Jean Asselborn au sujet des négociations d'adhésion de la Turquie à l'Union européenne

Frank Kuffer: 10 Stonne laang souzen d’europäesch Ausseministere gëscht zu Bréissel beieneen. Ee Sujet huet déi Discussiounen dominéiert, an um Enn konnten déi 25 Ministeren opootmen. Et kënnt Enn der Woch net zu engem Tierkei-Sommet, wann d’Stats- a Regierungschefe sech an der belscher Haaptstad gesinn, well d’Ausseministere si sech no villem hin an hier, eens ginn, fir mat de Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei esou virunzefuere wéi d’Kommissioun et proposéiert huet, dat heescht et ginn 8 vun am ganzen 35 Kapitelen an deene Verhandlungen op Äis geluet.

Am Ufank vun den Discussioune gëscht, haten déi eng Länner gemengt, déi Mesure wieren ze vill sec. Wann een an 3 Beräicher géif méi lues fueren, géif duergoen. Aner Länner wollten 10 Beräicher op Äis leeën.

Op den Agencen huet et de Moie geheescht, de lëtzebuerger Ausseminister hätt eng wichteg Roll an deene Verhandlunge gespillt. Hien hätt quasi drëm gebiedelt, datt et net zu engem Tierkei-Sommet wéi virun 2 Joer soll kommen. D’Aussepolitik dierft net vun nationalen innepoliteschen Intérêten dominéiert ginn. De Jean Asselborn ass elo live bei eis am Studio. Gudde Moien Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Moien Här Kuffer.

Frank Kuffer: War et dann en haart Stéck Aarbecht? Ass et esou, datt Dir do e bësse vermëttelt hutt gëschter?

Jean Asselborn: Jo, also ech menge jiddereen deen do war, huet matgehollef. Ech hunn och probéiert, selbstverständlech déi Linn, déi mir als lëtzebuerger Regierung hunn, fir ze soen, datt d’Türkei wichteg ass fir d’Europäesch Unioun engersäits, an anersäits iewer och ganz kloer der Türkei ze soen, wa si déi Bedingungen net erfëllt, déi si agaangen ass, da kënnen d’Verhandlungen net virugoe wéi wann näischt geschitt wier. Et muss eng Konsequenz kommen. An ech sin do natierlech och e bëssen e Risiko agaangen, ech hu probéiert matzehëllefe fir datt mir déi Linn fir d’Türkei, also fir net ofzebriechen, bäibehalen, mä anersäits iewer och Länner wéi virun allem Zypern, Griechenland, Holland an Éisterräich mat am Kuerf ze behalen.

Frank Kuffer: Dir hutt gesot, d’Tierkei déi wier wichteg fir Europa. Firwat ass d’Tierkei esou wichteg fir Europa?

Jean Asselborn: Jo, also ech géif 3, 4 Ursaachen do gesinn. Dat alleréischt dat ass, wa mir jo kucke, e wéineg an d’Zukunft eran, a mir kucke wéi Europa um Planéit steet, als Entitéit, als politesch Entitéit, si mir jo awer interesséiert un enger Türkei, déi europäesch ass, an net islamistesch ass, wann ech dat emol esou krass dierf soen.

Zweetens: Dee gréisste Konfliktherd op der Welt ass am Noen-Osten. An do kéint d’Türkei eng wierklech wichteg Passerelle sinn, tëschent eis hei an eben dem Orient.

An da virun allem och d’Mënscherechter, vergiesst dat ni. Wann Dir kuckt, d’Türkei virun 10 Joer, an Dir kuckt se elo, wat alles fäerdeg bruecht ginn ass fir 70 Millioune Leit, dat ass formidabel an do muss ee selbstverständlech virufueren, mä deen Drock muss oprecht erhale ginn, zum Beispill fir d’Türkentum am Code penal ofzeschafen, aner Saachen nach, dat brénge mir och fäerdeg. Mä mir bréngen et net fäerdeg, wann all Strécker gerass ginn.

An dann Dir dierft net vergiessen, d’Türkei ass a Bosnien mat Leit op der Plaz, d’Türkei huet eng ganz wichteg Roll och elo gespillt an der Finul. D’Türkei huet eng wichteg Roll och gespillt bei der Discussioun iwwer d’Karikaturen. Also et ass schonn ee wichtegt Land, mä wéi ech gesot hunn, wat zielt, d’Türkei ass ee Kandidateland wéi alleguer déi aner, muss sech un d’Bedingungen halen, wa se déi net anhält, da komme Konsequenzen, an déi hu mir jo gëschter décidéiert.

Frank Kuffer: Dir hutt jo gesot, d’Tierkei huet vill Progrèse gemaach, an de Mënscherechter zum Beispill. Mä wou se jo awer bis elo nach stur bleiwen, dat ass eben déi Zypernfro.

Jean Asselborn: Jo, also d’Zypernfro kann een net alleng den Türken dohinnerschieben. Dir wësst, mir hu gëschter missen 3 Kniet lass maachen.

Dat éischt dat war, an do ware mir ganz séier eens, datt mir gesot hunn, mir halen eis un d’Kommissioun, 8 Chapitere ginn agefruer. Dat heescht, déi 8 Chapiteren déi sech virun allem mam Handel beschäftegen, mat dem fräien Établissement, mat de Relations extérieures, d’Fëscherei an esouweider, déi si blockéiert, déi kënnen net opgemaach ginn, a selbstverständlech dann och net diskutéiert ginn. Dann, do si mir och bei 8 bliwwen, dat war net schwéier deen Accord do ze fannen.

Dann, wat wichteg ass, mir hunn ëmmer an der Unioun eng Referenz gemaach, datt d’Réunificatioun vun Zypern, datt dat d’Affaire ass vun der UNO, an datt och deen neie Generalsekretär vun der UNO, den Här Ban Ki-moon wäert do eng Initiative huelen. Dat wollten Zypern, par force, an och d’Griichen évitéieren. Si hu gesot, et geet em de Protokoll vun Ankara, et geet net em d’Réunificatioun vun der Insel. An de Protokoll vun Ankara, fir dat elo eng Kéier ze soen, dat ass weider näischt wéi d’Ëmsetze vun der Zollunioun. D’Türken hunn ënnerschriwwen, datt se déi 10 nei Länner géifen an d’Zollunioun ophuelen. An dat hei ass elo d’Ëmsetzen, dat heescht, datt e fräien Handel muss stattfannen, do duerch déi Sanctioun.

An dann 3. dee wichtegste Punkt, wou mir am meeschte gekeimt hunn, a wou ech och versicht hunn eng kleng Roll ze spillen, dat ass eben, datt mir net eng Reviewclause gemach hun an erëm eng Kéier gesot hunn, mir maache fix op een Datum den Inventaire oder mir kucke mir d’Evaluatioun , well soss wiere mir erëm eng Kéier ënner Drock gewiescht zu deem Zäitpunkt. An do ass dann déi intelligent Léisung fonnt ginn, fir ze soen, all Kéier wann elo ee Rapport gemaach gëtt vun der Kommissioun, 2007, 2008, 2009, muss dat wat mir als Europäesch Unioun eigentlech als Oplag ginn hu beim Ankara-Protokoll, muss gekuckt ginn, wou mir doranner stinn. Dat heescht, et ass eng permanent Kontroll op deem wichtege Punkt, dat heescht och, op lëtzebuergesch nach eng Kéier, datt Zypern Schëffer, Fligere musse kënnen och direkt an der Türkei opgeholl ginn.

Frank Kuffer: Dat heescht, et gëtt keen Ultimatum deen d’Tierkei elo gesat krut fir dat ëmzesetzen?

Jean Asselborn: Neen, et gëtt keen Ultimatum, mä d’Türkei huet gesinn, datt d’Europäesch Unioun solidaresch ass, datt et Konsequenzen huet dat do, wa se de Protokoll vun Ankara net ëmsetzen, net ratifizéieren, an och net politesch ëmsetzen. An dofir géif ech mengen, datt déi Positioun hei ouni Strécker ze räissen, mä eng ganz, ganz sérieux Warnung ass fir d’Türkei. An d’Türkei kann ni Member gi vun der Europäescher Unioun, wa se Zypern net unerkennt, dat ass ee Land vun der Europäescher Unioun. An 2. wann eben déi Konditioun vun der Zollunioun net stëmmt.

Frank Kuffer: Huet d’EU gëschter e bëssen d’Muskele spille gelooss vis-à-vis vun der Türkei? Mä ass et net och en Erfolleg fir d’Ausseministeren déi hire Stats- a Regierungschefe gewisen hunn, datt se déi wichteg Dossieren net mussen op de Sommet verleeën?

Jean Asselborn: Jo, also ech géif nach ëmmer mengen, datt d’Ausseminister eng Roll spillen an der Europäescher Unioun, déi ganz wichteg ass, esou wéi alleguer aner Ministere selbstverständlech och. Et muss wierklech net alles op déi Sommeten do gedréckt ginn, op den Europäesche Rot gedréckt ginn, dat ass net néideg.

Mir hunn 2004, ech op jiddefall, hunn dat materlieft, wéi mir dee Kramp do hate mat der Türkei, also 2004 am Dezember, dat muss net sinn, och net fir d’Opinion publique, och net fir Europa, an engem Liicht ze verkafen, wat positiv ass.

An ech mengen ech hunn dat och nach eng Kéier matgemaach hei zu Lëtzebuerg, den 3. Oktober 2005, déi Türkei Fro déi huet onheemlech Energie scho kascht, an ech mengen, et ass eng Fro déi mir solle geloossen ugoen, et ass e Kandidateland wéi alleguer déi aner. D’Türkei muss sech un d’Konditiounen halen, wa se dat net maachen, kënne se ni Member gi vun der Unioun.

An d’Négociatioune gi virun héchstwahrscheinlech fir déi nächst 10 Joer. Dat ass dat, wat d’Ausseministeren och gëschter gemaach hun, si haten de politesche Wëlle fir dat ze maachen. An dat war och mäin Engagement, datt ech och gesot hunn, mir musse kucken, datt mir hei, haut, Méindeg, versichen eng Léisung hei eranner ze kréien, a mat enger solidarescher Positioun erauskommen. An ech mengen, datt do och kee vun de Premierministeren a vun de Statschefen do eppes dogéint huet, au contraire. De Sommet gëtt zwar elo manner sexy, dat ass kloer.

Frank Kuffer: Jean Asselborn villmools Merci fir déi Präzisiounen de Moien.

Jean Asselborn: Merci.

Dernière mise à jour