Jean Asselborn au sujet de la réunion du Conseil Affaires générales et Relations extérieures

Frank Kuffer: D’Ausseministeren aus der Europäescher Unioun ware gëschter fir eng Réunioun hei uewen um Kierchbierg beieneen. U Sujeten a besonnesch och u Krisepotential an der Welt feelt et jo leider den Ament net. Déi Réunioun war wéi gesot gëschter de ganzen Dag um Kierchbierg, an de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ass de Moie life bei eis am Studio. Gudde Moien, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Moien, Här Kuffer.

Frank Kuffer: Nordkorea, Iran, Kosovo, Noen Osten, Tierkei - méi Problemer wéi mir iwwerhaapt Zäit hunn. Loosse mir eis dofir op e puer vun deene Polverfässer, kann ee soen, limitéieren, ugefaange mam Dauerbrenner Noen Osten. An der Géigend gëtt et jo ni esou richteg roueg, och wann et ëmmer erëm sou kleng, ganz kleng Hoffnungsfonke ginn. Dir an och déi aner Ausseministeren, Diplomaten, soen et misst een do Rou behalen, d’Hoffnung net opginn. Experte ginn awer dovunner aus, datt wann ee bis Mëtt nächst Joer keng Léisung fënnt, datt et da kéint richteg rabbele mat enger Kettereaktioun bis ech weess net wou. Wéi kann een dann elo do virukommen? Dir sot, et muss een zeréck bei d’Grenze vun 1967, wéi soll dat konkret goen?

Jean Asselborn: Jo, also dat prinzipiellt. Et ass ganz kloer wat Dir sot, dat Potential, planetarescht Konfliktpotential, wat an deem Konflikt tëscht den Israeli an de Palästinenser drastécht, wann ee kuckt an der Türkei, an d’Philippinen, an Indonesien, net nëmmen an den arabesche Länner, dat huet Repercussiounen. Et ass wierklech de Schlëssel fir de Weltfridden.

Wann ech soen zeréck zu deem Prinzipiellen, an d’Grenze vun 1967, da mengen ech, datt Israel Recht huet a Sécherheet ze liewen an de Grenze vun 1967. Et gëtt keng aner Grenze fir Israel. Palästina huet e Recht, fir datt déi Leit kënnen an Dignitéit liewen, och a Sécherheet liewen an engem Land wat hinne gehéiert. Ech war elo virum kuerzem am Libanon, an ech hunn do mam Premierminister Siniora konnte schwätzen, an hie sot mir eppes, wat menger Meenung no komplett richteg ass. Hie sot, d’Araber mussen ënner enger permanenter Humiliatioun, enger permanenter Erniddregung hei liewen. An dat gesäit een am allerbeschte wann ee vu Jerusalem op Ramallah fiert. Do fueren d’Europäer, d’Israeli iwwer schéi grouss Autobunnen, an dann d’Araber déi mussen op Feldweeër schläichen. Do huet een alles verstane wann een dat gesinn huet.

Israel huet agesinn, an ech menge komplett agesinn no deem Libanon-Krich, datt et seng Zukunft net ka mat militäresche Mëttelen ofsécheren. D’Entwécklung vun der Populatioun ass och eppes, wou si den 2. Präis kréien. Et muss also eng politesch Léisung fir Israel fonnt ginn, a fir d’Palästinenser fonnt ginn, baséiert um internationale Recht. An do, mengen ech, muss een zeréckkommen zu deem wat mir déi 2 Staate-Léisung nennen, wat mir d’Roadmap nennen, och wann dat en gedreschent Wuert ass. Mä déi Roadmap ass net erfëllt ginn, an do sinn alleguer déi Weeër an déi Mechanisme virgesinn, fir kënnen zu där 2 Staate-Léisung ze kommen.

Frank Kuffer: Vläicht net grad esou dacks op den Téléchaînen an op den Agencen, awer net vill manner explosiv ass d’Situatioun am Kosovo. Eng Majoritéit, d’Kosovo-Albaner, wëllen d’Onofhängegkeet vu Serbien. Dat Ganzt ass och e bëssen e Muechtkampf USA-Russland, déi eng si fir d’Onofhängegkeet, déi aner ënnerstëtzen d’Serben. Bis Enn Dezember soll den EU-Spezialémissaire Ahtisaari e Rapport maachen. Wéi misst dee Rapport Ärer Meenung no ausgesinn? Wou leië Léisungsméiglechkeeten?

Jean Asselborn: Jo, den Här Ahtisaari war jo virgëschter hei zu Lëtzebuerg, an de Premier an ech selwer, mir haten d’Geleeënheet fir mat him ze schwätzen.

Et ass esou, datt den Här Ahtisaari wäert bis Enn des Joer, oder ganz kuerz dann an der Époque vum Januar, wäert eng Propositioun maachen. Déi Propositioun muss diskutéiert gi mat deenen 2 Säiten, souwuel mat den Albaner, mat de Kosovaren also, wéi mat de Serben, an och an der Kontaktgrupp. An do sot Dir dat ganz richteg, an der Kontaktgrupp sinn déi 5 Länner déi Veto-Recht hunn am Conseil de sécurité, a mir mussen als Europäesch Unioun, dat ass och gëschter duerchgeklongen, oppassen, datt Europa net dividéiert gëtt.

Europa war an der Kosovo-Fro bis elo op enger Linn, a mir dierfen net an de Collimateur komme vun Intérêten aus Amerika an aus Russland. Russland huet bis elo matgemaach an der Kontaktgrupp. Heiansdo héiert een, datt se selbstverständlech net wëllen, datt eng Pandorabéchs géif opgemaach ginn, an datt aner Konflikter op der Welt dann och kéinte geléist ginn, esou wéi de Kosovo. Et ass kee Konflikt mat deem aneren ze vergläichen, mä ech géif iewer mengen, datt mir hei am Intérêt vun der Stabilitéit um Balkan, an dat heescht och Stabilitéit an Europa, mussen de President Ahtisaari ënnerstëtzen, fir déi Léisung déi hie proposéiert. Dat gëtt ee Kompromëss deen hie proposéiert, wat de Kosovo ugeet.

A mir mussen och mat de Serbe kucken, dat ass jo e wichtegt Vollek um Balkan, 10 Millioune Leit, datt mir déi Serben net an den Eck drécken, selbstverständlech datt mir och net d’Ficellen zéie loosse vun Tirana. Ech mengen, do gëtt et jo och ganz kloer Beweegungen déi fir d’Indépendance ass, während a Serbien wësse mir, datt déi net d’accord sinn, datt de Kosovo soll indépendant ginn. Den Här Ahtisaari ass op enger Pist wou menger Meenung no d’international Communautéit kann domat liewen, fir dem Kosovo e Statut ze ginn, deen awer ganz no un d’Indépendance kann erukommen.

Frank Kuffer: Dir hutt eng Kéier hei am Interview gesot, datt d’EU déi eenzeg wieren, déi legitiméiert wiere mam Iran, iwwer hiren Atomprogramm ze verhandelen. Elo geet deen Dossier zeréck bei d’UNO kann ee soen. Hutt Dir, also déi 25 Ausseministere, versot oder wéi, datt ee jo net richteg virukomm?

Jean Asselborn: Jo, ech verstinn Är Fro, mä si ass e wéineg verzerrt. Mir hunn als Europäer wierklech versicht, dat ware virun allem déi 3 grouss Länner, Däitschland an da Frankräich an England, do ass den Här Solana dobäi komm, et war also d’ganz EU déi implizéiert war, fir ze kucken, wat ee kéint ubidden den Iraner, um politesche Plang mä awer och um wirtschaftleche Plang, an och um Plang vun der Notzung vun der nuklearer Energie.

Mir hunn diskutéiert, mir hunn hinnen net nëmmen eng Propositioun gemaach, déi vun den Europäer gedroe gëtt, mä vun der ganzer Weltgemeinschaft gedroe gëtt, vun de Russen, vun de Chineesen, gedroe ginn ass. Et ass dunn zu enger Resolutioun komm. Déi Resolutioun ass am gaangen, also gëtt um Terrain versicht ëmgesat ze ginn, dat ass zu dësem Zäitpunkt net méi méiglech.

Den Här Solana huet eis gëschter ganz kloer gesot, datt d’Gespréicher mam Här Larijani, dat ass den Ënnerhändler vun den Iraner, datt déi eigentlech elo net méi produktiv sinn, datt do keen Auswee fonnt gëtt, datt mir allerdéngs d’Dier net zou maache fir mam Iran weider am Gespréich ze bleiwen, mä datt mir elo déi Resolutioun, déi gestëmmt ginn ass am Conseil de sécurité, datt déi soll opgefëllt ginn.

Dat heescht, mir sinn am Kapitel 7 Artikel 41, dat ass elo keen Zitat aus der Bibel, ech wëll Iech just soen domat, op lëtzebuergesch heescht dat, datt kënne Sanctiounen opgebaut ginn, ouni datt militäresch Aktioune kënne stattfannen. Ech mengen, dat ass jo fir d’Europäer och eng Konditioun gewiescht, dat war net fir jiddereen op der Welt esou, dat ass eng Konditioun. An dat heescht, mir fueren elo op 2 Schinnen, mir hëllefen am Conseil de sécurité, a mir mussen och do kucken, datt d’Russen an d’Chineesen dobäi bleiwe fir déi Resolutioun wat d’Sanctiounen ugeet, wirtschaftlech a politesch Sanctiounen ugeet. An dann zweetens, d’Dier iewer oploossen, datt mir zu all Moment bereet sinn als Europäer, fir weider mam Iran ze verhandelen, fir ze kucken zu enger net Poliferatioun vun den Atomwaffen ze kommen.

Vläicht nach ee Saz. Et kann ee vum virëschte Joerhonnert hale wat ee wëll, mä an dem leschte Véierel vun deem Joerhonnert ass jo versicht ginn, d’Atomwaffen ofzebauen, an et kann net sinn, datt an däer éischter Dekad vum 21. Joerhonnert dat erëm alles mam Fouss gerannt gëtt, an datt mir elo erëm an enger Stréimung dra sinn, an enger Phas dra sinn, wou d’Nuklearwaffen wou déi erëm opgebaut ginn. An dat ass net nëmmen an der Regioun vum Iran de Fall, dat ass jo och an der Regioun an Asien de Fall, wéi mir dat wëssen. An do muss d’Weltgemeinschaft grouss Solidaritéit weisen, an och Häert weisen, datt dat net geschitt.

Frank Kuffer: Här Ausseminister, merci datt Dir Iech de Moien Zäit geholl hutt fir live an de Studio ze kommen.

Jean Asselborn: Merci.

Dernière mise à jour