Le ministre de l'Économie et du Commerce extérieur, Jeannot Krecké, au sujet du projet de fusion entre Arcelor et Mittal Steel

Guy Weber: Mä nieft mer begréissen ech elo de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké. Här Krecké, wat bedeit dat do da fir Lëtzebuerg wann Arcelor a Mittal sech elo bestueden?

Jeannot Krecké: Dann ass dat komm wat mer u sech vum Verwaltungsrot eis erwaart hunn, nämlech e sollt Arcelor maximal valoriséieren an där Operatioun an e soll virun allem och kucken, datt Lëtzebuerger Interesse géinge gewahrt bleiwen. An ech mengen, wann d’Actionnairen an och d’Autoritéiten dat do unhuelen, wouvun ech mol ausginn, da mengen ech ass dat do ee ganz wichtegen Dag fir Lëtzebuerg.

Guy Weber: Bleift de Sëtz zu Lëtzebuerg?

Jeannot Krecké: De Sëtz bleift zu Lëtzebuerg. An och wa mir net vill geschwat hu mat der Press an deene leschte 5 Méint, da musst Dir wëssen, datt d’Lëtzebuerger Regierung sech aktiv ageklinkt huet an all déi Diskussiounen. Mir hunn eis eegen Opfaassung wéi d’Lëtzebuerger Interesse selbstverständlech musse vertruede ginn an dofir hu mir mat all deene Partner, déi do a Fro komm sinn, permanent Gespréicher gehat a mir haten och permanent Gespréicher notamment mam Lakshmi Mittal, deen ech perséinlech e puermol gesinn hunn a mat deem ech och wéi laang geschwat hunn, fir och ze kucken, him ze verstoen ze ginn, wann en - zu engem Zäitpunkt wou et also nach net esou wäit war - mä wann e géing hei iwwerhuelen, datt e wéisst, datt mir eng Tripartite hätten, datt e wéisst wéi mir op eis Sitten halen, datt e wéisst, datt mir 6500 Leit hei schaffen hunn, datt mer dorop halen an datt mer virun allem och eng Präsenz am Verwaltungsrot gär hätten, déi ugemiessen ass a mir hunn e gefrot, datt 2 Sëtzer fir Lëtzebuerger Vertrieder, onofhängeg vun de Salariatsvertrieder misste reservéiert ginn. A mir hunn ëm och explizéiert, datt mir hei anescht fonktionnéieren, an ee Modell Arcelor an ee Modell Lëtzebuerg, datt do d’Salariatsvertrieder eppes ze soen hunn. Ech mengen déi Saachen hu mer alleguerten him kënnen erklären an en huet sech och bereet erkläert dat do anzehale wat Lëtzebuerg ubelaangt. Ech sinn och iwwerzeegt, datt en dat mécht.

Guy Weber: Bei grousse Fusiounen ass et normalerweis ëmmer esou, datt och Plazen ofgebaut ginn. Wéi eng Garantien hutt Dir da wierklech, datt et och dobäi bleift, vläit net kuerzfristeg, mä och mëttelfristeg, datt déi Plazen och zu Lëtzebuerg géifen erhale bleiwen?

Jeannot Krecké: Also mol éischtens gëtt et seng Verspriechen, déi hunn ech ganz kloer. An zweetens, mengen ech, sinn eis Sitten an eis Produktiounsinstrumenter an och eis héichqualifizéiert Leit, mengen ech, Garant dofir, datt et net bei eis ass wou se ofbauen. Ech mengen, esou domm ass keen, datt en dat am Moment mécht. Ech menge Mittal Steel huet eng ganz Rei Sitten nach déi restrukturéiert musse ginn ier et iergendwéi u Lëtzebuerg kënnt. Mä mir hu jo Accorden hei mat Arcelor ofgeschloss gehat, Lux-2006, an dorun hält e sech.

Guy Weber: Virun engem Mount huet et nach geheescht, datt Arcelor de wäisse Ritter, wéi et do geheescht huet, fonnt hätt an zwar fir mat de Russe vu Severstal zesummen ze goen. Wéi kënnt Arcleor dann aus deem Deal do eraus?

Jeannot Krecké: Also, dat kann ech Iech elo net soen. Ech menge si hu laang doriwwer geschwat. Ech muss soen, och e Severstal Modell ass ee Modell dee säi Mérite hat an deen eng industriell Logik hat, déi der Lëtzebuerger Regierung och gefall huet. Dat muss een esou gesinn. Et war net nëmmen, datt et eng Saach gouf déi eis interesséiert huet. De Severstal Modell war och gutt. Den Ausschlag schéngt hei ginn ze hunn, vu datt et d’Actionnairë sinn déi herno décidéieren, schéngen d’Suen ze sinn, déi elo de Lakshmi Mittal nach eng Kéier dropgeluecht huet. A wann een dovun ausgeet, da mengen ech wäerten d’Actionnairen och dee Wee do goen, mä de russesche Modell deen hat seng Méritten an en hat och seng Logik. Seng Logique industrielle, déi war ganz gutt.

Guy Weber: Viru 5 Méint hat een nach den Androck, datt de gréissten deemolegen Eenzelactionnaire, de Lëtzebuerger Staat, net esou fir Mittal wär. Wat huet dann elo beemol den Ausschlag ginn, datt och een vun deene gréissten Eenzelactionnairen, de Lëtzebuerger Staat da mat Mittal ka liewen?

Jeannot Krecké: Éischtens war et onfrëndlech vun him dat ze maachen, ouni mat eis ze schwätzen. Mëttlerweil, duerch déi Recommandatioun, gëtt dat do jo eng frëndlech Iwwernahm oder Fusioun, well mir schwätzen haut vun enger Fusioun. Zweetens huet Mittal Steel total een anere Projet virgeluecht. Et dierf een net vergiessen, datt en um Niveau wat een nennt "corporate governance" weist, wéi ee matenaner ëmgeet, wéi een déi Firma féiert, datt en op de Modell Arcelor ageschweift ass an datt en dee Modell elo akzeptéiert. Ech mengen dat ass scho vill wat geännert huet. An dann dobäi kënnt eben, datt en och nach méi Geld op den Dësch geluecht huet, dann ass dat hei elo fir d’Lëtzebuerger Regierung och akzeptabel.

Guy Weber: Merci fir dës Präzisiounen. An domadder gi mer aus der Neier Avenue zréck op de Kierchbierg an ech sinn iwwerzeegt, datt mer an deenen nächsten Deeg nach vill iwwert Arcelor-Mittal, dat Bestiedns wäerte schwätzen.

Dernière mise à jour