Jean-Claude Juncker au sujet du débat autour de la Constitution européenne

Frank Kuffer : Et gëtt erëm méi an der Ëffentlechkeet iwwert d’europäesch Verfassung, déi jo net méi esou soll heeschen, geschwat. D’Ausseministeren hun dat de Weekend gemaach, de Grondvertrag oder wéi en och heescht, ass ee Punkt um Ordre du jour um Sommet an 2 Wochen. De lëtzebuerger Staatsminister ass de Moment zu Bréissel. Do hat de Jean-Claude Juncker als President vum Eurogroupe gëschter eng Entrevue mam neien italienesche Premier Romano Prodi.

An de Premier ass dann elo och um Telefon. Gudde Moien, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker : Gudde Moien.

Frank Kuffer : Op den Agencen heescht et, de Romano Prodi wier fir eng Neiverhandlung vum Verfassungstext. D’Constitutioun wéi mir se also gestëmmt hun soll doud sinn. Do sidd Der jo bestemmt awer net matt him op enger Linn. Hutt Der dem Här Prodi dat gesot ?

Jean-Claude Juncker : Den Här Prodi huet gesot, wann sech géif erausstellen, datt deen aktuellen Text déi ganz Streck net géif packen well d’Fransousen an d’Hollänner net bereed wieren nach eng Kéier iwwert deen Text ze stëmmen, da misst ee kucken wat fir Amenagementer datt ee kéint fannen, fir datt een een neien Text kéint an eng Form kréien, datt een en esou kéint virleeën, datt en an deene Länner wou de Vertrag ratifizéiert ass, net brauch nei ofgestemmt ze ginn, an fir datt, déi virdrun Nee gesot hun, deem Text kennen hier Zoustëmmung ginn.

Do geet et am wiesentlechen drëm, deem Vertrag, dee mir per Referendum ugeholl hunn, e Sozialprotokoll bäizeginn, eng Reih vun erklärenden Ergänzungen ze maachen an eventuell iwwert den Numm nozedenken, wéi ech dat selwer virun e puer Deeg virgeschloen hunn andeem ech gesot hunn, dat misst jo net onbedengt Verfassung heeschen well dat d’Leit e bëssen duercherneen brengt, well se dat fir een nationalt Konzept halen, mä datt een dat eventuell och kéint europäesche Grondvertrag nennen. Mä mir sinn eis eens an Iddee, datt déi Länner, déi ratifizéiert hunn, net nach eng Kéier brauchen ze ratifizéiren.

Frank Kuffer : Dat heescht, wann deen Text dann awer géif geännert ginn, dann hätte Länner wéi Lëtzebuergawer fir eppes gestëmmt wat net méi grad esou ass ?

Jean-Claude Juncker : Et geet drëm fir déi Substanz, déi an deem Text dee gestëmmt ginn ass, ze halen. Wat d’Lëtzebuerger per Referendum gutt geheescht hunn, a fir de Fall wou et géif zu Amenagementer kommen, missten déi esou sinn, datt näischt, do wouzou d’Lëtzebuerger hiren Accord ginn hunn, a Fro gestallt wier.

Frank Kuffer : Hutt Dir och en Zäitplang am Kapp wéi et elo kéint weidergoen ? D’Ausseministeren hu jo elo e bëssen geschwat wéi wann bis 2009 kéint eppes geschéihen. Wéi gesäit dat fir Iech aus ?

Jean-Claude Juncker : Deen Zäithorizont, dee mir selwer genannt hunn, hätte mer gären, wann dat nächst europäescht Parlamanet gewielt an déi nächst europäesche Commissioun en place gesat gëtt, datt déi musse kënnen op Grond vun deem a senger Substanz net verännertem neie Vertrag schaffen.

Frank Kuffer : Dir hutt awer och, a vläicht virun allem, mam Romano Prodi iwwert déi budgetär Situatioun an Italien geschwat. Italien kéint dëst Joer en Defizit vu ronn 4,5% vum PIB maachen. Wéi et schéngt wéilt de Romano Prodi nach ee Sursis bis 2008 ufroen. Kënnt Der dat confirméiren oder hutt Der em e béise Fanger gemaach ?

Jean-Claude Juncker : Ech hun den Här Prodi eng Woch virun den italienesche Walen gesinn fir en op déi dramatesch Finanzsituatioun vun den italienesche Finanzen opmierksam ze maachen, wat deen awer och wosst. En huet net mech gebraucht fir dat z’entdecken. An ech hun em gëschter nach eng Kéier duergestallt, datt d’Erwaardung vun den Eurofinanzministeren déi ass, datt Italien an de Joeren 2006 an 2007 zu enger struktureller Defizitberéngegung vun 1,6% vum italienesche PIB kennt. An en huet net gefrot fir nach e weidert Joer ze kréien fir bis dohinner ze kommen.

Mir waren eis driwwer eens, datt an dësem Joer, am Laf vun den nächste Joeren grouss Ustrengunge musse gemaach ginn, nämlech an der Héicht vun 1,6% vum PIB, fir d’Situatioun ze beréngegen an domat ënnert déi 3%-Grenz ze kommen. Dat ass dat woumat Italien am Wuert steet. Dës Regierung muss d’Engagementer vun der läschter italienescher Regierung Berlusconi weiderféiren. Da gesi mer um Enn vum Joer 2007 op se dat gepackt hunn. Mä den Drock op Italien ass grouss fir dat ze maachen woumat Italien am Wuert steet.

Frank Kuffer : Här Staatsminister, villmols Merci,datt Der Iech de Moien Zäit geholl hutt.

Jean-Claude Juncker : Merci och.

Dernière mise à jour