Le ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, Jean Asselborn, au sujet des élections législatives en Serbie

Frank Kuffer: Nëmmen een Dag no de Parlamentswalen a Serbien, waren déi Wale gëschter och ee wichtege Sujet op der Réunioun vun den europäeschen Ausseministeren zu Bréissel. De lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn sot de Moien am RTL-Interview, datt dëst déi demokrateschst Wale waren, déi bis ewell a Serbien ofgehale goufen. Positiv wier, datt 2/3 vum Parlament elo pro-europäesch ass. D’EU géif hoffen, datt déi zwou demokratesch Parteien, vum President an dem Premier, et fäerdeg bréngen eng Koalitioun op d’Been ze stellen.

Jean Asselborn: Wann dat de Fall ass, a wann och de Wëlle besteet fir ganz no mat dem internationalen Tribunal zu La Haye zesummenzeschaffe fir d’Krichsverbriecher Mladic a Karadzic ze stellen, dann hu mir och gesot, datt mir schonn am Februar kéinten driwwer diskutéiert, dat ass och meng perséinlech Meenung, fir erëm deen Associatiouns- a Stabilisatiounsaccord, dat heescht erëm ee Lien, ee politesche Lien tëscht der EU a Serbien erëm opzestellen, deen an der Mëtt vum Joer 2006 ënnerbrach gi war, fir deen nei ze relancéieren.

Frank Kuffer: Ee Problem kéint jo awer och de Poste vum Premier ginn. Béid Parteien an enger éischter Phas hunn dee Poste revendiquéiert.

Jean Asselborn: Jo, ech mengen dat ass d’Erausfuerderung déi sech elo stellt un déi zwou Parteien, déi ech Iech gesot hunn. Ech mengen de President Tadic huet eng ganz, ganz wichteg Positioun, ouni d’Partei vum Här Kostunica geet et net. Ech mengen, do muss elo gekuckt ginn, datt um demokratesche Wee a Serbien eng nei Regierung déi pro-europäesch wier, datt déi muss zustane kommen.

Frank Kuffer: An dann an deene Verhandlungen, d’Koalitiounsverhandlungen, déi elo ustinn, wäert mat Sécherheet dann och de Kosovo eng wichteg Roll spillen?

Jean Asselborn: Jo, also dat ass och e wéineg d’Komplexitéit vum Problem nach erhéicht. Wann een elo kuckt, da kann ee feststellen, wann een d’Nationalisten elo bei d’Partei vum Här Kostunica dobäi zielt, da gëtt et och eng Majoritéit, déi eigentlech kloer sech ausgeschwat huet géint all Indépendance vum Kosovo.

Mir als Europäesch Unioun hu gëschter nach eng Kéier widderholl, datt mir nëmmen ee Wee kënnen aschloen, nämlech den Här Ahtisaari, dat ass de Representant vun der UNO, dee soll eng Propositioun maachen iwwer de Statut vum Kosovo, deen ënnerstëtzen.

Dir wäert elo gesinn nach am Januar gëtt d’Kontaktgrupp vum Kosovo informéiert, da gëtt Ufanks Februar vum Här Ahtisaari, gëtt Belgrad a Pristina, also de Kosovo och informéiert mat de Serben. Da soll am Februar eng ganz Discussioun stattfannen mam Här Ahtisaari, mat béide Säiten, a da gëtt et Mäerz héchstwahrscheinlech, Ufanks oder Mëtt Mäerz, iert den Débat dann am Conseil de sécurité, wou et jo eigentlech dann em d’Wurscht geet, wann ech esou dierf soen, a wou déi 5 Veto-Mächten, virun allem Russland dann och gefuerdert ginn.

Mir hoffen, datt mir mat de Russen och kënne während deene Wochen déi elo kommen, ganz enk am Kontakt bleiwen, well mir musse wëssen, hei ass an deenen nächste Méint eng terribel grouss Erausfuerderung, kënnt op d’Europäesch Unioun zou. Et geet em d’Stabilitéit vum Balkan, déi steet um Spill. De Balkan, wësse mir, läit an Europa, mat alle Konsequenzen fir de Friddensprojekt Europa. Et ass also eng ganz, ganz wichteg Debatt, an och e ganz, ganz wichtege Prozess, deen elo stattfënnt, wat de Kosovo ugeet, a wat Serbien ugeet.

Dernière mise à jour