Luc Frieden invité de l'émission "Riicht eraus" consacrée au projet de budget pour 2007

Jay Schiltz: Plus 5,4% fir d’Recetten, plus 3,6% fir d’Dépensen, e Budgetsdefizit vun 0,9% vum PIB, oder 310 Milliounen Euro. Et sinn dëst nëmmen e puer Zuelen aus dem Staatsbudget fir 2007. Anerer wäerte mir an der nächster Stonn sécherlech och nach nennen, an erklären.

Fir d’éischt awer emol gudde Mëtteg, Här Minister Frieden, a merci, datt Dir Iech haut Zäit geholl hutt fir bis bei eis ze kommen. De Staatsbudget war e Mëttwoch de Mëtteg, nodeems Dir e moies an der Chamber virgestallt hat, schlagaarteg aus der Aktualitéit eraus. Dat tragescht Zuchongléck zu Zoufftgen huet alles anescht an de Schied gestalt, dorënner och e gudden Deel vun den Analysen zum Budgetsprojet. Dat wëlle mir haut an dëser Émissioun nohuelen.

Dir géift fuddelen, schreift am Tageblatt haut am Leitartikel den Alvin Sold, a geet mat Iech, mam Finanzminister, mat der CSV-Finanzpolitik zolitt an d’Geriicht. Zanter 1979 géing et an der Budgetspolitik em Propaganda goen, nämlech ze weisen, datt d’CSV mat Steiersuen ëmgoe kann, an zweetens, datt Dir, Här Frieden, an de Finanzminister Juncker fir d’Land onentbierlech sidd. Leider awer géifen är Previsiounen ausnamslos ëmmer an em vill Prozent nieft deenen herno richteg erfaassten Zuele leien. Dat ass jo awer eng Kritik déi et a sech huet. Beduckst Dir d’Leit da wierklech?

Luc Frieden: Ech verstinn déi Kritik net, well se ass net motivéiert. Et steet einfach, dat ass eng Affirmatioun, déi ee mécht. Wann ee géing fuddelen, da géing een d’Resultater besser duerstellen. Mir hunn eng Rei Prioritéite gesat, déi Chiffere si vérifiabel. Ech fannen datt et eng zevill sérieux Saach ass, fir op déi do Aart a Weis iwwer e Budget ze schwätzen. Ech hätt gären, datt ee sech all déi eenzel Einnahmen iwwer e puer Joer ukuckt, déi eenzel Ausgaben iwwer e puer Joer an da gesäit wat mir maachen.

Ech fannen, et ass eng vun deene verantwortunsvollsten Aufgaben déi et gëtt, ze kucken, datt déi Suen déi een erakritt, wat net dem Staatsminister oder meng Sue sinn, dat sinn dem Steierzueler seng Suen, den Entreprisen déi zu Lëtzebuerg Steiere bezuelen, a wéi mir déi ausginn, a mir wëlle se esou ausginn, datt mir och an deenen nächste Joeren net brauchen d’Steieren zu Lëtzebuerg ze héijen. Dat wier schlecht fir d’Leit, dat wier schlecht fir de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg an dofir mengen ech, datt mir a) net fuddelen, a b) sérieux mat de Steiersuen ëmginn. Woubäi een ëmmer kann diskutéieren ob déi eng oder déi aner Dépense noutwenneg war. Dat ass eng Diskussioun, déi muss d’Politik féieren. Mä op jiddefall et ass en éierlechen, sérieuxe Budget, esou wéi dat och déi Joere virdrun de Fall war. Well dat ass eng Fro vun der Beruffsethik an deem do Kontext.

Jay Schiltz: Dat räichst Land op der Welt, oder eent vun de räichste Länner op der Welt muss spueren. Wéi ass dat da méiglech? Dat ass eng aner Kritik vum Här Sold.

Luc Frieden: Ech mengen, datt mir ganz vill Suen ausginn. Mä mir hunn de Problem gehat, datt mir all Joer méi e staarke Wuesstëm vun eisen Ausgaben haten, wéi de Wuesstëm vun eisen Einnahmen . An dofir, wa mir soen hei zu Lëtzebuerg spueren, dann ass dat just datt mir d’Dépensen e bësse bremsen, mä mir ginn nach ëmmer ganz vill aus, mir bauen nach ëmmer ganz vill, souwuel an de Gebaier, wéi Schoulen, Spideeler, Altersheimer, wéi an de Stroossen, wéi an de Schinnen. Mir wëllen dat op engem bësse manner héijen Niveau hunn, fir datt d’Einnahmen och deenen Ausgaben entspriechen. An och eise Sozialbudget, och wa mir do liicht gebremst hunn, duerch Désindexéierung, oder d’Verschibe vun der Indextranche, da gi mir nach ëmmer ganz vill aus. An dofir bei eis heescht spueren net, datt een de Leit eppes ewech hëlt, mä datt ee versicht, dat ass op d’mannst eis Philosophie, datt d’Ausgaben net duerch Automatismen all Joer esou schnell wuessen, datt mir einfach net méi nokomme mat de Recetten.

Jay Schiltz:Iert mir da ganz an den Detail vum Staatsbudget ginn, fir d’éischt dann awer och emol nach den Detail vun der Dagesaktualitéit hei heem an dobaussen, mam Carole Schimmer.

[Noriichten vum Carole Schimmer]

Carole Schimmer:De Moien huet d’Hierschtfoire um Kierchbierg mat den traditionelle Rieden zur ekonomescher Situatioun vum Land ugefaangen. Besonnesch gespaant war een op d’Ried vum Wirtschaftsminister Jeannot Krecké. A senger Ouverturesried huet hien da gemengt, datt d’Zeeche vun der Zäit vun de Patronen, de Gewerkschaften an der Regierung erkannt goufen. Och wa mir besser wirtschaftlech Zuele wéi erwaart hunn, dierfen d’Tripartite-Accorden net ëmgestouss ginn, dat heescht dëst Land an der globaliséierter Wirtschaftswelt nach besser logistesch an technologesch virunzebréngen. De Wirtschaftsminister Jeannot Krecké.

Jeannot Krecké (O-Toun): Dofir plaidéieren ech ëmsou méi dofir, datt déi Konjunkturdonnéeën, wa si haut och e bësse besser sinn, eis net erëm eng Kéier sollen incitéieren an eng gewësse Selbstgefällegkeet erëm zeréckzefalen. Mir dierfen déi Zuelen net als Argument huele fir Reformelementer, déi mir elo virun e puer Méint an der Tripartite op d’Schinne gesat hunn, fir déi dann op emol erëm ze vergiessen.

Ech appeléieren un d’Décideuren zu Lëtzebuerg déi aktuell Croissance ze notzen, fir weiderhin eis strukturell Schwächten, déi mir identifizéiert hunn, ze behiewen, fir deenen neie Gegebenheete kënnen entgéint ze trieden. Mä den Appel viséiert net nëmmen déi, déi un de Schalthiewele vun der Politik, vun den Entreprisen a vun de Gewerkschafte sëtzen, mä och de Konsument, dee mat sengem Verhale mat décidéiert, ob Aarbechtsplazen hei a Lëtzebuerg an an Europa bleiwen, oder ofwanderen.

Jay Schiltz: Dës strukturell Schwächten, Här Minister Luc Frieden, sinn déi dann ausgemaach, un déi de Jeannot Krecké elo Referenz gemaach huet a senger Ried de Moie bei der Ouverture vun der Foire?

Luc Frieden: Ech mengen, mir hunn am Kader vun deenen Diskussioune vun der Tripartite - mä net eréischt do - iwwer déi Problemer geschwat zu Lëtzebuerg. Mir liewen an enger Économie, déi jo net fir sech alleng fonctionnéiert. Do sinn och Wirtschaftsraim ronderëm eis. A wann en neie Betrib kënnt, da kuckt deen op wéi eng Plaz ginn ech mech etabléieren? An do spillen eng ganz Rei Facteure mat. Net nëmmen de Lounfacteur, dee kuckt och d’steierlech Landschaft, dee kuckt d’Evolutioun vun de Steieren, d’Evolutioun vun de Léin, d’Evolutioun vun de Lounniewekäschten, an iwwer all déi Aspekter muss ee schwätzen, wann een iwwer d’Konkurrenzfäegkeet vun der lëtzebuerger Économie schwätzt.

Mir hu verschidden Elementer am Kader vun der Tripartite effektiv konnten änneren, an dat si scho strukturell Reformen. Wann ech virdru gesot hunn, datt mir den Index ëmorganiséiert hunn, dann ass dat eppes wat der lëtzebuerger Économie 2007 notzt, och dem Staatsbudget. Well dat bedeit zum Beispill, datt de Staatsbudget 70 Milliounen d’nächst Joer manner muss ausginn, wéi wa mir dee Mechanismus einfach bestoe gelooss hätten. Dat selwecht gëlt selbstverständlech fir d’Betriber.

Dat profitéiert en fin de compte och de Leit. An enger éischter Phas emfannen d’Leit dat als schwiereg an negativ, well si hätte soss eppes méi kritt. Mä um Enn vum Lidd hätte missen d’Steiere gehéicht ginn. An dofir soen ech, et muss een dat Ganzt kucken, an dofir deelen ech déi Meenung, déi de Moien de Wirtschaftsminister ausgedréckt huet, wat d’Meenung vun der ganzer Regierung ass. Wa mir déi Tripartite-Beschlëss net ëmsetzen, dann hu mir en fait méi e grousse Problem wéi mir schonn hunn.

De Budget d’nächst Joer géing em 7,6% vun den Dépense wuessen, ouni d’Tripartite-Beschlëss, elo wiisst en nëmmen em 3,6%. Dat heescht, mir sinn e gutt d’Stéck virukomm op deem Wee vun de Strukturreformen.

Et bleiwen awer och e ganze Koup Problemer, déi och net nëmme lëtzebuerger Problemer sinn, mä zum Beispill de ganze Beräich vun de Sozialversécherungen, d’Pensiounssystemer. Mir ginn alleguer, ech géing soe Gott sei Dank, ëmmer méi al, da brauche mir méi an de Gesondheetsberäichausgaben, mir brauche méi Ausgabe fir d’Pensiounen, mir kréie méi Ausgaben am Beräich vun der Fleeg. An all déi Beräicher déi kréie mir iwwer den normale Budget an der Zukunft net méi einfach esou finanzéiert.

Kuckt alleng nëmme bei de Pensiounen hu mir am Joer 2000, 1 Milliard Euro aus dem Budget transferéiert un d’Sécurité sociale. Elo sinn dat schonn 1,6 Milliarden, op 7 Joer gekuckt. Dat huet och domat ze doen, datt mir vill nei Aarbechtsplazen an där Zäit geschafen hunn. Mä mir hunn e Finanzéierungsmechanismus zu Lëtzebuerg wou d’Sozialversécherungen, Krankekeess, Pensiounskeess, zu engem ganz groussen Deel iwwer de Staatsbudget, also iwwer d’Steiere bezuelt ginn, wat vill aner Länner net hunn. Dat erkläert zum Deel den Defizit beim Zentralstaat, an den Iwwerschoss bei der Sozialversécherung.

D’Fro muss also erlaabt sinn, an déi muss geféiert ginn, déi kann een net an engem Dag an an enger Tripartite féieren, och an deenen anere Länner, wéi kënne mir d’laangfristeg Finanzéierung vun eiser Sozialversécherung assuréieren an zugläich eis Länner attraktiv maache fir Entreprisen, évitéieren datt se an aner geographesch Raim fortginn. An dat ass eng ganz komplizéiert Fro, déi ee muss kucken am Liicht vun der neier demographescher Situatioun, déi mir virun 20, 30 Joer net an deem Mooss kannt hunn.

D’Strukturreformen, dat ass e ganz grousst Wuert, mä d’Finanzéierung vun enger Rei vun Ausgaben, och d’Diskussioun, wat muss de Staat iwwerhaapt maachen, wat soll de Staat maachen, wou soll de Staat intervenéieren, a wou soll en d’Privatwirtschaft goe loossen? Dat sinn déi Diskussiounen déi ech gären hätt, datt och d’Politik géing méi wéi an der Vergaangenheet vläicht féieren.

Jay Schiltz: Wéi kann dann e Land wéi Lëtzebuerg, eng Wirtschaft wéi Lëtzebuerg mat deenen Erausfuerderungen, zum Beispill der Globaliséierung, a virun allem, wou mir elo confrontéiert sinn, den asiatesche Mäert entgéint trieden?

Luc Frieden: Ech menge fir d’éischt emol, datt d’Globaliséierung, an och d’Opmaache vun de Grenze fir Lëtzebuerg eng exzeptionell Chance ass, virun all de Problemer déi et eis och schaaft. Mir hätten ni Stol am Ausland verkaaft, wann d’Grenze mat den Douanestarifer bestoe bliwwe wieren. Mir hätten eis Medienzentren net kënne vu Lëtzebuerg aus opbauen, sief dat SES oder CLT. Mir hätten net kënnen déi Finanzplaz maachen, wann et keng fräi Circulatioun vum Kapital géing ginn. Also huet Lëtzebuerg méi wéi all aner Land vun Europa, a vun der Globaliséierung profitéiert.

Elo ass et awer richteg, datt aner Marchéen net schlofen. An Asien hutt Dir ugeschwat, dat ass en evident Beispill. An dofir mengen ech, datt mir eis musse konzentréiert em Asien bekëmmeren, fir vun deem Kuch do e Stéck mat ze kréien. Dofir hunn ech d’Promotioun vun der Finanzplaz virun 14 Deeg zu Singapur gemaach.

Ech fueren d’iwwernächst Woch mat enger grousser Delegatioun vu Leit aus dem Finanzsecteur a Japan, a Korea an op Hongkong well ech gären hätt, datt mir eis do och méi bekannt maachen, an datt mir do eis Produkter kënne verkafen. Wann ech op Singapur zeréckkommen, 2/3 vun all den Investmentfongen, déi zu Singapur verkaaft ginn, si lëtzebuerger Fongen. Do heescht et de lëtzebuerger Fändel hinzesetzen, eis fir Lëtzebuerg z’engagéieren, ze kucken och vun deene Leit déi do wunnen, déi och ganz oft den europäesche Marché sichen, datt déi Lëtzebuerg als Adress fannen, als Entrée an Europa, mä och fir hir Suen unzeleeën.

Mir mussen einfach eis em Asien bekëmmeren - dat ass China, dat ass och Indien, niewent deene Länner déi ech genannt hunn. An dofir mengen ech och, datt do fir Lëtzebuerg, niewent der Konkurrenz, enorm Opportunitéite bestinn. Ech hunn de Finanzsecteur ugeschwat, well ech dofir zoustänneg sinn, dat selwecht gëlt awer och fir aner Deeler vun der Économie. An ech mengen, déi ganz Episod ronderëm Arcelor a Mittal gëtt eis och vläicht en neie Bléck op Länner wéi Indien, oder aner Deeler vun Asien.

Jay Schiltz:D’Suite vun der Aktualitéit dann am Ausland, Carole.

Carole Schimmer: […]

An de Ban Ki Moon ass vun der UNO-Vollversammlung zu New York gëschter als offizielle Successeur vum Kofi Annan, als neien UNO-Generalsekretär ernannt ginn. De Ban Ki Moon ass 62 Joer al, a gëlt als en experimentéierten Diplomat. De Kofi Annan huet hien och gëschter félicitéiert, an huet him gesot, datt de Poste vum Generalsekretär deen onméiglechsten ass, an och dee beschte Job op der Welt wier.

Jay Schiltz:Kennt Dir deen neien UNO-Generalsekretär, Här Frieden?

Luc Frieden:Nee.

Jay Schiltz: Dir fuert a Südkorea, hutt Dir elo virdrun ugekënnegt. Dat ass wuel kaum méiglech Är Gespréicher do ouni och iwwer déi Atomtester ze schwätzen, déi Nordkorea duerchgefouert huet. Wat suscitéiert dat bei Iech?

Luc Frieden: Ech mengen, datt déi Situatioun an Nordkorea eng ass, déi besuergniserreegend ass. All Kéiers da wann Diktaturen u Waffen, an insbesondere un déi Extremwaff vun der Atombomm kommen, da muss dat déi ganz demokratesch Welt opreegen. Mir gefält an deem Dossier, datt méi wéi jee virdrun, all déi aner Länner vun der Welt geschlosse sinn, an eng relativ gemeinsam Attitude hunn -Europa, d’Vereenegt Staaten, Russland.

An ech mengen datt ee muss versiche mat alle Mëttelen, esou Regimer duerch verschidde Methoden, déi net déi kënne si vum Krich, mä déi vum Drock op verschidden Aart a Weisen, esou Regimer op en Enn ze bréngen. Et ginn der Gott sei Dank wéineg nach op der Welt, mä se stellen, esou laang se do sinn, eng Gefor duer, an och e Risque fir d’wirtschaftlech Entwécklung an deene Raim. An dofir mengen ech och a Japan an a Korea wäert dat do och en Thema vun eisen Diskussioune sinn. Lëtzebuerg huet dorop keng ganz grouss Influenz, mä déi ginn affektéiert vun deene Saachen déi geschéien.

Dat selwecht gëlt an der Iran Fro. Deemno wat do geschitt, huet eng Inzidenz op de Pëtrolspräis, an doduerch si mir dann och erëm beim Budget. An dofir ass dat, wat op der Welt geschitt, och fir Lëtzebuerg net irrelevant, a mir kënnen net maachen, wéi wa mir just um Boulevard Royal géing liewen, an déi aner déi hätten eppes mat deenen anere Problemer ze dinn. D’Welt hänkt vun eneen of, dat ass jo och dat faszinant dovun, dofir musse mir eis och mat deenen do Problemer op déi eng oder aner Fassong, ofginn.

Südkorea huet fir eis awer natierlech eng aner Dimensioun. Mir ginn a Südkorea well et e Land ass, wou och eng ganz Rei wirtschaftlech Opportunitéite bestinn, an déi wëlle mir versichen, och am Intérêt vu Lëtzebuerg, auszekunden.

Jay Schiltz:Iert mir am Detail nach op de Staatsbudget dann zeréckkommen, wou fir mir eigentlech hei zesumme sinn, komme mir awer och net dolaanscht d’Aktualitéit hei heem, baussent dem Budget, e wéineg ze kommentéieren. Et gouf e Mëttwoch kuerz nodeem Dir an der Chamber de Budget virgestallt hat, dat tragescht Zuchaccident zu Zoufftgen. Do ass elo Riets dovunner gaangen, datt d’Kooperatioun tëscht de Länner op verschiddenen Niveauen net geklappt hätt. Hutt Dir do zousätzlech Informatiounen, oder vläicht Explikatioune firwat dat esou war?

Luc Frieden: Dat war esou e schrecklecht Evenement, datt een och haut nach net richteg Zäit a Loscht huet iwwer all déi Problemer ronderëm ze diskutéieren. Et denkt een haut virun allem nach un déi Leit, déi do hiert Liewe gelooss hunn, déi zum Deel nach an de Klinike sinn, an och un deenen hir Familljen. Do si jo ganz vill Kanner, déi elo kee Papp méi hunn, et si Fraen déi keng Männer méi hunn, an ëmgedréint. An dofir ass dat anert zweetrangeg.

Trotzdem soen ech datt mir do erëm eng Kéier gesinn, wéi absurd dach awer Grenze sinn. Ech hunn ëmmer dofir plaidéiert, grad a Beräicher vun der Polizei a vun der Justiz, datt mir do och déi Grenzen ofschafen. Mir fuere mam Zuch iwwer d’Grenz, mir fuere mam Auto iwwer d’Grenz, mir spazéieren iwwer d’Grenz, a bei der Police a bei der Justiz - oder och bei aneren Déngschter, mä ech sinn nun emol fir déi éischt 2 zoustänneg - do gëtt et op emol eng Grenz. Dat sinn iwwregens ganz komplizéiert Froen. Et wäert och esou sinn, datt wann et zu Geriichtsprozedure kënnt, datt déi op franséischem Territoire stattfannen, well et e puer Meter hannert der Grenz war.

Ech mengen, datt d’Kooperatioun tëscht de Rettungskräften an de Sécherheetsdéngschter relativ gutt war. Wéi wäit d’Kooperatioun tëscht den Eisebunne fonctionnéiert huet, dat muss, mengen ech virun allem d’judiciaire Enquête erausfannen. Et ass och net un där enger oder anerer Zeitung, ze décidéieren, wie schëlleg ass. Dofir ginn et technesch Enquêten, dofir ginn et juristesch Enquêten. An ech fannen et ëmmer relativ oséiert, fir Minutten oder Stonnen duerno ze soen, deen do war et. Do ginn Enquêtë gemaach, an och préliminaire Enquêtë sinn nach definitiv.

E leschte Commentaire wann Dir erlaabt, Här Schiltz. An esou enger Situatioun ass alles ëmmer anescht wéi een an de Bicher et sech virstellt. D’Pläng hu gutt fonctionnéiert, mä d’Fro a wéivill Sekonnen oder Minutten eng Ambulanz op enger Plaz, an eng Police op der Plaz ass, ass fir mech méi eng wichteg Fro wéi wéi séier d’Press kann op der Plaz sinn.

Ech hu selbstverständlech déi Kritiken héieren, déi d’Journalistenassociatioune maachen iwwer den Accès zum Site. Mir wäerten eis dat roueg ukucken, absolut Prioritéit hu fir mech ëmmer d’Rettungsdéngschter. A wann do ee muss 5 Minutte waarden, dann ass dat och nach net, a mengen Aen, en Drama. Par ailleurs sinn ech d’accord fir mam Presserot iwwer déi Froen ze schwätzen, fir ze kucken, wéi kann een an esou enger Situatioun sécherstellen, datt d’Recht op Informatioun an d’Efficacitéit vun de Sécherheetsdéngschter zesumme kënne fonctionnéieren. Datt do och emol deen een oder deen anere vläicht dat falscht Wuert gebraucht, dat muss een an esou enger Stresssituatioun och verstoen. Ech géing just em Verständnes bieden, datt mir eis als Regierung an deenen éischten Deeg em aner Froe bekëmmert hunn. Déi do Fro soll een och diskutéieren, mä mat engem rouegen, kloere Kapp.

Woubäi mir jo och d’Erfahrung gemaach hu bei deem leschten Zuchaccident, datt do am Fong a mengen Ae Biller bruecht gi sinn, déi och wa se gemaach gi sinn, ee sech muss d’Fro stellen, ob een all Bild wat ee gemaach huet, och onbedéngt muss publizéieren. Dat ass eng Fro, déi ech net wëll esou verstane gesinn, wéi wann d’Politik géing virschreiwe wat ee soll publizéieren. Mä ech mengen dir, och als Journalisten, wësst datt een och Limiten huet, deontologesch Limiten, an iwwer all déi Froe sollte mir vläicht an engem rouege Gespréich féieren. Ech als Polizei- a Justizminister sinn d’accord dat do Gespréich mat de Vertrieder vun der Press ze féieren.

Jay Schiltz: Dat Verständnes sief Iech dann an dësem Kader zumindest accordéiert, Här Minister. Et sinn 22 Minutten op Mëtteg.

Komme mir da vläicht zeréck bei de Budget. A virop eng Fro, déi sécherlech e ganze Koup Leit dobaussen interesséiert, dat ass, vläicht emol eng Kéier ze erkläre wourëm et geet, wann am Kontext vun engem Staatsbudget Rieds geet, dee géing no europäesche Critèren opgestallt ginn. Wat ënnerscheed dann esou e Budget vun engem aneren, a wat wieren aner Critèren?

Luc Frieden: Ei, ei, ei, dat do ass schwiereg um Radio an 2 Minutten ze erklären. Ech wäert et trotzdem versichen. Dee klassesche Budget, wéi mir e fréier opgestallt hunn, dee bekëmmert sech just em déi Suen déi beim Staat erakoumen, an déi de Staat pro Joer ausgëtt, an deem en awer net berücksichtegt, wéivill mir virun allem am Investitiounsberäich maachen - well dat hu mir net bezuelt iwwer de Budget, mä iwwer déi sougenannten Investitiounsfongen. Firwat bezuele mir dat iwwer d’Investitiounsfongen? Well dat Ausgabe sinn, déi sech iwwer e puer Joer erstrecken, an ee net genee weess wann een e Budget opstellt, op dat 2007 oder 2008 ass.

An dann en anere wesentlechen Ënnerscheed tëscht dem klassesche Budget, wéi mir e fréier presentéiert hunn, an deem neien europäesche Budget, ass datt Europa verlaangt, zu Recht mengen ech, datt een an der Evaluatioun vun de Staatsfinanzen och kuckt, wat fir Ausgabe verschidden Établissements publics maachen, Établissements publics, déi keng kommerziell Natur hunn.

E Beispill ass de Fong Belval. De Fong Belval baut fir de Staat eng ganz Rei Gebaier, zum Beispill déi nei Fakultéite vun der Universitéit. Déi ginn iwwer de Fong Belval bezuelt, déi fënnt een am klassesche Staatsbudget net zeréck, well en fait bezuele mir dat iwwer eng laang Rei Joeren, dee geet Sue léinen a mir bezuelen dat iwwer eng laang Rei Joeren zeréck.

Europa seet, mä dir musst all déi do Dépensë kucken. Grad esou wéi dir och musst kucken, wat ginn d’Gemengen aus, a wat gëtt d’Sozialversécherung aus. Dat kënnt dohier, wéi ech virdru gesot hunn, datt mir zu Lëtzebuerg e ganz enke Lien tëscht dem Staatsbudget hunn an der Sécurité sociale. Aner Länner hunn dee guer net. An dofir ass déi europäesch Presentatioun eng, déi all d’Einname kuckt vum Staat, op enger jährlecher Basis, an all d’Ausgabe vum Staat an deem wäitste Sënn dee méiglech ass, y compris also Fongen, Établissements publics, Sécurité sociale. An da kënnt en zu engem Resultat, an dat Resultat ass dat, wat Dir am Ufank vun dëser Émissioun genannt hutt, -0,9% vum Bruttoinlandprodukt, oder en Defizit vun 300 Milliounen.

Wann ech de klassesche Budget virgestallt hätt vum Staat, da wiere meng Resultater iwweregens besser.

Jay Schiltz: Ou, Dir kritt ëmmer virgeworf, dat wier just de Contraire.

Luc Frieden: Jo, mä dat sinn déi Leit, déi vläicht schnell e Leitartikel Samschdes schreiwen, déi awer net de Budget am Detail kucken.

De klassesche Budget vum Staat, esou wéi mir e fréier virgestallt hunn, deen och iwweregens am Budget a voller Transparenz steet, hei gëtt net gefuddelt, dee beleeft sech op en Defizit vun -169 Milliounen. An déi couvréiere mir duerch en Emprunt, respektiv duerch Reserven, déi mir an deene leschte Joeren ugeheeft hunn.

Firwat awer huele mir déi europäesch Presentatioun? Mir huelen déi europäesch Presentatioun, well mir eis dozou verflicht hunn, mä och fir kënne mat den Nopeschlänner ze vergläichen. Mir sinn an enger Eurozon, dat muss een ëmmerhi gemierkt hunn. Mir hunn eng europäesch Währungsunioun geschaaft, a mir hunn do verschidde Konditioune gesat, an an deene Konditiounen ass d’Inflatioun, do ass den Defizit an do ass d’Staatsschold. Or, d’Staatsschold an den Defizit kann een nëmme vergläichen, wann een déi nämlecht Regelen uwend. Dofir ass och eis Staatsschold haut méi héich wéi fréier. Well och bei der Staatsschold gëtt gekuckt d’Schold vun de Gemengen. Bei der Schold gëtt och gekuckt, dat wat mir fréier genannt hunn Droits de garantie, also Finanzéierungen déi mir iwwer Emprunten iwwer eng länger Zäit maachen.

Déi Chifferen déi een an Europa muss vergläichen, dat ass -0,9% vum PIB - Frankräich huet der 2,5, Däitschland huet en Defizit vun 2,5, d’Belsch en Defizit vun 1,2. Mir sinn also besser wéi eis 3 Nopeschlänner. A bei der Staatsschold si mir bei 9,9% d’nächst Joer vum Bruttoinlandprodukt, do sinn déi aner Länner oft bei iwwer 60% - 60% ass de Seuil deen een am Fong geholl an der Währungsunioun dierf hunn. Déi aner versichen do erofzekommen. D’Fransouse sinn elo bei 63%, mir si bei ënner 10%. Et geet also drëm och d’lëtzebuerger Finanzpolitik europäesch kënnen ze vergläichen, an ze jugéieren, well dat geschitt am Kader vun de Conseile vun de Finanzministeren.

Jay Schiltz: De Budget 2007 gesäit 10 Milliarden 107 Milliounen Euro Dépense vir. Deem géint iwwer stinn 9,115 Milliarde Recetten. No Adam Riese mécht dat e Minus vun 992 Milliounen. Dir schwätzt awer Här Minister vun 310 Milliounen, dat muss een dann och an där grousser, globaler europäescher Duerstellungsweis gesinn.

Luc Frieden: Jo, den Haaptexplikatiounsgrond do ass, datt mir aus dem Staatsbudget e gréisseren Transfert maachen un d’Sécurité sociale. Virun allem wéi gesot un d’Krankekeesen an d’Pensiounskeesen. Zesummen 1,6 Milliarden. An déi fënnt een erëm als Iwwerschoss bei de Sozialversécherungen. An dofir wann een dat global kuckt, wat och richteg ass fir dat global ze kucken, da kënnt een zu deem Defizit vun 300 Milliounen. Déi 300 Millioune wéi gesot, déi couvréiere mir mat 200 Milliounen Emprunt, dovunner ginn der 100 an de Fonds du rail, an 100 an de Fonds des routes. An de Rescht huele mir aus dem ugespuertene Geld, wat mir hunn an den Investitiounsfongen, an domat gi wéi gesot Gebaier bezuelt, déi mir als wichteg fannen, a wou mir Autorisatioune vun der Chamber hunn.

Jay Schiltz: 1,2% vum PIB Defizit hat d’Regierung sech als Minimalziel fir dëse Budget gesat, 0,9 ass net onwiesentlech drënner. Wéi estiméiert Dir dann elo déi bugétaire Évolutioun fir déi nächst Joren, wou Dir elo scho quasi dat erreecht hutt, wat Dir eréischt fir 2009 geplangt hat, nämlech 0,8%?

Luc Frieden: Ech war extrem streng an dësem Budget, well déi Situatioun wéi mer se haten, mer net gefall huet. An ech muss soen, datt d’Kollegen an der Regierung, esou rosen se och waren, datt se net dat kritt huet an hiren eenzelnen Departementer wat se gäre gehat hätten, esou solidaresch waren se awer mat mir als Budgetsminister, fir esou schnell wéi méiglech op eng besser Situatioun ze kommen. Mir hunn awer nach ee Wee ze goen. Dee Wee deen ass, éischtens mussen d’Décisioune vun der Tripartite ëmgesat ginn, well soss gi mer jo ee Schrack zréck. An zweetens musse mer och déi nächst Jore kucken, datt de Sozialbudget an datt d’Investitiounsausgaben net méi schnell wuesse wéi d’mëttelfristegt Wuesstëm vun der Économie.

Déi Économie déi wiisst elo e bësse méi schnell, dat hutt Dir jo och de Mueren op der Foire nach eng Kéier héieren, dat huet de Staatsminister viru 14 Deeg am Briefing fir d’Presse nom Ministerrot gesot. Et bleift, datt een net weess ob déi Croissance wierklech och d’nächst Joer esou staark ass. Wann een déi europäesch Analysë liest, da gëtt dovun ausgaangen, datt d’nächst Joer d’Croissance manner staark ass wéi dëst Joer. Do ginn et eng Rei Facteuren: d’Situatioun an Amerika, och op enger Rei vun eisen Nopeschlänner, also kann een net elo einfach soen, mä well et elo besser geet, da geet et och automatesch déi Joren duerno besser. Ech sinn net pessimistesch, mä ech hätt just gären, datt mer eis net op eng Croissance aschéissen, déi mer vläicht herno net erreechen an dofir sinn ech am Fong als Budgetsminister ëmmer e ganz virsichtege Mënsch. Ech hu léiwer, datt mer herno e puer Euro méi an der Keess hunn, déi mer net virausgesinn haten, wéi datt mer an enger Situatioun do sinn, wou ech einfach an de Budget, op der Recettësäit vill zevill aschreiwen an dann duerno sti mer do mam Fanger am Mond a mer wëssen net wéi mer et solle finanzéieren. E Budgetsminister soll virsichteg sinn a mäi Charakter ass och éischter esou, fir wann et ëm d’Staatsfinanze geet, ze versiche keng Domheeten ze maachen op der Einnahmen- an op der Ausgabesäit.

Jay Schiltz: Sinn d’Beem hei zu Lëtzebuerg dann an de leschten 10 Joer eventuell ze séier an den Himmel gewuess? Ze héich? Huet keen opgepasst wou se higewuess sinn? Wéi koum deen Defizit dann iwwert déi Joren zustanen?

Luc Frieden: En huet mengen ech e puer Ursaachen. Ech menge schonn, datt mer opgepasst hu wat geschitt ass, mä mir haten ee ganz staarke Wirtschaftswuesstëm. Mir haten a mir hunn ee Finanzsecteur dee gréisser Recettë produzéiert huet an dofir hu mer konnten déi Suen ausginn. Mä mir hunn ëmmer festgestallt, datt eis, duerch eng ganz Rei vun Automatismen, wa mer de Budget opgestalt hunn, uganks des Joers schonn direkt gemierkt hunn, datt eng ganz Rei Ausgaben esouvill Prozent geklomme sinn, ouni datt mer iergendwelch nei Politike konnte maachen.

An dofir war eist Ziel jo fir eng Rei bestehend Politiken e bëssen ze bremsen, fir kënnen aner Politiken ze maachen, déi mer wëlle maachen oder déi d’international Communautéit fënnt, datt mer sollte maachen, awer mir sinn Deel vun där internationaler Communautéit. Zwee Beispiller: d’Fuerschung. Wann Europa net fuerscht a Lëtzebuerg ass Deel vun Europa, da sinn eis Betrivber op eemol net méi konkurrenzfäheg. Ech soen Iech, an Indien do gëtt gefuerscht an do sëtzen héich intelligent Leit, déi dobäi och nach ganz fläisseg sinn an déi maachen eis de Wee vir. Also musse mir méi fir d’Fuerschung maachen, d’Betriber an de Staat an de Staat muss de Betriber hëllefen. Anert Beispill: Kioto. Mir musse realiséieren, datt mer ee Problem hunn am Ëmweltberäich. Elo kann een diskutéieren iwwert déi Contrainten déi mer eis selwer opgeluet hunn a Kioto, ob déi net ze héich waren. Ëmmerhin ënnert den aktuelle Regele kascht dat eis pro Joer eng 100 Milliounen, well mer vill mam Auto fueren, well mer Knascht maachen. Also musse mer och kucken, wéi kënne mer déi 100 Milliounen finanzéieren. Dat geet zum Deel iwwert de Steierwee, dat geet zum Deel awer och doduerch, datt mer aner Dépensen net méi maachen. Zwee Beispiller also fir ze soen, mir musse kucken, datt mer och nei Dépensen nach kënne maachen, niewent de Grondaufgabe vum Staat wéi Schoulen, Sécherheet an esou, laanscht déi mer net kommen an déi och net méi bëlleg ginn.

Ech mengen, datt mer déi lescht Jore villes gemaach hu wat gutt gemaach ginn ass an datt mer och solle weider en héige Sozialinvestitiounsbudget halen, mä e muss net nach dauernd weider wuessen. Dat war och eis Philosophie an der Indexdiskussioun, an der Diskussioun iwwert d’Indexéierung vun de Familljenzoulagen. Mir hu jo kengem eppes ewech geholl. Mir hu just gesot, muss all Joers all Mënsch esouvill bäikréien? Dat soll ee maachen all Kéiers dann, wann et d’wirtschaftlech Situatioun och laangfristeg erlaabt.

Jay Schiltz: Et ass schonn e puermol elo an eisem Gespréich ugeklongen, och de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké huet et bei der Ouverture vun der Foire gesot, Dir hutt e puermol elo schonn drop higewisen, datt déi Tripartitebeschlëss onbedingt mussen agehale ginn. Do gëtt et och Kritik an déi Richtung. Den OGB-L beispillsweis fuerdert, datt wa sech de Wirtschaftswuesstëm, wéi e sech présentéiert, statistesch confirméiert, datt Dir dann ab, mindestens am 1. Januar 2007 op mannst iwwert den Index nach eng Kéier misst diskutéieren. Wat haalt Dir dann dovunner? Oder ëmgedréint gefrot, firwat mussen op Teufel komm raus déi Tripartitebeschlëss ëmgesat ginn?

Luc Frieden: Well wa mer se net ëmsetzen, eise Budgetsdefizit vill méi héich ass. Mir spueren duerch déi Tripartitebeschlëss - déi een och kann anescht nenne wéi Tripartitebeschlëss. Mir hu se an der Tripartite diskutéiert, well mer fannen et ass besser, datt ee mat de Sozialpartner driwwer diskutéiert, mä d’Regierung misst se och maachen, an eisen Aen, wa mer keng Tripartite gehat hätten. An der Tripartite war ee Konsens driwwer, datt et gutt wär fir d’Compétitivitéit vun eise Betriber a fir d’Staatsfinanzen, wa mer géingen un e puer Schrauwen dréie goen. An duerch déi Tripartitebeschlëss konnte mer 400 Millioune spueren. An dofir verstinn ech absolut net, wou een elo ka soen, mä da komm mer ginn einfach méi aus well dann hu mer jo net een Defizit vu minus 0,9, dann hu mer een dee vill méi héich läit. An dofir fannen ech et net gutt, wann ee géing op déi Décisiounen zréckkommen.

Par ailleurs si jo eng Rei vun deenen Décisioune vun der Tripartite och vun der Chamber scho gestëmmt, iwwregens mat enger breeder Majoritéit. An d’Regierung wäert net doropper zréckkommen, well soss haten all déi Aarbechte kee Sënn. An déi Aarbechten déi haten net nëmmen zum Ziel wéi gesot de Budget 2007, si haten och zum Ziel, datt eis Économie konkurrenzfäheg bleift. Nëmmen eng konkurrenzfäheg Économie kann Aarbechtsplazen erhalen an neier schafen. An dovunner profitéiere mer jo awer alleguerten als Bierger. An dofir wäert et dobäi bleiwen. Ech soen och nach eng Kéier, och 2008-2009 musse mer op deem strenge Wee do weidergoen, a wa méi Einnahmen erakommen, da musse mer déi fir d’Zukunftsdépensen ausginn, esou wéi mer dat jo och maache mat deene Suen, déi Mittal eis bezuelt huet am Kader vun dem Échange vun eisen Aktien bei Arcelor.

Jay Schiltz: Wa mer elo scho bei den Tripartiteaccorden an deene 400 Millioune sinn, Dir hutt e Mëttwoch och präziséiert, datt 70 Milliounen dovunner zum Beispill, dat sinn déi duerch d’Net-Ausbezuele vun den Indextranchen 2007 agespuert ginn - ech wëll dann dat ellent Wuert vun Indexmanipulatioun mol absichtlech net gebrauchen. Mä sidd Dir da sécher, datt et iergendwann nees eng Kéier dozou komme kann, datt den Index nees ausbezuelt gëtt oder besteet d’Méiglechkeet, wat jo awer Leit vun de Sozialpartner och fäerten, datt dat den éischte Schratt ass fir den Index ofzeschafen?

Luc Frieden: Mir hunn den Index an der Tripartite jo net ofgeschaaft, dat hutt Dir jo och net gesot. Mir hunn am Averständnis mat de Sozialpartner, Patronat a Gewerkschaften, e Réaménagement fonnt, wéi een dat och ëmmer dann nennt. Well mer en net ofgeschaaft hunn, lieft e jo och spéider erëm eng Kéier op. An ech mengen et muss een dee Moment kucken, a wéi enger Form een en erëm opliewe léisst, mä et ass elo scho kloer, datt 2008 eng Indextranche erfällt. An domat ass bewisen, datt den Index net definitiv ofgeschaaft ass.

Den Index ass en Instrument fir dofir ze suergen, och, datt d’Leit bei wuessende Liewenskäschten och net manner hunn, mä et muss een awer och nach ëmmer kucken, wéi wierkt dat sech aus an engem Wirtschaftsraum wou och nach aner Betriber ronderëm sinn, déi eis Konkurrenz maachen. An dofir de Bléck op den Index mat engem Sozialbrëll ass fir eis essentiell, mä et muss een en och gesinn an engem wirtschaftlechen Ëmfeld. Ass et wierklech de Betriber gehollef, an doduerch och den Aarbechtsplazen, wann d’Léin vill méi eropgi wéi zu Arel oder zu Tréier wou och Geschäfter sinn, déi och Saache verkafen? An dofir, mir wëllen eng Sozialpolitik maachen, combinéiert mat enger Wirtschaftspolitik. A mir wëllen net op deem engen A blann sinn, mä och net op deem aneren. Déi Solutioun déi mer fonnt hunn, fir ee Report vum Index, ech mengen dat ass eng, déi esouwuel de Betriber wéi dem Staat vill Sue spuert, ouni ee Mechanismus futti ze maachen, deen och eng sozial Geschicht huet an ee sozialt Objektiv huet wat net ze verkennen ass.

Jay Schiltz: Eng lescht Fro am Kader vun den Tripartiteaccorden, 400 Milliounen déi do gespuert ginn, 63 dovunner, sot Dir e Mëttwoch, déi gi bei de Staatspeien agespuert. Dir hutt och gesot, datt vill, vill manner Leit beim Staat dat nächst Joer sollen agestallt ginn. Hutt Dir dat virdru mat der CGFP ofgekläert oder hänkt do den décken Hummer nach anzwousch?

Luc Frieden: 63 Millioune sinn dat wat mer spuere bei den Dépenses de fonctionnement. Do sinn net nëmme Peien dran. Et ass esou, datt vun deenen 63 Milliounen eppes 18 Millioune sinn, déi mer spueren, wann et net zu enger Augmentatioun vun de Peien duerch Lounverhandlunge fir d’Staatsbeamten d’nächst Joer kënnt, gemäss deem wat de Staatsminister den 12. Oktober d’lescht Joer an der Chamber gesot huet, wat an deem Kontext d’Intentioune vun der Regierung sinn, déi mer bei der Tripartite confirméiert hunn.

Mir hu jo an der Tripartite d’CGFP sëtze gehat. D’CGFP huet gesot, datt si domadder net d’accord wär an et ass d’Aufgab vum Minister vun der Fonction publique, elo, esou wéi dat üblech ass, déi Gespréicher ze féieren. An da muss do iwwert alles diskutéiert ginn. Lounverhandlunge féiert een als Patron mat sengem Personal, dat ass beim Staat net anescht wéi am Privatsecteur. Mä et si keng Margen do fir elo 2007 do niewent deene schonn automatesche Gehälteraugmentatiounen, déi jo awer weider lafen, d’Anciennetéit an alles dat wat beim Staat souwisou spillt, fir do nach zousätzlech Saachen finanzieller Natur dropzeleeën.

Mä ech weess awer och, schliesslech schaffen ech all Dag mat Staatsbeamten, datt déi iwweraus Majoritéit vun de Staatsbeamte bereet ass hir Contributioun zu der Léisung vun de Problemer, och an der Finanzpolitik ze maachen. An eis Peie si jo awer, wann ee se mam Ausland vergläicht, net esou schlecht, esou datt ech och do dovun iwwerzeegt sinn, datt d’CGFP eng raisonnabel Atittude wäert hunn.

Jay Schiltz: Plus 5,4 % méi Steierrecetten, Dir hutt e Mëttwoch an der Chamber vun engem ongläiche Wuesstëm geschwat. Här Frieden, wat mengt Dir domadder?

Luc Frieden: Ongläiche Wuesstëm bei de Steierrecetten heescht, datt verschidde Steierkategorien schnell wuessen an anerer net. Logesch wär et, datt wann d’Betriber, notamment d’Banken, déck Benefisser maachen, datt d’Kierperschaftssteier, den Impôt sur le revenu des collectivités, datt dee géing déck eropgoen. Or, dat ass net de Fall. Zanter e puer Joer ass dee stabel. An dat kënnt dohir, datt d’Banken zu Lëtzebuerg zu groussen europäesche Gruppe gehéieren an datt d’Besteierung an deene Gruppe stattfënnt. An dofir kann een net einfach Benefiss, wat een an der Zeitung liest, iwwersetze mat méi Steiereinnahmen.

Dofir d’Kierperschaftssteier bleift, d’Gehältersteier par conter klëmmt zolitt, ëm eppes 13 %. Dat huet domat ze doen, datt mer vill nei Aarbechtsplaze geschafen hunn an deene leschte Joren, Aarbechtsplaze geschaaft hunn, wou mer par ailleurs net ëmmer déi Leit zu Lëtzebuerg fannen an notamment net bei de Chômeuren, fir op déi Plazen ze kommen. Wann d’Bankplaz vill Aarbechtsplaze schaaft, da brauch déi héichqualifizéiert Leit, déi mer net onbedingt fanne bei deenen déi mer iwwert de Fonds pour l’emploi mussen indemniséieren. Dat ass eng vun de grousse Schwieregkeete vum Lëtzebuerger Land, wou mer och musse kucke wéi mer deen an de Grëff kréien. D’Banke fannen esouguer an der Groussregioun net méi déi Leit déi se brauchen. A mir mussen eng Diskussioun mat hinne féiere wéivill Leit se vu vill méi wäit kënne kréien, ënner wat fir enge Bedingungen.

D’TVA ass eng Steier, déi op héigem Niveau och relativ stabel bleift, trotz staarkem Konsum, mä do spillt och d’Groussregioun mat. Dofir ass jo och eent vun eisen Ziler, zesumme mam Handel, fir ze kucken ob mer dann net kënne kucken, datt méi Auslänner op Lëtzebuerg an d’Geschäfter kafe kommen, mä dat ass net nëmmen eng Responsabilitéit vum Staat. Mir hëllefe gären, andeem mer Étudë maachen, andeem mer Publicitéitscampagnë maachen, déi och am Budget virgesi sinn - 2,5 Millioune fir den Handel. Dat si ganz vill Suen .Mä ech mengen et ass och eng Pflicht vun de Geschäfter ze weisen, datt si bei méi niddreger TVA, bei gudder Qualitéit och et fäerdeg bréngen ze weisen, datt si grad esougutt, wann net besser sinn, wéi déi zu Tréier, Arel, Metz a wou een nach iwwerall vläicht wëllt kafe goen.

Jay Schiltz: Et si keng Steiererhéigunge virgesinn, hutt Dir gesot. Mä de Barème gëtt awer och net adaptéiert. Fir den neien DP-Fraktiounspresident Charel Goerens, wa meng Erënnerung mech elo net täuscht, kéim dat enger Erhéigung no.

Luc Frieden: Dat wat mer elo maachen, hu mer iwwregens och an der CSV-DP Koalitioun virdru gemaach, an där den Här Goerens jo Member vun der Regierung war. Et ass awer richteg, datt wann een de Barème net adaptéiert, datt dat eng indirekt Steieraugmentatioun ass. Elo steet awer néierens an engem Text, datt mir missten de Barème un d’Inflatioun upassen.

Nach eng Kéier, wann een dat elo gemaach hätt, da wär eis Situatioun nach méi schlecht an dofir muss een an deenen nächste Joren, an och dat hu mer beim Budgetsdepot gesot, kucke wéi een nach eng Kéier d’Besteierung vun de Privatpersounen an d’Besteierung vun de Betriber reajustéiert, woubäi ech drop hiweisen, datt d’Steiere vun de Privatleit zu Lëtzebuerg manner héich si wéi am Ausland. Et fänkt ee vill méi spéit un iwwerhaapt zu Lëtzebuerg Steieren ze bezuelen. Mir hu ganz vill Leit zu Lëtzebuerg, déi mat raisonnabele Peie keng Steiere bezuelen an den Héchststeiersaz hu mer bei 38% gesat, esou datt een och d’Diskussioun iwwert d’Inflatiounsberengegung vun der Steiertabell muss gesinn zesumme mat der dach relativ raisonnabler Besteierung vun de Privatpersounen, déi mir zu Lëtzebuerg hunn.

Jay Schiltz: Mir spuere vill, mä mir maachen och vill, dat waren Är Wierder als Introduktioun zu den Explikatiounen iwwert d’Staatsdépensen. 1,65 Milliarden Euro hutt Dir als Investitiounsaugabe virgesinn, et sinn dat zwar ronn 120 Millioune manner wéi 2006, mä ëmmerhin nach 4,9% vum PIB. Wat géift Dir dann elo als déi grouss Akzenter op der Dépensësäit ugesinn?

Luc Frieden: Et ass ëmmer schwiereg bei 10 Milliarden Dépensen do eng Hitparad ze maachen, mä déi Investitiounen déi Dir ugeschwat hutt, dat ass och par rapport zum Bruttoinlandprodukt manner wéi mer d’lescht Joer haten. Mir waren op 5,6%, mir sinn elo op 4,9% gaangen, fir och par rapport zum Gesamträichtum deen de Staat schaaft, fir ze kucke wéi do d’Investitioune leien. Mir hunn e puer ganz deier Investitiounen ze maachen. Mir brauchen eng Rei nei Lycéën, well d’Zuel vun de Kanner einfach enorm geklommen ass. Dofir ass dat eng wichteg Prioritéit.

Mir musse weider déi Stroosse bauen, wou mer am gaange sinn: dat ass d’Nordstrooss. Et wär irresponsabel, och wa mer domadder eis Budgetssituatioun verbessert hätten, wa mer déi ganz Streck vum Zentrum bis an den Norden elo net géinge weiderféieren a mir mussen am Süden déi Infrastrukture weider schafen, fir och do d’Verkéierssituatioun ronderëm dee ganze Site vu Belval z’aménagéieren. Dat kascht an engem Joer enorm vill Suen.

Da mengen ech brauche mer am Schinnebau eng Rei nei Infrastrukturen. Wann een ëmmer méi Leit huet, notamment aus der Grenzregioun, déi bei eis schaffe kommen, muss ee jo och kucken, datt déi Leit dohinner kommen a wa se alleguerte mam Auto fueren, jo da geet et bemol guer net méi, also sinn déi och noutwendeg.

An da bleift fir mech ëmmer nach de Beräich vun der Gesondheet a vun den Altersheimer een, wou mer eng sozial Verpflichtung hunn an och eng Liewensqualitéitsverpflichtung hunn als Staat.

Dofir am Investitiounsberäich schéngt dat mer relativ kloer ze sinn. Am Budget selwer hunn ech schonn d’Fuerschung mentionnéiert. Ech géing gären och nach eng Kéier mentionéieren, dat wat mer maachen am Beräich vun der Schoul, dat sinn ëmmerhin 1 Milliard déi mer pro Joer dofir ausginn. Dat si virun allem Gehälter. Et muss jo och een do sinn, deen d’Kanner enseignéiert, wat vill Sue kascht, well déi Leit eng schwiereg Aarbecht maachen, och sollen uerdentlech bezuelt sinn, onofhängeg vun der Fro wéi een dat dee Moment reorganiséiert. Dofir musse mer och d’nächst Joer erëm 50 Professeren astellen. D’Diskussioun iwwert d’Schoul ass eng, wou een och muss kucken, wéi kritt een se iwwerhaapt nach organiséiert bei wuessender Schülerzuel. Mir hunn all Joers 50 Enseignante bäigesat.

An dat selwecht gëlt fir ee Beräich wéi dee vun der Sécherheet, déi ee muss gesinn am Kontext vun der Liewensqualitéit. Alleng dee Beräich kascht d’nächst Joer 250 Milliounen. Et kommen 30 Poliziste bäi, mä dat huet och domat ze doen, datt och Awunner bäikomm sinn a wann ee wëllt, datt ee Liewensqualitéit huet, wann ee wëllt datt Fräiheet besteet, muss een och als Staat Sécherheet assuréieren.

Mä ech kann Iech selbstverständlech och an aneren Départementer Prioritéiten opzielen, mä dat do si mol eng Rei vu grousse Bléck, déi mer wëlle mam Budget betätegen. Mä ganz vill aner Saache kënne mer dofir net maachen. Dir wësst, datt mer zum Beispill keng drëtt Bunnen op zwou Autobunne bauen, mir hunn d’Tangente-Ouest bei der Nordstrooss mol no hanne geschoben. Mir hunn décidéiert, datt d’Cité policière net géing d’nächst Joer ugefaange gi mat bauen um Verluerekascht. Mir hunn eng ganz Rei Rond-Pointen e bëssen no hanne verschoben. Et muss een einfach Choixe maachen an d’Regierung huet déi gemaach.

Jay Schiltz: Dir hutt scho verschiddentlech elo op d’Fuerschung higewisen. Ech wëll dann do vläicht nohaken. Effektiv 140 Milliounen Euro, dat sinn och 0,44 %, wann ech richteg notéiert hunn e Mëttwoch, vum PIB. Dir hutt de Schoulbudget genannt, do kann een dann an de selwechte Volet eventuell dann och de Budget fir d’Universitéit mat dobäi huelen. Ass dat eventuell een neie Créneau wou sech d’Lëtzebuerger Regierung nei Méiglechkeeten erhofft, erwaart?

Luc Frieden: Et ass selbstverständlech, datt Fuerschung an Universitéit enk zesummen hänken, well am deem Chiffer vun 0,44% vum PIB, deen Dir richteg genannt hutt, do sinn en Deel vun deenen Dépensë vun der Universitétit mat dran. Et kann ee grosso moddo soen, datt 40% vun deem wat mer ausgi fir d’Universitéit, datt déi een och am Fuerschungsbudget erëmfënnt.

D’Fuerschung ass eppes wat fir vill Leit ganz abstrakt klengt, well vun der Fuerschung, dat kann een net direkt als Resultat gesinn, mä mir wëllen eng Fuerschung zu Lëtzebuerg, déi zilorientéiert ass, fir der wirtschaftlecher Entwécklung weiderzehëllefen. Dofir si jo och zwee Ministèren, déi do grouss Krediter virgesi kritt hunn: dat ass de Ministère vun der Héichschoul an der Fuerschung, mä och de Wirtschaftsministère, well dat zwee Ministèrë sinn déi, déi ee méi theoretesch déi aner méi indirekt duerch d’Betriber nei Produkter, nei Servicer sollen entwéckelen. Ech mengen, datt dat wierklech eng Zukunftspolitik ass. Déi kascht allerdings am nächste Budget 140 Milliounen Euro, dat ass net näischt, mä mer hätten awer och vläicht do een Nachholbedarf.

Jay Schiltz: Een anere Chiffer, dee mer opgefall ass a mech och e wéineg schmunzelen deet, dat ass dee vun den 100 Milliounen, déi Dir fir d’Logementspolitik virgesinn hutt. Do gëtt elo schonn zanter Joren a Joren driwwer lamentéiert. Et war eng Prioritéit. De Staatsminister huet an enger Déclaratioun zur Lag vun der Natioun ee mea culpa gemaach a gesot, hee wier Schold drun, datt et net do géing virugoen. Et ass nees eng Prioritéit an der Budgetspolitik, just um Terrain gëtt et ëmmer méi deier. Wat leeft dann do aus dem Rudder?

Luc Frieden: Jo, ech verstinn, datt Dir bei deem Chiffer schmunzelt, well dee Chiffer ass jo net d’Äntwert op d’Problematik am Wunnengsbau.

Jay Schiltz: [ënnerbrëcht] hëlze Been oder wéi?

Luc Frieden: Nee, nee, dee Chiffer do, dee reflétéiert déi Bäihëllefen, déi mer de Leit ginn, respektiv dat wat mer maachen am Beräich vum soziale Wunnengsbau. Déi aner Aspekter vum Wunnengsbauprogramm, déi d’Regierung a virun allem de Logementsminister virgestalt hunn, déi wäerte sech méi op de Budget 2008-2009 reflétéieren, well notamment wa mer de Gemengen hëllefen neie Wunnraum ze schafen, da kënne mer dat jo eréischt, elo mussen déi Konventiounen ausgeschafft ginn an da musse mer duerno kucke wéivill Prozent sinn dann déi Gemenge gewuess. Dat fënnt een also méi erëm 2008-2009. An ech soen dann dobäi nach, ech mengen net, datt een de Problem vum Wunnengsbau iwwert de Staatsbudget ka léisen.

Mir hunn einfach eng ganz staark Demande. Déi geet och nach erop. Wa mir esouvill Aarbechtsplaze schafen, da kommen ëmmer erëm méi Leit an d’Land. Doduerch geet et jo och dem Land gutt. Et huet een ee positiven Aspekt, mä et huet een dann awer och den Aspekt, datt d’Terrainen da méi deier ginn. D’Fro ass, inwiefern de Staat kann do intervenéieren. Do ginn et eng Rei Moossnahmen. Mir hu bis elo ëmmer op der Säit vun der Demande de Leit Hëllefe ginn. Doduerch sinn d’Präisser en fait nach weider eropgaangen. Eis nei Politik ass méi ze kucken, wéi kënne mer eng Inzidenz hunn op d’Offer, datt méi Terrainen op de Marché kommen. Mä et ass net einfach als Staat, fir och elo einfach rieseg Terrainen opkafen ze goen, well wa mer dat géinge maachen, da géingen domadder schonn erëm och d’Präisser eropgoen. Pistë kënne sinn, datt de Staat an d’Gemengen zesumme kucken eng Rei Terrainen de Leit net méi ze verkafen, mä esougenannte laang Bauxen ze maachen, also e bail emphythéotique, wou een engem een Terrain quasi verlount fir 49 oder 99 Joer, wou dann d’Leit net vun Ufank u brauchen esouvill Sue schonn direkt auszeginn, fir den Terrain ze kréien. Dat kann d’ëffentlech Hand zum Beispill maachen an dann déi Pakte mat de Gemengen, fir ze kucke wou ass nach Terrain, wéi kënne mer dee kréien. Kënne mer do de Gemengen hëllefen, a mir hëllefen dann och d’Infrastrukture bezuelen, wéi zum Beispill d’Schoule wou déi Kanner dann higinn, déi dohinner wunne kommen. Am Fong brauch ee vill Acteuren zesummen un engem Dësch, fir do kënne virunzekommen. De Staat alleng, a scho guer net de Staatsbudget kann deen do Problem léisen.

Jay Schiltz: Eng vun de substantiellsten Augmentatiounen op der Ausgabesäit si 26% déi Dir - loosse mer dat mol an ee globalen Dénge mat Kannerbetreieung nennen. Ass do Nachholbedarf ugesot oder firwat do grad déi héich Augmentatioun?

Luc Frieden: Ech mengen, datt dat ze doen huet mat der Évolutioun vun der Gesellschaft. Nachholbedarf ass vläicht dat falscht Wuert, well virun 20 oder 30 Joer huet kee sech drun interesséiert wat mat de Kanner no der Schoulzäit geschitt. Mir mengen als Staat, datt et eng Demande vun enger Rei vu Famillje fir esou Strukture gëtt, sief dat Crèchë bei deene ganz Klengen oder Kannerbetreiungsstrukture fir déi méi Grouss an datt do de Staat dann och, ouni de Leit e Choix de vie z’imposéieren, ee Besoin besteet. Dee Besoin erfëlle jo d’Gemenge mat staatleche Suen an dofir ginn déi Krediter relativ staark erop. Fréier hate mer den „Silence“, deen ass am Kader vun der Schoul gemaach ginn. Dat hei ass am Fong ee modernen „Silence“ plus Kantine an der Mëttesstonn. Et muss een einfach realiséieren, ob een do dofir ass oder net, datt de Staat vläicht besser huet och sech ëm déi Kanner ausserhalb vun der Schoul ze bekëmmeren, do wou déi Demande besteet, wéi wann d’Kanner sech selwer iwwerlooss ginn an dofir wëlle mer an deenen nächste Joren an deem dote Beräich, zesumme mat de Gemengen dat Lach do fëlle wat do nach besteet.

Jay Schiltz: Dofir sinn oder net, dat gëlt och op déi nächst grouss Dépense eng Décisioun ze huelen. Ob een dat wëllt oder net, dat ass de Chiffer vun 248 Milliounen oder 0,9% vum PIB fir d’Entwécklungshëllef. Domat ass Lëtzebuerg weltwäit ënnert deene 5 éischten Donnateuren. Wat äntwert Dir deenen, Här Frieden, déi Iech virwerfen, Dir hätt besser mat dëse Suen hei am Land Schoulen a Spidäler ze baue wéi anerwäerts op der Welt, an Afrika, fir et net ze nennen?

Luc Frieden: Datt mer 0,9% vun eisem Bruttinlandprodukt ausgi fir déi Aarm an der Welt, fannen ech ass eng sozial moralesch Verpflichtung vu jiddwerengem, deen an engem räiche Land wunnt. Mir diskutéieren iwwert den Index an iwwert Kannergeld wat vill méi héich ass wéi schonn nëmmen an den Nopeschlänner an et ginn op der Welt esouvill Leit, déi net wësse wat se all Dag iessen, déi wa se krank ginn absolut keng Chance hu fir z’iwwerliewen. Dofir déi Leit déi dat kritiséieren an ech weess, datt et där eng Rei ginn, déi mengen ech solle méi oft op der Televisioun kucke wat dann ausserhalb vun eisem Land geschitt. Dee Misère ass esou grouss, datt dat do wierklech am Fong Peanuts ass, wat mer do maachen.

Par ailleurs muss ech awer och soen, deenen an och deenen aneren, datt mer jo och hei gebremst hunn. Mir si bei 0,9% elo vum Bruttoinlandprodukt. Mir haten am Fong scho viru Jore gesot, mir géingen op 1% goen. Mir wëllen och, natierlech am Gesamtkader vum Budget, och déi do Ausgabe gesinn. Déi klammen also och net iwwerproportional. Mir wëllen och, datt déi Suen efficace ugeluet ginn an dofir gi mer jo och net einfach e Virement do maachen un auslännesch Regierungen, mä mir bauen e Spidol, eng Schoul, eng Formation professionelle Infrastruktur, datt och déi Leit selwer eng Kéier op hir Bee kommen an domadder en fin de compte, net nëmmen eng besser Welt maachen, mä och eng Welt maache wou mer d’Immigratiounsproblemer besser an de Grëff kréien. Well wa mer all déi Booter gesi mat deenen Afrikaner, déi do op de kanareschen Inselen ukommen, mä déi lafe fort, well se an hiren eegene Länner iwwerhaapt keng Chance gesinn. Also léise mer d’Problemer vun dohannen an en fin de compte och eis eegen e bëssen, andeem mer déi dote Problematik bei eis hëllefen an de Grëff kréien an datt mer och mëttelfristeg a laangfristeg vläicht och nei Wirtschaftsmäert, och an Afrika an an Asien schafen. Mä dat ass vill méi laangfristeg natierlech gekuckt. Et kann een net hei zu Lëtzebuerg sëtzen an engem egal si wat am Rescht vun der Welt geschitt.

Jay Schiltz: D’Zäit leeft eis lues a lues fort, dofir eng leschte Fro Här Frieden, op déi huet de Staatsminister a senger Interventioun an der Chamber higewisen. Zwee Drëttel vun eisem Wirtschaftswuesstëm ginn am Finanzsecteur erschafft. Dat ass vill, mä dat ass net gutt, sot de Jean-Claude Juncker. Och dat ass een Zoustand, deen zanter Jorzéngte bekannt ass. Do passéiert awer eigentlech och net vill. Brénge mer et net fäerdeg eis Économie esou ze diversifizéieren, datt mer aus der Ofhängegkeet vum Finanzsecteur erauskommen oder wou sinn do d’Schwieregkeeten?

Luc Frieden: Also éischtens mol mengen ech, datt déi do Resultater eis verpflichten de Finanzsecteur nach méi z’ënnerstëtzen. Et wär falsch elo ze soen, da komm mer ginn eis elo aner Saache sichen. Mir musse béides maachen. Mir mussen de Finanzsecteur a seng Entwécklung ënnerstëtzen. Ech maachen dat dagdeeglech, plus musse mer natierlech kucken, datt mer och nach aner Betriber heihinner kréien. Dat ass eis jo heiansdo gelongen, mä ee klengt Land huet zum Beispill ganz grouss Schwieregkeete fir Industriebetriber heihinner ze kréien, well et un der Main d’oeuvre feelt an un den Terraine feelt. Dofir gebrauche mer jo och vun deene Suen déi mer vu Mittal kréien eng 70 Millioune fir nei Industrieterrainen ze kafen an z’aménagéieren. Well ee vun de Problemer ass vun de Betriber wa se heihinner kommen, ma wou solle mer dann higoen. Hutt Dir esouvill Aren oder Hektar déi mer brauche fir ee groussen Industriebetrib ze maachen? Do brauch ee Leit, déi déi richteg Formatioun hunn. Mir sinn als klengt Land héchstwahrscheinlech besser am Déngschleeschtungssecteur, dofir hu mer jo och déi electronic commerce Geschäftsaktivitéiten heihinner kritt. Nach muss et d’Aufgab vum Wirtschaftsminister bleiwen, fir ëmmer erëm esou mam Pilgerstaw dorëmmer ze goen, fir nei Betriber heihinner ze kréien an d’Rahmenbedingungen, musse mir weider als Staat esou schafen, datt déi Betriber op Lëzebuerg kommen.

Kuckt, et ass net de Primat vun der Wirtschaft deen alles décidéiert. Am Dossier Arcelor-Mittal huet d’Regierung bewisen, datt wann d’Rahmenbedingunge stëmmen, wann d’Verhandlunge stëmmen, net op alle Punkten, da kann een och Betriber heihinner kréien. Well de Siège vun där Gesellschaft hätt och kënnen an England oder an Holland landen, wou déi Firma och elo schonn hir Aktivitéiten huet. De Siège ass heihinner komm an esou muss ee pro Betrib kucken, datt hir reell Entscheedungsgremien, mä och och hir Acitivtés de production hei op Lëtzebuerg kënne kommen. Dat kann een net einfach décidéieren. Do muss ee mat ville Betriber schwätzen an d’Rahmebedingungen esouwuel steierlech wéi schnell Entscheedungen an do si mer vläicht net méi gutt genuch dran, mir mussen engem Betrib kënnen an enger schneller Zäit all d’Autorisatioune ginn a mir däerfen net bei all Protest oder bei all Iwwerleeung, déi een och ka féieren, dann erëm 3 Joer brauchen bis mer doriwwer tranchéiert hunn. D’Schnellegkeet vun der Entscheedung ass och noutwenneg fir d’Diversifikatioun erfollegräich ze féieren.

Jay Schiltz: Als Conclusioun vun eisem Gespréich, Här Minister Frieden, wat géift Dir soen um séchere Wee rullt d’Land biergof oder biergop?

Luc Frieden: Un séchere Wee rullt d’Land virun. De Risiko, datt et biergof leeft ass permanent an et ass d’Aufgab vun deenen, déi fir d’ëffentlech Finanzen zoustänneg sinn, datt dat net geschitt. An ech mengen, dat hätte mer bis elo fäerdeg bruet.

Jay Schiltz: An domadder ass et eng Minutt op eng. Mir hoffen Dir sidd no dësen Explikatiounen e wéineg méi schlau wat d’Staatsfinanze vun haut a vu muer ugeet. Merci dem Budgets- an dem Justizminister Luc Frieden fir seng Disponibilitéit mat eis iwwert déi net einfach Matière Budget ze schwätzen.

Dernière mise à jour