Le ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, Jean Asselborn, au sujet du traité constitutionnel

Tom Graas: Gudden Owend bei Impuls. Wat geschitt mat der EU-Verfassung a wat ass d’Roll vun der europäescher Aussepolitik an den internationale Krisen?

Monique Kater: Dat diskutéiere mer mam Ausseminister Jean Asselborn. Gudden Owend.

Jean Asselborn: Gudden Owend.

Monique Kater: Beim leschten Dezember-Sommet vun den europäesche Staats- a Regierungschefen, hu Lëtzebuerg a Spuenien eng gemeinsam Initiative lancéiert fir Mëttel a Weeër ze fannen, fir Europa aus der Verfassungskris erauszekréien. Et wier un der Zäit, datt all déi Länner déi scho jo gesot hunn zum Traité, zesummekomme fir tacheles ze schwätzen. Rendez-vous ass den nächste Freideg zu Madrid, an de Frank Goetz weess méi.

Reportage: [...]

Monique Kater: Jean Asselborn, wat geschitt dann elo konkret zu Madrid? Ass do de Verhandlungsoptakt fir en neien Text oder kritt deen Text just een neien Deckel?

Jean Asselborn: Nee, ech menge wat Äre Kolleg gesot huet, et ass datt d’Reflexiounsphase elo eriwwer ass. Als Journalisten, als Politiker, als Bierger wësse mer, datt immens geschwat ginn ass vum "Nee" vun deenen zwee Länner, Frankräich an Holland, mä ganz wéineg eigentlech vun zwee Drëttel vun de Länner, déi - vun deene 27 sinn et der 18 - déi "Jo" gesot hunn. Mir wëllen also zu Madrid éischtens mol deene Länner déi ratifizéiert hunn, eng nei Motivatioun ginn a mir wëllen och deene Länner déi nee gesot hunn, weisen, datt et och kann anescht goen a mir wëllen déi déi nach net ratifizéiert hunn, wëlle mer usporne fir dat ze maachen.

Tom Graas: Gutt, nach eng Kéier, Frankräich an Holland hunn "Nee" gesot, d’Englänner sinn absolut net begeeschtert vun der Verfassung, wëllen iwwerhaapt och souwisou bei sech selwer kee Referendum, och Polen akzeptéiert den aktuellen Text net. An deem dote Fall, Här Asselborn, geet Kosmetik jo awer net duer, do muss massiv ëmgeschriwwe ginn, fir datt alleguerten déi doten Zweifler mat an d’Boot klammen.

Jean Asselborn: Also England, vun un datt se an der Europäescher Unioun sinn, waren ëmmer äusserst zréckhalend an Initiativë fir d’Integratioun virunzebréngen. Dat kenne mer. A Polen ass de Moment eng Regierung, mä do kann et erëm iwwermar eng ganz aner sinn. Mir hunn dat gesi wéi d’Initiative tëscht de Spuenier an de Polen beemol gerëtscht ass, nodeem de Konvent eriwwer war. Ech hoffe wierklech, datt mer et fäerdeg bréngen an der Europäescher Unioun de Leit an och de Politiker ze weisen, datt mer musse virukommen an de Strukturen an an der Integratioun vun de Politike an Europa.

Tom Graas: Mä nach eng Kéier, muss den Text ëmgeschriwwe ginn, Här Asselborn?

Jean Asselborn: Also mir sinn an enger Phase wou, mengen ech, wann ee manner seet, et besser ass. Ech hale mech und dat wat d’däitsch Presidentschaft gesot huet, datt mer wëllen d’Substanz vun deem wat mer hei zu Lëtzebuerg jo duerch Referendum guttgeheescht hunn, wat a Spuenien duerch Referendum guttgeheescht ginn ass a wat an anere 16 Länner guttgeheescht ginn ass an de Parlamenter, do wëlle mir an dëser Phase un der Substanz iwwerhaapt näischt änneren. Dat ass evident.

Monique Kater: Jo, mä wann awer esouguer de Jean-Claude Juncker seet, mir schwätzen net méi gäre vun engem Verfassungstexttraité, mä vun engem fundamentalen Text oder Traité, do stëcht jo awer da schonn eppes hannendrun?

Jean Asselborn: Mä Dir hutt elo gesot, wann esouguer de Jean-Claude Juncker dat seet, et ass kloer, datt mer [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: Dat heescht, hee gëtt jo awer no, hee seet do muss eppes klenges geännert ginn.

Jean Asselborn: Jo, mä et ass kloer, dat hu mer schonn am Mee dëst Joer gesot wéi mer als Ausseministeren zesumme waren bei Wien, hu mer gesot, wann et dorunner hänkt, datt mer wierklech de Länner ee Problem stelle wann een dat weiderhi Constitutioun nennt, kann een et Basistraité nennen, fundamentalen Traité, nennt et [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Also geet et duer wann den Deckel geännert gëtt an d’Iwwerschrëft?

Jean Asselborn: Nee, nee dat geet net duer. Dat geet doudsécher net duer fir déi Leit déi "Nee" gestëmmt hunn, wann ech elo einfach dann d’Constitutioun oder den Traité constitutionnel ersetzt duerch Traité fondamental, mengen ech net. Mä et ass awer ee Wee fir eng Approche ze hunn, wou een erëm ka bei déi 7, déi nach net ratifizéiert hunn a bei déi, déi "Nee" gesot hunn, kommen. Et ass ee Wee do dozou, ee Schrëtt deen een do ka maachen, mä gleeft mer, mir kënnen eis dréinen a kéiere wéi mer wëllen. Mir sollen elo an dëser Phase manner spekuléieren, mä der däitscher Presidentschaft hëllefen, datt déi Roadmap déi soll opgestalt ginn am Juni dëst Joer, fir ze kucke wéi komme mer elo bis 2009, wéi kënne mer et fäerdeg brénge bis 2009 een Traité ze hunn, een Text ze hunn, wéi kënne mer dat fäerdeg bréngen.

Tom Graas: Gutt, een Zitat aus Ärem oppene Bréif zesumme mam Här Moratinos: "d’Politik ass d’Konscht vum gesonde Bestriewen, mar dat ze probéiere wat haut net gelongen ass". Heescht dat an anere Wierder, mir probéieren elo esoulaang mat Referende bis datt déi zwee Neesoerten da "Jo" gesot hunn?

Jean Asselborn: Also Europa ass eng immens sérieux Saach. Europa ass nom Krich entstanen, mir kennen d’Grënn. Ech wëll net méi doropper zréckkommen. Ech soen Iech, et ass awer nach een immense Grond dee mer mussen ëmmer virun An halen: och ausserhalb vun Europa gëtt op déi politesch Entitiéit "Union européenne" gesat. Mir wëlle jo net eng Welt hunn am 21. Jorhonnert, wou westlech vun eis commandéiert gëtt a wou östlech vun eis décidéiert gëtt, wou vläit südlech vun eis rumouert gëtt. Mir wëlle matspillen. A wa mer wëlle matspillen, déi 500 Millioune Leit déi d’Europäesch Unioun begräift, da muss de politesche Wëllen, dee muss kommen an dee muss gestäerkt ginn nach. An dat ass jo de Grond vun eiser Initiative, fir datt mer eis kënne Strukture ginn an och eng Integratioun vun eise Politiker ginn, datt mer am 21. Jorhonnert am Intérêt vun deene Generatiounen, déi no eis kommen, déi politesch Entitéit Europa, datt mer déi op Vordermann kënne bréngen. Et geet net fir ze probéiere wéi dacks datt ee kënnt aus engem Nee ee Jo maachen. Europa ass ëmmer nëmme schrëttweis virugaangen an de Motto vun Europa ass de Konsens an dee musse mer elo hei sichen.

Monique Kater: Komm mir kucke mol drop - Dir sot, ech wëll net weider elo spékuléieren, dat ass net gutt, well mir spekuléieren trotzdem - d’Ségolène Royal war hei zu Lëtzebuerg. Dir hutt Iech mat hir ënnerhalen, si huet och gesot, si wéilt elo een neie Referendum organiséieren, si huet sech dofir ausgesprach. Mengt Dir da wierklech, déi géif dat riskéiere mat deem nämlechten Text nach eng Kéier "Nee" gesot ze kréien?

Jean Asselborn: Also lauschtert, éischtens mol sinn ech frou, datt a Frankräich souwuel den Här Sarkozy wéi och d’Mamdame Ségolène Royal vum Traité schwätzen, Traité simplifié oder een neien Traité. Ech mengen, datt op Säit vun der Madame Ségolène nach e wéineg muss geschafft ginn, e wéineg Finitioun gemaach gi wat d’Datumen ugeet, mä de Wëllen ass do fir erëm zréckzekommen. An Holland war dat jo net esou evident. Ech hoffen, datt elo an Holland bei de Koalitiounsgespréicher och erëm eng Kéier vun der Verfassung geschwat gëtt. Dofir géif ech mengen, loosst déi däitsch Presidentschaft elo schaffen. Mir alleguerten an der Europäescher Unioun wëssen, datt et terribel schwéier ass. De Vertrag war ni doud, dee mer elo hunn. Déi, déi dat gesot hunn, dat gesitt Dir jo awer elo, datt déi Onrecht hunn an ech mengen elo geet et drëm, wann de Wëllen do ass, de politesche Wëllen do ass, da brénge mer et och fäerdeg fir erëm eng Kéier och a Frankräich, och a Länner déi Dir gesot hutt, wéi a Polen de Moment oder an England - iwwregens a Polen, d’Populatioun, wann ee Sondagë kuckt, déi sinn en faveur vum Traité a wann d’Polen emol eng Kéier gesi wat se alles vun der Europäescher Unioun kréien, och nom Accord bei de Perspectives financières, ech mengen da komme mer op eng aner Schinn erëm. Mä mir kënnen net, mengen ech, elo mat enger Regierung déi elo do do ass, déi eng gewësse Philosophie huet déi ech guer net deelen, mat där kann een net Beschlëss zéie fir bis 2009, datt mer do carrément hänke bleiwen. Dat gleewen ech net.

Tom Graas: Dir hutt et elo just gesot, Här Asselborn, an et steet wéi gesot och an Ärem Bréif, aussepolitesch brauche mer eng Unioun déi décidéiert optrëtt, awer ouni Arroganz. Europa ka sech de Luxus also net leeschte fir international net matzeschwätzen, ëmsouméi well vill Krise scho jorelaang daueren an och 2007 net onbedingt eng Léisung fannen.

Reportage: [...]

Tom Graas: D’Weltënnergangsauer gewëssermoossen, déi mer elo zum Schluss gesinn hunn, steet also op 5 vir 12, Här Asselborn, d’Welt ass also zanter dem Enn vum kale Krich net onbedingt méi sécher ginn?

Jean Asselborn: Nee, d’Welt ass nervös an deen nevralgesche Punkt vun där Nervositéit ass ouni Zweifel am Moyen-Orient.

Monique Kater: Wa mer dann elo kucken, et ass wéi am Fong nach ni esou grouss Organisatiounen déi zesummenhalen, déi zesummen diskutéieren, d’UNO zum Beispill, an trotzdem sinn deem riesegen Apparat d’Hänn gebonnen, et geschitt näischt. Deemols am Ruanda konnte se näischt maachen, elo hu mer gesinn, Darfur geet och näischt. Wat leeft dann do iwwerhaapt? Firwat ass deen Apparat do? Op där anerer Säit d’Amerikaner - et geet souwisou esou wéi si soen?

Jean Asselborn: Also Dir hutt vläit elo e wéineg simplifiéiert, mä dat hutt Dir och Recht fir dat ze maachen. Fir op déi Fro do ze äntweren, muss een einfach soen, datt d’Europäesch Unioun alles muss maachen, fir datt d’UNO gestäerkt gëtt, datt d’internationalt Recht gestäerkt gëtt. Wann Dir Amerika sot, Dir wäert gesinn, och mëttelfristeg a laangfristeg ass Amerika interesséiert un enger UNO déi foncitonnéiert. Amerika alleng kann net d’Problemer vun der Welt léisen, och net mat hirer Manéier se léisen. Et muss also am Konsens, am internationale Konsens - an dat ass d’UNO - geschéien.

Am Darfur, mengen ech, hutt Dir elo awer an Ärer Iwwerleeung trotzdem e wéineg zevill an déi falsch Richtung geschoss, well kuckt mol, d’UNO huet jo awer wierklech alles ugebueden, der Union africaine, fir zesummen eng Trupp op d’Been ze stellen. Et ass eben drëm gaange fir dee Bashir, dat ass de President vum Sudan, z’iwwerzeegen, datt déi Trupp och kann dohinnerkommen an déi ass elo praktesch ass et fäerdeg datt se do ass. Mir hëllefen immens vill als Europäesch Unioun, och mat Finanzmëttelen. D’UNO huet jo keng Mëttelen, huet keng Zaldoten. D’UNO kann nëmmen déi Zaldoten huelen, déi hir Memberen hir zur Verfügung stellen an hei ass et jo d’Afrikanesch Unioun déi muss un der Spëtzt stoen - "white face" an Afrika, Dir wësst wat do de Reflex direkt ass. Mä ech sinn also net esou pessimistesch wéi Dir gesot hutt iwwert d’UNO.

Tom Graas: Dir hutt virdru gesot, de Sprengstoff, d’Dynamitfaass vun der ganzer Welt steet am Fong geholl am Noen Osten. Bon, komm mir diskutéieren e bëssen iwwert déi dote Situatioun. Wat haalt Dir dann elo vun där Décisioun vum President Bush fir elo weider Zaldoten an den Irak ze schécken?

Jean Asselborn: Jo, dat ass jo just een Deel vun där Déclaratioun déi e gemaach huet, mä déi geet, menger Meenung no, wann ech dat offen däerf soen, an déi falsch Richtung. Et huet een nach ni gesinn, zanter datt den Irakkrich am gaangen ass, iwwregens gesäit ee wéi einfach et ass esou ee Krich unzefänken a wéi schwéier datt et ass dee Krich ze stoppen, geschweigs dann ze wannen [gëtt ënnerbrach]

Monique Kater: War dat ee Feeler? War dat ee Feeler?

Jean Asselborn: Selbstverständlech war et ee Feeler. Mä elo, elo si mer dran. Et muss een elo kucken, wéi kënnt een eraus, am Intérêt vun deene Leit. Dir gesitt praktesch all Mount sinn 3000 Leit déi do stierwen, 100 Leit den Dag déi an der Moyenne do stierwen. Also dat mat Truppeverstäerkung mengen ech ass ee Schoss an déi falsch Richtung. Dir gesitt jo och, datt esouguer d’Republikanesch Senateuren, et sinn derelo 5, den Chuck Hagel ass un der Spëtzt, déi wëllen do dogéint goen an Dir gesitt och, datt an Amerika wierklech regrettéiert gëtt, datt d’Baker-Hamilton-Commissioun, dat do déi Conclusioun fir ze kucken, datt ee wierklech vernetzt kuckt am Moyen-Orient eng Politik erëm op d’Been ze kréien, mat Syrien, diplomatesch, mat dem Iran, diplomatesch, wéinstens probéieren. Den Ausschloss vun deenen zwee Länner, ouni déi zwee Länner ass keen dauerhafte Fridden an där Regioun fäerdeg ze bréngen. An ech hoffen datt d’Amerikaner an deene Méint déi elo komme virun de Wahlen, datt se versichen do ëmzedenken, datt deen neie President an eng aner Richtung do geet.

Tom Graas: Gëtt d’EU da mëttlerweil als e sérieuxe Gespréichspartner unerkannt vun all deene Länner - Dir sot vu Syrien, et sinn d’Palästinenser, et ass Israel, et ass den Irak et ass den Iran? Kënne mir eng Mëttlerroll do spillen oder gëtt vun eis am Fong geholl just verlaangt, datt mer eng Scheckbuchdiplomatie maachen, datt mer bezuelen an déi Géigenden?

Jean Asselborn: Nee, dat sinn och Sloganen, déi muss een terribel relativéieren. Mir sinn déi gréisste Bezueler a Palästina, 500 Milliounen, 600 Milliounen Euro am Joer, de loin. Vill méi wéi d’Amerikaner, vill méi wéi d’Araber. Dat maache mer an ech mengen dat maache mer och zu Recht. Mä d’Europäer kënnen net déi sinn, déi de Palästinenser hëllefen an d’Amerikaner déi, déi den Israelien hëllefen. Et kann och net sinn, datt mer an eng Situatioun elo eraschlidderen, wou d’Amerikaner an d’Europäer stur eng Géigepolitik maachen, zum Beispill a Syrien. Dat wier katastrophal. An Europa gëtt et Tendenze fir Syrien mat eranzekréien. Dir wësst jo awer och, datt verschidde Länner immens opposéiert sinn, wéi d’Fransousen zum Beispill oder d’Englänner. Mä d’Europäer hunn eng wichteg Roll ze spillen zum Beispill am Kontakt och mat Jordanien, mat Ägypten, fir och wann ee kuckt wat d’FINUL fäerdeg bruecht huet. Wat hu mer fäerdeg bruecht als Europäer am Libanon? Mir sinn déi, déi den Israelien erëm d’Sécherheet garantéiert hunn, doduerch datt 7000 Europäer praktesch, Zaldoten, an de Süde vum Libanon gaange sinn, déi d’FINUL opgebaut huet. Do gesitt Dir jo déi immens Importenz déi mer awer als Europäer an där Regioun hunn.

Monique Kater: Komm mir kucke mol d’Importenz vun den Europäer um Balkan, also guer net esou wäit ewech. Wéi ass et dann do mam Scheckheft? Wa mer elo kucken, haut huet Serbien huet gewielt. Wann esou Serbien, Bosnien, Albanien, wann déi Sue kréiche vun der EU, Member géife ginn, wier dann da ganze Problem Kosovo zum Beispill vum Dësch?

Jean Asselborn: Also wann Dir eng Kéier an där Regioun waart, da wësst Dir datt dat net vill mam Scheckbuch ze dinn huet. Dat ass, do wunne Leit, Bevölkerungsschichte beieneen, verschidde Völker, déi ware jo forcéiert gi mateneen ze liewen an et ass eng Explosioun geschitt, nodeem datt dat Land Jugoslawien jo do explodéiert ass. An et geet elo ëm eppes ganz Einfaches. Ech hoffen, déi Walen haut a Serbien, datt déi demokratesch Kräften eropspullen, datt kann eng demokratesch Regierung gemaach ginn an net eng Regierung vun Nationalisten. Da kënnt den Här Marti Ahtisaari, Dir hutt e gewisen, deen eng immens wichteg Roll spillt am Numm vun der UNO, fir ze kucken, ufanks Februar, dat wäert den 2. Februar sinn, fir zu Pristina a fir och zu Belgrad, fir do mat dem Conseil de Sécurité eng Propositioun ze maache wat geschitt mam Kosovo. Dat ass terrribel schwiereg. Mir mussen et am Kosovo fäerdeg bréngen, d’Minoritéiten ze schützen. Mir mussen et fäerdeg bréngen, datt déi reliéis [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Mä all dat Här Asselborn ass wahrscheinlech wesentlech méi einfach, wann et deene Leit gutt geet, wann ee gewësse Räichtum do ass, wann och vläicht ee gewësse Räichtum vun der EU dohin och versprach gëtt, datt vill Problemer sech dee Moment léisen.

Jean Asselborn: Jo, mä fir datt erëm Räichtum dohinnerkënnt, mussen awer erëm déi essentiell Institutiounen an deem Land funktionnéieren. D’UNMIC ass do, et kann een einfach elo higoen a soen, 10 Joer laang bleift d’UNMIC do [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Komm mir ginn elo net zevill an den Detail.

Jean Asselborn: Do muss ee wësse wat d’UNMIC ass, dat sinn europäesch Zaldoten, zu engem groussen Deel, déi do sinn, fir d’Stabilitéit do ze garantéieren. Wann déi dobleiwen, da geschitt 10 Joer um wirtschaflteche Plang net dat, wat misst geschéien. Zum Beispill de Kosovo muss d’Geleenheet kréie fir an den internationale Finanzinstituten, fir Sue geléint ze kréien, verstitt Dir? An ech mengen dat si Punkten, déi elo am Kontext vum Statut mussen diskutéiert ginn an do wäert Dir gesinn, datt mer och do virukommen, wann och do de politesche Wëllen do ass. Wa mer net do virukommen, riskéiere mer Konflikter an där Regioun, déi extrem explosiv ass, erëm ze kréien.

Monique Kater: Ech wollt Iech eng ganz kuerz lescht Fro nach stellen: brauche mer iwwerhaapt ee Lëtzebuerger Ausseministère? A firwat mécht Bréissel dat net einfach fir eis mat? Eng kuerz Äntwert wann ech glift.

Jean Asselborn: D’Europäesch Unioun besteet aus 27 Länner. All Land huet een Ausseminister, all Land huet eng Aussepolitik an all Land probéiert säi Bäitrag ze leeschten, och am Intérêt vu sengem Vollek, fir Europa virunzebréngen. Et kann eng Kéier sinn, do hutt Dir Recht, datt mer een Eruopa hunn, wou mer nëmme méi een Ausseminister hunn, deen Europa vertrëtt, datt mer ee Service diplomatique hunn, deen Europa vertrëtt. Mä mir sinn nach net esou wäit, awer trotzdem, Dir wäert gesinn, datt déi méi kleng Länner, wéi déi mëttel Länner, wéi déi grouss Länner, och nach eng eegen Aussepolitik wäerten do dobäi behalen, well et ass jo net alles nëmmen Europa.

Monique Kater: Jean Asselborn, merci datt Dir bei eis waart. Et war laang, wéi gewinnt. Dat war et fir den Impuls vun haut.

Dernière mise à jour