Interview de fin d'année du Premier ministre

Dave Gloesener: Dat neit Antitubakgesetz huet hei am Land fir vill Diskussioune gesuergt. Mir hunn de Premier Jean-Claude Juncker gefrot, wéi heen dann den Alldag mat dem neie Gesetz gesäit, fir d’Fëmmerte selwer awer och fir déi Leit deenen hiren Etablissement dat Gesetz mussen ëmsetzen.

Jean-Claude Juncker: Majo ech mengen, datt déi Froen déi sech nach stellen, déi fannen, wann dat e puer Méint am gaangen ass, eng endgülteg Klärung. Da weess jiddweree wou en drun ass a richteg ass, datt déi Leit déi fëmme Sträit mat de Leit kréien, wa se op der falscher Plaz fëmmen. Op falsche Plazen däerfen se jo och net fëmmen. Insofern ass et richteg wa se Sträit mat de Leit kréien. A wann een net sécher ass ob een däerf oder ob een net däerf fëmmen an deene Grauzonen do vum Gesetz, kann een déi aner Leit jo froen ob ee fëmmen däerf. Also ech packe mech do.

Dave Gloesener: Muss d’Gesetz elo nach verschäerft ginn?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, dat ass ze fréi fir dat ze soen, mä ech gesinn a priori net, firwat datt dat Gesetz soll verschäerft ginn. Wann ech kucke wéi eis Nopeschlänner sech schwéier dinn iwwerhaapt esou ee Gesetz op de Wee ze kréien - Beispill Däitschland oder Beispill Frankräich - déi mol guer kee Gesetz gemaach hunn, déi dat einfach iwwert een Dekret vun der Regierung an d’Welt erofgelooss hunn, da mengen ech, datt dat wat mer heiheem gemaach hunn, einegermoossen d’Strooss hält.

Dave Gloesener: Een anert Thema wou wierkech nëmmen déi Jonk dovunner betraff sinn, ass dat neit Gesetz wat de Verkaf vun Alkohol u Jonker ënner 16 Joer verbitt. Ass dat net wéi bei den Drogen, datt dat Verbuet elo nach méi ee grousse Reiz duerstellt?

Jean-Claude Juncker: Dat ka sinn, datt dat sech esou auswierkt an de Käpp vu ville Jonken. Anerersäits, wann een dat net mécht, dann dréit een zur Verharmlosung vum Alkohol bäi. Ech fannen et awer fir wichteg, datt de Staat, do wou en normativ kann zougräifen, dat heescht do wou e ka Regele fixéieren, muss op d’Gefore vum Alkohol opmierksam maachen. An Tatsaach ass, an dat kann een net klengrieden, datt ëmmer méi Jonker ëmmer méi Alkohol consomméieren, drénken, saufen, fir Lëtzebuergesch ze schwätzen.

Dave Gloesener: Firwat drénken déi Jonk dann haut méi wéi fréier?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt vill Eefällegkeet dobäi ass, vill Angeberei dobäi ass, vill déckt Optriede wëllen dobäi ass, datt der vill déi drénken, wa se ganz jonk sinn oder och wa se méi al sinn, doduerch ech weess net ween wëllen impressionéieren. Eigentlech impressionéiere se just sech selwer, mä si mierken näischt dovun, well si kréie jo net méi mat wat ronderëm se geschitt an da kënnt ouni all Zweifel och dobäi een sech net richteg am Liewen Erëmfannen heiansdo, wat awer all Mënsch dee jonk ass an och bei deenen déi méi al si kënnt dat periodesch vir, ëmmer erëm erlieft.

Dave Gloesener: An de leschte Méint a Wochen hate mer des öftere bei eis an den Noriichten, datt an enger Schoul ee Jugendlechen Amok gelaf ass an dobäi natierlech och Mënschen ëmbruecht oder blesséiert huet. Hei am Land hate mer nach keng esou eng Situatioun, mä och bei eis ass d’Diskussioun opkomm ob déi sougenannt gewaltverherrlechend Computerspiller elo solle verbuede ginn. Ass esou ee Verbuet och bei eis hei am Land geplangt?

Jean-Claude Juncker: Esou eppes ass bei eis net geplangt. Ech mengen och net, datt esou eppes de Problem géif definitiv léisen an ech weess och net, ob et ëmmer richteg ass ze mengen de Staat, dee kënnt duerch verbidden oder duerch virschreiwen, Problemer un hirem Entstoe léisen. Et gëtt och nach esou eppes wéi déi Plaz déi een doheem nennt. Do muss och eppes geschéien. Deen dee mat Erzéiungsaufgabe betraut ass huet och e bëssen ze kucke woumat, datt d’Leit sech beschäftegen.

Dave Gloesener: An der Grenzregioun maachen d’Geschäfter jo elo owes méi laang op. Zu Tréier kann een zum Beispill Donneschdes bis 10 Auer owes akafen. Wéi reagéiert Lëtzebuerg elo op dat neit Gesetz do am Ausland?

Jean-Claude Juncker: Mir kucken eis u wat ronderëm eis geschitt an dann zéie mer doraus Conclusiounen. D’Regierung huet doriwwer keng festgeluecht Meenung. Ech hunn eng, an dat ass, datt ee ganz zréckhalend an deene Fäll do muss virgoen. Well Geschäfter sinn eng Plaz wou Leit higi fir ze kafen, mä dat ass och eng Plaz wou Leit schaffen. An da muss ee kucken, wat sinn d’Interesse vun de Konsumenten, vun de Clienten a wat sinn d’Interesse vun de Leit déi den Interesse vun de Client dingen, dat heescht vun de Leit déi do schaffen. Et gëtt och net nëmmen de Pleséier vun der Majoritéit, et gëtt och d’Rechter vun der Minoritéit. An dofir hätt ech gären, datt een déi Saachen ëmmer zesummekuckt, d’Interesse vun de Clienten an d’Liewensëmstänn vun deene Leit, déi an de Geschäfter schaffen. An eigentlech, vu datt dat eng Minoritéit ass, déi déi an de Geschäfter schaffen, sinn ech éischter op där hirer Säit.

Dave Gloesener: Géift Dir perséinlech dovunner profitéiere wann owes méi laang op wier oder maacht Dir dat elo schonn an der Grenzregioun?

Jean-Claude Juncker: Ma ech denken net dru fir dat ze maachen. Ech ginn akafen, also wann ech akafe ginn, Samschdes. Et fënnt jiddweree Samschdes zwou Stonnen Zäit wou en akafe kann. Also et soll kee mer zielen en hätt Samschdes esouvill ze dinn, véiermol am Mount, datt e misst an der Woch owes um halwer zing akafe goen, well e soss Sonndes näischt z’iessen hätt. Et soll ee mer keng Geschichten erzielen.

Dave Gloesener: Ee vun den Haapttheme bei deene Jonke war jo zejoert de Gesetzesprojet 5611. Verstitt Dir déi ganz Opreegung vun deene Jonken iwwert dëse Gesetzestext?

Jean-Claude Juncker: Ech versti se net ganz, well ech gesinn hunn, och am Gespréich mat ville Jonken, datt Virstellungen iwwert de Gesetzesprojet 5611 do zirkuléiert sinn, déi mat deem wat do geplangt ass, näischt gemeinsam haten. Insofern, ech hätt déi Jonk gutt verstane wann an deem Gesetz Saache gestanen hätte vun deene se gemengt hu se géifen drastoen, se stinn awer net dran.

Dave Gloesener: Wéi gesidd Dir dann elo den Oflaf vun der Demonstratioun a vum Schülerstreik?

Jean-Claude Juncker: Dat huet sech am Regelfall a geuerdnete Bunne vollzunn, esou datt ech fonnt hunn, datt dat eng propper demokratesch Aart a Weis war fir ee Gefill zum Ausdrock ze brénge wat een hat. Datt dann eenzel Haulien do mat Eeër a mat Tomaten op Flice schéissen, fannen ech net gutt. Ech fannen dat blöd. Dat ass jo och keng Aart a Weis fir ze argumentéieren. Stellt Iech mol vir, d’Flicen hätten zréckgeschloen.

Dave Gloesener: Also et heescht jo ëmmer, Frae solle gläich behandelt gi wéi d’Männer, och an der Politik deet sech an deem Volet eppes. Mir gesinn an Däitschland, wou elo eng Fra, d’Angela Merkel, Kanzlerin ginn ass. Mengt Dir datt dat een Trend ass, dee wäert weidergefouert ginn, eventuell a Frankräich mam Ségolène Royal oder eben an den USA mam Hillary Clinton?

Jean-Claude Juncker: Onofhängeg dovun, datt ech mech net direkt dofir entschëllegen, datt ech keng Fra sinn, mengen ech, datt dat keen Trend ass, mä eng Normalitéit, eng Selbstverständlechkeet, eppes wat laang gebraucht huet fir normal ze ginn an et ass jo nach an den A vu ville Leit net normal, soss géift Dir mir déi Fro jo net stellen. Mir ass et eigentlech egal, ob ee Premier oder ee Kanzler Fra oder Mann ass. Et soll ee sinn, deen dat kann a wann et dann eng Fra ass, tant mieux.

Dave Gloesener: Wéi ass et da fir Iech perséinlech, Här Jean-Claude Juncker, spillt et fir Iech eng Roll ob Dir politesch gesi mat enger Fra oder mat engem Mann ze dinn hutt?

Jean-Claude Juncker: Wësst Dir, an der Politik ass Charme u sech keng Kategorie mat där ee vun der Plaz kënnt Et gëtt jo och vill Männer déi vill Charme hunn. Ech sinn zwar do eng Ausnam, well ech es net vill hunn, mä et gëtt der awer déi es hunn. Ech schaffen an der Politik, wéi iwwerhaapt gären, mat Fraen zesummen an ech sinn eigentlech ëmmer beméit, a mengen Equipë mat deenen ech schaffen, gläichgewiichteg Fraen a Männer vertrueden ze hunn.

Dave Gloesener: An zanter kuerzem gëtt et jo hei zu Lëtzebuerg eng nei Boulevardszeitung. Wéi gitt Dir als Politiker mat dem "Lëtzebuerg Privat" ëm?

Jean-Claude Juncker: Iwwerhaapt net, ech weess datt et se gëtt an ech halen dat net fir gutt an engem klenge Land, datt een d’Privatliewe vu Leit déi am ëffentleche Liewe stinn oder vun aneren, esou op d’ëffentlech Plaz geheit. Dat schaaft eng Atmosphär déi net gutt ass. Ausserdeem huet schonn een Artikel dozou gefouert, datt meng Sécherheetslag sech terribel dramatesch verännert huet. Insofern fannen ech dat net gutt, ënnerhuelen awer näischt dogéint, well ech dat och net gutt fannen. Mä datt d’Leit sech esou dodrop stierzen, seet vill aus iwwert deen deen déi Zeitung mécht a munches aus iwwert déi Leit déi sech drop stierzen.

Dave Gloesener: Här Premier, Här Jean-Claude Juncker, Eldoradio seet Iech merci fir den Interview a bis d’nächst Joer.

Dernière mise à jour