Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Tom Graas: Bonjour, Här Staatsminister.

Jean-Claude Juncker: Bonjour, Här Graas.

Tom Graas: Op Grond vun enger Initiative vu Spuenien a vu Lëtzebuerg gesi sech elo Enn Januar déi 18 EU-Länner déi den Text vun der europäescher Verfassung scho ratifizéiert hunn. Do soll driwwer diskutéiert gi wéi et an deem Dossier weidergeet. Wat erwaart Dir Iech do konkret? Wéini wier déi Reunioun ee Succès?

Jean-Claude Juncker: Déi Reunioun ass fir d’éischt mol noutwenneg, well déi déi deen Text ratifizéiert hunn - dovun zwee, Spuenien a Lëtzebuerg, duerch Referendum, dofir hunn och déi zwee d’Initiative geholl, déi mussen och heiansdo weisen, datt et se nach gëtt. D’Diskussioun an Europa gëtt e bëssen dominéiert vun deenen déi „nee“ gestëmmt hunn oder vun deenen déi sech net getraut hunn den Text iwwerhaapt zum Votum virzeleeën. An do ass et eis drëm gaangen, net plomp Propaganda ze maachen, mä mol nach eng Kéier d’Substanzelementer vun deem Vertrag ze weisen. Mir soe jo, datt wa mer dee Vertrag esou net kréien, datt mer awer d’Substanz vun deem Vertrag wëllen hunn. Da muss een nach eng Kéier weisen: wat ass d’Substanz vun deem Vertrag. An dorëms geet et an där Sitzung.

Marc Linster: Nom rezente Bréisseler Sommet hutt Dir Iech beklot, datt fir vill manner Länner d’Erweiderung méi wichteg ass wéi d’Verdéiwung. Gëtt et ieren ee Richtungssträit an der EU?

Jean-Claude Juncker: Dee gëtt et latent ëmmer tëscht deenen, déi aus der Europäescher Unioun, ouni et zouzeginn, eng gehuewe Fräihandelszon wëlle maachen, an deene wéi mir, déi eng richteg politesch Unioun wëlle maachen, wou d’Leit sech dran erëmfannen, wou et gemittlech ass op eisem Kontinent, wou et net nëmmen ëm de Fric, ëm d’Wirtschaft an ëm d’materiell Interesse geet, mä wou och Werter eng Roll spillen. An ech hat den Androck kritt bei deem leschte Sommet, datt eng Rei Länner - England, Schweden, nach där - eigentlech wëlle séier erweideren, fir datt déi aner Fro, nämlech wéi een Europa méi fest an a sech selwer geschlosse ka gestalten, fir datt déi sech net stellt. Se stellt sech awer.

Tom Graas: Ass et da just ee Richtungssträit oder ass et d’Amorce vun deem wat ee gewéinlech nennt d’Europa vun den zwou Vitessen ?

Jean-Claude Juncker: Esou wäit si mer nach net, mä wann dat Europa vun den zwou Vitesse géif eng Kéier kommen, mä ech wënsche mer net, datt dat kënnt, da wéisst ech schonn haut relativ gutt ween an deem enge Waggon sëtzt a ween an deem anere sëtzt. Mir géife jiddwerfalls net an deem Waggon sëtzen dee muss gezu gi vun der Geschicht, mä mir wëllen an engem Waggon sëtzen, deen un där Lokomotiv hänkt, déi a Richtung Zukunft fiert.

Marc Linster: Zréck dann op Lëtzebuerg, wou 2006 dann am Zeeche vu wichtegen Décisiounen an der Tripartite stoung. Wuel seele virdru goufen an de Wochen a Méint duerno déi Décisiounen duerno esou staark kritiséiert. Dir selwer hutt den 20. Dezember an der Chamber gewarnt, d’Sozialpartner sollten d’Kriseninstrument Tripartite net futti maachen. Ass de Lëtzebuerger Modell ieren an enger Kris?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt en an enger Kris ass. An ier et zu deene Kritiken an zu deenen Ofsazbewegunge komm ass, nodeem mer een Accord an der Tripartite fonnt hunn, sinn et jo e puer Méint virdru ginn, wou gesot ginn ass, et wier op kee Fall méiglech een Accord ze fannen, well d’Meenunge ganz wäit ausernee géife leien. An déi louchen och ganz wäit auserneen, an et huet vill Peng an Ustrenges kascht fir se beieneen ze bréngen.

An de Modell ass, och wann et schwéier war dës Kéier een Accord ze fannen an och wann et schwéier bleift deen Accord an all sengem Deeler beieneen ze behalen, net an der Kris. Géif allerdéngs sech déi Liichtfankegkeet viruféieren, déi doranner besteet an der Tripartite zouzeschloen an dann duerno lues a lues Waasser ze zéien, dann ass de Modell nach ëmmer gutt, mä da bleift en theoretesch. Dat huet jiddwerfalls an dëser Legislaturperiod kee praktesche Vollzuch méi.

Tom Graas: Ee vun de Prinzipien déi an der Tripartite festgeschriwwe goufen, déi awer elo vill diskutéiert ginn, ass dee vum Statut unique fir Aarbechter a Beamten. Et gi wéi gesot Divergenzen de Moment zwëschent Patronat a Salariat wéi dat soll ëmgesat ginn, well am Fong geholl kee prett wier fir eng méiglech Rechnung ze bezuelen. Enn Januar ass eng nächst Reunioun. Sidd Dir do mat dobäi? Maacht Dir do mat? Gëtt dat doten een Dossier, deen eng sougenannte Chefsaach gëtt?

Jean-Claude Juncker: Et sinn zwee Ministeren en charge, den Här Biltgen an den Här Di Bartolomeo. Déi maachen dat propper a gutt an déi bestreiden och déi nächst Sitzung déi Enn Januar stattfënnt, mä ech schwätze regelméisseg mat en.

Marc Linster: A wéi kënnt dann ee méigleche Kompromëss ausgesinn? Muss dee Statut unique da fir eng Säit méi deier ginn?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt alles muss probéiert ginn, fir sech un déi Grond- an Eckwerter ze halen, déi mer an der Tripartite opgeschriwwen hunn. Do steet dran, datt dat keng Méibelaaschtung fir d’Économie däerf ginn an do steet och dran, datt Léisunge musse gesicht gi fir sektoriell Problemer déi sech kënne stellen, beispillsweis am Handwierk, fir dat mol erauszegräifen an da muss ee verhandele bis et net méi anescht geet, wéi datt ee sech eens setzt. An der Chamber huet jo och all Fraktioun eigentlech bei den Debatten iwwert d’Tripartitegesetz zum Ausdrock bruecht, dat wier schonn eng wichteg Saach an eng wichteg Strukturreform fir deen Ënnerscheed tëscht Aarbechter a Beamten opzehiewen. Wa jiddwereen der Meenung ass, datt et wichteg ass, a wann eenzelner soen d’Tripartite wier net déi Plaz fir esou Froen ze klären, mä et wier d’Parlament wat sech misst prett hale fir dat ze maachen, majo da muss, wa mer mat de Sozialpartner net eens ginn oder wann d’Sozialpartner ënnerteneen eng Regelung fannen mat där d’Regierung net ka liewen, da muss jiddwereen am Parlament soen, well jo jiddweree gesot huet et wier wichteg, wéi heen et da géif maachen. Dann ziele mer eis am Parlament.

Tom Graas: Gutt, Dir géift soen, wa keen Accord méiglech ass, dann imposéiere mir eng Léisung ?

Jean-Claude Juncker: Et ass ze fréi fir dat esou militäresch stramm ze formuléieren. Mir probéieren elo am Gespréich mat de Sozialpartner ee Konsens erbäizeféieren. An da muss ee kucken, am Fall wou et keen Accord gëtt, ob d’Politik sech där Saach einseiteg unhëlt an da mussen all Parteien sangen.

Marc Linster: D’Gewerkschafte soen, dee Statut unique wier d’Ursaach firwat si mat den Indexmodulatiounen d’accord waren. Hält dee Provisorium da bis déi nächst Walen?

Jean-Claude Juncker: Also ech ka ka kee Provisorium erkennen an engem Text dee vum Parlament gestëmmt ginn ass. Déi Décisioune si getraff [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Den Ausdrock staamt ass am Fong geholl vum Budgetsrapporter, vum Lucien Thiel, dee vun engem Provisorium geschwat huet a punkto Indexmodulatioun. En huet dat Wuert zwar bedauert, eben datt et ee Provisorium wier.

Jean-Claude Juncker: Den Här Thiel war Journalist an d’Journaliste bedaueren nëmme ganz selten ee falschen Ausdrock.

Tom Graas: De Lucien Thiel, fir bei him ze bleiwen, ass der Meenung den Index dierft dann 2009 ee Walkampfthema ginn. Wat sot Dir do dozou?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn awer nach net am Walkampf 2009 an dovu sinn ech awer nu wierklech mental nach ganz wäit ewech. Mir musse kucke fir d’Joer 2009, wa mer eis Walprogrammer schreiwen, wéi d’Situatioun sech vun haut bis dohinner entwéckelt huet. An da soll all Partei an hirem Walprogramm soe wéi se et da mam Index hält. Déi, déi e wëlle ganz ofschafen, déi mussen dat soen. Ech si net der Meenung, datt een den Index soll ofschafen. Déi, déi bei enger Moduléierung vum Index un d’wirtschaftlech Situatioun besonnesch un déi extern Schocken - Uelegpräisser an esou virun - denken, sollen dat soen. An déi, déi mengen den Index soll total spillen, esou wéi en dat am Regelfall zu Lëtzebuerg gemaach huet, egal wat an der Welt a wat heiheem lass ass, déi sollen dat soen. An da soen d’Leit deenen dräi wat si dovun denken.

Marc Linster: De Budgetsrapporter Lucien Thiel war iwwerhaapt kritesch, och a punkto Rentefinanzéierung, a gouf doropshi vum LCGB-President Robert Weber Wollef am Schofspelz genannt. Gëtt et ieren ee Richtungssträit an der CSV?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt den Här Weber sech als Mandataire vun der CSV geäussert hätt ?

Marc Linster: E wäert awer an där Partei sinn?

Jean-Claude Juncker: Ech weess just, datt ech heen an den LCGB opgeholl hunn. Wéi heen an d’CSV komm ass, dat weess ech net. Mä ech hunn awer de jetzegen LCGB-President zum Member vum LCGB gemaach an ech sinn dofir och gutt mat ëm befrënd. An ech si gewinnt, datt e sech mat menger Partei a mat mir heiansdo kräfteg auserneesetzt. Dat halen ech awer och fir zoulässeg. Et däerf ee jo streide mateneen ouni Sträit mateneen ze kréien. An datt mer ee Problem längerfristeg mat der Rentefinanzéierung hunn, dat ass nu keng Trouvaille vum Här Thiel gewiescht. An datt den Här Weber an den Här Castegnaro fréier an den Här Reding haut an anerer och an der CGFP ëmmer nervös reagéieren, wann ee seet, op laang Siicht wier dee Renten- a Pensiounssystem net gefestegt, dat weess ech nach aus där Zäit wou den Här Weber mech ferm gebeetscht huet, wann ech dat gesot hunn. Ech sinn där Meenung awer nach ëmmer.

Tom Graas: Gutt, komm mir gi mol dovunner aus, datt et an Ärer Partei trotzdem een éischter soziale Flillek gëtt an éischter ee rietsliberalen, loosse mer et mol esou nennen.

Jean-Claude Juncker: Nennt e wirtschaftsliberal, dat geet.

Tom Graas: Voilà, wéi engem stitt Dir da méi no?

Jean-Claude Juncker: Net deem leschtgenannten.

Marc Linster: Nach een Zitat vum LCGB-President ronderëm Tripartite a Staatsfinanzen: „Sätz wéi: mir mussen ëmbauen, oder mir hunn zevill Sozialstaat, déi klengen net nom séchere Wee. Eng Politik déi Räicher ëmmer méi räich an Aarmer méi Aarm mécht ass weder glawwierdeg nach perspektivesch.“ Dat kléngt allerdéngs net no grousser Harmonie mat der Regierung?

Jean-Claude Juncker: Jo, mä d’Gewerkschafte si jo net do fir grouss Harmonie mat der Regierung ze maachen. D’Gewerkschafte sinn do fir d’Interesse vun hire Memberen an doriwwer eraus vun de schaffende Leit ze vertrieden. Dofir spieren ech mech de Gewerkschaften och ëmmer no, obschonn - well mer iwwert dee wirtschaftsliberale Flillek do an der CSV geschwat hunn – ech jo och gesinn, datt een dat Sozialt an dat Wirtschaftlecht net kann am Endgültege géinteneen ausspillen. Dat eent geet net ouni dat anert. Wa mer keng wirtschaftlech Resultater hunn, brénge mer keng sozial Produkter fäerdeg a wa Wirtschaft nëmme fir sech selwer stattfënnt, ouni eng Sozialbindung ze hunn, dann huet d’wirtschaftlech Aktualitéit, eigentlech well et een neutralt Unterfange wier, jo kee mënschleche Wert. Insofern kënnt et drop un d’wirtschafltech Effizienz a sozial Solidaritéit mateneen ze verbannen an an deem wat d’Regierung mécht, gesinn ech schonn, datt mer eenzelne Leit hei am Land am Joer 2006 Affer ofverlaangt hunn. Dat kann een net verkennen, mä et muss ee probéieren d’Saachen op der Zäitschinn ze gesinn. Wann een dat elo net mécht, wann ee sech elo an dëse Joren net zréckhëlt, da komme mer an eng Situatioun wou an de Joren 2010, 2011, 2012 virun allem déi kleng Leit mussen d’Pan klaken. Also ass et e bësse vernünfteg, wéi ech fannen, elo d’Brems unzezéien, ouni datt een duerch dee Bremsmanöver vun der Strooss flitt, mä datt een awer eng kloer Trasseführung an déi nächst Joren eragesäit. Dofir kann ech déi radikal Kritik vu menge Frënn do net honnertprozenteg deelen.

Tom Graas: Gutt, Stëchwuert kleng Leit, Här Staatsminister, een Zitat vun Enn Abrëll aus dem Lëtzebuerger Wort: „d’Moossnamen aus der Tripartite belaaschten all Bierger gläichméisseg, ouni Differenzéierung no soziale Critèren.“ Wat sot Dir zu deem Saz?

Jean-Claude Juncker: Ech halen dee Saz fir esou formuléiert falsch, well ee muss gesinn, datt d’Tripartitesaccorde sech op dräi Joer erstrecken a jo nach net alles ëmgesat ginn ass wat an der Tripartite ofgemaach ginn ass. Beispillsweis dee Steierkredit fir Leit, déi wéineg Steiere bezuelen, ass eng Affär déi mer am Joer 2007 upaken an déi ech hoffen als Finanzminister bis un d’Enn vum Joer 2007 esouwäit gekläert ze hunn, datt mer dat kënne maachen. Dat gëtt keng Negativsteier am klassesche Sënn, dat gëtt awer eppes wat der Negativsteier gläicht.

Dobäi kënnt, datt dat wat do gesot gëtt och aktuell an där Schäerft net stëmmt. Mir hunn zwar eenzel Haushaltspositiounen ofgebremst, d’Desindexéirung vum Kannergeld beispillsweis huelen ech eraus, dat ass eng Moossnam déi eis schwéiergefall ass. Mä mir ersetzen déi Indexéierung vum Kannergeld, déi jiddwerengem e bësse bruecht hätt mä kengem genuch, fir domat een neie Liewensplang unzefänken, duerch aner Politiken déi mer méi breet maachen. Zum Beispill méi Kannerbetreiungsplazen, méi Mëttelen, Infrastrukture fir d’Vereinbarkeet vu Beruff a Famill besser ze packen. Dat ass also net een Ofbau, wou een de Leit einfach eppes géif ewech huelen, fir dat mol esou plomp ze formuléieren. Et ass een Aspueren, fir méi Suen zur Verfügung ze hunn fir déi zukunftsorientéiert Politik ze maachen. Et gëtt ëmmer méi Kanner, dat ass nunn emol esou, déi wa se heem kommen, keen doheem fannen dee sech kann ëm se bekëmmeren, dee ka mat e schaffen, dee ka mat e léieren, dee ka mat e spillen. Da musse mer dat op anere Plaze maachen. Mir kënnen de Leit net virschreiwe wéi se hiert Liewen organiséieren. An da muss een eng Mëschung maachen aus Kannergeld, wat keng sozial selektiv Affär ass, an aus méi cibléierte Kreditgestaltungen, fir déi Plazen an der Gesellschaft ze schafen, wou Kanner zu sech selwer fannen. An dofir ass dat eng falsch Beschreiwung fir nëmme vun Ofbau ze schwätzen. Et ass Ofbremsen op där enger Plaz an Ausbau op där anerer Säit.

Marc Linster: D’Fuerderunge fir d’Steiertabell un d’Inflatioun unzepasse ginn ëmmer méi haart, och vu Gewerkschaftssäit, déi vu verstoppte Steiererhéigunge schwätzen. Gëtt déi Tabell da spéitstens bis 2008 ugepasst?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn an der Chamber gesot, datt mer eis mat der Steierpolitik mussen am Joer 2007 méi konkret befaassen, souwuel wat d’Betriber ubelaangt, wou mer ëmmer méi an der internationaler Vergläichsskala an déi falsch Säit rëtschen, dat heescht no hannen, an och wat d’Privatpersounen ubelaangt. Mä dat alles hänkt of vun der budgetärer Situatioun an där mer eis befannen. Den Dosage vun deenen eenzelne Politikdeeler virausszesoen, haut, ass net méiglech. An dat muss ee jo och erëm a Kombinatioun brénge mat deem Steierkredit dee mer maachen. Dat gëtt also ee Gemësch, wat gutt wäert sinn, mä mat deem wahrscheinlech kee wäert averstane sinn.

Tom Graas: Et ass wéi gesot d’Upassung op där enger Säit vun der Steiertabell, op där anerer Säit gi jo och Steiererliichterunge fir Betriber ongeféier zur selwechter Zäit an Aussiicht gestalt. Kënne mer eis déi zwou Saache mateneen dann iwwerhaapt leeschten, Här Staatsminister?

Jean-Claude Juncker: Eigentlech net. Wann ech dat roueg kucken, hunn ech keng Loscht fir déi Politik ze maachen, well se deelweis déi Haushaltskonsolidéierung kann erëm a Bedrängnis bréngen an dofir maachen ech et jo och ofhängeg vun der weiderer bugetärer Entwécklung, woubäi et mer ganz kloer schéngt, datt mer am Beräich vun der Betribsbesteierung eppes musse maachen. Mir kënnen net einfach nokucken, nodeem mer eis duerch eis Reformen aus de Joeren 2001 an 2002 un d’Spëtzt vun der Steiertabell an der OECD, deene meeschten industrialiséierte Länner, gesat haten wat niddreg Steieren ubelaangt, kënne mer elo net nokucken, wéi mer lues a lues erëm an d’Lager vun deenen iwwerwiesselen, déi d’Betriber staark besteieren. Dat geet einfach net an der moderner Welt. Ech ka mech doriwwer iergeren, mä dat ass esou.

Fir dat alles op een Nenner ze kréien, d’Spuerefforte virunzeféieren, eng Entlaaschtung bei de physesche Persounen ze bréngen, déi d’Budgetskonsolidéierung net a Gefor bréngt a bei de Betriber Ofsenkungen ze maachen, déi d’Budgetssituatioun net détérioréieren, dat ass ganz schwiereg. Da muss ee kucken, wa mer fir d’Joer 2008 Ofsenkungen am Betribs-besteierungsberäich maachen, kréie mer do just eng kleng Delle déi sech duerno erëm esou erausbild, datt mer méi Betriber, méi Kapital, méi Investitiounen op Lëtzebuerg kréien oder net. Dat sinn Ofschätzungselementer déi et einfach ze fréi ass, elo schonn, an epischer Breet hei duerzestellen, well ech och all déi Elementer ganz einfach nach net déif genuch kennen.

Marc Linster: Wéi optimistesch sidd Dir dann a punkto Wirtschaftswuesstum ? 4% sollten et dëst Joer ginn, um Enn sinn et der 5,5. D’nächst Joer rechent de STATEC nees mat 4%, wéivill ginn et der da wierklech?

Jean-Claude Juncker: Et sollten dëst Joer am Joer 2006 4,2% ginn, et sinn der 5,5% ginn, an net 7%, wéi der nach vill am Summer gesot, geschriwwen a behaapt hunn.

Tom Graas: Dat war no den éischte 6 Méint.

Jean-Claude Juncker: Dat war no den éischte 6 Méint an dat hu mer oft, datt dat éischt Semester méi staark ass wéi dat zweet Semester. D’Wirtschaftswuesstum ass gutt. Et muss een erëm dobäi soen, och wann dat lästeg ass, datt dat awer net alles heescht, well gutt zwee Drëttel vun deem WIrtschaftswuesstum ganz einfach provozéiert ginn, generéiert ginn, exklusiv vun der Finanzplaz. Dat muss een ëmmer am Kapp behalen. Dir erënnert Iech nach, wéi 2001 d’Finanzplaz hiren Aktivitéitsniveau zréckgedréit huet, wat fir Konsequenzen datt dat direkt och um Niveau vun den ëffentleche Finanze produzéiert huet. An ech hu mer deemols virgeholl, datt ee sech net méi däerf zevill an d’Ofhängegkeet vun de Resultater vun der Finanzplaz bréngen. Dat ass och deemols vun alle Leit déi et ëmmer jo scho wossten, mer och virgeworf ginn, mir hätten eis zevill an d’Ofhängegkeet vun der Finanzplaz beginn. Dat war net grad esou, mä et war eppes drun.

Elo wëlle mer eis net an d’Ofhängegkeet vun der Finanzplaz beginn, elo gëtt eis gesot, firwat musse mir dann hei spuere wann d’Wirtschaft 5,5% wiisst. Jo, d’Wirtschaft wiisst 5,5%, mä mir hunn awer nach een zolitten Defizit bei den ëffentlechen Ausgaben, soufern wéi de Staat an d’Verwaltunge betraff sinn. An dofir fannen ech et berouegend, datt eis Wirtschaft wiisst op engem vill méi héigem Niveau wéi am Ausland. Mä mir mussen zur Kenntnis huelen, ob dat passt oder net, datt dat haaptsächlech duerch d’Finanzplaz bedingt ass, net nëmmen mä haaptsächlech. Doraus däerf ee keng strukturell laang gezunne Konsequenzen zéien, well wa mer eisen Ausgabeniveau géifen upassen un den Niveau vum Wirtschaftswuesstum plus Inflatioun statt, wéi mer dat elo maachen, dodrënner ze bleiwen, da wiere mer op engem Ausgabeniveau deen däitlech ze héich wier an deem Moment wou et erëm eng Kéier zu enger Réckbildung vun der Wirtschaft a virun allem vun der Finanzplaz géif kommen, wat een ni kann ausschléissen.

Tom Graas: D’Konjunkturenquête vun der Chambre de commerce mécht de Prognostik vun enger gebremster Investitiounsdynamik wéinst den Haussë vun de Leetzënsen. Zerstéiert déi europäesch Zentralbank ieren eis zart Konjunkturblimmchen?

Jean-Claude Juncker: Ob déi Konjunkturblimmchen nach esou zart ass wéi Dir se do mat Ärem Sënn fir Klenggärtnerei beschreift, dat woen ech awer ze bezweifelen. D’Wirtschaftswuesstum an der Eurozon ass entre-temps robust. Mir sinn no bei eisem Wuesstumspotential. Dat heescht, mir wuessen esouvill wéi mer iwwerhaapt kënne wuessen an der Eurozon an dat Wirtschaftswuesstum huet sech och verbreedert an all Secteur vun der Économie eran a gëtt net méi exklusiv duerch d’Exporter gedriwwen, mä an engem ëmmer méi staarke Mooss duerch den interne Konsum, duerch d’Verbraucherverhalen, wat gutt ass. Dofir mengen ech, datt d’europäesch Zentralbank - mat där ech mech jo och duerchaus kritesch kann ënnerhalen, wéi gewosst ass - richteg läit, wann se d’Suerg vun der Präisstäbilitéit huet, an zwar esou wäit wéi d’Erhale vun der Präisstabilitéit d’Wirtschaftswuesstum net behënnert. An ech mengen deen aktuellen Zënsniveau, deen historesch ëmmer nach niddreg ass, ass esou datt d’Wirtschaftswuesstum net behënnert ass. Wéi dat dann am Joer 2007 virugeet mat der Zënspolitik vun der Bank, déi déi jo onofhängeg ka festleeën, dat wäerte mer da gesinn. Mä der Bank ass et och net egal ob d’Wirtschaft geschwächt gëtt oder ob d’Wirtschaft gestäerkt gëtt.

Tom Graas: Dir maacht Iech keng Suergen iwwert d’Kafkraaft vun de Lëtzebuerger?

Jean-Claude Juncker: Wa mer den Euro net hätten a wann et d’Wirtschafts- a Währungsunioun net géif ginn, da wieren d’Zënsen däitlech méi héich zu Lëtzebuerg wéi se elo sinn. Wann ech mer den Niveau vun der lëtzebuergescher Inflatioun ukucken, si reng vun der Wëssenschaftlechkeet hir betruecht, d’Zënsen zu Lëtzebuerg ze niddreg. Se si méi niddreg wéi se eigentlech misste sinn op Grond vun eiser Inflatioun, well mer an der Währungszon a well mer am Euro sinn. Wann ech mer d’Zënsen ukucken déi 8 Joer ier mer an den Euro gaange sinn, an ech kucke mer d’Zënsentwécklung zanterhir un, muss ech soen d’Zënsentwécklung war virdru méi ongënschteg fir d’Verbraucher zu Lëtzebuerg a fir d’Kafkraaft vun de Leit zu Lëtzebuerg. Wann ech mer de Wirtschaftswuesstum 8 Joer virun Antrëtt an d’Eurozon ukucken an der Eurozon selwer an ech kucke mer de Wirtschaftswuesstum an Europa no dem Antrëtt an den Euro un, ass d’Wirtschaftskraaft däitlech méi héich no dem Euro wéi virum Euro. Dofir kann ech mech net un alle Pauschalofuerteelungen den Euro betreffend bedeelegen. Déi hutt Dir elo net gemaach, well Är Fro war eng no der lëtzebuerger Kafkraaft, mä ech hat mer virgeholl dat ze soen.

Marc Linster: De Lakshmi Mittal huet 2006 d’Course ëm d’Arcelor gewonnen. D’Globaliséierung ass eben net opzehalen. Här Staatsminister, wéi lëtzebuergesch ass eis Stolindustrie nach ? Wat fir een Afloss hu mer do nach?

Jean-Claude Juncker: Wéi lëtzebuergesch war eis Stolindustrie je? Dat ass eng Fro déi ee sech mol muss stellen. Mir liewen hei an engem [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Mir haten awer ëmmer déi Illusioun an elo hu mer se vläicht guer net méi.

Jean-Claude Juncker: Mä wa mer se virdrun haten, entgéint bessert Wëssen, dann hate mer se ze laang. D’ARBED, dat war jo ni lëtzebuergescht Kapital. Mir hunn iwwerhaapt kee lëtzebuergescht Kapital an deem Sënn – Grousskapital - vum Wuert, hei zu Lëtzebuerg gehat. D’Actionnairë vun der ARBED, dat ware jo keng Letzebuerger. Et waren och Lëtzebuerger, mä déi grouss Actionnairë vun der ARBED dat ware jo auslännesch Finanzgruppen .

Marc Linster: Dat stëmmt iwwregens och fir aner Wirtschaftszweiger.

Jean-Claude Juncker: Allerdings. Ech wëll kee Beispill nennen. RTL kënnt een awer zum Beispill nennen, wou d’lëtzebuergescht Kapital jo och net schrecklech ausgeprägt ass. An der Stolindustrie ass dat elo méi däitlech ginn, mä et war virdrun och schonn däitlech, sauf ee Moment wou de Staat dee ganz groussen Actionnaire vun der ARBED war, dat awer bedingt war duerch déi massiv, och sozial, Investissementer déi d’Regierungen an der Stolindustrie gemaach hunn. Well déi auslännesch Kapitalinteressen déi do waren, déi hu jo lues a lues Waasser gezunn wéi et ëm d’Bezuele gaangen ass a wéi et ëm d’Rettung vun der Stolindustrie gaange war. Dat huet jo de Lëtzebuerger Staat an d’Steierzueler du musse maachen. Mä Afloss an enger Gesellschaft hunn, dat war och bei der Arcelor schonn an dat ass och bei Mittal-Arcelor oder bei Arcelor-Mittal net fundamental anescht, dat ass net nëmme vertruede sinn an de Kapitalstrukturen. De Lëtzebuerger Staat beispillsweis, dee jo kee groussen Undeel méi vun Arcelor-Mittal Aktien huet, ass awer een deen an de Strukture vun der Gesellschaft vertrueden ass, well de Sëtz vun der Gesellschaft zu Lëtzebuerg ass, well d’Quartiers généraux vun der Gesellschaft zu Lëtzeuberg sinn. Dat ass eng wichteg Saach.

Wann ech mäin Dagesoflaf kucken oder mäi Wochenoflaf, loosse mer d’Saache mol soe wéi se sinn, ech hunn awer een- zweemol d’Woch mat de Leit aus der Stolindustrie, y compris mam Här Mittal, Gespréicher iwwer Gespréicher déi ech mat anere Regierungschefe féieren, de President vum Kazakhstan, de Premierminister oder President vun der Ukraine oder vu Russland, déi der lëtzebuergescher Sensibilitéit eng Artikulatiounsméiglechkeet ginn, doduerch datt de Sëtz vun där Gesellschaft hei ass, déi mer ouni déi Präsenz vun der Stolindustrie hei net hätten.

Nu weess ech, datt d’Leit net ganz begeeschtert sinn, well se och iwwregens mengen, mir hätten am Ufank gesot, dat kënnt iwwerhaapt net a Fro an dunn hätte mer herno kleng bäiginn. Dat ass esou een allgemengt Gefill wat mer e bëssen am Land hunn. An dofir ass et vläit gutt, wann ee sech eng Kéier drun erënnert wat fir Konditiounen datt mer am Januar genannt haten, déi missten erfëllt ginn, fir datt mer eng Fusioun Arcelor-Mittal kënnte begleeden. Dat féiert eis elo ze wäit. Mä ech hat 4 Bedingungen am Parlament genannt, a 4 Kritiken am Parlament gemaach an déi hunn ech och iwwert déi nächst 6 Méint résorbéiert. Dat war jo keng feindlech Iwwernahm méi. Dat Industriekonzept vun der Arcelor ass iwwerholl ginn, virdrun hätt et net sollen iwwerholl ginn. D’Famill Mittal hätt sollen eng iwweraus dominant Positioun spillen, si spillt elo eng grouss, mä keng dominant méi. De Sozialmodell ass erhalen an alles dat wat mer zu Lëtzebuerg hunn ass bis an d’Joer 2010/2011 ofgeséchert. An den Décisiounszentrum ass zu Lëtzebuerg. Dat war am Januar, wéi déi ganz Affär lassgaangen ass, alles net de Fall. Nach eng Kéier: Influenz vun engem Land ass net nëmmen an de Kapitalstrukturen ze moossen, mä och am ronderëm an am matenee wat ee kann organiséieren.

Tom Graas: 10000 Chômeuren Enn November maachen ee Chômagetaux vu 4,6%. Apart déi Jonk hunn an de leschte Woche gewisen, datt dee Sujet hinne fir hir eegen Zukunft ganz uewe läit. Iwwer 7000 Jonker sinn dofir op d’Strooss gaangen. Mir wëllen elo net nees eng Kéier iwwert de Projet 5611 schwätzen an de Sënn oder den Onsënn vu Manifestatiounen, Här Juncker, just d’Fro, huelt Dir déi Angscht, dee Malaise kann ee scho bal soen, vun deene Jonken eescht?

Jean-Claude Juncker: Dat wat déi Jonk, ee groussen Deel vun de Jonken zum Ausdrock bruecht hunn - jo net alleguer - ass eppes wat een eescht ze huelen huet, och wann een eenzel Ängscht, déi sech do artikuléiert hunn, fir iwwerzunn ëmpfënd. Mä wa jonk Leit, kucken se an d’Zukunft, déi Zukunft net kloer gesinn, dann ass dat dann ee politescht Thema, wa sech doraus eng Ängschtlechkeet virum Liewe selwer ergëtt. An dat hunn ech an eenzelne Wuertmeldunge vun deene jonke Leit déi manifestéiert hunn, däitlech eraushéieren. Ech loosse bei deene Manifestatiounen alles ewech wat näischt domat ze dinn hat, datt do d’Flice mat Tomaten a mat Eeër beworf ginn, ass jo eng Randerscheinung gewiescht, dat hat jo mat deem eigentleche Mouvement näischt ze dinn. Déi, déi an deem Mouvement waren a politesch, parteipolitesch interesséiert sinn, dat loossen ech och op der Säit.

Marc Linster: D’Gewerkschaftspolitiker.

Jean-Claude Juncker: Jo, datt och gewerkschaftspolitesch Interesse spillen, dat ass jo bei enger Sozialbeweegung, tëscht Gänseféisercher, jo schonn éischter normal. Ech konzentréiere mech op dat wat jonk Leit gesot hunn, och wat se dem Här Biltgen bei sengem Tour duerch d’Lycéeë gesot hunn a wat mer eben da vum Minister oft rapportéiert ginn ass. An do komme vill Ängschten zesummen. Ech hunn och jo vill Gespréicher mat Jonken, entgéint deem wat heiansdo gemengt gëtt. Ech gesinn do muneches wat mer gefällt, well ech eng gewësse Generositéit an ee gewëssen Interesse fir anerer do erëm nei wuesse gesinn, ech gesinn awer och ganz vill Oflehnung vun aneren an de Gespréicher vu ville jonke Leit, eng gewësse Roserei iwwert Net-Lëtzebuerger déi zu Lëtzebuerg schaffen. Do kënnt also villes beieneen a well esou villes beienee kënnt, an esou villes beienee kënnt wat eigentlech net beienee passt, huelen ech dat besonnesch eescht. Ech huelen déi jonk Leit eescht, mä ech ginn en net ëmmer Recht. Déi jonk Leit däerfen net d’Gefill kréien, datt déi déi sech virun d’Press setzen oder an d’Chamber stellen a soen, déi jonk Leit hu Recht op alle Punkten, datt dat hir beschte Frënn sinn. Esou geet et net am Liewen.

Marc Linster: „Juncker schikanéiert Jonker“ war op engem Panneau ze liesen.

Jean-Claude Juncker: Zum Beispill, jo.

Marc Linster: Huet dat Iech getraff, Här Staatsminister?

Jean-Claude Juncker: Nee, well ech hunn dat jo net gegleewt. Ech weess jo, datt dat net wouer ass. Iwwert Kritik, Dir déi Dir jo allenzwee mengt ech géif keng verdroen, ginn ech nëmme rose wa se net stëmmt.

Tom Graas: Wou kënnt Dir esou eppes soen?

Jean-Claude Juncker: Ech weess iwwerhaapt net wéi Dir dorop kommt. Wann ee mech kritiséiert an ech soe mer, zut, deen do hat Recht, da soen ech net direkt en hat Recht, mä Dir wësst och, dann dauert et zwou dräi Wochen an da dréinen ech bäi. Wann ee mech awer einfach esou beleidegt oder wann een eppes behaapt wat einfach net wouer ass, esou kritt ee mech net, dat geet laanscht mech, dat huet jo näischt mat mir ze dinn. Do steet Juncker, mä ech sinn et jo net.

Tom Graas: Gutt, also mir wëllen elo net soen, Dir wiert net fäheg fir Mea culpa-en heiansdo ze maachen, deen hutt Dir zum Beispill schonn zweemol a punkto Logement gemaach. An engem rezenten Interview am Kéisécker, der Zäitschrëft vum Mouvement écologique, kritiséiert den LSAP-President Alex Bodry, a mir zitéieren: „Et kann net sinn, datt Moossname viru 6 Méint an aller Feierlechkeet vum Premier ugekënnegt goufen a wou bis haut nach näischt wierklech geschitt ass.“ Wéi ass dat méiglech? Klemmt et do iergendwou?

Jean-Claude Juncker: Et klemmt guer net. Et geet alles schéin der Rei no. Mir hunn dat ugekënnegt, ee méi breede Programm a Saache Logement, mir hu gesot dee géif Enn des Joers virgeluecht ginn. Do gëtt et nach eng Schwieregkeet ze behiewen an déi läit éischter beim Finanzminister wéi beim Logementsminister, nämlech wéi mer a Saache Grondsteier ee gudden Ënnerscheed gemaach kréien tëscht Terrainen, déi bebaubar Terraine sinn, an Terrainen, déi do leien, mä déi awer net zu Bauzwecker kënnen zur Verfügung gestalt ginn. Dat ass e bëssen eng schwiereg Fro, d’Steierverwaltung mat de Gemengen - ech loossen déi Technicalities do op der Säit. Dee Projet dee kënnt am Mount Januar.

Marc Linster: Zum Beispill a punkto Virverkafsrecht vun de Gemenge fir Terrainen ze kréien mengt den Alex Bodry, d’CSV kréich do kal Féiss well d’Propriétairen éischter zu hirer Walclientèle gehéieren. Wat sot Dir zu deem Virworf?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt den Här Bodry d’Clientèle - ech hunn dat Wuert iwwregens net gär, mir gi vu Bierger gewielt, net vu Clienten, well mir zervéiere jo kengem eppes - datt en d’Wielerschaft vun der CSV schlecht kennt, wat ech kënnt verstoen, mä manifestement kennt en déi vu senger Partei och schlecht.

Tom Graas: Gutt, 2006 war keen einfacht Joer fir eis Monarchie. Stéchwierder wéi de Gréngewald, d’Bijoue vun der Grande-Duchesse Joséphine Charlotte oder viru kuerzem lo de Sträit mam Hofmarschall hu fir vill Kritiken grad an och am Vollek gesuergt. Ass dat just den Ausdrock vun engem Kommunikatiounsproblem beim Haff oder besteet wierklech e Malaise ronderëm eis Dynastie?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt een déiwe Malaise ronderëm eis Dynastie besteet an ech hu mech zu där Fro och mat allen Nuancen, déi dat mat sech bréngt, geäussert. De Grand-Duc mécht seng Aufgaben als Staatschef mustergülteg gutt. Dofir ass en do, dat ass seng Haaptfunktioun an an de Privataffäre vum Haff si Saache gemaach gi vun deenen de Grand-Duc gemierkt huet, datt d’Leit déi net verstanen hunn an och net verdroen hunn an dunn huet en déi réckgängeg gemaach. En huet also, wann ech dat kann esou soen, a senge Privataffären am zweeten Ulaf wéi ee Staatschef regéiert.

Tom Graas: Hätten déi dote Saache musse privat bleiwen, Ärer Meenung no, oder ass et normal, datt de Public och doriwwer diskutéiert?

Jean-Claude Juncker: Doriwwer stellen ech mer ganz vill Froen. Mä wann Privatugeleegenheete vum Staatschef an d’Ëffentlechkeet kommen an an der Ëffentlechkeet behandelt ginn wéi Saachen déi am ëffentleche Raum stinn, da si se eben ëffentlech. Da muss een dofir suergen, datt se net an de Publikum kommen, mä wa se bis [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Ass de Grand-Duc da schlecht beroden, kommunikatiounstechnesch ?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt de Grand-Duc schlecht berode wier. Ech si souwisou der Meenung, verstitt Dir, wann et ëm d’Kommunikatioun geet, dann ass een net ze beroden, an deem Sënn, datt ee selwer muss spiere wat geet a wat geet net. An de Grand-Duc huet awer, dat muss jo awer jiddwereen zouginn, wann e gespuert huet, dat do geet net bei de Leit, dann huet en déi Saachen esou an d’Rei bruecht, datt se erëm bei de Leit gaange sinn, esou datt ech dat alles och net gären hat. Dat huet mech och belaascht am leschte Joer. Mä ech kann awer net erkennen, datt sech elo eng grouss Dissonanz tëscht dem Grand-Duc an dem Vollek agestalt hätt. De Grand-Duc huet de Risiko geholl méi op d’Leit zouzegoen. Domat muss heen eens ginn, e gëtt dat. Domat mussen d’Leit och eens ginn.

Marc Linster: Et gëtt een och jugéiert wéi d’Leit, wann een op d’Leit zougeet.

Jean-Claude Juncker: Weem sot Dir et.

Marc Linster: 2007 steet heiheem awer och an der Groussregioun ganz am Zeeche vun der Kultur. Freet Dir Iech op dat Evénement? Gitt Dir Iech déi eng oder déi aner Manifestatioun ukucken?

Jean-Claude Juncker: Ech freeë mech op dat Evénement well d’Atmosphär eng aner ass während deem Joer 2007. Eng Stad, ee Land, d’Groussregioun an eisem Fall, wou e Kulturjoer stattfënnt, otemt eng besonnesch Stëmmung. Et ass ee besonneschen Ambiente do. Et muss ee mol guer net op grouss Eventen, wéi dat jo well heescht, vum Kulturjoer goen, fir ze mierken, datt mer am Kulturjoer sinn. Ech kucke mer eenzelnes do un, esouwäit wéi d’Zäit dat zouléisst, mä ech freeë mech un der Stëmmung. Déi ass gutt an déi deet eis och gutt an et ass och gutt fir eis an eiser Generatioun, datt mer heiansdo Saache maachen, déi eppes anescht si wéi Banken op Lëtzebuerg ze bréngen a wéi bëllege Bensinn op den Tankstellen ze verkafen, mä mol Saache maachen déi eis un eis selwer schaffen dinn op eng méi laang Zäit an eis vläit op méi wichteg Saachen hiweisen wéi op déi mat deene mer eis normalerweis beschäftegen an dann och deementspriechend d’Käpp aschloen.

Tom Graas: D’Käpp goufe sech ageschloen hei zu Lëtzebuerg, tëschent Gänseféisercher, ronderëm ee Gesetz, nämlech dat datt een net méi dierft an engem Restaurant fëmmen oder op aneren ëffentleche Plazen net méi dierf gefëmmt ginn. Wat sot Dir zu deem Gesetz? Huet et Iech dozou bruecht eventuell selwer verschidde Gewunnechten ze änneren?

Jean-Claude Juncker: Also ech fannen dat Gesetz, vun deem d’Leit jo ëmmer gemengt hunn a leschter Konsequenz géif ech et nach verhënneren, wéi ech u menge Bréiwer gemierkt hunn, déi gesot hunn, mir hu verstanen Dir maacht einfach esou, well herno dann [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Dat heescht Dir waart d’Hoffnung vun alle Fëmmerten.

Jean-Claude Juncker: Jo, jo, jo, beim Heinz Van Landwyck hatte se scho Steng bestalt fir een Denkmal, mä et ass awer net zum Bau komm. Datt een a Restauranten net fëmmt halen ech fir eng eigentlech Selbstverständlechkeet, un déi ech mech awer fréier ganz dacks net gehalen hunn. Ech hu gefëmmt och wann aner Leit giess hunn. Wann ech mer dat esou iwwerleeën haut, jo, da froen ech mech wéi kann een eigentlech esou onhéiflech sinn an och esou onmanéierlech an esou rücksichtslos sinn. Datt elo an de Restauranten net méi gefëmmt gëtt ass gutt an an 10 Joer wonnere mer eis iwwerhaapt driwwer, datt mer sou laang an de Restaurante gefëmmt hunn. Ech mengen, mir wuessen a wiessele jo mat deene Gesetzer mat, an et fëmmt een einfach manner. Dat ass d’Resultat dovun, esouguer wann ech hei aus dem Büro ginn an ech maache mer eng Zigarett virun der Dier un an et komme Leit, besonnesch Kanner, da kënnt ee sech scho vir wéi wann een elo do eppes géif maache wat sech net géif passen. Also ech fëmmen awer nach.

Tom Graas: Eng allerlescht kuerz Fro Här Staatsminister, d’nächst Joer wa mer dat Gespréich hei maachen, hänkt dann de Fändel mam roude Léiw hannert Iech ? Iwwert dee Projet de Loi gouf jo och ganz vill diskutéiert.

Jean-Claude Juncker: Ech weess net wéi séier, datt do eng Décisioun geholl gëtt an [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Hutt Dir schonn den Avis vun der Héraldique-Kommissioun?

Jean-Claude Juncker: Nee, den Avis vun der Héraldique-Kommissioun, vun der Wopekommissioun, hunn ech nach net. An ech setze mech ëmmer virun dee Fändel deen d’Lëtzebuerger hanneru mech stellen. Et ass jo net nëmme mäin, et ass jo dee vum Land an da solle mer an aller Rou kucke wat dat bescht ass, ouni eis allerdéngs iwwert déi Fro z’ënnerhalen, wéi wann et eng Iwwerliewensfro och vun dem gesonden nationalen a vun deem erträglechen Deel vum offensive Patriotismus wier. Ee Fändel ass eppes fir eis, woura mer eis erëmerkennen. Et ass näischt wat sech géint anerer dréit. Ech si mat kengem Fändel frou, deen een nëmmen hëlt wann et géint anerer geet. Ech hu just déi Fändele gär, déi een hëlt, well ee wëllt weisen, hei mir stinn zesummen. Insofern ass et bal egal wat fir ee Fändel datt mer hunn, d’Haaptsaach et ass een an deem mer eis erkennen. Ee Fändel fir eis, kee Fändel géint déi aner.

Tom Graas: Voilà, Här Staatsminister, domadder wiere mer um Enn vun dësem Gespréich. Merci, datt Dir Iech Zäit fir eis geholl hutt. Mir wënschen Iech op alle Fall fir d’Joer 2007 vill Gléck an natierlech och ganz vill Geschéck.

Jean-Claude Juncker: Ech wënschen Iech och vill Gléck an och mir vill Geschéck, well Ärt klengt Gléck hänkt vun deem Geschéck of, obschonn de Staatsminister an d’Regierung net fir d’Gléck vun de Mënschen zoustänneg sinn, mä dofir datt d’Saache beienee bleiwen déi beienee gehéieren.

Ech géif och gären dem Grand-Duc an der Grande-Duchesse an hire Kanner an dem Grand-Duc Jean all Guddes fir d’Joer 2007 wënschen an Iech alleguer, jo, Hoffnung do wou der d’Flemm hutt a Begeeschterung do wou Dir mengt, et hätt alles kee Wert méi. Et huet ëmmer nach ee Wert, datt mer zu Lëtzebuerg bleiwe wat mer sinn.

Ee schéint neit Joer.

Dernière mise à jour