Le ministre de la Santé et ministre de la Sécurité sociale, Mars Di Bartolomeo, invité de l'émission Background sur RTL Radio

Francine Closener: Mat dat gréisste Kapital vun engem Politiker ass jo bekanntlech seng Popularitéit an an deem Sënn sinn d’Sondagë vun dëser Woch an Tageblatt a Wort jo héichinteressant. Dir loosst a béide Sondagen e wéineg Plommen. Am Tageblatt-Politbarometer bleift Dir am Süden wuel d’Nummer zwee hannert dem Premier, Dir verléiert allerdéngs 18 Prozentpunkte par rapport zu engem Sondage vum Juni zejoert. Am Wort Politmonitor sidd Dir och zréckgefall vun der drëtter Plaz op déi véiert, hannert den Häre Juncker, Frieden an neiderdéngs Asselborn. Féiert Dir déi Verloschter dann ieren op de Fëmmverbuet zréck? Oder wouropper?

Mars Di Bartolomeo: Dat wär e bëssen einfach. Ech soen alt ëmmer, een deen näischt mécht, deen näischt brécht a wann een eppes mécht a wann ee probéiert eppes ze bewegen, da kritt een net ëmmer honnertprozenteg Zoustëmmung. An Dir hutt et gesot, et si jo nëmmen e puer Plommen, ech hunn der nach vill.

Francine Closener: Dat heescht, allgemeng sidd Dir awer zefridden?

Mars Di Bartolomeo: Absolut. Ech géif léien, wann ech géif soen, datt dat mech total onberéiert léisst. Et ass heiansdo gutt wann een e bësse gekëddelt gëtt a wann een och mol eng Téitsch kritt. Da gëtt een net iwwerhieflech. Ech mengen, ech hätt dat zwar souwisou net u mer. Mäi Papp huet mer ëmmer gesot, bleif mat deenen zwee Féiss um Buedem an hal d’Nues riicht, da reent et dir net eran.

Francine Closener: Wat huet Iech da soss frappéiert un deenen Ëmfroen?

Mars Di Bartolomeo: Also, ech muss jo soen, datt d’Regierungéquipe en zolitt Vertrauen huet. Ech stellen och fest, datt wann ech aus der Wacht vu menger Partei kucken, datt d’LSAP-Regierungvertrieder a -Spëtzeleit, an deem Sondage wou Dir ugeschwat hutt, am Süden ee fantastescht Resultat maachen. 6 Leit ënnert deenen 10 éischten, wann ech mech gutt erënneren. An och am nationalen Test am Lëtzebuerger Wort, deen een ass jo am Tageblatt, deen aneren am Lëtzebuerger Wort, 4 LSAP-Spëtzepolitiker déi ënnert deenen 10 éischte sinn, dat ass een exzellente Score an och gutt placéiert sinn. Ech mengen dat strooft och alleguerten déi Liggen, déi mengen, datt d’LSAP an der Regierung keng Identitéit hätt. Ech menge si hätt eng staark Identitéit. Et gëtt eng gutt Aarbecht an der Regierung geleescht a wann d’Leit d’Impressioun hätten, datt mer iwwert den Dësch géife gezu ginn, da wäre mer sécher net esou gutt quotéiert. Ech ginn dovunner aus, an do sinn ech mam Premier eens, deen dat viru 14 Deeg op ëser Antenn gesot huet, datt mer als gläichberechtegt an och équilibréiert Partneren an där doter Aufgab sinn, och wann eis Parteien ongläich staark sinn. An der Regierung mécht dat sech net bemierkbar an do stellt jiddweree säi Mann a seng Fra.

Francine Closener: Mä richteg Kapital kënnt Dir aus där Regierungbedeelegung jo awer bis elo net schloen. Wann ee kuckt zum Beispill am Wort-Sondage, do kënnt d’LSAP wéi gehabt op knapp hallef esouvill Zoustëmmung wéi d’CSV.

Mars Di Bartolomeo: Dat ass net falsch. Ech muss soen, datt d’LSAP-Spëtzeleit jo an der Populatioun gutt gedroe sinn. Et muss een och feststellen, datt d’LSAP, d’Sozialisten an de Gemengen eng fantastesch gutt Quote hunn. Et ass déi stäerkste Partei an de Gemengen. Et muss een awer soen, datt dat e bësse flucht mat där Stäerkt déi eis zougetraut gëtt a Sondagen um nationale Plang. An do musse mer ganz sérieux dru schaffen, datt mer dee Kredit, dee mer an der Regierung hunn, dee Kredit deen och ganz gutt Leit am Parlament hunn an déi exzellent, an do iwwerdreiwen ech net, well ech dat gutt kenne vum Terrain nach, déi exzellent gutt Aarbecht, déi mer an de Gemenge leeschten, datt mer déi op den Terrain kréien, och um nationale Plang an och wat d’Ugesi vun der Partei insgesamt ugeet. Do ass nach e bëssen Aarbecht bis déi nächst Echéancen.

Francine Closener: Dir wëllt och also awer nach de Premier an d’CSV klappen, iergendwann eng Kéier ?

Mars Di Bartolomeo: Also mir wëlle méi staark ginn a mir wëllen ee staarke Facteur an der Lëtzebuerger Politik bleiwen an dat op den Terrain bréngen, wou ech mengen, wat eis Leit no baussen ausstrahlen.

Francine Closener: Wonnert et Iech, datt 22% vun de Leit aus dem Wort-Sondage guer kenger Partei vertrauen? Dat sinn der relativ vill jo awer.

Mars Di Bartolomeo: Jo, et gëtt ëmmer esou - ech komme jo och aus der Zunft, et gëtt ëmmer gekuckt op deen negative Posten. Wann een de Choix huet zwëschent eppes positiv gesinn an eppes negativ gesinn, dann, an der ëffentlecher Duerstellung, da gëtt heiansdo dat Negativt erausgepickt. Wann ech soen, 22% déi kee Vertrauen hunn, bleiwen 78% déi Vertrauen hunn, an dat ass awer eng zolitt Majoritéit an ech hu bis elo nach keng Alternative zu Parteie gesinn. Staark Parteie sinn awer och ee Garant fir eng zolitt Politik. Wann een eppes Explodéiertes huet, esou Spontis-Gruppen nëmmen, dat ass net onbedingt eng Alternatve. Also ech kucken éischter déi 78%.

Francine Closener: Beléiftheet ass jo eng Saach, Bekanntheet eng aner. Äre Bekanntheetsgrad ass op alle Fall exzellent. Dir sidd jo och ganz dacks an de Medien. Dir halt ganz vill Pressekonferenzen, fir munech Kritiker zevill. Ass manner net awer heiansdo méi, esouguer als Politiker ?

Mars Di Bartolomeo: Ech mengen, ee Politiker huet e bëssen déi selwecht Missioun, niewent aneren, wéi de Journalist. Problemer erkennen, erfaassen, erklären, iwwerzeegen, motivéieren. An ech menge wann ech op Problemer stoussen an ech mengen, datt ech dobaussen Hëllef brauch bei de Leit oder bei de Forces vives, beim Terrain, da probéieren ech dat eriwwer ze bréngen. An den Dag huet 24 Stonne. Wann een all Dag eng hallef Stonn oder eng Stonn hëlt, fir ze commmuniquéieren, da bleiwen nach 23 Stonne. Wann ech dat ofziele wat de Mënsch schléift, da bleiwen nach vill Stonnen. A mäin Dag ass eben esou opgedeelt, datt ech moies relativ fréi um Büro sinn, meng Mëttespaus um Büro verbrénge mat Müsli oder an der Lescht mat Geméiszopp an dann owes relativ spéit heemkommen. Dorënner leid d’Famill, mä déi huet ganz vill Versteesdemech, esou datt ech mengen, datt meng Kommunikatioun net op Käschte vun der Aarbecht geet. Dat gesäit ee jo och un deenen Dossieren déi mer zesumme bewegen.

Francine Closener: Mä an anere Wierder, wann ee sech net ka verkafen, dann déngt a bréngt och déi beschte Politik guer näischt?

Mars Di Bartolomeo: Ma ech schwätzen hei net vu verkafen. Ech mengen et ass ëmmer een Deel Kommunikatioun [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Et gehéiert awer dozou.

Mars Di Bartolomeo: een Deel Kommunikatioun dobäi, well wann een am stillen Kämmerlein un eppes bastelt an et probéiert een net dobäi z’iwwerzeegen, da kann et buede goen oder esouguer wann et net buede geet, da gëtt et net als wichteg emfonnt. Ech mengen, datt ee Politiker muss kënnen iwwerzeegen, Leit muss mat an de Prozess erakréien. An ech sinn ee vun deenen, déi net un esou déi grouss alles-bewegend Reforme gleewen, mä éischter u Prozesser déi ausgeléist ginn an ee Prozess deen ee wëllt begleeden, do ass eng zolitt Portioun, niewent Argumenter, niewent Fong, och Iwwerzeegungsaarbecht a Kommunikatiounaarbecht dobäi, sou datt déi Kritik, déi vis-à-vis vu mir gemaacht gëtt, datt ech géif kommunikéieren, fir mech eigentlech ee Luef ass. Et soll ee Politik net hannert zouenen Diere maachen, net am stillen Kämmerlein, mä mat de Leit. D’Leit hu mech dohi gesat an ech wëll dee Lien mat de Leit halen. Ech maache jo och keen Heel doraus vu wat fir enger Zunft datt ech kommen. Ech war Journalist [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Dat ass awer ee grousse Virdeel dann an Ärer Approche?

Mars Di Bartolomeo: Voila, ech war Journalist an déi Approche war ëmmer eppes erkennen, verstoen, einfach erklären an et muss een net alles selwer wëssen, et muss een ëmmer ee kennen, deen et weess a wou een et fënnt.

Francine Closener: Am Kontext mam Anti-Tubakgesetz krut Dir jo bei wäitem net nëmme Luef an der Press, mä och vun de Leit dobaussen net. Geet dat un Iech oder hutt Dir als Beruffspolitiker awer schonn ee ganz décke Pelz? Muss een do einfach schéi laachen an doduerch?

Mars Di Bartolomeo: Nee, ech mengen, datt dat net eppes mam Pelz ze dinn huet, mä an deem heite Fall hunn ech mech wierklech iwwerzeege gelooss an ech sinn iwwerzeegt, datt dat wat mer gemaach hunn an dat wat mer weider maachen, wichteg ass fir d’Gesondheet. Ech froen d’Leit ëmmer, wat hunn ech da schlëmmes gemaach, hunn ech eppes géint d’Gesondheet vun engem gemaach? Sécher net, éischter fir d’Gesondheet a mir hunn d’Fëmmen net verbueden, mä mir hu geregelt wou ee soll, wou een ënnert wat fir enge Konditiounen, déi net wëlle matfëmmen, soll schützen a mir probéieren ze motivéieren, déi déi nach fëmmen, fir domat opzehalen, well et hir Gesondheet a Gefor setzt. Jiddwereen ass nach fräi fir dat ze maachen. Ech muss soen, hei war ech fest dovun iwwerzeegt, datt dat wat mer maachen dat Richtegt ass an ech sinn immens frou - och wann ech perséinlech sollt déi eng oder déi aner Téitsch kritt hunn dobäi, ech mengen déi ass net dauerhaft - mä datt hei fir eng Kéier d’Gesondheet sech vis-à-vis vun allen aneren Intérêten, vun allen anere Lobbyen duerchgesat huet. An dat ass ee gutt Gefill, well mer wierklech der Meenung sinn, datt d’Gesondheet dat Wichtegst ass wat mer hunn, da muss een och heiansdo deementsprechend handelen an hei hu mer deementspriechend gehandelt.

Francine Closener: Mä kënnt Dir awer zum Beispill och d’Angscht, d’Bedenke vun deene Leit novollzéien, déi mengen, datt einfach zevill réglementéiert gëtt, datt een deemnächst och nach virgeschriwwe kritt wat een däerf iessen an drénken a wat net, mam Resultat, datt d’Krankekeese vläicht iergend eng Kéier guer net méi rembourséieren, wann een net den absolut ideale Liewenswandel beweise kann?

Mars Di Bartolomeo: Ech mengen dat do kann ee jo diskutéieren, mä dat ass awer net d’Tendenz. An der Gesondheet ass et esou, datt een net nëmmen d’Problemer kennt, mä ganz oft och d’Äntwerten op d’Problemer. Dir hutt e puer Froen ugeschwat: den Tubak, Iessen, Bewegung, Alkohol. Eis geet et drëm, datt wa mer wësse wat der Gesondheet schued, datt ee soll doriwwer schwätzen an datt een de Leit sollt de Schlëssel an d’Hand gi fir fir hir Gesondheet kënnen eppes ze maachen, datt se sollen, wa se de Choix hunn tëscht gesond an ongesond, datt se ëmmer méi awer sollen de Choix huele gesond. Dat huet näischt mat verbidde vun Iessen oder vun engem Patt oder vun anere Saachen ze dinn. Dat ass wierklech schlechte Wëllen an dat sinn déi déi nach ëmmer näischt verstanen hunn, déi dat ënnerschieben. Mir denken am Dram net dru fir eng Gesellschaft ze maachen, wou ee Polizist hannerun allem, jiddwerengem steet. Mä et däerf awer erlaabt sinn, fir wann ee bei deene grousse Krankheeten, déi ëmmer méi zouhuelen an déi eis ëmmer viru méi grouss Problemer stellen, well mer eis wa mer esou maache wéi wa mer net géife wësse wat mer kënnen dogéint maachen, datt mer dorop reagéieren. Obésitéit, Häerzkreeslafkrankheeten, eng ganz Rei vu Kriibse sinn ze verhënneren, et brauch een also net schneiden ze goen an déck medezinesch Keulen ze huelen, wa mer eis Gewunnechten e bëssen änneren. An dann dierft et jo als Gesondheetsminister - ech hunn ëmmer gesot ech si Gesondheetsminister net Krankheetsminister - dann däerf et als Gesondheetsminister erlaabt sinn, fir dat wat ee selwer gewuer gëtt an deem dote Beruff, de Leit matzedeelen a probéieren se ze motivéiere fir matzemaachen. Dat huet näischt mat Verbuet ze dinn, dat huet näischt mat Beschneidung vu Fräiheet ze dinn. Een deen ofhängeg ass vum Tubak, een deen ofhängeg ass vun Alkohol, dee soll mer net vu Fräiheet schwätzen, deen ass an der Onfräiheet an et ass vläit gutt wann deen Hëllef kritt fir do erëm erauszekommen.

Francine Closener: Ech wollt nach eng Kéier zréckkommen op de Fëmmverbuet. Allgemeng schéngt dat neit Gesetz jo respektéiert ze ginn, dat hutt Dir déi lescht Woch och scho gesot, quitte datt et natierlech Plaintë ginn, an der Horesca no ginn et awer och an de Bistroen a bei de Comptoiren an de grandes Surfaces zimlech grouss Abousse vu bis zu 35%. Dat ass jo awer net näischt.

Mars Di Bartolomeo: Also dee Changement ass jo relativ abrupt komm an dat kann och dozou gefouert hunn, datt Ofwierreaktiounen do waren an datt d’Leit eben an enger Iwwergangphase hir Gewunnechte geännert hunn. Mä wann een awer iwwer Lëtzebuerg eraus an déi Länner kucke geet, déi dat virun eis gemaach hunn an nach zum Deel méi drastesch, da pendelt dat sech relativ schnell erëm an. Leit déi déi Gewunnecht gär hu fir zesummen ze sëtzen, déi kréien déi Gewunnechten erëm a wann dat och ee vorübergehende Phénomène ass, datt een dat spiert, ech si fest dovun iwwerzeegt, datt dat sech erëm apendelt. An Irland hu se elo mat engem gewëssenen Ofstand déi Ëmfroe gemaach an dat huet sech agependelt op een Equiliber. Dat si minimal, minimal Ännerungen nach vis-à-vis vu virdrun, mä dat pendelt sech erëm an an wann deen een oder deen aneren eng Abouss hat, bon ech mengen et ass awer derwert, datt mer et gemaach hunn, de Präis dee mir dofir kréien ass méi Gesondheet.

Francine Closener: Wat sot Dir dann zu där Rumeur, déi sech ganz hartnäckeg hält, datt Dir heemlech och nach ëmmer géift fëmmen?

Mars Di Bartolomeo: Oh wësst Dir, wann ech nach misst fëmmen, da géif ech et sécher net heemlech maachen, well et ass jo net verbueden ze fëmmen. Et ass just verbueden op eenzelne Plazen, mä ech hunn den 3. August 2004 meng lescht Zigarett gefëmmt, well ech der Meenung war, datt ech net aneschters kéint. Eng Zigarett ass net kompatibel mam Gesondheetsminister an ech kann Iech soen, ech hunn zanterhir ni méi eng ugepaakt.

Francine Closener: Fällt et Iech da schwéier?

Mars Di Bartolomeo: Net méi. Net méi. An ech hat a mengem Haus nach ëmmer een ,dee ganz gutt opgepasst huet, datt ech keng géif upaken, well meng Fra huet nach bis virun 2 Méint gefëmmt a wann ech eng ugepaakt hätt, si wär déi éischt gewiescht, déi mam Fanger op mech gewisen hätt, mä dat ass och elo net méi de Fall. D’Josiane huet virun 2 Méint opgehale mat Fëmmen an ass zolitt dodran an him ass et sécher méi schwéier gefall wéi mir, well hatt de Choix hat. Ech hat de Choix net. Ee Gesondheetsminister an Zigarett, dat geet net mateneen an och wann dat pour les besoins de la cause nach esou oft erzielt gëtt, datt ech heemlech géif fëmmen, wann dat ebe Spaass mécht, soll dat weider erzielt ginn. Ech weess, datt dat net wouer ass an all déi mech kennen a mäi Charakter kennen, déi wëssen, datt dat net wouer ass. Ech sinn ni ee gewiescht deen eppes heemlech gemaach huet a mengem Liewen. Ech stoung ëmmer zu deem wat ech gemaach hunn an dat ass och elo nach esou. Domat Punkt, Schluss, aus.

Francine Closener: A propos Charakter, Dir sidd bekannt fir Ären Optimismus, dat huet da vläicht och mat deem Lidd ze dinn, wat Dir Iech erausgesicht hutt fir dës Emissioun. Et ass ee Lidd vun de Beatles, an zwar?

Mars Di Bartolomeo: Here comes the sun. Et ass eent mat engem ganz optimisteschen Touch, vum George Harrison, dee selwer och Problemer hat an dee wéi en aus de Problemer eraus war, dat dote Lidd gesongen huet. Fir mech, wann ech mol eng Kéier net esou gutt sinn, dann denken ech, here comes the sun. Wann et net esou gutt ass, iergendwann kënnt d’Sonn erëm, jo an dann ass et gutt.

Francine Closener: Da lauschtere mer mol.

[Musekwonsch]

Francine Closener: Here comes the sun also vun de Beatles. Ee Lidd wat ee vläicht optimistesch stëmmt, wann et drëm geet den Eenheetsstatut fir Aarbechter a Beamten iergendwann eng Kéier ëmzesetzen. Et soll jo eng historesch Reform ginn. Am Moment gesäit et net esou extra gutt dofir aus. Gleeft Dir eigentlech nach selwer drun?

Mars Di Bartolomeo: Also ech gleewen drun. Ech gleewen drun, well mir hate gëschter jo eng laang intensiv a gutt Sëtzung. An ech hu mer erlaabt, zesumme mam Biltgens Fränz, mat deem ech an deem Dossier exzellent zesummeschaffen, um Ufank d’Fro ze stellen, ob da jidwereen dat wéilt wat d’Tripartite ofgemaach huet an ech krut do eng ganz kloer Äntwert vun alle Partner: jo, mir wëllen dat, mir stinn zu den Tripartitesaccorden a mir wëlle bei all Méi déi dat kascht, deen historesche Rendez-vous dee mer hei hunn, net verpassen.

Francine Closener: Mä d’Patronat huet jo awer nach dës Woch gesot, et däerf net méi kaschten. Et däerf näischt kaschten.

Mars Di Bartolomeo: Also, et muss ee jo ëmmer wëssen, datt virun esou Sëtzunge mat de Muskele gespillt gëtt. Ech hu gëschter festgestalt, datt Bewegung am Dossier ass, op alle Säiten, bei der Regierung an och bei de Sozialpartner, well jiddwereen eigentlech sech bewosst ass, datt et ee Bestanddeel ass vun der Tripartite. Mir wäerten d’nächst Woch een Deel vun der Tripartite an der Chamber ofstëmmen an een aneren Deel ass eben de Volet Statut unique, wou mer eis bewosst sinn, datt et een eminent wichtege gesellschaftspolitesche Projet ass an och ee strukturelle Projet, deen an der Tripartite ofgemaach ass an d’Soziapartner an d’Regierung, déi mussen hei déi Kraaft beweisen, fir kënnen esou gesellschaftspolitesch Neierungen déi Signalwierkung hunn, kënnen duerchzesetzen. Dat verlaangt Courage, dat verlaangt eng gewësse Mobilitéit an och Risikobereetschaft, mä et ass awer derwert.

Well deen Eenheetsstatut ass jo awer kee Selbstzweck. Éischtens ass en ofgemaacht an zu deene Saachen déi ofgemaach sinn, soll ee stoen, ganz. Zweetens, wäert den Eenheetsstatut dozou bäidroen déi onsënneg Opdeelung vum Aarbechtsmaart a bloe Costume a wäisse Col an d’Vergaangenheet eran ze beförderen. Et erlaabt eis, an do sinn d’Partner alleguer eens, wichteg strukturell Reformen am Krankekeesen-, am Beruffschambersberäich an et erlaabt och eng aner Verantwortungsverdeelung wat d’Gestioun vun dem Wuelbefanne vun de Leit an de Betriber, déi eng déi soen Abus vun Absentéismus an esou weider. Ech mengen, ech dréien dat méi positiv, wann ee sech bewosst ass, datt een d’Präsenz soll förderen am Plaz d’Ofwiesenheet ze begënschtegen, da gëtt dat och eng Rei vu Méiglechkeeten.

Dat heescht, et ass also ee wichtege Rendez-vous an d’Leit si sech alleguer um Dësch bewosst, dat se sech et eigentlech net kënne leeschten hei mat engem Échec ofzeschléissen. Den Tripartitegedanke muss hei seng Kraaft erëm eng Kéier beweisen. En huet grad esou schwéier Dossiere scho bewältegt, ech bleiwen also optimistesch. Et war eng kruzial Sëtzung gëschter. Wann een am Virfeld gesinn huet wat vun Äusserunge komm ass, hat een éischter d’Impressioun, datt Maueren opgebaut géife ginn am Plaz ofgedroen. Abee gëschter hu mer déi Grief déi opgaange sinn, versicht ze fëllen. Mir hunn eng Rei vu Pisten. Ech hu gesot, et ass een Zil, et gëtt verschidde Weeër fir dohinner ze kommen, déi zum Deel ausernee ginn, och mat deene Konditiounen déi mer operluet gëtt. Mä mir wëllen alles probéieren, datt déi dräi Weeër déi de Moment ausernee ginn, erëm um Zilpunkt ukommen an d’Chancen [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Kënnt Dir dann zum Beispill de Patrone vun deene klenge Betriber verspriechen, datt et duerno opgeet fir si ? Datt se net méi Käschte mussen droen? Et ass jo d’Lohnfortzahlung wat de Knackpunkt ass an deem ganzen Dossier. Kënnt Dir hinnen dann elo hei helleg verspriechen, héich an helleg, datt si net méi musse méi op den Dësch leeën?

Mars Di Bartolomeo: Majo, dat ass jo den Enjeu vun deene ganzen Diskussiounen, datt mer probéieren ee System ze fannen, wou de Suerge vum Terrain Rechnung dréit. An do gëtt et ganz vill Weeër fir dat dote kënnen z’erreechen, éischtens doduerch datt d’Mëttelen aneschters verdeelt ginn, do diskutéiere mer driwwer, an datt mer Opfangnetzer zesummestrécken. Dat kann iwwert eng Mutuelle sinn, wou déi, déi vill méi Risko ausgesat sinn, wéi anerer, opgefaange sinn. Dat kann iwwert eng Rei vun anere Beräicher sinn. An dat ass den Inhalt vun deenen Diskussiounen. Dofir ass et jo esou schwéier fir doduerch ze kommen. Mir hunn eis keng einfach Missioun virgeholl, mä mir wëlle jo och net mam Briecheisen eppes duerchsetzen, wou mer herno méi Problemer hunn, wéi mer der virdrun haten, doduerch datt d’Betriber riskéiere virun d’Existenzfro gestalt ze ginn oder Betriber Leit mussen entloossen. Dat ass jo net den Enjeu.

Et ass also, an dofir daueren déi Sëtzunge jo och esou laang, datt mer jiddwerengem nolauschtere wat seng Suerge sinn. D’Gewerkschafte soen, mat Recht, mir hu bei den Tripartiteverhandlunge ginn, a mir hu Mobilitéit bewise bei deenen Dossieren déi um Dësch louchen - sief dat den Index, sief dat déi sozial Diskussiounen déi mer haten, d’Entlaaschtung och vum Budget - mir hunn also do Mobilitéit bewisen. Mir hunn als Contrepartie den Eenheetsstatut ofgemaach. D’Patrone soen zu Recht, wann et ëm den Eenheetsstatut geet, mir hunn ofgemaach, datt mer den Eenheetsstatut géife maachen, mä ouni zousätzlech Käschte fir d’Économie an hirem Ensembel, wat net heescht, datt et net zu Verschiebunge ka kommen. An an där Sëtzung vu gëschter, wou mer 8 Stonnen zesumme soutzen, huet jiddwereen deem aneren nogelauschtert a verstanen och wat d’Erwaardungen an d’Problemer vun där anerer Säit sinn. A wann ee bis sech versteet a sech respektéiert, well et ass och eng Fro vu Respekt, géigesäitegem Respekt, deen heiten Dossier. Wann ee seet, dat eent hu mer gepakt an dat anert brauche mer net, mir maachen deem aneren eng laang Nues, dann ass dat eng gewësse Respektlosegkeet an hei musse mer net nëmmen d’Kraaft vun der Tripartite, d’Reformfähegkeet vun der Politik, mä och de géigesäitege Respekt an d’Stoen zu deene Wierder déi mer eis ginn hunn, och wann et schwéier ass dozou ze kommen, musse mer respektéieren. An ech muss Iech soen, ech si bis an déi kleng Zéiw motivéiert an ech mengen och mäi Kolleg, de Biltgens Fränz an déi ganz Regierung, fir alles ze ginn, awer wierklech alles ze ginn, vu Mediatioun, vun Afallsräichtum [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Bis wéini? Bis et fäerdeg ass? Bis den Accord steet?

Mars Di Bartolomeo: Éischtens bis den Accord steet an esoulaang wéi déi Leit wëllen diskutéieren. Am Prinzip hu mer Rendez-vous den nächsten Donneschden. Wann ech de Paul Reckingetr an den Oueren hunn, de Paul Reckinger huet kloer gesot, ech sinn iwwerzeegt, datt mer en Donneschden eng Eenegung fannen. Ech gleewen dem Paul Reckinger.

Francine Closener: Mars Di Bartolomeo, merci mol fir elo. Mir maachen eng Paus fir de Journal an da schwätze mer virun.

[Noriichten]

Francine Closener: D’Suite also vum Background, am Gespréich haut mam Mars Di Bartolomeo. Mir hu schonn iwwer den Eenheetsstatut e wéineg geschwat. Mä souguer wann een Accord zu stane géif kommen, elo d’nächst Woch oder méi spéit, eigentlech kann ee jo guer net vun engem Eenheetsstatut schwätzen, well d’Staatsbeamten engersäits, an d’Indépendaten anersäits, egal wéi jo aner Statute behalen. Stéiert Iech dat net, besonnesch de Statut vun de Staatsbeamten, dee jo ville Leit am Privatsecteur awer en Dar am A ass?

Mars Di Bartolomeo: Also meng perséinlech Meenung ass eng Saach, d’Ofmaachungen an der Tripartite sinn eng aner Saach, an déi si ganz kloer. Et geet drëm fir de Salarié am Privatregime ze schafen, an d’Partner ware sech eens, datt dee Moment also den ëffentleche Statut net erakënnt.

Ech muss Iech och soen, datt déi Differenz zwëschen dem ëffentleche Statut, zwëschen de Reforme vun 1998 wat de Pensiounsstatut ugeet, net méi esou enorm sinn, ausser, an dat ass e wichtegt Element bei engem ugespaanten Aarbechtsmaart, datt een awer eng ganz wäitgehend Beschäftegungsgarantie huet. Ech soen zu dësem Zäitpunkt hu mir mam Eenheetsstatut fir de Privatsecteur eis eng zolitt Portioun an de Rucksak gelueden. Et soll een den Iesel net méi beluede wéi e packt, an hei mengen ech hu mir schonn eng zolitt Aufgab. Ech soen, datt et Quadratur vum Krees ass, mä ech mengen d’Quadrat brénge mir fäerdeg duerchzeschneiden, da hu mir erëm e Krees dee sech hält.

Francine Closener: Dem Patronat ass et jo ganz wichteg, datt een d’Abuse beim Krankschreiwen an de Grëff kritt, eng Suerg déi och d’Krankekeesen deelen. Dir hutt de schwaarze Schof ënner den Doktere scho méi wéi eng Kéier de Krich ugekënnegt, de Krankeschäinautomate wéi Dir sot. Wéini zitt Dir deenen da wéi versprach de Stecker eraus?

Mars Di Bartolomeo: Ma dat ass eng gutt Fro, déi kënnt zum richtegen Zäitpunkt. Mir sinn eens ginn dës Woch mat der MMD fir déi Konventiounsännerungen ze maachen, a bei deenen Dokteren, déi wierklech iwwerdreiwen, ech hunn ëmmer gesot, wou een uewen 30 Euro agehäit an ënnen e Krankeschäin erauszitt, datt een do ka vis-à-vis vun hinne virgoen.

Ech wëll awer hei kloer soen, datt een, wann ee vun Abuse beim Absentéismus schwätzt, datt een d’Recht fir krank ze ginn net dierf a Fro stellen, an datt een och keng Verallgemengerunge soll maache vis-à-vis vun den Dokteren. Déi meeschten Doktere maachen hire Beruff mat ganz vill Gewëssenheet, mä et gëtt och an deem Beräich, grad wéi an allen anere Beräicher, schwaarz Schof, an do muss een déi richteg Signaler ginn.

Francine Closener: Wéi gesäit dat dann aus, déi Sanctiounen?

Mars Di Bartolomeo: Majo, wann een iwwer ee gewëssene Prozentsaz geet, dee wierklech iwwerdriwwen ass beim Krankschreiwen, da ginn d’Kontrollinstanze kucken, a wann manifest do iwwerdriwwe gëtt, da kënne mir och iwwer Commission de surveillance virgoen.

Meng Attitude an der Krankeversécherung ass déi, datt mir eng Krankeversécherung solle garantéieren, wou jiddereen dat eraus kann huelen, wat e brauch, mä datt ee sech net soll servéieren iwwer dat eraus, wat ee brauch. Dat gëllt fir jiddereen, dat gëllt fir de Prestataire - also deen, dee verschreift - an och deen, deen dovun notzt, well soss maache mir dat fantastescht Finanzéierungssystem fir eis Krankheet, am Krankheetsfall kënnen ze finanzéieren, maache mir dat futti. An dat dierfe mir net maachen, well et ass dat bescht System wat ech kennen.

Francine Closener: Mars Di Bartolomeo, wéi Dir nach an der Oppositioun waart, hutt Dir Iech ëmmer vill a gäre schonn zur Gesondheetspolitik geäussert, an och net mat Kritik um virëschte Gesondheetsminister, dem Carlo Wagner, gespuert. Zanter 2 an engem halwe Joer sinn d’Rollen elo ëmgedréint, an Äre Virgänger mengt, déi meescht Gesetzer déi an Ärem Ressort gestëmmt goufen, wieren nach vun der virëschter Regierung preparéiert ginn, a wann Dir dee ganze Regierungsprogramm elo nach wéilt ëmsetzen, da misst Dir Iech awer béis fläissen. De Carlo Wagner gesäit grave Defiziter an nennt och e puer Beispiller.

Carlo Wagner: Ech wëll dorunner erënneren, datt deen nationale Laboratoire, den LNS, deen ass jo schonn, wann ech mech gutt erënneren, am Dezember 2003 gestëmmt ginn, dat sinn elo 3 Joer hier, mir sinn nach net am gaangen ze bauen. Ech ka mech erënneren, datt mir ëmmer dovunner geschwat hunn, schonn zu menger Zäit beispillsweis, wat d’Médecins généralistes ubelaangt, datt mir während de Feierdeeg an iwwer d’Weekender ganz, ganz schlecht servéiert ginn am Osten an am Norde vum Land besonnesch. Och do huet sech nach absolut näischt gedinn. Weider Sujeten, dat ass selbstverständlech d’Médecine complémentaire, wou jo scho vun där virëschter Regierung och an d’Weeër geleed gouf, ech erënneren un d’Homöopathie, d’Giropraxis, d’Osthéopathie an d’Akupunktur wou déi néideg Reglementer sollen ausgeschafft ginn. Och do ass nach näischt geschitt, nach näischt geschitt op alle Fall souwäit wéi ech renseignéiert sinn, an ech mengen ech wier gutt renseignéiert.

Desweideren en Domaine wou vläicht net esou éclatant ass, mä dat ass dee vun den Implantatioune vum neie Pharmacien. Déi läscht Pharmacie mengen ech ass Ierpeldeng, déi ass och nach fréier vu mir an d’Wee geluecht ginn. Dat heescht, wa mir wëllen op e Quota komme vun enger Pharmacie fir 5000 Leit, da muss et awer ganz schnell goen, besonnesch considéréierend datt déi Procédure jo ganz vill Zäit huelen.

Weider grouss Versprieche vum Här Di Bartolomeo, dat war beispillsweis och emol eppes an der Zännnomenclature ze änneren, fir ze kucken, fir kënne justement besser Zeréckbezuelungen ze maachen, och do ass nach näischt geschitt.

Mir hunn elo viru kuerzem, an et war fir d’drëtt an Zäit vun engem Joer wou mir hei am Land iwwer d’Psychiatrie geschwat hunn, wou jo awer déi virëscht Regierung enorm vill an d’Weeër geleet huet, a wou ech och de Rappel gemaach hunn, wat alles geschitt ass. Do ass beispillsweis nach ëmmer dat neit Gebai wat virgesinn ass, a wou d’Fonge virläie fir d’CHMP. Och do huet sech guer näischt geréiert. Ech wëll och beispillsweis un en éiwege leidege Problem hei zu Lëtzebuerg erënneren, d’Assurance-maladie, justement an deem Domaine huet en zwar alleguer déi Aktioune wou ech an d’Weeër geleet hat, huet hien iwwerholl, wat och a mengen Ae ganz richteg war, mä essentiell Saachen do ass bis haut nach näischt geschitt. Ech wëll erënneren, beispillsweis un den Dossier médical éléctronique.

Francine Closener: Här Minister, do hutt Dir jo effektiv dann awer nach ganz vill op der Lee.

Mars Di Bartolomeo: A dat wësse mir. D’Gesondheet ass e permanente Chantier, a mir wäerten och ni fäerdeg domat sinn.

Francine Closener: Wéi steet et dann zum Beispill em de Bau vum Staatslabo an Ärem Diddeleng? Dee Bau war dach scho mengen ech am Joer 2000 décidéiert ginn?

Mars Di Bartolomeo: Majo et gesäit ee gutt, datt de Carlo Wagner net oft duerch Diddeleng fiert. Déi Zone wou de Labo soll implantéiert ginn, déi ass am Moment am gaange gebaut ze ginn. D’Réseaue sinn am gaange gebaut ze ginn, de Projet ass fäerdeg fir ausgeschriwwen ze ginn. A bis op Weideres baut net de Gesondheetsminister, mä ech sinn awer a ganz enkem Kontakt mam Claude Wiseler, an esoubal wéi d’Autorisatioun commodo-incommodo virläit, ginn d’Ausschachtungen un. Mir sinn also prett, an d’Virbereedungsaarbechte lafen.

De Carlo Wagner huet selwer gesot, esou wäit hie gutt informéiert ass an eenzelnen Dossiere, schéngt hien net esou gutt informéiert ze sinn, well d’Chamber ass zanter 6 Méint vu mir mat dem Reglement iwwer d’Regelung vun der Professioun vum Ostheopath befaasst. Ech waarden drop, datt mir an deenen nächste Wochen eng Kéier mat der Chambercommissioun zesummekommen, fir datt d’Commissioun mir seet wat lass ass. Bei de Verbesserunge vum Remboursement vun den Zänn funktionnéiert eng Dispositiounsronn an der Zwëschenzäit wéi mir dat kënne verbesseren. Dat kascht natierlech méi, mä wann ech d’Propositioune virleien hunn, ginn ech och virun d’Leit, wa si gäre méi rembourséiert hätten, da musse mir och déi Moyenen kënne geschafe ginn.

Francine Closener: Et dauert awer laang bis do eppes geschitt. Ech weess am Juni 2002 hat Dir d’lescht Joer gesot [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Dat ass ganz richteg, mä mir brauche Sozialpartner, Dir wësst datt d’Krankekeese sozialpartnerschaftlech geréiert ginn, an de Minister brauch net nëmmen op e Knäppchen ze drécke fir dat ze maachen. Allgemeng gesot, wann ech déi Lëscht vum Carlo Wagner héieren, dann huet hien eng Oplëschtung gemaach vun deene Saachen, déi ënner senger Regie net geschitt sinn.

Ech hunn ëmmer erlieft, déi Zäit wou de Carlo Wagner Minister war, huet hien ëmmer op säi Virgänger gewisen, dat maachen ech net. Ech fannen, datt an där virëschter Regierung an der Gesondheet eng ganz Rei vun Akzenter gesat gi sinn, déi eng wou ech domat d’accord war, anerer manner. Mä ech respektéieren dat. A mir schaffe wierklech ganz vill dodrun. Dir braucht nëmmen, wann Dir wëllt hannerfroen, wat un deem ass wat de Minister seet, a wat net drun ass, schwätzt mam Terrain, frot wat den Terrain vun deene Bestriewungen hält, déi mir zum Beispill an der Psychiatrie maachen. Ech hu mir gëschter nach bestätege gelooss vun engem vun den Acteuren, datt hie jiddefalls ni erlieft hätt, datt an deem Beräich esou en Opbroch, esou eng Opbrochstëmmung, an esou vill bougéiert huet op ville Plazen, wéi elo.

Francine Closener: Also Ären Tëschebilan ass positiv.

Mars Di Bartolomeo: Mir hunn e ganze Koup Chantiere, mir schaffen drun, a mir komme wierklech virun. A wann Dir kuckt, wéi d’ëffentlech Meenung an der Zwëschenzäit zum Beräich vun der Santé steet, a wéi se bereet ass an deem do Beräich mat ze schaffen, dann ass dat fantastesch, an ech wëll just ee Saz soen.

Wann ech de Carlo Wagner wier, géif ech wierklech den Domaine vun de Krankeversécherungen net an de Mond huelen. Dee Mann huet eis d’Krankekeesen an engem katastrophal defizitären Zoustand hannerlooss, strukturell Defizitter iwwer 2 Joer em 200 Milliounen, 150-200 Milliounen Euro. Kuckt elo wéi d’Situatioun évoluéiert huet an deene läschten 2 Joer. Mir sinn an engem fragilen Équiliber, mä mir sinn an engem Équiliber. Wann dee Mann seng Aufgab gemaach hätt wéi hien nach konnt dru schaffen, dann hätte mir keng defizitär Keesen hannerlooss kritt. Wann den Här Wagner mech këddelt, da muss hien erlaben, datt ech him emol erëm eng Kéier dat Bild virhalen, wat hien eis hannerlooss huet. Mä soss ass en awer e feine Kärel.

Francine Closener: D’Krankekeesen ass deen ee Volet vun der Sécurité sociale, d’Renten a Pensiounen deen aneren, an déi berühmt berüchtegt Rentemauer gëtt et jo och nach ëmmer. De Guy Kaiser huet sech emol iwwer d’Gesondheets- a virun allem och iwwer d’Sozialpolitik esou seng Gedanke gemaach.

Guy Kaiser: Hätt ech de Choix, ech géing den Här Di Bartolomeo als mäin Assurancemann huelen. Mat him bleiwen ech gesond, en anere géing soen fit fir den Aarbechtsmarché, mat him ginn ech al. D’Fëmmen ass out, esou out, datt déi betraffe Leit wéi en Hond op d’Strooss geschéckt ginn. In ass de Sport, esou in, datt en a verschiddene Betriber ka während der Aarbechtszäit gemaach ginn.

Déi speckleiweg Persoune kréien de Krich erklärt. Obwuel eng rezent Étude un 60.000 Cholesterolkranke gewisen huet, fettaarmt Iesse reduzéiert de Cholesterin just bei 8% vun de Leit. Un d’Homöopathie gëtt gegleeft wéi un d’Mutter Gottes vu Lourdes, obwuel d’zejoert eng grouss Étude mam Numm „The lancest“ erwisen huet, datt net vill hanner der Heck ass, näischt méi wéi beim Placebo. Mir jéimeren a jomeren, mir wëllen nach méi al ginn, a leegnen datt op deem Plang wuel villes ma nach laang net alles an eiser Hand laït. Wéi deen däitsche Bismarck d’Pensiounswiesen agefouert hat, loung d’Alterserwaardung emol net bei 50 Joer. Et waren also nëmme wéineg Leit déi an de Genoss dovunner konnte kommen.

Zu Lëtzebuerg wéi a ganz Europa ass dat dramatesch anescht ginn, dramatesch op d’mannst fir d’Pensiounskeesen. Mir sinn zu ronn 290.000 Assuréen, 120.000 sinn an der Pensioun. D’Zuel vun den Invalidepensiounen konnt em 4% gedréckt ginn, déi vun der Vieillesse anticipée ass par contre em 5% geklommen. D’Moyenne vun deem, wat als Rent ausbezuelt gëtt, loung iwweregens virun 2 Joer bei 1665 Euro fir d’Männer, a bei 1000 fir d’Fraen. Näischt zevill, an nawell ass e Crash an den nächsten zwee Joerzéngten net ze evitéieren, wann näischt ënnerholl gëtt. De Premier huet scho viru Joere vun der Rentemauer geschwat, a se virun de Walen huerteg nees ofgerappt. Esou eppes bréngt keng Stëmmen. An der 8. Aktualisatioun vun eisem Stabilitéitsprogramm daucht se awer nees op.

Am November schreift d’Regierung op Bréissel, bis 2020 klammen d’Reserven nach, schonn 5 Joer drop gëtt de Soll negativ, an 2035 ass d’Finanzementsreserv komplett verschwonnen. Wien also den Dezember ugefaangen huet mat schaffen, weess, datt seng Rent esou sécher net ass. Déi Explikatioun ass datt mir méi al ginn, déi aner den Ament sinn d’Frontalieren nach relativ jonk, ma och si solle geschwënn vun der Pensioun kënne profitéieren. Iwweregens mir verséieren elo schonn 45.000 Pensiounen an d’Ausland. D’Fro ass also, kënne mir wierklech esou weiderliewen? Mussen déi Al der Jugend net d’Wourecht soen? Wat wuel mäin Assurancemann dozou seet?

Francine Closener: Wat seet en dann, de Mars Di Bartolomeo?

Mars Di Bartolomeo: Ma de Guy huet Recht, datt een de Leit muss d’Wourecht soen. Mir hunn eng fantastesch Situatioun am Moment, eise Pensiounssystem ass esou gesond wéi kaum en aneren. Wa mir awer och eise Kanner déi Gesondheet vum Pensiounssystem wëllen erhalen, da musse mir haut iwwer déi laangfristeg Finanzéierbarkeet diskutéieren, an eis mat den Haaptchallengen ausernanersetzen. Déi si bekannt. Méi laang Lieweserwaardung. De Problem vun de Frontalieren ass selbstverständlech och bekannt, mä do soen ech ëmmer, all Medail huet zwou Säiten, och déi vun de Frontalieren. Mir sinn immens frou, datt mir se hunn, a mir sollen net elo driwwer diskutéieren, datt d’Frontalieren déi haut hei schaffen, keng Pensioun dierfe kréien.

Francine Closener: Mä et muss ee jo awer driwwer diskutéieren wéi een d’Saach an de Grëff kritt. Kréie mir dann zum Beispill en zweete Rentendësch? Et hänkt jo emol ëmmer schonn esou an der Loft. Et gëtt jo scho vill driwwer geschwat.

Mars Di Bartolomeo: D’Tripartite huet sech als Zil ginn, fir datt d’Sozialpartner sech elo, wa mir den Eenheetsstatut dann hannerun eis hunn, zesummesetze fir d’laangfristeg Finanzéirbarkeet vun eise Renteregimer duerchzediskutéieren. Ech wëll awer hei vläicht e puer falsch Meenungen aus der Welt schafen.

Et huet kee gesot, keen, keen am Sozialministère, an och keen an der Regierung, datt mir net bereet wiere fir déi Challengen unzepaken déi op eis zoukommen. Et gëtt ëmmer esou gemaach, wéi wann do e Blockage wier. Ech hu gesot, wéi mir dee läschte Bilan virgeluecht hunn, datt mir eng gesond Situatioun hunn, an datt mir, wa mir d’Rentesystem mat engem Auto vergläichen, deen net nëmmen eng Gaspedall huet, mä och eng Brems an eng Rénkel huet, datt wa mir d’Brems an d’Rénkel intelligent notzen, datt mir laanscht déi Rentemauer kommen. Wa mir natierlech voll op de Gas trëppelen, da renne mir dran. Dat huet awer keen, et wëll keen déi Renteregimer méi belaaschten. Mir sinn am gaangen [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Dat sinn elo schéi Biller, mä wat heescht dat dann elo konkret?

Mars Di Bartolomeo: Ma dat heescht konkret, datt mir am gaange sinn eis Reserven, an dat si fantastesch héich Reserven, dat ass iwwer dräimol d’Joeresausgaben déi mir am Moment u Reserven hunn, dat heescht wa kee Frang oder keen Euro géif erakommen, kéinte mir déi Renten nach während dräi Joer weider ausbezuelen, ouni datt een Euro erakënnt. Aner Länner déi richteg Ëmlageverfahren hunn, déi vun der Hand an de Mond fueren, déi hu Reserve vun engem Mount. Mir hunn dräi Joer, dëst Joer kommen erëm eng Kéier 500 Milliounen Euro Reserven dobäi. D’nächst Joer kommen erëm eng Kéier 600 Milliounen Euro dobäi. An déi Leit déi vu Kapitaliséierung - ech schwätze mir hunn en Deel Kapitaliséierung vun eise Renten, dat sinn d’Reserven déi mir op d’Säit leeën, muer besser op d’Saït leeën, a méi erdraagsbréngend op d’Säit leeën. Dat ass een Element.

Deen zweeten Element, wa mir all 10 Joer 1 Joer Lieweserwaardung bäikréien, dann ass dat ee Punkt wou mir mussen driwwer diskutéieren. Eis Liewenszyklen ännere sech, an dat wëssen d’Leit, an och doriwwer kann ee mat de Leit diskutéieren. A wann et noutwenneg ass, wa mir méi laang gesond bleiwen, datt mir och e bësse méi laang musse schaffe goen, wa mir kierperlech dat kënnen, an et dierf een net een dee futti ass dozou zwénge fir weider schaffen ze goen, majo da kënne mir mat de Leit doriwwer diskutéieren. D’Leit si jo net vum Lemmes gebass, an déi si jo net autistesch. Wann een hinnen dat erklärt, da versti se dat grad esou wéi se verstinn, wa mir Problemer bei de Krankekeesen hunn, datt mir eis dorun upassen.

An ech hu jo mat deem Prozess, dee mir zesumme mam Terrain an de Krankekeesen ausgeléist hunn, wou mir partnerschaftlech Verantwortung iwwerhuele fir déi Challengen déi an der Krankekees op eis zoukommen, fir déi ze léisen. Dat selwecht wëlle mir a Saache Pensioune maachen. Mir identifizéieren d’Problemer a mir ginn dorop an, am Dialog mat de Leit, an engem Prozess erëm eng Kéier dee mir ausléisen. Mir hunn awer [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Dat heescht konkret, kann ee sech da virstellen, datt et nach an dëser Législaturperiode de Rentenalter op 67 Joer gehéicht gëtt? De Premier hat dat jo ugedeit, datt dat progressiv soll gemaach ginn.

Mars Di Bartolomeo: Also de Premier an ech sinn eis eens, datt de Rentenalter mat 67, datt dat e Schlaagwuert ass. Mä datt mir an enger Situatioun wou den Duerchschnëttspensiounsalter bei 58 läit, datt et net drëm geet fir vun engem Pensiounsalter vun 67 ze schwätzen, mä datt mir d’Leit méi no bei den elo scho legalen Pensiounsalter, wat de virgezunnenen Alter vu 60 Joer, an de legale Pensiounsalter vun 65 Joer ass. Dat heescht also den Challenge ass net fir vun 65 op 67 ze goen, mä fir a Perioden eranzekomme wou 40 Versécherungsjoeren garantéiert sinn. An da komme mir méi no op 60 oder op 61, 62, 63 oder 64, 65.

Eis bréngt et guer näischt wa mir dee legale Pensiounsalter vun 65 op 67 hiewen. Mir musse mat dem Duerchschnëttsalter méi no bei d’Regel kommen, an do hu mir e ganze Koup gemaach. Mir hunn déi Regelung vun der Invaliditéit a vun der Réinsertion professionnelle nei geregelt. Wou mir Leit net fréizäiteg wëllen aus dem Aarbechtsmaart entloossen, mä wa se Reschtkapazitéit hu fir schaffen ze goen, datt mir se um Aarbechtsmaart halen. Déi Moossname wäerte mir deemnächst bilanzéieren, a kucke wou et bei Reclassement externe klemmt.

Mir wäerten déi Discussioun lancéieren iwwer déi verännert Liewenszyklen, wou ee méi spéit op den Aarbechtsmaart kënnt, méi al gëtt a gudder Gesondheet. An ech mengen, wann een de Leit seet, dir bleift méi laang gesond, dir lieft méi laang, da muss een och kënnen doriwwer diskutéieren ob ee progressiv, wann ee méi laang gesond ass, d’Beruffstätegkeet muss alignéieren op déi nei Liewenszyklen, ma do ass jidderee bereet, driwwer ze diskutéieren. Mä hei gëtt esou gemaach, wéi wann een den Dossier net wéilt upaken.

Ech hu mir virgeholl an där Aarbecht déi ech maachen, sief dat an der Santé, sief dat an der Sécurité sociale, datt ech déi Dossieren upaken, och wann dat heiansdo Téitsche gëtt oder Plomme kascht, déi mussen ugepakt ginn. Ech sinn dofir dohi gesat ginn, mä ech maachen et net elo mam décken Hummer, oder mat der Aaxt wéi Eenzelner dat wëllen, datt ee vun engem gudde Pensiounssystem an en anere geet, Ëmlageverfahren a Richtung Kapitaliséierung, wat weider näischt heescht, wéi datt ee vun engem solidaresche Finanzement, dee mir hei hunn, a fir deen ech mat Hänn a mat Féiss kämfen, zu engem System geet, wou een an d’Eegeverantwortung, an d’Privatiséierung erageet. An dat ass net dee System fir deen ech kämpfen.

Dat ass dee System wou dee Klengen ënner d’Rieder kënnt, a wou deen, deen déck Speckreserven huet sech déi beschtméiglech Versuergung, sief dat an der Santé, sief dat an der Sécurité sociale, also Pensiounen, ka kafen. An dat ass net dee System.

An ech wëll just ee Wuert soen, deen awer wichteg ass. Et gëtt ëmmer esou gemaach, wéi wa mir fir Budgetséquilibere géife kämpfen, nëmme well dat e Sport wier, oder nëmme well dat eis Spaass géif maachen. Mir maachen dat, fir en intakte Staat z’erhalen, dee sech staark kann engagéieren an der Sécurité sociale. Doduerch datt de Staat staark engagéiert ass an de Krankekeesen, staark engagéiert ass an der Fleegeversécherung, staark engagéiert ass an de Pensiounskeesen kënne mir e solidaresch finanzéierten a generéise System ubidden, wou dee Klengen esou gutt behandelt gëtt wéi deen e bësse méi Räichen. An dat ass den Enjeu. E staarke Staat ka sech staark an der Sécurité sociale engagéieren, an dee kann eng generéis a solidaresch an équilibréiert Sécurité sociale garantéieren. E schwaache Staat muss dat der Privatinitiativ iwwerloossen. A wann d’Privatinitiativ bis d’Responsabilitéit hätt fir d’Pensiounen a fir d’Krankeversécherung, da gëtt net méi gekuckt ob dee Klenge genee d’selwecht behandelt gëtt wéi deen Décken, mä da gëtt och nom Profit gekuckt. An dat ass net dee System fir deen ech stinn.

Ech sinn dohi gesat ginn, an ech hunn déi Verantwortung vis-à-vis vu mengem Bop deen an der Minière geschafft huet, a vis-à-vis vu mengem Papp dee Schmelzaarbechter war, fir dat wat si a meng Grousseleteren opgebaut hunn, fir dat ze erhalen, ze festegen an ze adaptéieren fir datt mir déi Solidaritéit kënnen halen. Dofir stinn ech.

Francine Closener: Dat war e ganz engagéierte Plädoyer nach zum Schluss. Mir sinn och elo um Enn vun der Émissioun ukomm. Mars Di Bartolomeo, villmools Merci fir d’Gespréich.

Dernière mise à jour