Jean Asselborn au sujet du rapport de la commission Baker sur la guerre en Irak

Frank Kuffer: Den US-President Bush hëlt, wéi hie selwer seet, de Rapport vun der sougenannter Baker-Commissioun ganz eescht. Dee Rapport koum jo gëscht no 8 Méint Diskussiounen tëscht Republikaner an Demokraten eraus. An de fréieren Ausseminister James Baker an déi Commissioun maachen am ganzen 79 Propositiounen, dorënner déi fir d’amerikanesch Truppen aus dem Irak zeréckzezéien, ouni datt et awer elo e geneeën Datum dofir gëtt, an en Dialog mat Syrien an dem Iran misst erëm opgeholl ginn.

Dat sinn zwou Saachen, déi dem George Bush bis elo iwwerhaapt net gefall hunn, an awer schwätzt hie vun e puer ganz gudden Ideeën am Baker-Rapport. A wat soen déi auslännesch Diplomaten dozou? Um Telefon ass de lëtzebuerger Ausseminister. Gudde Moien, Jean Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Moien.

Frank Kuffer: Wéi schätzt Dir dann dee Baker-Rapport an? Hunn déi 79 Proposen, oder een Deel dovunner, eng Chance séier ëmgesat ze ginn, zum Beispill de Réckzuch vun den US-Truppen?

Jean Asselborn: Also ech mengen, et muss een dat Ganzt kucken als eng Suite vun deem, wat no de Walen an Amerika geschitt ass. Den Här Rumsfeld ass ersat ginn, den Här Bolton, dat ass de Vertrieder vun den USA op der UNO, wäert geschwënn ersat ginn, dat si Konsequenzen um personelle Plang. Mä dat sinn awer Signaler. An de Rapport Baker, wéi Dir richteg sot, muss een an der Substanz kucken.

Am Irak do soll an deenen 79 Propositioune jo d’USA nëmme méi eng Ënnerstëtzungsroll spillen, an effektiv Ufank 2008 sollen d’Truppe fortkommen. Ech mengen, dat aller-, allerwichtegst aus menger Siicht ass awer, datt endlech an Amerika de Frang gefall ass, datt d’Politik am Moyen Orient Zesummenhäng huet.

Et ass jo dat, wat vill Europäer ëmmer plädéiert hunn: Israel, Palästina, Syrien, Libanon, Iran, Irak, alles hält sech. An d’Isolatiounspolitik dat ass och eng Konsequenz, mengen ech, kloer aus dem Baker-Rapport. Mat Schurkenstaaten-Déclamatiounen kritt ee keng Resultater. An et gëtt jo och kloer virgeschloen elo am Rapport, datt erëm diplomatesch, den Dialog erëm soll opgeholl gi mat Länner wéi Syrien an och wéi dem Iran.

Ech sinn iwwerzeegt, datt dee Rapport do wäert an Amerika, net nëmmen an der Administratioun Bush, mä an der ganzer politescher Szeen, mä och an der Opinion publique vill Gehéier wäert fannen. An Dir wäert gesinn, datt Bewegung an d’amerikanesch Politik erakënnt, wat och nëmmen zum Gudde wier vum Weltfridden.

Frank Kuffer: Et geet jo awer wahrscheinlech elo net duer, wann d’Truppe sech aus dem Irak zeréckzéien. Wat muss da geschéien? Dir hutt et och ugedeit an et steet och an deem Rapport dran, eben datt de Konflikt tëscht Israeli a Palästinenser, datt do och eng Léisung muss fonnt ginn. Oder gëtt do éischter eng fonnt, wann dat sech am Irak méi regléiert?

Jean Asselborn: Dat wichtegst, mengen ech, an deem ganze Rapport, an dat hu mir op jiddefall dacks dat aus Europa och gesot, datt een net dat ka maachen, wat d’amerikanesch Aussepolitik bis elo nach ëmmer versicht huet ze maachen, fir ze soen, Israel, Palästina ass een Deel vum Konflikt, da Syrien ass eppes ganz aneschtes, de Libanon och. Den Irak kënne mir net do eran an een Dëppe geheien, an den Iran och net. An dat ass falsch.

Wann do wierklech een Ëmdenke kënnt, da musse mir ufänke wat den Abu Mazen jo och gëschter gesot huet, de Palästinenser-President, datt wierklech dat de Schlëssel ass, Israel-Palästina, a vun do aus kann een erëm fir eng ganz aner Politik am Moyen Orient a fir vill méi Stabilitéit an däer Regioun suergen. An dee Rapport Baker ass schonn immens wichteg fir do virun ze kommen.

Frank Kuffer: Här Asselborn, da soen ech Iech Merci fir déi Explikatiounen.

Jean Asselborn: Merci.

Dernière mise à jour