Le ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, Jean Asselborn, invité de l'émission Background sur RTL Radio

Marc Linster: Gudde Mëtteg an dësem Background vum 11. November, deem Dag op deem an Däitschland d’Fuesend ufänkt. Invité am Studio ass de Vizepremier Jean Asselborn, dat awer ouni Fuesbok. Mam LSAP-Politiker schwätze mer net nëmmen iwwer auslännesch Theme wéi amerikanesch Walen oder europäesch Verfassung, mä mam zweete Mann aus der Regierung geet natierlech och iwwer innepolitesch Sujete riets. Net ze kuerz kënnt awer och de Mënsch Jean Asselborn. Elo direkt héiert Dir awer d’Titele vun der Aktualitéit vum Dag mam Pierre Reiland. Gudde Mëtteg.

[...]

Marc Linster: Et si véier Minutten op zwielef an der Emissioun Background am Gespréich, Gaascht am Studio ass wéi gesot de Vizepremier an Ausseminister. Jean Asselborn, gudde Mëtteg.

Jean Asselborn: Gudde Mëtteg, Här Linster.

Marc Linster: Eisen Invité vun de Mëtteg ass scho ganz laang an der Politik aktiv an dat op den ënnerschiddlechste Posten. 23 Joer stoung heen als Buergermeeschter un der Spëtzt vun der Gemeng Stengefort. De Jean Asselborn huet awer och schonn eng laang national politesch Carrière hannert sech: Fraktiounschef vun de Sozialisten an der Chamber, LSAP Parteipresident an elo Ausseminister a Vizepremier. Déi Carrière hat awer och hir Héichten an Déiften. De Jean Asselborn krut et net ëmmer einfach gemaach, och net vu senger eegener Partei. De Frank Kuffer retracéiert d’Etappen am Liewe vum Politiker a Privatmann Jean Asselborn.

Frank Kuffer: De Jean Asselborn ass ee Kampfschwein, géifen se déisäits der Musel bei sengem Frënd Frank-Walter Steinmeier soen, en zéie Brudder, ee Schaffert, ee Stéiopmännchen. 1998 sollt hee schonn emol Minister ginn. D’Partei huet dunn anescht entscheet, géint de Parteipresident a fir d’Lydie Err. Vill Leit hätten do d’Bengele bei d’Tromm gehäit. Heen net. E wosst wahrscheinlech, datt seng Chance géif kommen an datt ee wéi beim Velo vill muss struewele fir um Enn iwwert de Bierg ze kommen. 1999 krut heen als Chef vun de Sozialisten d’Matschold un der Defaite vu senger Partei bei de Walen a krut dat Joer drop och fir d’éischte Kéier e sérieuxe Géigekandidat bei de Wale fir d’Parteispëtzt. Do huet hee sech awer - iwwerraschend oder och net - géint den Alex Bodry behaapt a vun deem Ament un hunn och déi Lescht an der Partei an dobausse mussen agesinn: dee gëtt sech net.

Dat war schonn esou, wéi de Jean Asselborn mat 18 Joer d’Schoul opginn huet an als Aarbechter op d’Uniroyal gaangen ass. En huet e bësse méi spéit an Owescoursen, il faut le faire, seng Première an duerno zu Nanzeg en Ofschloss als Jurist gemaach. A propos Jurist, vill Leit erënnere sech sécher nach un dee memorabelen Duell Asselborn-Vogel virum Referendum iwwer d’EU-Verfassung, wou den net Affekot Asselborn sech um Enn kloer géint de Maître a seng perséinlech Attacken duerchgesat huet. Zanter zwee Joer ass de Jean Asselborn awer dee modernen Phileas Fogg. Ech géif mengen e packt et an 80 Deeg e puermol ronderëm d’Welt. De Stengeforter Buergermeeschter gouf vun engem Dag op deen aneren an d’grouss Welt geschéckt. Net méi Lokalpolitik, Ikea, d’Generalversammlung vun de Fraen a Mammen, der Musik oder dem Stengeforter Futtball, mä bemol stounge Rendez-Vouse mam Condoleezza Rice - ënner Kollege wahrscheinlech Condi - dem Kofi Annan, dem Mahmud Abbas oder och nach dem Frank-Walter Steinmeier am Agenda vum Jean Asselborn. Mam däitschen Ausseminister kann hee jo besonnesch gutt, eise Jang an, en ass och zimlech houffreg op seng gutt Kontakter am Ausland.

De Jean Asselborn ass awer ouni Zweifel och ee Medien-Vize- an Ausseminister. Net nëmmen hei am Land steet heen der Press gären an heiandsdo och ongefrot Ried an Äntwert, mä och am Ausland, virun allem an Däitschland, wëssen se, dee Mann huet ëmmer oder wëll op jidde Fall ëmmer eppes soen. De Jean Asselborn wäert do e bësse vu sengem Regierungschef geléiert hunn, wat den Ëmgang mat der auslännescher Press ugeet. Op jidde Fall huet d’Press quasi ee Radar op den Ausseminister geriicht. Et ass onméiglech net ze wësse wou hee grad ass.

De Privatmann Jean Asselborn, vrun allem de Cyclist gëtt et awer och nach an dat trotz senge Reesen uechter d’Welt. Heet sot mol eng Kéier, hee wéisst heiandsdo selwer net a wéi engem Bett e moies erwächt. Den Ausseminister ass de Fränk Schleck aus der Regierung, en ass gutt, mä den Ament nach net de Kapitän an der Equipe. Houffreg ass en op säi Posten an der Regierung, mä déi al Kollegen aus senger Zäit als Futtballspiller huet en och net vergiess, dofir zitt et en alt heiandsdo nach an de Bistro op Bierkerech, well wat de Futtball ugeet, do war e senger Heemecht ontrei ginn. Mä wee gëtt haut de Dags scho gär mam Stengeforter Futtball a Verbindung bruecht.

Marc Linster: Jean Asselborn, erkennt Dir Iech an deem Portrait vum Frank Kuffer erëm?

Jean Asselborn: Jo, dat ass jo vill beienaner gewiescht. Den Här Kuffer huet probéiert ee Bild ze mole vun engem Politiker, vun engem Mënsch [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Wat awer relativ realistesch war.

Jean Asselborn: A selbstverständlech ech appréciéieren dat wat e gesot huet an ech huelen och déi verstoppte Kritike gären zur Kenntnis, mä och déi schéi Wierder déi e gesot huet.

Marc Linster: Dir kënnt besonnesch gutt mam däitschen Ausseminister Frank-Walter Steinmeier. Ginn et an der Politik iwwerhaapt richteg Frëndschaften oder sinn dat ëmmer nëmmen esougenannte Männerfrëndschaften?

Jean Asselborn: Nee, also ech mengen an der Europapolitik, an der internationaler Politik ass et wéi an der nationaler Politik, iwwerall gëtt et mënschlech Dimensiounen am Kontakt tëschent de Leit. An dat ass dat allerwichtegst wat ee muss fleegen am Intérêt vun eisem Land och, wann ech esou däerf soen, am Intérêt vun eiser Aussepolitik. Mat dem Här Steinmeier huet vun Ufank un, dat net nëmmen duerch d’Sprooch, mä eigentlech d’Chimie direkt gepasst. Mir si Kollege gi matenaner an ech mengen, dat ass net zum Nodeel vun eisem Land. Natierlech, et muss een ëmmer wëssen, datt et trotzdem eng zimlech grouss Nuance gëtt tëschent de Befugnisser an de Kompetenzen an och dem Aktiounsradius vum däitschen Ausseminister a vum lëtzebuerger Ausseminister, mä op jidde Fall fleegen ech dat net nëmmen aus politesche Grënn. An ech sinn och iwwerzeegt, wa mir zwee eng Kéier net méi Ausseminister sinn, datt mer awer Kontakt matenaner behalen.

Marc Linster: Dir waart Buergermeeschter, Deputéierten a sidd elo Minister, Ausseminister. Buergermeeschter zu Stengefort huet Iech jo awer och vill Freed gemaach. Wéi mécht een de Switch vum Buergermeeschter vu Stengefort op den Ausseminister?

Jean Asselborn: Also, et ass jo esou an der Politik, wann ee sech engem Challenge stellt, da muss een dat huele wat kënnt an dat wat kënnt, do muss ee sech dann an eng Positioun setzen, datt een et beschtméiglech ka bewältegen. Also ech war immens frou als Buergermeeschter vu Stengefort. Ech sinn 1981 fir d’éischt gewielt ginn an ech hunn dat immens gär gemaach. Ech war jo all déi Zäit, wou ech jo och an der Chamber war an an der Partei aktiv war, war ech och Buergermeeschter. Do de Switch vum Buergermeeschter vu Stengefort op den Ausseminister dat ass guer net esou schlëmm wéi ee mengt. Ech mengen do huet een aner Aufgaben, mä do huet een awer dann net bemol ee Fuerz am Kapp wann een Ausseminister ass. Et muss een net 23 Joer Buergermeeschter gewiescht si vu Stengefort fir e gudden Ausseminister ze ginn, dat net. Ech soen elo net, datt ech ee gudden Ausseminister sinn, mä ech maache mäi Bescht fir eist Land an och fir meng Partei, wou ech mech asetzen, mä ech mengen datt dat awer schonn ze maachen ass.

Marc Linster: Kéint Dir Iech dann och virstellen de Switch an déi aner Richtung erëm ze maachen?

Jean Asselborn: Ah an der Demokratie wësst Dir, do muss ee sech deenen Aufgabe stellen déi een opgedroe kritt. Wann ee Buergermeeschter war vu Stengefort, dann huet ee menger Meenung no eng ganz wichteg Aufgab z’erleedegen. Wann ee President ass vun der Partei oder wann ee Fraktiounspresident ass ebenfalls. An als Ausseminister och an ech weess net wat kënnt, allerdings hu mer elo ee ganz gudde Buergermeeschter zu Stengefort, de Pettingesch Guy an dee mécht seng Saach an den nächsten zeng Joer nach ganz gutt.

Marc Linster: Eisen Invité däerf sech jo fir dës Emissioun ëmmer ee Lidd eraussichen an ech mengen den Titel deen de Vizepremier erausgesicht huet, seet vill iwwert de Mënsch Jean Asselborn aus.

[Lidd "Non, je ne regrette rien" vum Edith Piaf]

Marc Linster: Jean Asselborn, firwat gefällt Iech "Non, je ne regrette rien" vum Edith Piaf esou gutt?

Jean Asselborn: Also dat éischt dat ass, zanter datt et Radio gëtt an Tëlevisioun selbstverständlech, kennen ech keng Stëmm déi esou gedroen huet wéi d’Stëmm vum Edith Piaf, weiblech Stëmm oder männlech Stëmm. Dat ass wierklech eng Specificitéit, eng Dynamik dodranner, déi net z’iwwertreffen ass. Dat zweet dat ass d’Lidd selwer, datt ee soll zu deem stoe wat engem geschitt ass, och zu deem stoe wat ee gemaach huet oder wat ee gesot huet, och wéi et engem ergaangen ass eigentlech. Dat ass schonn eng Liewensphilosophie déi net falsch ass, well soss wann een dat net mécht, wann een dat net akzeptéiert, ech mengen, dann ass een en onzefriddene Mënsch.

Marc Linster: Op verschidden Aspekter vum Privatmann Jean Asselborn komme mer nach méi spéit an der Emissioun zréck. Elo direkt awer eriwwer bei d’Regierungsaarbecht. Zanter 2004 hu mer jo nees eng grouss Koalitioun tëscht der CSV an der LSAP, an de Guy Kayser huet vun der Geleenheet profitéiert a mécht fir de Vizepremier een Tëschebilan vun der Regierungsaarbecht, dat mat engem spezielle Bléck op d’sozialistesch Ministeren.

Guy Kayser: D’LSAP zesumme mat der CSV um séchere Wee, ma et koum dach e bëssi aneschters. Den ëffentlechen Transport gouf net gratis, am contraire méi deier. Dee privaten iwwregens och elo gläich mat der Steierhausse. Et gouf um Index, d’helleg Kou zu Lëtzebuerg, gefummelt, e gouf wuel net ofgeschafen, mä am Accord mat de Gewerkschaften gouf d’Ageständnis ënnerschriwwen. En ass ze deier a schued der Compétitivitéit. Dat hätt ee sech virun de Walen net dreeme gelooss. D’LSAP an der Halschent vum politsche Circuit muss sech d’Fro stellen, wéi gesäit d’Vollek dës Regierung an also och d’Sozialisten? Den Här Asselborn seet da mat Recht, déi sozial Chirurgie deet kengem zevill wéi, si ass ze vertrieden, wat awer zugläich nëmme Make-up ass fir d’Tatsaach, datt de Bierger an den nächste Jore méi aarm gëtt.

Katastrophemanagment op engem anere Plang. Kioto, fir den Ëmweltminister. Net dem Här Lux seng Schold, mä d’LSAP hat dëse Ressort schonn a villen anere grousse Koalitioune virdrun, an Ëmweltpolitik muss een op Jorzingte gesinn. Datt mer elo eis Stroumpolitik duebel wëllen ofsécheren ass wirtschaftlech richteg, mä d’Décisioun ass no villem Gedeessems géint de Wëlle vum Ëmweltminister gefall.

Do wäert sech deen anere Ressortminister Jeannot Krecké an d’Fäischtche gelaacht hunn. Dee Mann mécht iwwregens eng exzellent Aarbecht, schafft enorm vill fir d’Economie diversifiéiert ze kréien. D’Friichte vu senger Aarbecht wäert een awer kaum virun den nächste Walen an Uecht huelen.

De Sozialminister Mars Di Bartolomeo ass houffreg op säin Nulldefizit an de Krankekeessen. Déi Situatioun ass allerdings bal exklusiv drop zréckzeféieren, datt den Aarbechtsmaart boomt an also och méi Leit cotiséieren. An eis Pensiounen? Si si sécher fir 15, 20 Joer. Wann de Patron vun engem Privatbetrib dat géing soen, misst en den Hutt huelen. Bei Pensioune schwätzt ee vu 40 Joer, soss daacht et näischt.

D’Educatiounsministesch Mady Delvaux hirersäits gehéiert mat Sécherheet net zu de grousse Kommunikatoren. Et weess een net wou se hi wëll mat de Schoulen.

A wou bleift d’Partei bei deem Ganzen an d’LSAP-Fraktioun? Riskéiere si net deen nämlechte Kräizwee ze goe wéi d’DP virdrun, nämlech vum grousse schwaarze Brudder erdëmmelt ze ginn? Ass et net elo un der Zäit sech nei ze positionnéieren, nei Contouren ze schläifen?

Alles kann ech hei net usträifen, Här Asselborn. Och net Ären eegene Ressort mat der Assistenz vum Nicolas Schmit, ma do sidd Dir haut jo gutt beim Marc Linster opgehuewen.

Marc Linster: Jean Asselborn, ouni elo op jiddwer eenzelne Punkt am Detail anzegoen, sidd Dir global gekuckt d’accord mat der Zensur déi de Guy Kayser der sozialistescher Regierungsequipe ausstellt?

Jean Asselborn: Also mat der Zensur vun engem Journalist soll een ëmmer d’accord sinn. Ech wëll awer e puer Remarquë maachen. Dat éischt dat ass, mir hunn an dëser Regierung d’Budgetsreform ugepaakt. Hätte mer dat net gemaach, wier et op Käschte gaange vun deene Generatiounen déi no eis kommen. Dat war also eng Pflicht dat ze maachen an och e wéineg de Courage fir dat duerchzesetzen.

Da mengen ech de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké kënnt ganz gutt ewech an och zu Recht, well e mécht sech ganz ganz vill Méi fir eis Lëtzebuerger Economie ze diversifiéieren.

Ech wëll awer soen zum Lucien Lux an zum Mars Di Bartolomeo, virun allem beim Mars Di Bartolomeo, datt heen dat fäerdeg bruecht huet bei de Krankekeesse fir den Defizit z’évitéieren, ouni mussen un d’Participatiounen ze goen, ouni mussen d’Cotisatiounen erop ze setzen, well e wierklech och versicht huet individuell, d’individuell Verantwortung vun all Assuré kloer ze maachen. An dat ass ee grousse Progrès par rapport zu deem wat virdru war. An ech mengen dofir soll een de Mars Di Bartolomeo wierklech félicitéieren, datt en dat fäerdeg bruecht huet an och säi Courage deen en hat an huet beim Antitubakgesetz. Dat ass schonn der Méi wert, datt een dat ënnersträicht.

De Lucien Lux, deen huet, dat huet den Här Kayser jo och gesot, Kioto elo net geierwt, mä en huet zwee schwiereg Departementer: dat eent dat ass d’Ëmwelt an dat anert ass Transport. Am Transport huet en et jo awer fäerdeg bruecht fir déi Restrukturatioun vun der Eisebunn op déi richteg Schinnen ze setzen. En huet och wat d’Ëmwelt ugeet, ech mengen en huet jo och elo Messagë kritt an de leschten Deeg, an heen ass jo awer ee Politiker deen doudsécher et fäerdeg bréngt fir do méi no erëm un d’Leit erunzekommen, mat senger Verwaltung an hee selwer an do wou et néideg ass och déi Reformen anzeleeden a senger Administratioun an ech sinn iwwerzeegt, datt en dat och mécht.

D’Mady Delvaux huet vun eis alleguerten doudsécher net déi einfachst, fir net ze soen déi schwieregst Aufgab. Wann d’Mady Delvaux net géif kritiséiert ginn, wier se inerte, wier se net do. Ech menge si wëllt dat maache wat néideg ass an eiser Gesellschaft.

Marc Linster: Do komme mer nach drop zréck, méi detailléiert.

Jean Asselborn: Loosst mech just dee Saz soen, si wëllt dat maachen an eiser Zäit wat néideg ass, nämlech d’Evolutioun an eiser Gesellschaft wierklech och ze transplantéieren an eben d’Reformen, déi eben um Schoulplang noutwendeg sinn.

Marc Linster: Ee Punkt aus dem Commentaire vum Guy Kayser wëllt ech awer nach emol méi speziell eraushiewen, dat ass de Positionnement vun der LSAP an der grousser Koalitioun. Huet Är Partei genuch Profil vis-à-vis vun der CSV a riskéiert Dir net bei den nächste Walen nees vum WIeler sanktionnéiert ze ginn, fir all dat wat dem Bierger un de Regierungsdécisiounen net gefällt, wéi dat der DP jo ergaangen ass?

Jean Asselborn: Jo, mir hu jo och Erfahrung mat der CSV an der Regierung. Mir waren, wann ech dat däerf erënneren, vu 1884 bis 1999 mat der CSV [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: 15 Joer.

Jean Asselborn: an der Regierung, 15 Joer. Dat ware jo net déi schlechste Joren déi eist Land erlieft huet. Mir sinn dee méi klengen, dat hutt Dir jo och gesot, Partner an der Regierung. D’CSV huet 13% méi wéi mir, mä dat heescht net, datt mir 13% manner Responsabilitéit hunn an och net, datt mer 13% manner Energie hunn a manner Engagement opbréngen. Mir sinn op där nämlechter Aenhéicht, mir schaffen ouni Koplexer, ouni Arroganz an Dir wäert gesinn, datt, mir schaffe jo net fir déi nächst Walen elo onbedingt, all Décisioun déi mer huelen axéiere mer op déi nächst Walen, mir schaffen am Intérêt vun eisem Land. A och déi Stëmmung déi an der Regierung ass, déi Zesummenaarbecht, déi Ambiance déi do ass, déi weist schonn, datt mer do op engem gudde Wee si fir déi Aufgaben unzepaken, déi sech eisem Land stellen.

Marc Linster: Dir sidd Vizepremier an der Regierung. Wéi gitt Dir mam Staatsminister eens? Léisst heen Iech genuch Fräiraum oder erdréckt en Iech mat senger Autoritéit an Experienz? E gëtt jo mol de Bokassa genannt.

Jean Asselborn: Jo, also ech géif carrément soen, datt tëscht dem Staatsminister a mir dat politesch äusserst korrekt ass, datt et mënschlech och äusserst korrekt ass an datt heen och Respekt huet an e weess, datt mer allenzwee zwou Parteien, zwou politesch Famillje représentéieren an dat och ëmmer bei allem zur Kenntnis huelen. Ech géif soen, datt heen, wéi Dir sot, jo awer trotzdem eng rieseg Erfahrung huet, eng grouss Kompetenz och iwwert eist Land ewech. Dat ass schonn iwwerduerchschnëttlech, dat muss ee wierklech kënne soen, mä et ass eng Perséinlechkeet a mengen Aen déi Charakter huet. An ech hunn awer och erfuer, datt en akzeptéiert an datt en esouguer frou ass, wann e vläicht zevill Charakter weist, datt een him hëlleft e wéineg zréckzestellen, wann dat néideg ass an ech géif soen, datt mer Sträitkultur schonn hunn, net nëmmen tëscht eis zwee, mä och an der Regierung, mä mir si jo keng Eunuchen do.

Marc Linster: Keng Massendinger.

Jean Asselborn: Mir si keng Massendinger, doudsécher net. Mir wëllen net, datt heen de Paschtouer ass a mir d’Massendinger. Dat wëllt heen och net an ech menge schonn, datt do genuch Positives a genuch, jo, Positives eigentlech do ass, fir datt mer kënnen am Intérêt vum Land gutt schaffen.

Marc Linster: Et ass zwar nach e bëssen Zäit bis et esou wäit ass, mä gesäit een, erlieft een déi nächst Walen de Jean Asselborn nach emol als LSAP-Spëtzekandidat?

Jean Asselborn: Also wann ee bei Iech kënnt, da muss ee jo wéi d’Scouten ëmmer préparéiert sinn. Déi Fro do ass natierlech eng Fro där ech net wëll auswäichen. Ech wëll awer soen [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Äntwert elo net wéi Är Diplomaten.

Jean Asselborn: Datt mer jo tëschent 1999 an 2004 an der Oppositioun waren an 2003 huet meng Partei mech gefrot, hunn ech déi grouss Éier kritt fir kënne Spëtzekandidat ze sinn. Mir sinn an d’Wale gaangen, mir sinn an eng Koalitioun eragaangen an ech sinn dann du Vizepremier ginn. Also Här Linster, ech hunn net wëlles, do gëtt et jo keng Unzeechen dofir, mech duerch d’Bascht ze maachen, weder politesch nach physesch. Ech hu wëlles, wa meng Partei dat wëllt, mech bei deenen nächste Walen ze stellen, als [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Als Vizekandidat?

Jean Asselborn: Als Vizepresident, als Vizepresident vun dëser Regierung.

Marc Linster: Dat heescht, wann ech dat richteg interprétéieren, da wäert Dir erëm Spëtzekandidat, dont acte, dann elo fir de Moment?

Jean Asselborn: Also Här Linster, Dir wësst, ech kann Iech gutt brauchen. Deem wat ech gesot hu brauch ech keng Gebrauchsanweisung bäizeleeën. Mir sinn elo 2006 an ech brauch nach 2007 keng bäizelëen et pour le reste, on verra.

Marc Linster: Mir hu verstan.

Vill Oppositioun gouf et jo géint deen ominéise Gesetzprojet 5611 a besonnesch un d’Mesuren a Saache Jugendchômage. Den Aarbechtsminister Biltgen huet zwar dës Woch Waasser a säi Wäi geschott, mä dat geet awer verschiddene Jugendorganisatiounen trotzdem net duer, wéi zum Beispill de Jusoen. Gëscht huet de Premier um Briefing nom Regierungsrot och annoncéiert, datt dru geduecht gëtt d’Gesetz 6 Méint méi spéit wéi geplangt a Kraaft trieden ze loossen. Här Asselborn, ass dësen Hickhack net awer een Zeechen dofir, datt verschidde Moossnamen dach net esou richteg duerchduecht oder esouguer kontraproduktiv sinn?

Jean Asselborn: Also ech muss hei zwou Saache soen: fir d’alleréischt fannen ech et extrem gutt, datt déi Jugendorganisatioune sech ëm dee Projet do bekëmmeren. Och eis Jugendorganisatioun huet sech do erageknéit. Dat ass jo positiv, well et ass jo och hirt Schicksal wat mat do um Spill steet. Dat zweet wat ech wëll soen, dat ass, datt d’Ziel wat d’Regierung huet a wat och de Minister Biltgen, ech mengen et gëtt eng Solidaritéit och iwwert d’Parteien ewech wat d’Regierung ugeet, wat e seet, datt e jonk Leit wëllt zu enger Schaff verschafen an net zu enger précairer Sozialmoossnam. De Problem dee mer hunn, dat ass net déi Leit déi een Diplom hunn. De Problem dee mer hunn, dat ass datt dräi Véirel vun de jonke Leit déi ageschriwwe sinn, keen Diplom hunn an dofir musse mer an Zesummenaarbecht mat der Schoulministesch déi Reformen aleeden, déi mer brauchen.

Elo vläicht zwee Wierder. Dat wat positiv trotzdem ass an deem ganze Projet, dat sinn zwou Saachen. Dat eent dat ass, an Zukunft gëtt ee Kontrakt gemaach tëscht der Adem an deem Jonken, fir dee Jonken ze guidéieren. Dat zweet dat ass, mir hunn elo dee Contrat d’insertion. Dat heescht dovunner kréie 75% vun de jonke Leit, déi an engem Betrib sinn, kréien herno eng Schaff. Wat immens wichteg ass. An dann hate mer deen CAT. Dat heescht, et si vill Gemengen, ech weess dat aus menger Erfahrung, an och Staatsbetriber, déi hu jonk Leit geholl, si hu se bëlleg kritt, well de Staat jo ee groussen Deel dovunner bezillt an et ass ee Joer laang net no deene Leit gekuckt ginn an herno stounge ze virum Näischt. An do ass elo an deem Projet och een extrem positive Punkt, deen d’Gewerkschafte jo och staark appréciéieren, dat ass dee Contrat appui emploi. Bon, deen dauert néng Méint. Do schaffen déi jonk Leit och 32 Stonnen a keng 40 Stonnen. 32 Stonnen a si kréien 8 Stonne Formatioun. Dir wäert gesinn, datt, mir hu mar, also mir, d’Koalitioun huet mar eng [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Interfractionelle

Jean Asselborn: Interfractionelle an do wäerten all déi Punkten nach eng Kéier gekuckt ginn. An ech sinn iwwerzeegt, datt mer dee wichtege Projet hei elo op déi richteg Schinn och gesat hunn. De 5611, wëll ech och nach soen, huet alleguerten, beinhalt alleguerten déi Reforme vun der Tripartite, ee groussen Deel do dovunner an ech wëll och hei nach eng Kéier soen an och am Intérêt oder am Numm vum Sozialminister Mars Di Bartolomeo an och am Aarbechtsminister François Biltgen, datt hei och d’Reform vum Statut unique eigentlech, datt dat ganz ganz wichteg ass, datt dat eigentlech [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Wou et och Oppositioun gëtt.

Jean Asselborn: Jo, déi Négociatioune lafen, mä d’Regierung wëllt sech ganz, ganz staark maache fir am Dialog dat fäerdeg ze bréngen an d’Regierung ass och bereet fir herno Responsabilitéit z’iwwerhuelen, well dat war een Accord deen an der Tripartite geholl ginn ass a wou mer mussen hei zu Lëtzebuerg kucken zu engem Accord ze kommen. Dat war ee Ganzt, an ech denken do virun allem och un eis Kollege vun de Gewerkschaften, déi ganz vill Wert doropper leeën. An ech maachen een Appell och un d’Säit vum Patronat, datt een do all Efforte mécht fir zu enger Conclusioun ze kommen, well dat och een Deel war vun der Tripartite.

Marc Linster: Mä wann dat alles esou schéin an esou gutt ass, wéi explizéiert Dir Iech dann déi Oppositioun déi et awer dach queesch duerch de Gaart, esouguer vun CSV-Kreeser bis bei d’Gauche gëtt? Ass et just ee Kommunikatiounsproblem oder ass do awer munches net duerchduecht?

Jean Asselborn: Wësst Dir, d’Politik dat ass jo net einfach schwaarz a wäiss. Mir hunn elo dee Projet, dee läit vir, den Aarbechtsminister huet d’Responsabilitéit doriwwer. Ech sinn och iwwerzeegt, datt dat wat e jo déi lescht Woch am Comité permanent pour l’emploi, wat en do fäerdeg bruecht huet, datt dat an déi richteg Richtung geet. Dat wat jo virun allem an der Diskussioun war, dat war déi Karrenzzäit vu 6 Méint. Mir sinn de Moment nach ëmmer net richteg gestart an der legislativer Operatioun, well de Conseil d’État nach net aviséiert huet. Dofir un deem Projet do kann nach immens vill geännert ginn, och am Detail kann nach affinéiert ginn an dat wäert elo geschéien. Dofir lauschtert, mir sinn ee Staat wou wichteg Problemer op der Place publique diskutéiert ginn. Dat ass hei gemaach ginn, mä vun der CSV bis op d’Gauche, wou Dir sot, ass villes erabruecht ginn. An de Législateur an och mir als Regierung wäerten deem och Kenntnis droen a kucken am Intérêt vun deene Jonken, déi vill positiv Punkten déi heidra sinn, déi bezéie sech net nëmmen op 80% vum Mindestloun oder op déi Karrenzzäit, mä all déi positiv Punkten, datt mer déi erausgeschielt kréien.

Marc Linster: Mir hunn nach zwou Minutte virun den Neiegkeete vun halwer eng. Enk verbonne mat der Fro vum Jugendchômage ass den Thema Schoul. An dësem Kontext doktert d’Ministesch Mady Delvaux-Stehres u Reformen. Esou richteg gëtt een awer net gewuer a wéi eng Richtung méiglech Décisioune goe sollen. Kënnt d’Madame Delvaux net esou richteg vum Fleck? Kuerz Äntwert, wann ech glift.

Jean Asselborn: Jo, ech hunn Iech jo gesot, datt d’Madame Delvaux eng ganz schwiereg Aufgab huet. Mä d’Madame Delvaux wëllt eigentlech, datt all Kand esou héich wéi méiglech an eiser Schoul qualifizéiert gëtt. Een Diplom kréien ass selbstverständlech dat Idealt, mä och déi déi keen Diplom kréien, datt se eng Chance hunn, fir herno kënnen hirt Liewen ze maachen an datt alles aus de Kanner erausgeholl gëtt. Ech mengen, dat wat jo dréckt, wann Dir sot, ganz, ganz kuerz, dat ass d’Sproochekompetenz. Do hu mer jo awer Fortschrëtter gemaach, datt elo Efforte si fir ze diversifizéieren, fir international Klassen ze maachen, datt een de Bac kann an der franséischsproocheger Direktioun maachen, am Lycée technique du Centre, datt mer elo och fir déi däitschsproocheg zu Pärel jo dee Lycée kréien an ech sinn iwwerzeegt, datt d’Madame Delvaux och op der gudder Piste ass fir et fäerdeg ze brénge mat den Enseignanten, mat de Chargéën och, fir do zu enger Conclusioun ze kommen. Dat ass am Intérêt vun der Schoul, dat ass alles extrem komplex, mä ech hu ganz vill Fiduz an d’Madame Delvaux, datt si dat fäerdeg bréngt.

Marc Linster: Mir kommen nach eng Kéier selbstverständlech op d’Schoul do zréck no halwer eng. Elo maache mer awer eng Paus an no halwer eng diskutéiere mer weider mam Vizepremier Jean Asselborn, ënnert anerem nach iwwer Arcelor, Bommeleeër, Aussen- an Europapolitik an och iwwert de Mënsch Jean Asselborn.

[...]

Marc Linster: Et si 5 Minutten op halwer 1, an der Émissioun Background am Gespréich. Invité am Studio haut ass de Vizepremier an Ausseminister Jean Asselborn. Mir bleiwen nach ee Moment bei der Éducatioun, well virgëschter Owend goufe sech no laange Verhandlungen déi virun 8 Méint ugefaangen hunn, d’Éducatiounsministesch Mady Delvaux an d’Enseignementsgewerkschaften iwwer d’nei Definitioun vun der Proffentâche eens. En Donneschdeg ass gutt 4 Stonne laang diskutéiert ginn, bis den Accord stoung, och wa weder d’Gewerkschaften nach d’Ministesch Detailer verrode wollten.

Mady Delvaux: Mir hu laang diskutéiert a mir sinn zu engem Accord komm, deen awer selbstverständlech, vu datt mir Prozeduren hunn - et muss jo schrëftlech festgehale ginn, an déi Intersyndicale déi muss och hir Basis doriwwer informéieren, a sech ofséchere loossen. Dofir wäert Dir verstoen, datt ech keng Detailer ginn iwwer den Accord. Ech ka just soen, datt déi 3 Elementer déi ëmmer an Discussioun waren, dat heescht Lettre ministérielle, Anciennetéit a Koeffizient, datt mir do zu engem Accord komm sinn.

Marc Linster: 9 Verhandlungsronnen huet et gebraucht, bis e Konsens fonnt gouf. 7 mol waren d’Réuniounen tëscht der Éducatiounsministesch an de Proffen alleng, déi lescht 2 Kéiere souz awer och de Premier Jean-Claude Juncker mat um Dësch, grad wéi de Minister vun der Fonction publique, an et ass am Staatsministère verhandelt ginn. Herr Asselborn, d’Madame Delvaux steet elo e bësselchen esou do, wéi wa si ouni de Premier keng Léisung an dësem Sträit fonnt hätt. War et richteg, datt de Staatsminister sech ageschalt huet?

Jean Asselborn: Jo, also ech menge bei wichtege Projeten, bei wichtege Verhandlungen kann een duerch d’Präsenz vum Premier weisen, datt et eng Solidaritéit an der Regierung gëtt. Ech mengen, d’Madame Delvaux huet ganz gutt déi Discussioune preparéiert. Ech mengen doduerch datt den Här Wiseler dobäi komm ass, an och dunn de Staatsminister, dat ass en Zeechen, datt d’ganz Regierung dorunner hänkt un där Reform, an datt do och dat guer keen exceptionnellt Zeechen ass nobaussen. Ech fannen, datt déi Hëllef ubruecht ass, a wa mir zu engem Accord kommen, wéi et jo ausgesäit, dann ass dat am Intérêt vun eiser Schoul, vun de Kanner virun allem. An ech mengen, datt och dann d’Enseignante kënnen domadder liewen. Ech gesinn do absolut näischt Negatives dobäi, au contraire, wat d’Substanz ugeet, si mir viru komm.

Marc Linster: Zënter dem leschte Méindeg dierft och elo de leschte Lëtzebuerger verstanen hunn, wien d’Soe beim weltwäit gréisste Stolkonzern huet, de Lakshmi Mittal himself, och wann de Premier Juncker a säi Wirtschaftsminister Krecké an de Joseph Kinsch eis virgaukelen, wéi wann den Décisiounszenter vun Arcelor-Mittal nach ëmmer um Rousegäertche wier. Här Asselborn, huet eng Regierung et néideg, de Leit Sand an d’Aen ze streeën? Wat wier falsch drun zouzeginn, datt d’Politik am Zäitalter vun der Globaliséierung nëmme méi op Décisioune vun der Wirtschaft reagéiere kënnen, mä déi Décisiounen net méi aktiv mat steiere kënnen?

Jean Asselborn: Jo, also ech korrigéieren Iech net ganz gären Här Linster, ech wollt just fir d’Form soen [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Ech géing dat awer elo gären héieren.

Jean Asselborn: fir d’Form soen, den Här Krecké zum Beispill de Wirtschaftsminister, ass jo net dem Premier säi Wirtschaftsminister. Et ass de Wirtschaftsminister vu Lëtzebuerg. Dofir mengen ech solle mir do an der Form e wéineg oppassen, wéi mir eis do ausdrécken. Dat zweet dat ass, wat d’Substanz ugeet [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Wat och méi wichteg ass.

Jean Asselborn: Wat méi wichteg ass, do ass et esou, datt d’Regierung jo, de Premierminister an och de Wirtschaftsminister, hu bedauert, datt den Här Junck zeréckgetrueden ass. Mir hunn dat ze respektéieren. Mä ech mengen an deem ganzen, do hutt Dir scho Recht, datt een do kuckt wat erauskënnt. D’Persoune si wichteg, mä méi wichteg fir eis ass awer d’Substanz vun der Ofmaachung. An do gëtt et eng Ofmaachung.

Marc Linster: Mä wat sinn esou Bréiwer tëscht dem Här Juncker an dem Här Mittal wäert? Juristesch?

Jean Asselborn: Déi si juristesch a si sinn och politesch ganz vill wäert.

Marc Linster: Do gëtt et awer Affekoten déi drun zweiwelen.

Jean Asselborn: Mä mir hunn en Ofkommes, ech mengen den Här Mittal, fir Iech dat ze soen, wann dat ee Mann wier dee kee Wuert hätt, da wier en net do wou e wier. An do soll een och e wéineg Vertrauen dran hunn. Wat wichteg ass, dat ass de Siège - dat ass déi sozial Approche vu Lëtzebuerg, et ass och de Standuert Lëtzebuerg - do ass näischt a Fro gestallt, an ech sinn do net esou pessimistesch wéi Dir vläicht an Ärer Approche, wat Ärt gutt Recht ass. Mä datt mir hei zu Lëtzebuerg et fäerdeg bréngen, e Maximum nach erauszeschloen an deenen nächsten 5, 6 oder 10 Joer, wéi den Här Dollé sech haut ausgeschwat huet, géif ee jo eréischt 2010 kënnen déi Operatioun do bewäerten, mä datt mir do och als Regierung eng Verantwortung hunn, fir eis do anzesetzen, an esou anzesetzen, wat am Intérêt ass vun eisem Land.

Marc Linster: Gleeft Dir dann allen Eeschtens drun, datt wéi den Här Kinsch et seet, datt déi 2 lëtzebuerger Vertrieder am Directiounscomité do nach ganz vill ze soen hätten, an d’Fiedem géifen zéien?

Jean Asselborn: Jo, ech mengen den Här Kinsch ass een, deen awer nun d’Arcelor vill, vill besser kennt [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: D’Arcelor, jo.

Jean Asselborn: …wéi den Här Mittal. An datt den Här Mittal seng Operatioun, datt déi nëmme gelénge kann, wann et eng gutt Zesummenaarbecht gëtt tëscht der Arcelor a Mittal. Dofir huet den Här Kinsch eng immens wichteg Roll ze spillen, an den Här Junck, an den Här Wurth, dat sinn 2 Leit déi mir ganz no an der Direktioun hunn. Dat sinn 2 Leit, déi net nëmmen Arcelor kennen, mä déi och eppes um Stolmaart ze soen hunn, an eppes dovunner kennen. Do ass et mir guer net baang, och d’lëtzebuerger Intérête kënne verteidegen, datt dat an Zukunft och geschitt.

Marc Linster: Hoffe mir, datt Dir Recht hutt an dësem Dossier.

En aneren Thema, deen dës Woch erëm opkomm ass, dat war d’Bommeleeëraffaire, déi jo nach ëmmer net opgekläert ass. Do gouf et e längeren Interview op RTL mam Procureur Roby Biever. Hutt Dir deen Interview, op d’mannst an Deeler, héieren oder gesinn?

Jean Asselborn: Jo, ech hunn dat an Deeler héieren an och gesinn.

Marc Linster: Wat sot Dir dann zur Perfomance vum Här Biever do?

Jean Asselborn: Neen, also ech mengen ech sinn als Minister net do fir d’Performance, wann Dir esou wëllt [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Mä sot Dir, huet dee Mann eppes Konkretes, eppes Neies gesot, oder huet hien divaguéiert an ass en ausgewach?

Jean Asselborn: Neen, hien huet dat gesot, wat hie mengt, datt ee soll soen. An dat wat hie gesot huet, hunn ech och wéinstens iwwerflächeg kënnen assimiléieren. Dat wat ech verstanen hunn, ass datt d’Justiz weider hir Aarbecht mécht, vläicht vill méi accéléréiert wéi an deene leschten 20 Joer, datt och mat deene modernen technesche Mëttelen, mat de Mëttele vun 2006 operéiert gëtt, an datt de Wëlle besteet, fir d’Auteuren dovunner, déi Responsabel dovunner, fir déi erauszefannen. An ech mengen, dat ass jo eppes wat mir als Lëtzebuerger alleguer wëllen, ob een an der Regierung ass oder ob een net an der Regierung ass, ob een an der Justiz ass oder net.

Et versteet een eigentlech net, datt an deenen 20 Joer et net fäerdeg bruecht ginn ass, fir mat all deenen Indizien déi awer do leien, mat all deene Saachen déi geschitt sinn, datt et do ni zu enger Conclusioun komm ass, datt een ni konnt soen wien déi Auteuren dovunner waren. An ech stinn do voll hannendrun, wéi déi meescht Leit hei zu Lëtzebuerg, datt d’Justiz et elo fäerdeg bréngt, an et och eescht mengt, mat deene Mëttelen déi mir haut hunn, wann ech dat nach eng Kéier dierf soen, fir déi Schëlleg erauszefannen.

Marc Linster: Hand op d’Häerz -gleeft Dir drun, datt mir d’Nimm eng Kéier gewuer ginn?

Jean Asselborn: Also ech sinn eigentlech kee Pessimist, ech sinn en Optimist, a wann et och schwéier ass, mä mat ADN-Prouwen zum Beispill, a mat där moderner Technik déi et gëtt doranner, misst dat net onméiglech sinn.

Marc Linster: Zënter e puer Woche beweegt awer och en anere Sujet d’Stammdëscher zu Lëtzebuerg, ech mengen natierlech de Roude Léiw. Wat ass d’Preferenz vum Ausseminister? Roud-wäiss-blo, oder awer de Roude Léiw?

Jean Asselborn: Jo, also déi zwee. Ech soen Iech ech si ganz frou mat eisem Fändel [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Dat war eng diplomatesch Äntwert.

Jean Asselborn: Neen, dat soll och eise Fändel bleiwen. Ech hunn dem Här Wolter dat och iert en d’Pressekonferenz gemaach huet - en huet mech gefrot, dunn hunn ech dat ganz kloer gesot, datt de lëtzebuerger Fändel fir mech de rout-wäiss-bloe Fändel ass, an datt de Wopen eben de Léiw ass.

Wann Dir wëllt vläicht eng Minutt, wann ee sech Gedanke mécht, wou déi Tricolore hier kënnt, déi rout-wäiss-blo Fuerf, dat ass de Lafayette deen 1790 dorëmmer an der franséischer Revolutioun déi 3 Fuerwe beienee bruecht huet. An déi Fuerwen déi hu sech imposéiert an der Suite vun der franséischer Revolutioun. D’franséisch Revolutioun déi eis jo och en Deel vun deem Geescht ginn huet op déi mir eis Demokratie opgebaut hunn, dat dierfe mir net vergiessen. De Louis XVIII an och de Charles X an der Restauratioun, déi hunn erëm deen Tricolore ofgeschaaft. De Louis-Philippe huet en erëm erageholl an deemools war esouguer och eng Idee do, also 1830/40 a Frankräich fir e Coque gaulois drop ze maachen. Dat hu si awer ganz séier fale gelooss, well dunn ass de Lamartine, dat ass e ganz dichtege Poète, deen huet 1848 sech dogéint gewiert. Dee leschten dunn, dee wollt d’Tricolore ofschafen a Frankräich, dat war de Comte de Chambord, an d’Konsequenz ass déi, datt d’drëtt Republik 1871 a Frankräich entstanen ass.

Also, Dir gesitt an deene puer Explikatiounen déi ech Iech ginn hunn, datt déi Tricolore schonn eppes ausseet. Déi seet eppes aus iwwer eis Fräiheet, iwwer eis Souverainitéit, iwwer d’Égalitéit och wann Dir esou wëllt, an déi dierf een net einfach fale loossen. Mir si gutt gefuer, datt mir donieft de Léiw hunn. Dir wësst, datt ech kee Problem [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Bei alle Stroossemanifestatiounen.

Jean Asselborn: …esou wéi d’Hollänner, déi hunn net d’roud-wäiss-blo Fuerwen, wann hire Futtballsteam spille war, ech hat d’Chance fir de Futtball kucken ze goen, Argentinien géint Holland, an do war och d’Prinzessin Maxima mat dem Willem-Alexander, dem Prënz do, an déi hate kee rout-wäiss-bloe Schal unhänken, déi haten en orange Schal unhänken, an ech hunn och ee kritt dovunner. Dofir soen ech Iech ganz kloer, mir sollten ouni elo an eng Verzerrung do ze verfalen, eise Fändel, rout-wäiss-bloe Fändel bäibehalen, an och mat ganz vill Houffert da wa mir mengen et wier gutt, de Wopen, de Léiw, de Roude Léiw. Mä de Roude Léiw, wësst Dir, Roude Léiw huel se, da kann ee soen, wann een de Velo kucke geet, oder wann e Futtball kucke geet, mä de Roude Léiw hëlt se net allgemeng gesinn. Dee packt se net. An dofir rout-wäiss-blo sinn déi Fuerwen déi bleiwe sollen.

Marc Linster: Véirel vir 1, mir kommen natierlech net dolaanscht mam Chef vun der lëtzebuerger Diplomatie iwwer Aussepolitik ze diskutéieren. Dës Woch gouf jo dominéiert vun der Walnéierlag vun de Republikaner an den USA. Ouni elo en Exkurs iwwer international Politik ze maachen, wéi eng Konsequenzen, Här Asselborn, huet dëst Walresultat Ärer Meenung no op d’Weltpolitik - Stéchwierder hei, Irak, Iran, Noen Osten etc?

Jean Asselborn: Jo, also ouni en Ausfluch ze maachen. Mä Dir sot mir direkt e puer wichteg Themen. Dat éischt dat ass d’Sanctioun vum Wieler géint de President Bush ass jo vum President selwer unerkannt ginn. Irak-Krich ass déi Haaptursaach dovunner, nieft e puer innepoliteschen Themen.

Am Irak-Krich sinn zur Zäit 600.000 Doudeger, et sinn och 3.000 amerikanesch Zaldoten bis elo gestuerwen, wann ech mech do op déi zwee Chiffren dierf besënnen. Ech soen awer ganz oppen, datt ech net mengen, datt mat der Victoire vun den Demokraten muer d’Amerikaner aus dem Irak géifen erausgoen. Ech sinn iwwerzeegt, datt do och elo schonn erëm direkt bei den Demokraten déi elektoral Reflexer kommen, an datt een och fir déi nächst zwee Joer do net soll dee Schrëtt maachen fir eben an 2 Joer an enger gudder Positioun ze sinn.

Dat ass, ech soen Iech awer och hei, datt ech an der UNO den irakeschen Ausseminister gesinn hunn, an datt deen eigentlech, entgéint deem wat een heiansdo aus der Regierung héiert, awer och der Meenung wier, datt esou laang wéi am Irak uniforméiert Persounen optrieden, sief dat Amerikaner, Englänner oder anerer, datt et extrem schwiereg ass den Terror ze blockéieren.

Mir hu jo als Europäesch Unioun een anere Wee gesicht, datt mir Riichter forméieren, datt mir Poliziste forméieren, datt mir dem Irak hëllefen ausserhalb vum Irak fir d’Formatioun ze maachen. Ech mengen awer trotzdem datt de President Bush, an ech hoffen, datt elo dee Rapport vum Här Baker, dee wäert an deenen nächste Wochen zum Virschäin kommen, datt deen do op eng aner Schinn weist.

Marc Linster: Dir hutt mir elo e Stéchwuert geliwwert, mir kommen nach eng Kéier op den Irak, den Iran an esou“weider zeréck. Mä gëscht an haut koumen awer och erëm nei Warnunge vun Terrorattacken, Pierre Reiland.

[...]

Marc Linster: Jean Asselborn, wéi sérieux muss een esou Menacen huelen?

Jean Asselborn: Ganz sérieux. Mä dat weist awer och politesch gesinn, datt een um technesche Plang, wat d’Päss ugeet, wat d’Zesummenaarbecht vun de Geheimdéngschter ugeet an esou weider, kann extrem efficace matenee schaffen, mä datt et net duer geet, datt mir musse kucken dee politesche Sprengstoff, deen d’Motivatioun gëtt fir déi Selbstmordattentater, datt een déi erauskritt. An dat ass fir mech wierklech nach ëmmer um Moyen-Orient wou et läit den Dialog oder déi Zesummeliewen tëscht den Israelien an de Palästinenser.

Marc Linster: Dir sot an dësem Kontext emol eng Kéier d’Israel-Palästina Problematik, dat wier de Schlëssel zum Weltfridden. D’Évolutioun an Amerika, déi innepolitesch, huet déi dann do elo eventuell méiglecherweis positiv Inzidenzen?

Jean Asselborn: Ech gleewen dat net och direkt, mä loosst mir vläicht eng Minutt fir Iech ze soen, den Israel-Palästina Problem, virun allem de Palästina Problem fir deen ze skizzéieren.

A Gaza, dat ass en Territoire deen ass 7 mol méi kleng wéi eist Land, 7 mol méi kleng wéi eist Land, an do wunnen 1,5 Millioune Leit. Déi 1,5 Millioune Leit do ass praktesch d’Halschent aarbechtslos, dat heescht, déi ganz eigentlech Motivatioun fir sech do eropzeschaffen, och an Dignitéit kënnen ze liewen, ass quasi Null. An 6 Joer, an 6 Joer, sinn 2.300 Leit déi hiert Liewen a Ghaza verluer hunn duerch Agrëffer vun den Israelien, an an deene leschten 4 Méint sinn et der alleng 300.

Et gëtt Rakéite geschoss vu Gaza op Israel. Dat stëmmt. Siderot, ech war selwer do, dat ass dramatesch, mä dobäi sinn an deene leschten 5 Joer sinn 6 Leit em d’Liewe komm. Dir gesitt d’Proportioun ass extrem verzerrt. An dofir huet de Jan Egeland komplett Recht, wann e seet, Gaza ass eng ticking Bomb. Dat ass et. An dofir verstinn ech eigentlech net, eigentlech déi intelligent israelesch Gemeinschaft, och d’Politiker, datt se net carrément agesinn, datt se weder demografesch nach politesch dee Match do kënne wanne mat militäreschen Operatiounen, dat huet jo och de Libanon-Krich bewisen.

Marc Linster: Kéint dann do Amerika net eventuell Drock maachen?

Jean Asselborn: Dach, da kënnt eppes dobäi Här Linster, an Dir hutt dat richteg och gesinn, d’Solidaritéit tëscht de Musulmanen. Ob dat an Indien ass, ob dat op de Philipinnen ass, ob et am Maghreb ass, an Indonesien, an de Golfstaaten, esouguer an der Türkei, mat dem palästinensesche Vollek, dat ass eng vun de groussen, grousse Motivatioune fir den Terrorismus op der Welt nach ëmmer ze propagéieren.

An ech soen Iech, wann ech soen de Schlëssel vum Weltfridde läit do, dann huet d’Europäesch Unioun dat erkannt. An ech hoffen elo, ech hoffe wierklech, datt dat wat de President Clinton gemaach huet, och elo vum President Bush gemaach gëtt an deene leschten zwee Joer, wou e jo eigentlech nëmme méi ze wannen huet, och fir seng Partei awer och fir seng Persoun, datt hie sech vill méi staark investéiert a mat hëlleft den Europäer, fir datt mir zum Beispill elo dräi Saache fäerdeg bréngen.

Dat ass fir d’alleréischt ee Gouvernement d’unité nationale a Palästina. Datt erëm e Gespréichspartner do ass fir mat den Israelië kënnen ze verhandelen. Datt och am Libanon gekuckt gëtt, datt wierklech déi Sheeba-Farm Geschicht déi ka geléist ginn um Niveau vun der UNO, datt déi geschitt.

An dann och dat Drëtt, dat ass selbstverständlech deen immense Problem, ee vun deene gréisste Problemer déi mir um internationale Plang hunn zënter Krichsenn, zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich, fir ze kucken, datt een, op een net soll erëm als amerikanesch Administratioun den Dialog erëm ophuele mat Iran. Mir fueren do an eng Mauer eran. Dir gesitt jo och wéi d’international Communautéit bis ee Punkt kann zesumme sinn, an dann ass se verzerrt wann ee Russland kuckt, an et kuckt ee China. Dat do gëtt näischt, dofir Isolatioun huet ee gesinn, datt dat an Nordkorea näischt bruecht huet, et bréngt och näischt am Iran. An et gëtt jo och vill Stëmmen an Amerika, ech war virun e puer Méint nach do, och esouguer op der republikanescher Säit, datt erëm en Dialog misst agefouert ginn tëscht den Amerikaner an och den Iraner op engem, vläicht op engem nidderegen Niveau fir unzefänken, mä datt deen Dialog awer wichteg wier.

Marc Linster: Ech géif nach gären op eppes kuerz zeréckkommen, an dat ass d’Urteel vum Saddam Hussein am Kontext Terror. Wann dee wierklech exekutéiert gëtt, besteet dann net de Risque datt den islameschen Terror erëm nei lass geet?

Jean Asselborn: Jo, also do sinn ech eigentlech ganz, ganz houffereg op Europa. Vum Tony Blair ugefaange bis mengen ech, wann Dir dat wëllt, bis hei op Lëtzebuerg hu mir jo alleguer condamnéiert, datt éischtens emol d’Doudesstrof iwwerhaapt nach am Irak besteet, datt se erëm agefouert ginn ass, well si war ee Moment praktesch suppriméiert.

An dat zweet dat ass, den Doud duerch Erhänke vum Saddam Hussein mécht aus deem Typ, deen huet dat bestëmmt net verdéngt, ee Märtyrer, an dat gëtt erëm verschidde Clane gëtt dat Ursaach fir Terrorakten ze maachen. Obschonn datt ee muss soen, datt zum Beispill jo d’Repercussioun vun deem Urdeelsverkundung eigentlech an der arabescher Welt praktesch keng grouss Welle vun net-Begeeschterung, wann ech emol esou dierf soen, obwuel e Protest ausgeléist huet.

Marc Linster: Stéchwuert Europa, Dir hutt et scho genannt. E gudden Deel vun Ärer Aarbecht besteet och aus Europapolitik. Ech wëll ganz kuerz nach op d’europäesch Verfassung agoen. Ënnert der däitscher Présidence gëtt sech jo eng Relance vum Débat iwwer déi Konstitutioun erwaart. A wéi eng Richtung muss et do goen, fir d’Kar nees aus dem Dreck ze zéien?

Jean Asselborn: Jo, erlaabt mir vläicht an eegener Saach nach eppes nozehuelen. Et war elo am Ufank séier gaangen, ech hat vergiess e Wuert awer och iwwer de Nicolas Schmit ze soen. Ech wëll soen, datt hie mir immens vill hëlleft mat senger Kompetenz, an datt ech ouni seng Hëllef och déi ganz Saach am Ministère net géif bewältegen.

Dir wësst datt mir, wat den Traité ugeet, de Moment nach ëmmer an där sougenannter Phase de réflexion sinn. Déi kritt en Enn am Juni 2007. Dat hu mir esou festgehalen, dat huet de Conseil européen festgehalen am leschte Joer.

Marc Linster: Mä déi däitsch Présidence ass jo awer gewëllt, schonn Initiativen ze ergräifen fir dee Prozess weider ze dreiwen.

Jean Asselborn: Jo, dat ass an der däitscher Présidence, dat ass um Schluss vun der däitscher Présidence. Da muss eppes op den Dësch kommen an der Perspektive bis zu de Walen 2009 ee groussen Traité de base ze hunn. Dat ass d’Ziel dovunner.

Esou. Déi Däitsch, ech weess dat, sinn am gaange sech elo och ze organiséieren, souwuel wat d’Kanzleramt ugeet, wéi och den Ausseministère, fir bis de Mäerz wou eng grouss Feier ass iwwer d’Europäesch Unioun, Dir wësst den Traité de Rome, datt schonn do gekuckt gëtt wou sinn eventuell d’Usäz wou mir kënne virukommen. Allerdéngs muss een elo waarden emol wat geschitt an Holland bei de Walen, an da virun allem wat geschitt bei de franséische Walen.

Ech wëll awer och soen, ech war a Finnland dës Woch, wann d’Finne ratifizéieren, wouvunner ech ausginn, nach virum 1. Januar, da sinn 18 vun deenen 27 Länner, 25 plus 2, Bulgarien a Rumänien dobäi, hunn da ratifizéiert. Dat ass eng grouss Majoritéit déi an der Europäescher Unioun. A mir brauchen een Traité fondamental, dovunner sinn ech net ofzebréngen, an zu Lëtzebuerg ass d’Regierung jo och solidaresch doranner. A mir mat eisem Referendum hu gewisen, wierklech gewisen, datt d’lëtzebuerger Vollek ënner deene schwierege Konditiounen, déi mir jo dee Moment kannt hunn, datt mir wëllen un deem Strank och do matzéien, fir do an déi richteg Richtung ze kommen.

Marc Linster: Mir hu schonn um Ufank vun der Émissioun iwwer de Mënsch Jean Asselborn e bësselche geschwat. Ech wëll nach eng Kéier zeréckkommen. Jiddweree weess, datt Är Leidenschaft Velofueren ass. Ech wëll net do vill Wierder driwwer verléieren, well dat hu mir scho bei anerer Geleeënheet gemaach. Mä ech huelen un, datt Dir awer als Minister nach genuch Zäit hutt fir an d’Pedalen ze trieden, oder?

Jean Asselborn: Jo, also fir dat ganz kuerz ze maachen. Jiddwereen huet säin Hobby. Déi eng ginn an de Bësch spadséieren, déi aner gi lafen, ech fueren eben e wéineg Velo. Dëst Joer wäert ech eng 6.500 Kilometer gemaach hunn. Et ass jo net alleng de Velo, et ass och déi Kollegschaft, déi Frënn déi een, déi de Velo eigentlech dann unzitt, esouguer mat de ganze Familljen, an dat ass dat Schéinst do dobäi.

Ech wëll awer soen, wann Dir Velo sot, wann ech ee Wuert dierf soen, iwwer dat, wat elo de Moment geschitt. Also ech hoffen et wierklech, ech soen dat elo a mengem Numm, mat deene Kenntnisser déi ech hunn, datt ouni d’Preuven, wann de Basso an den Ullrich d’nächst Joer erëm géifen an den…

Marc Linster: den Tour de France.

Jean Asselborn: …Tour de France mengen ech net, well do gi se net zougelooss, mä iwwerhaapt erëm an enger Pro-Tour Équipe fueren, dann…

Marc Linster: Beim Basso schéngt dat jo esou ze sinn.

Jean Asselborn: Jo, da fänken ech awer un, och wann de Saiz, dee Spuenier wou jo awer Beweiser virleien, wann dat net juristesch virugedriwwe gëtt, wann, entweder war dat alles wat a Spuenien opgeflunn ass, war dat eppes wat een net dierf zevill eescht huelen, oder et war eppes, wou eppes hannendrun ass, a da muss dat gekläert ginn. Well domat si mir am gaangen de Velosport futti ze maachen.

Wa Jongen haut eng Course wannen, déi ni gedoppt waren an hirem Liewen an och net gedoppt sinn, da gëtt jo direkt gesot, deen do huet Fudder geholl. Wa se verléieren, wa se eng Défaillance kréien, da gëtt gesot, déi do hunn d’Plooschter net op déi richteg Plaz gemaach. Also dofir, dee Sport, deen ech immens gären hunn, an ech weess datt och vill Leit a mengem Bekanntekrees, wat elo keng Politiker sinn, wat Velofuerer sinn, déi nämlecht Leidenschaft hunn, do muss propperen Dësch gemaach ginn. An ech fäerten och, an dat wier net méi wéi richteg, datt wann hei an der Affaire Basso, an der Affaire Ullrich, an der Affaire Saiz, wann do dat falscht gemaach gëtt, datt dann déi grouss Sponsoren, wéi zum Beispill och an Däitschland, datt déi ofsprangen…

Marc Linster: Telekom.

Jean Asselborn: Telekom, datt déi ofsprangen, an dat wier dann eng normal Konsequenz dovunner. Dofir wierklech hei ass e grave Problem, dee sech stellt, fir de Velosport, an do muss ugepakt gi vun alle Säiten, och vun de Politiker, datt kloeren Dësch gemaach gëtt, an datt een den Tour de France mat Leit wëllt fueren, déi vläicht och e wéineg eng Défaillance kréien, wéi dat fréier de Fall war. Dat keng Automate sinn. Mä et ass kruzial dat do.

Marc Linster: Mir hunn nach anner hallef Minutt. Vill Leit wëssen dat wahrscheinlech net, Dir gitt heiansdo och emol op Kabaretsowender gesinn, wou se Iech da selwer persifiéieren. Laacht Dir gären iwwer Iech selwer?

Jean Asselborn: Ech laachen iwwerhaapt gären, selbstverständlech och iwwer mech. Dat ass iwwerhaapt kee Problem. Dee leschte Kabaret, oder Kabarenert dat war formidabel a mengen Aen.

Marc Linster: Dir hutt eng Haaptroll gespillt.

Jean Asselborn: Jo, ech hunn dat héieren, an ech hunn et och gesinn. Et mécht mir jo absolut näischt aus, au contraire, ech mengen dat ass, nee ech kucken dat ganz gären, dat ass iwwerhaapt keng Schwieregkeet. An der Kritik, esou wéi se do duergestallt ginn ass, muss ee kënnen astiechen, an dat och akzeptéieren. Kabaret soll jo Kabaret sinn, an net iergendwéi eng Veranstaltung fir d’Leit gaapsen ze dinn, mä dat hei war gelongen. Also dat war wierklech gelongen, an ech hoffen, datt se et och nach eng Kéier fäerdeg bréngen, dëst Joer ass jo elo näischt, dat Joer drop erëm eng Kéier grad esou gutt dat ze maachen.

Marc Linster: Allerlescht Fro. Dir sitt och ee vun de Päpp vum Stengeforter Theaterfestival. Ginn et Paralellen tëscht der Welt vum Theater a vun der Politik?

Jean Asselborn: Also Stengeforter Theaterfestival, do gëtt et jo nach een hei um Dësch deen och domat dru bedeelegt war, mam Här Maes, mam Eva-Pauline. Ech mengen datt dat eng voll Réussite war. Ob et Paralellë gëtt, d’Politik ass jo trotzdem kee Spill, an et ass eppes Eeschtes. Nee, d’Politik ass eng eescht Saach, Theater kann heiansdo méi wichteg si wéi Politik, mä d’Politik ass jo awer eppes méi generelles wéi Theater, an do muss een en Ënnerscheed do tëschent maachen.

Marc Linster: Voilà, dat war et schonn nees fir d’Émissioun vun haut. Jean Asselborn, merci datt Dir Iech Zäit geholl hutt.

Dernière mise à jour