La ministre de l'Éducation nationale de la Formation professionnelle, Mady Delvaux-Stehres, invitée de l'émission "Riicht eraus" sur Radio 100,7

Jean-Pol Roden: An domat begréissen ech dann d’Schoulministesch Mady Delvaux, déi sécherlech eng schwéier Aufgab an den nächste Méint viru sech huet, fir dee gréisste lëtzebuerger Déngschtleeschtungsbetrib ze leeden. Gudde Mëtteg, Madame Delvaux.

Mady Delvaux-Stehres: Gudde Mëtteg.

Jean-Pol Roden: Eng éischt Fro dann, mécht et nach ëmmer Spaass d’Schoul wëllen op déi richteg Schinn ze bréngen? Wou leien déi grouss administrativ Schwieregkeete bei esou engem Betrib?

Mady Delvaux-Stehres: Et mécht mir nach ëmmer Freed, all Dag schaffen ze goen. An ech fannen et och nach ëmmer terribel derwäert fir mech anzesetzen, datt mir d’Schoul reforméieren, datt mir se fonctionnéieren dinn, datt mir eis Kanner qualifizéieren. Also dat alles ass ëmmer derwäert.

Déi grouss administrativ Problemer – bon, ech mengen, mir hunn elo eng Rentrée hannerun eis, déi an deem Sënn net einfach ass, well mir vill Kanner méi am Post-Primaire hunn, iwwer dausend méi wéi d’lescht Joer, an dat stellt alleguer d’Schoulen, och de Ministère, mä haaptsächlech d’Schoule viru riseg Problemer, fir d’Klassen zesummen ze setzen, fir Räim ze fannen, wou déi Klasse kënnen dra goen, fir Enseignanten ze fannen déi d’Schoulen halen. Dat ass, géif ech soen, de Moment do wou de Schong am meeschten dréckt. Mä esouwäit ech informéiert sinn, hunn awer alleguer d’Kanner eng Plaz an enger Schoul, a si hunn och Enseignanten, an ech hoffen dann, datt all d’Konditiounen erfëllt sinn, datt se gutt schaffen.

Jean-Pol Roden: An op déi budgetär Problemer, déi déi méi Kanner mat sech bréngen, komme mir herno nach eng Kéier zeréck. Mä wéi gitt Dir dann esou eens domat, datt d’Partei vun Ärer Virgängerin stéits seet, d’Regierung an Dir, am Plaz eng Schoul a Formatioun déi Zukunft huet, unzebidden, d’Schüler géingen zum faul-sinn invitéiert?

Mady Delvaux-Stehres: Also ech verstinn esou Aussoen net, well et geet jo just drëm - an ech mengen, datt ech ëmmer erëm dee Message weider ginn - datt mir mussen all Kand esou héich wéi méiglech zu Lëtzebuerg qualifizéieren. Jiddereen, also d’Recommandatioune vun den Experten a vun - et läit jo och op der Hand, mir mussen eis net un eng Zielgrupp extra riichten, mir musse global alleguer d’Kanner, déi jonk Leit, probéieren en Niveau méi héich ze kréien. An dat heescht, datt mir déi gutt oder loosse mir soen, déi déi méi schoulbegabt sinn, datt mir déi fuerderen nach besser ze ginn, déi mëttelst gutt ze ginn, an déi, déi leider nach ëmmer aus der Schoul erausginn ouni Qualifikatioun, datt mir grouss Efforte maachen, fir déi ze qualifizéieren. Dat heescht net, an do gesinn ech net, wou een do soll faulenzen.

Allerdéngs sinn ech der Meenung, datt et wichteg ass, d’Leit ze motivéieren. Well och do ass et awer allgemeng unerkannt, datt ee besser Resultater huet, datt ee besser schafft, wann een eng Motivatioun huet, wann ee gesäit, fir wat datt ee léiert, da komme vill besser Resultater eraus.

Jean-Pol Roden: Grouss war jo an de leschte Wochen a Méint d’Discussioun iwwer Äre Wonsch, d’Tâche vum Enseignant nei ze definéieren. D’Schoulgewerkschaften hunn nach ëmmer hir Problemer domatter. An dobausse profitéieren nees eng Rëtsch Leit, fir d’Bild vum Enseignant däischter ze molen. D’Bild vum Enseignant wier awer, an den Aen vun engem deen et misst wëssen, den Direkter vum Lycée Technique Ettelbréck, dem Francis Schartz, net esou schwaarz. Lauschtere mir hien emol.

Francis Schartz: Bon, huet hien dat, ech weess et net. Et kann ee vläicht dorop äntwerten, well éischtens emol vill méi Enseignanten do si wéi fréier. Fréier war dat esou eppes ganz spezielles wann ee Professer war, haut ass e schonn nëmme méi Proff géing ech soen, wann en net Schoulmeeschter ass. An ech géing soen, datt dat e bësselchen domat ze doen huet, well jidderee war iergendwéi an der Schoul, a jidderee mengt, e kéint an der Schoul matschwätzen. Awer déi Meescht, déi wësse wat wierklech an der Schoul passéiert, a wat wierklech och d’Efforte sinn, déi d’Enseignante maachen. An ech mengen, do misse mir och e bësse méi PR maachen, fir ze weisen, datt awer ganz vill engagéiert Proffen do sinn, an datt wierklech awer déi allermeescht hiert Bescht maachen.

Jean-Pol Roden: Mady Delvaux, wou kënnt dann an Ären Aen dat hier, datt vill Leit dobausse mengen, d’Enseignante wiere schwaarz Schof, si géinge vum Staat profitéieren, a si hätte nëmme Vakanz?

Mady Delvaux-Stehres: Ech géif dat Bild awer och net esou schwaarz molen. Ech mengen, eng Fro déi sech jo ëmmer erëm stellt, dat ass, wéivill schafft een Enseignant nach niewent deene Stonnen, wou en an der Schoul virun enger Klass ass? An dat kréien natierlech d’Schüler normalerweis net mat. Si denken, elo geet de Proff heem, an dann huet hien näischt méi ze dinn.

Dat vermëttelt natierlech dat Bild e bëssen, an dofir fannen ech et jo esou wichteg, d’Tâche vun de Proffen nei ze definéieren, an ze weisen, datt enseignéieren heescht, eng physesch Präsenz wou een an der Schoul ass, mat de Kanner schafft, mä doniewent ëmmer méi verlaangt, datt ee sech eigentlech och em d’Kanner këmmert, an deem Sënn, datt een oppasst op se, datt een Zäit huet, disponibel ass fir mat hinnen ze diskutéieren wa se Froen hunn, datt een Zäit huet, fir mat den Elteren ze diskutéieren.

A wat mir immens um Häerz läit, datt d’Proffe sech ënnerteneen concertéieren, datt se eng Équipe ginn déi zesummen e Projet huet, an net also esou ofgehaakte Stonnen huet. Dat ass jo eigentlech déi grouss Discussioun.

A fir mech ginn et, fir op Är Fro ze äntwerten, fir mech ginn et an all Beruff Leit, déi hier Aarbecht immens gutt maachen, et ginn der ganz vill déi se gutt maachen, an et ginn an all Beruff der, déi se net esou gutt maachen. Do sinn d’Proffe keng Ausnam. Mä ech mengen, bei de Journalisten ass et esou, a wéi gesot, ech kenne kee Beruff, wou dat net de Fall ass. Dofir wëllt ech net aus de Proffe schwaarz Schof maachen.

Ech menge just, datt d’Schoul vun haut, mat där Komplexitéit, mat däer heterogener Populatioun, wou mir Kanner hunn, déi aus all Milieu kommen, déi verschidde Sprooche schwätzen, wou d’Elteren och net méi esou disponibel sinn, datt also d’Schoul vun haut sech muss nei organiséieren, an datt Équipen an de Schoule mussen entstoen. An dofir brauch een Zäit. An dat ass déi Discussioun déi ech mat de Proffe féieren. An ech ginn net midd.

Jean-Pol Roden: Komme mir eng Kéier zeréck op dem Francis Schartz seng Ausso, vläicht misst een e bësselche méi positiv Publicitéit maachen. Wann ee weess, datt d’Léierpersonal aus dem Primaire, also 5. a 6. Schouljoer, higeet mat 3 mol enger méi wéi 15 Hefter ze verbesseren, d’Kanner kréien et deen aneren Dag erëm - dat ass jo Zäit investéiert. Dat wëssen d’Leit dobausse vläicht net esou. Kann een dat da besser vermëttelen?

Mady Delvaux-Stehres: Ma ech hätt gären, datt deen Dialog mat den Eltere soll besser ginn, well da kéint een dat jo vermëttelen. Wann e Schoulmeeschter Hefter mat heem hëlt, an e verbessert se, an d’Kanner huele se mat heem, da gesäit jo de Papp an d’Mamm wat do eng Aarbecht gemaach ginn ass.

Mir hunn dëst Joer och ee Carnet de liaison agefouert elo, fir emol elo am 1. an am 2. Schouljoer, ebe just fir datt emol drop geschriwwe gëtt, wat an der Schoul geschitt, wat d’Erwaardunge si fir deen Dialog ze verbesseren, well letzlech d’Bild vum Enseignant mécht sech jo eigentlech iwwer d’Elteren. Wann déi fannen, datt hirt Kand eropgeet an der Schoul, datt et eppes léiert, datt do eppes leeft, da fannen d’Elteren datt se Chance hunn, an e gudde Schoulmeeschter oder eng gutt Léierin hunn. An dofir denken ech, datt dat eigentlech e ganz einfache Wee ass, fir ze weisen, wéivill Aarbecht a wéivill Efforten hannendru stinn.

Jean-Pol Roden: Mä wat sollen d’Léierinnen an d’Schoulmeeschteren an dee Carnet de liaison schreiwen? Do sinn der, déi soen, ech traue mech net dran ze schreiwen, ärt Kand ass liddereg, well soss kréien ech schonn erëm eng Kéier mam Affekot gedreet.

Mady Delvaux-Stehres: Ech hat och net mir virgestallt, datt een do dra schreift, ärt Kand ass liddereg. Ech mengen, et kann een awer dra schreiwen zum Beispill an deem do Fall, ärt Kand huet haut, hätt sollen, ech weess net, esou vill Rechnunge maachen, an et huet der nëmmen d’Halschent dovunner gemaach. Da mengen ech, da muss ee sech jo och froen, firwat huet dat Kand net alles gemaach wat an der Schoul erwaart ginn ass? Huet et et net verstanen? Hat et aner Suergen? An dat ass jo eigentlech déi diagnostesch Kompetenz, déi d’Enseignante missen hunn, fir dann ze kucken, wou läit deem Kand säi Problem, wou ass seng Schwieregkeet, an him ze hëllefen doriwwer ewech ze kommen. Et huet jo och kee Wäert, den Elteren dee Message do heem ze ginn. Wéi sollen d’Elteren et da fäerdeg bréngen, datt d’Kand dann d’Rechnunge mécht, wann an der Schoul d’Motivatioun an den Encadrement net stëmmt, oder wann d’Kand eventuell eppes net verstanen huet.

Jean-Pol Roden: Komme mir zeréck bei d’Intersyndicale, déi gesot huet nom 25. September, si hätte vun Iech elo gären déi Propositiounen emol nach eng Kéier schrëftlech. Gitt Dir hinnen dee Wonsch no? Gitt Dir dat hinnen nach eng Kéier schrëftlech?

Mady Delvaux-Stehres: Also, ech war e bëssen iwwerrascht, muss ech éierlech soen, och iwwer déi Discussioun déi mir de 14. September gefouert hunn.

Ech hat bis elo mat der Intersyndicale 6 Sitzungen, dat ass den 23. Mäerz ugaangen. An an där éischter Sitzung hunn ech keen Dokument ausgedeelt, do hate mir eng allgemeng Aussprooch fir ze soen, wat ech mir virstellen, wat ech Iech elo gesot hunn iwwert d’Aarbecht vum Enseignant, ech hunn do e bësse méi laang ausgeholl wéi hei, wéi ech de Profil vum Enseignant gesinn, fir d’Schoul vun der Zukunft.

An deen zweete Volet war dann méi d’Quantitéit, wéi ass dann elo, wéi spigelt dat sech erëm an der konkreter Präsenz an der Schoul, am Schoulhalen? An do waren 3 Sujeten an der Discussioun. Dat eent war déi sougenannnte Lettre ministérielle, wou jo all Proff eng Stonn Décharge kritt, déi zwar deemools motivéiert ginn ass, datt do soll d’Formation continue a Weiderbildung, Concertation pédagogique si nécessaire dra stoung, mä déi en Fait awer ni mat Liewe gefëllt ginn ass. A wou ech gesot hunn, ech hätt gären, datt mir déi solle mat Liewe fëllen.

Deen zweete Volet war dee vun de Koeffizienter, datt mir sollen nei évaluéiere wat ass eng Stonn wäert déi een hält op deene verschiddene Klassen, a Fonctioun vum Niveau vun der Klass, vun der Zuel vun de Schüler déi dra sinn.

An deen drëtte Volet war deen iwwer d’Anciennetéit, wou ech kloer gesot hunn, ech géif mengen, haut des Dags wou d’Leit eigentlech fit sinn, a wou se laang liewen, wären 40 Joer e bësse fréi fir eng Stonn Décharge schonn ze kréie fir Alter, well ee menger Meenung no mat 40 Joer awer wierklech tip top a Form ass.

Mir hunn Dokumenter échangéiert iwwer d’Lettre ministérielle. Ech hunn en Dokument ginn, d’Intersyndicale huet mir en Dokument erëm ginn. A mir hunn dorop geschafft, a mir hate plus ou moins, loosse mir soen en Accord iwwer deen do Deel, wou ëmmer gesot ginn ass, mir kréien eréischt en Accord iwwer dat Ganzt.

Dunn hate mir den 22. Juni, dat war dann déi 5. Réunioun, do hu se gesot, wann dir elo wëllt iwwer de Koeffizient schwätzen, dann hätte mir gären är Propositioune schrëftlech. An ech hunn der Intersyndicale déi geschéckt, ech mengen den 10. Juli, also virun der Vakanz, verschidde Variante vu Koeffizienten. Woubäi ech och de Kompromëss scho gemaach hunn, datt ech mir kéint virstellen, datt déi Koeffizienten eréischt géife fir déi zukünfteg Enseignanten, Proffe spillen. Well jo ëmmer d’Argument gesot gëtt, wann een e Beruff hëlt, an et huet ee verschidde Konditiounen, dann huet ee säi Liewen organiséiert, mä wéi déi nei, déi déi an Zukunft kommen, kann een déi jo dann eventuell nei organiséieren.

Dunn hat ech erwaart, an deen drëtte Volet, dat ass jo dee vun der Anciennetéit, do hat ech éierlech gesot gemengt, et wier elo net komplizéiert, ech bräicht keen Text doriwwer ze maachen. Wann ech soen 40 net, da gëtt et jo e puer Varianten, et fänkt u mat 45, oder mat 50, do hat ech gemengt, ech bräicht keen Text dozou ze maachen.

Gutt, de 14. September ass d’Intersyndicale erëmkomm, an du hu se da gesot, si hätte gären en neien Text. Dunn hunn ech gesot, jo, ech weess net méi wat ech elo an den Text soll drasetzen, si sollte mir emol soen, ob si iwwerhaapt bereet sinn, mat mir iwwer déi Froen do ze diskutéieren.

An esou si mir ausernee gaangen, an dunn hu si mir eigentlech dann 10 Deeg duerno e Bréif geschriwwen, deen awer leider 2 Deeg ze spéit am Ministère ukomm ass. Mä an der Zwëschenzäit war ech dat jo dann och iwwer d’Pressekonferenz gewuer ginn déi se gehalen hunn, wou si mir gesot hunn, si hätten awer gären en Text, wou dann alles zesummen drasteet. Doropper hin hunn ech mech dann e Mëttwoch dohinner gesat, an ech hunn e Chapeau gemaach. Deen een Text iwwer d’Lettre ministérielle ass dann dran, a da kënnt erëm e klengen Text, a da kënnt d’Propositiounen iwwer d’Koeffizienten, an als Schluss hunn ech da gesot, d’Anciennetéit, ech hunn elo eng Propositioun gemaach, mat 50 Joer -d’Schoulmeeschter kréien déi mat 50, ech hu geduecht, da kéinte mir eis jo do ulehnen. An dee Bréif hunn ech geschéckt.

Also ech si voller gudde Wëllen, fir ze diskutéieren a fir Saachen op den Dësch ze leeën, mä natierlech erwaarden ech mir och e Retour.

Jean-Pol Roden: Komme mir nach eng Kéier eng leschte Kéier fir haut op d’Tâche zeréck. D’Monique Adam sot op der Pressekonferenz zum SEB-OGBL, d’Tâche vum Enseignant wier haut esou komplex ginn, hätt Dir selwer gesot, datt wann ee Qualitéit wëll, se net dierf erofgesat ginn, weder am Primaire nach am Secondaire. Just e Kommentar dozou.

Mady Delvaux-Stehres: Si dierf op jiddefall net erofgesat ginn. Also mäi Wonsch a meng Absiicht ass jo, datt d’Enseignanten, d’Proffen, sollte méi präsent an der Schoul sinn. Datt, well et esou komplizéiert ass, a well ech wierklech mengen, datt et och eng Hëllef, net eng Hëllef, dat ass vläicht dat falscht Wuert, mä datt et eng Stäip ass, wann een net alles alleng mécht, a mat all senge Problemer ass, mä datt een déi kann deelen.

Ech wëll just, wann ech esou vill Zäit hunn - d’Pisa-Étude, déi lescht déi gemaach ginn ass, do hat d’Europaschoul jo och mat gemaach. D’Europaschoul huet u sech gutt ofgeschnidden, wat net erstaunlech ass, wann een hire sozio-professionell Kompositioun vun de Schüler kuckt. Mä wat net esou gewosst ass, dat ass, datt déi englesch Sektioun 40 Punkten iwwer deenen anere Sektioune läit an der Europaschoul. Also d’Resultater vun de Schüler mat 15 Joer op der englescher Sektioun sinn nettement besser, wéi op all deenen aneren. An dunn hunn ech natierlech den Direkter gefrot, wéi hien sech dat da géif erklären, an do huet e mir gesot, dat wier ganz einfach, d’Englänner hätten eng Traditioun, datt d’Enseignanten an der Schoul sinn. Si komme moies an d’Schoul a si sinn den Dag an der Schoul, an dat géif eng ganz aner Atmosphère an der Schoul ginn, an dat ass en Entrainement, an esou géif hie sech erklären déi besser Resultater.

Dat heescht, ech si jo net do fir d’Proffen ze gäisselen. Et geet mir jo em d’Qualitéit an der Schoul. Ech hätt gären, datt mir besser ginn an der Schoul. Dat ass den Enjeu. Natierlech geet dat nëmme mat den Enseignanten. Mä ech géif awer wierklech e waarmen Appel riichten, also mir schwätze jo vill iwwer Qualitéit an der Schoul, an da lamentéiere mir eis erëm, et wier alles net gutt. Mä mir musse wierklech e groussen Effort maachen, fir all déi Kanner déi zu Lëtzebuerg an d’Schoul gi méi héich ze qualifizéieren. Et geet ebe just em d’Schaffen, an em d’Motivatioun, an em den Encadrement fir déi Schoulresultater besser ze maachen.

Jean-Pol Roden: Dann hoffe mir mat Iech, datt Dir mat de Proffen op deem Punkt séier eens gitt, fir ebe vill méi qualifizéiert Kanner an eis Schoulen ze kréien. An ier mir da weider d’Schoulchantieren uschwätzen, komme mir zur nationaler an internationaler Aktualitéit. Dat haut mam Mick Entringer.

Mick Entringer: Optakt gëschter vun der Semaine du logement an der Lux-Expo um Kierchbierg. Bei der Ouverture huet de Minister Fernand Boden op den neie Wunnengsbaupakt fir d’Gemengen higewisen. Hien huet en Appell un d’Gemenge lancéiert, fir hinnen d’Méiglechkeet ze ginn mam Ministère eng Konventioun anzegoen, wa si décidéiere méi Awunner opzehuelen.

Da war et och d’Présentatioun vun enger Étude vu Ceps-Instead iwwer d’Disponibilité foncière. Op Hand vu Satellitefotoen, Kadasterpläng a PAGen huet een erausfonnt, datt et zu Lëtzebuerg eng sëlleg fräi Bauterraine ginn. Zum Beispill kéint een ¼ vum Stater Territoire fir neie Wunnengsbau benotzen, esou d’Étude.

Jean-Pol Roden: Mady Delvaux, ech wollt do ënnerbriechen, an Iech froen, de Wunnengsraum ass knapp, an an engems ass de Lycéesraum knapp. Well wann elo gesot gëtt, et ass vill Terrain fräi, da misst et jo och vläicht méi séier goen, fir nei Lycéeën ze bauen.

Mady Delvaux-Stehres: Ech muss soen, datt ech mam Här Wiseler eng gutt Zesummenaarbecht hunn, an datt mir wierklech gutt weider kommen. De Problem ass natierlech, datt mir och e Retard opzeschaffen hunn. Mir ginn de Moment 3 mol esou vill Suen aus, fir Lycéeën ze baue wéi virun 10 Joer. Mir hu Raum, awer net ëmmer do, wou mir en onbedéngt gären hätten.

Ech géing soen dee gréisste Problem elo wat Raum ugeet, dat ass de Raum Ettelbréck. Do hu mir keen Terrain oder net zu engem Präis wou de Staat nach seet, dat do ass ze vertrieden, do hu mir eigentlech keen Terrain wou mir de Moment kënne bauen. Mä et schéngt sech awer eppes ze amorcéieren, also dat ass, ech mengen Dir hutt Recht, mir kréien natierlech Terrainen offréiert och op Plazen, wou et da ganz schwiereg ass den Transport ze organiséieren. A mir musse jo awer e bësse regional denken, datt mir d’Verdeelung richteg hikréien.

Jean-Pol Roden: Weider mam Mick Entringer.

Mick Entringer: Gëschter war d’Regierung zesumme fir de Ministeschconseil. An der Haaptsaach goung et do em de Budgetsprojet, deen den 11. Oktober an der Chamber déponéiert gëtt. Virdru sinn nach emol 3 Sitzunge geplangt. Et ware ganz intensiv Discussioune gëschter. Deen annoncéierte Pressebriefing vum Premier Jean-Claude Juncker ass annuléiert ginn, well de Premier ze laang opgehale gi war. Gouf et gréisser Problemer bei den Discussiounen? De Budgetsminister Luc Frieden um Mikro vum Jean-Claude Wolff.

Luc Frieden: Neen, ech mengen d’Budgetsdiscussioune si schwiereg Discussiounen. Si ginn och d’nächst Woch weider, well och e Méindeg an en Dënschdeg ass dee ganzen Dag Regierungsrot. Et ass d’Zil vun der Regierung de strukturellen Defizit vun de lëtzebuerger Staatsfinanzen an der Perspektiv 2009 ze kierzen. Dofir musse mir déi Décisioune vun der Tripartite ëmsetzen. A mir musse selbstverständlech duerch all Département, a bei jidderengem spueren. An dat dauert eben eng gewëssen Zäit an dofir ass dat eng Aufgab, déi d’Regierung mat allem Sérieux, an dofir och eng gewëssen Zäit braucht, mécht.

Jean-Claude Wolff: Leien do gréisser Ënnerschidder tëscht de Wënsch an deem, wat realisabel ass?

Luc Frieden: Allerdéngs.

Jean-Pol Roden: Sinn Är Wënsch och méi grouss, wéi déi, déi realisabel sinn am Budgetsminister Luc Frieden sengen Aen?

Mady Delvaux-Stehres: Ech mengen, datt een ëmmer ganz grouss Wënsch huet, a da mellt een déi emol un, a wëssend, datt ee jo dann awer e gutt Stéck weider kënnt. Ech muss soen, de Problem vun der Éducaitounsministesch sinn eigentlech éischter Leit wéi Suen. Also mir sinn de Moment am gaangen dee Budgetsposten do duerchzegoen. Ech mengen, datt et näischt schued, wann een eng Kéier do duerchkuckt, wou mir Ausgaben hunn, déi mir net onbedéngt musse maachen, a wou ee kann e bësse méi spueren. Ech perséinlech fannen dat jo nach ëmmer eng Tugend, datt een net einfach d’Suen zur Fënster erausgehäit, mä datt een awer kuckt: mécht dat Sënn, datt mir d’Suen do gebrauchen oder bei enger anerer Plaz?

Mä meng Suerge kommen eréischt an der Discussioun, an dat sinn déi vum Numerus clausus. Wéivill Leit kënne mir astellen? Mir hunn eigentlech kee gréissere Problem wat de Recrutement vun de Proffen ugeet, well mir do e Plan pluriannuel hunn. Dat heescht, mir hu scho Problemer, mä fir 190, wahrscheinlech 190 nei Proffen d’nächst Joer anzestellen.

Awer wat mir méi um Häerz läit, dat ass dat anert Personal, wat mir an de Schoule brauchen. Eng Schoul lieft wéi gesot jo mat Enseignanten, mä mat ganz ville Leit ronderëm. Ech hätt gären Éducateuren an d’Schoul, fir den Encadrement vun de Schüler. A mir brauchen natierlech och technescht Personal, fir d’Laboë fonctionnéiren ze loossen. Mir bräichten Informatiker, fir all déi Computersäll déi do sinn. An dat ass eigentlech éischter mäi Kräiz, wou ech méi kräischen a jéimere wéi elo direkt bei de Budgetsposten. Mä dat sinn natierlech och Suen. Mä déi kommen ëmmer zum Schluss eréischt.

Jean-Pol Roden: 1,7% sollen déi normal Krediter méi grouss ginn, steet am Dossier deen Dir bei der Pressekonferenz ausgedeelt hutt. Dat schéngt jo dann duer ze goen, eben net duergeet et dann ebe mat deem Begleetpersonal. Elo kënnt jo nach d’Question vun de Maisons relais op, déi sollen de Para-scolaire iwwerhuelen. Do ginn et dann och schwéier Discussiounen säitens de Gewerkschaften, datt do géing Personal agestallt ginn, wat net qualifizéiert wier fir d’Kannerbetreiung ze maachen. Ass deen Dossier och schonn zur Sprooch komm zesumme mat der Familljeministesch?

Mady Delvaux-Stehres: Ech mengen, et soll een elo emol ënnerscheeden, d’Maisons relais dat huet jo eigentlech net direkt eppes mat der Schoul ze dinn, dat ass eng Betreiung vun de Kanner ausserhalb vun de Schoulstonnen. An do ass e Schlëssel festgeluecht vun der Famille, do kann een driwwer diskutéieren, ob dee gutt ass oder net. Wat mir wichteg schéngt, dat ass datt mir déi Zesummenaarbecht gutt organiséieren tëschent der Schoul an de Maisons relais, an datt mir an de Schoulen qualifizéiert Personal hunn, fir déi pädagogesch Aufgaben ze maachen. Ech mengen och, datt mir dat hikréien.

Jean-Pol Roden: An da weider mam internationalen.

Mick Entringer: Déi franséisch Sozialisten hunn zanter gëschter 2 sécher Kandidate fir d’Investitur vun de Présidentiellen. D’Favoritin Ségolène Royal huet sech gëscht zu Vitriol offiziell an d’Course bruecht, mat engem Discours ronderëm d’Themen Uerdnung, Sécherheet, Respekt vun der Republik, ma och individuell Fräiheeten an Diversitéit. Kuerz virdrun huet och den Dominique Strauss-Kahn sech als éischte Kandidat proclaméiert. Hie gesäit sech als bescht Bollwierk géint d’Droite, an de Match ënnert de Sozialiste wier nach net gemaach, esou den Dominique Strauss-Kahn.

Jean-Pol Roden: Mady Delvaux-Stehres, verfollegt een als lëtzebuergesch Sozialistin déi franséisch Taktiken do, wie soll herno Presidentskandidat oder -kandidatin sinn?

Mady Delvaux-Stehres: Mä selbstverständlech. Also dat ass jo awer e Sujet, dee mech terribel passionnéiert, souwisou d’franséisch Aktualitéit am allgemengen. Ech denken awer, well et gëtt jo och ëmmer immens spannend, wann et em Leit geet. Dann op emol si vill méi Leit, déi d’franséisch Aktualitéit suivéiere wéi virdrun.

Ech stelle jo och fest, datt de franséische PS zum Beispill immens vill nei Membere kritt huet, well se gesot hunn, alleguer d’Membere kënne matschwätze fir de Kandidat ze désignéiren. Do mierkt een also, datt déi Discussiounen em d’Persounen, déi eigentlech missten Niewesaach sinn, datt déi ëmmer méi Iwwerhand kréien, wat mech eigentlech e bëssen depriméiert. Ech kommen eigentlech aus enger Traditioun vu Politik, wou ech mir soen, et geet em d’Iddien, an et geet em de Programm. An et ass wichteg, datt een eng Équipe huet, déi zesummen hält, an déi zesumme probéiert hire Projet ëmzesetzen. An ob elo deen een oder deen anere Kandidat ass, misst fir de Projet socialiste net esou wichteg sinn.

A meng Erfahrung weist mir, datt am Fong ëmmer nëmmen eng Équipe gewënnt déi zesummen hält. Dofir hoffen ech, datt d’franséisch Sozialiste sech elo séier fannen, a sech alleguer hannerun dee Kandidat stellen, dee se dann désignéieren.

Jean-Pol Roden: Wier an Ären Aen d’Ségolène Royal déi richteg Kandidatin, nodeems Däitschland eng Bundeskanzlerin krutt, wier et jo och vläicht emol un der Zäit, datt Frankräich eng Presidentin kréich?

Mady Delvaux-Stehres: Et wäert Iech elo net wonneren, wann ech soen, ech wier frou wann eng Fra géif kandidéieren. Dat ass een Asaz awer vu mengem ganzen, säit ech jonk sinn, fir datt d’Frae sollen eng Plaz uewen an der Gesellschaft kréien. Ech sinn awer elo net esou bornéiert, datt ech à tout prix wëll eng Fra hunn.

Ech mengen, datt mir awer an enger Situatioun sinn, wou ee muss d’Qualitéiten, an d’Chancë vun all Eenzelnen ofweien a soen, wa mir besser hunn deen een, dann huele mir deen, a wa mir besser hunn dat anert, dann huele mir dat anert. Ech kann elo iwwer déi 2 Persoune mech net ausloossen, well ech se net esou gutt kennen, fir ze wësse wien do méi qualifizéiert ass fir dee Walkampf ze féieren. Ech wënsche just, wéi gesot, datt se sech zesummefannen a soen, hei deen déi meeschte Chancen huet, dee soll untrieden.

Jean-Pol Roden: Gi mir nach eng Kéir an d’Ausland.

Mick Entringer: Eng Boeing 737 mat 155 Passagéier u Bord, ass iwwer dem Amazonas verschwonnen. D’Boeing 737 war ënnerwee vu Manaus op Brasilia. Zanter gëschter Owend gëtt ëmmer nach nom Fliger gesicht. Bis ewell huet ee keng Informatiounen driwwer wou en erofgefall wier. Et gouf och néierens eng Noutlandung gemellt. Méiglecherweis koum et awer zu enger Kollisioun mat engem Privatjet, deen an der Regioun wou d’Boeing verschwonnen ass, sécher noutlande konnt. Ma bis ewell kann een awer nach net mat Sécherheet soen, datt déi Évènementer eppes mateneen ze dinn haten.

D’Wale muer a Brasilien stinn ënner dem Schied vu Korruptiounsskandaler. 126 Millioune Brasilianer sinn opgeruff fir e neie President, en neit Parlament, an 28 Gouverneuren ze bestëmmen. Trotz de sëllege Korruptiounsaffaire vun der lénksgeriichtener Regierung déi zanter 2005 am Amt ass, gëlt den aktuelle lénke President Lula Da Silva als Favorit fir de Presidenteposten. Ëmfroe no läit de fréiere Gewerkschaftsleader mat knapp 50% vun de Stëmme vir.

Jean-Pol Roden: Mady Delvaux, Brasilien huet speziell Problemer, a sécherlech de President Lula war deemools emol ugetruede bei senger éischter Investitur fir d’Problematik vun der Aarmut an de Grëff ze kréien. Dat ass bis elo jiddenfalls nach net esou richteg gelongen. Gesitt Dir dann, wéi d’Ëmfroe sinn, awer Chancen, datt him dat geléngt?

Mady Delvaux-Stehres: Oh là là, do stellt Dir mir elo eng Fro wou ech mech awer liicht iwwerfuerdert fillen. Ech kann nëmmen 2 Saachen dozou soen. Éischtens mengen ech, datt de Lula der Populatioun eng immens Hoffnung gëtt. An dat ass awer och e wichtegen Aspekt vun der Politik, datt een de Leit seet, hei, datt ee vermëttelt, hei et kann awer nach besser goen. An dofir hunn ech spontan eng Sympathie fir de President Lula.

Dat anert, wat mech immens depriméiert a ville Länner, dat ass, da kënnt eng nei Équipe, an et ass esou eng grouss Hoffnung, an datt se da relativ schnell a Korruptiounsskandaler falen. Dat fannen ech zimlech dramatesch, well do huet een d’Leit eigentlech 2 mol enttäuscht. Et huet een hinnen net déi Hoffnung realiséiert, déi se sech erwaart hunn, an ech fannen dat, datt do d’Leit probéieren, sech selwer ze beräicheren, wann een esou vill Problemer huet am Land, fannen ech an all Land inakzeptabel, also och a Brasilien.

Jean-Pol Roden: D’Sozialiste sinn d’Hoffnung, am Nopeschland Chile ass och zënter engem Joer d’Michèle Bachelet um Rudder, och eng Sozialistin. Ass dat dann awer d’Hoffnung fir Südamerika finalement aus dem Sumpf ze kréien?

Mady Delvaux-Stehres: Ech kann och ëmmer nëmme soen, datt ech hoffen. Ech si kee Spezialist vu Südamerika. Ech gesi just, datt do eng jonk Populatioun ass, déi wëll weiderkommen, an ech wënschen hinnen, déi Politiker déi se op deem Wee do begleeden. An natierlech hoffen ech, datt dat lénks Politiker sinn.

Jean-Pol Roden: Komme mir zeréck zu deem fir wat datt Dir haut hei sitt. Dir sitt Schoulministesch, zanter 14 Deeg leeft en dann nees, eise Schoulbetrib. E spannend Schouljoer dierft ustoen. D’Rentrée dëst Joer hutt Dir ënner de Motto gestallt: „Une école pour tous, un avenir pour chacun.“ An do schéngt et mir perséinlech ganz positiv, Dir hat et schonn ugedäit, datt virun allem déi gutt Schüler méi a besser gefuerdert solle ginn, fir hir Stäerkten dann och besser auszespillen. Konkret um Terrain, wéi kann dat nach besser geschéien?

Mady Delvaux-Stehres: Dat ass déi ganz Discussioun déi mir féieren em d’Inhalter vun der Schoul. Inhalter vun der Schoul an doniewent dann d’Strukturen. An ech probéieren déi 2 Dossiere paralell weider ze kréien.

Dat geet un an der Primärschoul, wou ech elo hoffe mam Gesetz awer geschwënn kënnen erauszekommen, well d’Idee vun de Cyclen, datt ee seet, mir maachen net méi Schouljoeren 1. 2. 3. 4. 5. 6., mä mir maachen e Cycle, dat heescht jo, datt ee ka méi schnell duerch e Cycle goen, oder respektiv méi lues. Et gëtt vill drop insistéiert, datt een da kann e Cycle deen normalerweis 2 Joer soll hunn, datt een dee kéint an 3 Joer maachen.

Et gëtt manner dovunner geschwat, datt et dann och muss méiglech sinn, datt ee Kand an engem Joer duerch de Cycle kënnt. Well an der Schoul, behaapten ech, datt et grad esou schlëmm ass, wann ee sech langweilt. Ech begéinen ëmmer erëm Mammen, haaptsächlech Mammen, well déi këmmere sech jo méi em déi Froen, déi mir soen, jo mä eist Kand dat weess dat do schonn alles, an et langweilt sech an der Schoul. An dat ass ganz schlecht. An dofir denken ech, d’Introductioun vu Cyclë géif erlaben, datt ee méi schnell weider kënnt.

Et kann een zwar elo iwwersprangen, mä dat ass eigentlech an eise Mentalitéiten net esou gutt gesinn. An ech géif wëllen och, déi Conscience e bësse méi waakreg maachen, datt dat, net an all Fall, et muss een natierlech och op déi sozial Entwécklung vum Kand, an d’psychologesch Entwécklung oppassen, mä datt dat eppes hëlleft.

An deen zweete grousse Volet dovunner, dat ass jo, datt wann ee seet iwwersprangen, oder méi schnell weider goen, da muss ee jo awer ganz präzis soen, wat sinn dann déi Kompetenzen déi ee muss hunn, fir kënne méi schnell weider ze goen? An dat ass fir mech dee wichtegsten Aspekt, wat sinn d’Inhalter vun der Schoul? Do si mir elo, elo sinn ech einegermoossen zouversiichtlech.

Wat d’Primärschoul ugeet, si mir elo am 6. Schouljoer ukomm, also vun der Spillschoul u bis an dat 6. Schouljoer. Mir hunn dat och ofgeschwat mam Post-Primaire, also mat de Proffen, déi d’Kanner op 7e kréien. Do gëtt elo en Dokument wat mir verschéckt hunn, un all d’Schoulmeeschteren an d’Léierinnen, an ech wier frou, wa se dat géifen och liesen.

De Moment hu mir elo Däitsch, Franséisch a Rechnen, d’Siencen an d’Konscht an d’Motricitéit, dat ass am gaangen nach ausgeschafft ze ginn. Mä déi 3 Haaptfächer, wann ech dat dierf esou soen, dat si jo awer déi meeschten Zäit an der Schoul, a si sollen dann elo emol kucken, ass dat realistesch, wat mir do proposéieren, respektiv et testen, a da kéinte mir do Programmer do ronderëm gestalten. Well, mir hunn zwar ganz schéi Programmer, mä et geet jo drëm wat verhält d’Kand, nom Passage an der Schoul. Op wat kann deen Enseignant, dee Schoulmeeschter oder dee Proff deen de Schüler kritt, op wat kann e sech verloossen, datt de Schüler och beherrscht, datt e maîtriséiert wat en ouni elo extra fir eng Prüfung ze léieren.

Jean-Pol Roden: Bei deene Kanner, déi solle gefuerdert ginn, do huet een eng Kategorie Kanner, et dierften 1% vun der Schoulpopulatioun sinn, déi sougenannte Surdouéën, wou d’Associatioun vun de Surdoués sech ëmmer beklot, déi géinge vernoléissegt ginn. Kann een iwwer dat neit Schoulgesetz dann och méi fir déi Kanner maachen, oder kënnt och eppes am neie Schoulgesetz, wat mir herno nach thematiséieren, eppes doranner stoen?

Mady Delvaux-Stehres: Also, d’Associatioun vun den, dat nennt een elo anscheinend net méi „Surdoué“ mä „intellectuellement précoce“, si fannen awer, datt se an der Zwëschenzäit, haaptsächlech an der Primaireschoul, relativ vill Verständnis fanne bei den Enseignanten. De Lycée ass vläicht e bësse méi rigide, well och do ganz vill Intervenante ronderëm d’Kand sinn. An dofir ass jo, ech kommen erëm op mäin Dada zeréck, wichteg datt et eng Équipe ass, déi sech concertéiert ronderëm d’Kand.

Ech mengen, datt eis Schoul och eng Äntwert muss fir déi hunn, an d’Äntwert doropper ass, den differenzéierten Unterrecht. Datt ee kuckt, hei dat do Kand dat ka méi wéi déi aner, a da ginn ech deem niewent deem allgemenge Programm, ginn ech deem extra Saache fir seng Intelligenz, seng Curiositéit ze stimuléiren. Dat geschitt schonn a ganz ville Klassen. An ech muss soen, datt déi Elteren domat och ganz zefridde sinn.

An also meng Iddi ass elo net, an dat wëlle si och net, eng extra Schoul maache fir déi Kanner, well ech mengen, et ass awer wichteg, datt se och déi sozial Kompetenze mat kréien, fir mat anere Kanner zesummen ze liewen, a fir ze léieren ze deelen, a vläicht och hiren Avantage dee se hunn, datt se dee kënnen asetze fir d’Kollektivitéit an der Klass, wou se eigentlech vill dobäi léieren.

Ech menge bei de Surdoués gëtt et jo eigentlech 2 Kategorien. Et ginn déi, déi sozial ouni Problem weiderginn, an da gëtt et natierlech en Deel Kanner, déi well se esou surdoués sinn, ganz vill aner Problemer kréien. An do musse mir hëllefen, esou wéi mir bei de Kanner hëllefen déi Schwieregkeeten hunn, solle mir awer op jiddefall och deenen hei hëllefen.

Jean-Pol Roden: An dat neit Schoulgesetz dierft jo dann och stoe kommen, Dir hutt et ugedeit, datt fir déi zukünfteg Enseignanten am Primaire et zu enger Nomination étatique wäert kommen. Dat gëtt vum Syndicat national des enseignants, dem SNE, begréisst. Zu dësem Modus, an datt et wuel och keng Schouldirekteren am Primaire wäerte ginn, d’SNE-Generalsekretärin Yola Hild.

Yola Hild: Déi Nomination Plan national, oder étatique, hu mir schonn ëmmer gefrot, well mir einfach d’Mobilitéit vun de Leit doduerch verbessert spieren. Et ass ee méi flexibel, an et huet ee méi Méiglechkeete fir, wann ee wëll, op enger anerer Plaz erëm ze starten wat fir vill Enseignanten awer vu Virdeel ass. Mat dem Schoulgesetz wou Dir elo sot, den Directeur d’école wier vum Dësch, do ware mir och scho mat der Propose déi elo war, vun dem neien alen Text, ware mir schonn d’accord. Och mat deem Comité d’école, wou mir allerdéngs als SNE ëmmer och d’accord waren, datt an deem Comité awer ee President misst sinn, oder een deen d’Leit an Empfang hëlt, een dee mat, wann eng gewëssen Urgence emol ass, kann eng Décisioun huelen.

Jean-Pol Roden: Komme mir emol fir d’éischt bei déi nei Nominatioun. Fir déi Enseignanten, déi elo um Schaffe sinn, ännert sech jo näischt. Wat bezweckt Dir konkret mat där Nomination étatique?

Mady Delvaux-Stehres: Mir hunn de Prinzip festgehalen, datt also eng Nominatioun duerch de Staat, an d’Affektatioun géif duerch d’Gemenge gemaach ginn. Dee Prinzip steet. Natierlech sinn do ganz, ganz vill Detailer nach ze régléieren.

Ech stelle mir vir, datt, also deen éischten Avantage dovunner ass, datt et méi schnell geet, datt mir net méi déi komplizéiert Prozedur hunn, déi jo oft humiliant ass an de Gemenge, wou e Gemengerot nuets um ¼ op 12 zesumme kënnt, fir deen éischten ze si fir e Schoulmeeschter ze kréien. Oder respektiv wou d’Leit sech op 8 Gemenge mellen, an herno net méi weess, wien - wou d’Gemeng weess, wie soll ech dann elo nach stëmmen. Dat war jo eigentlech den Ulass vun där ganzer Discussioun: solle mir déi Nominatioun net fundamental changéieren? Well dat hei ass eng nett Vereinfachung, souwuel fir d’Enseignanten, wéi eigentlech och administrativ.

An ech hat mir virgestallt, datt een dann als Enseignant, wann een de Concours gepackt huet - Schoulmeeschter, Léierin - da mellt ee sech. An hätt ee jo gären eng Plaz, an datt een do awer seet, ech gi gären an déi Gemeng. Bei deene grousse Gemengen ass dat jo och relativ einfach. Wann ee seet, ech gi gären an d’Stad, oder ech gi gären op Esch, dann ass en affektéiert an där Gemeng, an da leeft déi normal Prozedur wéi een an eng Klass kënnt.

D’Fro stellt sech éischter bei deene klenge Gemengen, wou da gesot gëtt, ech melle mech an eng Regioun, an dann innerhalb vun der Regioun kann ee jo nach ëmmer soen, ech hunn eng Preferenz fir déi do Gemeng.

Ech denken, datt et an 95% vun de Fäll ouni Problem wäert goen. Et kënnt natierlech sinn, datt ee Gemengerot seet, hei mir hätte gären onbedéngt deen do Kandidat, oder et sinn 3 Gemengen, déi onbedéngt gären dee Selwechten hätten, oder een dee kee wëllt. Dat kann et theoretesch jo och ginn. An do si mir nach am gaangen d’Prozeduren auszeschaffen, wéi mir d’Gemengeréit awer do mat abannen.

Dat gëtt méi eng grouss Verantwortung fir d’Inspektorat, well besonnesch op de Landgemenge mussen déi jo da regional déi Affektatiounen zesummen diskutéiere mat de Buergermeeschteren.

Jean-Pol Roden: Ass vläicht am Hannerkapp dorunner geduecht bei de Schoulsyndikater, wou 3, 4 Gemengen zesumme sinn, à Tour de rôle een e Schoulmeeschter stëmmt, wou awer den Inspekter vläicht seet, deen do wier de Kandidat fir eist Schoulsyndikat oder fir déi Zentralschoul, datt dann eng Gemeng deen net kann ofstëmmen?

Mady Delvaux-Stehres: Also fir d’Schoulsyndikater wollte mir souwisou de Prinzip fundamental änneren, dat ass datt de Schoulsyndikat selwer kann d’Nominatioune maachen, an net méi de Gemengerot. Well do jo da muss an de Gemengen diskutéiert ginn, wie stëmmt elo wien. Dat spillt an deem Sënn mengen ech net esou. Et geet éischter drëm fir d’Prozedur ze vereinfachen, an effektiv wéi d’Madame Hild gesot huet, fir méi Mobilitéit. Well dann ass et méiglech vun enger Gemeng, wann een an där selwechter Regioun bleift, datt ee vun enger Gemeng an déi aner eventuell kann méi einfach wiesselen.

Jean-Pol Roden: En zweete Punkt ass, deen och scho joerelaang diskutéiert gëtt an der Primaireschoul, de Schouldirekter. Dir hutt op der Pressekonferenz gesot, do kënnt vun enger Équipe an d’Gesetz stoen, an den Uspriechpartner hätt den SNE gären awer, datt dat awer soll ee sinn, ee bestëmmten, net ëmmer datt, wann dat elo zum Beispill 3 Schoulen an engem Quartier vun der Stad sinn, déi dann ënner eng Schoul zesummegesat ginn, wou een da Chef d’Équipe ass. Wéi gesitt Dir do d’Äntwert vun der Madame Hild, a wat wënscht Dir Iech?

Mady Delvaux-Stehres: Also mir läit d’Équipe um Häerz. Dofir si mir eis och elo eens ginn, datt et also ee Comité gëtt. An all Schoul gëtt eng Équipe gewielt vun den Enseignanten, déi dann e ganze Koup Responsabilitéite kréien. Well et geet jo elo net just dorëmmer fir datt mir do e Comité hunn, mä dee Comité huet jo Aufgaben. An eng vun den Aufgaben ass, datt en e Plang mécht, wat mir nennen e Plan de réussite scolaire, dat heescht, wat fir eng Objektiver ginn ech mer, wou gi mir gären hi mat eise Kanner? Datt déi Équipe Rapport mécht, all Joer, fir ze soe wou sti mir, wat huet geklappt, wat klappt nach net esou gutt, wat musse mir änneren? A fir mech gëtt et awer keng Équipe déi net e Chef huet.

Also ech si wuel fir d’Kollegialitéit, mä nach muss een de Porte-parole sinn, an och een den Uspriechpartner. Dat ass jo och ee grousse Wonsch vun all de Schoulpartner, datt ee weess, wann ech an eng Schoul ginn, bei wie ginn ech dann elo, datt ech net vun engem Klassesall an deen anere lafen. An dofir soll dee Comité dann e President kréien, deen awer da fir méi wéi fir ee Joer gewielt gëtt, an eng Nominatioun kritt. Dat alles leeft awer am Kader vun der Schoulorganisatioun. Et ass elo net, datt déi Schoule komplett am loftleere Raum hänken. Et ass jo nach ëmmer d’Gemeng, déi zoustänneg fir d’Organisatioun vun der Schoul, d’Schoulorganisatioun ze stëmmen, an an deem Kader gëtt dann d’Équipe plus de Chef, de President, déi ginn dann do festgehalen.

An da gëtt an d’Gesetz geschriwwe wéi eng Aufgaben datt mussen erfëllt ginn, a wéi eng de President da selwer mécht, a wéi eng e kann délégéieren un der Rescht vum Comité.

Fir mech ass et wichteg och, datt d’Elteren en Uspriechpartner hunn, wa se an d’Schoul kommen. Deen normalen Uspriechpartner ass natierlech emol de Schoulmeeschter oder d’Léierin. Mä et ginn awer Situatioune wou et einfach indispensabel ass, datt wann een an der Schoul urifft, datt een da weess, hei ech adresséiere mech un de President vun deem Comité.

Jean-Pol Roden: Am Secondaire ginn et och eng Rei Chantieren. Do ass zum Beispill emol dee vum Dësch vun de Critères de promotions, wou den SEV op senger Pressekonferenz gesot huet, Dir hätt e Mea culpa gemaach. Hutt Dir e Mea culpa gemaach?

Mady Delvaux-Stehres: Ech mengen dee Projet, also dee Règlement Grand-Ducal iwwer d’Critères de promotion vum leschte Joer, dat war eigentlech eng ganz mühseleg Aufgab, well mir 7 Règlements Grand-Ducaux vereinfacht hunn.

Mir hunn d’Critèren harmoniséiert zwëschen dem Technique an dem Classique. Dat war u sech jo d’Haaptuleies. Effektiv hunn ech nodeem ech déi Tournée an d’Schoule gemaach hunn - ech si jo dohinner gaangen, fir den Enseignanten nozelauschteren, an dann huet et jo kee Wäert erëmzekommen an et huet een nogelauschtert, an dann ze soen, jo ech hunn iech zwar nogelauschtert, mä dat ännert awer elo näischt u menger Haltung. Dofir hat ech gutt verstanen, datt et eigentlech zwee Problemer géif ginn.

Deen éischten: Mir haten an deem Règlement Grand-Ducal virgesinn, datt een, wann een eng gutt Moyenne hätt, datt ee kéint all Datz kompenséieren, egal wéi niddereg datt se ass. Dat ass ganz rar de Fall. Well een, deen eng gutt Moyenne huet, deen huet net iergendwou 0 oder 3 Punkten. Ech mengen, et sinn 50 Kanner am ganze Land, déi dovunner concernéiert wären.

Ech hunn awer aus den Discussioune mat de Proffe verstanen, datt verschidde Schüler dovunner profitéiert hunn, fir si rosen ze maachen. Fir einfach ze soen, hei dir kënnt hei ziele wat dir wëllt, och wann ech 0 hunn an ech hunn eng gutt Moyenne, da kommen ech duerch. Datt dat e Malaise an der Schoul stellt, ech muss soen, dat enttäuscht mech awer terribel, ech hat eigentlech net geduecht, datt d’Schüler esou, wéi soll ech dat soen, esou blöd wieren. Mä dofir hunn ech gesot, bon da maache mir déi Limite op 20. Well dat heescht, wann ech eng gutt Moyenne hunn, kann ech eppes ënner 20 compenséieren.

A mir hunn anticipéiert, datt mir de Socle de compétence wëllen aféieren. Dat heescht, mir hu jo eng grouss Reflexioun iwwer d’Sprooche gemaach, datt een am klassesche Lycée nëmmen eng Sprooch ka compenséieren. Ech menge wierklech, datt ee fir eng Première ze hunn, muss een awer wierklech eng Sprooch gutt beherrschen. An dofir soe mir elo an Zukunft am Cycle inférieur, kann ee wuel eng Schwächt hunn, mä et kann een net an 2 Sproochen eng Schwächt hunn, fir awer duerchzekommen.

Jean-Pol Roden: Ech sinn trotzdem der Meenung, datt een eisen Tromp vun der Méisproochegkeet net dierf op d’Spill setzen, zëmools net am Secondaire classique, a scho garantéiert net op der Sproochesectioun.

Mady Delvaux-Stehres: Ech och. Also ech mengen, dat ass och e Konsens deen ech iwwerall am Land begéinen. Mir si stolz op eis Villsproochegkeet, mir mussen doropper halen, mir mussen doropper opbauen. Ech mengen esouguer, datt mir se misste verbesseren. Well mir hu laang fonnt, mir hätten en Avantage op all eis Nopeschlänner, well mir esou vill Sprooche géife kënnen, mä an der Zwëschenzäit gesäit een, datt immens vill Länner Efforte maachen, fir méi Sproochen an der Schoul ze enseignéieren. A wa mir deen Avantage wëllen halen, musse mir besser ginn an de Sproochen. Hei ass jo och net gesot, datt een d’Sprooch net muss kënnen, et ass just gesot, et muss ee vläicht net alleguer d’Finessen an deenen 2 Sproochen perfekt beherrschen, am Classique.

Et bleift awer eng Fro fir déi Kanner, déi ganz vill Schwieregkeeten an der Schoul hunn. An do kann et awer dozou kommen, datt déi Villsproochegkeet mat sech bréngt, datt se iwwerhaapt näischt kënnen, datt se iwwerhaapt emol net liesen a schreiwe kënnen. Da mengen ech, misst een d’Économie maache vun enger Sprooch, a soen, et ass méi wichteg, datt se an enger Sprooch liesen a schreiwe kënnen, wéi dat se d’Villsproochegkeet mathuelen. Mä dat soll awer wierklech d’Ausnam bleiwen zu Lëtzebuerg.

Jean-Pol Roden: Ech mengen, dat soll een de Leit dann jo awer och emol kloer maachen, datt net onbedéngt och iergendeng nei Form vu Première d’Méisproochegkeet vum Lëtzebuerger Land, zëmools op der Sproochesektioun, a Fro stellt.

Mady Delvaux-Stehres: Ah neen, neen, neen, also dat wëlle mir net, au contraire. Dat ass jo eng vun deene Pisten, déi mir am Plan d’action „Sproochen“ elo wëllen ausbauen. Mir géife just gäre méi richteg certifiéieren, wéi eng Kompetenzen a Sproochen datt eis Schüler hunn mat Première. Well de Moment kréie se einfach op d’Zensur stoen, hei, en huet esou vill Joer Franséisch, esou vill Joer Däitsch, an esou vill Joer Englesch gemaach, an eventuell esou vill Joer Latäin, an Italienesch, an dat seet eigentlech näischt aus iwwer seng Kompetenzen. Wéi vill kann en dann an de Sproochen?

An dofir wëlle mir eng aner Certificatioun maachen, an ech wëll och an déi zukünfteg Première-Diplomer – dat ass meng Propositioun – och d’Sproochen certifiéieren, déi een net onbedéngt an der Schoul geléiert huet, mä déi een awer kann. Well mir hu ganz vill Kanner zu Lëtzebuerg, déi kënne portugiesesch, déi kënnen italienesch, déi kënne russesch oder chinesesch, an an hiren Diplomer kënnt dat ni ervir. Dat ass awer eng Kompetenz déi se hunn. An Europa gëtt jo vill geschwat, datt ee soll Diplomer maache mat Suppléments au diplôme déi méi genau beschreift, wat sinn d’Kompetenzen. An do wëllt ech déi Suppléments au diplôme, aner Kompetenze mat certifiéieren, an notamment an d’Sproochen.

Mä et kann net sinn, mir wëlle jo och den Niveau festleeën, deen ee muss hu fir eng Première ze kréien. Et kann net sinn, datt een eng Première kritt, ouni datt e genuch franséisch, däitsch an englesch kann. Ausser wéi gesot an deene Classes internationales, wou mir méi op franséisch setzen, an an Zukunft de Schengener Lycée, wou d’Däitscht da méi renforcéiert gëtt.

Jean-Pol Roden: Kann een déi Certification vum Conseil de l’Europe fir déi Sproochen ze certifiéieren, déi een net an der Schoul mécht, als Basis huele fir zukünfteg Zousazkompetenzen ze bescheinegen?

Mady Delvaux-Stehres: Jo, allerdéngs brauche mir da verschidden Organismes de certification, well fir datt dat e Wäert, eng Valeur huet, muss jo ee certifiéieren, deen awer unerkannt ass. Dat heescht, mir sinn elo am gaangen ze diskutéieren, fir mam Centre de langues notamment, mat deenen hire Partner, déi verschidden Instituter - well fir zum Beispill portugiesesch ze certifiéieren, musse mir jo da portugiesesch Tester maachen, déi den Niveau, deen am Kader vum Cadre européen des langues vum Conseil de l’Europe, deen dee géif certifiéieren. Also, et ass elo net esou, datt d’Schoul eppes certifiéiert, wat se selwer net enseignéiert huet. Mir siche Partner, fir déi Kompetenzen déi net an der Schoul geléiert ginn, fir déi mat ze certifiéieren am Diplom.

Jean-Pol Roden: Eng méi eng grouss Problematik an dësem Land schéngt d’Handwierk ze sinn. Déi handwierklech Beruffer déi jo och zum Deel dann am Lycée technique virbereet ginn, jiddefalls op den ënneschte Klassen.

Elo seet dann d’Chambre des métiers, et misst eng Reform vun der Formatioun hier vum Handwierk. Nuren 20% vun de Lëtzebuerger schaffen haut nach am Handwierk. Net genuch Schüler sinn un de manuelle Beruffer interesséiert. D’Handwierk brauch awer och qualifizéiert Leit, an do misst vläicht e Mentalitéitswiessel an der lëtzebuerger Gesellschaft hier. An eben d’Handwierkerkammer fuerdert dann d’Schafe vun engem Centre de compétences an datt d’Formatioun vum CATP bis zur Meeschterprüfung méi op déi reell Besoine vum Handwierk adaptéiert soll ginn. Lauschtere mir de Paul Krier vun der Handwierkerkammer.

Jean-Claude Reding: Mir haten dëst Joer eng Konferenz gemaach mat Fachleit aus de Betriber, an aus der Schoulwelt, fir ze kucken, wou sti mir do mam CATP. Mir stellen nämlech 2 Saache fest: Dat éischt dat ass, datt et eng Formatioun ass, déi ëmmer nach attraktiv ass bei de jonke Leit. Et gesäit een dat un der Zuel vun deenen, déi sech melle fir déi Formatioun. Op där anerer Säit kréie mir awer ëmmer erëm ze héieren, datt déi Formatioun eigentlech net de Besoine vun de Betriber géif entspriechen.

Wat huet sech aus der Discussioun fir eis erausgeschielt, an de Besoinen vun den Entreprisen? Majo, 2 Saachen. Engersäits brauch een haut vun engem Employeur administratif méi en héije Grad vu Polyvalenz, wéi dat fréier war. Dat ass awer net an enger CATP-Formatioun ze maachen. Do bräichte mir eigentlech eng reviséiert Techniker-Formatioun op deem Plang.

Op där anerer Säit ginn et awer vill Plazen, wou Leit gesicht ginn, déi zum Beispill am Accueil-Réceptioun gutt kënne fonctionnéieren. An do kéint een u sech e CATP méi spezialiséieren op déi Richtung hin, an esou, datt mir eigentlech an d’Discussioun wollten erabréngen, eng Reform vun der Bureausausbildung, Richtung spezialiséierten CATP a reforméiert Technikerausbildung fir dee Beräich.

Jean-Pol Roden: De Jean-Claude Reding, President vun der Privatbeamtekammer, datt awer an déi selwecht Klack laut, déi eng aner Formatioun fir d’Leit brauchen, déi eng CATP-Ausbildung maachen, fir am Büro ze schaffen. Da gi mir awer elo bei de Paul Krier, dee méi eng allgemeng nei Orientéierung vun de Beruffsschüler fuerdert.

Paul Krier: Orientierung awer net als isoléierte Prozess, mä als éischt Etappe um Life-long learning. Ech mengen, dat ass ëmmer wichteg erëm ze widderhuelen. Do si mir der Meenung, datt mir ewech musse komme vun enger Orientierung, déi haut nach largement eng Thérapie ass. D’Orientierung setzt oft dann an, wann d’Kand am Pëtz läit, wann de Schüler Échecen huet, da setzt ganz oft d’Orientierung an. Mir sinn der Meenung, datt d’Orientierung muss ee Recht sinn fir jiddwereen. Dat heescht net de Schüler orientéieren wann en 3 mol duerchgefall ass, a soen, elo bleift dir nach just dat do iwwereg, mä datt mir kucken, während Joeren an engem Prozess kucken, wat kann de Schüler, manuell, intellektuell, an datt mir hien da versichen positiv dohinner ze féieren, wou en am Fong higehéiert. Dofir froe mir och eng Instance nationale d’orientation et de conseil en formation.

Jean-Pol Roden: Mady Delvaux, déi 2 Hären hu sech Suerge gemaach em d’Formatiounen, gewësse Basisformatiounen, déi fir d’éischt an den technesche Lycéeë sinn, an duerno op en CATP virbereeden. Loosse mir emol fir d’éischt bei de Paul Krier zeréckkommen, deen eng allgemeng besser Orientéierung fir d’Handwierksberuffer fuerdert, an dat soll jo och kommen duerch dat neit Gesetz vun der Formation professionnelle. Wéi wäit sti mir dann elo do?

Mady Delvaux-Stehres: Majo, d’Gesetz vun der Formation professionnelle war gëschter am Regierungsrot, ass do duerchkomm, dat heescht mir sinn elo am gaangen nach e puer Adaptatiounen ze maachen, a da kann dat déposéiert ginn. Dat ass e Gesetz wat mir ganz vill um Häerz läit, an wat sécher an déi Richtung do geet. Dat ass jo mat de Chambren, mat de Chambres professionnelles, patronales a salariales ofgeschwat, an do erwaarde mir eis natierlech eng Verbesserung. Mä wéi ëmmer soen ech, et geet net duer Texter ze schreiwen, a Gesetzer ze maachen.

De Problem vun der Beruffsausbildung, mengen ech, ass eigentlech vill méi grouss. Dat ass e Mentalitéitsproblem. An d’Orientatioun vun de Kanner geschitt, wa mir eise Chiffre gleewen, haaptsächlech doheem, a mat de Frënn, an da kommen eréischt déi professionnell Orientateuren, an dann zum Schluss ass d’Influenz vum Proff, deen ausmécht wou ee sech hinorientéiert. Dat heescht, mir brauchen eng allgemeng Haltung zum Handwierk, déi méi positiv ass. Ech entdecke jo d’Beruffswelt. Iwwer dee Projet vun der Formation professionnelle hat ech vill Kontakter. Also ech muss soen, et gi formidabel Beruffer déi ee ka léieren iwwer d’Formation professionnelle. An dat Bild kréie mir eigentlech net richteg eriwwer.

Ech fannen et och gutt, datt mir zesumme Campagnë maachen. Mä wichteg ass et einfach de Leit ze soen, et ass net esou, datt een duerch den Échec soll an d’Handwierk goen. Well d’Handwierk bidd eng onheemlech grouss Variétéit vu Beruffsoffren. An et mécht näischt mech méi traureg - ech hunn d’lescht Kéier en E-Mail kritt vun enger Schülerin, déi gesot huet, jo elo sëtzen ech hei do an där Commerce-Sectioun, an am Fong hunn ech iwwerhaapt keng Loscht op e Buerau ze goen. Mä et war mir näischt anescht agefall. Also, ech mengen datt mir de Kanner vill méi fréi musse weisen, wéi flott d’Handwierk ka sinn. Mä wéi gesot, d’Schoul soll hiren Deel dozou bäibréngen, déi professionnell Organismë vun der Orientatioun. Mä et ass awer dee Message ëmmer erëm ze widderhuelen, fir datt en och bei den Elteren a bei de Schüler ukënnt.

An dann, wa mir dann d’Gesetz hunn - mir sinn da paralell am gaangen, esou wéi am Primaire mécht een e Kader, mä et muss ee jo och d’Inhalter kucken, définéieren. All Beruffer, déi an der Formation professionnelle gemaach ginn, vu datt dat Gesetz virgesäit, datt et modulaire geléiert gëtt, datt een all Modul ka sech uneegenen, datt een dee Modul, déi Acquisitioun och hält. Dat heescht, et kann een all Moment eraklammen a seng Beruffsausbildung weidermaachen. Dat heescht jo, datt mir déi ganz Programmer mussen ëmgestalten a Moduler. An dat ass, fannen ech, e gudde Moment, fir dann och ze soen, hei wou setze mir dann elo d’Schwéierpunkten.

An ech mengen datt de Jean-Claude Reding Recht huet, wann hie seet, e CATP-Sekretariat, do musse mir fundamental ëmdenken. Et gi wierklech Leit gebraucht, haaptsächlech am Accueil, Telefon, dat mengen ech, kann ee wonnerbar maachen um Niveau CATP. Mä fir déi klassesch Sekretärin, wat ee sech esou virstellt, déi et jo awer am Fong ëmmer manner gëtt, well jiddweree säin Ordinateur selwer bedéngt, do sinn eigentlech och méi Sproochekompetenzen verlaangt, an dofir musse mir dat alles vill méi gezilt ugoen.

Mir wëllen elo awer net nëmmen den Administratif et Commercial nei organiséieren, mir sinn och am gaangen ze kucken, alles wat d’Vente ugeet. Well och do ginn et immens interessant Aktivitéiten, zum Beispill mir hunn dëst Joer de Logistiker agefouert, wat ech wierklech ganz flott fannen, de Mechatroniker.

Et ginn och ganz héich technesch spezialiséiert Beruffer. D’lescht Kéier war d’Sanitairë bei mir, do hunn ech och emol entdeckt, wat et alles gëtt. Do mengt een, do géif een nëmme Schlitze schloen, do ginn déi sophistikéierst Klimaanlage gemaach. Also ech mengen, datt d’Leit alleguer sech sollen d’Handwierk vill méi gutt ukucken.

Jean-Pol Roden: Natierlech och do fuerdert Dir vläicht e bësselchen e Mentalitéitswiessel, a vläicht hunn déi Campagnen, déi awer och schonn vun der Handwierkerkammer an den 90er gemaach gi sinn, wou se mat hire Beruffer an d’Schoule gaange sinn, vläicht nach eng Kéier nei ulafen ze loossen. A vläicht ass et jo haut méi einfach, e jonke Mënsch fir en Handwierk ze begeeschteren, wou jo och haut do iwwerall vill Informatik dobäi ass.

Komme mir nach vläicht e bësselchen op déi ganz schlecht Schüler, ech soe schlecht si se drun, si si keng schlecht Mënschen, mä déi déi am Modulaire sëtzen. Heiansdo mat 15 Joer aus der Schoul mussen. Do soll jo och dat neit Schoulgesetz kommen, datt se bis 16 Joer musse goen, fir ebe Klasse vun enger 10ième modulaire ze halen, wou jo och Schoulmeeschteren a Léierinnen froen, déi esou Klasse gehalen hunn, déi zum Deel dëst Joer net méi lafen, awer wäertvoll sinn, datt déi Kanner dat ugebuede kréien. Wéi wichteg ass dann datt een och am Modulaire sech méi intensiv mat deene Kanner ofgëtt?

Mady Delvaux-Stehres: Bon, de Modulaire huet jo e schrecklech schlechte Numm, an eigentlech ass et eng Chance fir déi Kanner, déi vill verpasst hu virdrun. Well d’Halschent vun de Schüler déi am Modulaire sinn, déi erreechen awer d’Zil fir an den Technique erëm zeréckzekommen. Also mir solle verhënneren, datt mir vill Kanner hunn, déi duerch den Échec dohinner kommen. Et wäerten awer ëmmer an de Schoule Kanner bleiwen, déi déi Socles de compétence déi mir elo festleeën, déi déi net erreechen. An deene musse mir da méi fréi och eng individualiséiert Formatioun ginn. Well d’Zil muss et jo awer sinn, datt si ëmmer nach weider léieren.

Dat schlëmmst ass jo wann een an d’Schoul geet, an et huet ee schonn opginn, an da sëtzt een einfach do fir seng Zäit ofzesëtzen. Hei muss jo d’Zil sinn, ëmmer nach eng Offre ze hunn, datt si hir Kompetenze kënne steigeren, an datt se sech kënnen herno um Aarbechtsmaart erëmfannen. mä awer och als Bierger kënnen an der Gesellschaft mat maachen.

An och am Gesetz iwwer d’Formation professionnelle hu mir jo och dee Volet virgesinn, datt een awer och de CITP, dat heescht also datt een iwwerhaapt Kompetenze kritt, fir kënnen an enger Léier ze goen, fir dat nach ëmmer weider ze offréieren. Mir diversifiéieren d’Offer jo, mir probéieren dat iwwerall am Land unzebidden. Och do brauche mir Infrastrukturen. De Moment ass et esou, datt mir 120 Kanner hunn, déi och waarden fir ënner Daach ze kommen, wou ech awer elo optimistesch sinn, datt mir spéitstens Ufank November déi Infrastrukturen, also déi Coursen kënnen ulafe loossen.

Mir hunn och dëst Joer an der Offer 2ième Chance hu mir dann och 9ièmen offréiert, ebe just fir déi opzebauen. Well ech mengen net, datt mir eis et kënnen erlaben Leit ouni Qualifikatioun aus der Schoul erauszeloossen. An ech wëll all deene Leit, déi am Modulaire schaffen, dat si Leit déi immensen Asaz hunn, an déi sech ganz gutt em déi Kanner, oder em déi jonk Leit, dat si jo eigentlech keng Kanner méi, em déi Kanner këmmeren. Dat ass eng formidabel Aarbecht déi awer do gemaach gëtt.

Jean-Pol Roden: Zum Schluss vläicht nach eng Kéier iwwer d’Formatioun, an d’Formation continue. An der grousser Vakanz ass gewuer ze ginn, datt eng Rei Leit, déi iwwer dem Minister Fischbach hire Certificat de qualification gemaach hunn, fir an der Primaire Schoul ze halen, elo d’Méiglechkeet kréien, op der Uni Lëtzebuerg - et ass am Unisgesetz virgesinn - hire Schoulmeeschterdiplom nozehuelen. Laut mengem Wësse si schonn 8 Leit op Dossier ugeholl ginn, fir an dat 3. Joer ze kommen. Firwat ass deen Dossier dann net méi bekannt gewiescht?

Mady Delvaux-Stehres: Also do stellt Dir mir eng Fro, op déi ech keng Änwert weess. Jiddweree misst eigentlech wëssen, datt am Gesetz vun der Uni en Artikel dran ass, dee seet, datt een op der Uni kann ugeholl ginn, sur Dossier, wou eng Validation des acquis ass.

Dat heescht, do muss een also selwer en Dossier maachen, a soen, hei ech hunn dat do an dat do schonn als Course gemaach. Ech hunn déi an déi Expérience professionnelle. Da kënnt eng Kommissioun zesummen, an déi appréciéiert ob ee genuch Kompetenze schonn huet fir deemno a wéi e Joer op d’Uni eranzekommen.

Dat ass esou fir d’Ausbildung vum Schoulmeeschter, mä et ass awer och fir déi aner Départementer, dat heescht, dat wat et a Frankräich scho méi laang gëtt, gëtt et säit dem Unisgesetz och zu Lëtzebuerg. Allerdéngs muss ee soen, dat ass ëmmer eng individuell Décisioun. Et gëtt keng kollektiv Décisioun fir ze soen, d’Chargéë ginn elo alleguer op d’Uni ugeholl. Jidder eenzel Persoun muss en Dossier maachen, deen erareechen, a froen, hei ech géif gären an d’Ausbildung goen.

Ech weess net, wéivill Leit duerch déi Kommissioun gaange sinn. Ech weess vun 2, een dee mengen ech Sport gemaach huet an der Belsch, an deen en Dossier eragereecht huet. An dann deen anere weess ech net genau wat hie gemaach huet. Mä wéi gesot, dat misst eigentlech bekannt sinn. An datt jiddereen eenzel muss déi Démarche maachen. Ech fannen et och eng ganz flott Saach, datt mir dat op der Uni hunn.

A fir dann erëm op mäi Gesetz zeréckzekomme vun der Formation professionnelle, do ass déi Validation des acquis och dran, fir alles wat Beruffsausbildung geet bis zur Meeschterprüfung. Dat heescht, datt een net ëmmer erëm muss vir ufänken, mä datt een déi Kompetenzen déi een huet, an engem Dossier beweist, an dann an eng Kommissioun geet, an datt déi seet, jo elo kënnt dir op der Säit aklammen, an net ënnen, alles vu virun erëm ufänken.

Jean-Pol Roden: D’Formation continue vun Enseignanten hutt Dir och op Ärer Rentréespressekonferenz ugeschwat. Dir sot, et si vill Leit, déi sech interesséieren, mä dat soll awer nach méi generell gehale ginn.

Mady Delvaux-Stehres: Jo, mir hunn eng grouss Offer u Formation continue, dat ass ëmmer en déckt Buch. Dëst Joer ass et fir d’éischt net als Buch erauskomm, mä nëmmen um Internet, well mir wollten e bësse spueren, Pabeier spueren. An déi Offer ass awer immens grouss. Do kënnt jiddereen eppes fannen, wat en interesséiert.

Wat mech awer elo interesséiert, dat ass, mir setze jo elo Prioritéiten an der Schoul. Mir hätte gäre Sproochen, mir hätte gären differenzéierten Unterrëcht. An dofir soen ech, elo musse mir méi gezielt prioritär sinn, datt do eng Offre u Formation continue déi besteet, an déi dann elo soll awer e bësse méi obligatoresch ginn, wann ech dat esou ka soen.

Déi éischt, déi dat do gemaach hunn, dat waren d’Mathematiker. Déi hunn d’lescht Joer, alleguer d’Mathesproffen op 7ième, déi eng 7ième hunn, déi eng Formation continue hate fir mat Kompetenzen ze schaffen. A mir fänken elo u mat franséisch an däitsch, an elo am 2. Trimester soll dat ulafen.

Mir kënnen net sämtlech franséisch Proffen an däitsch Proffen zesummen an eng Formation continue huelen. Dat sinn der zevill. Dofir ass elo en Appell un d’Gebaier, a wie sech fir d’éischt mellt, fir datt mir déi Objektiver, déi mir eis setzen, datt mir déi och kënnen ëmsetzen. Well et ass jo schéin, wann ech do, wa mir an enger Aarbechtsgrupp schaffen, an diskutéieren, an da maache mir och nach en Text, a da muss dat jo awer an de Klassen ëmgesat ginn, an dofir muss déi Formation continue méi gezielt op déi Objektiver déi mir elo festleeën, ausgeriicht ginn.

Jean-Pol Roden: Mady Delvaux, ech soe Merci fir de Besuch am Studio vum 100,7. Et wier bestëmmt nach eng Kuebel vu Problemer aus der Schoul unzeschwätzen, mä wéi ech eis kennen, gesi mir eis jo nach op anere Plazen op dësem Radio.

Mady Delvaux-Stehres: D’Schoul ass e Sujet deen ëmmer aktuell ass, a wou et ëmmer Facettë dovunner ginn, déi derwäert sinn dobausse bekannt ze maachen. Ech fannen, datt och vill Saachen an de Schoule lafen, wou d’Leit eigentlech net esou gutt wëssen. An et geet mir och drëm - dofir probéiere mir och esou Journéeën ze maachen, wou d’Projeten zesumme kommen, fir méi bekannt ze maachen, wat schonn alles Guddes an eiser Schoul leeft. An dat alles mam Objektiv fir all Kand an der Schoul méi héich ze qualifizéiren. Also ech ginn net midd et ze soen, mä dat ass dee groussen Défi fir eist Land, fir d’Économie vun eisem Land, mä awer och fir de soziale Fridden hei am Land, datt mir jidderengem eng Chance ginn un d’Liewen.

Jean-Pol Roden: Merci.

Dernière mise à jour