Krecké, Dir hutt gesot, et géing elo duergoe mam bekloen am Fong, elo misst dann emol geschafft ginn. Wéi gesäit dat dann aus an ärem Ministère, gëtt et dann elo e Konzept, gëtt et eng Idee wat den Ausbau vun de Wirtschaftsaktivitéite betrëfft? Gëtt dann elo éischter op ee Secteur gesat, zum Beispill op d’Logistik, dovunner hutt Dir jo och schonn e puer mol geschwat, oder huele mir iwwerall e bësse wat mir kënne kréien?

Jeannot Krecké: Also, wat de Wirtschaftsministère ubelaangt, do probéire mir jo haaptsächlech mam Mëttelstandsminister déi Diskussioun ze féieren, wat d’Inflatioun ubelaangt. Da probéiere mir d’Exportförderung beispillsweis ze verbesseren, dat maache mir zesummen och mam Finanzministère. Mir hunn d’Aufgab déi Vereinfachung, déi mir nach wéi vor wëllen erbäiféieren um Niveau vun de Verwaltungen, virun allem och d’Aart a Weis wéi mir auslännesch Investisseuren emfänken, wéi mir deenen entgéint kommen, do hu mir nach vill Aarbecht ze leeschten.

Wann ech da kucken, wat mir am Beräich Forschung an Innovatioun mussen en Place setzen, den Här Biltgen bekëmmert sech jo haaptsächlech em d’Ëmfeld am ëffentlechen Deel vun der Forschung, während mir eis iwwer den Deel vun der Forschung an Innovatioun um Niveau vun de Betriber bekëmmeren. Do hu mir nach vill Coordinatiounsaarbecht, fir datt Kleng- a Mëttelbetriber, haaptsächlech déi vläicht deen Zougank net esou liicht hunn, datt déi méi liicht dozou kommen. Dofir mir hunn eng ganz Rei Aufgaben, déi mir elo iwwer dee Programme de Kompetitivitéit dee mir eis ginn hunn, hu mir eng ganz Rei Aufgaben, an dozou gehéiert garantéiert, datt eenzel Secteuren e bësse méi genau mussen développéiert ginn.

Dat ass zum Deel d’Logistik, well et e gudde Complément ass zu Saachen, déi mir vläicht net méi kënne produzéieren. Ech hunn dat schonn oft gesot, wa Produkter ze deier ginn, fir hei an Europa, well et ass net nëmmen e lëtzebuerger Problem, ze produzéieren, da musse mir kucken, datt mir awer vläicht dann eventuell emol de Sëtz vun der europäescher Plattform vun esou Firmae kréien. Mir muss probéiere vläicht d’Logistik ze kréien, vläicht d’Entwécklung vu Prozesser, d’Entwécklung vu Produkter, vu Servicer hei ze kréien, esou datt d’Logistik e wichtege Punkt ass. Mä ech denken awer och drun, datt Secteure wéi alles wat am Beräich vun der Medezin ass, an de Beräich vun der Biotechnologie vun der Pharmacie, datt dat fir eis och Méiglechkeeten duerstellt, a mir sinn am gaangen ze kucke wou een esou eng Zone kéint ariichten, a wou een dann direkt och e puer Betriber mateneen dohinner kritt, fir datt een esou e Grupp kritt, an dann eng Glaubwürdegkeet kritt. D’Glaubwürdegkeet am E-Business ass bei eis eréischt komm, wéi mir bis grouss Enseignen haten, da kommen déi aner no, an esou geet et eis och an deenen anere Beräicher.

Francine Closener: Dann hutt Dir jo nach vill ze dinn.

Jeannot Krecké: Ech géing mengen, mir hätte genuch ze dinn.

Francine Closener: Här Minister, villmools Merci fir d’Explikatiounen.

Jeannot Krecké: Ech soen Iech och Merci.

Dernière mise à jour