Jean Asselborn au sujet de la situation actuelle au Proche-Orient

Caroline Mart: Mir begréissen elo de Lëtzebuerger Ausseminister, Jean Asselborn. Gudden Owend.

Jean Asselborn: Gudden Owend.

Caroline Mart: Dir kommt elo just vu Bréissel wou der Krisesëtzung mat den Homologen hat, also d'EU-Diplomatiechefen souzen zesummen. Wat, ausser gutt gemengten Appeller mat der Gewalt opzehalen, ass da konkret decidéiert ginn?

Jean Asselborn: Et däerf ee sech net virmaachen, datt d'EU et fäerdeg bréngt fir eng Maschinn ze huele fir dat do alles ze stoppen. Mä mir ware kloer. Ech mengen, dat ass eist Zil gewiescht. Fir d'éischt soe mir, datt wirklich d'Hostilitéite musse gestoppt ginn. Da soe mir, datt d'Responsabel vun deem Declanchement d'Hizbollah ass, datt déi mussen ophalen domat. Mir soen och ganz kloer, datt dat wat Israel mécht, disproportionéiert ass an och net dozou bäidréit, datt déi Spiral sech nohanne verréckelt. Ech mengen, dat waren déi grouss Axen vun eiser Declaratioun déi mir gemaach hunn.

Caroline Mart: Gi weider Friddenstruppen am Nohen Oste stationéiert?

Jean Asselborn: Dat ass eng UNO-Propositioun déi eventuell gemaach gëtt vum Kofi Annan. De Kofi Annan ass muer zu Bréissel. Ech menge, fir d'alleréischt misst da gekuckt ginn wien de Mandat kritt fir déi Parteien erëm un een Dësch ze kréien a fir dann ze kucken, wéi kann een declenchéieren, datt erëm matenee geschwat gëtt. An d'Friddenstruppen géifen dann do duerno kommen.

Caroline Mart: Wien misst dann hei d'Vermëttlerroll iwwerhuelen - eng kredibel Vermëttlerroll, déi vu béide Säiten akzeptéiert gëtt?

Jean Asselborn: Dat wat op der Hand leit ass d'Quartett. Dir west, wat d'Quartett ass, dat ass Amerika, Russland, d'EU an d'Nations Unies. Ech wonnere mech, datt um G8 net vum Quartett geschwat gin ass. Hannendrun kënnt dat, wat op der Hand läit. All déi Länner si Member vun der Nations Unies. Also misst et d'UNO sinn déi och kann dann ee Prozess declenchéieren an och Mëttelen dozou kréien.

Caroline Mart: Dir sot, Waffestëllstand ass ee Prealabel. Et ass kloer, datt keng Zivilisten méi stierwen. Op där anerer Säit, seet Är Homologin d'Condoleezza Rice, d'US-Ausseministesch, dat wier dat falscht Signal an d'USA géing vehement d'Recht vun Israel op Selbstverteidigung ënnerstëtzen. Dat kléngt jo awer no: maacht wieder, bis datt d'Terroriste geschloen hun, an der Tëschenzäit stierwen d'Zivilisten.

Jean Asselborn: Dat ass just net d'Positioun vun den Europäeschen Ausseministeren. Ech si frou driwwer, ech hu mech och dofir agesat mat verschidden anerer, datt dat soll kloer ginn. Et muss een d'Gewalt de Moment ouni Bedéngunge kënnen ophéieren. Wann een et net fäerdeg bréngt als europäesch Ausseministeren dat ze soen, dann ass een net kredibel. Ech mengen dat ass ee Punkt, ee ganz wichtege Punkt an eiser Declaratioun wou mir eis differenzéieren vun den Amerikaner. D'Amerikaner hunn och eng Positioun vis-à-vis vun Israel déi ganz ambiguë ass. Si soen engersäits, Israel huet Recht op Selbstverteidigung a fir seng Sécherheet ze suergen. Et ass och richteg. An da kënnt jo hannendrun dee Saz vum Präsident Bush, dee seet awer d'Konsequenzen dovunner muss Israel kënnen droen. Do gesäit een déi ganz Ambiguitéit vun der amerikanescher Positioun. Ech si frou, datt d'Europäer méi kloer doranner sinn a soen ouni Virbedingunge mussen alleguerten déi Militäraktivitéite gestoppt ginn.

Caroline Mart: Eng aner Suerg vun den europäeschen Ausseministeren ass am Moment hir Leit ze rapatriéieren. Dausende vu Mënsche flüchten aus dem Libanon. Wéi ass et mat Lëtzebuerger? Wéivill ginn et der op der Plaz a wat maacht Dir fir se zeréckzekréien?

Jean Asselborn: Also, mir hunn 21 Leit op der Plaz. Dat si 7 Familljen, zwou vun deene Familjen a 7 Leit dovunner sinn elo schonn erëm. Et bleiwen also 5 Familjen mat 14 Leit do. Mir hunn eng ganz gutt Kooperatioun mat de Belsch, ech muss de Belsch och op dëser Plaz e grousse Merci ausdrécken. Mir hunn déi Leit alleguerte gemellt an de Krisenzentrum zu Bréissel. Et ass esou, datt mir alleguerten d'Adressen hunn vun deene Leit, mir sinn och am Kontakt mat de Familjen hei zu Lëtzebuerg. Déi Leit, déi sinn zu Beirut oder op anere Plazen am Libanon. Mir hu mat de Belsch och elo ofgemaach, haut den Owend geet dat éischt Schëff fort vu Beirut an Zypern wou d'Leit da vun do zeréck gefouert ginn. D'Belsch hunn hir Quota vu 60 Leit pro Fahrt. A si hunn eis och versprach dat geet no enger Prioritéitslëscht, datt d'Lëtzebuerger Familjen do matconsideréiert ginn an ech hoffen, datt dat kann an deenen éischten Deeg da geschéien.

Caroline Mart: Jean Asselborn, ech soe Merci fir de Besuch am Studio.

Jean Asselborn: Merci och.

Dernière mise à jour