Le ministre de la Santé, Mars Di Bartolomeo, au sujet de l'entrée en vigueur de la loi relative à la lutte antitabac

Mars Di Bartolomeo: Mir hunn all Dispositioune geholl, fir datt et den 5. September kann a Kraaft trieden. De Projet, nodeem e vun der Chamber gestëmmt ginn ass, ass säin normale Wee gelaf, dat heescht, d’Ënnerschrëfte vun deenen zoustännege Ministeren, dann an de Ministère d’État an da bei de Grand-Duc fir d’Ënnerschrëft. Well mir awer net wollten d’Leit an der Onsécherheet loossen, datt et kéint elo den 20. oder den 25. August oder den 1. September a Kraaft trieden, si mir eis eens ginn, datt nodeem d’Prozedur duerchgelaf ass, den Text soll den 1. September publizéiert ginn am Mémorial. Dat géif heeschen deemno, datt d’Gesetz den 5. September a Kraaft ass.

Carole Schimmer: Dat gelt dann och fir d’Restauranten. Do muss jo awer och nach e Règlement Grand-Ducal Detailer präziséieren, wéi dat soll ëmgesat ginn.

Mars Di Bartolomeo: Selbstverständlech. Et ass jo esou, datt d’Restauranten och emol mussen d’Demandë maachen. Datt de Conseil d’État jo ganz kloer Regele festgehalen huet, fir déi Ausnahmefäll wou d’Fumoire kënnen etabléiert ginn, solle geregelt ginn.

Et ass allerdéngs esou, datt déi betraffe Betriber elo scho kënnen Demande maachen, datt eis Servicer am gaange sinn déi Reglementatioun iwwer déi Espaces fumeurs déi net dierfen iwwer ¼ vum Restaurant erausgoen, ze finaliséieren. Wann een da kuckt, wat ee vun Instruktiounszäit , vun Demandezäit brauch, dann ass dat u sech net dee Problem, wou Eenzelner elo wëllen doraus maachen.

Ech wëll nach eng Kéier insistéieren, datt dat Gesetz selbstverständlech operationell ass, wann et a Kraaft trëtt. A wann een esou mécht, wéi wann nach vill Reglementer géingen ausstoen, et sinn eigentlech 2 Reglementer, déi ausstinn. Dat eent, fir Procès verbaux, dat heescht, déi kleng Strofen, déi direkt kënne verhaange gi bei méi klenge Vergehen, mä do ass de Projet de règlement fäerdeg. Dee geet elo bei de Conseil d’État fir Begutachtung. An dat ass dee Règlement Grand-Ducal deen d’Entlüftungsanlagen an de séparéierten Espacen an de Restaurante soll regelen. Alleguer déi aner Saache sinn operationell. Selbstverständlech och déi méi grouss Strofbestëmmunge bei méi schlëmme Vergehen. Mir wäerte mat de Reglementer och zimlech no bei der Akraaftsetzung vum Gesetz prett sinn.

Carole Schimmer: Dir hutt et gesot, d’Fumoiren, dat heescht, déi Espace wou een nach dierf fëmmen an de Restauranten, do wäert eng Entlüftung mussen installéiert ginn. D’Installateure sinn awer elo am Congé. Wéi kënnen d’Restauranten sech an der Praxis do drun halen?

Mars Di Bartolomeo: Majo, et muss ee ganz kloer soen, datt wa keng Autorisatioun do ass, fir esou Séparéën, an et ass eng Autorisatioun en bonne et due Forme vum Gesondheetsminister noutwenneg, datt dann d’Restauranten non-fumeurs sinn. Dat heescht, dat Gesetz ass ganz kloer. An eréischt dann, wann d’Autorisatiounen do sinn, wann d’Transformatiounen do sinn, wann déi Piècen hermetesch ofgeschloss sinn, da kënne se gebraucht ginn. Also, nach eng Kéier Kloertext geschwat. Wa keng Autorisatioun do ass fir eng Pièce séparée, dann ass de gesamte Restaurant non-fumeurs.

Carole Schimmer: Esou de Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo.

Dernière mise à jour