Jean-Claude Juncker au sujet du traité constitutionnel

André Dübbers: E konkret Resultat kann ee sech vun der däitscher Présidence d’nächst Joer net erwaarden. Éischter sollen déi Däitsch Denkustéiss ginn. Den Ament wier een an enger Phas wou ee misst ofwaarden, seet de Premier- a Staatsminister Jean-Claude Juncker. Am November wielen d’Hollänner en neit Parlament, duerno ginn d’Fransousen an déi legislativ Walen, an an d’Presidentiellen. Eent ass awer elo scho kloer, d’Hollänner wéi d’Fransouse wäerten den aktuellen Text och dann net akzeptéieren. Op däer anerer Säit huet awer d’Majoritéit vun de Länner den Text scho ratifizéiert.

Jean-Claude Juncker: Woubäi sécher ass fir déi, déi ratifizéiert hunn, besonnesch fir d’Spuenier a fir d’Lëtzebuerger, déi iwwer Referendum gemaach hunn, datt kee Substanzverloscht a Kaf geholl gëtt. Falls een neien Text sollt élaboréiert ginn, een neien Text muss zu engem aussergewéinlech héije Prozentsaz an an de wiesentleche Punkten deen ale sinn, fir datt d’Spuenier an d’Lëtzebuerger zum Beispill mat engem neien Text kënnen d’accord sinn.

André Dübbers: Den éisterräichesche Kanzler Schüssel proposéiert Elementer am Text ze änneren, ouni un d’Substanz ze goen. Fir de Jean-Claude Juncker heescht dat, de Leit besser ze vermëttele wat den Text wëllt erreechen.

Jean-Claude Juncker: Zum Beispill wat d’Sozialpolitik ubelaangt, wou jo d’europäesch Politik a mengen Aen éischter ënnerentwéckelt wéi iwwerzunn ass. Zum Beispill an der Fro wat dat eigentlech heescht, datt d’Europäesch Unioun sech eng Verfassung gëtt, däitlech maachen, datt dee Vertrag, dee sech Verfassung nennt, dee sech ni hätt dierfen esou nennen, mä en nennt sech elo awer esou, datt dee kann ofgeännert gi wéi all déi aner Verträg déi mir an Europa hunn, datt deen net méi helleg ass wéi iergendeen anere Vertrag. Datt dat, wat an deem kontestéierten drëtten Deel, do wou déi aktuell Politike vun der Europäescher Unioun beschriwwe sinn, steet, näischt ass wat une fois pour toutes wouer wier, mä wat och ka geännert ginn.

André Dübbers: Et misst een den Text besser erklären, ännere kéint een den Text awer net.

Jean-Claude Juncker: A wann ee villes ännere geet, da verléiert een erëm de Konsens vun de Memberstaten, esouwäit wéi se politesch un deem Prozess bedeelegt sinn.

André Dübbers: Och d’Fransousen an d’Hollänner kéinten dat net fuerderen. Grad esou wéi den Text vun deene Länner déi scho ratifizéiert hunn, net nach eng Kéier ratifizéiert wäert ginn.

Jean-Claude Juncker: Dat hängt dovun of wat do dra steet, mä mir hunn däitlech gemaach, wéi d’Spuenier iwwregens och, a wéi vill aner Länner och, datt mir eis net kënne virstellen, datt mir nach eng Kéier missten deen Text an eng nei Ratifikatiounsprozedur ginn. An dofir ass de Kanal an deen dat neit Vertragswaasser lafe kann, een deen net ganz breet ass, well dat wat déi eng gären hätten, gëtt vun deenen aneren ofgeleent, an déi, déi ratifizéiert hunn a soen, majo d’Majoritéit vun der europäescher Bevëlkerung déi ratifizéiert huet, déi wëllen net nach eng Kéier ratifizéieren. Dat weist gläichzäiteg den enke Spillraum, dee Fransousen an Hollänner a vläicht anerer hätten, géife se nei inhaltlech Fuerderunge stellen.

André Dübbers: Den Datum fir déi europäesch Constitutioun heescht 2009, dem Joer vun den Europawalen, a wann déi europäesch Kommissioun nei gewielt gëtt. De Jean-Claude Juncker ass hei Realist, an hält den Datum éischter fir Illusioun.

Dernière mise à jour