Lucien Lux au sujet du 2e plan national d'allocation de quotas d'émission de gaz à effet de serre notifié par le Luxembourg

Frank Kuffer: D’europäesch Commissioun akzeptéiert den zweete Lëtzebuerger CO2-Allocatiounsplang net ganz, an de Lëtzebuerger Ëmweltminister akzeptéiert der Commissioun hir Argumentatioun net ganz. Eng nei Kiotodiskussioun ass domadder lancéiert. Gëschter sot d’Commissioun, datt d’Lëtzebuerger Industrie just 2,7 Milliounen Tonnen CO2 an net wéi am Allocatiounsplang ugefrot ronn 4 Milliounen Tonnen där Zäregasen däerf an d’Loft blosen. Virdrun an eisen Neiegkeeten um 7 Auer hutt Dir d’Reaktioun vum Europadeputéierte vun de Gréngen, dem Claude Turmes, héieren an elo ass den Ëmweltminister Lucien Lux life bei eis am Studio. Gudde Moien Här Lux.

Lucien Lux: Ee schéine gudde Moien.

Frank Kuffer: D’Commissioun seet, mir hunn ongeféier esouvill zegutt wéi zejoert effektiv als Emissiounen an der Groussindustrie gemooss gouf. Dat waren 2,6 Milliounen Tonnen. Ass dat net raisonnabel, well et misst ee jo elo éischter déi Emissiounen ofbauen, wéi nach eropsetzen, oder net?

Lucien Lux: Ech mengen, datt de Sträit ëm deen et geet haaptsächlech deen ass vum Referenzjoer 2005. Et ass iwwregens deen eenzege Sträitpunkt dee mer hunn. Et muss ee jo drun erënneren, datt gëschter 11 Pläng beuerteelt gi sinn, dovunner sinn der 10 ofgelehnt ginn. Dee Lëtzebuergeschen ass deen eenzegen, dee just op engem Punkt ofgelehnt ginn ass, nämlech där do Fro. 2005 ass als Referenzjoer fir eis net akzeptabel, alleng well an deem Joer eng Rei vun Anlagen net voll funktionnéiert hunn. D’Waarmwalzstrooss op Belval, d’Primorec-Anlag, d’Kogeneratiounsanlag um Kierchbierg, esouguer d’Twinerg zu Esch huet net ganz funktionnéiert, esou datt dee Cap fir 2005 esou niddreg läit, datt wann een alleng deen als Miesslat hëlt, een op eng Zuel kënnt, déi net akzeptabel ass. Dat hu mer largement argumentéiert, mä d’commissioun seet, mir fueren iwwer ganz Europa mat där selwechter Referenzperiod. Déi ass awer fir eng kleng Microéconomie, wou et just ëm 15 Anlage geet a wou also eng oder zwou Anlagen, déi méi oder manner fonctionnéiert hunn, een immens grousse proportionellen Undeel un deem Ganzen hunn, net akzeptabel an dann doniewent hätte mer och gären, wéi iwwregens an der Directive virgesinn, eng Reserve. Déi hu mer op 600000 Tonnen, well mer jo bis 2012 och nach gären déi eng oder déi aner nei Investitioun wëlle maachen. Mir wëlle jo een Industriestanduert bleiwen an dofir, mengen ech, musse mer mat der Commissioun iwwert déi do Zuele streiden. Allerdings, dat soen ech dirket, mir sinn op a mir wäerten haut nach een Angebot der Commissioun maachen, fir doriwwer ze diskutéieren, mä am Géigesaz zu deem wat ech virdru vum Claude Turmes héieren hunn, ass dat wat d’Commissioun gëschter gemaach huet eng Décisioun, déi am Prinzip net méi ze négociéieren ass, esou datt wa mer hei keng Ouverture kréien, bleift eis, an dat wär sécherlech dee leschte Wee deen ech wëllt goen, dee vum europäesche Geriichtshaff.

Frank Kuffer: Dat heescht elo gëtt mol verhandelt, mä Dir sidd awer bereet Är Limitten och e bëssen erofzesetzen?

Lucien Lux: Ech menge bei dem éischten Allocatiounsplang fir d’Period 2005-2007 hu mer dat am September, Oktober, November 2004 gemaach. Do ass négociéiert ginn iwwert d’Héicht vun der Reserve, et ass nogelauschtert ginn, et ass och agaange ginn op déi Argumenter déi mer virgeluecht hunn. Hei hu mer d’Gefill, datt mer villes geried hunn, villes geschriwwen hunn, datt iwwregens am Conseil vun den Ëmweltministeren, virun engem Mount, déi Fro vum Referenzjoer 2005 zur Diskussioun stoung a vun enger grousser Majoritéit vu Ministeren ofgelehnt ginn ass, well gesot ginn ass, virun allem fir kleng Économië wéi Lëtzebuerg, wär et besser e puer Joer ze huelen an dann eng Moyenne ze zéien. Da kënnt een op eng besser, ee besseren Duerchschnëtt, dee méi no ass bei de Realitéiten. Ech menge wéi gesot, hei ass d’Commissioun e bëssen têtu an da musse mer kucke wéi mer erauskommen.

Frank Kuffer: Wat géif dann elo geschéie wann Dir guer net duerchkommt, esou guer net viru Geriicht? Wat géif dat bedeite fir d’Lëtzebuerger Industrie?

Lucien Lux: Also ech wëll mech mat där Hypothese mol nach net ufrënden. Ech menge just, datt et eis Meenung ëmmer war, datt de Klimawandel eng sérieux Problematik ass, ëmmer méi eng sérieux Problematik ass an ech gi jo net midd, säit zwee Joer dat hei zu Lëtzebuerg ze priedegen, och mat wuessendem Erfolleg, mengen ech, wat d’Akzeptanz dobausse vun de Leit an där Problematik ubelaangt. Mir maachen och grouss Efforten hei zu Lëtzebuerg, och national. Ech wëll och soen, datt d’Leit selwer mat dem Bezuele vun dem Kiotocent um Bensinn, mat der Reform vun der Autosteier, datt bis zu 80 Milliounen d’nächst Joer an de Kiotofong fléissen. Dat ass ee groussen Effort dee vun de Leit gemaach gëtt, fir dee Problem do sérieux ze huelen an dofir mengen ech nach ëmmer, datt mer mat der Commissioun op ee gutt Resultat kënne kommen.

Et gëtt sécherlech, an deem Plang dee mir virgeluecht hunn, wat d’Industrie ubelaangt, gëtt et sécherlech deen een oder deen anere Sputt iwwert deen ee kann diskutéieren, iwwert d’Héicht vun der Reserve, ob dat 600000 Tonne musse sinn oder ob dat der 500000 kënne sinn. Mir hunn 190000 Tonne virgesi fir eng Auktionnéierung, eng Stee, ze maache vu Rechter fir d’Betriber. Dat kënnen der och 150000 oder 140000 sinn a sécherlech bei där enger oder anerer Anlag an esou virun, sinn och deen een oder deen anere Prozent dran. Mä et heescht am Kloertext, wann et 1,2 Milliounen Tonne manner sinn, dann hu mir keng Reserve méi, dann hu mir keng Méiglechkeet fir eng Stee ze maachen an da mussen déi eng oder aner Anlage mussen zougemaach ginn an ech mengen net, datt et hei am Land ee gëtt deen dat do wëllt.

Frank Kuffer: Lëtzebuerg bleift awer trotzdem wäit ewech vu Kiotozieler. Wéi realistesch sinn déi Zieler nach?

Lucien Lux: Ech mengen déi Zilsetzungen déi mer 1997 ënnerschriwwen hunn, ware ganz ambitiös a si hunn net gesinn, datt effektiv de sougenanntenen Tanktourismus, de Verkaf vum Spritt an d’Ausland an engem Mooss géing zouhuelen, datt mer haut 5,7 Milliounen Tonne vun eisen insgesamt 12,7 Milliounen, si Verkaf vum Spritt an d’Ausland, Bensinn an Diesel. An ech muss och soen, fir och nach eng Kéier ze reagéieren op dat wat ech um 7 Auer héieren hu vum Kolleg Claude Turmes, deen ech als Matstreider an där Geschicht hei absolut schätzen, ech hätt vun him an där do Fro e bësse méi intellektuell Éierlechkeet verlaangt. Well am Juli wéi mer eise Plang virgeluecht hunn, ass hei zu Lëtzebuerg virun allem kritiséiert ginn, an ech hu gëschter Owend nach eng Kéier déi offiziell Stellungnam vun deene Gréngen nogelies, déi hu gesot, de Lëtzebuerger Plang gëtt zu Bréissel ofgelehnt, well en, ech zitéieren "zweifelhafte Rechentricks zum Problemfeld Tanktourismus, sowie den massiven Freikauf im Ausland" virgesäit.

Frank Kuffer: An eben do ginn et keng Problemer?

Lucien Lux: Alles dat, déi ganz Strategie déi ech do virgeluecht hunn, ass vun der Commissioun gëschter validéiert an akzeptéiert ginn. Deen eenzege Punkt vun der Kritik ass d’Héicht vun der Allocatioun fir d’Industrie. An do soen ech, ech géing gären dee gesinn, an dee soll opstoen an d’Hand hiewen, deen der Meenung ass, datt mer hei sollen der Commissioun noginn, fir datt zu Lëtzebuerg Industrië missten zougemaach ginn oder gedrosselt ginn, volontaristesch gedrosselt ginn, respektiv, datt mer bis 2012 keng Kapazitéite méi hätten, fir wann de Wirtschaftsminister erëmkënnt an och um Niveau industriel eng Investitioun wéilt maachen, datt mer déi Méiglechkeet net méi hätten. Ech mengen net, datt et am politesche Raum ee gëtt, dee bereet wär dat ze maachen.

Frank Kuffer: Lucien Lux, merci fir d’Explikatiounen, mir komme bestëmmt nach op dee Sujet zréck.

Lucien Lux: Gären.

Dernière mise à jour