Interview de fin d'année du Premier ministre

Max Lemmer: Här Staatsminister, bonjour.

Jean-Claude Juncker: Bonjour.

Max Lemmer: E mouvementéiert Joer läit hannerun eis. Bestëmmt hunn Iech vill Evenementer markéiert, mä wat fir eent huet Iech dann am meeschten iwwerrascht?

Jean-Claude Juncker: Iwwerrascht huet mech d’Rapiditéit mat där mer eis ëm d’Vullegripp bekëmmert hunn an iwwerraschen deet mech haut, wéi séier datt mer vergiess hunn, datt mer virun engem Joer iwwer soss näischt geschwat hu wéi iwwert d’Vullegripp. Dat gëlt als Beispill dofir, datt dat wat engem ee Moment wichteg schéngt an der Gesamtbetruechtung vun engem Joer guer net esou wichteg bleift an awer wichteg war an och wichteg bleiwe muss, well mir mussen eis jo virun ëm déi Froe bekëmmeren. Dat wat ech iwwer d’Vullegripp soen, kann ech och iwwer aner Saache soen.

Max Lemmer: Da loosse mer mol d’Sujeten der Rei no attackéieren. D’Sozialpartner hu keen Accord bei de Verhandlungen iwwert den Eenheetsstatut am Privatsecteur fonnt. De Ball läit elo am Camp vun der Regierung. Wéi wëllt Dir dann d’Quadratur vum Krees hikréien? Gleeft Dir iwwerhaapt nach un dee Projet?

Jean-Claude Juncker: Ech halen dat fir ee wichtegt Stéck zukünftegt Lëtzebuerg, datt mer déi net méi gerechtfertegt Ënnerscheeder tëscht Aarbechter a Privatbeamten ophiewen. Dat gesinn d’Sozialpartner och nach ëmmer esou. Dat hunn alll politesch Parteien an der Chamber zum Ausdrock bruecht. Also sinn ech der Meenung, datt mer elo musse virufueren am Januar een Averständnis iwwer déi wichteg Fro ze sichen. Ob mer dat fäerdeg bréngen, weess ech net. Et gëtt jiddwerfalls ouni Paus viru probéiert.

Max Lemmer: Trotzdem, et bleift d’Fro wéi wëllt Dir dat doten hikréien, ouni datt eng Verschlechterung vum Aarbechtsrecht antrëtt?

Jean-Claude Juncker: Et gëtt keng Léisung wou eng Afrostellung vum Aarbechtsrecht géif kommen. Mir dierfen hei am Land dee Wee vun der Précariséierung vum Aarbechtsrecht net goen. An de Substanzberäicher vum Aarbechtsrecht kann et keng Ofsenkung vun de Protectiounsniveauen no ënne ginn. Déi eigentlech Schwieregkeet ass déi, wéi een d’Aféierung vun engem Arbeitnehmerstatut fir all Secteur vun der Économie kann esou realiséieren, ouni datt et zu enger vun deem Secteur als Méibelaaschtung emfonntener Zousazbelaaschtung kënnt. An doriwwer dréinen d’Verhandlungen an déi mussen ebe virugefouert ginn.

Max Lemmer: Firwat war een iwwerhaapt esou presséiert fir an där Fro een Accord ze fannen. Bei aneren Jorhonnertreformen gëtt sech jo och méi Zäit gelooss?

Jean-Claude Juncker: Et muss ee sech ëmmer een Zäitofschnëtt virhuelen, bannent deem ee probéiert schwiereg Froen ze klären. An deene seltenste Fäll bréngt een dat dann an deem Ofschnëtt och fäerdeg, wéi an dësem Fall och net. Mä wann een dat op déi laang Bänk dréckt dann hëlt d’Deier fir eng Eenegung ze fannen normalerweis séier of.

Max Lemmer: D’Staatsbeamte behalen hiren eegene Statut, bleiwen also eng Caste fir sech. Soll domadder den ëffentlechen Déngscht nach méi attraktiv gemaach ginn géintiwwer dem Privatsecteur oder wéi soll een dat verstoen?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng Fro, déi vum einheitlechen Arbeitnehmerstatut, déi sech am ëffentleche Secteur esou net stellt. Dat war och ni Deel vun de Gespréicher déi lescht 30, 40 Joer wann iwwer einheitlechen Arbeitnehmerstatut geschwat ginn ass. Ausserdem mengen ech, datt et net richteg wier d’Staatsbeamten als eng Caste ze beschreiwen. Déi hunn hir eege Rechter an och hir eeege Contrainten. Déi Contrainten huet och net jiddwereen.

Max Lemmer: Trotzdem hu se méi Avantagë wéi am Privatsecteur, an elo kommen der jo nach dobäi. D’Schéier gëtt méi grouss, se geet méi wäit auserneen.

Jean-Claude Juncker: Wat fir Avantagë kommen dann nach dobäi?

Max Lemmer: Wann een den Eenheetsstatut aféiert, da kënnt ee jo net dolaanscht fir Korrekturen ze maachen.

Jean-Claude Juncker: Mä dat heescht jo awer net, datt doduerch déi Leit déi am ëffentlechen Dingscht schaffen, géifen Avantagë bäikréie par rapport zu de Leit déi am Privatsecteur sinn. Am Privatsecteur kritt jo och keen am Prinzip eppes ewech geholl. Dat ass jo net wat d’Zilsetzung ass, well den Tripartitesbeschluss seet jo och, datt sech misst un dem heutege Regime vun de Privatbeamten inspiréiert ginn fir deen einheitlechen Arbeitnehmerstatut do erbäizeféieren.

Max Lemmer: Déi Lëtzebuerger Économie, Här Juncker, huet Dramwerter, de Wuesstum läit wäit iwwert dem EU-Duerchschnëtt, den Aarbechtsmaart boomt mat iwwer 10000 neien Aarbechtsplaze pro Joer. Trotzdem: de Chômage bleift e Suergekand. Wat leeft falsch?

Jean-Claude Juncker: Dir hutt eng Fassong fir Froen ze stellen déi d’Verkierzung vum Denken un der Formuléierung vun der Fro schonn erkenne léisst.

Max Lemmer: Firwat ?

Jean-Claude Juncker: Fir d’éischt muss ee mol festhalen, datt déi wirtschaftlech Erhuelung, déi mer elo kennen, eng ass, déi sech an deene leschte Jore lues opgebaut huet. Well mir waren am Joer 2001, vun engem Wuesstum vun eppes 9% am Joer 2000, massiv erofgesackt op ee Wuesstum ëm déi 2%, wat mir jo hei am Land als net breet genuch emfanne fir kënnen eist Auskommen domat ze fannen. Tatsaach ass jo, datt mer ee Wuesstum iwwer 4% brauchen, fir eis Alterssécherungssystemer op Dauer ofzestäipen. Dat zweet ass, datt déi national Beschäftegung beispillsweis am Joer 2006 fir d’éischt zanter Joren erëm massiv ugeklomm ass. Mir hunn haut 5000 Leit méi a Beschäftegung déi zu Lëtzebuerg wunnen, wéi mer där um Enn vum Joer 2005 haten. Dat heescht, datt d’Erhuelung, déi konjunkturell an och d’Erhuelung um Aarbechtsmaart an deementspriechend d’Expansioun um Aarbechtsmaart net spuerlos laanscht gaangen ass un der nationaler Beschäftegung, dat heescht där Beschäftegung vun de Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen.

Dann hu mer, wéi an alle Länner, eng Inadequatioun vun der Offer a vun der Demande. Mir hu jo 2700 Aarbechtsplazen um Enn vum Joer opstoen, dat ass kee lëtzebuergesche Sonderfacteur. Souguer a Länner déi däitlech iwwer 7% Chômage hunn, mä jiddwerfalls an alle Länner déi ëm 7% leien, gëtt et déi net-Beieneepassung vun Offer a vun Demande vun den Aarbechtsplazen a vu Leit déi eng Aarbecht sichen, dohir d’Noutwennegkeet fir mat de Weiderbildungsprogrammer virunzemaachen. Déi Problemer kritt een net vun haut op mar geléist.

Wann Dir esouvill onqualifizéiert Leit an den Aarbechtslosestatistiken hutt wéi mir dat hunn, déi um Arbeitsamt also agedroe ginn, an Dir hutt 1000 Aarbechtsplazen déi op der Bankplaz gemaach ginn, da passt einfach de Profil vun deene Leit déi keng Aarbecht hunn net bei de Profil vun deenen Aarbechtsplazen déi fräi ginn an déi nei dobäi kommen an dofir muss een aner Leit huele fir déi Aarbechtsplazen ze besetzen. Dir kënnt net aus engem Mann oder enger Fra, déi bis am 9. Schouljoer hir Schoulobligatioun gemaach huet, vun haut op mar ee Fachmann fir d’Finanzplaz maachen. An dofir gëtt et een Auserneendrifte vun der Virbereedung vun de Leit op déi modern Économie an d’Entwécklung vun der moderner Économie selwer. Leit kann ee sech net molen, Leit huet een.

Max Lemmer: De beschäftegungspolitesche Volet vum Tripartitesgesetz 5611 huet virun allem d’Jugend revoltéiert. Dir hat deemols Ären Aarbechtsminister alleng gewäerde gelooss. Bei der Éducatiounsministesch, déi och a Schwieregkeete gerode war mat hire Reforme sidd Dir dogéint intervenéiert, firwat?

Jean-Claude Juncker: Dee Projet de loi 5611 war een, dee mer an der Tripartite mat alle Partner diskutéiert haten. Dat ass ee Gesetzesprojet vun der Regierung ginn, insofern war keng Noutwennegkeet do sech selwer anzeschalten, well d’Regierungspositioun louch jo kloer. An deem Secteur deen Dir uspriecht, nämlech d’Verlängerung vun der Tâche vun den Enseignanten, hate mer kee Gesetzesprojet, mä hate mer d’Situatioun, datt déi Gewerkschafte mat deenen d’Ministesch verhandelt huet, dauernd de Verdacht geäussert hunn, just d’Ministesch géif dat wëllen an net d’Gesamtregierung géif dat wëllen, obschonn ech an enger Chamberried vum 12. Oktober 2005, wou mer déi Politiken do ëmrëssméisseg ugedeit hunn, scho gesot hat, datt mer dat gären hätten. Dat waren also zwee Fäll déi total verschidde louchen.

Max Lemmer: Gëtt mam Desindexéiere vum Kannergeld net awer ee falscht Signal gesat? D’Rentner zum Beispill si relativ gutt ewechkomm bei der Tripartite.

Jean-Claude Juncker: De Rentenajustement hu mer an zwee Deeler gespléckt, wat fir d’éischt zanter ganz laange Joren de Fall ass, datt net an engem Joer alles ausbezuelt ginn, mä datt dat op zwee Joer verdeelt gëtt. D’Desindexéierung vum Kannergeld, eng Décisioun déi eis net liicht gefall ass, déi ass jo net nëmmen esou ze liese wéi se am Lëtzebuerger Wort an op anere Plazen ëmmer présentéiert gëtt. D’Kannergeld gëtt desindexéiert, mä déi Suen déi mer duerch d’Desindexéierung vum Kannergeld spueren, plus ee Betrag X, gëtt geholl fir méi Kannerbetreiungsplaze kënnen hei am Land ze schafen, gëtt geholl fir besser eens ze gi mat der Vereinbarkeet vu Beruff a Famill. Dat sinn also keng Suen [gëtt ënnerbrach]

Max Lemmer: Mä hätt een net kënnen déi Suen [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: déi de Famillë verluer ginn.

Max Lemmer: op anere Plazen ewechhuelen, wéi grad beim Kannergeld? D’Kannergeld ass jo kee Luxus fir vill Stéit hei zu Lëtzebuerg.

Jean-Claude Juncker: D’Kannergeld ass kee Luxus fir vill Stéit, mä et sinn och vill Stéit, déi bräichten net ee Kannergeld op deem Niveau wéi mer dat haut hunn. Wann een d’Kannergeld indexéiert, da komme kleng Beträg all Joer bäi fir deen eenzelnen a fir déi eenzel Famill, mä de gesamt Budgetsimpakt dovun ass grouss. Wann een déi Suen hëlt a se kombinéiert mat anere Budgetsmëttelen déi een huet fir méi Kannerbetreiungsplazen ze maachen, da kann ee wierklech eppes maachen. Dat ass eng méi sënnvoll och an d’Zukunft eran sech-beweegend Geldanlag, eng Investitioun an d’Zukunft vun de Kanner wéi einfach virufuere mat enger Kannergeldregelung vun där all Observateur seet, datt se net selektiv genuch wier, datt et Géisskanepolitik wier. Ech stelle fest hei am Land, net fir d’éischt an net fir d’lescht, datt wann een d’Géisskan unhält an net virun ausschëtt, datt een da gesot kritt, et wier net richteg fir méi an eng selektiv, eng besser cibléiert Politikrichtung ze goen. Dat ass esou, wéi een et mécht mécht een et verkéiert. Wa mer einfach virugefuer wieren d’Kannergeld ze indexéieren, dann hätt Dir mech haut gefrot, ass dat dann déi richteg Politik fir einfach d’Kannergeld wuessen ze lossen, dat bréngt jo deem eenzelen guer net esouvill wéi Dir mengt.

Max Lemmer: Ech gleef kaum, mä bon.

Jean-Claude Juncker: Ech si sécher, datt Dir dat gemaach hätt.

Max Lemmer: Stëmmt et, datt de Staat bei der Finanzplaz een A zoudréckt a Steierréckstänn am grousse Stil toleréiert a wa jo, wéi sérieux muss een dann nach all déi Austéritéitsrieden huelen?

Jean-Claude Juncker: Dat stëmmt net.

Max Lemmer: Sidd Dir ganz sécher?

Jean-Claude Juncker: Sinn ech ee Ligner?

Max Lemmer: Hunn ech net gesot. Ech hunn einfach nogefrot.

Jean-Claude Juncker: Jo, da braucht Dir déi Fro net ze stellen.

Max Lemmer: Här Juncker, fëmmt Dir nach ëmmer?

Jean-Claude Juncker: Jo, mä awer wiesentlech manner.

Max Lemmer: Och op Ärem Büro?

Jean-Claude Juncker: Ech hu mäi Büro net an engem Restaurant, esouwäit wéi ech weess.

Max Lemmer: Richteg, laut dem Gesetz falt Dir effektiv net ënnert de Fëmmverbuet vun Ärer Regierung. Mä trotzdem, ass dat net e bësselche Waasser priedegen a Wäin drénken?

Jean-Claude Juncker: Ech kann dat net esou gesinn. Ech sëtze jo net um Büro an hunn de ganzen Dag eng Zigarett am Mond hänken, mä ech fëmmen heiansdo eng Zigarett um Büro a mir hu kee Gesetz gemaach wat d’Fëmme verbitt, mä wat d’Fëmmen op bestëmmte Plaze verbitt. An un déi Interdictiounszonen, déi net déi vun der Regieurng sinn, mä déi vun der Chamber gestëmmten, halen ech mech.

Max Lemmer: De groussherzoglechen Haff huet dëst Joer vill vu sech schwätze gedoen. Vill Lëtzebuerger waren entsat oder zumannst erstaunt doriwwer, datt all dës Insiderinformatiounen aus dem Palais esou op der Place publique breetgetrëppelt goufen. Ass dat Iech och esou gaangen?

Jean-Claude Juncker: Wéi wier et mer gaangen?

Max Lemmer: Datt Dir erstaunt waart, datt all déi Insiderinformatiounen do esou an der Ëffentlechkeet breetgetrëppelt goufen?

Jean-Claude Juncker: Et muss een awer eens ginn, wat een ënnert dem Begrëff vun Insiderinformatioune begräift. Et sinn eng Rei Saachen aus dem Privatberäich vum groussherzoglechen Haff ëffentlech ginn. Ob dat dann een Insiderwëssen ass, ass eng aner Fro.

Max Lemmer: Informatiounen op alle Fall déi fréier net [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Mä ech stelle just fest, datt de Grand-Duc a senger Aarbecht als Staatschef eng Leeschtung virleet, déi vu kengem contestéiert gëtt an datt wann en, heen an aner Membere vum grossherzoglechen Haff an dem Privatvberäich vum Haff Initiativen hëlt vun deenen e mierkt, datt eng grouss Zuel vu Leit se net gutt fannen, dann hëlt en déi Initiativen zréck. E geet do net mam Kapp duerch d’Mauer, dat huet ee gesinn, esou datt en ëmmer dee Reflexcostume deen en als Staatschef huet, och ugedo huet, wann e gesinn huet, datt Initiativen aus dem Privatberäich vill Leit gestéiert hunn. Dat maachen anerer, déi an hirem Privatberäich Décisiounen huelen, net.

Max Lemmer: Dir wëllt aus Lëtzebuerg den Akafszenter vun der Groussregioun maachen an Zäite wou ëmmer méi Leit déi hei am Land gewunnt hunn an d’Groussregioun flüchten, ganz einfach well se sech zu Lëtzebuerg de Liewensënnerhalt a virun allem d’Bauplazen net méi leeschte kënnen. Ass dat net e bësselchen eng verkéiert Welt déi mer do upeilen?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt Leit an d’Ausland flüchten, wéi Dir sot, well et verdreift jo och kee se [gëtt ënnerbrach]

Max Lemmer: D’Präisser, dach.

Jean-Claude Juncker: … well se de Liewensënnerhalt hei am Land net kënnte bestreiden. D’Leit ginn, ëmmer méi Leit ginn an d’Ausland wunnen, well se d’Terrainspräisser zu Lëtzebuerg net kënne bezuelen an dat ass eng verréckte Situatioun, well déi eng Lëtzebuerger verkafen deenen anere Lëtzebuerger Terrainen zu ganz héige Präisser. An da ginn déi Lëtzebuerger, déi dat net kënne mat hirem Akommes bestreiden an d’Ausland, an déi no Grenzregioun wunnen, mam Resultat, datt do d’Terrainspräisser an d’Lut ginn. Ech kréien elo ee ganze Koup vu Bréiwer aus den Nopeschregiounen - Areler Land a Saarland a Rheinland-Pfalz - wou d’Leit sech bekloen, d’Politiker do, anerer do, datt d’Lëtzebuerger am gaang sinn d’Präisser an d’Lut ze dreiwen. An dofir gëtt et zu all deem nëmmen eng Léisung, déi awer schwiereg erbäi ze féieren ass, mir mussen d’Offer, d’Angebot u Bauterrainen zu Lëtzebuerg terribel vergréisseren, fir datt mer déi Präisspiral déi do ass, gebrach kréien. Dat ass keng einfach Saach an d’Regierung wäert am Januar ee komplette Gesetzesprojet mat villen Eenzelmoossname virleeën fir där Situatioun do lues a lues een Enn ze gebidden.

Max Lemmer: Viru kuerzem hat dir an engem RTL-Interview d’Iddi avancéiert d’Privatpropriétairë sollte bei der Vente vun hire Bauterraine méi generéis sinn, fir datt déijéineg déi kee Land hunn, och ee Stéck vum Kuch kéinte kréien. Wéi verhält sech dann de Staat bei der Vente vu sengen Terrainen? Gidd Dir ëmmer mam gudde Beispill vir?

Jean-Claude Juncker: De Staat, dee verkeeft Terrainen wa se vum Fonds du Logement gebaut ginn, zu abordable Präisser fir jiddwereen. Dee Saz, deen ech um RTL gesot hunn, war eigentlech dee fir ze soen, datt een am Eenzelfall net muss op de leschte Sou kucke fir méiglech vill Suen ze kréien - wann ee vill Terrainen ze verkafen huet, net een deen nëmmen een Terrain ze verkafen huet an datt een och e bëssen op déi aner Leit muss Rücksicht huelen. Dat ass den Ausdrock vun enger extremer Naivitéit déi jo soss am Land keen huet. Déi breet Politik déi mer musse maachen, wäert och doranner bestoen, datt de Staat Terraine wäert ubidden déi däitlech ënnert de Maartpräisser leien, well soss kritt een d’Maartpräisser net gebrach. Dat ass keen normalt Behuele vum Staat wat mer do ustriewen, mä ech gesinn net wéi mer anescht déi Situatioun an de Grëff géife kréien.

Max Lemmer: Ee wichtege Gesetzprojet deen deemnächst op de Leescht geholl gëtt, dat ass dee vun der Enteegnung. Gëtt de Bierger do net an engem vu sengen elementare Grondrechter beschnidden an ass dat iwwerhaapt compatibel mam EU-Verfassungstraité deen d’Lëtzebuerger jo awer gestëmmt hunn?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn een Unhänger vun der kathoulescher Sozialléier. Ech akzeptéieren, datt net jiddwereen dat muss sinn, an do gëtt et dee schéine Saz: Eigentum verpflichtet. Et huet een net nëmmen eng Propriétéit fir sech selwer, et muss een och ëmmer ee sozialverträglechen Ëmgang mam Eegentum hunn an déi Ännerungen, déi mer do erbäiféieren, déi zilen dorop of. Wa mer bei dem aktuellen Text bleiwen, kënne mer op ganz ville Plazen net méi allgemeng dinglech wierksam ginn, well mer op ganz ville Plazen duerch privat Proprietéitsinteressen un der Ausübung vun eiser Aufgab gesellschaftsdienlech ze wierken, gehënnert ginn.

Max Lemmer: Vun der däitscher EU-Présidence gëtt sech erwaart, datt se ee Wee fënnt fir aus der Verfassungskrise erauszekommen. D’Madame Merkel sot, datt d’Substanz awer bestoe bleift. Wéi sollen d’Franzousen an d’Hollänner, déi jo géint den Traité votéiert hunn, dee Brot do schlécken? Solle béid Länner nach eemol iwwert den EU-Vertrag stëmmen oder wéi soll dat oflafen?

Jean-Claude Juncker: Wéi solle mir de Brot, dee mer gestëmmt hunn, schlécken, wann déi aner eis en erëm wëllen ewechhuelen? Mir hunn e jo scho giess, en ass eis net méi ewechzehuelen. Dat heescht, datt déi Substanzdeeler, wéi d’Madame Merkel, si net alleng, ech soen dat och, ubelaangt, déi mussen och Franzousen an Hollänner erëm eng Kéier virgesat kréien an ofgeännerter Form. Mä datt mer deen europäesche Grondvertrag brauchen, well eis Institutiounen net funktionnéieren, well mer weider Erweiderungen ouni institutionell Neiprofiléierung vun der Landschaft net kënne maachen, datt mer méi Kompetenzen am Sozialberäich brauchen, méi Kompetenze beim Kampf géint déi grenziwwerschreidend Kriminalitéit an dat organiséiert Verbriechen, méi Kompetenzen am Beräich vun der Verteidegung a vun der gemeinsamer Energiepolitik, ass eigentlech net ëmstridden. An déi Subsanzfroe muss een an een neie Grondvertrag eriwwerretten, esou datt dat wouriwwer d’Lëtzebuerger an d’Spuenier iwwer Referendum, a 16 aner Länner - well mir hunn zu 18 dee Vertrag ratifizéiert - zougestëmmt hunn, déi Substanzdeeler fir déi mer eis engagéiert hunn, déi géife mer och gären an engem neie Vertrag gesinn.

Max Lemmer: Engem leschten Eurobarometer no hunn nëmmen nach 47% vun de Lëtzebuerger Vertrauen an d’Europäesch Unioun, parallell dozou taucht een aalt nationalt Symbol wéi de roude Léiw an enger Fändelsdiskussioun op. Wat mengt Dir, si mir ieren am gaangen eis nees méi Richtung Nationalstaat ze bewegen?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen dat net. Ee Fändel ass eng Saach fir sech. Ee Fändel ass jo net een Zeeche wat ee géint anerer dréit, mä et ass een Zeeche ronderëm ee sech kann zesummefannen, esou datt ech mengen, datt wann een iwwer Fändelen diskutéiert a wann een dat wëllt maachen, een dat muss lassgeléist maache vu Gefiller déi ee géint anerer hätt. A wann ee sech eens gëtt iwwert eng Rei vu Grondprinzipien an engem Land, iwwer Basiskohesiounselementer, dann ass de Fändel eng Konsequenz dovunner, an net den Ufank vun enger neier Iwwerleeung iwwert déi Basiselementer.

Max Lemmer: D’Franzouse wielen d’nächst Joer een neie President. Wee geséicht Dir léiwer am Elysée: en Nicolas Sarkozy, deen ähnlech wéi Dir heiansdo polariséiert oder ee Ségolène Royal dat op Charme setzt?

Jean-Claude Juncker: Et kann een och charmant polariséieren.

Max Lemmer: Dat heescht Dir kënnt mat hinnen allenzwee?

Jean-Claude Juncker: Den Här Sarkozy war hei, d’Madame Royal kënnt am Januar op Lëtzebuerg. Fir Lëtzebuerger Politik gëlt de Prinzip, datt ee mat all Regierung a mat all Staatschef vun deene Länner ronderëm sech gutt muss verstoen. Dat ass ganz einfach esou. An dofir hu mer och do keng direkt national Präferenzen ausgedréckt. Mir kënne parteipolitesch Präferenze fir dësen oder deen ausdrécken, dat gehéiert zum demokratesche Wiese vun der Europäescher Unioun. Mä ech mengen, datt egal wee vun deenen zwee do President vun der franséischer Republik gëtt, dee mat Lëtzebuerg ee gutt Verhältnis wäert ustriewen a mir och mat him.

Max Lemmer: Är perséinlech Zukunft dann Här Juncker. Dir hutt wësse gedoen, datt Dir nach eemol wëllt untriede bei deenen nächste Walen. Huet d’CSV kee würdege Successeur fir de Jean-Claude Juncker oder reizen Iech nei Erausfuerderungen net?

Jean-Claude Juncker: Majo, et bleift eng Erausfuerderung fir Staatsminister zu Lëtzebuerg ze bleiwen. Ech sinn dat elo 11 Joer. Dir kënnt soen, dat ass ze laang [gëtt ënnerbrach]

Max Lemmer: Dat ass keng nei.

Jean-Claude Juncker: Mä do stelle sech all Dag nei Erausfuerderungen. Ech hu jo net hei d’Schwieregkeet, datt ech an der Langweil géif ënnergoen. All Dag kommen nei Prroblemer, déi Problemer gi jo och net ëmmer ëffenltech. All Dag sinn am Ëmgang mat eisen Nopeschlänner a mat dem Rescht vun der Europäescher Unioun nei Erausfuerderungen ze meeschteren an deene wëll ech mech och stellen esoulaang wéi d’Leit mech dat maache loossen. Mir ass et net Angscht, datt d’CSV keen Nofolger géif fannen. Net nëmmen d’CSV. Et gëtt jo nach Leit, d’Leit déi hu jo de Choix an deen treffe se jo regelméisseg, wann ech dat richteg gesinn.

Max Lemmer: Wéi rose waart Dir dann, wéi de Luc Frieden am Tageblatt tëscht den Zeilen ugedeit huet, datt heen am Fong geholl den eigentleche Finanzminister wier?

Jean-Claude Juncker: Iwwerhaapt net. Ech schaffe mam Luc Frieden vertrauensvoll zesummen. Dat ass u sech eng Kombinatioun vu Kompetenzausübung déi mech un déi erënnert wéi de Jacques Santer Staats- a Finanzminister an ech Budgetsminister war. Do leeft villes aneneen an dat huet mech dofir net rose gemaach.

Max Lemmer: Här Juncker, een neit Joer steet an d’Haus, op wat freet Dir Iech d’nächst Joer am meeschten?

Jean-Claude Juncker: Op den Interview d’nächst Joer um Enn vum Joer mat Iech.

Max Lemmer: Wat hutt Dir Iech perséinlech fir 2007 virgeholl?

Jean-Claude Juncker: Mech méi staark mat deene Froen ze beschäftegen déi wichteg sinn a mech net mat all Fro ze beschäftegen, déi ee mer stellt an déi ech fir net wichteg fannen.

Max Lemmer: Här Staatsminister, merci fir d’Gespréich an am Numm vun der ganzer DNR-Equipe wënschen ech Iech an Ärer Famill schéi Feierdeeg an ee ganz gudde Rutsch an dat neit Joer.

Jean-Claude Juncker: Dat wënschen ech Iech och an och deene Leit déi esou gentil waren eis zwee nozelauschteren.

Dernière mise à jour