Jean Asselborn au sujet de la réunion informelle sur l'avenir de l'Europe

Frank Kuffer : Et war zwar nëmmen eng informell Reunioun, mä et goung wéi et am Ordre du jour geheescht huete, em net manner wéi em d’Zukunft vun Europa wéi déi europäesch Ausseministere sech gëschter a virgëschter zu Klosterneuburg bei Wien gesinn hunn. D’Zukunft vun der Unioun, dozou soll och eng europäesch Verfassung gehéiren, deen Text iwwert dee virun engem Joer ganz vill, lo awer ëmmer manner geschwat gouf, war den Haaptsujet gëscht. A wat d’Ausseminister dann elo do decidéiert hunn, dat hu mer de lëtzebuerger Ausseminister viru Minutten gefrot. Eng definitiv Léisung wier net fonnt ginn, mä et wieren awer kloer Zeeche gesat ginn, seet de Jean Asselborn.

Jean Asselborn: Fir d’lëtzebuerger Regierung hun ech dräi Punkte gesot. Éischte Punkt, et muss natierlech de politesche Wëlle bestoen fir bis zu den Europawalen 2009 e Basisvertrag ze hunn, deen d’Funktionnement, d’Strukturen, d’Wäerter an och d’Ziler vun der Europäescher Unioun soll festhalen. Fir Lëtzebuerg kann dat jo nëmmen deen Text sinn, deen am Juli 2005 duerch Referendum ugeholl ginn ass.

Zweete Punkt, et muss e Fahrplan opgestall ginn, fir op dat Zil 2009 ze kommen. An do ass déi éischt wichteg Etapp ass de Juni 2006, lo am Conseil européen. An do kann een direkt oder indirekt, wéi een dat wëllt, dee politesche Wëllen och do undeiten.

Drëtte Punkt, déi finnesch Présidence déi elo kennt, déi däitsch 2007, an dann déi portugiesesch am zweete Semester 2007, mussen enk zesumme schaffen. E wichtege Punkt gëtt natierlech de Juni 2007, kuerz no de Walen a Frankräich an an Holland. Wéi een lo an der Substanz do weiderkennt, ass haut ze fréi fir doriwwer ze schwetzen, wéi een et mécht fir d’Hollänner a fir d’Fransousen, fir deenen ze hëllefen, fir dann och deene siwe läschten Impulser ze ginn, ze hëllefen, dat ass eng Fro déi dee Moment muss tranchéiert ginn. Mä d’Iddie leien awer um Dësch, zum Beispill muss an der Soziapolitik e kloeren Accent kenne gesat ginn. D’Form, wann een dat wëllt maache, fënnt een doudsécher.

Frank Kuffer : D’Verfassung soll och net méi Verfassung heeschen, dat hat de Staatsminister Jean-Claude Juncker scho gesot. An och do goufen sech Gedanke gemaach, seet den Ausseminister Jean Asselborn.

Jean Asselborn : Also, et muss ee soen, datt dat an der Perceptioun virun allem an deene Länner déi nach net ofgestëmmt hunn, eng gewësse Wichtegkeet huet. Wann ee sech kéint verstännege op, wéi déi Däitsch soen, e Grondvertrag fir d’Fonktionnement, fir d’Strukturen, fir d’Wäerter vun der Europäescher Unioun – op lëtzebuergesch musse mer net méi onbedengt do e Wuert do sichen well mer jo den Traité constitutionnel acceptéiert hei hunn – mä en europäesche Basisvertrag, no de Verträg vu Roum, muss och do an der Terminologie kënnen fonnt ginn.

Frank Kuffer : Bis Enn Juni dierften 16 Länner de Vertrag ugeholl hunn, a Finland gëtt den Text den nächste Mount vum Parlament ratifizéiert. Da si mer bei 16 mol Jo, an zweemol Nee.

Dernière mise à jour