Le ministre délégué aux Affaires étrangères, Nicolas Schmit, invité de l'émission Background sur RTL Radio

Marco Goetz: Bonjour an eiser Émissioun Background, am Gespréich mam Nicolas Schmit, bis 1 Auer si mir zesummen.

Nicolas Schmit, wat freet Iech dann haut méi, datt den Europadag gefeiert gëtt, oder datt Optakt vun der Octave ass?

Nicolas Schmit: Ech géif soe fir mech perséinlech, sinn ech elo manner touchéiert vun der Octave. Mä ech verbannen awer och Souvenire mat der Octave. Den Europadag, mengen ech, huet och eng schéi Symbolik.

Marco Goetz: Wéi grouss war dann Är Freed nodeems d’Verhandlungen an der Tripartite ofgeschloss waren?

Nicolas Schmit: Meng Freed war grouss, aus verschiddene Grënn. Emol éischtens fir ze beweisen, datt d’Lëtzebuerger de lëtzebuerger Modell vun deem vill geschwat, geschriwwe ginn ass, datt deen nach kapabel ass zu Kompromësser ze kommen, déi valabel sinn, déi eng Rei vu Reformen preparéieren, déi och méi schwiereg Décisiounen begräifen. Dat ass dat, wat mech besonnesch gefreet huet. Dat ware laang an haart Négociatiounen, Discussiounen, mä am Endeffekt huet ee gesinn, datt d’Leit kapabel sinn, hir Responsabilitéiten ze huelen. Elo gëtt gesot, deen een seet, et geet net duer, deen anere seet, et ass just op der Limit, et ass schonn e bëssen ze vill. Mä esou bestinn an esou existéiere Kompromësser.

Marco Goetz: Mat grousser Spannung gouf no deene Réunioune vun der Tripartite dunn op d’Ried vum Premier Jean-Claude Juncker gewaard, op d’Ried zur Erklärung vun der Lag vun der Natioun. Huet se Iech gefall déi Ried?

Nicolas Schmit: Jo, ech mengen et war eng gutt Ried, et war en zolitte Message, et war rhetoresch wéi mir dat gewinnt si vum Premierminister. En héichkarätegen Exercice, et war eng Ried mat vill Substanz, mat deene richtege Messagen, och wann de Gros vun deene Saachen, déi an där Ried gesot gi sinn, u sech an der Tripartite jo ofgemaach gi sinn. Mä mir wëssen alleguer, Politik ass och Kommunikatioun, Politik brauch Iwwerzeegungskraaft. An ech mengen de Jean-Claude Juncker huet hei dat richteg gemaach.

Marco Goetz: Wat mech e bësse frappéiert huet, also ech hu mir d’Fro gestallt no der Ried, firwat si mir do ukomm, wou mir ukomm sinn? Wann een de Jean-Claude Juncker héieren huet, dann ass eigentlech ëmmer alles richteg gemaach ginn, oder et konnt op d’mannst net anescht gemaach ginn, keen ass Schold, an awer muss elo staark gebremst ginn. Wéisou?

Nicolas Schmit: Dat ass vläicht deen eenzege Punkt, wou ech net honnertprozenteg mat däer Ried d’accord sinn. Ech mengen, do ass vläicht e bëssen d’Wouerecht net ganz gesot ginn.

Et kann net sinn, datt mir do ukomm sinn, wou mir haut sinn, an enger Économie déi 4% Wuesstem huet, an déi op engem Trend ass vun engem emmër méi grousse Budgetsdefizit. Mir hunn e Budgetsdefizit vu bal 2% wann een dee ganze Staat hëlt. Mir hunn e Budgetsdefizit, wann ee reng de Staatshaushalt kuckt, deen nach méi héich läit, deen no bei 4% läit. Dat sinn natierlech Tendenzen déi net vun näischt entstane sinn.

A wann ech mir hei e Bild kann erlaben, ech mengen do si Feeler gemaach ginn tëschent 2001, 2002 an 2004. Wësst Dir, wann Dir mat engem Auto op enger schwiereger Strooss fuert, an d’Strooss gëtt ëmmer méi schwiereg, da musst Dir natierlech awer e bëssen Är Vitesse un déi Strooss upassen. Mir sinn an engem Moment, wou d’Wirtschaft effektiv méi lues getrëppelt ass, wou mir an Europa eng Verluesamung hate vum Wuesstem, hu mir massiv d’Staatsdépensen eropgesat. Mir hunn net nëmmen d’Staatsdépensen ëm 10% am Joer 2002 eropgesat, mir hu gläichzäiteg och nach eng Steierreform gemaach, déi natierlech eng Rei vu Ressourcen dem Staat ewechgeholl huet, an déi ech och net a Fro stellen en tant que telle.

Mä dat ass e bësse - wësst Dir, wann Dir op enger schwiereger Strooss mat deenen zwee Féiss op d’Gaspedall sprangt, da gitt Dir natierlech e Risk an, datt den Auto dérapéiert. An dat ass eigentlech geschitt. De Staatsbudget, d’Staatsfinanze sinn dérapéiert. An dat mécht eigentlech firwat datt mir do ukomm sinn, wou mir elo haut sinn. Mir hu 4% Croissance, a mir hunn e gréissere Staatsdéficite. Wann Dir 10% Augmentatioun vun Ären Dépensë vun engem Joer op dat anert maacht, da riskéiert Dir aus engem konjunkturelle Problem e strukturelle Problem ze maachen. An déi 10%, déi hutt Dir fir ëmmer, an do leet Dir dann all Joer nach erëm esou vill Prozent drop, an do geet eng Schéier op, wou et natierlech relativ schwiereg ass, wat Dir méi laang déi Schéier opgoe loosst, fir déi erëm zouzekréien.

Mir mussen also haut agéiren, dat ass ganz kloer. An ech soen da fir mäi Bild bäizebehalen, elo gëlt et natierlech net mat zwee Féiss op d’Brems ze trëppelen, well soss komme mir erëm an en Dérapage. An ech mengen, dat wat proposéiert ass, dat ass dee richtegen Dosage. Mir musse méi lues trëppelen, mir hunn eis eigentlech e bëssen iwwerholl, wann ech dat esou dierf soen. Déi Regierung vu virdrun huet sech ganz einfach iwwerholl.

Marco Goetz: Also d’CSV war och an der Regierung.

Nicolas Schmit: Jo, an do sinn, bon, de Premier schwätzt vu Stabilisateurs automatiques. Jo, Stabilisateurs automatiques, da misste mir elo am Équiliber sinn, wann déi Stabilisateurs automatiques gespillt hätten. Mä mir hunn iwwer dat eraus, wat och an den Économiesbicher steet, eigentlech d’Staatsdépensen ulafe gelooss, an do muss een einfach eng Korrektur huelen. Well soss gi mir an eng Situatioun déi fir d’Land a fir d’Zukunft eng geféierlech wier.

Marco Goetz: An déi CSV-LSAP Regierung virun der CSV-DP Regierung, war déi net à même scho Saachen ze erkennen?

Nicolas Schmit: Also ech assuméieren [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Do waart Dir wäit vum Schoss, do waart Dir zu Bréissel.

Nicolas Schmit: Ech war wäit vum Schoss, absolut.

Marco Goetz: Dat geet awer net duer.

Nicolas Schmit: Ech mengen an der Politik soll ee keng Langue de bois féieren. A wa Saachen net richteg gemaach si ginn, an nunn ass et esou, datt een ëmmer Feeler mécht, an herno weess een et natierlech ëmmer besser. Et muss een och seng Responsabilitéiten huelen, a soen, jo, och scho virdru si Feeler gemaach ginn. Mir hunn dee Privileg gehat, datt mir e bëssen am Geld geschwomme sinn. De Staatsbudget war kee Problem. Mir hunn eigentlech net missen en Arbitrage maachen, wat maache mir, wat maache mir net? Zu wat fir engem Präis maache mir et? Mir hunn et einfach gemaach. An dat ass eng Politik, déi natierlech interessant ass, an déi och méi wäit zeréck geet wéi 2000, mä déi een iergendwann awer bezillt. Well d’Économie huet hir Gesetzer, an déi kann een net einfach esou, och net hei zu Lëtzebuerg, ausser Kraaft setzen.

Marco Goetz: Et ass och elo müsseg ze kucken, wie Schold huet, a wien eppes hätt kéinten anescht maachen. Et muss ee, mengen ech, pragmatesch no vir kucken. Hutt Dir dann d’Impressioun, datt d’Problemer elo richteg erkannt sinn, an datt och Bereetschaft do ass, déi Problemer ze léisen?

Nicolas Schmit: Jo, ech mengen d’Problemer si richteg erkannt. Ech hu gesot, mir hunn net e gigantesque Problem, ech mengen et soll een d’Problemer elo net iwwerdreiwen.

Marco Goetz: Mä wann Dir sot, an der Schoul muss zum Beispill eppes gemaach ginn, an deen Dag drop [gëtt ënnerbrach]

Nicolas Schmit: Lëtzebuerg ass net an enger Megakris. Mir musse Kurskorrekture maachen. Mir musse Kurskorrekture maachen, fir datt mir net deen Dérapage an eppes verwandelen, wou mir an engem Bam landen. Mir musse gewësse nei Akzenter setzen, mir musse Reforme duerchféieren. Ech soen, et ass ëmmer e bësse Schued, datt ee Reforme muss maachen, wann ee manner Suen huet. Ech hat ëmmer fonnt, et soll een déi grouss Reformen ufänke wann ee vill Suen huet. Mä bon, et ass ni ze spéit déi Reformen ze maachen.

Ech mengen de Message ass bei de Leit ukomm. Dir hutt jo och do Émissioune gemaach, déi awer weisen, datt d’Leit de Message verstanen hunn. Mä et soll een elo net d’Kris erbäirieden, do wou keng Kris ass. Do soll och keng erbäi geried ginn. Mä et muss een einfach soen, d’Lëtzebuerger mussen hei eng kleng Kurskorrektur duerchféieren. Mir mussen einfach e bësse méi an d’Normalitéit eragoen. Mir sinn och e Staat an Europa, deen zwar privilegéiert ass, mä deen awer och e bësse muss sech an der Normalitéit zurecht fannen.

Marco Goetz: Mä kuckt emol, d’Éducatiounsministesch geet hin, an huet eng Rei Ideeë wéi se d’Tâche vum Enseignant ännere kéint, ëmorientéiere kéint, a si huet dat knapps gesot, da kënnt scho Protest aus der Gewerkschaftsszene vun den Enseignanten. De Premier seet op der Chambertribune, datt d’Staatsbeamten 2 Joer domat d’accord sinn op eng Augmentatioun vum Punktwäert ze verzichten. Een Dag drop kënnt e Communiqué vun der CGFP wou dat alles a Fro gestallt gëtt. Wat wëll een da maachen?

Nicolas Schmit: Bon, emol éischtens mengen ech, datt wann Dir de Leit sot, si misste méi schaffen, da protestéiere se gewéinlech. Et muss een also kucken, dat ass och net de Problem alleng vum méi schaffen an der Schoul. Ech kommen elo aus enger Schoul, ech war de Moien an engem Lycée technique zu Gréiwemaacher, ech hu mir déi Schoul ugekuckt, ech hu mat den Enseignanten diskutéiert, ech hu mam Direkter diskutéiert, an ech hunn emol éischtens festgestallt, datt villes an eise Schoule passéiert, datt vill Proffen eng super Aarbecht maachen.

Bon, elo gëlt et déi Schoul besser ze maachen, méi fit ze maachen, Konzepter auszeschaffen, net fir déi nächst 2 Joer, mä mat enger Durée, mat enger laangfristeger Perspektiv. Ech mengen de Staatsminister huet gesot, et ass net akzeptabel datt 1000 Kanner, dausende Kanner, all Joer aus der lëtzebuerger Schoul ouni Qualifikatioun erauskommen. Dat ass eng Explikatioun vun eisem Chômage. Ech mengen, et muss een also elo mat den Enseignanten diskutéieren, wéi si hir Aarbecht an engem neie schouleschen Ëmfeld, an engem reforméierte schouleschen Ëmfeld, deen natierlech mat hinne muss diskutéiert ginn, datt hir Tâchen do e bësse musse redefinéiert ginn. Ech soe ganz einfach, wou kommen déi Tâchen hier? Et si jo net d’Proffen déi selwer décidéiert hunn esou ze schaffen, wéi se haut schaffen. Ech mengen, do gëtt et jo och eng Geschicht. Bon, et ass och net wichteg do drop zeréckzegoen. Mä Concertatioun, Diskussioun, Qualitéit - ech schwätze vu Qualitéit, mir brauchen an dësem Staat eng Politik vu méi grousser Qualitéit.

Marco Goetz: Mä sidd Dir optimistesch, datt do eppes ka geschéien? Kuckt zum Beispill, wou de Marc Fischbach Éducatiounsminister war, dunn huet en a mengen Aen e fantastescht Wierkt erausbruecht: „Demain l’école“. Vill vun deene Saachen déi do dra stinn, gëllen haut och nach ëmmer, ginn och haut gefuerdert, datt se misse geännert ginn. Et ass laang hier, datt de Marc Fischbach "Demain l’école" publizéiert huet, an et ass ni eppes geschitt.

Nicolas Schmit: Bon, an dat ass vläicht eng méi generell Remarque.

Éischtens, virun e puer Deeg hu Leit eng Étude vun 1968 fonnt iwwer d’lëtzebuerger Schoul. An do an däer Étude geet ervir, datt mir zwee grouss Problemer an der Schoul haten. 1968, bal 40 Joer hier.

Dat ass éischtens de Problem vun der Integratioun vun Auslännerkanner, deen op eis Schoul, deen en negativen Impakt op d’Schoul huet, an natierlech en negativen Impakt op déi Kanner.

Zweetens och déi manner favoriséiert Kanner hu manner Chancen, besonnesch am Secondaire, weiderzekommen.

Wa mir haut kucke wou mir stinn, dann hu mir nach ëmmer am nämlechte Problem, just dee Problem ass gewuess, deen ass méi grouss ginn, well mir eis Schoul net genügend adaptéiert hunn an deenen 40 Joer.

Dir maacht Referenz op de Marc Fischbach. E gudden Usaz virdru, war eng grouss Reform an der Schoul, tëschent 1974 an 1979, déi dunn 1979 gestoppt ginn ass. Mir kënnen eis an der Schoul net mat Slogane begnügen. Back to basics oder wat och ëmmer, dat reforméiert d’Schoul net. Mir brauchen eng laangfristeg ugeluechte Strategie, fir eis Schoul der Welt, der Économie unzepassen. D’Welt changéiert schnell, d’Schoul muss schnell changéieren. Eis Gesellschaft changéiert, mir sinn eng aner Gesellschaft haut, mir mussen also och d’Schoul, an déi Changementer an der Gesellschaft mat eran an d’Schoul huelen. An dat verlaangt, datt een eng laangfristeg Strategie huet, an net esou eng Aart Stop and go, deen ee Minister mécht e bëssen dat hei, deen anere mécht e bëssen dat anert.

An ech mengen, d’Madame Delvaux geet dat esou un. Si wëll d’Schoul vun ënnen erop reforméieren, an enger laangfristeger Perspektiv. Eng Schoul reforméiert een net an 2, 3 Joer. Dir kënnt Iech jo dee berühmte Saz vum Mammuth erënneren, dee vill Opreegung am Frankräich provozéiert hat, vum Här Allègre. Mä bon, d’Schoul ass e groussen Apparat, mä et muss een dat mat deene Concernéierten, mat de Proffen, mat den Elteren, mat de Schüler och, maachen. An ech mengen hei gëtt et e puer Usätz, mä d’Zäit drängt. Mir hunn net vill Zäit. An iwwerhaapt dat ass e Problem, mir mussen an der Politik hei zu Lëtzebuerg e bëssen an aneren Zäitkategorien denken. Mir hunn net ëmmer 10 Joer fir e Projet duerchzesetzen. Mir musse kapabel sinn, wa mir Reformvorhaben hunn, da musse mir och kapabel sinn déi an enger raisonnabeler Zäit ëmzesetzen.

Marco Goetz: Wéi eng Prioritéite gesitt Dir dann nach niewent der Schoul?

Nicolas Schmit: Ech gesinn natierlech eng Prioritéit, éischtens déi de Staatsminister ervirgehuewen huet, dat ass déi ganz Problematik vun der Famill, vun enger Ëmwelt déi méi favorabel ass fir d’Fra, fir d’Kand. Ech sinn net deen dee seet, d’Leit musse vill Kanner hunn. Mä ech soen, d’Leit déi wëlle Kanner hunn, déi mussen d’Méiglechkeet hunn, Kanner ze hunn, se ze erzéien, valabel Schoulen hunn, mä awer och en Ëmfeld wat favorabel ass fir d’Kand, Crèchen hunn. Ech mengen dat ass eng Politik wou mir Sozialisten eis wëllen staark dofir maachen. An dobäi kënnt natierlech, datt dat muss Infrastrukturen heeschen, mä awer och dat zu Präisser offeréieren déi raisonnabel sinn, déi raisonnabel sinn. D’Leit dierfen net herno sech d’Fro stellen, jo, wann ech mäi Kand elo an eng Crèche oder an e Foyer du Jour, oder wéi et och ëmmer heescht, schécken, da geet domat 60% vu mengem Salaire hinn. Dat sinn Décisiounen déi sech net dierfe stellen. Loosse mir kucken, wat do an anere Länner gemaach ginn ass, Schweden zum Beispill. Eng Offer mä zu engem akzeptabelen, raisonnabele Präis. Ech mengen déi Ëmschichtung, d’Kannergeld elo emol e bëssen net uwuessen ze loossen, mä méi an déi Infrastrukturen ze investéieren, schéngt mir eng wichteg Saach.

Marco Goetz: 18 Minutten op 12 an eiser Émissioun Background am Gespréich haut mam delegéierten Ausseminister Nicolas Schmit. E klenge Broch, an awer bleiwe mir beim Thema, Nicolas Schmit. Wéi en Auto hutt Dir? Mat wat fuert Dir?

Nicolas Schmit: Ech hu leider keen Auto deen - ech hunn eng ML, en 3 Liter Auto.

Marco Goetz: Hutt Dir schonn ausgerechent wat [gëtt ënnerbrach]

Nicolas Schmit: Jo, natierlech hunn ech ausgerechent.

Marco Goetz: An erféiert?

Nicolas Schmit: Jo, net erféiert, mä ech hu gesi wat dat heescht.

Marco Goetz: Dir wosst awer wat géif kommen, oder?

Nicolas Schmit: Jo, ech mengen, hei ass och e Punkt, wou jiddweree seng Responsabilitéite muss huelen.

Marco Goetz: Et ass fir e gudden Zweck, ongeféier esou kann een den Ëmweltminister Lucien Lux verstoen, an awer et deet wéi, oder si mir ze piepeg, ze klengkaréiert, net ëmweltbewosst genuch?

Nicolas Schmit: Och do, wann Dir de Leit sot, si musse méi Autosteier bezuelen - et ass kee Lëtzebuerger, mä awer och kee Fransous oder och ëmmer, dee gäre méi bezillt, méi Steieren, méi Taxe bezillt. Mä et muss een ee Moment huelen, an driwwer nodenken. Dir sot et ass fir e gudden Zweck. Et ass eppes anescht nach wéi fir e gudden Zweck. Ech mengen hei ass eppes vun eis gefuerdert, wat ouni Zweiwel en Ëmdenke bedéngt. Kioto ass net e Gadget, Kioto ass eng haart Realitéit, eng geféierlech Realitéit, déi sech op deenen nächsten 10, 20 Joer wäert décidéieren.

Marco Goetz: Mä wou mir vläicht iwwer d’Zil erausgeschoss hunn, wou mir gesot hunn, mir géifen CO2 Émissiounen em 28% reduzéieren.

Nicolas Schmit: Dat ass eng aner Saach, dat ass eng aner Saach. Dat wëllt awer net heeschen, datt mir en héijen CO2 Ausstouss hunn, an zevill en héijen, an datt mir do musse géigewierken. Mir mussen eis Responsabilitéiten huelen, et ass net einfach, et mécht kengem à priori Plëséier. Mä hei ass en Investissement en fait an d’Zukunft. A mir mussen natierlech och eis Gewunnechte vläicht e bësse changéieren. Haut, wann Dir en Auto kaaft, dann denkt Dir net à priori, wat ass deem säin CO2 Ausstouss. Dat wäert an der Zukunft änneren, positiv.

Ech mengen hei gëtt iwwer eng Steier u sech och e bëssen e Komportement geännert. Elo muss ech awer dobäi soen, datt wann een dat global kuckt, 60% vun den Autoen, vum Fuhrpark, déi kréien eng Augmentatioun tëschent 50 an eppes méi wéi 100 Euro, 6% mengen ech, déi si bei deenen, déi dann nettement méi bei d’Kees geruff ginn. A bon, ech menge mir als Lëtzebuerger mussen eis do upassen, mir waren och do e bëssen an enger Situatioun déi exzeptionell war, an [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Et war ee verwinnt, do gewinnt ee sech gären drun, verwinnt ze sinn.

Nicolas Schmit: Jo, dat ass d’Fro. Mä mir échappéieren net deene Contrainten déi sech weltwäit maachen, a Kioto hält net hei zu Lëtzebuerg op, Kioto ass eng global Responsabilitéit, eng Responsabilitéit déi mir individuell a kollektiv fir eis Kanner, eis Kandskanner hunn, an do kënne mir eis net einfach eraus klicken. Auto, eng schéi Saach, mä ech mengen, mir mussen also bereet sinn och hei e bëssen ëmzedenken.

Marco Goetz: Also, an eiser Émissioun "Dir hutt d’Wuert" dës Woch hu mir op alle Fall gemierkt, datt d’Leit net grouss begeeschtert vun däer Hausse do sinn. Net an der Rei ass, esou fanne vill Leit, dann och d’Aart a Weis wéi mat der Zubeyde Ersöz ëmgaange gëtt. Där Fra also, déi kurdesch Journalistin ass, an déi am Prisong zu Schraasseg sëtzt, well si an der Türkei reprochéiert kritt terroristeschen Aktivitéiten nozegoen. Dat schéngt alles relativ verwurrelt. Wat geschitt do?

Nicolas Schmit: Déi Situatioun, ech mengen, déi ass jo explizéiert ginn. Déi Fra ass hei op Lëtzebuerg komm, si huet Asyl gefrot, mir hunn erausfonnt, datt géint déi Fra e Mandat d’arrêt iwwer Interpol lancéiert war vun der Türkei, wou grave Accusatiounen dra stinn. Mir hunn deen Dossier e bësse gepréift, a mir hunn natierlech deen normale Wee missen huelen, wéi all Demande d’Extradition, Ausliwwerungsdemande fir egal wien, ob hien elo aus der Türkei kënnt, oder egal vu wat fir engem anere Land. Gläichzäiteg hu mir déi Fra elo erëm an d’Asylprozedur, nodeem mir den Dossier gekuckt haten, ginn an och ons berode gelooss haten [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Wat huet dann do zu dem Wiessel bäigedroen?

Nicolas Schmit: Mir hunn einfach d’Situatioun nach emol gekuckt, mir hate jo net gesot, déi Fra kéim net, mir hu si ee Moment ausgesat.

Marco Goetz: Mä hätt Dir dat och gemaach, wann net Protest gi wier?

Nicolas Schmit: Jo, absolut. Also ech hunn mat de Leit vum HCR geschwat, den HCR huet gesot, bon, do ass e Problem, mir hunn do Regelen, wann et net ganz manifest ass, datt déi Fra terroristesch Aktivitéite perpétréiert hat, ech menge wann et am Plaz déi Fra de Mladic gewiescht wier, mengen ech, hätte mir iwwerhaapt net d’Asylprozedur. Mir hunn dat also gepréift, an et ass ganz kloer, mir hunn déi Fra an d’Asylprozedur opgeholl.

Gläichzäiteg leeft natierlech eng Prozedur vun der Extraditioun. Déi échappéiert eis, déi ass elo bei engem Geriicht, an d’Geriicht muss also décidéieren, wat mat där Extraditioun geschitt. Esou laang wéi eng Asylsprozedur leeft, gëtt déi Fra op kee Fall extradéiert. Mir sinn elo am gaangen ze kucken, ob sech net ähnlech Fäll an anere Länner presentéieren. Dat schéngt de Fall ze sinn. A mir wäerten och deen Dossier am Fong ganz kloer, an ouni vill administrativ oder bürokratesch Geteschels kucken, an déi Fra wäert all hir Rechter déi se op Basis vun internationale Konventiounen, awer och vun eisem eegene Gesetz huet, kréien.

Marco Goetz: Mä fir mäi Virwëtz, huet do ee mat, hutt Dir do mat ärem türkeschen Homolog doriwwer geschwat? Hutt Dir deen ugeruff oder?

Nicolas Schmit: Ech menge mir brauchen net mat eisem türkeschen Homolog dodriwwer ze schwätzen.

Marco Goetz: Fir ze wësse wat däer Fra genee reprochéiert gëtt?

Nicolas Schmit: Nee, mir hunn en Dossier vun den Türke kritt, an dat échappéiert eis, mir mussen elo eng Analys maachen iwwer déi Punkten déi déi Fra invoquéiert, fir hei zu Lëtzebuerg Asyl ze froen. Wat ass hir Sécherheet, geet si e Risk an an der Türkei ongerecht behandelt ze ginn, ongerecht condamnéiert ze ginn? Well mir wëssen alleguer, accuséiert heescht net datt ee coupabel ass, datt ee schëlleg ass. Mir mussen also kucke wéi waït den türkesche Rechtsstaat capabel ass, däer Fra e fairen, équitabele Prozess ze maachen. Wann dat net assuréiert ass, wa Risque bestinn datt déi Fra torturéiert gëtt, och wann dat vläicht net direkt vun der türkescher Regierung couvréiert ass, da muss déi Fra Protectioun kréien.

Marco Goetz: Ech mengen, do sidd Dir e bëssen an enger Zwëckmillche wann Dir sot, d’Fra ass enger Gefor an der Türkei ausgesat, da schëtt Dir Waasser op d’Mille vun alle deenen déi soen, ëm Gottes Wëllen, d’Türkei ni an d’Europäesch Unioun eran.

Nicolas Schmit: Ech mengen, dat hei ass e seriöse Fall, dat ass e ganz konkrete Fall, hei geet et em eng Persoun, hir Sécherheet, an do muss ee vu villen anere Considératiounen Abstraktioun maachen. Deen Débat iwwer eng zukünfteg, Adhésioun vun der Türkei, déi wäit an der Zukunft läit, ass e bëssen eng aner Fro. Mir sinn eis alleguer bewosst, an ech mengen d’Türke wëssen dat och ganz genau, datt si haut net 100%teg prett sinn, wat de Rechtsstat ubelaangt, wat d’Garantien ubelaangt, wat d’Verschwanne vun der Tortur ass an der Türkei, a si wieren absolut net prett kuerzfristeg oder esouguer mëttelfristeg Member vun der Europäescher Unioun ze ginn.

Marco Goetz: Niewt Asyl an Immigratioun fällt jo d’Europapolitik an äre Ressort. Fällt dat eigentlech schwéier nieft esou engem europäesche Schwéiergewiicht wéi dem Premier Jean-Claude Juncker?

Nicolas Schmit: Nee, dat fällt net schwéier, ech mengen Europa ass e vasten Terrain, wou jidderee säi Rôle muss spillen. An ech géif esouguer soen, datt dat positiv ass, datt een e groussen, e gudden Europäer, en engagéierten Europäer als Premier huet, dee jo och unerkannt ass, datt ee kann an deem Ëmfeld schaffen. Domat hunn ech kee Problem. Jiddereen huet do säi Rôle ze spillen. Ech versichen alt mäin ze spillen esou gutt wéi ech dat kann, mä ech hunn ni d’Impressioun gehat, datt ech do erdréckt géif ginn.

Marco Goetz: D’Fro, wien d’Dréibuch schreift, stelle mir eng aner Kéier, d’Zäit leeft eis nämlech e wéineg fort, an d’Carine Lemmer huet eis zwou Noriichten erausgepickt, déi elo Lëtzebuerg an deem europäesche Kontext méi speziell interesséieren dierften.

[Reportage vum Carine Lemmer: Lëtzebuerg am europäesche Kontext]

Marco Goetz: Jo, Nicolas Schmit, knapps huet de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké op eiser Antenn dës Woch vun de grousse Méiglechkeete vun deenen neien Technologië geschwat, a schonns wëll d’europäesch Commissioun eis déi meescht ewech huelen, oder?

Nicolas Schmit: Bon, ech muss zwou Saachen dozou soen. Dat éischt ass, datt dat mech e bësse wonnert, datt elo deen Dossier vun der Commissioun do op den Dësch geluecht gëtt. D’Commissioun ass eigentlech elo am gaangen an engem gewëssene Sënn de Marché intérieur wëllen ze démanteléieren.

Mir haten eng grouss Diskussioun iwwer eng Directiv vun der europäescher Commissioun iwwer d’Servicer, iwwer de Pays d’origine. Do hu mir fonnt, datt d’Mënsche keng Wuere sinn, an datt een dofir misst natierlech de Pays d’origine am soziale Beräich e bëssen anescht ugoen. Mä de Marché intérieur ass emol fir d’éischt en Échange vu Servicer a vu Wueren, déi net direkt an d’sozialt Gefüge agräifen. An elo versicht d’Commissioun dat ëmzedréinen, wat mech e bësse wonnert, an ech mengen dat do ass och e Projet, wéi den Här Juncker och gesot huet, dee muss ganz kloer ausernee geholl ginn. An do musse mir als Lëtzebuerger eis och ganz kloer dogéint wieren.

Dat zweet ass, mir gesinn natierlech datt mir d’Zukunft vu Lëtzebuerg, datt mir d’Entwécklung, d’Wirtschaftsentwécklung vu Lëtzebuerg net kënnen op Nischen opbauen, besonnesch net op fiskalesche méi. Lëtzebuerg muss en eegene Know-how entwéckelen. An ech soen, ech ginn dem Wirtschaftsminister Recht, wann hie seet, do gëtt et grouss Perspektiven. Et gëtt grouss Perspektive wa mir kapabel sinn duerch gutt Infrastrukturen, duerch gutt ausgebilde Leit, duerch Käschtestrukturen déi favorabel sinn, esou Aktivitéite vu Lëtzebuerg aus ze bedreiwen. Dann kann dat eng ganz positiv Contributioun zu eiser Wirtschaft sinn. D’Fiskalitéit an der Zukunft geet alleng net méi duer.

Marco Goetz: Voilà d’Europapolitik ass wéi gesot eng vun äre Käeraufgaben, méi doriwwer no den Noriichte vun halwer 1.

[Noriichten vum Carin Lemmer]

Marco Goetz: Gudde Mëtteg am zweeten Deel vun eiser Emissioun Background. Invité haut ass den Nicolas Schmit, Regierungsmember an deem seng Kompetenzen och d'Europapolitik gehéiert. Nom "Neen" am Referendum iwwert d'europäesch Verfassung a Frankräich an an Holland si mir an enger Denkpaus. Nicolas Schmit, eng zimlech onspektakulär Denkpaus awer, oder täuscht déi Rou just?

Nicolas Schmit: Nee, et ass net einfach d'Leit iwwer Europa zum Denken ze bréngen, zum Diskutéieren ze bréngen. Mir probéieren dat jo och hei zu Lëtzebuerg mat verschiddene Pläng, besonnesch mat der Jugend. Mä awer och an de Medien, Dir selwer spillt jo och do e gewëssene Rôle.

Mir lancéieren elo en neie Blog wou d'Leit kënnen sech iwwer Europa hir Meenung soen, ech wëll net soen iwwer Europa ausloossen, dat wier jo negativ, mä awer hir Meenung offe soen. D'Evolutiounë kommentéieren, hir Kritiken, mä awer och déi positiv Saachen nobréngen. Ech menge, mir brauchen eng lieweg Europadebatt an déi leeft e bësse lues un. Verschidde Leit soen, et ass keng Denkpaus, et ass eng Paus vum Denken. Nee, esou schlëmm wier et net, mä mir brauche méi Neiorientéierung an Europa.

Marco Goetz: Wéi eng Bedeitung huet den Europadag dann, deen haut um Site vun der Philharmonie um Kierchbierg gefeiert gëtt?

Nicolas Schmit: Deen huet vläicht eng duebel Bedeitung. Déi éischt ass d'Leit drun ze erënneren wat Europa awer bruecht huet, wat Europa haut ass, d’Succèsë vun Europa. Vläicht ee Moment nozedenken, wat wier eise Kontinent ouni déi europäesch Integratioun? Wat sinn d'Originen dovun? Mä awer och an d'Zukunft ze kucken. Wat wëlle mir an Europa besser maachen? Wéi wëlle mir dat Europa vun der Zukunft gestalten?

De Moien ass mat de jonke Leit an der Chamber diskutéiert ginn, wat ganz interessant war. Mir wëllen déi Diskussioun och nach iwwert den Europadag ewech féieren. An dat zweet ass einfach och e bëssen e festive Charakter vun Europa. Europa soll net, an ech mierken, an de Sondagen, soen d'Leit, dat Europa ass net demokratesch genuch, et ass ze technokratesch. Mir musse vun där Visioun, där technokratescher Visioun vun Europa ewechkommen. Mir mussen d'Leit iwwerzeegen, datt si en Undeel un deem Europa kënnen huelen, datt hir Meenung zielt, an datt si och kënnen an deem Europa eppes bewierken, eppes änneren. Mir haten elo déi Experienz vun där berühmtener Bolkestein-Direktiv wou sech Saache geännert hunn, well d'Leit sech mobiliséiert hunn. An dat weist eigentlech, datt Europa vläicht e bësse manner technokratesch ginn ass haut, wéi d'Leit et nach ëmmer leider gesinn.

Marco Goetz: Wann ee sech dat wëll ukucken, da kann ee ganz bequem aus der Stad mam Bus bis bei d'Philharmonie fueren, vum Centre Hamilius aus, via de Glacis fueren nämlech gratis Busnavetten. Nicolas Schmit, fuert Dir gäre Bus?

Nicolas Schmit: Do muss ech een Ageständnis maachen, datt ech net genuch Bus fueren. Ech fueren awer heiansdo.

Marco Goetz: A fuert Dir mam Velo an Entwécklungslänner, Musék spillen a fotograféieren? Do sidd Dir paff. Lauschtert emol dat heiten.

[Reportage vum Simone Bleser iwwert d’Popularitéit vun de Politiker]

Marco Goetz: D'Simone Bleser huet déi Emfro gëschter zu Käerjeng gemaach. Representativ ass se elo natierlech net, an awer dréckt se e wéineg dat aus wat jo och am Wort-Sondage eraus komm ass, nämlech, datt eng Rei Leit Iech net kennen oder op mannst net wësse wou se Iech sollen hindoen. Wat heescht dat fir Iech?

Nicolas Schmit: Ech fannen dee Sondage ganz amusant. Et schéngt heiansdo eng Confusioun zwësche Schmit a Schiltz ze ginn. Bon, mä dee Sondage am Wort deen ass fir mech eigentlech ganz encouragant. Ech si säit annerhalwem Joer an der Politik. Ech hunn eigentlech net gefrot fir an d'Politik ze kommen, mä ech sinn dra komm.

Marco Goetz: Dir hutt awer net nee gesot.

Nicolas Schmit: Ech hunn net nee gesot. Am Endeffekt hunn ech net nee gesot. An ech si säit annerhalwem Joer dran a virdrun war ech op engem Job wou een eigentlech méi an de Kulissen agéiert.

Marco Goetz: Als Diplomat zu Bréissel.

Nicolas Schmit: Wann een Diplomat zu Bréissel ass, da steet een ni an der éischter Rei. Da schafft een an de Kulissen an ech hunn och ëmmer wëllen an de Kulisse schaffen eigentlech. Well wann der wëllt als Diplomat eng gutt Aarbecht maachen, da musst Dir an de Kulisse schaffen. Ech verstinn awer, datt wann der als Politiker schafft, do gehéiert och d'Kommunikatioun dozou, an bon, ech mengen dat huelen ech mir zu Häerz, vläicht besser ze kommunikéierne. Mä ech verstin awer och dee Sondage, déi Leit déi soen ech kennen deen net, ech jugéieren deen net. Dat ass eng ganz raisonabel Attitude. Ech fannen éischter gutt, well d'Leit een net jugéieren, well se een net kennen, wéi een einfach vu vir eran ze klasséieren oder ze jugéieren. Wéineg Leit fanne jo, datt ech eng schlecht Aarbecht maachen. Dat ass jo encouragant. Ech maachen déi Aarbecht, déi ech maachen mat beschtem Wëssen a Gewëssen. A voilà, on verra bien.

Marco Goetz: Mä an der Politik ass et esou, datt et net duer geet kompetent ze sinn. Mä wann ee wëll Politik maachen, da muss ee gewielt ginn an dofir muss ee bekannt sinn.

Nicolas Schmit: Jo, déi zwou Saache gehéieren dozou. Ech mengen et muss een éischtens Kompetenz matbréngen, esou wäit wéi méiglech op jidde Fall. Et muss ee kucken deen Job, deen een do uvertraut kritt, am Interessi vun de Leit a vum lëtzebuerger Land esou gutt wéi méiglech ze maachen. An et muss een natierlech och déi Messagen déi ee jo ze ginn huet, un d'Leit bréngen. An dat ass Demokratie. Dat ass dat wat fundamental anescht ass vun all deen aneren Joben, déi ech a menger Carrière hat, wou een sech a priori net huet iwwert deen Aspekt misse Suerge maachen. Et ass eng Erausfuerderung. Et ass eng Saach mat de Leit vill ze schwätzen an de Leit och d'Saachen no ze bréngen.

Marco Goetz: Dir sidd domat chargéiert ginn europäesch Gesetzer an déi national Legislatioun ëmzesëtzen, quitte, dat ass och näischt wou een hitparademéisseg verdächteg Popularitéit kritt. Wou ass een eigentlech drun an deem Dossier?

Nicolas Schmit: Bon, mir maache lues, menger Meenung no vill ze vill lues, Progrèsen. Dat stellt da jo d'Fro heiansdo vun eiser Administratioun, vun eiser administrativer Kapazitéit. Vläicht weist et d'Nécessitéit, de Staatsapparat weider ze reforméierne, ze moderniséieren. Ech mengen dat ass eng Aufgab déi net ofgeschloss ass. Et ass vill vu Réforme administrative geschwat ginn. Ech mengen, déi ass net wäit genuch gaang. Si ass net déif genuch gaang an dat ass eng Saach, déi och an eis Plaz an Europa eraspillt. Mir kënnen dee Rôle, mir kënnen déi europäesch Gesetzgebung nëmme geréieren wa mir ee Staatsapparat hunn dee modern funktionéiert. A wann ech Réforme administrative soen, da soen ech net Strofaktioun géint Beamten, déi maache schonn hir Aarbecht, dat ass net dee Problem, mä mir brauche méi modern Weeër fir gewësse Saachen unzegoen. Mir brauche méi einfach Weeër. D'Simplification administrative ass ee grousst Thema. Mä leider bleift dat ëmmer een Thema an et gesäit een net ëmmer esou richteg wéi déi Saachen ugepak ginn. Ech hu virdru gesot d'Zäit an der Politik, dat ass net eppes wat een onendlech huet.

Marco Goetz: Mä beim neien Immigratiounsgesetz, do schéngt Dir Iech jo awer Zäit ze loossen?

Nicolas Schmit: Nee, ech loosse mir do net esou vill Zäit. Éischtens geet et do och drëm Direktiven ëmzesëtzen, éischtens. Zweetens, en Immigratiounsgesetz dat rëselt een net einfach esou aus dem Aarm. Et muss een also kucke mat de Leit déi concernéiert sinn an och, ech géif soe, mat de Lëtzebuerger en général iwwert déi Problematik oppen a grouss ugeluecht ze diskutéieren. Well dat ass eent vun eisen zentrale Punkte fir déi nächst Joren. Mir sinn een Immigratiounsland. Dodrun ass näischt ze änneren. An eise Fortschrëtt, eis Croissance, eis Sozialsystemer, ouni Immigratioun wieren se dat net wat se haut sinn.

Mä d'Immigratioun stellt eis awer och virun aner Erausfuerderungen. Mir hu virdru vun der Schoul geschwat. Et muss een dat also global kucken. Emigratioun geet net ouni Integratioun. Mir brauchen also hei och méi eng aktiv Politik an eng Politik déi méi schnell agéiert, net nëmme reagéiert, mä och an d'Zukunft eran agéiert.

Marco Goetz: Annerhallewt Joer, esou sot Dir virdrun, sidd Dir elo aktive Politiker an der LSAP, an där Partei do sidd Dir scho ganz laang. Zanter wéini eigentlech?

Nicolas Schmit: Zënter, wann ech mech gutt erënneren, 1971. Dat heescht, ech si mat 17 Joer an d'LSAP gaang well ech ëmmer éischter e fortschrëttlechen war, awer raisonabel fortschrëttlechen.

Marco Goetz: Do sidd Dir jo awer ee bal vun deenen déngschteelste Membere sinn vun alle sozialistesche Ministeren?

Nicolas Schmit: Ech hunn déi Comparaisoun nach net gemaach. Et kann esouguer sinn, datt ech dee längste Member an der LSAP vun alle sinn, mä dat spillt jo keng Roll.

Marco Goetz: An awer heescht et heiansdo, datt Dir nach net esou dee richtege Stallgeroch vun der Partei hutt.

Nicolas Schmit: Jiddwereen huet säi Stil. Jiddwereen ass esou wéi en ass. Ech ka mech net mam Jean Asselborn vergläichen. Verschidde Leit hunn da jo gemengt ech géif och Velo fueren. Also dat mécht de Jang vill besser wéi ech. Jiddwereen huet säi Stil. An ech mengen, et soll een sech och, dat ass eng vu menge Regelen, net verlegnen. Et muss een och an der Politik sech selwer sinn. Well d'Leit gesi ganz schnell wann een eng Show mécht, wann een Theater spillt. Also, voilà. Dat ass ee vu menge Prinzipien. Ech hunn hei eigentlech keng Leçon ze kréien. Ech si laang an der LSAP an ech hu mech eigentlech och an där Partei ëmmer gutt a wuel fonnt. Och wann ech net ëmmer an der éischter Rei stung, och wann ech net ëmmer een exemplaresche Militant war.

Marco Goetz: Firwat esou fréi dat parteipolitescht Engagement?

Nicolas Schmit: Ben, et muss ee jo mol kucken. Mir hunn e bëssen d'Nowéie vun 1968, vun der Iddi d'Gesellschaft ze veränneren, d'Gesellschaft ze verbesseren. Ech hunn awer ni dru gegleewt, datt een d'Gesellschaft duerch Revolutiounen oder grouss ideologesch Prinzipien kënnt veränneren. Ech hunn eigentlech dru gedeucht, datt een d'Gesellschaft misst progressiv awer décidéiert an och mat kloren Iddien misst veränneren. An dofir sinn ech fundamental ee Sozialdemokrat, well ech mengen, datt déi sozial Dimensioun eng fundamental Dimensioun an eiser Gesellschaft ass, datt mir eng staark Kohäsioun an eiser Gesellschaft brauchen, datt d'Egalité des chances fir jiddweree muss sinn, datt jidwereen d'Chance muss hunn dee Wee ze goen fir deen e kapabel ass a muss gehollef kréien fir dee Wee ze goen. Ech sinn och e Produkt dovun. Mäi Papp war Aarbechter. Ech hat d'Chance Universitéitsstudien ze maachen. An dat ass eppes wat mir an eiser Gesellschaft mussen erhalen. D’Précarisatioun, den Ausschloss vun ëmmer méi groussen Deeler vu Leit déi net an där Gesellschaft hei mathalen, dat ass eppes wat ech perséinlech net akzeptéieren an dofir sinn ech do politesch wou ech sinn.

Marco Goetz: Wat ass elo d'Roll vum Politiker? Oder anescht gefrot, wat ass do e gudde politesche Stil?

Nicolas Schmit: E gudde politesche Stil weess ech net. E gudde politesche Stil ass mol fir d'éischt d'Problemer kloer ze analyséieren a kloer Virstellungen ze hunn wéi een un d'Problemer erugeet, wéi ee Léisunge bréngt, wéi een erëm eng Kéier an der Zäit déi Léisunge bréngt. Net alles op d'laang Bänk schieben. Kloer Virstellungen hunn a se da realiséieren. An zwar och kucke, wann ech eng Léisung fir ee Problem hunn, da muss et stëmme wat de Coût vun där Léisung ass a wat herno dobäi eraus kënnt.

Ech mengen net, datt et gutt ass - komme mer erëm op deen éischten Thema zeréck - Suen aus der Fënster ze geheien. Mir hunn eng Nordstrooss, déi essentiell fir eist Land ass, gebaut. Mä mir baue se zu finanzielle Conditioune déi einfach am Endeffekt inakzeptabel sinn, wou mir d'Land eigentlech e bëssen, e klengen Deel Zukunft hypothekéieren wann ee gesäit, datt mir elo praktesch am Endeffekt wahrscheinlech de Coût vun där Operatioun verduebelen. Dat sinn d'Zommen déi kolossal sinn, déi vläicht fir aner Politiken, fir méi déifgräifend Politiken nach felen. Verstitt mech net schlecht, ech si fir d'Nordstrooss, mä vläicht net fir déi Variant déi gewielt ginn ass.

Marco Goetz: Dir wunnt am Osten, ne?

Nicolas Schmit: Jo, mä am Osten gëtt et och - mir diskutéieren am Osten elo 15, 20 Joer iwwert ee Contournement vu Jonglënster. Dat si Saachen, déi sinn net akzeptabel. Ech ginn Iech ee Beispill, den Tram. De Lucien Lux huet déi Saach elo ugeholl. De Paräisser Buergermeeschter, de Bertrand Délanoë ass ugetruede, mengen ech, virun 3, 4 Joer a gesot, mir wëlle mat deene Gréngen, déi jo an der Koalitioun zu Paräis sinn, den Tram zu Paräis bauen.

Marco Goetz: Déi baue schonn.

Nicolas Schmit: Deen Tram gëtt gebaut a wann den Här Délanoë sech der Wiederwal stellt, da fiert den Tram zu Paräis. Mir diskutéiere 15 Joer. Dat ass net akzeptabel. D'Welt haut erlabt eis dat net. mir musse Schrëtt halen. An eng vun de Stäerkte vun engem klenge Land misst eigentlech sinn, méi einfach kënne mat esou Evolutiounë Schratt ze halen. An do mengen ech mussen d'Lëtzebuerger sech, a besonnesch d'Politiker muss ech soen, e bësse bougéieren.

Marco Goetz: Soss ass den Zuch fort. Fraktiounssekretär vun der LSAP, Staatsrot, Diplomatecarrière zu Bréissel, elo Politiker- alles dat sinn Etappen, ech hunn se vläicht duerchernee gehäit, vun Ärer Carrière. Mä wat ass de roude Fuedem? Wat verbënd se? Dee Wëllen eppes ze änneren? Oder awer esou bëssen de Goût un der Muecht?

Nicolas Schmit: Jo, ech géif soen de Wëllen eppes ze veränneren. Do gehéiert och ëmmer e bëssen de Wëllen zur Muecht dozou, well wann Der wëllt eppes veränneren an der Gesellschaft da musst Der iergendwéi Afloss hunn. Wann Dir keen Afloss hutt, da kënnt der näischt veränneren. Elo kann een den Afloss op deene verschiddenste Plazen ausüben als Fonctionnaire, als Ambassadeur zu Bréissel, als Fraktiounssekretär an am Staatsrot oder an der Politik méi direkt an der éischter Rei, do gëtt ee méi visibel.

Marco Goetz: Wat kënnt als nächst?

Nicolas Schmit: Ech hu kee Carrièreplang. Ech hunn dat net. Dat gesitt Dir jo. Meng Carrière ass zimlech erratesch. Mä et sinn zwou Saachen déi mech ëmmer faszinéiert hunn, dat eent ass den Engagement fir sozial Reformen, fir iwwerhaapt d'Gesellschaft ze reforméieren a méi engem demokrateschen a soziale Sënn. An dat anert ass déi international Dimensioun. Dat kënnt aus menge Studien hier. Ech hat ëmmer eng Passioun fir déi Problemer. Bon, ech hat d'Chance op ville Plazen kënnen un deene Saachen ze schaffen.

Marco Goetz: Virun déck annerhalwem Joer do war d'lëtzebuerger Revue bei Iech doheem fir eng sougenannten Homestory. Do muss een da vill vun sech selwer verzielen an et ginn och e bësselche méi intim Fotoe gemaach vu Famill an ech weess net wat net nach alles. Ass dat Iech schwéier gefall?

Nicolas Schmit: Jo. E bësse schonn. Ech war net dodru gewinnt. Ech hu mir et laang iwwerluecht ob ech dat iwwerhaapt géing akzeptéieren. Et ass ee grousse Changement wann een aus de Kulissen an d'Ëffentlechkeet trëtt, wann ee wirklech eng ëffentlech, och wann een net esou bekannt ass, mä trotz allem eng ëffentlech Persoun gëtt. Dat ass ee Schratt deen net esou einfach ass. An dofir war dat net esou einfach. Dir sot Famill, ech hunn zum Beispill ni akzeptéiert meng Kanner an esou ee Reportage eranzehuelen. Ech hunn iwwregens net 3 Kanner, mä 4. Mä dat soen ech där Persoun, déi awer schéngt eng Rei [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Deen huet Interessi un der Familljepolitik.

Nicolas Schmit: Jo, dat ass och ee Punkt wou ech mengen, deen hei zu Lëtzebuerg eng net idealiséiert Affär ass. Ech mengen, déi muss ee sachlech ugoen, positiv ugoen an dat kënnt net aus där Déngen eraus, mä einfach well dat och een Deel ass vun der Zukunft vun eiser Gesellschaft.

Marco Goetz: Mä Är Fra an den Hond mengen ech, dee war awer awer op de Fotoen drop.

Nicolas Schmit: Een Hond, ech mengen dat ass jo och kee Problem.

Marco Goetz: De Jean-Claude Juncker kockettéiert jo och ëmmer mat sengem schwaarzen Hond.

Nicolas Schmit: Ech hu kee rouden.

Marco Goetz: En ass wäiss, mengen ech.

Nicolas Schmit: Nee, ech hunn ee schwaarzen.

Marco Goetz: Wou léisst den Nicolas Schmit sech komplett goen? Ausser elo hoffentlech hei.

Nicolas Schmit: Wou léisst en sech komplett goen, dat ass jo eng schwéier Fro. Heiansdo doheem, an der Vakanz, wéi seet een, heiansdo wëll ech och einfach Dommheete maachen, laachen a Blödsinn maachen. Heiansdo deet dat engem gutt wann een trotz allem ëmmer e bëssen ënner Stress ass. An dat kënnt oft doheem vir, dat kënnt mat menge Kanner vir. Einfach emol de Blödmann erauszestellen. Mä dat deet gutt.

Marco Goetz: Och mat Parteikollegen?

Nicolas Schmit: Heiansdo och. Ech mengen, och an der Politik muss kënne gelaacht ginn. Och d'Politik brauch eng Dosis Humor.

Marco Goetz: Ginn et Frëndschaften an der Politik?

Nicolas Schmit: Ech mengen awer schonn. Et gëtt einfach mënschlech Beziehungen, mënschlech Lienë mat Leit mat deenen een net ëmmer d'accord ass, mat deenen een och heiansdo vläicht gewësse Rivalitéiten souguer kann ausdroen. Mä et gëtt einfach Leit mat deenen een sech gutt versteet a mat anere wou een sech manner gutt versteet. Dat geet da jo iwwer d'Parteigrenzen oft eraus. Dat heescht net ëmmer, datt een nëmme muss mat Leit aus där selwechter Partei oder aus der eegener Partei Frëndschaften hunn. Nee. Ech mengen, och déi mënschlech Beziehungen, allgemeng Relatiounen, déi sinn och eng wichteg Komponent an och vun der Kredibilitéit vun der Politik. Mir gesinn elo an engem Nopeschland wat do lass ass. Dat ass tragesch. Ech menge, wou kënnen d'Leit Politik serieux huelen wann sech hei e Kampf bal bis op d'Messer geliwwert gëtt? Dat ass net serieux, dat ass net digne fir eng Demokratie an ech mengen dat ass och eng Saach déi mir hei zu Lëtzebuerg op déi mir mussen oppassen, datt net esou Deriven géifen hei kommen.

Marco Goetz: Dann hunn ech mir soe gelooss, datt elo speziell d'18. Joerhonnert Iech interesséiert. Firwat?

Nicolas Schmit: Firwat?

Marco Goetz: Net wéinst dem Napoleon?

Nicolas Schmit: Nee. Nee, doudsécher net. Ech hu mech eigentlech ëmmer interesséiert fir d'Literatur vum 18. Joerhonnert. Ech hunn de Voltaire héich appréciéiert, e bësse wéint deem kritesche Geescht deen an deem Joerhonnert ass, an och d'Lumièren, eng gewëssen Attitude, eng nei Attitude, eng revolutionär Attitude zum Liewen, zu de Wäerter. An dat ass eppes wou ech mengen, datt mir dat mussen och an dat 21. Joerhonnert eriwwer huelen. Dat 20. Joerhonnert ass eigentlech d’Zerstéierung vun deem wat d'Lumièren, d'Aufklärung, eis bruecht huet a mir mussen d'Gesellschaft, d'Manéier wéi mir denken, d'Manéier wéi mir d'Zukunft gestalten e bëssen eis inspiréieren vun deenen déi de Wee do opgemaach hunn am 18. Joerhonnert.

Marco Goetz: Als treien Nolauschterer vun eiser Emissioun kënnt Dir Iech denken wat elo kënnt. Elo kënnt Äre Musékstitel. Wat hutt Dir matbruecht?

Nicolas Schmit: Ech hu matbruecht "Imagine" vum John Lennon aus verschiddene Grënn. E bëssen Nostalgie, wéi ëmmer, un engem seng Jugend. Den John Lennon, ee Personnage deen an der Geschicht haut steet, en à la foi amusantë Personnage, mä awer och eng tragesch Figur duerch d'Enn dat e kritt huet, an eng flott Musék, och eng Revolutioun an der Musék, iwwert d'Beatles.

Marco Goetz: Da genéisse mir se elo einfach.

Dernière mise à jour