Le Premier ministre au sujet de la réunion de l'Eurogroupe et du Conseil "Affaires économiques et financières"

Frank Kuffer: De Staatsminister Jean-Claude Juncker konnt gëschter net bei der akadememescher Sëtzung dobäi sinn, hee war zu Bréissel wou d’Finanzministeren aus dem Eurogroupe beienee waren. Dee Grupp gëtt jo bekanntlech vun eisem Premier presidéiert, an de Jean-Claude Juncker ass dann och elo live iwwer Telefon mat eis verbonnen. Gudde Moien, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Gudde Moien.

Frank Kuffer: Ee vun de Sujete gëschter op der Reunioun vun den 12 Eurolänner war de Cours vun der Gemeneinschaftswährung. Den Euro ass esou staark vis-à-vis vum Dollar wéi zanter 20 Méint net méi. Ass dat ee Problem, ee staarken Euro oder kéint et ee Problem ginn ?

Jean-Claude Juncker: Ee staarken Euro ass u sech kee Problem. Wéi all Medaille huet och dës zwou Säiten. Mir importéiere méi bëlleg wa mer ee staarken Euro hunn, dat ass besonnesch wichteg an engem Ament wou mer ganz volatil Uelegpräisser hunn. Op där anerer Säit, wann den Euro staark ass, vläicht ze staark gëtt, dann exportéiere mer manner a riskéieren domat ee klengt Stéckelche vun eisem Wirtschaftsopschwong nees futti ze maachen. Mir sinn de Moment net besuergt. Den Euro läit bei 1,31 Dollar. Am Dezember 2004 ware mer op iwwer 1,36 ukomm. Mir hu gëschter gesot, mir wieren der Opfaassung, datt eng exzessiv Volatilitéit vun de Wiesselcoursen net gutt wier fir d’Wuesstum. Dat ass een éischten Hiwäis drop, datt vun engem bestëmmte Moment un, géif déi Entwécklung virugoen, mer méi däitlech géifen zum Ausdrock bréngen, datt mer déi Entwécklung net wënschen.

Frank Kuffer: Et gouf och iwwert d’Iwwerwaachung vun de Budgete vun den Eurolänner geschwat. Wéi ginn déi Kontrolle konkret? Gëtt do ee Land vun engem anere kontrolléiert oder wéi geet dat?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn de Moment an engem Budgets-konsolidéierungsprozess, souwuel an deene Länner déi een exzessiven Defizit hunn, dat ass de Fall fir Däitschland a fir Frankräich. Déi kënne mer elo aus där Prozedur entloossen, well déi däitlech ënner 3% kommen. Am Laf vum nächste Joer wäert och Italien sech erëm konform zum Stabilitéitspakt weisen, wann dee Budget deen zur Diskussioun steet och wierklech esou applizéiert an implementéiert gëtt. Mir wäerte vum Abrëll vum nächste Joer un déi Budgetsprozeduren an d’Iwwerwaachung vun den nationale Budgete verschäerfen, doduerch datt mer am Abrëll wäerten eng méi horizontal Debatt féieren. Dat wëllt soen, wéi sollen d’Budgeten an deenen 13 Eurolänner ausgesinn an datt mer am Juni an am Juli Land fir Land eis virhuelen, net virknäppen, mä virhuelen an dann däitlech maache wat an deem Land muss gemaach ginn, fir datt déi horizontal Feststellunge besser observéiert ginn a besser respektéiert ginn.

Mir sinn der Meenung an dat zielt jo och zu Lëtzebuerg, grad zu Lëtzebuerg, datt een déi wirtschaftlech gutt Zäite muss notzen, fir Defiziter ze reduzéieren, fir datt een d’Finanzen an enger gudder Opstellung huet, fir de Moment wou et an der Wirtschaft erëm méi schlecht geet. Vill Leit déi eis nolauschtere bei deene Gespréicher verstinn dat net, mä richteg ass, et ass méi einfach ze spuere wannt et gutt geet, fir sécher ze sinn, datt ee Manövermargen huet fir ze reagéieren wann et schlecht geet. Genau dat hu mer gëschter Owend décidéiert a genau dat probéiere mer och an deenen nächsten zwee Joer ze maachen.

Frank Kuffer: Am Kader vun der Eurodebatt am Eurpaparlament virun zwou Wochen sot de Commissaire Almunia, datt d’europäesch Zentralbank zwar onofhängeg ass, mä datt een an enger Rei Punkten awer méi misst matenee schwetzen am Interessi vun der europäescher Wirtschaftspolitik. Wéi fonktionnéiert deen Dialog Euro-Juncker Euro-Trichet oder vu Jean-Claude zu Jean-Claude dann? Sinn do nach Progrèsen ze maachen ?

Jean-Claude Juncker: Et sinn an de Gespréichsqualitéiten tëscht zwee Mënschen, och wa se deeselwechte Virnumm droen, ëmmer Fortschrëtter ze maachen. Mir hate gëschter Owend eng, wéi ech muss soen, e bëssen ugestrengten Diskussioun tëscht deenen zwee Jean-Clauden, wann Dir esou wëllt, wou mer als Finanzministeren unanime ware fir ze soen, datt deen Dialog mat der Zentralbank all Theme muss ëmfaassen, och där Themen iwwert déi een dobaussen net ka schwätzen, wéi d’Zënspolitik zum Beispill, wéi d’Wiesselcourspolitik wou d’Regierungen zu engem ganz groussen Deel, mä d’Bank och, zoustänneg sinn. Dat bleift interessant als Gespréichsthema, mä d’Qualitéit vum Dialog wäert an deenen nächste Méint zouhuelen.

Frank Kuffer: Här Staatsminister, villmols merci, datt Dir Iech de Moien Zäit geholl hutt fir eis.

Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech och merci an et deet mer leed, datt ech beim Conseil d’État net do war. Ech wëll ëm vun hei aus all Guddes fir d’Zukunft wënschen.

Dernière mise à jour