Jean-Claude Juncker au sujet de la réunion de l'Eurgroupe et le Conseil "Ecofin"

Frank Kuffer: Den Accord vun de 27 Finanzministeren haut dierft nach just eng Formsaach sinn. D’Defizitprozedur géint Frankräich, déi viru 4 Joer lancéiert gi war, well eist Nopeschland d’Kritèrë vum Stabilitéitspakt net agehalen hat, soll gestoppt ginn, dat huet den Eurogroup gëschter festgehalen. De nächste Kandidat fir aus der Prozedur erauszekommen dierft Däitschland sinn. Den Eurogrupp gouf, wéi ëmmer, vum Jean-Claude Juncker presidéiert an de Lëtzebuerger Staatsminister ass elo live mat eis um Telefon. Gudde Moien, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Gudde Moien.

Frank Kuffer: Datt déi Prozedur géint Frankräich gestoppt gouf, ass jo keng Iwwerraschung a war wahrscheinlech kee ganz groussen Diskussiounspunkt méi gëschter. Suerge mécht de President vum Eurogrupp, an ech huelen un déi 13 Finanzministere, sech iwwert d’Entwécklung vum japanesche Yen, deen ass ganz schwaach vis-à-vis vum Euro. Gëtt do vun der japanescher Regierung manipuléiert oder Drock gemaach a wéi eng Konsequenzen huet ee schwaache Yen da fir eis Economie an der Eurozon?

Jean-Claude Juncker: Dee schwaache Yen - an de Yen ass op engem historeschen Déif par rapport zum Euro ukomm - huet als Konsequenz, datt déi europäesch exportorientéiert Länner enorm Schwieregkeeten hunn an der Konkurrenz mat de Japaner hir Produkter weltwäit ofzesetzen. Dat trëfft virun allem d’Automobilindustrie an dofir menge mer, datt de Moment komm wier, wou een an engem korrekte Gespréich mat de japanesche Kollege sech muss doriwwer ënnerhalen. Dat wäerte mer maachen an deenen nächsten Deeg, am Februar, wa mer eng G7-Sitzung zu Essen hunn.

Frank Kuffer: D’Zënsen a Japan si jo och historesch déif. Kënne mir Europäer dann do eppes änneren?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn der Meenung, datt nodeem d’japanescht Wuesstum erëm un Tempo gewonnen huet, datt déi Erstäerkung vum japanesche Wuesstum sech muss an de Wiesselcourse vum Yen reflektéieren.

Frank Kuffer: D’Petrolspräisser déi sinn den Ament jo och relativ niddreg, war dat och ee Sujet gëschter?

Jean-Claude Juncker: D’Petrolspräisser sinn net niddreg, se si just wiesentlech méi niddreg wéi se virun engem Joer waren, mä mat engem Schnëtt tëscht 50 a 55 Dollar si se awer nach ëmmer héich an et ass net erkennbar, datt se an engem onwahrscheinleche Mooss sech géifen no ënne bewegen. Allerdéngs, déi Réckbildung vun de Petrolspräisser huet eng gewësse Berouegung op der Inflatiounsfront bruecht, mä all Suerge si mer net lass. Et gëtt no uewe geriichte Risike fir d’Inflatioun weiderhin, duerch d’Volatilitéit vun den Uelegpräisser op de Weltmäert.

Frank Kuffer: Déi wichteg Leit am Kontext Euro, dat heescht Jean-Claude Trichet, Jean-Claude Juncker a Joaquim Almunia solle sech an Zukunft och am Virfeld vun de Sëtzunge vun der EZB méi dacks gesinn. Ginn esou Rendezvouen wéi gëschter net duer oder ass dat eppes ganz aneschters?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn ofgemaach, ouni datt dat eng dramatesch Décisioun gewiescht wier, datt mer eis, wann ëmmer Gespréichsbedarf besteet, mateneen zesummesetzen. Dat hu mer an der Vergaangenheet gemaach, dat maache mer och an der Zukunft.

Frank Kuffer: Slowenien ass jo nei an Ärem Club, wann ech dat däerf esou ausdrécken, wee klappt dann nach un d’Dier den Ament, a ginn et Chancen, datt mer an 12 Méint schonn zu méi wéi 13 am Euroland sinn?

Jean-Claude Juncker: Mir hu gëschter Owend ee Bericht vun der Europäescher Commissioun an ee vun der Europäescher Zentralbank iwwert déi sougenannte Konvergenz ugeholl, aus deem resultéiert, datt fir de Moment keen anert europäescht Land prett ass der Eurozon bäizetrieden. Allerdéngs wësse mer, datt Zypern a Malta no dru sinn d’Konditiounen z’erfëllen. Déi wäerten och an deenen nächste Wochen a Méint hiren Antrag stellen, fir an d’Eurozon zougelooss ze ginn. Da gëtt et erëm eng Kéier extra Berichter vun der Commissioun a vun der Europäescher Zentralbank, déi iwwerpréiwe sollen, ob déi zwee Länner d’Konditiounen erfëllen. Falls d’Zentralbank a virun allem d’Europäesch Commission zur Schlussfolgerung kommen, dat wier de Fall, déi géifen d’Konditiounen erfëllen, muss den Europäesche Conseil vun de Staats- a Regierungscheffen am nächste Juni eng diesbezüglech Décisioun huelen, woubäi kloer ass, datt sämtlech Oplage vum Maastrichter Vertrag, déi sougenannte Konvergenzkritèren, déi d’Budgetsdefiziter, de Scholdestand an d’Inflatioun betreffen, nahtlos musse vun deene Länner erfëllt ginn. Et ass ze fréi fir haut schonn ze wëssen ob dat wäert de Fall sinn, mä et ass net onwahrscheinlech, datt dat antrëtt.

Frank Kuffer: Här Staatsminister, da soen ech Iech villmols merci fir dës Präzisiounen.

Jean-Claude Juncker: Merci och. Awar.

Dernière mise à jour