La ministre de la Famille et de l'Intégration, ministre de l'Égalité des chances, Marie-Josée Jacobs, invitée de l'émission Background sur RTL Radio

Marc Linster: Invitée am Background ass wéi gesot d’Ministesch Marie-Josée Jacobs. Madame Jacobs, et ass gewosst, Dir schafft a wunnt - op mannst d’Woch iwwer - zanter Joren an der Stad. Dir faalt awer, ënnert anerem, och doduercher op, datt Dir konsequent am ëffentlechen Débat Äre Maarnecher Platt schwätzt. Firwat haalt Dir un Ärem Dialekt fest? Ass dat fir Iech ee Stéck Heemecht z’erhalen oder ass et aus Sympathie fir Är Wieler aus dem Norden?

Marie-Josée Jacobs: Also wann een aus enger Géigend kënnt wéi bei eis do uewen, do géing kee verstoen, an esoulaang wéi meng Eltere gelieft hu ganz sécher net, an och meng Frënn an och meng Famill, déi géingen net verstoen, wann ech bemol géing ufänke Stater ze schwätzen. Et ass och ee Stéck vu menger Heemecht, well wann Dir mech frot, wou bass de oder vu wou bass de oder wou geess de, da soen ech ech ginn heem, an dann ass dat fir op Maarnech gemengt. Et ass also ee Stéck vun deem wou ech wierklech drun hänken. Op där anerer Säit fannen ech awer och, datt et jo och zu eiser Vielfalt vum Lëtzebuerger Land bäidréit, esou wéi och d’Octavie Modert d’Museler schwätzt an anerer Veianener oder Iechternaacher geschwat hunn, fannen ech, datt et och wichteg ass, datt een dat soll viru kultivéieren, fir net datt bemol am Lëtzebuerger Land all Mënsch nëmme méi nach Mëttellëtzebuergesch schwätzt.

Marc Linster: Gesidd Dir Iech dann och ieren als Gewësse vum Éislek an der Regierung?

Marie-Josée Jacobs: Ech mengen, datt ee jo, wann een alleng aus enger Regioun an der Regierung ass, huet ee selbstverständlech jo eng aner Responsabilitéit wéi wann een zu méi do ass, mä op där anerer Säit geet et jo net esou, datt do elo eng Regioun géint déi aner géing ausgespillt ginn. Et komme vläicht zoufälleg mol an engem Moment méi Projeten op déi eng Regioun zou, wann ech elo zum Beispill un Esch denken oder un d’Frichen. Mä et ass awer net, datt een do misst elo fäerten, datt ee géing soen, hei elo gëtt déi eng oder déi aner Regioun systematesch do an dëser Regierung vernoléissegt.

Marc Linster: Dat heescht, Dir denkt net systematesch bei all Projet iwwert deen Dir am Regierungrot diskutéiert, wat bréngt dat de Leit am Norden?

Marie-Josée Jacobs: Nee, esou kann een net denken, well soss mengen ech kann een och net schaffen.

Marc Linster: Marie-Josée Jacobs, wat sot Dir Iech, wann Dir dës ironesch-kritesch Iwwerleeungen héiert? Oh mei, allzevill hu mer a Saache Famill a Fraen dach nach net zu Lëtzebuerg realiséiert, oder ech hunn zwar schonn deen een oder deen aneren Akzent gesat, mä ech hunn awer nach du pain sur la planche?

Marie-Josée Jacobs: Also ouni Zweifel bleift du pain sur la planche. Wann ee gesäit, datt mer wierklech laang Joren awer de Modell zu Lëtzebuerg haten, ebe just vun de Pappen, déi schaffe gaange sinn an de Mammen déi doheem bloufen, dat hat natierlech och domat ze dunn, datt mer an engem Land wore wou relativ gutt verdingt gouf a wou d’Leit sech konnten dat erlabe fir mat enger Pei ze liewen. Mir gesinn awer haut, datt Meedercher déi gutt Ausbildunge maachen, déi och wëllen an ee Beruff goen, datt dat natierlech och gewiesselt huet. Mir sinn am gaang ganz grouss Efforten ze maachen an och dëser Regierung, an der leschter hu mer ugefaange mol d’Gemengen z’ënnerstëtzen dofir fir och ze hëllefen, dat wat mer haut nennen d’Maisons relais, wat den Accueil haaptsächlech vun de Kanner ass déi an d’Schoul ginn, dat heescht vun 3 Joer un, systematesch anzeféieren.

An ech muss Iech soen, et wor net ëmmer einfach an deene leschten 3 Joer wann een doriwwer geschwat huet, well ëmmer an der Politik, esougutt an der grousser Politik wéi och an der Kommunalpolitik, d’Leit eigentlech dat guer net als eng Prioritéit fonnt hunn. Dofir also hu mer misse vill Iwwerzeegungsaarbecht maachen. Ech gesinn awer haut, datt dat sech wierklech gewandelt huet an datt ëmmer méi Gemengen och kommen, fir ze froen an ze soen, hei mir hätten och gäre bei eis Structures d’accueil déi géifen opgoen. An ech denken och, datt mer ee Modell mat de Maisons relais hunn, op där anerer Säit och d’Crèchen, wou mer dann och kënne wierklech den Eltere méi flexibel Angeboter maachen.

Dat ass dat eent. Op där anerer Säit hu mer elo de Projet de loi an der Chamber déposéiert iwwert d’Dageselteren, wat bis haut zu Lëtzebuerg net geregelt wor a wou mer wëlle probéiere wierklech och Réseauen ze maachen, datt ee mat deenen engen - wann zum Besipill d’Dagesmamm krank ass, datt d’Kanner da kënnen an d’Maison relais goen. Wann an der Maison relais ee Kand krank ass, kucke wéi kann een dat da bei der Dagesmamm versuergt kréien, ouni datt dann awer ëmmer erëm mussen, an dat och am Regelfall, d’Mamme sech dann entweder krankmelden oder fräi huelen fir nom Kand ze kucken.

Also do ass ewell ee Konzept do hannendru fir ze soen, hei hätte mer wierklech gären, datt mer den Elteren op där enger Säit net hir Responsabilitéit ewechhuelen - dat wëll ech wierklech net maachen, well d’Eltere sinn ëmmer nach déi éischt déi zoustänneg bleiwe fir d’Erzéiung vun hire Kanner - mä awer op deenen anere Plaze awer och déi Méiglechkeete ginn, fir datt se kënne liewen. A mir gesinn och an där Welt an där mer liewen, wou ëmmer méi flexibel Aarbechtszäiten do sinn, geet et och net duer fir ze soen, mir maachen een Angebot dat geet vu mueres aacht bis owes sechs. Dat ass keng Hëllef fir eng ganz Partie vun Elteren. Da gesi mer déi laang Vakanzen déi do sinn, wou och zwee Leit déi schaffe ginn oder een Alleinerzieher ass, déi kënnen net mat deene 25 Deeg oder och nach 27 Deeg Congé dat alles op ee Leescht bréngen. Dofir si mer do sécher do hannendran, mä ech denken awer, datt mer um gudde Wee sinn an datt mer an deenen nächste Joren och e ganze Koup vun deem Nohuelbedarf dee mer do haten, och opgeholl kréien.

Marc Linster: Mir hunn ugefaange mat enger Partie Saachen, Dir sot awer op där anerer Säit, datt Dir och nach Nohuelbedarf hutt. Hätt Dir dann do net missten als Fraeministère éischter Iwwerzeegungsaarbecht maache bei Äre Frënn, männleche Kollegen an der Politik oder ass een dann awer an esou engem Ministère zimlech isoléiert an oder ass vläicht esou ee Ministère nëmmen een Alibiministère gewiescht?

Marie-Josée Jacobs: Also dat géing ech wierklech net soen. Ech hat virun allem Chance, datt ech ëmmer ee groussen Alliéierten an deenen dote Froen hat an dat ass de Staatsminister. De Jean-Claude Juncker huet mech ëmmer ënnerstëtzt bei all deenen dote Froen, wat och net ëmmer einfach war wéi gesot, well et weder bei deenen - an dat wor och parteiiwwergräifend, dat hat näischt mat Ideologie ze dinn - mä wou wierklech vill Leit gemengt hunn, dat do ass eppes, dat ass net néideg a fonnt hunn, datt et och net gutt wier. Niewebäi bemierkt, et wor jo net nëmmen, datt et net néideg wor, mä datt d’Leit gesot hunn, dat ass net gutt an dat ass géint d’Erzéiung vun de Kanner an esou virun, woubäi ech wéi gesot nach eng Kéier och fannen, datt et wichteg ass, denkt un de Congé parental, wou wierklech d’Leit och d’Geleenheet kréien an d’Pappen och d’Geleenheet kréien, fir sech ëm hir Kanner ze këmmeren, well ech sinn där fester Iwwerzeegung, datt d’Kanner grad esou néideg hire Papp och brauchen an der Erzéiung wéi datt se hir Mamm brauchen.

Wa mir als Frae gären an der Wirtschaft op méi engem héige Poste sinn an och do hat d’Francine Closener Recht, do si mer nach wäit hannendran. Mir verdéngen nach net dat selwecht wat d’Männer verdéngen an der Wirtschaft, dann also muss een och soen, d’Pappe mussen och do si fir sech kënnen ëm hir Kanner ze këmmeren, besonnesch d’Jongen. Et geet net nëmmen duer, datt d’Jongen d’Beispill gesi vun deene Männer déi op der Televisioun sinn oder an de Videospiller, mä datt si och an der Praxis gesinn, datt hire Papp och eppes zu hirer Erzéiung dozou bäidréit an datt deen aneschters ass wéi hir Mamm an op där anerer Säit och eng Chance fir d’Pappen, well ech fannen et jo schued, datt déi eigentlech ganz dacks do aussen vor geloss si ginn, am Plaz datt se och kënne profitéiere fir ze gesi wéi hir Kanner grouss ginn.

Marc Linster: Also hei am Betrib hu mer op alle Fall och Pappen déi Congé parental huelen. Mä a punkto Mentalitéit nach, ier mer méi am Detail iwwer verschidde Punkte vun der Familljen- an Égalitéitspolitik aginn, nach méi eng speziell Fro: d’Éisleck an d’Leit aus dem Norden hu jo zu Recht oder och zu Onrecht deen Image méi konservativ an traditionell ze sinn. Hutt Dir net d’Impressioun, datt déi Theme mat deenen Dir Iech virun allem am Égalitéitsministère befaasse musst, zimlech dach wäit ewech si vun de Suerge vu Ären traditionelle Wieler?

Marie-Josée Jacobs: Ech denken, datt ech et net ëmmer esou einfach do hat. A wann ech awer meng Wahlresultater kucken, da mengen ech awer datt och vill Leit vill Verständnis dofir hunn. Wann een esou d’Resultater kuckt bei Ëmfroen, dann hunn ech traditiounsgeméiss esou 20% vun de Leit déi géint mech sinn an ech denken, datt déi haaptsächlech aus deene Milieuen do kommen. Ob dat der lauter aus dem Norde sinn, géing ech bezweifelen. Dir musst virun allem och gesinn, datt den Norde vill gewiesselt a vill changéiert huet. Mir hunn an eis Dierfer allguerten enorm vill Leit bäikritt, déi net aus dem Norde sinn. Dat sinn och Leit, déi do nei gebaut hunn, déi och vun deenen doten Infrastrukturen zum Beispill misste profitéieren a vun dohir mengen ech ass do ee grousse Changement am gaang niewent deem, datt d’Leit do grad esougutt hir Meedercher och ee Beruff léieren a wëlle schaffe goen. Also ech mengen esou grondënnerschiddlech sinn d’Leit aus dem Norde vis-à-vis vun deenen anere Géigenden aus dem Land sécher och net.

Marc Linster: Op enger Pressekonferenz dës Woch huet den OGB-L der Regierung virgeworf si géif Austeritéitspolitik am Sozialsecteur bedreiwen an déi, wéi et heescht Spuerpolitik, ass dem OGB-L een Dar am A. D’Gewerkschaft wëll sech géint ee Qualitéitsverloscht an ee Knécks an de Carrièren an deem Beräich wieren, esou huet et do geheescht. Mat neie Reglementer a Gesetzprojete géif d’Regierung, absëns de Familljeministère an de Ministère vun der Fonction publique, nämlech probéiere sech aus der Responsabilitéit ze zéien an déi finanziell Ënnerstëtzung op ee Minimum ze limitéieren. Ee Beispill wär deen neie Finanzéierungsmodell an de Behënnertenheemer, een anere Gesetzprojet iwwert d’Maisons relais fir Kanner, betount d’Nora Back, Secrétaire adjoint am Syndikat Gesondheet beim OGB-L:

[...]

Marc Linster: Den OGB-L bedauert iwwerdeems och nach ee Manktem u Sozialdialog an deene concernéierte Ministèren. Madame Jacobs, wat sot Dir dann zu dëse Virwërf, d’Regierung géif op der falscher Plaz spueren?

Marie-Josée Jacobs: Ech wëll mol fir d’éischt soen, datt ech verwonnert driwwer sinn, datt mer Sozialdialog mangelhaft doranner wieren.

Marc Linster: Net géife fleegen, jo.

Marie-Josée Jacobs: Net géinge fleegen. Ech hu bis elo nach keng, weder eng Demande vum OGB-L fir iwwerhaapt mat eis iwwert eppes diskutéieren ze kommen, nach schéngt es, datt d’Press en zeng-Punkte-Programm oder wat weess ech Pabeier virgeluecht kritt huet an deen ass bis elo net bei eis am Ministère ukomm. Esou datt ech denken, datt dat sécher nach keng esou grouss Demande ass. Et geet vläicht och duer wann een dat mol an der Press gesot huet. Et ass engem vläicht awer net esou eescht domadder gemengt. Esou jiddweree kritt bei eis ee Rendez-Vous. Also wann den OGB-L ee freet, kritt e grad esougutt ee wéi déi aner och.

Ech sinn och ganz erstaunt driwwer, datt d’Madame Back seet, do wier eppes agefouert ginn, eng nei Konventioun am Behënnerteberäich, wou géing gespuert ginn. Ech wëll soen, datt déi Konventioun, déi nei Konventioun déi ofgeschloss gouf fir de Behënnerteberäich, zesumme mat de Gewerkschafte gemaach gouf. Ech kann awer net op där enger Säit soen, ech si mat eppes d’accord an da ginn ech duerno eraus an da soen ech, ah nee elo sinn ech net méi domat d’accord. An ech wëll soen, datt mer do wëllen op de Wee goe vun dem System, wann Dir wëllt, an deene verschiddene Beräicher, wéi mer en och an der Fleegeversécherung hunn.

Mir gesinn, datt an alle Beräicher ëmmer vill méi ënnerschiddlech Situatioune kommen. Dir hutt zum Beispill bei de Behënnerten, hutt Dir Leit déi vill Hëllef brauchen, déi vill Accompagnement brauchen an Dir hutt anerer déi der manner brauchen. Do hu mer gesot, mä da komm mir ginn op de Wee fir ze kucke an engem Haus oder an engem Grupp wou méi Kanner sinn oder méi erwuesse Behënnerter sinn, déi vill Hëllef brauchen, déi musse kënnen aneschters ënnerstëtzt ginn an déi muss kënnen dann och zousätzlech Hëllef kréie wéi da virdrun de Fall war. Dat selwecht ass déi Propositioun, déi mer hunn iwwert d’Gesetz iwwert d’aide sociale fir d’Kanner wou mer och wëlle soen, mir wëssen datt haut vill méi Kanner kommen, déi aus traumatesche Situatioune vun doheem kommen, déi vernoléissegt si ginn, déi vläicht Gewalt ausgesat goufen, déi eng ganz Partie vun anere Situatiounen hu wéi dat wat fréier de Fall war. Do hätte mer gären, datt da kënnen zum Beispill Pedopsychiateren dobäi kommen, Psychologen dobäi kommen. Dat ass et net fir eppes fir ze spueren, mä mir hätte gären, datt och dat Personal wat do ass kann op aner qualifizéiert Personal zréckgräifen, fir domadder deenen, déi do sinn an - et geet jo awer schliesslech ëmmer, denken ech, an alleréischter Plaz ëm déi, fir deenen also besser kënnen ze hëllefen, am Plaz datt elo gesot gëtt, mir géifen dat an den ëmgekéierte Wee do maachen. De Sozialbudget an och de Budget vum Familljeministère hat an deene leschte Jore bestänneg zougeholl an och fir d’nächst Joer ass eng Augmentatioun virgesinn.

Et ass also net, datt mer doropper wëlle spueren. Mä wéi gesot, mir hätte virun allem gären, an dofir hu mer och Schwäizer Wëssenschaftler déi mat de lëtzebuerger Organisatiounen déi um Terrain schaffen, zesumme solle kucken, wéi kann déi Qualitéit ausgesinn? Wat ass dat wat mer gären do hätten an da kënnt dobäit, datt jo awer nach ëmmer och d’ASFT-Gesetz en vigueur bleift domadder, datt wann also an engem Grupp esouvill Leit sinn, muss och esouvill diploméiert Personal dobäi sinn. Also ech gesinn do dat alles net esou wéi d’Madame Back dat gesäit. Op där anerer Säit ass et kloer, datt all déi Saachen enorm deier kaschten an och d’Madame Closener huet jo gesot, mir hätte gären een Angebot a genügender Zuel, awer och nach zu engem verstännege Präis. Wann ech kucken, datt eng Stonn Kannerbetreiung pro Kand an der Maison relais 10 Euros kascht, da mengen ech net, datt een do kënnt soen, datt mer do géinge spueren. Et ass einfach awer eppes wat een och muss zur Kenntnis huelen, datt dat awer alles selbstverständlech net fir den Nulltarif geet, dat ass och net néideg. Déi Leit déi do schaffe sollen uerdentlech bezuelt ginn, mä ech mengen awer, datt een op där anerer Säit och muss dann eng gutt Qualitéit dofir kréien.

Marc Linster: Nach emol zu de Betreiungsstrukture fir Kanner a Jugendlecher. Dir hutt selwer gesot do géif et een Nohuelbedarf ginn. Wéini mengt Dir dann, datt mer op deem Stadium sinn, wou et wierklech eng flächendeckend Offerte gëtt am Land?

Marie-Josée Jacobs: Also ech kënnt mer virstellen, datt bis ee ka soen, datt een eng flächendeckend Offerte dofir kritt, bis an d’Joer 2012 kënnt ech mer virstellen, datt et esoulaang géing daueren, bis een dat och wierklech generell fir jiddwereen iwwerall kënnt ubidden.

Marc Linster: Op enger Pressekonferenz vum STATEC dës Woch hutt Dir d’Fro opgeworf, ob hei zu Lëtzebuerg wierklech jiddwereen dee selwechte Montant Kannergeld muss kréien oder ob een déi Somme vum Akommes vun den Eltere soll ofhängeg maachen. Dës Propose daucht jo vun Zäit zu Zäit ëmmer nees op. Huet d’Regierung ee Projet an dësem Kontext am Tirang?

Marie-Josée Jacobs: Mir hu kee Projet am Tirang doriwwer, mä Dir wësst, datt an der Tripartite festgehale ginn ass, wéi mer d’Kannergeld an all Leeschtungen aus der Kannergeldskeess desindexéiert hunn, datt gesot gouf, mir géinge kucken - an et ass een Aarbechtsgrupp dee beim Finanzminister am gaang ass ze schaffen doriwwer - fir een Impôt négatif anzeféieren, fir also ze kucken, wéi ass d’Verdeelung. Mir hunn elo eng Motioun ugeholl an der Chamber, fir ze soen, mir kucken nach eng Kéier wéi d’Transferts sociaux sinn. An där Étude hutt Dir gesinn, zum Beispill vum STATEC och, datt nodeem, datt d’Transferts sociaux fäerdeg sinn, 12% vun de Leit am Risiko wiere fir aarm ze ginn, mä virdrun 20% do woren. Et ass also och op deem Punkt wou ee muss kucken, wou sinn déi Leit, déi et wierklech néideg brauchen, weem gëtt een zum Beispill eppes iwwert d’Steieren, datt ee seet, ma jo da komm mer loossen deene Steieren no an deenen anere gi mer dat iwwert een Transfert social. Also vun do erwaarden ech mer, datt och nei Situatiounen erauskommen a wou mer dann och méi kënne spezifesch op déi verschidden Demanden äntwerten, am Plaz datt mer ëmmer gesot kritt hunn, Dir fuert mat der Stränz iwwert d’Land an Dir gitt Leit et déi et net brauchen.

Marc Linster: Vun de Kanner an de Jugendlechen eriwwer bei eis eeler Matbierger. mar ass nämlech den Dag vum drëtten Alter. Vill Leit liewen am Alter an engem Altersheem. Ass dat dann elo wierklech an alle Fäll ëmmer déi beschte Léisung oder misst een net verstäerkt hei zu Lëtzebuerg op alternativ Konzepter, wéi zum Beispill betreit Wunne setzen?

Marie-Josée Jacobs: Mir hunn hei zu Lëtzebuerg méi Better zur Verfügung an den Alters- an an de Pfleegeheimer wéi eent vun de Länner ronderëm an awer héiert ee regelméisseg, datt gesot gëtt, eis feelen nach ëmmer Fleegebetter, eis feelen nach ëmmer Better an den Altersheimer. Mir sinn am gaang ee ganze Koup vun Heiser nei ze bauen, queesch duerch d’ganzt Lëtzebuerger Land, dat geet vu Klierf bis op Péiteng a vun der Stad bis op d’Musel, well mer och do ee gewëssenen Nohuelbedarf haten.

Op där anerer Säit muss een awer och gesinn, datt zu Lëtzebuerg, doduerch datt d’Leit ordentlech Pensiounen hunn, doduerch datt mer eng Fleegeversécherung hunn, wahrscheinlech éischter Leit an esou Heiser ginn wéi dat am Ausland de Fall ass. Wann ech héieren, datt an Däitschland d’Famillje musse bäileeën, et Famillje sinn déi verschëld sinn doduerch, datt de Papp oder d’Mamm muss an een Alters- oder Fleegeheim goen, dann ass dat jo eppes wou zu Lëtzebuerg mer eis dat iwwerhaapt net kënne virstellen. Op där anerer Säit an do denken ech, datt mussen och Changementer gemaach ginn, där sinn och am gaanz ze geschéien, do geet et ebe just ëm aner Infrastrukturen. Dir gesidd zum Beispill eeler Leit déi beemol soen, mir wëllen net méi an deem groussen Haus fir eis alleng do sinn, well mer fäerten oder well mer de Gaart net méi gemaach kréien, well mer de Schnéi net méi geschëppt kréien. Eent vun esou Heiser ass elo am gaang opgeriicht ze ginn zu Ëlwen. Et si Projeten och zu Bascharage am gaang an op anere Plazen am Lëtzebuerger Land, wou et wierklech dann drëm geet, datt d’Leit kënnen dohinner kommen. An ech hu mech ëmmer gewiert fir ze soen, betreit Wunnen, da muss een och wierklech kucken, datt d’Leit och déi Hëllef do kréien an datt wa se net méi do kënne bleiwen, datt se dann awer och wëssen, datt se vun do direkt kënnen an eng Institutioun kommen, wou ebe méi Fleeg ugebuede gëtt. Mä ech menge, datt et richteg ass och fir ze kucken, elo musse mer jo gesinn wéi wäit datt dat an Anspruch geholl gëtt. D’Leit sinn heiandsdo begeeschtert a soen, oh jo, jo, jo, dat wier flott a wann et dann driwwer hiergeet fir fortzegoen doheem, da si se awer manner begeeschtert wéi dat vläicht dee Moment war, wou se gefrot goufen.

Marc Linster: Géif de Secteur vun der Fleeg dann hei zu Lëtzebuerg iwwerhaapt nach fonctionnéieren, wann net esouvill Auslänner dra schaffe géifen?

Marie-Josée Jacobs: Also klor an däitlech kënnte mer all d’Spidäler zoumaachen, mir kënnten all Alters- an all Fleegeheimer zoumaachen. Och déi Ambulanzservicer géingen net funktionnéiere wa mer déi auslännesch Hëllef net hätten an dofir mengen ech och, et ass ëmmer séier gesot, d’Grenzgänger hei an d’Auslänner do, wa mer déi Leit net hätten, da kënnte mer effektiv alles dat wat mer do offréieren iwwerhaapt net maachen.

Marc Linster: Mä missten déi awer net alleguerten eis Sprooch schwätzen, well besonnesch eeler Leit hunn awer dacks Probleemer fir sech do verständlech ze maachen ?

Marie-Josée Jacobs: Dat ass och an deene leschte Jore vun all deenen ëmmer gefrot ginn an dat ass och eng Konditioun, fir datt ee kann an déi verschidden Servicer do schaffe goen, datt ee muss léiere Lëtzebuergesch schwätzen. Elo ass et natierlech esou, deen ee léiert et besser a méi séier wéi deen aneren, mä et ass awer eng vun de Viraussetzungen, besonnesch wann Dir och denkt al Leit mat enger Demenz, ass et kloer, datt déi verluer sinn, wa se bemol och nach mussen Däitsch oder Franséisch schwätzen. Do ass et wichteg, datt da Leit do sinn, déi se wierklech och verstinn.

Marc Linster: Vill méi geschwat an der Ëffentlechkeet gëtt zanter enger Partie Joren iwwert d’Demenzkrankheeten. Misst do awer net nach vill méi wéi bis elo am Beräich vun der Préventioun geschéien?

Marie-Josée Jacobs: Demenzkrankheeten, dat ass och kloer, dat hëlt och nach an deenen nächste Joren zou. Mir ginn alleguerten ëmmer méi al a mat dem Alter deen zouhëlt, hëlt och d’Demenz zou. Do musse selbstverständlech och - mir sinn och frou datt an der nächster Zäit wäert zu Ierpeldeng een Haus opgoe fir Demenzkranker an och do ass virgesinn fir och ze kucken esou eng Memoryklinik, fir iwwerhaapt och mol ze dépistéieren. Zum Deel gëtt dat elo gemaach op anere Plazen, fir iwwerhaapt mol ze gesinn, wou sinn d’Leit do drun a fir en dann och ze hëllefen, méi gezilt och kënnen ze hëllefen.

Awer déi Krankheet kann ee jo weder verhënneren, nach kann ee soen, doduerch datt een elo géing Medikamenter huelen, kéint ee se ganz ophalen. Mä et ass awer d’Méiglechkeet, besonnesch och duerch Gedächtnistraining an ähnlech Saachen, wou een ebe Stimuléierungen ka maachen, fir dat e bësselchen zréckzedrängen. Mir sinn net déi éischt op der Welt déi do déi beschte Méiglechkeeten hunn, mä ech denken awer, datt mer och an deenen nächste Joren Efforte mussen do maachen.

Marc Linster: Kuerz virun den Neiegkeete wëll ech nach iwwert een Thema schwätzen, dat quasi een Tabu an eiser Gesellschaft ass, nämlech den Doud. Scho ganz laang gëtt jo un engem Projet iwwert Palliativmedezin a Stierfhëllef gedoktert. Wou ass dee Projet drun a firwat dauert et do esoulaang bis an dësem Domaine eppes geschitt? Fannen d’CSV an d’LSAP do iere kee Kompromëss?

Marie-Josée Jacobs: Dee Projet deen ass déposéiert an der Chamber an ech denke jo, datt mer an absehbarer Zäit wäerten den Avis vum Conseil d’État kréien. De Projet ass wéi gesot déposéiert, dat verhënnert awer net, datt och an der Realitéit geschafft gëtt, esougutt an de Spidäler wéi an de Servicer. Mir hunn dës Woch nach gesinn, datt am Süde vum Land d’Escher Spidol mat zwee Servicer och no bausse schaffe ginn. An ech sinn och ganz frou, datt mer do am gaang sinn een Haus ze bauen zu Hamm, deen éischte Centre pour personnes en fin de vie. Och dat wor net evident fir dat zu Lëtzebuerg duerchzesetzen, well dat och esou eben am Kader vun den Tabuen, esou net dozou gehéiert huet. Esou eppes mécht een net. Dat ass gutt fir an Indien, bei der Schwëster Theresa, mä hei zu Lëtzebuerg mécht een awer näischt esou. Ech sinn dovun iwwerzeegt, datt wann dat Haus bis do ass a funktionnéiert, vill Leit wäerte frou sinn, fir kënnen doropper och zréck ze gräifen.

Marc Linster: A wéini mengt Dir, datt oder bis wéini, datt dee Projet gestëmmt ass an der Chamber?

Marie-Josée Jacobs: Ech hoffen, datt awer am Laf vum nächste Joer, wéi gesot vu datt bis elo nach keen Avis vum Conseil d’État do ass an ech awer weess wéi laang datt esou Aarbechte kënnen daueren, datt et wahrscheinlech awer am Laf vun 2007, virun der grousser Vakanz realistesch wier fir ze soen, datt dee Projet da gestëmmt wier. Do ass et jo dann och d’Palliativfleeg, plus de Congé deen d’Leit kënne kréie wa se sech ëm eng Persoun këmmeren aus der Famill, déi am Stierwen ass.

Marc Linster: Elo gläich maache mer eng Paus, dann no den Neiegkeete vun halwer eng schwätze mer mat der Madame Marie-Josée Jacobs nach iwwert dat neit Égalitéitsgesetz, d’Scheedungsgesetz an och iwwer méi privat Aspekter vum Mënsch Marie-Josée Jacobs.

[...]

Marc Linster: Zwanzeg bis eng am RTL Background am Gespréich haut mat der Familljeministesch Marie-Josée Jacobs. An den nächste Minutte schwätze mer nach iwwert dat neit Égalitéitsgesetz, iwwert d’Scheedungsgesetz ënnert anerem, mä och iwwert méi privat Aspekter vun eiser Invitée. Madame Jacobs, an der Mautsch ass Ärt neit Égalitéitsgesetz. An deem Kader soll e Centre de l’égalité geschaaft ginn. Wat soll dat? Wéi soll deen Zenter iwwerhaapt fonctionnéieren?

Marie-Josée Jacobs: Also do geet et jo virun allem drëm, datt all déi Leit déi ënner verschiddenen Diskriminatioune leiden, zum Beispill duerch den Alter, doduerch datt se handicapéiert sinn, datt se enger Nationalitéit ugehéieren, doduerch datt se eng aner sexuell Orientatioun hunn an och kënne benodeelegt ginn, doduerch datt se enger bestëmmter Relioun ugehéieren, déi muss kënnen do Plaintë maachen an dann natierlech och kënnen do berode ginn, an op där anerer Säit och hinne gehollef gi fir sech ze verteidegen doranner. Ech wor esou ee Centre op Bréissel kucken an déi hu mer gesot, déi hätten an engem Joer 1700 Plainten, wou der dausend, ronn dausend wieren, déi mat Rassismus ze dunn hätten.

Marc Linster: Sinn dann awer och Suen do fir dee Centre?

Marie-Josée Jacobs: Et si Sue virgesinn an dem Gesetz selwer. De Conseil d’État fënnt, datt et net duer géing goen. Ech denken, datt een - niewent deem dote Centre hu mer d’Mënscherechtskommissioun, mir hunn den Ombudsman, mir hunn och bei eis an dem Commissariat aux étrangers eng Kommissioun géint Rassismus - datt mer eng Partie vun esou Organer well hunn. Et soll een dat also fonctionnéiere loossen an da kucken ob et duergeet mat deene Mëttelen, ob et och dee richtege Wee wor fir esou ee Centre ze schafen oder ob een deen och eventuell éierens aneschters kënnt uglidderen. Mir sinn awer ee klengt Land. Mir kréien dat dann iwwer Directivë viergeschriwwen, mä ech denken, datt et heiandsdo och méi sënnvoll wier, wann een esou verschidde Saache géing beineeleeën. Mir hunn zum Beispill elo gesot, mir hätte gären - wat net an der Directive virgesinn ass - datt an deem dote Centre de l’égalité och d’Égalitéit zwësche Männer a Fraen mat kënnt traitéiert ginn.

Marc Linster: A propos Minoritéiten, et ginn hei am Land eng 400 Leit déi daf sinn, dat ass eng approximativ Zuel. Mir hunn nämlech recherchéiert a kee weess wéivill et der wierklech genee sinn, a geschat ass och dës Zuel, eng 12000 hu Problemer oder extrem Problemer eppes ze héieren. Héich Zuelen, an et ass bal ee Skandal fir sech, datt se net präzis sinn. Wat nach méi verwonnert, déi daf Leit, déi hu keng Méiglechkeet hir Problemer beim Dokter, um Geriicht, bei der Police etc. eegestänneg an onofhängeg ze regelen, well hei am Land gëtt et kee Gebärdendolmetscher an dobäi kënt nach, datt d’Gebärdesprooch déi hei am Land geléiert gëtt op engem rudimentairen Däitsch baséiert. D’Assistante sociale Alina Ganeto sot eis, déi daf Leit géinge sech ausgeschloss, exclus fillen, bei eis an dësem dacks francophonë Land.

[...]

Marc Linster: Madame Jacobs, wéini kréie mer dann een haaptamtleche Gebärdendolmetscher?

Marie-Josée Jacobs: Ma ech hoffen, datt mer dat d’nächst Joer kréien. Do gesidd Dir also, datt mer net esou um Sparkurs sinn, wéi eenzelner mengen. Mä ech fannen et wierklech wichteg. Et setzt natierlech viraus, an dat ass e bëssen och dat wat schwiereg ass, datt mer och d’Gebärdesprooch iwerhaapt mol unerkennen. An da kënnt dobäi, datt an dem Centre vun der Logopédie bei eis Däitsch geschwat gëtt. Dat seet jo och d’Madame an hiren Aussoen. Dann hutt Dir awer eng ganz Partie, zum Beispill vu portugiesesche Familljen, déi kënne keen Däitsch, si kënnen also och net hirem gehörlosen oder dafe Kand kënne se net schwätzen, well se dat net verstinn. Ech hu selwer d’Erfahrung gemaach, well ech eng Fra bei mir schaffen hunn déi daf ass, déi ass an d’Klinik gaangen an déi sollt operéiert ginn. Deen aneren Dag mueres wor si erëm do, do hunn ech gesot, wat ass da geschitt, majo si hätt net verstanen, datt si owes gesot kritt hätt, si däerft mueres näischt méi iessen an näischt méi drénken. Gott sei Dank hat dann dunn awer moies nach eng Kéier een nogefrot. Dat hätt jo kënnten zu grousse Komplikatioune féieren. Fir ze weisen, datt et wierklech eppes ass, wat wierklech gebraucht gëtt a wou ech och soen, datt dat eng Kategorie vu Leit ass wou mer nach och zu Lëtzebuerg net alles hu wat mer bräichten. Dofir mengen ech wierklech, datt et dringend noutwenneg ass, datt mer och esou ee Gebärdendolmetscher bräichten. Ech géing et och flott fannen, wa mer mol endlech eng Televisioun géinge kréien, wou Ënnertitelen drop wieren, wou déi Leit kënnte liese wat géing gesot ginn, respektiv wou och mat Gebärdesprooch hannendru géif geschwat ginn, esou wéi et dat zum Beispill gang und gebe op der belscher Televisioun gëtt.

Marc Linster: Die unendliche Geschichte, esou kann een de Feuilleton ronderëm d’Scheedungsgresetz iwwerschreiwen. Dës Reform sollt scho ganz laang kommen. Madame Jacobs, wou ass de Projet drun an ass virgesinn de Rentesplitting mat deem Gesetzprojet ze verknäppen?

Marie-Josée Jacobs: Dee Gesetzprojet ass jo vun der Regierung, an der leschter Regierung an der Chamber déposéiert ginn. Et gëtt awer gesot, datt d’Fraktiounen net zefridde wiere mat deem Projet wéi en elo do läit an datt do Verbesserunge géinge kommen. Ech hoffen, datt dat awer och elo zügeg virugeet. D’Fro vun der Individualisatioun vun de Renten, denken ech, ass wichteg, datt et an dat do Gesetz kënnt. Fir mech ass et awer och wichteg, datt et an der Sozialgesetzgebung drasteet, an der Sécurité sociale selwer, well och wann d’Geriichter sollen décidéieren, datt een en Deel vu senger Pensioun deem anere muss matginn, dann ass dat awer ëmmer eppes wat ofhänkt vun deem deen d’Recht ebe sprëcht an op där anerer Säit, wa mer et géinge fäerdeg kréien, op méi ee groussen Deel vun Individualisatioun ze goen, woubäi ee gutt muss oppassen, datt wann een an deem jetzege System dat mécht, géifen eng ganz Partie Leit méi schlecht ewechkomme wéi se elo ewechkommen. Dat ass ganz komplizéiert, et ass och net vu schlechtem Wëllen, datt déi Individualiséierung bis haut net gemaach ass, mä well et ganz vill Froe mat opwerft.

Mir hunn iwwer 100000 Frontalieren déi all Dag op Lëtzebuerg kommen, wou och d’Pensiounen an d’Ausland do falen a gi selbstverständlech - wa mer keng Gesetzgebung hu fir zum Beispill d’Individualisatioun an de Partagë ze maachen - da ginn déi Leit besser behandelt, wéi zum Beispill e Lëtzebuerger et gëtt. Dat sinn also ganz vill Froen déi sech do stellen. Mä et gëtt nach ëmmer wierklech grave Problemer bei Eenzelnen a besonnesch och bei Fraen, déi gescheed goufen an déi herno am Alter do sëtzen a well se keng personal Ofsécherung hu vun hirer Rent, wierklech och schlecht dru sinn.

Marc Linster: Grad esou eng onsäglech Geschicht ass déi vun de Mineuren am Prisong. Wéini ginn dann hei endlech Neel mat Käpp gemaach?

Marie-Josée Jacobs: Dat ass, géing ech gäre soen, een Nol a menger Doudelued. Dat muss ech awer éierlech soen, datt mer do 12 Joer am gaange sinn doriwwer ze diskutéieren a bis elo nach net fäerdeg sinn. Et ass elo erëm een neie Projet deen am gaang ass gemaach ze ginn an deen deemnächst da soll op d’Gemeng goen, op Wuermer fir d’Baugeneemegung ze kréien, wou mer mam PAG an all deene Saachen an der Rei sinn, esou datt ech wierklech hoffen, datt mer am Laf vum Joer 2007 do kënne ufänke mat bauen, well dat ass wierklech eppes wat mer esou um Mo läit a wou ech wierklech net méi nach wëll jorelaang nokucken an ëmmer erëm gesinn, datt Kanner a Jugendlecher mussen an de Prisong goen, well mer et net fäerdeg kréie fir do dat Haus opzeriichten.

Marc Linster: Dat wär et gewiescht fir mol méi ponktuell d’Politikfelder. Ech wëllt nach méi eppes Generelles uspriechen. Är Partei huet nach ëmmer de groussen C an hirem Numm. Madame Jacobs, gesidd Dir Iech als Politikerin déi aus enger chrëschtlecher Approche eraus Politik mécht? Oder ass dat nach just fir d’Galerie deen C?

Marie-Josée Jacobs: Nee, fir mech ass dat jiddwerfalls net fir d’Galerie. Ech genéiere mech och net fir hei ze soen, datt ech net nëmme kathoulesch sinn, mä datt ech dat och praktizéieren an datt ech och fannen, datt wann doraus eng ganz Partie vun deenen Aktivitéiten déi ee mécht, besonnesch och an deene Beräicher wéi mat de Kanner, wéi och vis-à-vis vun deene Leit déi aarm sinn, vis-à-vis vun enger ganzer Partie, datt een dat och mécht aus der chrëschtlecher Sozialléier eraus. Also fir mech ass dat net eppes fir nëmme just esou eng Propaganda domat ze maachen, ech menge souwisou net méi, datt ee mat deem C zu Lëtzebuerg, wou net méi méi Leit an d’Kierch ginn, Propaganda mécht. Et ass also éischter nach eppes fir déi Leit, déi dorunner gleewen an dovunner iwwerzeegt sinn, mä sécher net fir déi grouss Zuel vun de lëtzebuerger Wielerinnen a Wieler.

Marc Linster: Wat geet Iech dann als praktizéierend Katholikin durech de Kapp wann Dir vun de Mohammed-Karrikaturen héiert, dem Sträit ëm dem Poopst seng rezent Aussoen oder, datt eng Oper aus Angscht viru mosleemeschen Extremisten zu Berlin ofgesot gëtt?

Marie-Josée Jacobs: Mir fällt besonnesch doranner op, datt fréier hu wahrscheinlech och d’Katholike sech méi zerstridden, wann iwwert den Herrgott eppes gesot gouf oder iwwert de Poopst eppes gesot gouf. Mir hunn eis dat zimlech ofgewinnt an och d’Kierch selwer, déi net méi zu esou Saachen, jiddwerfalls net an enger streiderescher Athmospär dozou Stellung hëlt. Mir gesinn, datt dat vun eenzelne Kreesser, an och do soll een dat net iwwerdreiwen, et ass net déi grouss Mass vun de Leit mat mosleemeschem Glawen, déi dat do verteidegen.

Op där anerer Säit soen ech mer awer, ass et bedenklech wa bemol Theaterstécker ofgesot ginn, well mer fäerten. Domadder kënnt een awer ganz séier och an de Risiko, datt ee beemol iwwerhaapt näischt méi zouléisst an iwwerhaapt näischt méi mécht aus lauter Angscht do kënnten dann negativ Äntwerte komme vun där anerer Säit. Also ech menge wierklech, datt ee muss kucken, och am Dialog, an ech denken, datt de Poopst dat och verstanen huet duerno, datt en déi Aussoen déi vläicht net glécklech woren, elo kann een dat och soen, datt en déi awer gesot hat, ech wëll déi gebrauche fir an den Dialog ze komme mat deenen anere Reliounen, datt een also soll probéieren eppes Positivies dorausser ze maachen a wierklech all déi Leit fannen, déi guddes Wëllens sinn, egal vu wéi enger Relioun se sinn, se beieneen ze kréien an ze weisen, datt et drëm geet fir Fridden ze maachen an net fir een deem aneren do ze soen, hee wier dee Béisen an hee wier dee Schlechten an et géing gelu ginn a wat alles do dozou gehéiert.

Marc Linster: Madame Jacobs, Dir sidd elo zanter 1992 an der Regierung a wann ech richteg recherchéiert hunn, sidd Dir 1967 an d’CSV agetrueden. Hutt Dir nach ëmmer Loscht mat der Politik?

Marie-Josée Jacobs: Ah ech muss soen, wann een dat doten net méi mat Loscht mécht, da mengen ech, kann een et net maachen. Et ass awer een ustrengende Beruff an et ass och keen Aarbechtsdag vun 8 Stonnen, also kee Weekend wou een 2 Deeg fräi dran huet. Also et ass eppes wat vill vun engem verlaangt, wou een och dacks muss e breede Réck dofir hunn oder vläicht besser ee schmuelen, da leeft et méi séier erof, mä wou et einfach eppes ass, wat ee gäre mécht, wou een och gesäit, datt een eppes kann domadder bewegen, wou een och gesäit, datt ee fir aner Leit eppes fäerdeg kritt. Dat mengen ech, mécht dann den Ausgläich vis-à-vis vun deene Saachen wou een dann elo ebe kritiséiert dofir gëtt, wat jo do dozou gehéiert.

Marc Linster: Tentéiert et Iech dann net nach mol eppes anescht an Ärem Liewen ze maachen.?

Marie-Josée Jacobs: Also ech sinn dovun iwwerzeegt, datt wann ech d’Pensioun kréien an ech esou gutt gesond bleiwe wéi ech dat bis haut sinn a wéi vill Leit dat sinn, wa se bis an de Pensiounsalter kommen, datt ee sécher nach ganz vill Saache kéint maachen. Ech kënnt mer virstellen, datt een och nach eng Kéier géing esou, besonnesch am Bénévolat, sech zum Beispill ëm Kanner këmmeren oder awer och nach Aufgabe maachen an der drëtter Welt, Saachen déi ee bis elo d’Zäit net dofir hat, mä wou sécher och nach villes ze maache bleift.

Marc Linster: Dir hutt laang Joren als Infirmière an als Infirmière-Anästhesistin geschafft. Hunn déi Experienzen, déi Dir do an Ärem Beruff gemaach hutt, Iech an der Politik gehollef?

Marie-Josée Jacobs: Ech denke virun allem, datt se mer gehollef hunn, datt ech gesinn hunn, wat zu där Zäit, wat alles an engem Mënscheliewe ka geschéien, wéi séier och dat fir eenzel Leit alles wiesselt, wann Dir vun engem Dag zum aneren een Akzident hat an dat sëtzt Dir beemol am Rollstull, wat Ärt eegent Liewen ebe changéiert, mä awer och d’Liewe vun Ärer Familljen. Dat sinn alles Saachen déi ee geléiert huet, och geléiert huet, wat de Misère ass an och ze gesinn, datt een awer vis-à-vis vun aneren net nëmme muss kucken, datt ee selwer ëmmer an der richteger Rei steet, mä datt een och muss kënnen hëllefen, aneren erëm de Wee zréckzefannen an d’Liewen an och Courage ze maachen, fir déi schwiereg Situatiounen, déi se hunn, a wéi gesot, a Klinikke gouf et där jo vill, fir och kënnen ze hëllefen op eng mënschlech Aart a Weis, déi e bësselchen z’erliichteren. Et kann een net ëmmer alles ewechhuelen, mä awer trotzdem et awer och e bësselche méi mënschlech ze maachen.

Marc Linster: Eise Gaascht huet jo ëmmer ee Musikswonsch fräi an hei kënnt de Choix vum Marie-Josée Jacobs.

[...]

Marc Linster: Madame Jacobs, firwat hutt Dir Iech grad de Bolero vum Maurice Ravel erausgesicht ?

Marie-Josée Jacobs: Ech hu mer deen erausgesicht, well e mer selbstverständlech gutt gefällt, mä ech hätt och vill aner Saache kënnten erauswielen, mä dat ass mer du spontan an de Kapp komm, wéi Dir mech gefrot hutt. Dir wosst, datt ech zanter laange Jore Presidentin vum klenge Maarnecher Festival wor. Ech hu Musik ganz gären, éischter och klassesch Musik, mä dat heescht awer net, datt et och modern Lidder ginn, déi mir gutt gefalen an déi een och hätt kënnte spillen.

Marc Linster: Wat hätt Dir dann do zum Beispill erausgesicht, wann Dir ee modernt erausgesicht hätt?

Marie-Josée Jacobs: Ech hunn, dat wat ech ganz flott fonnt hunn, hat Dir an der Sendung mam John Castegnaro iwwer d’Bicycles zu Bejing. Dat ass och ee Lidd wat ech zum Beispill och flott fonnt hunn, wat och awer méi lëschteg ass, wann ee wëllt.

Marc Linster: Aus Interviewen ass och gewosst, datt Dir gären an dacks Vakanz op Korsika maacht. Wat faszinéiert Iech dann un där Insel?

Marie-Josée Jacobs: Éischtens ass et eng ganz schéin insel. Et ass eng, déi jo da matsen am Mëttelmier läit. Et ass eng landschaftlech ganz schéin, well et um Mier ass, mä awer och Bierger do sinn an ech ginn och ëmmer erëm op déi selwecht Plaz hannescht, virun allem well awer och déi Leit déi do sinn, ech ganz frou mat deene sinn an och déi selwecht Touriste bal all Joer erëmkommen. Et ass also wann Dir dohinner gitt, bal wéi wann Dir an Är zweet Heemecht kéimt. Déi, déi do si kennt Dir, déi déi dohinner komme kenne sech a wann Dir eng Kéier dann zu enger anerer Zäit kommt, dann hutt Dir well d’Bonjouren do leie vun deenen déi fort sin. Et ass also och een Niveau, dee ganz mënschlech ass a ganz flott ass an dofir ginn ech ganz gären dohinner.

Marc Linster: An der Zäit hutt Dir Duerftheater gespillt. Stitt Dir haut och nach op de Brieder déi d’Duerf oder d’Welt bedeiten?

Marie-Josée Jacobs: Leider ass eisen Theaterveräin dee mer haten, huet virun 2 Joer fir d’lescht gespillt. Ech muss soen, datt dat ee ganz, ganz flotte Club wor, well mer ëmmer Theaterstécker gespillt hunn, déi bis dohinner op lëtzebuerger Sprooch net gespillt si ginn. Dat wor eise Regisseur, de Franz Jacobs, deen déi entweder selwer geschriwwen oder iwwersat huet, a wou der och ëmmer - am Theater ass et jo, déi eng déi sinn op der Bühn, mä déi déi hannert der Bühn sinn, si grad esou wichteg an ech fannen [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Die im Dunkeln sieht man nicht.

Marie-Josée Jacobs: Genau esou, an et ass virun allem och eppes wou eng grouss Solidaritéit gefrot ass. Do muss jiddweree säi Ganzt ginn dee Moment wou gespillt gëtt, well soss funktionnéiert dat net. A vun do fannen ech, datt dat eppes Wichteges ass fir jonk Leit an och fir Kanner, fir och ze weisen, wann een och net op der éischter Plaz steet, déi déi hannert der Bühn sinn hu grad esou eng wichteg Roll ze spille wéi d’Acteuren an d’Actrice selwer. An et ass selbstverständlech ëmmer eppes wat mat ganz vill Convivialitéit a ganz vill Freed verbonnen ass. Dofir de Moment, wéi gesot, funktionnéiere mer net, mä et sinn awer dofir nach ëmmer schéin Erënnerungen domadder verbonnen a wee weess, wann ee vläicht mol erëm eng Kéier besser Zäit huet, kann een dat och erëm maachen.

Marc Linster: Voilà, dat war et fir eis Emissioun vun haut. Marie-Josée Jacobs, villmols merci fir de Besuch am Studio.

Marie-Josée Jacobs: Merci och.

Dernière mise à jour